Biechbecher Blietchen N°28

Page 8

Januar –September 2017

D’Zeitung vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung

Bieschbecher Bliedchen

N° 28

Inhaltsverzeichnis

2 Virwuert vum Paul Ensch 3 Virwuert vum Dr. Jean-Paul Grün 4 CIPA Blannenheem 6 › Aktivitéiten mat de Pensionnairen 6 › Aktivitéiten mat de Kanner aus der Maison Relais Bieschbech 12 › Ausflich 13 › Formatiounen vun eise Mataarbechter 20 › Gebuertsdagsfeieren 21 › Lëschteg Nomëtteger am Blannenheem 25 Maison Relais Bieschbech 27 › Bricherpaerdsstall 28 › Summerfest Maison Relais Bieschbech 29 Service Berodung, Betreiung a Fräizäit 30 › Vakanz an Holland 31 Bieschbecher Atelier 32 › Aarbechten 33 › Dikrich feiert den Eesel 34 › Fréijoersmaart 34 Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung 35 › Ausflich a Vakanzen 35 › Bénévolatsfeier 36 › D'Fondatioun ënnerstëtzt sports- a solidaritéits Manifestatiounen 37 › Presentatioun vun de verschidden Départementer: Equipe Animatioun 38 › Mäerzfest 39 › Summerfest 40 › Personalfeier 42 News beim Personal 43 › Mataarbechter an hir Hobby’en 43 › Gléckwënsch a Gesondheet (Puppelcher, Hochzäiten an Pacsfeieren) 44 › Mataarbechter déi an d'Pensioun gaange sinn 44 › Nei Mataarbechter 45 Artikele vun de Pensionnairen 46 › Ausfluch op d’Useldenger Buerg 46 › Bricher Päerdsstall, Ausfluch Hunnebuer, Sprangprëssessioun 47

Virwuert

Léif Pensionnairen, léif Familljen, léif Mataarbechter an Frënn vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung an dem Blannenheem.

D’Stëftung vun der Lëtzebuerger Blannevereenegung huet als statutarescht Ziel fir am allgemengen d’alldeeglecht Liewen an d’Schicksal vun eise blanne Matbierger ze verbesseren.

Eng ganz Rei vun anere privaten a staatlechen Associatiounen an Instanzen hun sech des edel Ziler op hiren Fändel geschriwwen a wierke mat ville Bénévolen zesummen an dës Richtung. Gekuckt muss ginn dat all Initiativ optimal an hirem Domaine resp. Spezialitéit ka schaffen. Et muss sech awer an der gesamter Zilsetzung onbedéngt ofgeschwat ginn.

D’Association des Aveugles et des Malvoyants asbl, an duerno d’Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung, hun et iwwert déi lescht Joerzéngte fäerdeg bruecht fir performant a professionell Infrastrukturen an Déngschtleeschtungen ze realiséieren a weider auszebauen.

De CIPA Blannenheem mat 190 Pensionnairen, een Atelier Thérapeutique mat 30 jonken Leit, betreit Wunnen fir jonk Blanner déi selbststänneg wëllen wunnen, esou wéi eng Crèche fir 96 Kanner vun eisen eegenen Mataarbechter a fir Leit aus der Mierscher Gemeng an doriwwer eraus. All dës Initiative bedreift d’Fondatioun mat ronn 300 festugestallte Mataarbechter an mat enger grousser Zuel vun Fräiwëllegen déi eng Hand mat upaken, an ouni déi eng ganz Reih vun Manifestatioune fir eis Pensionären net méiglech wären. Eis Fondatioun ass souzesoen dee gréissten «Arbeitgeber an der Gemeng Miersch»

Et geet elo drëm all des Initiativen professionell a responsabel am Intérêt vun eise Clienten weiderzeféieren an dëst a Richtung vun enger permanenter Verbesserung vun der Qualitéit vun eise Leeschtungen.

An mengem eegenen Numm an am Numm vun allen Membere vum Verwaltungsrot vun der Fondatioun géif ech gären hei zum Ausdrock brengen, dat mir vollt Vertrauen an den Dr. JeanPaul Grün an seng Equipe hunn, datt sie zesummen des grouss Erausfuerderungen an eisem an an ärem Sënn wäerte meeschteren.

Mat mengen allerbeschten Gréiss

3

Virwuert

Léif Pensionnairen, léif Familljen, léif Mataarbechter, léif Frënn vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung.

An dëser 28. Ausgab vum Bieschbecher Bliedchen fann Dier Fotoen vu ganz ville flotten Aktivitéiten, déi an deenen leschte Méint vun der Lëtzebuerger Blannevereenegung ënnerholl gi sinn.

Sou konnten d’Bewunner vum CIPA Blannenheem erëm u villen klengen (Baken a Kachen, Bingosnomëtteger, Gaardegrupp, Perkussioun, Pétanque, Visite vun de Scouten) a groussen Aktivitéiten – (Gebuertsdagsfeier, Fuesnomëtteg, Gospelconcert, Mammendagsfeier, Thé dansant) – deelhuelen. Och flott Ausflich si mat hinnen ënnerholl ginn, an zwar op den Hunnebuer, an d’Chocolate House, op d’Mierscher Braderie, an d’Oktave, op d’Sprangprëssessioun an op d’Useldenger Buerg.

D’Maison Relais huet niewent hiren Aktivitéiten mat de Pensionnaire vum CIPA och nach vill aneres mat hire Kanner ënnerholl. Déi gréisst Aktivitéiten woren d’Visite vum Bricherpäerdsstall an natierlech hiert grousst Summerfest, wouvun der am Bliedchen eng Rei flott Fotoen fannt.

De BBF war ënnert anerem mat senge Leit um Mier, an zwar zu Scheveningen an Holland.

Den Bieschbecher Atelier hat erëm eng ganz Rei vun Aktivitéiten, woubäi déi wichtegst den Fréijoersmaart am Mee an d’Participatioun am Juni um Ieselsfest am Park zu Dikrech waren. Aner Photoen ginn Iech e klengen Abléck op verschidden vun den Aktivitéiten vum Atelier.

Dr Jean-Paul GRÜN / Generaldirekter Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung
4

D’Fondation huet och eng ganz Partie Evenementer organiséiert, wéi d’Bénévolatsfeier, d’Mäerzfest, d’Personalfeier, den Ausfluch op d’Weweler Millen an déi flott Vakanz op Gran Canaria. Do derniewent huet eng Equipe vun motivéierten Mataarbechter vun der Fondation un nationalen Sports- a Solidaritéitsmanifestatiounen deelgeholl.

Wéi schonns an der leschter Nummer annoncéiert, hutt Dir elo déi éischt Nummer vum Bliedchen an den Hänn, dat e wéineg iwwerschafft ginn ass. Sou presentéiert et niewent engem neien Opbau an engem méi modernen Layout och nei Artikelen. Dobäi sinn ech virun allem ganz frou, datt des Kéier fir d’éischt verschidde Pensionnairen e puer flott Artikelen bäigesteiert hunn.

Fir ofzeschléissen well ech op dëser Platz och deenen Mataarbechter Merci soen, déi un dëser Ausgab matgeschafft hunn.

Ech géif och gären dem Här Jean Straus, eisem Vize-President, e ganz groussen Merci soen fir säin immenst Engagement säit ganz ville Joren an der Fondation. Sou hëlleft den Här Straus, mat groussem Asatz a vill investéierter Zäit, vill kleng a grouss Manifestatiounen, déi hei am Haus stattfannen net nëmmen mat z’organiséieren, mee och ze realiséieren. E ganz speziellen Merci him virun allem och fir déi enorm Aarbecht, déi hien säit laangen Joren leescht, fir d’Ausflich an d’Vakanzen vun der Fondation esou perfekt ze organiséieren, datt se ëmmer, och dëst Joer erëm, eng grouss Réussite sinn.

Virwuert 5
Vill Spaass beim Liesen vum 28. Bieschbecher Bliedchen

CIPA Blannenheem

 Aktivitéiten mat de Pensionnairen

Eis Hären hun richteg Spaass beim Pétanquespillen Notre gente masculine apprécie le jeu de pétanque

Turnen fir fit ze bleiwen

Un peu de gymnastique pour rester en forme

6

Percussion

7
Sëtzdanz / Danse assise Perkussioun

mat de Pensionnairen

Mir kachen zesummen

Nous cuisinons ensemble

CIPA Blannenheem
Aktivitéiten
8
Rummikub

Cindy GONÇALVES

Responsable-adjointe Infirmerie B

Guiden a Scouten am Blannenheem 20.07.2017 & 24.07.2017

Am Kader vum GoUrban, ee groussen internationale Scoutscamp um Kirchbierg, hun sech eng 30 Carapio (Jonker vu 14-17 Joer) decidéiert fir hire Jobdag am Blannenheem zeverbrengen.

Zesumme mat eise Pensionnairen hun si selwergemaachte Marshmallow gebak, Zalote gemaach, Wirschtercher a Bananne mat Schockela um Grill gedréit.

Bei Gesang a Bingo ass gutt gelaacht ginn.

Als Ofschloss gouf deene Jonke vu Brailleschrëft bis Blannebengel en Abléck an d’Blannewelt verschaaft.

Gutt Stëmmung an Zesummeliewe woren, fir Aal a Jonk, eng Beräicherung.

9
CIPA Blannenheem  Aktivitéiten
10
mat de Pensionnairen
Stack
de cuisine
Bingo Baken um
Atelier

Notre groupe jardinage en action

 Aktivitéiten mat de Pensionnairen

De Gaardegrupp huet fir Pällemsonndeg de Pällem gebonnen, fir Ouschteren Dekoratioun gemaach, den 1. Meekranz gebonnen an huet de Summer fir faarweg Blumme ronderëm d'Haus gesuergt.

CIPA Blannenheem
11

 Aktiviteit mat de Kanner an de Pensionnairen

Aktivitéiten mat de Kanner aus eiser Maison Relais Bieschbech

Activités avec les enfants de notre « Maison Relais Bieschbech »

CIPA Blannenheem 12

 Ausfluch: Päerdsfest zu Noumer

Den Reitstall a Millen vu Noumer hat vum 21. bis 23. Juli 2017 hiert 26. Päerdsfest mam Motto «Walt Disney» organiséiert.

Eis Bewunner vum Blannenheem sinn dëst Joer och eng Kéier kucken komm. Bei guddem Gedrénks an engem Eisekuch respektiv enger Glace hun si sech den Showprogramm mat den Päerd vum Reitstall ugekuckt.

D’Bewunner waren faszinéiert vun der Welt vum Walt Disney.

Duerno si Line Dancer opgetrueden an et gouf mat gedanzt a geschaukelt.

Bei sonnegem Wieder war d'Stëmmung extra gutt.

Als Ofschloss gouf eng Foto mat de Pensionnairen an de Päerd op der Reitpist gemaach.

 Ausfluch: spazeieren

Déi éischt Sonnestralen genéissen

Les premiers rayons de soleil printaniers

CIPA Blannenheem 13

 Ausfluch: Besuch Péiteng

Austausch mam Péitenger Altersheem «Seniorie St Joseph Pétange».

De 7. Februar 2017 ware si bei eis am Blannenheem op Besuch an den 12. Juli 2017 si mir op Péiteng gefuer.

Echange amical avec la Seniorie St Joseph Pétange

CIPA Blannenheem 14

 Ausfluch: Chocolate House

E séissen Nomëtteg am Chocolate House zu Miersch

Un après-midi gourmand au Chocolate House à Mersch

CIPA Blannenheem
15

 Ausfluch: Colmer-Bierg Park spazéieren

Den 22. Juli si mir mat e puer

Pensionnairen vum A2 op Colmer-Bierg an den Park gefuer.

Sortie au parc de Colmar-Berg

CIPA Blannenheem
16

 Ausfluch: Kolpech

 Ausfluch:

Matelas Stoll

Den 12. Mee hate mir eng interessant Visite guidée bei der Firma «Stoll Maître Matelassier» wou mir frëndlech empfaangen gi sinn an och e Pättchen zum beschten kritt hunn.

Visite guidée chez « Stoll Maître Matelassier »

CIPA Blannenheem
Den 15. Juli si mir op der Canne Blanche hiert Grillfest op Kolpech gefuer. Barbecue de la Canne Blanche au Château de Colpach
17

 Ausfluch: Mierscher Braderie

Ausfluch op d’Mierscher Braderie

Braderie à Mersch

 Ausfluch: Octave

Och dëst Joer ware mir, wéi d’Traditioun et wëll, an d’Oktave wat eng Geleeënheet war fir d’Kathedral ze gesinn an esou eng gutt Ofwiesslung ze hunn.

Participation traditionnelle à la messe des malades à la Cathédrale de Luxembourg à l’occasion de l’Octave.

CIPA Blannenheem
18

 Ausfluch: Mierscher Park

Bei guddem Wieder si mir spontan an den Mierscher Park spadséieren gefuer.

Promenade au parc de Mersch

CIPA Blannenheem
19

 Formatiounen

Onst Haus besteet drop datt d’Personal reegelméisseg forméiert gëtt an dat an allméiglechen intressante Beräicher, déi onse Bewunner ze gutt kommen.

Esou hun säit Ufank des Joers 54 Leit eng Formatioun an der Aromatherapie suivéiert. Dei ass iwwert 10 Deeg ofgehale ginn a war an dräi verschidde Stufen agedeelt (Basal Stimulatioun, alles ronderëms de Mond an Aromatherapie fir Fortgeschrattener)

Dozou huet och nach een Praxisdag um Stack gehéiert, wou 10 Leit dorunner bedeelegt waren.

Et sinn och 22 Leit als «Tuteur» ausgebilt ginn, fir en optimalen Encadrement vun onse Schüler ze garantéieren.

Donieft hun och 12 Leit eng Formatioun iwwert ons Lëtzebuerger Bräich suivéiert an 37 Leit eng Formatioun iwwert Fleeg bei immobille Leit.

Ons Gedächtnistrainer, die zu 9 Leit am Haus sinn, kruten och d'Méiglechkeet iwwert 2 Deeg hiren Diplom nees ze verlängeren.

Ausserhalb vum Haus, waren et 4 Leit déi eng Formatioun iwwert provokativt Behuelen absolvéiert hun an 6 Leit konnten méi zum Thema Kompressiounsstrëmp gewuer ginn.

CIPA Blannenheem 20
Sophie BERNARD Directrice des soins

 Gebuertsdagsfeier

Numm Gebuertsdatum Alter Stack › Februar OTTELE-MAQUIL Yvonne Suzette 01/02/1945 72 A2 PICK Jean 01/02/1943 74 A3 BLEY-SCHLIM Yvonne 02/02/1931 86 B LANNERS Marcel 02/02/1928 89 Résidenz POOS Charles 03/02/1939 78 A3 GEIBEN Joseph 07/02/1938 79 A2 EYSCHEN François Guillaume Jos 10/02/1942 75 A2 OLIVEIRA DE SOUSA Domingos 10/02/1954 63 B THEIS-HUBERT Josée 10/02/1927 90 Résidenz LAHR Emile 11/02/1945 72 B RISCHARD-HOFFMANN Olga 11/02/1931 86 Résidenz JUNGERS-GARAND Monique 11/02/1935 82 Résidenz TOMMASINI-CAPRA Marie 15/02/1922 95 A1 KELLEN-DEFAY Léonie 18/02/1926 91 Résidenz HOEIJMAKERS Johannes 18/02/1944 73 A1 LOSCH Guillaume 20/02/1934 83 Résidenz KIRSCH Raymond 27/02/1930 87 A3 › Mäerz SCHMIT-RECKEN Louise 02/03/1926 91 Résidenz HILGER-KRACK Catherine 06/03/1934 83 A3 REGENWETTER-REMAKEL Catherine 08/03/1922 95 B ENGELDINGER-MUHLEN Gertrude 10/03/1923 94 B CALTEUX Liette 12/03/1960 57 B MORTELMANS-WILTGEN Gabrielle 14/03/1931 86 A3 ZENNER Joseph 18/03/1935 82 Résidenz ENGEL-WEBER Elisabeth 19/03/1934 83 A3 THOM-WARINGO Alice 19/03/1926 91 A2 STEFFEN-SCHWEYEN Josephine 19/03/1934 83 A3 EINSWEILER Albert 23/03/1931 86 A3 CIPA Blannenheem 21
Numm Gebuertsdatum Alter Stack SCHMITZ Emile 26/03/1926 91 A1 WILDSCHUTZ Lucie 26/03/1928 89 A2 SEIL Marie Virginie 27/03/1958 59 B KRUX-UHRES Mathilde 28/03/1927 90 B › Abrëll HOFFMANN-SCHOSSELER Henriette 07/04/1923 94 A1 WEIS-NEU Marie-Louise 08/04/1932 85 B BOURMER Michel 08/04/1932 85 Résidenz KEMP-GEORG Sylma 10/04/1932 85 A2 CONRARDY-REDING Cecile 11/04/1932 85 A2 BICHLER Jean-Claude 15/04/1953 64 A2 REISER-PALM Josette 17/04/1935 82 A1 CONSBRUCK-THILL Arlette 22/04/1923 94 A3 REULAND Pierre François 22/04/1945 72 A3 KREMER-STEFFEN Marie-Cathérine 23/04/1934 83 A2
22
CIPA Blannenheem  Gebuertsdagsfeier
CIPA Blannenheem  Gebuertsdagsfeier Numm Gebuertsdatum Alter Stack MAGEROTTE-NESER Marguerite 25/04/1932 85 A1 SCHOCKWEILER Marcel 25/04/1920 97 A2 ZIMMER-KELLEN Colette 25/04/1936 81 A3 KELLEN Camille 27/04/1933 84 Résidenz BERCHEM Eugène 29/04/1927 90 A2
WIESENER Gaston Auguste 01/05/1949 68 Résidenz KOLBACH-GINTER Aline 05/05/1929 88 B DURANT Louis 05/05/1930 87 Résidenz MEINTZ Carlo 05/05/1933 84 A3 SCHNEIDER-HENS Anna 06/05/1927 90 A2 LEMOGNE Nicolas 14/05/1937 80 Résidenz HAAN-WALLERS Barbe 18/05/1930 87 B DURANT-HEISER Leonie 23/05/1924 93 Résidenz LAUER-BIRGEN Melanie 26/05/1934 83 Résidenz › Juni BRIEGEL Nicolas 01/06/1948 69 B JUNG-KIMMES Odile 01/06/1929 88 B GLODEN-MULLER Jeanne 02/06/1919 98 B BERNARD-KRAUS Marie 07/06/1930 87 B HILDGEN Jean Jacques 08/06/1935 82 A1 BLASIUS-REUTER Cecile 08/06/1931 86 A3 SAUER-KOEDINGER Marguerite 09/06/1930 87 A3 URBE Michel 11/06/1929 88 B GORZA-MEYER Barbara 19/06/1931 86 A1 NEU-SEYLER Mathilde 20/06/1935 82 Résidenz KARIER-BUCK Alice 21/06/1931 86 A3 THILLMANY Aloyse 22/06/1940 77 A2 VULLERS-COX Agnès 23/06/1926 91 A1 HEINERICY-IMMER Marguerite 28/06/1926 91 A3 NOCKELS-SCHMIT Anny 29/06/1944 73 A1 23
› Mee

CIPA Blannenheem

 Gebuertsdagsfeier

Numm Gebuertsdatum Alter Stack › Juli SCHARTZ Nicolas 04/07/1925 92 Résidenz WIESENER-DELCOURT Yvonne 05/07/1925 92 Résidenz MAAS-GOERGEN Lucie 07/07/1929 88 A2 PAULY-KIRSCH Georgette 11/07/1934 83 A2 WEIRICH-FRIES Pauline 12/07/1924 93 A2 WIRTZ-BAUDRY Marguerite 12/07/1924 93 B KLEIN Madeleine 14/07/1928 89 A1 WELCH-THIEFELS Emilie 16/07/1931 86 A1 WAGENER-MERTES Marie-Thérèse 20/07/1929 88 A2 OTTELE-DECKER Guitty 20/07/1938 79 Résidenz THEIS Egon 24/07/1924 93 Résidenz DEISCHTER Florent 26/07/1939 78 A1
24

 Lëschteg Nomëtteger:

Thé Dansant

Den 30. Juni hu mir e flotten Thé Dansant organiséiert an haten den Home St Joseph vu Miersch op Besuch.

Thé Dansant

 Lëschteg Nomëtteger:

Mammendagsfeier

Mammendag ass en Dag ganz eleng fir d’Mammen, wou mir hinnen, mat enger Feier, e ganz léiwe Merci gesot hun. Fir all déi Zäit an Energie déi si fir d’Famill opbruecht hun, awer och fir dat Engagement dat si als Mamm an der Gesellschaft geleescht hunn an och nach ëmmer leeschten, sinn si geéiert ginn.

Fête des mères

CIPA Blannenheem 25

 Lëschteg Nomëtteger: Gospel

E grousse Merci un d’Mme Maria Cox vum «Nidderlänneschen Agrarveräin» dass si eis ee Concert vum Rhummer Gospel Chouer offréiert huet. Concert des Chœurs de « Rhummer Gospel »

 Lëschteg Nomëtteger: Fuesend 2017

Den 11. Mäerz hate mir eisen traditionellen Fuesnomëtteg an eisem Festsall. De Käptn Ändä & Matrous K1000 mam Sandy & the Hüettes hu fir ganz flott Stëmmung gesuergt. Grouss a Kleng ware begeeschtert an den Sall war gutt gefëllt. Notre fête traditionnelle de Carnaval

Käpt’n Ändä & Matrous K1000 avec Sandy & the Hüettes

CIPA Blannenheem
26

Maison Relais Bieschbech

27

 Bricher Päerdsstall

De 15. Juni sinn d’Kanner, di dëst Joer d’Maison Relais Bieschbech verloossen, fir an de Précoce oder/an d’Spillschoul ze goen, nach eemol zesummen op een aussergewéinlechen Ausfluch gaangen.

Op deem sonnegen Dag goufen d’Kanner zu Bruch, am Briicher Päerdsstall, vum Monique a senger feiner Equipe empfaangen. Niewent de villen Déieren, konnten di kleng jonk Baueren a Bäuerinnen sech ee klengen Abléck vum Bauereliewen verschafen. Teschend Déiere fidderen an heemelen, goufen och vill Froen gestallt, woubäi eis Kanner ganz oft een «WOW» vun sech ginn hunn, sou grouss war d'Erstaunen.

Nom Mëttegiessen konnten di kleng Butzen sech nach e bëssen austoben an engem dofir virgesinnen Deel vum Reitstall. No engem Dag voller Freed a Spaass, sinn eis «MiniBaueren» erëm zréck op Rolleng gefuer, mam Ëffentlechen Transport, wat eis Kanner och zum Erstaune bruecht huet an sie hunn an engem profitéiert fir nach vill iwwert deen Aussergewéinlechen Dag auszetauschen. Bei der Arrivée war och bei jiddwerengem am Gesiicht «Erschöpfung» ze gesin… an net nëmme bei de Kanner.

Eugénio DOS SANTOS GONÇALVES

Aide-éducateur Maison Relais Bieschbech

Maison Relais Bieschbech
28

De 6. Juli 2017 war et erëm souwäit, mir hun eist traditionellt Summerfest vun der Maison Relais gefeiert. Um 15 Auer ass et lass gaangen: no enger klenger Usprooch vun eisem Direkter, dem Dr. Jean-Paul Grün, hun d'Kanner e puer Lidder virgedroen.

Fir Kleng a Grouss war eppes do: Spiller, Sprangschlass an natierlech hun ee gudde Maufel an ee kille Patt net däerfe feelen. Fir déi Léit déi nach schneeke wollten, hate mir selwer gemaachte Paangecher a Glacen. Bei guddem Wieder hu mir profitéiert fir e puer geselleg Stonne mateneen ze verbréngen.

Bei der Geleeënheet hu mir deene Kanner Äddi gesot, déi d'nächst Joer net méi bei eis sinn a wënschen hinnen an hiren Elteren ee gudde Start an déi nei Etappe vun hirem Liewen.

 Summerfest
29
Maison Relais Bieschbech
Yvonne MAIO Responsable Maison Relais Bieschbech

Service Berodung, Betreiung a Fräizäit

30

 Vakanz an Holland

Alain BREVER

Responsable Berodung, Betreiung a Fräizäit

Mir waren zesummen an d’Vakanz mat e puer Leit, déi den Fräizäitservice vun der Blannevereenegung regelméisseg notzen. Vill vun dësen 13 Leit sinn ëmmer rëm frou mat eis zesummen kennen en Tour ze maachen, den Alldag hannert sech ze loossen. Dräi Leit Personal an zwou bénévole Persounen hunn dem Grupp den néidegen Encadrement an Sécherheet ginn, déi dëse Grupp brauch.

Mir waren op Scheveningen an Holland, un d’Mier. Mir hunn hei an engem flotten Hotel, 4 Dee verbruecht. Fir eisen Dagesausfluch si mir fir d’éischt op Edam gefuer op den Kéismaart an hunn eis dono an Amsterdam era getraut an do eng Schëfffaart duerch d’Grachten gemaach. D’Wierder hutt et ganz gutt mat eis gemengt, an sou hutt den een oder aneren en klengen Sonnebrand als Erënnerung mat heem geholl.

Service Berodung, Betreiung a Fräizäit
31

Bieschbecher Atelier

32

 Aarbechten

Abléck an d’Aarbechten vum Bieschbecher Atelier

13. Mee 2017: Fréijoersmaart am BA – wou nieft dem Verkaf vu Geméisplanzen a Blummen, Gaardendeko aus Keramik an Holz, hauseegener Patisserie a gudder Stëmmung, d’Leit sech e Bild vun eisen Aarbechten konnte maachen.

Martine BROCHMANN

Responsable

Bieschbecher Atelier

Dikrich feiert den Eesel a mir waren dobäi: d’Eeselsfest am Park de 17. Juni 2017.

Bieschbecher Atelier
33

 Fréijoersmaart

Bieschbecher Atelier 34
 Dikrich feiert den Eesel

Fondation Lëtzebuerger

Blannevereenegung

 Ausflich a Vakanzen

Vum 21. bis den 28. Mee 2017 ware mir zu 38 Leit vun der Blannevereenegung a Bénévoler an den Hotel Riu Gran Canaria op d’kanaresch Inselen an d'Vakanz. Eng relax Woch mat ca 24 Grad Aussen-temperatur, alleguer am Rez-de-chaussée vum Hotel zevirkommend ënnerbruecht a virun allem gudde Kascht a frëndlechst Personal. Een Dag hate mer en Ausflug iwwer di schéin Insel mat enger Superguidin Angelica, mat typeschem Mëttegiessen am Biergduerf Artenara. Et war eng Woch «Vakanz Pur» fir eis all.

E ganz groussen Merci dem Här Jean Straus (ganz lénks am Bild), fir déi perfekt Organisatioun vun dëser flotter Vakanz.

Den éischten Dagesausfluch 2017 vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung ass dëst Joer op t’Weweler Millen gaangen. Eng Millen déi schon 200 Joer am Besëtz ass vun der Famill Zeyen. Den Patron selwer hutt eis eng Visite vun der Forellen Ziichterei gemaach, déi sech direkt hannert dem Restaurant befënnt.

Weweler Millen

10.06.2017

Den gréissten Deel vun de Forellen ginn a Lëtzebuerg verkaaf. Awer puer dovunner konnten mir an hirem gemitterlechen Restaurant schmaachen.

D’Iessen an d’Ambiance an dësem klengen heemlechen Restaurant hutt eis all gutt gefall.

Alain BREVER Responsable Berodund, Betreiung a Fräizäit

35
Gran Canaria

Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung

 Bénévolatsfeier

Den 21. Mäerz 2017 hat d’Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung hir bénévol Mataarbechter(innen) op eng kleng Feier zu hiren Éieren invitéiert. Si krute bei engem gudde Maufel an engem Patt Merci gesot fir hiren onermiddlechen Asaz zum Wuel vun de blannen a sehbehënnerte Leit vu Lëtzebuerg, mat Hëllef vun deem en Deel vun hiren Organisatiounen ouni grouss finanziell Engagementer ze realiséieren net méiglech wär. Si sinn e fest Standbeen vun der Blannevereenegung an hir Präsenz am Blannewiesen ass net ewech ze denken.

Fête du bénévolat de la « Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung »

36

Relais

Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung

Och dëst Joer war d’Fondation Lëtzebuerger Blannenvereenegung mat enger motivéierter Equipe beim ING Night Marathon derbäi. Trotz décker Hetzt, hunn ons Semi-Leefer an Staffel-Equippen et alleguerten an d'Ziel geschafft.

Ee groussen Merci an décke Bravo!!!

L’équipe de la « Fondation Lëtzebuerger Blannenvereenegung » à l’ING Night Marathon 2017.

Pour la 10e fois nous avons participé à cette manifestation de solidarité organisée par la Fondation Cancer.
 D’Fondation ënnerstëtzt sports- a solidaritéits Manifestatiounen
37
ING Night Marathon pour la vie 2017

 Presentatioun vun de verschidden Départementer: Equipe Animatioun

Mir sinn 14 motivéiert Mataarbechter déi dofir suergen dass keng Langweil am Blannenheem opkënnt. Mir encadréieren virun allem di sozio-kulturell Evenementer am Haus a proposéieren 22 verschidden Aktivitéiten di soit um Stack a klengen Gruppen, soit fir d’ganzt Haus a méi grousse Gruppen gemaach ginn. Eisen intergenerationellen Projet mat der Maison Relais Bieschbech läit eis ganz besonnesch um Häerz an di vill Aktivitéite mat de Kanner encadréieren mir mat vill Begeeschterung. Bei esou enger grousser Auswiel misst fir jiddereen eppes dobäi sinn, a wann net, nei Ideeén sinn ëmmer wëllkomm, a mir sinn gären bereet nei Méiglechkeeten ze organiséieren.

Et ginn awer net nëmmen Aktivitéiten am Haus gemaach, mir fueren och ganz gären ausser Haus mat eisem Minibus oder, wann vill Leit matfueren, lounen mir e grousse Bus.

Well awer vill vun eise Pensionnairen net méi esou mobil sinn, probéieren mir esou vill ewéi méiglech vun eisem groussen Festsall ze profitéieren an organiséieren Concerten, Theater, Konferenzen, Fuesbal, Thé dansant, Livestream op engem groussen Ecran, Chrëschtfeier, Gebuertsdagsfeier...

Beim Mäerzfest a grousse Summerfest vun eiser Fondatioun hëllefen mir, zesummen mat eise Pensionnairen, ganz aktiv a kreativ, fir eng grouss Auswiel vun hausgemaachte Produiten kënnen unzebidden.

Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung 38
Marthe DEUTSCH Responsable Rééducation /Animation

Fondation

 Mäerzfest 2017

Ewéi all Joer um 1. Sonndeg am Mäerz, hun mir op eist traditionellt Mäerzfest invitéiert. Verkafsstänn, gutt Iessen, eng grouss Tombola mat schéine Präisser a lëschteg Musek hunn, ewéi gewinnt, vill Leit an d’Blannenheem gelackelt.

Op de Verkafsstänn gouf et, ënnert anerem, vun eise Pensionnairen hausgemaachte Wäffelcher a Gebeess, Keramik-a Garden Dekoratioun a villes méi. Mee net nëmmen d’Pensionnaire ware fläisseg, och eis Maison Relais huet Bastelsaache verkaaft a «Facepainting» fir d’Kanner ugebueden. De Bieschbecher Atelier huet sech besonnesch Méi gi, fir eng grouss Auswiel un Dekoratiounsartikelen a Geknabbers unzebidden.

De ganzen Dag iwwer hunn d’Leit sech bei gudder Ambiance amuséiert.

Mir soe jidderengem Merci.

Lëtzebuerger Blannevereenegung
39

Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung

 Summerfest 2017

Ewéi all Joer um 1. Sonndeg am August, hu mir eist traditionellt Summerfest gefeiert an d’Wieder huet, ewéi et sech fir e Summerfest gehéiert, gutt matgespillt. Net nëmmen d’Wieder, mee och d’Iessen, d’Verkafsstänn

an eis Pensionnairen hu fir eng gutt Stëmmung gesuergt. D’Perkussiounsgrupp huet di lescht Méint fläisseg geübt fir den Invité’en e gelongenen Optrëtt ze bidden. Vill Bénévoller zb. d’Mierscher Pompjeeën an d’Fraen a Mammen, hu gehollef fir dass et op dësem Dag kengem vun de ville Leit di op Besuch waren, un eppes gefeelt huet.

40

D’Maison Relais Bieschbech ass mat engem Stand vertrueden wou d' Kanner sech hier Gesiichter mat wonnerschéinen Motiver konnte molen loossen.

De Bieschbecher Atelier huet säin Buttek an seng Sonnenterrasse extra sonndes opgemaach fir de Leit ze weisen wat si alles an hiren Atelier’en produzéieren.

De Service Berodung, Betreiung a Fräizäit huet en Info-Stand fir de blannen- a séibehënnerten Leit Explikatiounen iwwert Hëllefsmëttelen a vill aner Méiglechkeeten déi hiren Service ubitt, ze presentéieren.

Esou war eist Summerfest e volle Succès, a mir freeën eis schon op d'nächst Joer.

41

Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung

 Personalfeier

Photo de groupe de la Fête du personnel de la FLB du 7 juillet 2017 représentant des membres du Conseil d’Administration, la Direction et les membres du personnel particulièrement remerciés pour leurs bons et loyaux services depuis de nombreuses années.
42

News beim Personal

 Mataarbechter an hir Hobby’en

FIREFLY verleiht

Ich arbeite nun schon seit fast 15 Jahren bei der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung und alle Leute kennen mich sofort wieder, da ich mich im Rollstuhl durch das Blannenheem fortbewege. Es fällt zwar auf, dass ich alle Gliedmaße bewegen kann, aber mein schmaler Körperbau mit meinen dünnen Muskeln verrät, dass es mir an der nötigen Kraft fehlt um wie andere Leute aufrecht gehen zu können. Weil ich keine Lähmungen habe, kann ich auch Auto fahren – und tue das auch sehr gerne – unter der Bedingung, dass automatisches Getriebe und Servounterstützung beim Lenken und Bremsen meine Muskelschwäche ausgleichen.

Allerdings klaffte zwischen den kurzen Wegen, die ich im Rollstuhl und den längeren Strecken die ich im Auto zurücklege, eine Lücke die mich erheblich in meinem Bewegungsradius einschränkte, bis ich im Juni 2015 zufällig auf eine Anzeige gestoßen bin: FIREFLY! Neugierig und aufgeschlossen für alles Neue wie ich nun mal bin, habe ich sofort „herumgegoogelt“ und bin auf den USamerikanischen Hersteller RIO MOBILITY gestoßen, der das Gerät über einen niederländischen Händler vertreibt.

Aber was ist das Zauberding? Es handelt sich um einen Elektroantrieb, der an jeden normalen Rollstuhl angebaut werden kann. Handhabung kinderleicht: Andocken, 2 Hebel umlegen und losfahren. Die technischen Daten waren vielversprechend: 28 km Reichweite mit einem 24-Voltakku (mit Zusatzakkus beliebig erweiterbar) und bis zu 25 Stundenkilometer schnell! FIREFLY ist also das fehlende Element zwischen Rollstuhl und Auto und wäre, falls es hält was die Werbung vorgibt, also in der Lage eben diese Lücke zwischen diesen beiden Fortbewegungsmöglichkeiten zu schließen!

Zwei Wochen später stand das Ding bei mir zu Hause und meine Erwartungen wurden mehr als erfüllt. Für meine Einkäufe bin ich nicht mehr auf andere Menschen angewiesen und auch den Weg zur Arbeit bewältigt FIREFLY mit Leichtigkeit. Aber den größten Nutzen bietet das Gerät mir in der Freizeit: Ich kann nach Feierabend auch mal eine Stunde an der frischen Luft fahren oder Freunde auf Fahrradtouren begleiten. Die rund 970 km, die ich bis jetzt damit zurückgelegt habe, sind Beweis dafür, dass dieses Gerät nicht nur eine Verbesserung der Selbständigkeit sondern auch und vor allem einen großen Gewinn an Lebensqualität bedeutet.

Vielleicht findet es eines Tages den Weg auf die Liste der Hilfsmittel, welche die Assurance Dépendance den behinderten Mitmenschen zur Verfügung stellt.

43
Flügel

 Gléckwënsch a Gesondheet

› Pacsfeieren

D’Cathy GLODEN ass den 18. Juli 2017 mam Ricky BENTZ gepacst ginn

D’Tania CASTERMANS ass den 28. Juli 2017 mam Tom GELHAUSEN gepacst ginn

› Puppelcher

HEUTZ Luc ass Papp gi vum LENA, gebuer den 23.01.2017

REIS Gonçalves Brigitte ass Mamm gi vum AUREA, gebuer de 27.01.2017

FARENZENA Sacha ass Papp gi vum LIO, gebuer den 08.02.2017

SPEYER Tessy ass Mamm gi vum MAXIM, gebuer den 11.02.2017

CORREIA PINTO Elisabete ass Mamm gi vum LEONOR, gebuer den 10.03.2017

ENGEL Natalie ass Mamm gi vum JANNES KARL, gebuer den 20.03.2017

MACHADO Afonso Andrea ass Mamm gi vum MARA, gebuer den 02.04.2017

ESTEFANIA DA ROCHA Carla ass Mamm gi vum LUENA, gebuer den 12.04.2017

GONÇALVES TEIXEIRA Carla ass Mamm gi vum SELMA, gebuer den 28.04.2017

MELLINGER-BACH Rebekka ass Mamm gi vum LOTTA, gebuer den 03.06.2017

KEMP-ROSSLER Eva ass Mamm gi vum ANTON, gebuer den 12.07.2017

HERKES Jens ass Papp gi vum VIANNE MARIE, gebuer de 24.07.2017

› Mataarbechter dei an d'Pensioun gaange sin

FABER Bernadette

GOMES DE CARVALHO Helena

SANTOS FORTES Maria

WESTER Jeanny

Personal News 44

 Nei Mataarbechter

Dr. GRÜN Jean-Paul Directeur Général

01.01.2017

Direction

VIEIRA Sarah Infirmière chefadjointe

01.02.2017

Infirmerie A3

RASSEL France Infirmière

01.08.2017

Infirmerie B

HEISCHREIBER Pascal Infirmier chef

01.09.2017

Infirmerie A2

HEUTZ Luc Cuisinier chefadjoint

01.01.2017

Cuisine

REGENWETTER Julie Psychomotricienne 01.02.2017 Service rééducation

GRÜN Francine Infirmière chef 01.09.2017

Infirmerie A1

VAN VLOKHOVEN Patrick Cuisiner

15.09.2017

Bieschbecher Atelier

Personal News
45

Artikele vun de Pensionnairen

 Ausfluch op d’Useldenger Buerg

Fir d’Mëttegiessen si mir an e klengen, awer gemittlechen Restaurant zu Useldeng gefuer.

Nom Iessen si mir dann d'Buerg besiche gaangen. Et wor ganz interessant well mir duerch di ganz Besichtegung d’Méiglechkeet haten d’Geschicht iwwert d’Buerg ze lauschteren, ze liesen (Brailleschrëft) an och ze taaschten.

Aussergewéinlech ass och dass di Useldenger Gemeng am Zentrum vun der Buerg steet.

Schéin woren di kleng Kraider- a Planzegäert déi mir do ze gesinn an ze richen kruten. Fir den Dag ofzeschléissen, si mir nach e Patt huele gaang an hu gutt gepotert. Voller Begeeschterung a gudden Souveniren si mir erëm heem gefuer.

46
Visite
du Château d’Useldange
Léandre KAUFMANN

 Ausfluch Hunnebuer

Mir waren op de Camping Krounebierg gutt iessen, an duerno op den Hunnebur bei d’Weieren frësch Loft tanken

 Sprangprëssessioun

Op der Iechternacher Sprangprëssessioun war et trotz dem Reen ganz flott. Moies wore mir en Tour ronderëm de Séi spadséieren. Bei Servior am Schleeschen hu mir gutt giess, gesongen an eis flott amuséiert.

 Bricher Päerdsstall

Mir waren de «Bricher-Päerdsstall» besichen. Do hu mir nieft villen Hausdéieren wie Kanéngercher, Mierschwéngercher, Geessen, Pärelhénger, ganz schéi gefleegte Päerd an och een Ochs gesinn.

D'Kanner vun der «Maison Relais Bieschbech» waren och mat. Sie hu mat vill Freed d'Déieren gekämmt a gefiddert. Mir haten natierlech och eise Spaass drun fir hinnen nozekucken.

No der Besichtegung ware mir nach laang gemittlech a lëschteg zesummen, an hun eis de Mo mat guddem Gegrillten gestäipt

Artikele vun de Pensionnairen
47
Raymond BRAUN
Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung 47, rue de Luxembourg | L-7540 ROLLINGEN  32 90 31-300  32 91 81  info@flb.lu  www.flb.lu

Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.
Biechbecher Blietchen N°28 by Fondation Lëtzebuerger Blannevereenung - Issuu