Bieschbecher Blietchen N°34

Page 1

Bieschbecher Blietchen

D’Zeitung vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung

N° 34 Juni 2020 – Januar 2021
3 Virwuert 4 CIPA Blannenheem 6 › Aktivitéiten mat de Kanner an de Pensionnairen 6 › Lëschteg Nomëtteger 12 › Gebuertsdagsfeieren 18 › Confinement 21 › Chrëschtdag 2020 24 › Neijooschdag 28 › Dräikinneksdag 32 › Cent Buttek vun der Croix-Rouge Miersch 34 Maison Relais Bieschbech 35 › Am Park 35 › Mir gin an de Bësch 36 › Näischt hält de Kleeschen op 37 › Kanéngercher 38 Service Berodung, Betreiung a Fräizäit 40 › Projet Mudam: „Charlotte Posenenske“ Work in Progress 2020/2021 40 Bieschbecher Atelier 42 › Maart am Bieschbecher Atelier 42 › Hierschtmaart, den 24 10 2020 44 › Adventsverkaf 45 › Pappendagsaktioun an der Belle-Étoile 46 › Container fir de Bieschbecher Atelier 47 › RTL live aus dem Bieschbecher Atelier 48 › Verkaf vu Paangescher a Glacen 48 › Éierung vu Mataarbechter am Bieschbecher Atelier 49 News beim Personal 50 › Mataarbechter an hir Hobby’en 50 › Gléckwënsch a Gesondheet 54 › Nei Mataarbechter 54 Artikele vun de Pensionnairen 55 › D’Madamm Huberty an hire gréngen Daum 55
Inhaltsverzeechnes

Virwuert

Christian ERANG

Thierry LUTGEN

Léif Residenten, Léif Familljen, Léif MatarbechterInnen, Léif Frënn a Benevoller vun der Lëtzebuerger Blannevereenegung,

réckbléckend op dat läscht Joer, kann een ouni Zweiwel vum Corona-Joer zu Lëtzebuerg an an der ganzer Welt schwätzen

Villes, wann net souguer alles, ass hei am Land dësem Virus ënnergeuerdent gi

Ewéi Dir bei der Lecture vun dësem Blietche wäert feststellen, ware mir awer hei am Blannenheem iwwert de ganze Summer bis an den Hierscht era vum Virus verschount a konnten esou eng gewëssen Normalitéit mat flotten Aktivitéite liewen

Am Hierscht ass dunn leider och eist Haus an de Lockdown gaangen, well de Corona-Virus de Wee eran fonnt hat

Stack vir Stack huet missen zoumaache ginn Eis Equippen zesumme mat eisen Dokteren hunn sech wärend laange Wochen intensiv a mat vollem Asaz em eis Residente gekëmmert

Nodeems mer fir Chrëschtdag dunn et am A Gebai gepackt haten, konnten eis Residenten d’Feierdeeg am frësch renovéierte Restaurant genéissen

4

Eng zweet kleng Well huet nach emol B Gebai an d’Residence getraff Schnell konnt dës Situatioun awer gemeeschtert ginn

Säit dem hallwe Januar si mer glécklecherweis erëm COVIDfrei a kucken duerch déi lancéiert Impfcampagne mat enger gewësser Zouversiicht an d’Zukunft

All eis Bewunner an d’Personal hunn effektiv hier 1ten Impfung am Februar kritt an déi 2t ass elo fir de 4 a 5 Mäerz geplangt

An der Hoffnung op eng grouss Immunitéit durch d’Impfung hei am Haus, schaffe mir elo un engem neien Aktivitéitskonzept fir eis Residenten a wäerte fir dëst Joer erëm ee Maximum vun Aktivitéiten an Animatiounen ubidden

Weider nei Projet’en sinn an der Planung a wäerten Iech am nächste Bieschbecher Blietche virgestallt ginn

Elo wënsche mir Iech vill Spaass beim liesen a bléift gesond a monter!

Christian ERANG & Thierry LUTGEN

Generaldirektion Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung

VIRWUERT 5

 Aktivitéiten mat de Pensionnairen

6
Baken
CIPA BLANNENHEEM 7
Keramik Molen a Bastelen
CIPA BLANNENHEEM 8
Wësch fir den 15 August
CIPA BLANNENHEEM 9
Perkussioun Keelenomëtteg
CIPA BLANNENHEEM 10
Männertreff

Bewegungsstonn

CIPA BLANNENHEEM 11

 Lëschteg Nomëtteger: Concert Mierschermusek

Nodeems d’Corona Restriktioune manner streng gi sinn, an d’Bewunner erëm eraus hunn dierfe goen, ass di éischt Geleeënheet genotzt gi fir en Outdoor Concert mat der Mierscher Musek ze organiséieren

Samschdes viru Mammendag sinn si zu enger ganzer Trupp bei d’Entrée vum Blannenheem e flotte Concert spille komm D’Freed war op eiser Säit jiddefalls grouss, awer och fir d’Musikante war et flott no der laanger Paus erëm zesummen ze musizéieren

CIPA BLANNENHEEM 12

 Lëschteg Nomëtteger: Concert Blue Stars

De 7 Juli 2020 hunn d’Nathalie an d’Edith vum Orchester Blue Stars e benevollen Openair Concert gespillt fir d’Pensionnäire vum CIPA Blannenheem Bei guddem Wieder a flotter Stëmmung hunn d’Pensionnairen sech et net entgoe gelooss fir vun dësem flotte Concert ze profitéieren

CIPA BLANNENHEEM 13

 Lëschteg Nomëtteger: Concert Militärmusek

Den 21 Juli 2020 huet d’Militärmusek e benevole Concert fir d’Bewunner vum CIPA Blannenheem gespillt Bei schéinem Wieder a gudder Stëmmung hunn d’Bewunner sech et net huele gelooss fir dësem flotte Concert nozelauschteren

CIPA BLANNENHEEM 14

 Lëschteg Nomëtteger: Fernand Scheller

De Fernand Scheller huet dräi mol e benevolen Outdoor Concert fir d‘Bewunner vum CIPA Blannenheem gesongen Aus sengem grousse Repertoire huet hie flott Lëtzebuerger Lidder vu fréier a ganz fréier, aus de 50er, 60er a 70er Jore gesongen Tëschent de Lidder huet hie Witzer erzielt an esou d’Bewunner an hier Familljen, un d’Laache bruecht

 Lëschteg Nomëtteger: Nico Walisch

Mat senger rouder Harmonika huet den Nico Walisch de Pensionnairen aus dem CIPA Blannenheem 3 benevol Concert’en mat flotte Lidder gespillt an op Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch gesongen

CIPA BLANNENHEEM 15

 Lëschteg Nomëtteger: Divertimento

Den 12 September 2020, bei guddem Wieder, haten d’Pensionnairë vum CIPA Blannenheem d’Geleeënheet e flotten Openair Concert ze lauschteren Den Orchester Divertimento huet mat enger formidabeler Performance fir flott a lëschteg Stëmmung gesuergt

Adventsnomëtteg am B

CIPA BLANNENHEEM

 Lëschteg Nomëtteger: Gebuertsdagsfeieren

CIPA BLANNENHEEM 17
CIPA BLANNENHEEM 18
BRIEGEL NICOLAS 72 Joer JUNG-KIMMES ODILE 91 Joer GLODEN-MULLER JEANNE 101 Joer TISCHER-METZDORF GERTRUDE 89 Joer BLASIUS-REUTER CECILE 89 Joer SAUER-KOEDINGER MARGUERITE 90 Joer SCHMIT ERNEST 83 Joer VON ROESGEN LEON LOUIS EMILE 80 Joer PAULUS-SCHMIT ELISABETH 81 Joer REUTER-FABER ANNE 86 Joer NEU-SEYLER MATHILDE 85 Joer KLEIN CHRISTOPHE 87 Joer THILLMANY ALOYSE 80 Joer OURTH PATRICK 57 Joer BRUNE-SCHUTZ GABRIELLE 77 Joer MISCHEL ALINE 59 Joer HEINERICY-IMMER MARGUERITE 94 Joer NOCKELS-SCHMIT ANNY 76 Joer › Juli REDING MARCEL 83 Joer WIESENER-DELCOURT YVONNE 95 Joer HENDRIKS-KIMMES LILIANE 80 Joer MAAS-GOERGEN LUCIE 91 Joer SPIEWAK-MAURER MARIA 84 Joer HEMMERLING-AHLEN MARIE 94 Joer PAULY-KIRSCH GEORGETTE 86 Joer WEIRICH-FRIES PAULINE 96 Joer HESS CAMILLE JOSEPH 87 Joer HARSCH FERNAND 92 Joer REISER HENRI 82 Joer ROLLINGER-FRANCK JEANNE BARBE 84 Joer OTTELE-DECKER GUITTY 82 Joer BUTTEL-ZIMMER GERMAINE 92 Joer MULLER-RINGLET YVONNE 83 Joer THEIS EGON 96 Joer › August FELLENS-KRIER SUZANNE 98 Joer SCHMIT ALPHONSE 71 Joer LACAVE-KRIER MARIE 98 Joer MAJERUS NICOLAS 91 Joer HUBERTY-KOEP ANNE MARIE 88 Joer SCHMIT-HEMES MADELEINE 90 Joer FERRON-STOLWIJK AGATHE 80 Joer KIEFFER-TORDY GEORGETTE 89 Joer
 Gebuertsdeeg › Juni
CIPA BLANNENHEEM 19 ZENNER-SCHMIT CLAIRE 87 Joer HOLZMACHER-SCHÜBER ROSE MARIE 86 Joer BROCHMANN CATHERINE 88 Joer BLASEN-BAUDRY MARIA 92 Joer GAASCH CAMILLE 88 Joer HUBERT YVONNE 85 Joer HIENTGEN-KUGNER JOSEE 88 Joer CLOOS-FETT HENRIETTE 96 Joer PLUMER-NIMAX GABY 90 Joer › September THEISEN-VINANDY IDA 91 Joer BAUMGARTEN HENRI RENE 74 Joer STEIMES JEAN 106 Joer KAUFMANN LEANDRE 86 Joer FRANK-LAUER CATHERINE 89 Joer BAUMANN JEAN-PIERRE 90 Joer BISENIUS-TOSSING VIVIANE 68 Joer PINSCH LAMBERTINE 95 Joer DELTGEN DOLLY 87 Joer GIERDEN MATHIAS 86 Joer HORSMANS-AUMASSON JUSTINE 91 Joer REITER-BIEWER MARIE 94 Joer ULMER RENE 91 Joer DAHM ALPHONSE 90 Joer › Oktober THEIS-KOLLWELTER MARGUERITE 83 Joer BETTENDORF ANNE 100 Joer KLEIN-WEBER ANNE 92 Joer ROLLINGER NICOLAS 86 Joer KNEIP-MOLITOR MARIE 92 Joer BARIVIERA JEAN-PIERRE 81 Joer BERREND-VINANDY ESTELLE 90 Joer BORMES-GANSEN LEONIE 98 Joer THILLMANY-WIESEN MARGUERITE 88 Joer BOLMER ROGER 94 Joer BRAUN RAYMOND 83 Joer WALESCH-LEGAY IRMA 80 Joer › November HECK MARIE-THERESE 77 Joer BAULER JEAN 89 Joer DA COSTA MAIO AMANDIO 78 Joer SCHULLER-CLESEN MARIE-LOUISE 85 Joer PRICKAERTS-ACAMPO JOSEPHINE 93 Joer HANSEN-SCHNEIDER MARIE-THERESE 81 Joer
20 KALTE-HEITZ LÉONIE 94 Joer MERENS-MENEGALLI JEANNE 105 Joer FRANZETTI JEAN-PAUL 90 Joer MAES GEORGES 66 Joer › Dezember GRISIUS-WEIS VICTORINE 81 Joer KROEMMER-SCHUMANN HELENE 85 Joer ROBINET-SCHMITZ JOSEPHINE 80 Joer LAUER FRANCOIS 92 Joer KOHLWELTER HUGUETTE 88 Joer HACK MARIE-JOSEE 86 Joer HANSEN EMILE 92 Joer LINDEN-SCHROEDER ANNA 93 Joer › Januar LOSCH-BERTE MILLY 77 Joer SCHOLTES MARGOT 85 Joer BISENIUS-WAGNER LUCIE 90 Joer WAGNER ANITA 66 Joer MULLER EMILE 79 Joer BEELENER-FRANCK MARGUERITE 91 Joer ZEHREN FERDINAND 80 Joer MONTI-WEHR EDELGARDE 89 Joer FOHL EMILE 77 Joer MONVILLE-STILLEN MARIE GILBERT 86 Joer REMACKEL-REULAND FERNANDE 85 Joer OLSEM-URY EMILIE ANNA 83 Joer BIERMANN-KARPEN SISY 96 Joer JUNKER-MAJERUS CATHERINE 91 Joer KLEPPER GEORGES 55 Joer
CIPA BLANNENHEEM

 Confinement: Mass

Wéinst de Corona-Aschränkunge konnt d’Mass wärend ville Woche net, ewéi gewinnt, am Festsall mat all de Bewunner zesumme gehale ginn

Fir dass d’Bewunner net hu misse ganz op d’Mass verzichten, huet d’Direktioun zesumme mam Dechen Felix Steichen a senger Equipe, no enger Léisung gesicht, an och fonnt D’Mass ass op zwou verschidde Plazen, eng Woch iwwert di aner, gehale ginn, fir dass d’Distanzen konnten agehale ginn Et ass wichteg dass jidder gleewege Mënsch, deen Ënnerstëtzung, Kraaft an Hoffnung siche konnt, fir den Alldag an der schwéierer Zäit vun der Pandemie ze iwwerstoën

CIPA BLANNENHEEM 21

 Confinement: Chrëschtcortège

Chrëschtcortège ronderem d’Blannenheem vu Jongbaueren a Landjugend

Op Stiefesdag hu sech 250 Leit mat 190 Traktere mobiliséiert fir de Leit an den Altersheemer a Spideeler am ganze Land eng Freed ze maachen an hinnen ze weisen, datt u si geduecht gëtt Si, déi dëst Joer ouni Famill hu misse feieren, mee dofir awer mat Leit, déi sech, well dat hiren Job ass, ëm si këmmeren, a vläicht dofir dëser Deeg och ouni hir Famill sinn Och hinne wollt déi jonk

Generatioun vu Lëtzebuerger Baueren Merci soen an e Liichtbléck fir dës schwéier Zäit ginn

D’Aktioun huet gefall!

CIPA BLANNENHEEM 22

 Confinement: Kannerduerf Miersch

Eng motivéiert Grupp vu Kanner a Jugendlecher aus dem Kannerduerf vu Miersch hu fläisseg Kichelcher fir eis gebak Zesumme mat hire Begleeder hu si dem Thierry Lutgen, directeur adjoint vun der FLB, di grouss Këscht voll selwergebake Kichelcher iwwerreecht Hmmm, d’Bewunner hu sech se gutt schmaache gelooss

CIPA BLANNENHEEM 23

 Chrëschtdag 2020

CIPA BLANNENHEEM 24
CIPA BLANNENHEEM 25

 Chrëschtdag 2020

CIPA BLANNENHEEM 26
CIPA BLANNENHEEM 27

 Neijooschdag

CIPA BLANNENHEEM 28
CIPA BLANNENHEEM 29

 Neijooschdag

CIPA BLANNENHEEM 30
CIPA BLANNENHEEM 31

 Dräikinneksdag

CIPA BLANNENHEEM 32
CIPA BLANNENHEEM 33

 Cent Buttek vun der Croix-Rouge Miersch

Op de Stäck an de Stiffercher an am Restaurant sinn nei a besser Kaffismaschinnen ugeschaaft ginn De Filterkaffi deen an den ale Maschinne gebraucht gouf, ass un den „Cent Buttek“ vun der CroixRouge Miersch gespend ginn

CIPA BLANNENHEEM 34
35
 Am Park

 Mir gin an de Bësch

All Dag zéie mir lass fir am Bësch ronderëm d’Blannenheem ze fuerschen

Een, dee propper bleiwe wëll, geet do besser net mat, well mir mat eise Matschboxen a Stiwwelen sprange gären an de Bulli

Sou een Dag am Bësch hält eis fit a mécht vill Spaass!

MAISON RELAIS BIESCHBECH 36

 Näischt hält de Kleeschen op …

Och an dëse komplexen Zäiten, huet näischt de Kleeschen opgehal, d’Kanner aus der MRB mat senge Kaddoen ze beglécken No Récksprooch mat der Santé an d’Anhalen vun de Sanitäre Mesuren, stoung dem Här mat der Mitra, näischt méi am Wee fir an d’Blannenheem ze kommen

D’Kanner konnten a klenge Gruppe vun 4-5 bei hie goën D’Opreegung war grouss, mee d’Freed war onendlech All eenzelt Kand huet, mat der Hëllef vum Kleeschen senge Wichtelen, dierfen op d’Podest klammen, sou richteg no, op 2 m bei de wichtege Mann, wou se sech dann mat enger „Fistbump“ begréisst hunn a fir d’Éiwegkeet geknipst gi sinn mat hirer Tiitchen

Zefridden a mat engem Grinsen vun Ouer zu Ouer, sinn di kleng dann mat den Elteren Heem gaangen an hunn nach laang iwwert dëst Erliefnis verzielt

MAISON RELAIS BIESCHBECH 37

 Kanéngercher

Däerfe mir virstellen:

Den OSCAR an den EMIL

Déi zwee knuffeg, léif, laangouereg Kanéngercher si säit November 2020 déi nei Membere vun der Maison Relais Bieschbech Hiert neit Doheem steet am Haff op der Spillplaz vun der Maison Relais, am Zentrum vum Blannenheem selwer, wou d’Pensionäre beim Laanschtgoen am Gank vu bannen si duerch Fënstere beobachten kënnen

Op Kleng oder Grouss, Elteren oder Kanner, Bewunner oder Personal vum Blannenheem, jiddereen huet grouss Freed mat den Déieren Den Oskar an den Emil hunn net nëmmen ee pedagogesche Wäert mee si bréngen d’Generatiounen am Haus och erëm ee Stéckelche méi no Covid bedéngt sinn de Moment just d’Kanner an d’Personal vum Blannenheem, déi Kontakt mat de Kanéngercher hunn, mee d’Ziel herno ass et och fir mat de Bewunner vum Blannenheem zesumme mat deene Klengen no der Fleeg an dem Wuelbefanne vun den Déieren ze kucken Nach eng gemeinsam Aktivitéit wou Generatiounen d’Méiglechkeet hunn sech auszetauschen

MAISON RELAIS BIESCHBECH 38
Cathia BADEN Chrissy GLODT

D’Kanner an hier Erzéier ginn all Dag an d’Leeër fir den Emil an den Oscar ze fidderen an de Käfeg ze botzen Op mat engem klenge Wénken, einfach nëmmen nokucken oder mat Aaekontakt, kommen d’Kanner, d’Déieren souwuel wéi och d’Bomien an d’Bopien awer och schonn sou an nonverbal Kommunikatioun wat dozou féiert, dass mir ee klengen Anker hunn fir mat de Pensionäre weiderhin a Kontakt ze bleiwen

D’Leeër ass och eng Aart Rouzone fir d’Kanner, fir hinnen hiren Alldag ze verséissen an hinnen nach eng zousätzlech Optioun ze ginn, fir kënnen an hirer Entwécklung opzegoen

Kanéngercher huelen d’Persounen net als Persoun wouer mee sou wéi se agéieren, wéi d’Leit sinn, hir Beweegungsmusteren, hir Stëmmen an hire Geroch Déieren bewäerten d’Verhale vun de jeeweilege Persounen a beurteelen se net no de mënschleche Kategorien (déck, dënn, kierperlech Aschränkungen, laang Hoer, donkel Haut, etc ) soudass jidderee sech beim Emil an Oscar sécher wuel fille waert!!

Mir hoffen all, dass mir eis sou séier wéi méiglech kënnen zesummen am Haff gesinn ouni weider Aschränkungen an déi faszinant Gedold, Ausdauer a Rou déi den Oscar an den Emil ausstralen, ze erliewen

Léif Gréiss ganzt MRB-Team

Den Oscar an ech (Emil) wollten eis mol kuerz virstellen. Viru gutt dréi Méint hu mir eis op de Wee gemaach fir op Miersch zu kommen.

Mir ware ganz schéin opgereegt, well mir net wousste wat eis erwaart, bezéiungsweis wien.

Wéi mir awer eist schéint grousst Haus gesinn hunn, ware mir total begeeschtert an hunn eis mol alles ugekuckt.

All Dag komme Kanner bei eis fir eis ze fidderen. Mir kréie Muerten, Äppel a Bieren. Mee wat mir am léifsten hunn, ass wann Kanner eis ee Läffel dohin hale mat Huewerflacken.

Wat mir net sou gär hunn ass Kaméidi, do zéie mir eis da léiwer an eis d’Haus zeréck.

P.S. Dir fannt eis op der klenger Spillplaz vun der Maison Relais, wann dir eis wëllt besiche kommen.

MAISON RELAIS BIESCHBECH 39
Oscar Emil

 Projet Mudam: „Charlotte Posenenske“ Work in Progress 2020/2021

Am Juni 2020 si mir vum Musée Mudam ugeschwat gi fir beim Projet: „MIR BAUEN ËM“ vun der Kënschtlerin Charlotte Posenenske deelzehuelen

D’Kënschtlerin Charlotte Posenenske ass 1930 an Däitschland gebuer an 1985 zu Wiesbaden verstuerwen

Hire kënschtlereschen Héichpunkt hat si an den 60ger/-70ger Joren

Hir Wierker zeechnen sech duerch eng radikal Oppenheet aus, si wollt sech vun anere Kënschtler differenzéieren, an huet virun allem industriell Materialien benotzt wéi z B Kartong, Wénkelblech, Spanplacken an huet esouguer Entlëftungsréier benotzt Matt dëse Materialien huet si „Raumskulpturen“ erschaaft

Der Kënschtlerin hir Idee huet doranner bestanen, d’Visiteuren dozou ze bréngen, hier Wierker nei ëmzegestalten

D’Médiatrice vum Mudam, d’Madamm Ioanna Madenoglu, huet et als eng Erausfuerderung gesinn, dëse Projet mat blannen oder séibehënnerte Leit duerchzeféieren

Den 21 November 2020 hu mir mat zwee vun eise Memberen vun der Blannevereenegung, d’Madamm Scheuren an d’Madamm Schaefer, un dësem Workshop deelgeholl

Den 1 Deel vun dësem Workshop hat dorausser bestanen, déi schonns ausgestallte Konschtwierker aus Kartong vun der Madamm Posenenske duerch Ertaaschten ze erfaassen

An engem 2 Schrëtt konnten si hirer Kreativitéit fräie Laf loossen an déi bestanen Konschtwierker a Miniatur ëmbauen an dorausser si Maquetten entstanen

Dës Maquetten hunn als Virlag gedingt fir déi bestoend Raumskulpturen nei opzeriichten

Leider konnte mir „pandemiebedéngt“ bei dësem Schrëtt net dobäi sinn!

E grousse Luef krute mir vun der Kënschtlerin hirem Mann, deen extra op Lëtzebuerg komm war, fir sech d’Resultat vun dësem flotte Projet vu Leit mat enger Séihbehënnerung unzekucken

Dëse Projet war och fir eis eng immense flott Erfarung, a mir soen de Responsabele vum Mudam ee grousse Merci Personal vum BBF

40
BERODUNG, BETREIUNG A FRÄIZÄIT 41

Chargée de direction

Bieschbecher Atelier

 Maart am Bieschbecher Atelier

Corona huet och dem Bieschbecher Atelier méi wéi e Strëch duerch d’Rechnung gemaach a sämtlech Rendezvous’en sinn ofgesot, respektiv an d’Waasser gefall Duerfir hu mir kuerzerhand decidéiert, all Freddeg e Wochemaart ze organiséieren, wou e frëscht Geméis, Uebst, Guddes aus eiser Kichen, nieft eise saisonalen Dekoratiounen ugebueden hunn Hei e puer Andréck vum Wochemaart, Freddesmoies op der Terrass vum Atelier vun 10 00 bis 12 00

42
Martine BROCHMANN

A well et dunn schwéier war opzehalen, gouf et en Hierscht- an en Adventsmaart, wann och bëssen an ongewinnter Form…

BIESCHBECHER ATELIER 43
BIESCHBECHER ATELIER 44  Hierschtmaart,
den 24.10.2020
BIESCHBECHER ATELIER 45
 Adventsverkaf

 Pappendagsaktioun an der Belle-Étoile

A wien hätt et geduecht: Een eenzege Stand am Jar 2020: de Bieschbecher Atelier an der Belle Etoile vum 24/09 op den 03/10/2020

BIESCHBECHER ATELIER 46

 Container fir de Bieschbecher Atelier

Nodeems mer kuerzfristeg am Fréijar Zelter opgeriicht hunn, fir méiglechst gutt duerch d’Pandemie ze kommen, sou war dat dach awer keng Optioun fir eng laangfristeg Léisung vun eisem Plazproblem

Duerfir si mer frou an dankbar, dass mer elo 2 Container zur Verfügung hunn, an zäitlech a raimlech besser laanscht enee kommen

Et war schon impressionant ze gesinn, wéi déi Container geliwwert a plazéiert goufen –bannent kuerzer Zäit waren se asazfäeg

BIESCHBECHER ATELIER 47

 RTL live aus dem Bieschbecher Atelier

Den Daniel guidéiert d’Nolauschterer vun RTL duerch den Atelier

 Verkaf vu Paangescher a Glacen

1x an der Woch, Dënsdesmëttes

Leider war dat net de groussen Erfolleg …

BIESCHBECHER ATELIER 48

 Éierung vu Mataarbechter am Bieschbecher Atelier

Well mir 2020 net wéi gewinnt mat enger klenger Feier konnten ofschléissen, goufen d’Mme LOPES Filipa an d’Mme KIMMEL Vanessa, den 18 Januar 2021 am Atelier an a Presenz vun eiser Generaldirektioun fir 10 Jar geéiert

Nieft engem Kaddo vun der Fondatioun, gouf et och eng kleng Erënnerung un déi vergaange Jaren am Bieschbecher Atelier

BIESCHBECHER ATELIER 49

News beim Personal

 Mataarbechter an hir Hobby’en

Véroniquey TREFF | Assistante sociale

Mäin Numm ass Véronique Treff an schaffen säit September 2020 hei am Blannenheem am Sozialen Service als Sozialaarbechterin Ech zielen Iech gären vun menger léifster Beschäftegung, dem Triathlon

Sou wéi en Tri de pâtes, besteet den Triathlon aus 3 Bestanddeeler, besser genannt 3 Disziplinnen: Schwammen, Vëlofueren an Lafen

Genau an där Reiefolleg gëtt den Triathlon duerchgefouert Fir d’éischt geet et an d’Waasser, egal op an d’Mier, an e Séi, e Floss oder och an eng Schwemm Nom Schwammen geet et dann op den Vëlo An zum Schluss vum Vëlo op d’Lafstreck Alles hannert eneen

Ugefaangen hunn ech allerdéngs mam Lafen Virun 8 Joer ongeféier hunn ech mir schéin Lafschong kaaft, déi ech dunn och net wollt dobannen stoen loossen Aus engem Zäitverdreif no der Schoul ass eng richteg Passioun entstane Nodeems ech un e puer Coursen deelgeholl hunn, hunn ech mir 2017 en Coursevëlo kaaft Ech wollt net just eensäiteg trainéieren an wollt d’Vëlofueren ausprobéieren Esou en Stroossevëlo ass schonn speziell

Déi éischt Kilometer waren wackeleg an natierlech sinn ech och mam Vëlo duerch d’Klicket’en ëmgefall

No e puer Wochen um Vëlo duecht ech dunn ech hätt jo dann elo alles fir en Triathlon ze machen

Kuez drop hunn ech mech fir mäin Éischten ugemellt Et sollt den Frankfurt City Triathlon sinn Bei deenen meeschten Cours’en

D’Sortie aus der Sauer zu Rouspert. Do hunn ech bis elo zwee Mol deel geholl. Um Wee bei den Velo deet een direkt d’Schwammkaap an den Brell aus. D’Zait leeft.

50

D’Velosstreck geet net nemmen richt aus. Am Hannergrond kann een d’Heischhaiser vun Frankfurt erkennen.

ginn et e puer Distanzen Ech hat mech fir den Sprint gemellt 0,75 km am Séi Schwammen, 28 km Vëlofueren an 5 km Lafen

No der Umeldung hunn ech normal weider trainéiert No Loscht an Laun Mol Lafen, mol Vëlo Natierlech huet nach eppes gefeelt: d’Schwammen

E puer Méint virum Dag vun der Course hunn ech dann och mam Schwammen ugefaange

Wat den Dag méi no komm ass, hunn ech mir Gedanken zum ganzen Oflaf gemaach an hunn mir Informatiounen gesicht Wat deet een un? Wéi wiesselt een vun enger Disziplin op déi Aner?

Wat dierf een, wat dierf een net?

Villes kann eleng duerch d’Organisatioun schifgoen Triathleten soen d’Course géif sech oft beim Wiessel entscheeden

Vill Sportler hunn en „Trisuit“ un En Eendeeler, mat deem een Schwemmt, Velofiert an Leeft Sou brauch een net och nach d’Kleedung ze wiesselen Dat eenzegt wat een nach kann, respektiv muss drop undinn ass en Neopren Bei verschidden Coursen huet een den Choix, bei Aneren net Dat hänkt vun der Waassertemperatur an der Distanz of

Kuez zum Oflaf:

Den Dag virun der Course preparéiert een alles wat een brauch Beim Frankfurt City Triathlon ass den Dag virdrun en Briefing bei deem een wichteg Informatiounen kritt

Fir all Disziplin brauch een en „Trisuit“

Fir d’Schwammen dann nach den Schwammbrëll an d’Schwammkap Déi kritt een vum Veranstalter Bei all Disziplin huet d’Schwammkap eng eegen Faarf Sou kann een d’Sportler am Waasser erkennen an ënnerscheeden

Fir d’Vëlofueren brauch een dat meescht Material: den Vëlo, den Helm, den Sonnebrëll, d’Vëlosschung mat den Strëmp, Gedrénks an Iessen an Form vun engem Gel oder Riegel Um

Vëlo ass et gutt wann een Material drun huet fir en Pneu kennen ze flécken, soss kann d’Course séier fäerdeg sinn

Den Vëlo steet nom Schwammen an der sougenannter Wiesselzon Jee no Course an Veranstalter stinn d’Saachen, déi een nach fir d’Vëlofueren brauch niewendrun oder et kritt een déi an engem Sak just nodeems een aus dem Waasser kennt Deen

NEWS BEIM PERSONAL 51

Den Dag virdrun oder Moies frei bréngt een den Vëlo an déi weider Saachen, déi een um Vëlo brauch an d’Wiesselzone.

Sak huet een den Dag virdrun mat den Géigestänn gefëllt, déi een dann um Vëlo brauch

Et klëmmt een also aus dem Waasser raus an et leeft een bis an d’Wiesselzone Do deet een sech dann aus an un an dann geet et op den Vëlo Um Vëlo huet een dann kuerz Zäit fir alles nees am Kapp ze sortéieren

Beim Vëlofueren dierf een net am Wandschied vun engem Aneren fueren Dofir sinn och extra Schiedsrichter op Motorrolleren ënnerwee fir dat ze kontrolléieren Wann een dogéint verstéisst, kritt een eng Zäitstrof oder et muss een direkt ophalen

Jee no Distanz déi een mam Vëlo muss zeréck leen, kritt een och op der Streck en neien Bidon mat Waasser

Well d’Vëlofueren vun der Zäit hier déi gréissten Disziplin ass, feelt engem do bemol gären Energie Ëmsou méi flott sinn dann Passagen, wou Leit laascht der Streck stinn an engem nei Motivatioun zouruffen

Nom Vëlo kënnt een dann an déi zweet an läscht Wiesselzone wou een dann d’Vëlossachen ausdeet an d’Lafsachen undeet Den Vëlo hänkt een un eng Staang

NEWS BEIM PERSONAL 52

Fir d’Lafen brauch een nees manner: Lafschong an eng Kaap D’Strëmp an den Sonnebrëll hält een un

Bis elo ass bei mir an der Wiesselzone nach näischt schief gaangen Mee ech hunn awer schonn deen een oder aneren gesinn mam Helm aus der Wiesselzone nees eraus lafen Sicher ist sicher Am Stress vergësst een awer gären emol eppes aus oder unzedinn

No dëser Wiesselzone ass een dann bei der leschter an fir mech flottster Disziplin Och wann engem zum Schluss ëmmer méi d’Loft ausgeet, d’Lafen ass fir mech am schéinsten

Erliichtert ass een, wann een no dem Ganzen dann d’Ziel gesäit Fir mech ass et dat schéinsten Gefill, wann ech weess ech hunn et an enger gudder Zäit gepackt an virun allem ouni mech ze verletzen

Dann ass fir d’éischt emol Rou an vill drénken ugesot E puer Stonnen no der Course kann een dann seng Saachen nees an d’Wiesselzonen sichen goen

Fir mech ass et eng riseg Freed bei esou enger Course deelzehuelen Et bedeit fir mech Gesondheet, Fräiheet an Spaass An wann een Ausdauer am Sport trainéiert, trainéiert een déi och fir den Alldag

Den Triathlon ass an den leschten Joren ëmmer méi beléift an bekannt ginn Bei deenen meeschten groussen Veranstaltungen ginn et Ufänger-Distanzen wou een och mat engem City-Bike kann matfueren Flott sinn och Staffelen, wou een zu 3 an engem Team ass All eenzelen absolvéiert dann eng Disziplin

No menger Sprint-Distanz zu Frankfurt hunn ech en Joer dono dann déi „Olympesch“-Distanz (1,5 km Schwammen, 45 km Vëlo an 10 km Lafen) gemaach

Dunn ass d’Pandemie ugaangen an och déi Veranstaltungen sinn an d’Waasser gefall Net just d’Coursen fannen net méi statt, mee d’Schwämmen sinn och net méi esou zougänglech wéi virdrun Den Training ass also net méi deen Selwechten

Dat ass awer net schlëmm, iergendwann ass och dat nees wéi virdrun an dann kann een sech nach méi drop freeën

Erlichtert an midd sinn ech no den insgesamt 56,5 km duech d’Ziel gelaaf.

NEWS BEIM PERSONAL 53

 Gléckwënsch a Gesondheet

› Puppelcher

BARTHELEMY Martine ass Mamm gi vum JULIEN, gebuer den 30.07.2020

HASANI Mimoza ass Mamm gi vum NORIK, gebuer den 08.09.2020

HESS Monique an den RIBEIRO Filipe sinn Elteren gi vum LENA, gebuer den 08.09.2020

DOS REIS DA FONSECA Eunice ass Mamm gi vum KAYNE, gebuer den 16.09.2020

COUTO DA SILVA Serge ass Papp gi vum MATIAS, gebuer den 27.09.2020

KAUFFMANN Désirée ass Mamm gi vum

MILA ELEA, gebuer den 26.10.2020

DA SILVA CARVALHO Claudia ass Mamm gi vum AMÁLIA, gebuer den 16.11.2020

HEUSBOURG Martine ass Mamm gi vum ANNA, gebuer den 20.11.2020

ALVES TAVARES Nilton ass Papp gi vum MAYRON, gebuer 09.12.2020

FERREIRA FARIA Rita ass Mamm gi vum LYDIA, gebuer den 10.12.2020

› Pacsfeieren an Hochzäiten

D’Lisa CABRAL ANDRADE ass den 12 Juni

2020 mam Sven SEEBACH bestued ginn

› Mataarbechter dei an d’Pensioun gaange sin

FEINEN Christiane

GOMES DA FONSECA Arlinda

VAN DER MEET Marina

WEICHERDING-SCHOELLEN Yolande

 Nei Mataarbechter

ERANG Christian

Directeur général

08 06 2020

Direction

TREFF Véronique Assistante sociale

01 09 2020

Administration

LUTGEN Thierry

Directeur général adjoint

05 11 2020

Direction

GOEDERT Marion

Responsable services hôteliers

01 12 2020

Administration

LENTZ Michèle

Chargée de direction

01 01 2021

Service BBF

NEWS BEIM PERSONAL 54

Artikele vun de Pensionnairen

D’Madamm Huberty an hire gréngen Daum

Wa mir gären op den Ursprong ginn, da musse mir op eng laang Rees an d’Vergaangenheet zeréckblécken, sou d’Madamm Huberty:

Schonn als Kand hunn ech gemierkt dass d’Blummen, an alles wat mat der Botanik a Verbindung ass, fir mech eng grouss Bedeitung haten

Wéi et net anescht komme konnt, hat ech dunn och doheem ee ganz grousse Geméisgaart, mat deem ech d’ganz Famill mat allerlee Geméis an Uebst, Summer wéi Wanter, versuergt hunn

Meng gréisste Leidenschaft waren, a sinn awer nach ëmmer d’Blummen

Deementspriechend hunn ech ëmmer de Gaart an dat ganzt Haus mat Blumme gerëscht

1994 ass mir dann och gelonge mäin éischte Präis vum Syndicat d’Initiative vun Ierpeldeng un der Sauer ze kréien Dat sollt den Éischte vu ville sinn

Ech hu mech och 32 Joer laang ëm d’Blummen an der Kierch zu Bierden bekëmmert

Ech war och richteg frou, wéi ech an d’Blannenheem komm sinn, dass ech och do menger Leidenschaft nogoen kann, andeems ech do aktiv am Gaardegrupp ka matschaffen Ech hunn mäin eegent Beet a ka weiderhi schéi Blummenarrangementer fir den Altor an der Kapell a fir d’Mass, maachen

Iwwert de Wanter, wou leider manner am Gaardegrupp lass ass, notzen ech déi Zäit fir Kaarten mat de gedréchent Blumme vum Summer, ze dekoréieren

Am Gaart ze schaffe gëtt mir d’Gefill ze ginn an ze kréien

55
Anne Marie HUBERTY-KOEP
47, rue de Luxembourg | L-7540 ROLLINGEN  32 90 31-300  32 91 81  info@flb lu  www flb lu

Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.