
1 minute read
Artikele vun de Pensionnairen
Ausfluch op d’Useldenger Buerg
Fir d’Mëttegiessen si mir an e klengen, awer gemittlechen Restaurant zu Useldeng gefuer.
Advertisement
Nom Iessen si mir dann d'Buerg besiche gaangen. Et wor ganz interessant well mir duerch di ganz Besichtegung d’Méiglechkeet haten d’Geschicht iwwert d’Buerg ze lauschteren, ze liesen (Brailleschrëft) an och ze taaschten.

Aussergewéinlech ass och dass di Useldenger Gemeng am Zentrum vun der Buerg steet.
Schéin woren di kleng Kraider- a Planzegäert déi mir do ze gesinn an ze richen kruten. Fir den Dag ofzeschléissen, si mir nach e Patt huele gaang an hu gutt gepotert. Voller Begeeschterung a gudden Souveniren si mir erëm heem gefuer.
Ausfluch Hunnebuer
Mir waren op de Camping Krounebierg gutt iessen, an duerno op den Hunnebur bei d’Weieren frësch Loft tanken


Sprangprëssessioun
Op der Iechternacher Sprangprëssessioun war et trotz dem Reen ganz flott. Moies wore mir en Tour ronderëm de Séi spadséieren. Bei Servior am Schleeschen hu mir gutt giess, gesongen an eis flott amuséiert.
Bricher Päerdsstall
Mir waren de «Bricher-Päerdsstall» besichen. Do hu mir nieft villen Hausdéieren wie Kanéngercher, Mierschwéngercher, Geessen, Pärelhénger, ganz schéi gefleegte Päerd an och een Ochs gesinn.

D'Kanner vun der «Maison Relais Bieschbech» waren och mat. Sie hu mat vill Freed d'Déieren gekämmt a gefiddert. Mir haten natierlech och eise Spaass drun fir hinnen nozekucken.
No der Besichtegung ware mir nach laang gemittlech a lëschteg zesummen, an hun eis de Mo mat guddem Gegrillten gestäipt
