November 2018 –Abrëll 2019
D’Zeitung vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung

November 2018 –Abrëll 2019
D’Zeitung vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung
Eis Fondatioun mecht, entgéint ganz villen aaneren gemengnetzigen Organisationen oder ONG’en, absolut keng Publizitéit an den Medien, fiir esou Appell un d’Ennerstetzung an un d’Generositéit vun Donateuren ze maachen
Mir sen seit jeher der Meenung, dat eis Fondatioun, mat sengen eenzelnen Départementer CIPA Blannenheem, Bieschbescher Atelier, Crèche intergénérationnelle, Betreit Wunnen, BBF, Audiobibliothéik eleng durch seng Qualitéit an sein Engagement eis Donateuren muss iwerzeegen eis finanziell ze ennerstetzen
Vun deser Plaatz aus, géif ech gären all deenen villen eenzelnen Persounen awer och Betrieber an Vereiner am Numm vun der Fondatioun een ganz groussen Merci aussprieschen, déi eis, dursch hier generéis Dons’en, iwert d’Ennerstetzung vun eiser Kalennneraktioun déi mir landesweit maachen an dursch aaner Zouwendungen tatkräftig hellefen
Mat Aerer Mathellef ass et méiglech, an all eisen Départementer, eng ganz Reih vun Extraen ze realiséieren, déi soss net méiglech wären
Fiir eis dobaussen besser bekannt ze maachen, an fiir den Kontakt mat all deenen Leit déi direkt oder indirekt un eiser Fondatioun an hieren Aktivitéiten an Servicer interesséiert sin ze verbesseren, ass d’Fondatioun am Gaang hieren Internetsite komplett nei ze gestalten, fiir Iech an aller Transparenz een optimalen Ableck an hier verschidden Départementer, Prestatiounen an Aktivitéiten ze gin Mir mengen dat mir Iech daat schelleg sin, wann mir Appell un Aer Générositéit an Aer Ennerstetzung maachen
Leif Pensionnairen, Leif Familljen, Leif Memberen vum Personal, Leif Frënn vun der Lëtzebuerger Blannevereenegung
Och des Kéier hunn déi verschidden Departementer vun eiser Fondation sech an deenen leschten Méint vill Méi ginn fir eng Rei flott Aktivitéiten op d’Been ze stellen, déi Dier a Bild an an Text an dëser 31 Ausgab vum Bieschbecher Bliedchen fannt Sou hunn eis Bewunner vum CIPA un enger ganzer Rei vun Aktivitéiten, deelweis mat den Kanner aus der Crèche, deel geholl Vun neien Aktivitéiten siewen ervirgehuewen de Kascht ewéi fréier, d’Liesstonn , an d’Wäerter an Erzéiung vu fréier Des lescht Aktivitéit bestoung aus engem Interview déi zwou 2 Schülerinnen aus dem Lycée Technique des Professions Educatives et Sociales mat 3 vun eise Seniore gemaach hunn
An der Maison Relais haten d’Kanner och erëm eng Kéier ganz vill Freed bei diversen Aktivitéiten souwuel dobannen wei och dobaussen
Bei eisem Service Berodung, Betreiung a Fräizäit ass niewent villen aneren Aktivitéiten virun allem hier Visitt am September zu Paräis festzehalen, souwei den Deschball deen e groussen Succès kennt
Den Bieschbecher Atelier war erëm ganz vill am Land ënnerwee, fir hier flott Créatiounen un de Mann respektiv un d’Fra ze bréngen Besonnesch erfierzehierwen ass den Adventsmaart am November, deen an den Localiteiten vun der Fondatioun statt fond huet, an e remarkabelen Succès kannt huet
D’Fondatioun selwer hat och eng Rei gréisser Aktivitéiten, wei d’Chrëschtfeier an d’Benevolatsfeier Erfierzehiewen bleift och nach eng Kéier deen schéinen Scheck deen eis Gaart an Heem Sektioun Réiden gemaach huet
E groussen Merci och nach eng Kéier un déi Mataarbechter an Pensionnairen déi sech Zäit geholl hunn e flotten Artikel fir d’Bliedchen ze schreiwen
Eis Kanner aus der Maison Relais Bieschbech an hir Betreier, hunn de Pensionnairen de schni schna schnappi Danz virgefouert
Les enfants de la Maison Relais Bieschbech et leur personnel encadrant, ont présenté la danse du « schni schna schnappi » aux pensionnaires du CIPA.
Aktivitéiten mat de Kanner an de Pensionnairen
Heeschen
Op Gréngen Donneschden ass am CIPA geheescht ginn
Le jeudi précédant le Carnaval les entants déguisés ond fait le tour du CIPA.
Aktivitéiten mat de Kanner an de Pensionnairen
Kichenaktivitéit
Atelier de cuisine
Aktivitéiten mat de Kanner an de Pensionnairen
Kleeschen
Och déi grouss Kanner hu sech d’ganzt Joer gutt geschéckt, an dunn ass de Kleeschen bei si op Besuch komm
Saint Nicolas a rendu visite aux petits et grands.
Klibberen
D’Kanner gi klibberen
Les enfants vont jouer de la crécelle.
Aktivitéiten mat de Kanner an de Pensionnairen
Liesstonn
All Donneschdegmëtteg trëfft sech eng Grupp vu Pensionnairen am „Aquarium“ oder an der „Stiffchen“ um drëtte Stack fir eng Liesstonn
D’Pensionnaire lauschteren de Geschichte vun hei a vun do interesséiert no an iwwert dem Nolauschteren gëtt dann esou munnech Erënnerung erëm wakereg
Da gëtt verzielt, diskutéiert an och vill gelaacht
Bei eisem Quiz gëtt äifreg matgemaach a kënnt eng Fro iwwert Musik oder Gesank, da fänke mir all zesummen un ze sangen Esou verbrénge mir flott an interessant Nomëtteger
De Gaardegrupp suergt fir déi traditionell Dekoratiounen am Haus wéi zum Beispill Trauliichter, Adventskränz an Ouschterdekoratioun
La décoration traditionelle de la maison est assurée par le groupe de jardinage.
Stürze und deren Folgen sind vor allem für ältere Menschen ein großes Problem
Laut Statistik stürzt jeder dritte über 65 Jahre mindestens einmal pro Jahr, bei den über 80 jährigen sogar jeder zweite
Darum haben wir im Blannenheem es uns zur Pflicht gemacht, Stürze zu vermeiden bzw vorzubeugen
Der Service Kinésitherapie bietet daher jeden Donnerstagnachmittag um 14 00H im Kinésaal ein gezieltes Training zur Sturzprophylaxe an
In der Gruppe trainieren wir zuerst im Stand spezielle Gleichgewichts/Koordinationsübungen, anschließend folgt ein Bewegungsprogramm zur Kräftigung der Arm/ und Beinmuskulatur
Hierzu beüben wir mit leichten Hanteln (0,5kg) die Arme, und mit Hilfe von Gewichtsmanschetten um die Sprunggelenke – stärken wir die Beinmuskulatur
Hierdurch werden alle großen Muskelgruppen gestärkt
Durch das gezielte Training verbessert man die Kondition, sowie die Beweglichkeit der Gelenke und schult den Gleichgewichtssinn
Das Training von Kraft und Gleichgewichtssinn sind bis ins hohe Alter trainierbar Haben wir Ihr Interesse geweckt?
Möchten Sie auch in Zukunft Stürze vermeiden und in unserer sympathisch, dynamischen Gruppe mit trainieren?
Dann zögern Sie nicht, neue Trainingskollegen sind im Kinésaal herzlich willkommen!
Worauf Sie im Alltag selbst achten können, um Stürze zu vermeiden:
• Tragen sie gutes Schuhwerk (keine Schlappen, keine Hausschuhe die hinten offen sind)
• Achten sie auf gute Beleuchtung in ihrem Zimmer, so werden Stolperfallen schneller entdeckt
• Vermeiden sie Stolperfallen wie Teppiche im Wohn/Schlafraum
• Halten sie ihre Laufwege stets frei
Kascht ewei freier: A1 + B
D’Infirmerien A1 a B hu Brittzopp, Schnitzel, Gromperegratin, gréng Bounen an Ananascrème zesumme gekacht An et huet hinne wuel gutt geschmaacht
Au menu ce jour-là: consommé royal, escalope panée, gratin dauphinois, haricots verts et crème à l‘ananas.
Kascht ewei freier: A2 + A3
Am Februar war et nees esouwäit Zesumme mat 7 Bewunner gouf e Menü erausgesicht Réi Gromperenzopp, Tiirtech a Kassler sollt et ginn Bei munch engem vun de Bewunner koumen Erënnerungen op bei eisem Menü Mat Begeeschterung ass dunn och geschnëppelt a gekacht ginn
Anescht ewéi beim Spréchwuert “viele Köche verderben den Brei“, ass bei eiser Aktivitéit ee leckert Iessen erauskomm Jidderengem huet et extra gutt geschmaacht, a mir freeën eis schon op di nächste Kéier wann et erëm heescht: mir kachen zesummen
Emilie RIES Aidesoignante A3Et brauch een:
500g Sauermous
1 Kg gekachte Gromperen
1 Ënn
250 g gereecherte moere Speck
2 Eegiel
200 ml Mëllech
Britt
Peffer a Meskot
Zoubereedung
Sauermous eemol
ënnert dem Krunn
ofschwenken Gekachte
Grompere mam Stampfer
kleng maachen Moere
Speck ganz kleng schneiden, an enger Pan gutt krupseg broden, Ënn bäiginn Zesumme mam Fett, wat erausgezunn ass, d’Eegiel, d’Gewierzer, d’Britt an de Sauermous mat de Grompere vermëschen
Alles mam Stampfer, et muss net ze reng ginn Eng feierfest Schossel mat Botter a Panéiermiel ausreiwen, den Tiirtech dramaachen, a mat Panéiermiel e puer kleng Stéckelcher Botter bedecken Am waarme Schäffchen 20 Min laang gutt brong baken Mat Gesolpertes, enger Mettwurscht a Moschtert zervwéieren
Zutaten:
½ Kg Kartoffeln
34 Zwiebeln
23 Porrees
40 g Butter oder Margarine
1 ½ Liter Wasser oder Brühe
Salz
Rahm
12 Eier
Suppenwürfel
Zubereitung
Zwiebeln und Porrees feinschneiden, in Fett andämpfen, mit warmem Wasser oder warmer Brühe aufkochen und salzen Die geschälten Kartoffeln auf dem Reibeisen reiben und dieselben unter Rühren zu der kochenden Suppe geben welche während 3040 Minuten langsam kochen soll Kurz vor dem Servieren die aufgeklopften Eier ebenfalls unter Rühren in die warme Suppe einlaufen lassen Die Eier sollen als Flocken in der Suppe sichtbar bleiben Rahm sowie Suppenwürfel verfeinern den Geschmack
Dies ist wichtig, wenn zur Bereitung der Suppe keine Brühe zu Verfügung steht
Fir all Geleeënheet denken d’Leit vum Keramikgrupp sech nei Iddien aus, déi si mat vill Kreativitéit, Freed a Fangerspëtze Gefill ëmsetzen
C’est avec beaucoup d’enthousiasme et d’agilité que le groupe de céramique crée sans cesse de nouvelles œuvres.
Aktivitéite mat Schüler
2 Schülerinnen aus dem Lycée Technique des Professions Educatives et Sociales hunn en Interview mat 3 vun eise Seniore gemaach D’Thema waren d’Wäerter vun der Erzéiung vu fréier a wéi de Krich Afloss op hiert Liewen hat
Activité avec 2 étudiantes du LTPES
Aktivitéiten mat de Pensionnairen
Aktivitéite mat Schüler
Am Kader vum Thema “Beweegung am Alldag vun eelere Leit“, e Sujet deen am Turnen behandelt gouf, si 15 sympathesch a motivéiert Schüler aus dem LTPES eng Bewegungsstonn fir eis Bewunner vum CIPA an eisen Turnsall hale komm Si wore begleed vun hirer Turnprof Nathalie Thill
Séance de gymnastique avec des élèves du LTPES
Rummikub
Aktivitéiten mat de Pensionnairen
E puer Dammen aus dem CIPA hunn sech et net huele gelooss fir vun de Wantersolden ze profitéieren
Soldes d’hiver
Den 11 November si mir gutt gelaunt op Lëntgen gefuer fir eis dat lëschtegt Theaterstéck «Flott an d’Pensioun», vun der Theaterequipe
D T Minerva Lëntgen, unzekucken Bei engem gudde Patt hu mir vill gelaacht a mir freeën eis elo schonn op dat nächst flott Theaterstéck
Claudia CARVALHO Educatrice CIPA BlannenheemDe 19 Januar 2019 huet den Här Deche vu Miersch eng feierlech Gedenkfeier fir déi verstuerwe Pensionnairë vum Joer 2018 gehalen D’Mierscher Musek an d’Chorale Sainte Cécile vun Dikrech hunn d’Mass musikalesch encadréiert
Le 19 janvier 2019, le Doyen de Mersch a célébré une messe solennelle, en mémoire des pensionnaires décédés au cours de l’année 2018. La Fanfare de Mersch et la Chorale Sainte Cécile de Diekirch ont accompagné la célébration.
Flotte Concert mam Roland Kaiser offréiert vum Lions Sigma
Concert avec Roland Kaiser offert par le Lions Sigma.
De FlüttenEnsembel vu Walfer, ënnert der Leedung vum Alain Wagner, spillt schon zënter ville Joren e Chrëschtconcert op Stiefesdag
Uschléissend encadréieren di ganz engagéiert Musikanten d’Mass, gehale vum Här Deche vu Miersch
Le lendemain de Noël, l’ensemble de flûtes de Walferdange, sous la direction de M. Alain Wagner, présente son concert de Noël. Par la suite, les musiciens très engagés, encadrent la messe célébrée par le doyen de Mersch.
D’Spillschoulskanner vu Miersch kommen all Joer fir eis en Adventsconcert ze presentéieren Zesumme mat hire Léierinne prouwen si scho wochelaang virdru Chrëschtlidder a verschidde Sproochen Et gëtt awer net nëmme gesongen, mee bei all Lidd hunn si eng Show
astudéiert Di passend Dekoratioun bastelen d’Kanner mat hire Léierinne selbstverständlech selwer
D’Bewunner vum CIPA Blannenheem, ewéi och d’Elteren a Grousseltere vun de Spillschoulskanner, freeën sech, all Joer op e neits, op dësen exzeptionellen Optrëtt
Ensemble avec leur personnel enseignant, les enfants de l’école fondamentale de Mersch, cycle1, présentent un magnifique spectacle de chansons de Noël en plusieurs langues, le tout accompagné d’une choréographie et décoration fait maison.
C’est avec un grand plaisir que la direction, le personnel et les pensionnaires du CIPA Blannenheem accueillent enfants, personnel enseignant, parents et grands-parents.
All Mount baakt d’Kiche frësch Eisekuche fir eis Bewunner an hir Familljen a Frënn
Di hausgemaachten Eisekuche passe perfekt fir et sech bei enger gemittlecher Kaffisronn an eiser Cafeteria gutt schmaachen ze loossen
Den 9 Mäerz hate mir eisen traditionellen Fuesnomëtteg an eisem Festsall De Käpt’n Ändä & Matrous K1000 mam Lisa, Sharon an Susana hun vir ganz flott Stëmmung gesuergt Grouss a kleng waren begeeschtert an den Sall war gutt gefëllt
E ganz grousse Merci un d’Mierscher Musek, déi mat 30 Musikanten, op Hellegowend, Chrëschtlidder gespillt hunn
Un très grand merci à la « Mierscher Musek » pour le concert joué le réveillon de Noël
Zenter e puer Joer kënnt zu Rolleng eng Equipe vu motivéierten Dëschballspiller zesummen fir ze trainéieren
Et handelt sech ëm eng adaptéiert Versioun vum PingPong, a gëtt op d’Gehéier gespillt Dëst Spill gouf a Kanada entwéckelt
Mir ginn oft vu verschiddenen Organisatioune gefrot fir dëse Sport ze presentéieren an hunn och ëmmer deen Een oder Aneren wou houfreg ass den Dëschball virzestellen
Hei gesitt Dir eis Equipe, eemol am Asaz zu Dummeldeng op der „Fête du Vivre Ensemble“, an eemol zu Tréier bei eisen däitsche Kollegen wärend engem Frëndschaftsmatch
Am September si mir mat e puer méi a manner sehbehënnerte Leit op Paräis gefuer Dës Rees war eng Ufro vun e puer méi jonke Memberen, déi den Troublement vun der Groussstad och eemol wollte kenne léieren Eise Programm war gutt gefëllt, sou war vum Musée Louvre, iwwer de «BâteauMouche», Eiffeltuerm bis hin zum Musical «Chicago» alles dobäi
Et war souwuel fir eis Leit ewéi och fir d’Benevollen an d’Membere vun eiser Equipe eng super Erfarung, fir dës ganz Mannschaft gesond a sécher duerch dës flott an awer och stresseg Stad ze féieren Salut Paris, et à bientôt!!
Alain BREVER
Chargé de direction
Berodung, Betreiung a Fräizäit
Säit Ufank 2018 gëtt d’Personal vum CIPA Blannenheem vun der Equipe vum BBF „Berodung, Betreiung a Fräizäit“ forméiert
Et handelt sech ëm eng nei Formatioun, déi vun dësem Service ugebuede gëtt, an iwwert déi spezifesch Bedierfnesser vun de sehbehënnerte Seniore beréit
D’Participanten sollen d’Problemer vun enger sehbehënnerter eelerer Persoun nach besser verstoen, a léieren adequat dorop ze reagéieren E weideren Deel vun dëser Weiderbildung geet ëm déi verschidden Hëllefsmëttel a wunnlech Adaptatiounen déi der sehbehënnerter oder blanner Persoun kënnen d’Liewen am Alldag erliichteren
Fir d’éischt goufen all d’Soignanten aus de 4 FleegeEquipë forméiert Et wäerten an deene nächste Méint och verschidde Formatioune fir all aner Mataarbechter aus dem Blannenheem gehale ginn
Eng generell Formatioun wéi dës ass néideg fir all Persoun déi a Kontakt ass mat eise Pensionären, fir dës kënnen, mat hire spezifesche Besoinen sou gutt et geet ze encadréieren
Eng ähnlech Formatioun gëtt ab Mäerz 2019 och am RBS (Center fir Altersfroen) zu Izeg, fir all aner professionell Interessente gehalen Et ass nämlech wichteg ze wëssen dass och an aneren Altersstrukturen oder och doheem, sehbehënnert Seniore wunnen (Aschreiwungen: www rbs lu)
Freides virum éischten Advent huet de Bieschbecher Atelier, op säin traditionellen Adventsmaart an de Raimlechkeete vum Blannenheem, invitéiert
Martine BROCHMANN
Chargée de direction
Bieschbecher Atelier
Bei dëser Geleeënheet konnten d’Leit sech vun deene verschiddenen Aarbechten aus eisem Atelier iwwerzeegen Nieft enger ganzer Rei vu Chrëschtdagsarrangementer an Adventskränz goufen och vill Dekoratiounen aus Keramik an Holz ugebueden
Selwer gemaachte Patisserie, eppes Klenges fir den Honger tëschenduerch oder eng flott Kaddo’sIddi krut e gäre mat op de Wee an et konnt een e puer gemittlech Stonnen a flott an agreabel Momenter bei eis zu Rolleng verbréngen
Den 08 Januar 2019, hu mir op eiser Ofschlossfeier, eise Mataarbechter, den Entreprisen, eise Benevollen an all deenen, déi eis am Alldag eng Hand upaken an eis ënnerstëtzen, mat engem klenge Réckbléck op dat vergaangent Joer, Merci gesot
Den Atelier war 2018 op 17 Manifestatiounen präsent Dat ass nëmme méiglech, duerch déi onermiddlech Hëllef vu Leit, déi sech fir den Atelier an hiert Schaffen asetzen, an do sinn wa mer se brauchen Zu 43 hu si eis d’lescht Joer an eisen Aktivitéiten ënnerstëtzt a ware ganz vill Stonnen fir eis am Asaz Si sinn e wichtegt Glidd an eisen Aktivitéiten, déi mer nëmmen duerch si kënnen ugoen Eise Benevollen e waarme Merci fir hiert Engagement
Mir waren awer och frou, dass eenzel Entreprisen sech deen Owend Zäit geholl hunn, a verschidde Veräiner an Associatiounen bei eiser Feier dobäi waren
Wéi all Joer, ass dëst e ganz wichtege Rendezvous fir d’Mataarbechter aus dem Bieschbecher Atelier et ass d’Fest vum Atelier, wou e groussen Deel vun eise Mataarbechter drop hält, bei dësem Rendezvous dobäi ze sinn
Remise de chèque de la part de la Canne Blanche à la Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung lors de sa Fête de Noël
Samedi 15 décembre 2018 se déroulait dans les locaux de la Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung à Rollingen / Mersch sa traditionnelle Fête de Noël, qui a connu, comme les années précédentes, un remarquable succès
Le Président M Fernand Bley et les administrateurs de la Canne Blanche a s b l ont profité de cette manifestation festive pour remettre un chèque de 5000 euros au Président M Paul Ensch et aux administrateurs de la Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung
Cet argent servira à étoffer d’avantage l’offre de la bilbliothèque sonore de la fondation, qui compte actuellement plus de 6800 livres en français, allemand et luxembourgeois qui traitent de nombreux sujets Ces oeuvres, enregistrées sur CDs, en partie par des lecteurs bénévoles, sont ensuite gratuitement mis à disposition par la fondation à ceux des pensionnaires de son CIPA Blannenheem, tout comme à ses clients vivant à leur propre domicile, qui présentent une déficience visuelle ou une cécité
Les deux présidents ont profité de l’occasion pour rappeler les excellentes relations qui existent depuis de nombreuses années entre l’a s b l et la fondation et qui se traduisent, tout au long de l’année, par l’organisation de certaines manifestations en commun, toujours en faveur des personnes malvoyantes
De Gaart an Heem Réiden huet dem VizePresident Jean Straus an dem Generaldirekter Dr JeanPaul Grün vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung e ganz generéisen Don iwwerreecht
Hinnen e ganz grousse MERCI
La Ligue Luxembourgeoise du Coin de Terre et du Foyer ont remis un don généreux à la «Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung». Le Vice-Président Jean Straus, ainsi que le Directeur Général Dr Jean-Paul Grün, les en ont remercié chaleureusement.
Eis Fondatioun huet 2019 fir di 12 Kéier um Relais pour la vie deelgeholl Ëmmer erëm si mir impressionnéiert vun all deene Leit déi matlafen, matginn, Vëlo fueren oder benevole hëllefen, fir dëse groussen Evenement ze ënnerstëtzen
Zwou Equippe waren um Depart fir wärend 25 Stonnen, onënnerbrach, op der Piste an der Coque um Kierchbierg präsent ze sinn Domat sollen déi Leit déi géint de Kriibs kämpfen ënnerstëtzt ginn an un déi erënnert ginn, déi de Kampf verluer hunn Mir hunn di ergräifend Amenter, awer och di positiv Energie materlieft a si ganz sécher 2020 erëm dobäi
Jidderengem dee matgemaach huet e ganz häerzleche Merci fir säin Engagement
Notre Fondation a participé pour la 12ième fois au Relais pour la vie. Lors de cette manifestation de solidarité nous avons vécu des moments forts, comme la cérémonie des bougies, mais c’est surtout l’énergie positive dégagée par les participants et bénévoles de cet évènement qui nous encourage et motive pour organiser une 13ième participation en 2020.
A ceux et celles qui ont partagé cette expérience, de tout cœur, un grand Merci pour leur engagement.
Mir sinn zoustänneg fir d’Bekäschtege vun der Fondatioun, dat heescht mir kache fir eis Bewunner vum CIPA, fir d’Personal, fir d’Kanner an d’Personal aus der Maison Relais Bieschbech, fir de Bieschbecher Atelier an heiansdo och fir de BBF Nieft dem Kache garantéiere mir den Service um Dësch moies, mëttes an owes an den Service an der Cafeteria Dobäi handelt et sech deeglech ëm ongeféier 300350 Menüen
Andrea FAUZZI
Responsable Kichen
Nieft der Spull gëtt och fläisseg gebak, dëst fir eis Cafeteria an och den Dessert vum Dag Ënnert anerem këmmere mir eis ëm dat leiflecht Wuel wärend Fester, Aktivitéiten, Versammlungen a Formatiounen Och de Besuch vun de Bewunner dierf sech et bei eis schmaache loossen
Mir sinn en Team vu 24 Leit a mir leeë grousse Wäert op eng gréisstméiglech frësch Virbereedung vum Iessen D’Anhale vun hygienesche Reegelen an och d’Berécksiichtege vun Allergien, Intoleranzen, verschidde Regimmer an d’Kache fir verschidden Altersgruppen, sinn ëmmer erëm eng Erausfuerderung, där mir eis gäre stellen
De 19 März hat de Conseil vun der FLB hir benevole Mataarbechter op eng kléng Feier an d’Blannenheem invitéiert fir hinne merci ze soën fir di wertvoll Aarbecht, déi si am Laf vum leschte Joer am Dingscht vun der Fondatioun geleescht hunn De President Paul Ensch huet sie mat passende Wieder fir hiren Asaz gelueft, an och d’Wichtegkeet vun hiren Asätz ervirgestrach Hien ass op noutwendeg Investissementer agaangen, déi ënnert aneren an nächster Zukunft ufalen, wéi z B den Aus respektiv Ëmbau vun der Kichen, en neien Internetsite, deen de Leit all Informatioune iwwer eis Fondatioun gëtt, sou wéi och den neie Logo, deen de Cipa, de Bieschbecher Atelier, d‘Bieschbecher Crèche, de BBF an d‘Betreit Wunnen a sech vereent All dës Investissementer kaschte vill Geld, wat zum Deel duerch den Asaz vun de Benevoller erschafft gëtt E gudde Maufel an e Patt hunn dee flotten Owend ofgerënnt
D’Cathia STORK ass den 28 November 2018 mam André FELLER gepacst ginn
D’Diane LORENTZ ass den 14 Dezember 2018 mam Graziano MICUCCI gepacst ginn
D’Carla GONCALVES ass den 21 Dezember 2018 mam Sérgio DE AGUIAR FERREIRA bestued ginn
D’Cindy GONCALVES ass den 24 Dezember 2018 mam Dominique Sylvestre KRANTZ gepacst ginn
WEIS Tamara ass Mamm gi vum JORIS LIO, gebuer den 01.11.2018
DOS SANTOS GONCALVES Eugénio ass Papp gi vum ELISA, gebuer den 21.11.2018
KÄHR Stéphanie ass Mamm gi vum MIA, gebuer den 19.12.2018
VIEIRA Sarah ass Mamm gi vum YNA, gebuer den 14.12.2018
GONCALVES Cindy ass Mamm gi vum LIAM, gebuer den 18.01.2019
BODSON Nadine ass Mamm gi vum FYN, gebuer den 03.01.2019
VESPUCCI Sara ass Mamm gi vum CARLA, gebuer den 26.02.2019
SOARES SANTIAGO Catia ass Mamm gi vum AYANA, gebuer den 08.03.2019
MACHADO AFONSO Andrea ass Mamm gi vum YARA, gebuer den 14.03.2019
DOS REIS ANDRADE Leslie ass Mamm gi vum ELIYA, gebuer den 03.04.2019
RIBEIRO DA SILVA Diana ass Mamm gi vum MIA ANTÓNIA, gebuer den 05.04.2019
THILL Nadine ass Mamm gi vum BEN, gebuer den 18.04.2019
LOZANO ALAMO GOMES Maria de Lurdes
DAHLEM Charlotte
FLICK Yana
Éducatrice
15 10 2018
Service BBF
GOEREND Steve
Aide sociofamilial
01 11 2018
Maison Relais
WEICHERDING
Laure Ergothérapeute
17 11 2018
Maison Relais
FERNANDES
MARTINS Jessica
Éducatrice
01 01 2019
Maison Relais
BADEN Cathia
Éducatrice
01 11 2018
Maison Relais
MEYER Julien
Aidesoignant
01 11 2018
Infirmerie A2
BECKER Dominik
Infirmier chef
01 01 2019
Infirmerie B
NDIAYE Rose
Thérèse Marie
Salariée non diplômée
11 01 2019
Maison Relais
LINSLER
Ulrike Christine Ergothérapeute
15 01 2019
Service rééducation
HARMEN Andrea Éducatrice
15 02 2019
Maison Relais
DA SILVA PEREIRA
Patricia Isabel Aideménagère
15 03 2019
Botzequipe A1
PEREIRA
SEMBLANO Tania
Aidecuisinière
15 01 2019
Kichen
HANDWERK Lisa Kinésithérapeute
01 03 2019
Service rééducation
ALMEIDA ALONSO
Vitor Manuel Aideménagère
01 04 2019
Kichen
Mäi Numm ass FrançoisOlivier Gilson, vill vun iech kenne mech awer och ënnert dem Numm Fränz
Ech sinn 48 Joer jonk, ech hunn zwee Gesëschter a sinn e stolze Papp vun engem 18 Joer jonke Meedchen
Meng Passioun vir d’Kachen ass schon a jonke Joren zum Virschäi komm
Ganz vill gehollef hunn ech mengem Monni a sengem Restaurant zu Bréissel an do wousst ech schon als jonke Borscht, ech wëll an de Lycée Technique Hôtelier Alexis Heck op Dikrech, och bekannt ënnert dem Numm “Hotelsschoul”
Nom Lycée ass meng Rees da weider an den héijen Norde gaangen, méi genau an de Québec a Kanada
Do war ech da 4 Joer Kach a Guide an engem JuegdCamp
Zréck zu Lëtzebuerg, hunn ech da 16 Joer an der Zithaklinik meng Passioun vum Kache weider duerften ausliewen
Schlussendlech sinn ech dann elo hei bei iech am Blannenheem den 1 Juli 2016 ukomm
D’Natur huet mech schon
ëmmer begeeschtert an
d’Léift zum Wanderen an zur
Juegd war ëmmer grouss
Dat Wichtegst war an ass mir, der Natur no ze sinn
Vill vun iech denke sécherlech
als Jeeër géif een nëmmen
d’Déieren erschéissen, mee nee, do stécht vill méi dohannert De Jeeër hält déi néideg
Balance an der Natur, en iwwerhëlt esou ze soen d’Roll vum natierleche Feind
Duerch meng grouss Passioun zur Juegd sinn ech dann och Juegdhidder vun enger Juegd am Weste ginn an hunn do ëmmer eppes ze maachen
Ech kucken no der ganzer Juegd an alles wat se mat sech bréngt, ass et no den Déiere kucken oder och no den Hochsitzer, d’Lëscht ass ëmmer laang
Wann een dann och d’Kachen an d’Juegd kombinéiert, kënnt mir e super Rezept fir e Wëldragout an de Kapp
Et kann een do nëmme soen, et kënnt aus dem Bësch op den Dësch
Et brauch een: 700g Fleesch vum Hirsch, Réi oder Wëldschwäin, 2 Zwiwwelen, 200g Muerten, 200g gréng Bounen, 160g Pfifferlingen, 100ml Ram, 50g gewierfelte Speck, 30g Botter, 1 EL Tomatepüree, 1 EL Miel (Weessmiel), 1 EL Preiselbieren, 1 TL Zitrounejus, 4 Wakelterkären, 1 Lorberblat, 1 Zweig Thymian, 1 Zweig Rosmarin, ¼ Liter roude Wäin, ½ Liter Geméisbouillon
Zoubereedung
Fir d’Éischt schneit een d’Fleesch a Sträifen, da gëtt et gesalzt a gepeffert D’Fleeschsträifen an de Speck staark am Botter ubroden an dann d’Fleesch eraushuelen An dem Rescht vum geschmolte Botter an der Pan d’Zwiwwelen dënnsten an d’Fleesch erëm dobäi ginn Tomatepüree ënnerréieren an alles liicht ubroden Dat Ganzt mat Miel bestreeën an da mat Wäin a Bouillon läschen D’Gewierzer dobäi ginn an et bei mëttlerer Hëtzt circa 30 Minutte brutzele loossen
An der Tëschenzäit, d’Muerten an déi gréng Bounen wäschen a kléng schneiden D’Pfifferlinge botzen a kléng schneiden an dann mam Geméis bei d’Fleesch ginn, dat Ganzt weider 2530 Minutte brutzele loossen
Mat der Ram an de Preiselbiere verfeineren Mam Zitrounejus, dem Salz an dem Peffer ofschmaachen Wee wënscht, kann d’Zooss och décksen
D’Bäilage stinn Iech zu fräier Auswiel
Haut ware mir mol um Tour, an zwar net iergendwou, mee mir waren zu Jonglënster am Lënster Lycée Mir si vu léiwe Schüler invitéiert ginn eis hieren Projet unzekucken, dee sie an Zesummen Arbecht mat eis hei am Blannenheem virbereet hunn «Een Dag mat aneren Aen» sou huet de Projet geheescht Et ass alles ëm blann Leit gaang
Fir d’éischt waren di 4 interesséiert a sympatesch Schüler bei eis an de CIPA komm, fir sech op der Plaz unzekucken, wéi mir blann Leit, ouni eist Aliicht, am Alldag eens ginn a wat fir Hëllefsmëttel a Méiglechkeeten eis gebuede ginn Sie hunn Interviewe gemaach a Filmer gedréit Dat Ganzt hu sie dunn am Lycée all deenen anere Schüler, am Festsall vum Lycée, virgestallt Do hat ech d’Éier an engem Workshop zesumme mat de Schüler ee Ballspill ze maachen Dat war ganz lëschteg a flott Duerno hu mir zesumme mat de Schüler an der Cantine vum Lycée zu Mëtteg giess Nom gudden Iessen si mir rëm Heem gefuer
Wéi d’Traditioun et wëll, hunn och mir dëst Joer d’Rommelen an eiser Gaardegruppaktivitéit ausgehiélecht Et ass net ëmmer esou einfach gewiescht schéin Gesiichter aus de Rommelen ze schneiden Op eis Fangeren hu mir och missten opassen well mat Messer an Hummer ass net fir ze spaassen E ganze Batz Kraaft wor och néideg fir daat haart Fleesch vun de Rommelen erauszekraatzen Op alle Fall hu mir gutt zesumme konnte laachen an eng gutt Zäit zesummen verbruecht