1 minute read

 Ausfluch: Mierscher Park

Bei guddem Wieder si mir spontan an den Mierscher Park spadséieren gefuer.

Advertisement

Promenade au parc de Mersch

 Formatiounen

Onst Haus besteet drop datt d’Personal reegelméisseg forméiert gëtt an dat an allméiglechen intressante Beräicher, déi onse Bewunner ze gutt kommen.

Esou hun säit Ufank des Joers 54 Leit eng Formatioun an der Aromatherapie suivéiert. Dei ass iwwert 10 Deeg ofgehale ginn a war an dräi verschidde Stufen agedeelt (Basal Stimulatioun, alles ronderëms de Mond an Aromatherapie fir Fortgeschrattener)

Dozou huet och nach een Praxisdag um Stack gehéiert, wou 10 Leit dorunner bedeelegt waren.

Et sinn och 22 Leit als «Tuteur» ausgebilt ginn, fir en optimalen Encadrement vun onse Schüler ze garantéieren.

Donieft hun och 12 Leit eng Formatioun iwwert ons Lëtzebuerger Bräich suivéiert an 37 Leit eng Formatioun iwwert Fleeg bei immobille Leit.

Ons Gedächtnistrainer, die zu 9 Leit am Haus sinn, kruten och d'Méiglechkeet iwwert 2 Deeg hiren Diplom nees ze verlängeren.

Ausserhalb vum Haus, waren et 4 Leit déi eng Formatioun iwwert provokativt Behuelen absolvéiert hun an 6 Leit konnten méi zum Thema Kompressiounsstrëmp gewuer ginn.

This article is from: