1 minute read

Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung

 Summerfest 2017

Ewéi all Joer um 1. Sonndeg am August, hu mir eist traditionellt Summerfest gefeiert an d’Wieder huet, ewéi et sech fir e Summerfest gehéiert, gutt matgespillt. Net nëmmen d’Wieder, mee och d’Iessen, d’Verkafsstänn an eis Pensionnairen hu fir eng gutt Stëmmung gesuergt. D’Perkussiounsgrupp huet di lescht Méint fläisseg geübt fir den Invité’en e gelongenen Optrëtt ze bidden. Vill Bénévoller zb. d’Mierscher Pompjeeën an d’Fraen a Mammen, hu gehollef fir dass et op dësem Dag kengem vun de ville Leit di op Besuch waren, un eppes gefeelt huet.

Advertisement

D’Maison Relais Bieschbech ass mat engem Stand vertrueden wou d' Kanner sech hier Gesiichter mat wonnerschéinen Motiver konnte molen loossen.

De Bieschbecher Atelier huet säin Buttek an seng Sonnenterrasse extra sonndes opgemaach fir de Leit ze weisen wat si alles an hiren Atelier’en produzéieren.

De Service Berodung, Betreiung a Fräizäit huet en Info-Stand fir de blannen- a séibehënnerten Leit Explikatiounen iwwert Hëllefsmëttelen a vill aner Méiglechkeeten déi hiren Service ubitt, ze presentéieren.

Esou war eist Summerfest e volle Succès, a mir freeën eis schon op d'nächst Joer.

Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung

 Personalfeier

This article is from: