
2 minute read
Fondation Lëtzebuerger
Blannevereenegung
Ausflich a Vakanzen
Advertisement
Vum 21. bis den 28. Mee 2017 ware mir zu 38 Leit vun der Blannevereenegung a Bénévoler an den Hotel Riu Gran Canaria op d’kanaresch Inselen an d'Vakanz. Eng relax Woch mat ca 24 Grad Aussen-temperatur, alleguer am Rez-de-chaussée vum Hotel zevirkommend ënnerbruecht a virun allem gudde Kascht a frëndlechst Personal. Een Dag hate mer en Ausflug iwwer di schéin Insel mat enger Superguidin Angelica, mat typeschem Mëttegiessen am Biergduerf Artenara. Et war eng Woch «Vakanz Pur» fir eis all.
Jean STRAUS Vize-President
E ganz groussen Merci dem Här Jean Straus (ganz lénks am Bild), fir déi perfekt Organisatioun vun dëser flotter Vakanz.
Den éischten Dagesausfluch 2017 vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung ass dëst Joer op t’Weweler Millen gaangen. Eng Millen déi schon 200 Joer am Besëtz ass vun der Famill Zeyen. Den Patron selwer hutt eis eng Visite vun der Forellen Ziichterei gemaach, déi sech direkt hannert dem Restaurant befënnt.

Weweler Millen
10.06.2017
Den gréissten Deel vun de Forellen ginn a Lëtzebuerg verkaaf. Awer puer dovunner konnten mir an hirem gemitterlechen Restaurant schmaachen.
D’Iessen an d’Ambiance an dësem klengen heemlechen Restaurant hutt eis all gutt gefall.
Alain BREVER Responsable Berodund, Betreiung a Fräizäit
Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung
Bénévolatsfeier
Jean STRAUS Vize-President

Den 21. Mäerz 2017 hat d’Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung hir bénévol Mataarbechter(innen) op eng kleng Feier zu hiren Éieren invitéiert. Si krute bei engem gudde Maufel an engem Patt Merci gesot fir hiren onermiddlechen Asaz zum Wuel vun de blannen a sehbehënnerte Leit vu Lëtzebuerg, mat Hëllef vun deem en Deel vun hiren Organisatiounen ouni grouss finanziell Engagementer ze realiséieren net méiglech wär. Si sinn e fest Standbeen vun der Blannevereenegung an hir Präsenz am Blannewiesen ass net ewech ze denken.
Fête du bénévolat de la « Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung »

Relais
Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung
Och dëst Joer war d’Fondation Lëtzebuerger Blannenvereenegung mat enger motivéierter Equipe beim ING Night Marathon derbäi. Trotz décker Hetzt, hunn ons Semi-Leefer an Staffel-Equippen et alleguerten an d'Ziel geschafft.

Ee groussen Merci an décke Bravo!!!
L’équipe de la « Fondation Lëtzebuerger Blannenvereenegung » à l’ING Night Marathon 2017.


Julie REGENWETTER Psychomotricienne

Presentatioun vun de verschidden Départementer: Equipe Animatioun
Mir sinn 14 motivéiert Mataarbechter déi dofir suergen dass keng Langweil am Blannenheem opkënnt. Mir encadréieren virun allem di sozio-kulturell Evenementer am Haus a proposéieren 22 verschidden Aktivitéiten di soit um Stack a klengen Gruppen, soit fir d’ganzt Haus a méi grousse Gruppen gemaach ginn. Eisen intergenerationellen Projet mat der Maison Relais Bieschbech läit eis ganz besonnesch um Häerz an di vill Aktivitéite mat de Kanner encadréieren mir mat vill Begeeschterung. Bei esou enger grousser Auswiel misst fir jiddereen eppes dobäi sinn, a wann net, nei Ideeén sinn ëmmer wëllkomm, a mir sinn gären bereet nei Méiglechkeeten ze organiséieren.

Et ginn awer net nëmmen Aktivitéiten am Haus gemaach, mir fueren och ganz gären ausser Haus mat eisem Minibus oder, wann vill Leit matfueren, lounen mir e grousse Bus.
Well awer vill vun eise Pensionnairen net méi esou mobil sinn, probéieren mir esou vill ewéi méiglech vun eisem groussen Festsall ze profitéieren an organiséieren Concerten, Theater, Konferenzen, Fuesbal, Thé dansant, Livestream op engem groussen Ecran, Chrëschtfeier, Gebuertsdagsfeier...
Beim Mäerzfest a grousse Summerfest vun eiser Fondatioun hëllefen mir, zesummen mat eise Pensionnairen, ganz aktiv a kreativ, fir eng grouss Auswiel vun hausgemaachte Produiten kënnen unzebidden.
Fondation
Mäerzfest 2017
Ewéi all Joer um 1. Sonndeg am Mäerz, hun mir op eist traditionellt Mäerzfest invitéiert. Verkafsstänn, gutt Iessen, eng grouss Tombola mat schéine Präisser a lëschteg Musek hunn, ewéi gewinnt, vill Leit an d’Blannenheem gelackelt.



Op de Verkafsstänn gouf et, ënnert anerem, vun eise Pensionnairen hausgemaachte Wäffelcher a Gebeess, Keramik-a Garden Dekoratioun a villes méi. Mee net nëmmen d’Pensionnaire ware fläisseg, och eis Maison Relais huet Bastelsaache verkaaft a «Facepainting» fir d’Kanner ugebueden. De Bieschbecher Atelier huet sech besonnesch Méi gi, fir eng grouss Auswiel un Dekoratiounsartikelen a Geknabbers unzebidden.
De ganzen Dag iwwer hunn d’Leit sech bei gudder Ambiance amuséiert.
Mir soe jidderengem Merci.