1 minute read

Virwuert

Paul ENSCH / President Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung

Léif Pensionnairen, léif Familljen, léif Mataarbechter an Frënn vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung an dem Blannenheem.

Advertisement

D’Stëftung vun der Lëtzebuerger Blannevereenegung huet als statutarescht Ziel fir am allgemengen d’alldeeglecht Liewen an d’Schicksal vun eise blanne Matbierger ze verbesseren.

Eng ganz Rei vun anere privaten a staatlechen Associatiounen an Instanzen hun sech des edel Ziler op hiren Fändel geschriwwen a wierke mat ville Bénévolen zesummen an dës Richtung. Gekuckt muss ginn dat all Initiativ optimal an hirem Domaine resp. Spezialitéit ka schaffen. Et muss sech awer an der gesamter Zilsetzung onbedéngt ofgeschwat ginn.

D’Association des Aveugles et des Malvoyants asbl, an duerno d’Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung, hun et iwwert déi lescht Joerzéngte fäerdeg bruecht fir performant a professionell Infrastrukturen an Déngschtleeschtungen ze realiséieren a weider auszebauen.

De CIPA Blannenheem mat 190 Pensionnairen, een Atelier Thérapeutique mat 30 jonken Leit, betreit Wunnen fir jonk Blanner déi selbststänneg wëllen wunnen, esou wéi eng Crèche fir 96 Kanner vun eisen eegenen Mataarbechter a fir Leit aus der Mierscher Gemeng an doriwwer eraus. All dës Initiative bedreift d’Fondatioun mat ronn 300 festugestallte Mataarbechter an mat enger grousser Zuel vun Fräiwëllegen déi eng Hand mat upaken, an ouni déi eng ganz Reih vun Manifestatioune fir eis Pensionären net méiglech wären. Eis Fondatioun ass souzesoen dee gréissten «Arbeitgeber an der Gemeng Miersch»

Et geet elo drëm all des Initiativen professionell a responsabel am Intérêt vun eise Clienten weiderzeféieren an dëst a Richtung vun enger permanenter Verbesserung vun der Qualitéit vun eise Leeschtungen.

An mengem eegenen Numm an am Numm vun allen Membere vum Verwaltungsrot vun der Fondatioun géif ech gären hei zum Ausdrock brengen, dat mir vollt Vertrauen an den Dr. JeanPaul Grün an seng Equipe hunn, datt sie zesummen des grouss Erausfuerderungen an eisem an an ärem Sënn wäerte meeschteren.

Mat mengen allerbeschten Gréiss

This article is from: