
1 minute read
mat de Pensionnairen

Mir kachen zesummen
Advertisement
Nous cuisinons ensemble
Cindy GONÇALVES
Responsable-adjointe Infirmerie B

Guiden a Scouten am Blannenheem 20.07.2017 & 24.07.2017
Am Kader vum GoUrban, ee groussen internationale Scoutscamp um Kirchbierg, hun sech eng 30 Carapio (Jonker vu 14-17 Joer) decidéiert fir hire Jobdag am Blannenheem zeverbrengen.


Zesumme mat eise Pensionnairen hun si selwergemaachte Marshmallow gebak, Zalote gemaach, Wirschtercher a Bananne mat Schockela um Grill gedréit.
Bei Gesang a Bingo ass gutt gelaacht ginn.
Als Ofschloss gouf deene Jonke vu Brailleschrëft bis Blannebengel en Abléck an d’Blannewelt verschaaft.
Gutt Stëmmung an Zesummeliewe woren, fir Aal a Jonk, eng Beräicherung.



Notre groupe jardinage en action

Aktivitéiten mat de Pensionnairen
De Gaardegrupp huet fir Pällemsonndeg de Pällem gebonnen, fir Ouschteren Dekoratioun gemaach, den 1. Meekranz gebonnen an huet de Summer fir faarweg Blumme ronderëm d'Haus gesuergt.