Bieschbecher Blietchen
D’Zeitung vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung

D’Zeitung vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung
Christian ERANG
Thierry LUTGEN
Léif Residenten, Léif Familljen, Léif MatarbechterInnen, Léif Frënn a Benevoller vun der Lëtzebuerger Blannevereenegung,
am leschten Blietchen ware mer voll an der Covidzéit an hunn um Schluss eis Hoffnung op eng grouss Immunitéit duerch d’Impfung ausgedréckt
Dir fannt an dësem Blietchen keng Fotoen vun der 2 Impfung, mee dir wäert beim liesen an duerchbliederen déi Freed gesinn, déi all eis Leit, ob Bewunner, Kanner, betreiten Leit oder Personal erëm fonnt hunn an den Aktivitéiten déi mer konnten dank der Impfung an der Immunitéit vun eisen Leit erliewen
Lues a lues konnten mer erëm zesummen Aktivitéiten am Haus plangen, mee och zesummen erausfueren op Ausflich, Concert’en oder Spadséiergäng An och d’Masken sinn peu à peu verschwonnen dank dem Covid-Check vun der Regierung an dem Matschaffen vun allen Betraffenen
Mir sinn nach net um Enn vun der Pandemie ukomm, mee mer kennen awer op de Biller gesinn, dass sech den Asaz vun jidderengem gelount huet fir erëm ee bëssen méi Normalitéit an d’Liewen vun eis all ze kréien
D’Echo’en déi mer vun eise Leit hei an eisen Institutiounen kruten waren alleguer positiv an hunn eis encouragéiert wieder an d’Richtung vun engem erëm flotten zesummeliewen ze schaffen
An deem Sënn soe mer jidderengem MERCI fir d’Hëllef dass des Normalitéit erëm konnt stattfannen a wënschen iech eng flott Lecture vun eisem Bieschbecher Blietchen
Christian ERANG & Thierry LUTGEN
Generaldirektioun vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung
Pällem
Ausfluch: Concert
Lëtzebuerger Militärmusek
Mir waren den 23 September an d’Robbesscheier
Zesummen hu mir vill schéi Momenter erlieft, hunn en flotten Tour mat der Päerdskutsch gemaach, Käerze gezunn, Woll gewiewt Zum Schluss ware mir och nach all déi léif Déieren besichen an fidderen
Den Naturerliewniszentrum am Norden vu Lëtzebuerg bitt all Viraussetzunge fir e flotten erliewnisräichen Dag an der Natur ze verbréngen an Energie ze tanken
De Park Sënnesräich läit am Norden vu Lëtzebuerg a steet ënnert dem Motto „Die 5 Sinne erkunden“
op eng interessant a spilleresch Aart a Weis konnten d’Bewunner aus dem CIPA Blannenheem déi 5 Sënner erliewen
De grousse Gaart bitt och vill Méiglechkeeten d’Natur mat senger ganzer Schéinheet ze erliewen an néi z’entdecken
Mir hunn e flotten, erliewnisraïchen Dag verbruecht
Mammendag hu mir dëst Joer zesummen gefeiert Eise Pianist de M Mootz huet eis schéi Lidder um Piano gespillt, et goufe schéi Gedichter virgelies
Eis Mammen goufen och mat engem Cadeau vun der Fondatioun iwwerrascht
D’Mierscher Schoulkanner hunn zesumme mat hire Schouljofferen an- meeschteren schéi Gléckssteng bemoolt fir eise Bewunner e Laachen an d’Gesiicht ze zauberen an der grad esou schwéierer Zäit Eise Bewunner huet dëst ganz vill Freed gemaach
Lëschteg Nomëtteger: Eisekuchennomëtteg
Lëschteg Nomëtteger: Nationalfeierdag
Mein Name ist Monique Cloos und ich bin seit dem 1 Juni 2021 die neue Direktionsbeauftragte der Natur Crèche Bieschbech
Seit fast 20 Jahre arbeite ich im Bereich der non formalen Bildung im Kleinkindbereich, davon viele Jahre als Leitung einer Krippe im Südosten des Landes
Für meine Arbeit ist mir besonders wichtig, an der bisherigen guten Arbeit des pädagogischen Teams anzuknüpfen und den Kindern von Anfang an bestmögliche Bildungschancen zu geben Unsere Crèche soll ein Ort sein wo die Kinder sich geborgen fühlen und sie sich entfalten können In einer anregungsreichen Umgebung sollen die Kinder die Welt entdecken, soziale Kontakte knüpfen und darüber hinaus ihre Persönlichkeit zu entwickeln Des weiteren Weiterem lege ich sehr viel Wert darauf unsere Arbeit transparent zu gestalten und die Eltern an unserem pädagogischen Alltag miteinzubeziehen Ein vertrauensvoller und offener Austausch mit den Eltern ist für mich die Basis für eine konstruktive Bildungspartnerschaft
Ich freue mich auf die Zusammenarbeit mit allen Beteiligten rund um die Natur Crèche
Seit der Eröffnung der Crèche im Jahr 2009 sind die intergenerativen Begegnungen die Grundlage unseres pädagogischen Alltages mit den Kindern Mit dem Beginn der Pandemie im März 2020 endetet dieser wertvolle Austausch abrupt
Ab nach draußen, heißt es nun tagtäglich Gut, dass die Crèche auf dem schönen naturnahen Außengelände der FLB liegt Die Kinder erreichen in etwa 20 Minuten zu Fuß den Merscher Park und die größeren Kinder können den etwas abliegenden Rollinger Wald erforschen
Die Kinder fühlen sich draußen wohl Hier können sie sich laut austoben, ihre Grenzen testen, mit natürlichen Materialien kreativ sein oder tief in eine magische Fantasiewelt abtauchen Draußen wird zum gesündestem, vielseitigstem und anregendstem Raum der Crèche Im Herbst 2020 zogen unsere Kaninchen Oskar & Felix bei uns ein So wurde ein weiterer Grundstein zur künftigen Natur Crèche gelegt
Um den Kindern während dem ganzen Jahr vielfältige und altersgerechte Bildungsangebote draußen anzubieten, absolviert unser pädagogisches Team die Weiterbildung „Fachkraft Naturpädagogin(e) für Kinder“ Wir möchten die Kinder für die Natur begeistern und sie in ihrer körperlichen, seelischen, kognitiven und sozialen Entwicklung unterstützen
Ein pädagogischer Garten soll im Innenhof der Crèche entstehen Hier sollen schon die Kleinsten die Natur mit allen Sinnen erfahren Wir möchten den Kindern vermitteln die Pflanzen als kostbare Lebensmittel anzubauen, zu ernten, zu verarbeiten, zu genießen und wertzuschätzen Erste Erfahrungen mit dem Gärtnern könnten die Kinder in diesem Sommer sammeln
Waldküche:
Pfannkuchen & Brennnesselsalz
Wir hoffen, dass wir bald wieder gemeinsam mit den Bewohnern lachen, musizieren und die Natur genießen dürfen An Ideen für intergenerative Begegnungen mangelt es auf jeden Fall nicht
Op enger Wanderung vun ca 3,6 km hu mir entdeckt a gelauschtert wéi eng Villercher ronderëm eis päifen an d’Geräischer vum Bësch moies fréi genoss De Mikis Bastian vum Natur- & Geopark, selwer begeeschterte Vugelfrënd, huet eis op dëser flotter Entdeckungsrees mat vill Leidenschaft begleet
De Wee war flaach an esou gewielt gi, dass e fir jiddereen accessibel war
Mir hunn un enger flotter Visitt guidée vum „Musée Européen Schengen“ deel geholl wou mir iwwer d’Geschicht vum Accord vu Schengen gezielt kruten an iwwert säin Impakt op eist Liewen vun haut
De Casino an der Stat hat eis op eng Konschtausstellung, déi si sehbehënnertegerecht gestalt haten, invitéiert Mir konnten des Ausstellung mat engem begeeschterten Guide bewonneren
D’Ausstellung „L’Homme Gris“ huet sech mat de Representatioune vum Däiwel an der zäitgenëssescher Konscht beschäftegt
Lëtzebuerg erliewen (2,5 km)
Zanter 1994 stinn d’Festungsgebaier vun der Stad Lëtzebuerg an hir al Quartieren op der Lëscht vum „Patrimoine mondial“ vun der UNESCO
Mir sinn dëse Wee no engem Plang gaangen a bei all Sehenswierdegkeet hu mir eng kuerz Paus gemaach fir den Informatiounen zu dësem Punkt nozelauschteren Mir haten och d’Chance puer richteg Kenner vun der Lëtzebuerger Geschicht mat u Bord gehat ze hunn déi ons mat weider Hannergronderfahrungen konnten begeeschteren
D’Militärmusek huet eis op e flotten Open Air Concert zu Miersch op der Méchelsplatz invitéiert Hei ass all Museksbegeeschterten voll op seng Käschten komm
Zu 13 Dammen si mir een Trëppeltour zu Mamer gaangen Et war en flotten Parcours vu 6,4 km, deen zum Deel duerch de Bësch an iwwert e Vëloswee gefouert huet
Op hallwer Streck hu mir vum gudde Wierder profitéiert fir op enger flotter Pic-Nic Platz ee Maufel z’iessen an ze drénken No eiser Verstäerkung hu mir eis dunn erëm op den Heemwee gemaach
Ouschtermaart
Den éischten Ouschtermaart vum Bieschbecher Atelier ënnert dem Pavillon virum Blannenheem, war e schéine Succès:
Nieft Ouschterblummen, Huesen aus Holz a Keramikhinger, hu mir och Ouschtereeër verkaaft- eng flott Erfarung, déi nawell kéint zu enger Traditioun ginn
Traditiounsgeméiss ass Ufank Mee eise
Fréijoersmaart: et war de Start an d’Blummesaison, eis neisten Dekoratiounen fir baussen goufe presentéiert an och dat jonkt Geméis war prett fir an de Gaart
Wochemaart
Viru Mammendag gëtt d’Saison vun eise Wochemäert agelaut- vum 11 Juni bis den 10 September ass de Rendezvous virum
Bieschbecher Atelier An trotz engem méi duerchwuessene Summer hu mer Chance an eis trei Client’en sinn och erëm dobäi
Fir eis Mataarbechter ass dëst och eng flott Geleeënheet, mat de Client’en a Kontakt ze kommen a beim Verkaf eng Hand mat unzepaken.
Mir sinn och definitiv en Deel vun der Léisung: an der Waardeschlaang beim Large Scale Test
Wärend bal 3 Méint goufen 2x/Woch Schnelltester gemaach (15 04 –09 08 2021)
All eis Mataarbechter hunn déi schwéier Coronazäit bis zu hirer Impfung gesondheetlech gutt iwwerstanen an am Bieschbecher Atelier sinn elo 100% geimpft
Si all hunn, duerch hiert respektvollt a responsabelt Verhalen, wuertwiertlech duerzou bäigedro, dass keen am Atelier krank gouf
An dat hu mer den 10 September am Kader vun enger klenger „Grillparty“ gefeiert
Säit dësem Summer fueren des moderne RIKSCHA’en zu Rolleng ronderëm d’Gebaier vun der Fondatioun an dir hutt iech sécher gefrot woufir déi wieren
D’Fondatioun ass am gaangen een neit inklusiivt Mobilitéitskonzept op d’Been ze setzen, wat et all eise Bewunner soll erlaben erëm eraus an d’Natur ze fueren
Dësen Triobike ass fir Jonk an Al, fir blann, oder séibehënnert Mënschen, fir Mënschen mat enger Beanträchtegung, fir sportlech a manner sportlech Leit
Den Triobike ass en E-Bike op deem dräi Persounen bequeem Plaz fannen (zwee Passagéier an de Pilot) fir ganz no an intensiv, d’Natur an d’Ëmwelt op dräi Rieder ze entdecken, an dat ouni midd derbäi ze ginn Den Triobike erméiglecht flott Momenter an der Famill oder ënner Frënn ze hunn
Dëse Projet funktionéiert mat benevolen Piloten, sief et Memberen vun der Famill oder Sympathisanten vun der Blannevereenegung Kommt an ënnerstëtzt dëse Projet, mellt iech an eiser Vëlosschoul un an sidd een Deel vun engem neien innovativen an ekologesche
Mobilitéitsprojet vun der Fondatioun
Weider Informatiounen fannt der op eisem Internetsite www.triobike.lu
Am Kader vum Bretzelssonndeg si mir vun der Confédération Liewensmëttelhandwierk asbl via hire flotte Cortège mat Bretzelen fir eis Awunner beschenkt ginn
Dëss Aktioun ass zu Rolleng bei Miersch ganz gutt ukomm D’Awunner wéi och
dat ganzt Personal vun der Fondatioun ass mat ronn
600 Bretzelen verwinnt ginn
Mir soen den Lëtzebuerger
Bäcker a Patissier’en een ganz grousse Merci!
„Zouverlässeg, matdenken, schnell nach eppes dertëschent matmaachen, all Eck vum Betrib kennen, dem Chef de Réck fräi halen“, sinn dat net och déi Gedanken déi iech duerch de Kapp gi, wann der un d’Sekretariat denkt?
Enn Abrëll ass all Joer déi Zäit fir extra un d’Mataarbechter am Sekretariat ze denken an MERCI ze soen fir hiert Engagement dat ganzt Joer iwwer
Mir hunn hinnen Merci gesot fir hier Aarbecht Profitéiert och dir dervun, wann der eisem Sekretariat begéint, ären MERCI ze soen fir hier Aarbecht, hiert Engagement an hier Disponibilitéit fir iech all Dag wann der bei eis an d’Haus kommt
D’Bibliothéik vun der Blannevereenegung ass keng wéi déi aner, wou d’Bicher op Pabeier gedréckt si fir mat den Aen oder fir mat de Fangere gelies ze gin wann se a Blanneschrëft geschriwwe sinn Se gouf am Joer 1970 gegrënnt, fir dass déi Leit, déi näischt oder net méi genuch gesinn, an och d’BrailleSchrëft net geléiert hunn, trotzdeem Zougank zur Literatur konnte kréien
D’Bibliothéik steet all deene Leit gratis zur Verfügung, fir déi hiren Aendokter bescheinegt, dass se blann oder séibehënnert sinn an um beschten An manner wéi 3/10 gesinn
An den éischte Jore vun der Bibliothéik krut e keng fäerdeg Audiobicher ze kafen, an d’Lëtzebuerger Blannevereenegung huet en eegene klengen Tounstudio ageriicht, wou d’Bicher vu Fräiwëllegen op Tounbänner opgelies goufen
Opbau an Ausbau
Et versteet sech vum selwen, dass d’Bibliothéik kleng ugefaangen huet an dass d’Unzuel vu Bicher no an no ëmmer méi grouss gin ass D’Bibliothéik ass och permanent un d’Entwëcklung vun der Technik ugepasst gin: Waren an den éischte Joren d’Bicher all op Tounbänner, esou war de Wiessel
op Tounkassetten an de 70- an 80-er Jore schonn e grousse Fortschrëtt, well d’Kopéiere vun de Kassette méi einfach a méi séier gouf Déi gréissten Neierung an der Technik koum am Joer 2005, wéi no an no all Bicher digitaliséiert an am Mp3-Format gespäichert goufen D’Zuel vu Bicher ass an der Zwëschenzäit op méi wéi 7000 geklomm, an déi passen elo alleguer ouni Problem op den Harddisk vun engem Computer Zur Sécherheet besti Kopien dovun op externe Lafwierker, esou dass keng Gefor besteet, dass déi ganz Bibliothéik sech eng Kéier kéint a Loft opléisen
Well d’Zuel vu Leit déi gutt gesinn a Freed u Bicher fir ze lauschteren hunn, ganz grouss ginn ass, kritt een an der Zwëschenzäit ganz vill Hörbicher fäerdeg am spezialiséierten Handel ze kafen An der leschter Zäit konnten op déi Manéier ganz vill Bicher kaaft gin, virun allem och well d’„Canne Blanche“ d’Bibliothéik all Joer mat engem Don vu 5 000€ ënnerstëtzt
Mir hunn eng grouss Auswiel vun allem, vu Romanen bis Krimien, vu Thrilleren a Biographien bis Science-Fiction an nach vill méi Dat sinn esou wuel aal Saachen ewéi
Mir verléinen am Moment all eis Bicher op Cd’en oder op SD-Kaarten Des Support’en gin da gratis mat der Post verschéckt Mir stellen dofir och all eise Leit en Daisy-Player zur Verfügung Dat ass e speziellen Apparat, den extra fir blann oder séibehënnert Leit entwéckelt gin ass De Moment hu mir vill eeler Lauschterer déi awer mat de ganz neien Technologien net ëmmer gutt eens gin Mir machen eis awer och Gedanke fir déi nei Generatioun a wäerten an der Zukunft och eis Bicher kënnen online ubidden
zum Beispill vum Konsalik, Ken Follett, MarieLouise Fischer, oder bei de Krimien vum Agatha Christie, ewéi och ganz nei Saache
wéi zum Beispill vum Nele Neuhaus oder Michael Connelly De gréissten Deel vun de Bicher sinn op däitsch, mee mir hunn och franséisch Bicher a Luxemburgensia
Bei de Luxemburgensia ass d’Beschaafung méi komplizéiert, well de Marché ze kleng ass fir dass déi grouss Verlagshaiser sech domat ofginn Dofir hate mir am Joer 2015 en Opruff gemaach fir Fräiwëlleger ze fannen déi eis esou Bicher géifen opliesen Parallel dozou hu mir och vun den Auteuren an hire Verlagen d’Erlabnis gefrot fir hir Bicher opzehuelen Vun alle Säite war d’Äntwert ganz positiv, esou dass eis Rubrik vun de Luxemburgensia permanent am Wuessen ass
Och aktuell Informatioune kommen net ze kuerz an der Bibliothéik Esou kennt all Woch eng Wochenzeitung eraus mat verschidden Auszich aus dem „Wort“ a verschidde Podcasten, awer och den däitschen „die Zeit“, „Stern“ a „Readers Digest“
De Moment si ronn 130 reegelméisseg Client’en op d’Audiobibliothéik vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung Abonnéiert Sie kréien de Katalog, dee reegelméisseg aktualiséiert gëtt, op Pabeier oder als PDF-Format All dëst Service si gratis, a genau wéi d’Unzuel vu Bicher, esou klëmmt och all Joer d’Zuel vu Leit déi d’Service vun der Bibliothéik notzen
Mir si fir Iech do vu Méindes bis Freides vun 8 30 bis 12 30 a vun 13 bis 17 Auer op der Telefonsnummer 32 90 31-262 (oder hausintern 262)
„Den 20 August si mir op d’Heringer Millen gefuer Et war wierklech alles super Mir si Moies ukomm a mir sinn op 2 Dëscher opgedeelt ginn Mir hunn do fir d’éischt Brout gebak, oohh wat war dat schéin An du hu mir mat Brioschendeeg Schildkröten gemaach Du si mir gutt iesse gaange, et gouf Wäinzoossiss mat Kniddelen, ei
Nom Mëttegiessen si mir da bis ob de Schiessentümpel getrëppelt Et war wierklech ee Wonnerschéinen Dag “
De 25 August si mir an de Beetebuerger Park gefuer Oh wat dat eng Freed war erëm dohinner kënnen ze goen, wat si do alles nei gemaach hunn an et war schéin ze gesi wei alles gefleegt ausgesinn huet
Mir waren och gutt Iessen, dat ass och flott wëll mir mat aner Bewunner an d’Gespréich komm sinn Ee richteg flotten a lëschtegen Dag Also ech hu mech op all Sortie gemellt
Mir sinn ob Lëllgen gefuer Dat war fir mech dee flottsten Dag Kënnen duerch de Gaart ze trëppele mat de ville faarwege Blummen, Päiperleken, Waasser mat Frëschen a Séirousen Einfach nëmme schéin All Respekt un d’Personal déi mat waren an och vill Freet haten Déi freeën sech alleguer ob den nächsten Tour
E wonnerschéint Arrangement aus dem Bieschbecher Atelier, mat de beschte Gléckwënsch vun der Mierscher Gemeng
Bei der Madamm Gloden fannt dir ëmmer e Lëtzebuerger Witzbuch, dat si nees entdeckt huet
D’Madamm Gloden ass den 18 August 2021 verstuerwen
Also ech hunn nach ni a menge Liewe mat Leem geschafft Ech si mol mat gaangen, oh wat ass dat faszinant wéi ee mat sengen Hänn kann esou eppes hierstellen An déi Gedold vun de Meedercher, einfach nëmmen herrlech Also ech si frou wann se mech nächste Kéier erëm siche kommen
Das Spiel auf der Veeh – Harfe…
ist inzwischen ein weiteres musikalisches Hobby von mir geworden, welches mich schon vor langer Zeit während einer Fortbildung inspirierte
Die Veeh-Harfe, benannt nach seinem Erfinder Hermann Veeh, einem Landwirt aus dem fränkischen Gülscheim in Deutschland, ist ein Musikinstrument, welches inzwischen eine begeisterte Anhängerschaft weltweit gefunden hat
Dieses instrument ähnelt aufgrund seiner Form und Grösse eher einer Zither, wird jedoch stehend auf einem Tisch oder noch besser auf einem höhenverstellbaren Instrumentenständer gespielt
Das Besondere daran ist, das man dieses Instrument ganz ohne Notenkenntnis spielen kann
Hierzu werden einfach Notenschablonen zwischen die Saiten und den pyramidenförmigen Resonanzkörper eingelegt
Die Töne eines Musikstücks sind deutlich als schwarze Notenpunkte dargestellt und werden in der vorgegebenen Reihenfolge mit einem Zeigefinger gezupft
Geübte Spieler können mit der Zeit auch ein anspruchsvolleres Lied gut mit beiden Zeigefingern gleichzeitig zupfen (Zweistimmig)
Das Geheimnis und der Erfolg dieses Instruments ist und bleibt die simple Lernund Spielweise
Schon im Kindesalter ist es ein prägender Zugang zum Musizieren und auch für Senioren ist es die pure Freude auch noch im fortgeschrittenen Alter aktiv ein Instrument zu erlernen, beziehungsweise selbst damit zu musizieren
Zurzeit stehen uns zwei Veeh-Harfen im Haus zu Verfügung Wer also Interesse hat, selbst einmal die Saiten dieser Harfe erklingen zu lassen, kann sich gerne bei mir melden
ANTUNES MARTINS Sylvie ass Mamm gi vum
ALYSSA, gebuer den 16.02.2021
CORREIA PINTO Elisabeth ass Mamm gi vum
EMMA, gebuer den 21.03.2021
MEYER Carole ass Mamm gi vum LILLY, gebuer den 27.04.2021
CABRAL ANDRADE Lisa ass Mamm gi vum
FELIX an vum SOPHIE, gebueren den 04.05.2021
BODSON Nadine ass Mamm gi vum LEO, gebuer den 10.05.2021
CASTERMANS Tania ass Mamm gi vum SAM, gebuer den 01.08.2021
GONCALVES TEIXEIRA Carla ass Mamm gi vum PATRICK, gebuer den 02.08.2021
SCHMIT Sandra ass Mamm gi vum LOU, gebuer den 08.08.2021
RODRIGUES GOMES Gil ass Papp gi vum MATEO, gebuer den 12.08.2021
FURTADO-MARTINS Nelida ass Mamm gi vum
LIAM, gebuer 25.08.2021
DOS SANTOS GONCALVES Eugénio ass Papp gi vum LIVIA, gebuer den 27.08.2021
DA CRUZ COLACO Nathalie ass Mamm gi vum LUAN, gebuer 25.09.2021
› Pacsfeieren an Hochzäiten
D’Chantal HUIJNEN ass den 14 Mee 2021 mam Charles HEINEN bestued ginn
› Mataarbechter dei an d’Pensioun gaange sin
THEIS Lydie, DIDIER Liette
KCHIKECHE Tariq
Cuisiner
01 02 2021
Kichen
GONCALVES
PEREIRA Erica Rosana Service en salle
01 04 2021
Restaurant
CANU David Service en salle
01 04 2021
Restaurant
OBERLÉ Valérie
Chargée des missions
15 04 2021
Administration
NOSBUSCH Joëlle
Encadrement pédagogique
01 05 2021, Natur
Crèche Bieschbech
BRENNER Tobias
Cuisinier
17 05 2021
Kichen
CLOOS Monique
Chargée de direction
01 06 2021
Natur Crèche
Bieschbech
EICHER-KEIPES
Sylvia
Infirmière en pédiatrie
01 06 2021
Natur Crèche
Bieschbech
LINCK Mandy
Éducatrice
01 06 2021
Service ReAktiv
WILDGEN Véronique
Coordinatrice sécurité
alimentaire
01 06 2021
Administration
MONDOT Kim
Éducatrice graduée
15 06 2021
Service ReAktiv
MALHEIRO Manuela
Responsable activités domestiques
12 07 2021, Services nettoyage et buanderie
ANDRADE Fabienne
Responsable restaurant et événementiel
01 09 2021
Service restauration
MÜLLER Fabienne
Psychologue
01 09 2021
Service ReAktiv
KOHL Svenja Éducatrice
15 09 2021
Service ReAktiv
KIEFFER Kevin
Homme à tout faire
16 09 2021
Service technique