1 minute read

Virwuert

Léif Pensionnairen, léif Familljen, léif Mataarbechter, léif Frënn vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung.

An dëser 28. Ausgab vum Bieschbecher Bliedchen fann Dier Fotoen vu ganz ville flotten Aktivitéiten, déi an deenen leschte Méint vun der Lëtzebuerger Blannevereenegung ënnerholl gi sinn.

Advertisement

Sou konnten d’Bewunner vum CIPA Blannenheem erëm u villen klengen (Baken a Kachen, Bingosnomëtteger, Gaardegrupp, Perkussioun, Pétanque, Visite vun de Scouten) a groussen Aktivitéiten – (Gebuertsdagsfeier, Fuesnomëtteg, Gospelconcert, Mammendagsfeier, Thé dansant) – deelhuelen. Och flott Ausflich si mat hinnen ënnerholl ginn, an zwar op den Hunnebuer, an d’Chocolate House, op d’Mierscher Braderie, an d’Oktave, op d’Sprangprëssessioun an op d’Useldenger Buerg.

D’Maison Relais huet niewent hiren Aktivitéiten mat de Pensionnaire vum CIPA och nach vill aneres mat hire Kanner ënnerholl. Déi gréisst Aktivitéiten woren d’Visite vum Bricherpäerdsstall an natierlech hiert grousst Summerfest, wouvun der am Bliedchen eng Rei flott Fotoen fannt.

De BBF war ënnert anerem mat senge Leit um Mier, an zwar zu Scheveningen an Holland.

Den Bieschbecher Atelier hat erëm eng ganz Rei vun Aktivitéiten, woubäi déi wichtegst den Fréijoersmaart am Mee an d’Participatioun am Juni um Ieselsfest am Park zu Dikrech waren. Aner Photoen ginn Iech e klengen Abléck op verschidden vun den Aktivitéiten vum Atelier.

D’Fondation huet och eng ganz Partie Evenementer organiséiert, wéi d’Bénévolatsfeier, d’Mäerzfest, d’Personalfeier, den Ausfluch op d’Weweler Millen an déi flott Vakanz op Gran Canaria. Do derniewent huet eng Equipe vun motivéierten Mataarbechter vun der Fondation un nationalen Sports- a Solidaritéitsmanifestatiounen deelgeholl.

Wéi schonns an der leschter Nummer annoncéiert, hutt Dir elo déi éischt Nummer vum Bliedchen an den Hänn, dat e wéineg iwwerschafft ginn ass. Sou presentéiert et niewent engem neien Opbau an engem méi modernen Layout och nei Artikelen. Dobäi sinn ech virun allem ganz frou, datt des Kéier fir d’éischt verschidde Pensionnairen e puer flott Artikelen bäigesteiert hunn.

Fir ofzeschléissen well ech op dëser Platz och deenen Mataarbechter Merci soen, déi un dëser Ausgab matgeschafft hunn.

Ech géif och gären dem Här Jean Straus, eisem Vize-President, e ganz groussen Merci soen fir säin immenst Engagement säit ganz ville Joren an der Fondation. Sou hëlleft den Här Straus, mat groussem Asatz a vill investéierter Zäit, vill kleng a grouss Manifestatiounen, déi hei am Haus stattfannen net nëmmen mat z’organiséieren, mee och ze realiséieren. E ganz speziellen Merci him virun allem och fir déi enorm Aarbecht, déi hien säit laangen Joren leescht, fir d’Ausflich an d’Vakanzen vun der Fondation esou perfekt ze organiséieren, datt se ëmmer, och dëst Joer erëm, eng grouss Réussite sinn.

This article is from: