1 minute read

Maison Relais Bieschbech

Next Article
CIPA Blannenheem

CIPA Blannenheem

 Bricher Päerdsstall

De 15. Juni sinn d’Kanner, di dëst Joer d’Maison Relais Bieschbech verloossen, fir an de Précoce oder/an d’Spillschoul ze goen, nach eemol zesummen op een aussergewéinlechen Ausfluch gaangen.

Advertisement

Op deem sonnegen Dag goufen d’Kanner zu Bruch, am Briicher Päerdsstall, vum Monique a senger feiner Equipe empfaangen. Niewent de villen Déieren, konnten di kleng jonk Baueren a Bäuerinnen sech ee klengen Abléck vum Bauereliewen verschafen. Teschend Déiere fidderen an heemelen, goufen och vill Froen gestallt, woubäi eis Kanner ganz oft een «WOW» vun sech ginn hunn, sou grouss war d'Erstaunen.

Nom Mëttegiessen konnten di kleng Butzen sech nach e bëssen austoben an engem dofir virgesinnen Deel vum Reitstall. No engem Dag voller Freed a Spaass, sinn eis «MiniBaueren» erëm zréck op Rolleng gefuer, mam Ëffentlechen Transport, wat eis Kanner och zum Erstaune bruecht huet an sie hunn an engem profitéiert fir nach vill iwwert deen Aussergewéinlechen Dag auszetauschen. Bei der Arrivée war och bei jiddwerengem am Gesiicht «Erschöpfung» ze gesin… an net nëmme bei de Kanner.

Eugénio DOS SANTOS GONÇALVES

Aide-éducateur Maison Relais Bieschbech

De 6. Juli 2017 war et erëm souwäit, mir hun eist traditionellt Summerfest vun der Maison Relais gefeiert. Um 15 Auer ass et lass gaangen: no enger klenger Usprooch vun eisem Direkter, dem Dr. Jean-Paul Grün, hun d'Kanner e puer Lidder virgedroen.

Fir Kleng a Grouss war eppes do: Spiller, Sprangschlass an natierlech hun ee gudde Maufel an ee kille Patt net däerfe feelen. Fir déi Léit déi nach schneeke wollten, hate mir selwer gemaachte Paangecher a Glacen. Bei guddem Wieder hu mir profitéiert fir e puer geselleg Stonne mateneen ze verbréngen.

Bei der Geleeënheet hu mir deene Kanner Äddi gesot, déi d'nächst Joer net méi bei eis sinn a wënschen hinnen an hiren Elteren ee gudde Start an déi nei Etappe vun hirem Liewen.

This article is from: