
1 minute read
Vakanz an Holland
Alain BREVER
Responsable Berodung, Betreiung a Fräizäit
Advertisement
Mir waren zesummen an d’Vakanz mat e puer Leit, déi den Fräizäitservice vun der Blannevereenegung regelméisseg notzen. Vill vun dësen 13 Leit sinn ëmmer rëm frou mat eis zesummen kennen en Tour ze maachen, den Alldag hannert sech ze loossen. Dräi Leit Personal an zwou bénévole Persounen hunn dem Grupp den néidegen Encadrement an Sécherheet ginn, déi dëse Grupp brauch.
Mir waren op Scheveningen an Holland, un d’Mier. Mir hunn hei an engem flotten Hotel, 4 Dee verbruecht. Fir eisen Dagesausfluch si mir fir d’éischt op Edam gefuer op den Kéismaart an hunn eis dono an Amsterdam era getraut an do eng Schëfffaart duerch d’Grachten gemaach. D’Wierder hutt et ganz gutt mat eis gemengt, an sou hutt den een oder aneren en klengen Sonnebrand als Erënnerung mat heem geholl.
