Oktober 2017 –
2018
Oktober 2017 –
2018
Léif Pensionnairen, léif Familljen, Léif Mataarbechter a Frënn vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung
Eis Fondatioun hat den 28ten Abrëll 2018 seng traditionell Informatiounsversammlung fir all d’Memberen vun der Blannevereenegung Bei dëser Geleeënheet huet den CA vun der Fondatioun een detailléierte Rapport vun den Aktivitéiten vum Joer 2017 gemaach, dëst a Presenz vun de Memberen vun der Blannevereenegung, vu Representanten vun eiser Gemeng an de Mierscher Veräiner
2017 war dat éischt Joer wou den Dr Jean-Paul Grün als neien Direkter d’Geschäfter vun der Fondatioun iwwerholl huet Den CA huet mat him zesummen eng déifgräifend Analyse vum Haus gemaach an doropshin ee neien Organigramm approuvéiert Am Sënn vum Confort an der Securitéit vun eise Pensionnairen a Visiteuren hu mir eng Reih vun bautechneschen Dossieren missten opmaachen Well eise Patrimoine Immobilier an den Alter kënnt, falen och eng Reih vun wichtegen Reparaturaarbechten un
D’Fondatioun wäert sech verstäerkt a Richtung «Ëffentlechkeetsaarbecht» investéieren fir eis Aktivitéiten, Projeten, Servicer a Produkter engem gréisstméiglech interesséierte Publikum bekannt ze maachen Ee neien a modernen Internetsite – och fir di blann Leit accessibel – wäert Enn 2018 virgestallt ginn an engem breede Publikum d’Méiglechkeet ginn, besser mat eiser Fondatioun a sengen eenzelne Servicer ze kommunikéieren
Zum Schluss géif ech gären dem Här Grün een oprichtege Merci fir säi grousst Engagement fir eist Haus ausspriechen Mäi Merci gëllt awer och alle Responsabelen vun deenen eenzelne Servicer a sämtleche Mataarbechter aus dem Haus, net ze vergiessen deene ville Benevollen, déi ëmmer bei eise Manifestatiounen an Aktivitéiten dobäi sinn Ouni si all, mat hirer engagéierter Aarbecht an hirer gudder Laun wär eis Missioun an dësem Haus net méiglech
Mat mengen allerbeschten Gréiss
Léif Pensionnairen, léif Familljen, léif Membere vum Personal, léif Frënn vun der Lëtzebuerger Blannevereenegung
Och an eiser 29 Ausgab vum Bieschbecher Bliedchen fannt Dir Artikelen a Fotoe vun enger ganzer Rei vu verschiddene flotte klengen a gréisseren Aktivitéiten, déi an deene leschte Méint an deene verschiddenen Départementer vun der Fondatioun ënnerholl gi sinn
Am CIPA Blannenheem sinn eise Pensionnairen och eng Partie nei Aktivitéiten ugebuede ginn, an zwar Fitness, Rollatordanz an d’Mini-Entreprisen, déi eis vu Schülerinnen vum Lycée Ste Anne vun Ettelbréck virgestallt gi sinn, an e groussen Uklang font hunn Bei den Ausflich war och e ganz interessante Neien dobäi, an zwar eng inklusiv Ausstellung «Tic Tac Tile Villa Vauban», déi och eise blannen a sehbehënnerte Matbierger zougänglech war E grousse Succès haten och eis lëschteg Nomëtteger an Owender, wei d’Lidderuucht, de Fiederwaïssen- an den Beaujolaisowend
An der Maison Relais wëll ech just zwou Aktivitéiten erfiersträichen, an zwar de Kleeschen, dee selbstverständlech de 6 Dezember d’lescht Joer de Kanner vun der Crèche Moie soe komm ass, an och net ze vergiessen d’Visite vun Tele Lëtzebuerg an eiser Crèche an am CIPA, fir eise Projet intergenerationell virzestellen, deen dunn owes och op RTL Tele Lëtzebuerg diffuséiert ginn ass
Neies gett et och aus eisem Service Berodung, Betreiung a Fräizäit ze mellen, wou, am Zeeche vun der Integratioun an der Inclusioun vun eise sehbehënnerte Clienten, dëse Self Defense Cours ugebueden ginn ass, dee ganz groussen Succès huet
De Bieschbecher Atelier war wéi ëmmer och ganz aktiv Ënnert deenen zuelräichen Aktivitéiten déi si an deene leschten Méint haten, wëll ech just hiren Adventsmaart, d’Ateliersfeier, de Blummeverkaf am CIPA Blannenheem, nei derbäi den Stand vum Atelier um Kierchbierg, erwänen
Eis Fondatioun huet och erëm eng Kéier eng Rei vu gréissere Manifestatiounen parrainéiert, an zwar den Ausflug op Clierf, d’Pasta Fiesta zu Féitz a Collaboratioun mat eisem Partner, der Canne Blanche, sou wéi och d’Benevolatsfeier
D’Fondatioun huet do derniewent och Sports- a Solidaritéitsmanifestatiounen
ënnerstëtzt, et woren dëst den Ladies Run an de Relais pour la vie
E grousse Merci un d’Marthe an de Paulo, dei vill Stonnen dermatt verbruecht hunn dës flott Zeitung zesummenzestellen, wéi och all deenen anere Matarbechter, déi sech Zaït geholl hunn, en Artikel zum Bliedchen bäizesteieren oder hiren Hobby virzestellen
Ganz frou sin ech och doriwwer, datt mer elo schon dräi engagéiert Pensionnairen hunn, déi mer zu eisen Hobbyjournalisten ziele kënnen, an zwar d’Madame Mortelmans, d’Madame Nockels an den Här Braun
Merci och u si, an ech zielen op Iech alleguerten fir datt och nach aner Pensionnairen a Matarbechter de Courage fannen, fir en Artikel zu deene nächsten Oploën vum Bliedchen bäizeszteieren
Vill Spaass beim Liesen vum 29 Bieschbecher BliedchenBewegungsstonn / Leçon de gymnastique
Fitness
Säit e puer Joer, stinn eise Pensionnairen 8 Fitnessgeräter zu Verfügung Dës kennen si, an der Woch vun 8 00 bis 16 30 Auer benotzen, dat Ganzt ënnert der Opsicht vun der «équipe rééducatioun»
Les Pensionnaires peuvent profiter de 8 appareils de fitness pour rester en forme.
Aktivitéiten mat de Pensionnairen
De Gaardegrupp huet fir Chrëschtdag d’Adventskränz dékoréiert, d’Hochbeeter fir d’Fréijoer preparéiert, fir Pällemsonndeg de Pällem gebonnen an och de Meekranz gebonnen
Notre groupe jardinage en action.
DoReMi Blannenheem
Ufank September 2017 haten e puer Bewunner eng ganz flott
Idee: Wat géing dir dovunner halen wann mir eng Chorale géinge grënnen? No laangem diskutéieren an iwwerleeën an natierlech nodeems mir gréng Luucht vun der Direktioun kritt hunn, wor de 17 09 2017 eis Grënnungsversammlung Eng Versammlung wou ganz vill Bewunner deelgeholl hunn a wou mir eis bewosst gi sinn dass den Interessi ganz grouss ass An der selwechter Versammlung ass och de Numm vun der Chorale gesicht ginn: DoReMi Blannenheem Firwat DoReMi Blannenheem? Ma ganz einfach, dat sinn déi éischt dräi Nouten vun der Nouteskala De Moment si mir eng Grupp vun ongeféier 15 Leit déi fir Gesellegkeet ënnert de Bewunner suergen an och tëschenzäitlech scho bewisen hunn dat mir offiziell hei am Haus kënnen optrieden wei zum Beispill eisen Chrëschtconcert an eis Oktave Mass déi wierklech vill Uklang fonnt hunn Am Moment ass e Concert mat lëtzebuerger an däitsche Vollekslidder an der Virbereedung
Dat Ganzt géing natierlech net esou gutt kléngen, wa mir net déi léif, engagéiert a benevole Ënnerstëtzung vun engem Pianist hätten Hien hëllt sech gären Zäit fir a verschidden Prouwen an och op eise Concerten eis ze begleeden
Keramikaktivitéit
Mat ganz vill Freed, Motivatioun a Kréativitéit huelen d’Pensionnairen 2 mol an der Woch un der Keramikaktivitéit deel
Participation enthousiaste aux cours de céramique
Am Februar hu mir un engem Konzept deelgeholl dat fir eis eng nei Erfarung war: Schülerinnen aus dem Lycée SteAnne vun Ettelbréck sinn hier Mini-Entreprise virstelle komm; «Drink me» hunn si hier jonk Entreprise gedeeft a verkafe selwer gemaachte Schoky deen si a selwer designte Fläschen ubidden Och de Logo vun hirer Mini-Entreprise hunn si selwer entworf De Projet hat e grousse Succès esou dass si am Mee eng zweete Kéier hire Verkafsstand bei eis opgeriicht hunn
Dans le cadre de « création de mini-entreprises » (classes de 11ième commerce), des élèves du Lycée SteAnne de Ettelbruck ont présenté leur projet : vente de pépites de chocolat dans des bouteilles self-designed+création du logo de leur mini-entreprise nommée « Drink me ».
Eis Hären hu richteg Spaass beim Bocciaspillen
Notre gente masculine apprécie le jeu de Boccia
Après-midi de jeu de quilles
Freiden de Mëtten, um 15 Auer, endlech ass et erëm sou wäit, den Danz mam Rollator steet virun der Dier
Zënter Dezember 2017 bitt de Cipa Blannenheem hire
Bewunner des Aktivitéit un D’Lexy (Psychomotricienne) an d’Martine (Ergotherapeutin) hunn un enger Formatioun «Tanz mit Rollator» deelgeholl a setzen dat Geléiert elo mat hire
Bewunner an d’Praxis ëm
Bei dëser flotter Aktivitéit ka jiddereen, dee motoresch a kognitiv nach fit genuch ass, dee Spaass un der Musek an un der Beweegung huet, matmaachen Sou huet sech séier e klénge Grupp zesummefonnt wou Leit mat Arthrose, Osteoporose, enger liichter Demenz, mat Parkinson mee och matt enger Séihbehënnerung deelhuelen
D’Kommunikatioun an d’Sozialkontakter gi gefleegt, awer och d’Koordinatioun, d’Muskelkraaft, den Equiliber, d’Gediechtnes an d’Konzentratioun gi gestäerkt an oprechterhalen
A Gesellschaft a mat Hëllef vun der Musek kënnen d’Leit esou hir Suergen aus dem Alldag fir e Moment vergiessen
Eis blann a sehbehënnert Pensionnairen hunn d’Méiglechkeet hir kreativ Oder auszeliewen a wéi Dir op der Foto gesitt, mat engem ganz schéine Resultat
Peintures réalisées par nos pensionnaires aveugles et malvoyants
Trauliichter
Trauliichter si selwer gemaachte Lanteren aus Rommelen De Brauch fir grujeleg Gesiichter an d’Rommelen ze schnëtzelen gëtt et scho
laang:
Fréier, wann d’Baueren d’Kéi den Hierscht an d’Ställ gedriwwen hunn, si lénks a riets vun der Stalldier Trauliichter
gestallt ginn Wann d’Kéi
laanscht d’Trauliichter
gaange sinn, sollte si vu Krankheete befreit ginn, an d’Geeschter, déi sech am Summer an de Ställ gesammelt haten, verdriwwe ginn
An eisem gutt besichte Festsall hu mir eise Pensionnairen de Film «Rusty Boys» vum Andy Bausch, deen 2017 eraus komm ass, gewisen
Projektion sur grand écran du film « Rusty Boys » du réalisateur luxembourgeois Andy Bausch
Aktivitéiten mat de Kanner aus eiser Maison Relais Bieschbech
Activités avec les enfants de notre « Maison Relais Bieschbech »
Och dëst Joer ware mir, wéi d’Traditioun et wëllt, an d’Oktave wat eng Geleeënheet war fir an d’Staat ze fueren an d’Kathedral ze gesinn
Participation traditionnelle à la messe des malades à la Cathédrale de Luxembourg à l’occasion de l’Octave.
Ausfluch: Musel
Muselschëfffahrt organiséiert vun der Canne Blanche
Excursion sur la Moselle organisé par la Canne Blanche.
Ausfluch: Fouer
Ewéi schon di Jore virdrun, hu mir eis et net huele gelooss fir en Ausfluch op d’Fouer ze maachen Et ass all Jor eng Freed un dëser aler lëtzebuerger Traditioun deelzehuelen an eis ënnert d’Vollek ze mëschen Gebake Fësch, gebrannte Nëss, frësch Eisekuchen an eng Glace hunn zu engem gelongenen Dag bäigedroen
Excursion annuelle au champ du glacis à Luxembourg pour passer une journée à la « Fouer ».
Ausfluch: Béiwen
Hierschtfest Béiwen
Fête d’automne à Boevange
Ausfluch:
LET'S HOPP!!!
Den 6 Mee woren mir op Mamer an den Centre Culturel Kinneksbond dem Hoppen Théid seng Spiichten lauschteren
Cabaret ScHmiT HAPPENS au Centre Culturel Kinneksbond à Mamer
Mir waren op d’Straussefarm bei d’Famill Axmann op de Bauerenhaff zu Contern Mir hunn Babystraussen bis erwuesse Strausse gesinn Um Bauerenhaff waren och
2 Muppen an 60 Mëllechkéi an 1 Stéier D’Madamm Axmann huet eis hire Betrieb virgestallt a vill Intressantes a Wëssenswäertes erzielt Zum Ofschloss krute mir nach eng Kippche Schampes an och Produite vu Straussefleesch ze schmaachen (z B Rieslingspaschtéit, Rohesser, Zoossiss, Paté) Ier mir erëm heem gefuer si konnten sech eis Bewunner nach Gadgeten kafen, déi aus Strausse-Fiederen a -Lieder gemaach sinn
Ausfluch: Villa Vauban
Wir besuchten die Villa Vauban, wo Sehbehinderte und Erblindete die Gelegenheit hatten Kunst zu „fühlen“ durch Anfassen Es wurden mehrere Kunststücke angeboten, welche im Relief oder als taktiles Model nachgebildet wurden Die Ausstellung hatte den Namen
„Lebenslauf“
„Ein Museum für alle“ Die Außenanlage war sehr schön und behindertengerecht ausgestattet Einige Skulpturen schmückten den Park wo sich auch in der Mitte ein kleiner Teich befand Die Anlage war botanisch sehr gepflegt und mit großen Bäumen geprägt Unseren Pensionären wurde auch die Möglichkeit gegeben, Kräuter zu riechen und diese zu erraten
Um 10 Uhr kam unser Museumsführer, der uns noch zu den Kunststücken Hintergrundwissen gab Leider war unsere Gruppe mit 12 Personen zu groß, so dass es bei vielen Objekten zu einer langen Wartezeit kam Hat eine Person sich ungewollt zu nah an ein Kunstwerk bewegt, so wurde der Alarm ausgelöst, sodass die Gruppe sich jedes Mal „erschreckte“
Im Ganzen war dieser Ausflug sehr wertvoll und spannend Unsere Mitbewohner durften auch nachgestellte Hüte und Halskragen aus dem Mittelalter tragen
Gegen 11 Uhr 30 verließen wir die Ausstellung und fuhren zum Glacis, da dort ein Tisch in der Pizzeria Porta Nova reserviert war Bei einem gemeinsamen Essen tauschten wir uns aus, waren dankbar und zufrieden über diesen Tag
Zum Thema Formatiounen an onsem CIPA
Mir hunn d’Carrièren vun onsen Infirmieren revaloriséiert andeems mir hinnen am Oktober-November 2017 eng Formatioun a punkto Bluttanalyse ugebueden hunn
Déi hat en theoreteschen, souwéi och prakteschen Deel an ass vun de Laboratoires Réunis vu Jonglënster gehale ginn
Mir fannen datt dat och fir ons Bewunner e grousse Plus ass, well esou kréie si net méi vun enger friemer Persoun Blutt geholl
An deem Sënn hu mir och decidéiert datt ons Infirmieren nees intravenéis Perfusiounen misste setze kënnen Dat as ebenfalls e grousse Plus fir ons Bewunner, bei Noutfall oder bei intravenéiser Therapie vu Medikamenter
Dës Formatioun ass a Kollaboratioun mam CHL organiséiert ginn a leeft séit dem 1te Mäerz 2018 Dat Ganzt dauert bis Enn Juni
2018
Mir hunn an onsem Haus ganz vill Leit di zockerkrank sinn Sou hu mir och wichteg fonnt, onsem gesamte Personal eng Formatioun iwwert Zockerkrankheet ze offréieren Dës Formatioun huet am November statt fonnt an ass vum Diabetolog Dr Keipes Marc aus der Zitha gehale ginn
Am Januar krute puer Leit vum Personal eng Formatioun an der Psychogeriatrie Dei Formatioun ass vum M Alain Tapp vun der ALA gehale ginn Dei Formatioun soll onsem Personal dobäi hëllefen, bei méi ausgefalenem Behuele vun engem Bewunner, richteg ze reagéieren an ze agéieren
Eng Formatioun, déi no der Wanterpaus nees ugelaaf ass, ass déi um Circuit Colmar-Bierg fir déi Leit die mat der Navette fueren
E flotten Owend wou den Nico Walisch fir lëschteg Stëmmung
gesuergt huet Eis Kichen huet Fiederwäisse mat Zwiwwelsquiche zerwéiert De Bewunner hir Familljen a Frënn haten och d’Méiglechkeet deel ze huelen
Fir de Beaujolaisowend huet eis Kichen e gudde Kéisplateau beim Wäin zervéiert
D’musikalesch Animatioun huet de Roland Kayser gemach
Soirée Beaujolais animée par Roland Kayser. Les familles et amis de nos pensionnaires étaient aussi les bienvenues.
Soirée « Fiederwäissen » animée par Nico Walisch. Les familles et amis de nos pensionnaires étaient aussi les bienvenues.
Den 17 Mäerz huet d’«Lidderuucht Lëtzebuerg» e Concert mat engem ganz flotten Potpourri Lëtzebuerger Lidder an eisem Festsall présentéiert
Den 12 Februar 2018 war RTL Tele Lëtzbuerg de ganzen Dag bei eis an d’Haus komm fir eist Konzept «Jonk an Al am Alldag» ze begleeden an ze filmen Zesummen organiséiere mir Aktivitéiten wéi Kachen, Baken, Sangen, Bastelen, Perkussioun… wou déi 2 Generatiounen kënnen dovun profitéieren
Eis Bewunner fillen sech méi jonk an eis Kanner léieren vun der eelerer Generatioun
Mat engem iwwerdimensionale Grinsen sinn eis Kanner de Moie vum 6ten Dezember bei eis an D’Maison Relais Bierschbech erageplatzt
D’Opreegung konnt een an der Loft spieren
Andauernd wollten se wësse wou de Mann vum Dag wär, de Kleeschen Vill Froen an e bëssi Angscht haten se och iwwert säi Gesell, den Houseker
Am Nomëtteg war et dann esou wäit, di Zwee souzen am Festsall, wou eis Kanner op Zéiwespëtzten erakomm sinn Ee nom aneren koumen se op dem Kleesche säi Schouss Deen een oder aneren huet dann och vum Houseker eng Rutt kritt Déijéineg wäerten sech dëst Joer dann och besser schécken
Am grousse ganze war et een erliefnisvollen Dag, räich un Emotiounen Freed a Spaass war bei all Kand ze gesinn
Dësen Pilotprojet, deen 2009 lancéiert gouf, ass eenzegarteg am Land a kënnt heibannen an dobaussen gutt un
De Reportage deen owes am Journal diffuséiert ginn ass kënnt dir op RTL ennert dësem Link nokucken:
www rtl lu/letzebuerg/1134831 html
Yvonne MAIOChargée de direction
Maison Relais BieschbechScho méi laang gouf an eiser Equipe doriwwer diskutéiert, wat fir e Benefice e Selbstverdeedegungs Cours kéint hunn fir eis sehbehënnert Memberen
Dovunner ofgesinn, datt dës Couren eis weisen, wéi mir am Eeschtfall op eng Bedreeung kënne reagéieren, sou kann dëse Cours jidderengem e bësse méi Selbstvertraue vermëttelen
Et ass eng Sportaart wou eis Koordinatioun a Reflexer gestäerkt ginn, wärend deem mir Kalorie verbrauchen
Bei den éischten Interessenten ass de Cours wonnerbar ukomm Och eis Traineren vum Krav Maga Center Bereldeng (by Kickyoufit) si begeeschtert, a mir kënnen nëmme frou sinn, datt si dëse Projet mat eis agaange sinn
Falls fir dëse Cours nach Interessenten sinn, da si mir op fir de Cours nom Summer weider ze féieren
Klenge Réckbléck op d’Aarbechte vum Bieschbecher Atelier 11/2017 bis 05/2018
Eisen Adventsmaart gouf 2017, wéi dat schonn Traditioun ass, erëm an de Raimlechkeete vum Blannenheem organiséiert Nei war dës Kéier d’Ausstellung an de Verkaf vun Chrëschtdekoratiounen am Aquarium an eise Stand matt Glühwäin
Iwwer 200 Adventskränz goufen am Bieschbecher Atelier fir d’Adventszäit gemaach
Enn Dezember ware mer beim Chrëschtmaart um Kierchbierg matt enger «Kaffisstuff» vertrueden
Den 09/01/2018 war et d’Fest vum Bieschbecher Atelier am Festsall vum Blannenheem
Preparatiounen an der Dekoratioun Och an deenen anere Sektiounen gouf äerdeg geschafft – zäitweis stoungen d’Camionen beim Atelier an der Schlaang fir op- resp ofzelueden a bannenan gouf et enk …
Am Mäerz 2018 ass et fir d’éischt, dass den Atelier e Stand iwwer 10 Deeg am Cactus Miersch huet Vum 15/03 bis de 24/03/2018 ware 24 Benevoller fir eis vu moies 8 bis owes 8/ resp 9 Auer am Asaz Hinnen duerfir en extrae Merci
De 16 Mäerz hu mer Blummen an Arrangementer an der Entrée vum Blannenheem verkaaft
… an et gouf och Damp an der Kichen
Vun elo un, kritt Dir bei eis Blummewisesom Wann Dir 1 Tiitche Som kaaft, ënnerstëtzt Dir net nëmmen de Bieschbecher Atelier mee maacht an engems eppes Guddes fir d’Natur
Avis aux amateurs!
Ausfluch vun der Fondatioun op Cliärref
De 26 August 2017 sinn d’Memberen vun eiser Fondatioun agelueden ginn, fir e flotten Dag zu Cliärref, am schéine Norden vun eisem Land ze verbréngen
Wärend engem sonnegen Dag hunn zwee Guiden eis am Virmëtteg op en Tour duerch dës Stiedchen matgeholl an d’Geschicht vum Schlass an och vun der Ardennenoffensiv e bësse méi no bruet
Nodeems mir zesummen am Restaurant Koener e gudde Menü zou eis geholl hunn, huet den Bus eis nach bei d’Abtei gefouert
Hei hu verschidde Leit de Musée besicht an déi Aner hunn dovunner profitéiert, fir e bëssen an der schéiner Éisleker Natur trëppelen ze goen
Den 20 Mäerz hat d’Fondatioun Letzebuerger Blannevereenegung hir fräiwëlleg Mataarbechter op eng kleng Feier am Blannenheem invitéiert
De President Paul Ensch huet hinnen all am Numm vun der Fondatioun merci gesot fir di vill Stonnen, déi si zesummen am Dingscht vun der Vereenegung geschafft hunn Hien huet iwwer d’Wichtegkeet vun der fräiwëlleger Mataarbecht geschwat, net nëmmen aus ideologescher Siicht, mee och iwwer de positiven finanziellen Aspekt, deen hirt Matschaffen fir d’Fondatioun duerstellt Et ass och gutt ze wëssen, datt d’Zuel vun de Bénévolen am klammen ass, dat heescht, datt ëmmer erëm nei Leit sech ubidden, fir eng Hand am Sënn vun der gudder Saach mat unzepaken
Mat engem gudde Kascht aus der Kiche vum Blannenheem ass déi sympatesch Feier zur Zefriddenheet vun alle Participanten ofgeschloss ginn
Och dëst Joer huet d’Canne Blanche an d’Fondatioun
Letzebuerger Blannevereenegung erëm op hir Pasta Fiesta an de Restaurant «Giovanni Rana» zu Féitz agelueden Gutt gelaunt a bei herrlechem Fréijoerswieder si mir um 11 Auer beim Blannenheem ofgeholl ginn Ukomm am Restaurant si mir mat enger Kippchen empfaange ginn A gudder Gesellschaft a bei leckerer Pasta ass d’Zäit séier vergaangen, an um 15 Auer war et och schon erëm Zäit fir sech op den Heemwee ze maachen
Aide-soignante A3
Relais pour la vie 2018 Pour la 11ième fois nous avons participé à cette manifestation de solidarité organisée par la Fondation Cancer
Den Service vum BBF ass 1990 gegrënnt ginn Een vun den éischten Zieler vun dësem Service war et, Persounen mat séihbehënnerung aus hirer Isolatioun eraus ze huelen an hinnen verschidden Aktivitéiten accessibel ze maachen
Et ass en klengen Service vun der Lëtzebuerger Blannevereenegung mee wéi den Numm et schonn verréit; en ganz villfältegen
Mir ginn duerch ënnerschiddlech Leit kontaktéiert, ugefaangen beim Betraffenen selwer bis hin zum Hausdokter oder der Famill, fir opt Plaz ze kommen an d’Situatioun ze analyséieren
Sou fänken mir bei deen engen Leit bei Null un an bei deen Aneren geet et vläicht éischter ëm eng Umeldung fir an d’Blannenheem wunnen ze kommen Mir sinn also dorops ugewisen dass d’Leit bei eis kommen an sech bei eis mëllen, mir schaffen net mat der Fleegeversécherung zesummen an kennen nëmmen duerch d’Persoun selwer oder aneren besuergte Leit op e Fall higewisen ginn, wou mir kennen intervenéieren
D’Berodung setzt sech aus verschiddenen Punkten zesummen, sou ass et net ausschliisslech déi individuell Berodung vun der séibehënnerter Persoun bei sech doheem, mee och verschidden Sensibiliséierungs-Formatiounen fir déi verschiddensten Gruppen vun Leit Wann de Besoin do ass, dann intervenéieren mir op enger Plaz méi oft, zum Beispill am Fall wou eng Technik oder en Hëllefsmaterial puer mol zesummen ausprobéiert muss ginn, bis dass et dem Betraffenen eng wierklech Ënnerstëtzung fir seng Autonomie am alldeeglechen Liewen kann ginn
Den Volet vun der Betreiung ass fir déi Leit, wou sech wënschen vun eis begleet ze ginn, an Situatiounen, bei deenen Si sech eleng net wuel villen, an net sécher sinn Dat kann eng Doktersvisite sinn oder awer och soss administrativ Aarbechten bei der eisen Client eng Vertrauenspersoun wënscht déi hir kann bäistoen
Den Fräizäitberäich bleift och ëmmer nach interessant bei der Lëtzebuerger Blannevereenegung, sou organiséieren mir duerch d’ganzt Joer eng gréisser Unzuel vun ofwiesslungsräichen Aktivitéiten, wou fir Jonk an Al eppes dobäi kann sinn
Dës Aktivitéiten sinn deelweis inklusiv, andeems mir der séibehënnerter Persoun eng Hëllefsstellung bidden, sou dass dës kann un klasseschen Aktivitéiten deelhuelen, oder mir organiséieren exklusiv Evenementer, am Fall wou mir jugéieren dass dës Aart an Weis fir déi jeeweileg Aktivitéit besser ugepasst ass
An der Equipe beroden mir eis all Woch géigesäiteg fir an all Fal déi beschten Berodung ze garantéieren
D’Fondation ënnerstëtzt sports- a solidaritéits ManifestatiounenRelais pour la vie 2018 Alain BREVER Chargé de direction Berodung, Betreiung a Fräizäit
D’Marcelle FEND ass den 1 September 2017 mam Alain KLICET gepacst ginn
D’Claudia DA SILVA CARVALHO ass de 29 September 2017 mam Marco VIEIRA bestued ginn
D’Kim KAUFFMANN ass de 17 November 2017 mam Kevin DUARTE FONSECA gepacst ginn
D’Pascale FAUST ass de 29 Dezember 2017 mam Guy RIES gepacst ginn
Den Daniel MONTEIRO PEREIRA ass den 23 Februar 2018 mam Nadine HOFFMANN bestued ginn
D’Andreia NUNES LOPES ass de 17 Abrëll 2018 mam Paulo Jorge BELCHIOR SOUSA bestued ginn
GLODEN Cathy ass Mamm gi vum MIKA, gebuer den 29 08 2017
FORTES DOS SANTOS Sandra ass Mamm gi vum RYAN NOAH, gebuer den 30 08 2017
GASHI Dieta ass Mamm gi vum AJAN, gebuer den 21 09 2017
CASTERMANS Tania ass Mamm gi vum
MATS, gebuer den 30 09 2017
HUSEJINOVIC Hariz ass Papp gi vum IRMA, gebuer den 03 10 2017
SCHMIT Sandra ass Mamm gi vum JO, gebuer den 11 11 2017
BARTHELEMY Martine
Ergothérapeute
01 10 2017
Service rééducation
BRICE Maude Comptable
01 10 2017
Administration
JACOBY-THILL
KIEREN Christian ass Papp gi vum JANIS, gebuer den 16 11 2017
SKRIJELJ Azra ass Mamm gi vum NAYLA a
MERYEM, gebuer den 19 12 2017
SCHUH Katharina ass Mamm gi vum THEA, gebuer den 06 01 2018
DOS REIS Eunice ass Mamm gi vum
NAYLAH, gebuer den 29 01 2018
DUARTE GRAVELOS Sandra ass Mamm gi vum SORAIA, gebuer den 02 03 2018
VAN DER DRIFT Astrid ass Mamm gi vum
ALMA MARIE, gebuer den 22 03 2018
EISCHEN Marianne Aide-soignante 16 10 2017
Infirmerie B
CORREIA GOMES Ruben Aide-soignant 01 11 2017
Infirmerie B
HARIG Joshua Infirmier
01 11 2017
Infirmerie A2
MARTINS COSTA
Joao Carlos Aide socio familial 09 11 2017
Maison Relais
HANDWERK Lisa
Kinésithérapeute 01 04 2018
Service rééducation
› Mataarbechter dei an d’Pensioun gaange sin
Marion
Etre comme un poisson dans l’eau, qui n’en a pas rêvé…..
Depuis toujours j’ai été attirée par l’eau, fascinée par ces vastes étendues calmes ou parfois déchainées, l’envie et la curiosité de voir ce qui se passe en-dessous, m’ont tout naturellement conduite à pratiquer la plongée
Dès mes 17 ans, je m’y suis mise et aujourd’hui je compte environ 300 plongées La plupart de celles-ci se sont déroulées dans les eaux froides et sombres du lac d’Esch-sur-Sûre, puis j’ai découvert la Mer du Nord et la Méditerranée pour arriver enfin dans les eaux chaudes de la Mer Rouge et de la Mer des Caraïbes, ainsi que les Cénottes
Chaque plongée reste un émerveillement et une découverte, en effet admirer le déplacement majestueux d’une tortue de mer, on dirait un oiseau dans le ciel; ou un poulpe qui se fond dans le récif en tenue de camouflage, mais aussi découvrir les araignées de mer aux aguets, et ici les crabes qui se délectent de moules et d’huîtres Ou encore surprendre un Bernard L’Hermite occupé à quitter sa coquille devenue trop petite pour une plus grande, suivre le balancement des anémones au gré du courant ou encore le majestueux battement d’ombrelle de la princesse Méduse, toutes ces découvertes demeurent des moments inoubliables de beauté et d’harmonie
Par contre la plongée reste un sport qui comme tous les sports peut s’avérer dangereux Pour le pratiquer il faut en respecter les règles et consignes de sécurité : comme par exemple ne jamais plonger seul Pour plonger vous aurez besoin d’un bon équipement qui comprendra une combinaison en néoprène dont l’épaisseur sera adaptée à la température des eaux visitées (entre 1,5 et 7,5 mm) d’une paire de palmes, d’une ceinture et de ses plombs (qui vous permettra de vous immerger) d’une bouteille d’air comprimé et du détendeur (qui va permettre de régler la pression de l’air) ainsi qu’un gilet stabilisateur
Les bouteilles de plongées peuvent avoir des contenances entre 10 et 20 litres fonction de la durée de la plongée envisagée Personnellement, j’utilise une bouteille de 15 litres gonflée à 200 Bar ce qui me permet d’effectuer une plongée de ± 60 minutes et de descendre à -30 mètres
La durée de la plongée dépendra de la capacité de la bouteille, de la profondeur et de l’effort Plus vous allez profond et moins longtemps vous resterez en immersion A titre d’exemple pour une plongée au lac d’Esch-sur-Sûre le poids l’équipement à supporter sera: équipement (combi, gilet, palmes, masque) 18kg + bouteille 15 litres 19kg + ceinture de lestage 8kg = 45kg; avec ce poids sur le dos il faut se jeter à l’eau
Cette passion m’apporte beaucoup, elle m’a permis de rencontrer mon mari et notre union a donné naissance à deux adorables jeunes filles auxquelles nous avons transmis virus
Mataarbechter an hir Hobby’en Maude BRICE | Comptabilité
Mir woren zu 9 Leit an de Beetebuerger Park Ech hat e ganz flotten Dag well dat wor eréischt di zweete Kéier a mengem Liewen dass ech do wor D’Wieder wor tiptop, net ze waarm a net ze kal a virun allem ass keng Drëps Reen gefall
Wei all Joer stoung och dëst Joer déi berühmte Schëfffaart vun der Canne Blanche um Programm
Bei schéinem Wieder hu mir eis flott amuséiert a vill gelaacht Mir hunn och Leit erëmgesinn déi mir scho laang net méi gesinn haten Bei engem gudde Patt an guddem Iessen hu mir e puer flott Stonnen zesumme verbruecht Mat flotter Musek a puer Spiller war fir gutt Stëmmung gesuergt
D’Papageien si meng léifsten Déieren zu Beetebuerg; di aner Déieren hu mir och gefall, awer d’Papageien sinn esou exotesch a faarweg mat deenen sinn ech am frousten Am beschten huet mir awer d’Atmosphär gefall, an zwar well mir all zesummen waren Geschlof hun ech déi Nuecht drop extra gutt
Gabrielle
Mir freeën eis lo schonn op d’nächst Joer fir erëm ee flotten Dag zesummen ze verbréngen
Wéi all Joer huet d’Blannenheem och dëst Joer ee Fuesbal fir hir Bewunner organiséiert
De Käptn Ändä & Matrous K1000 hu fir déi néideg musikalesch Stëmmung gesuergt
Mat der Hëllef vum Personal, hu mir bei engem gudde Patt a Fueskichelcher flott geschunkelt a gesongen
Et war wierklech ee ganz schéine Nomëtteg mat vill Freed a gudder Stëmmung