Bieschbecher Blietchen N°32

Page 1

Bieschbecher Bliedchen

D’Zeitung vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung

N° 32 Mee 2019 – Oktober 2019

Inhaltsverzeichnis

Virwuert vum Paul Ensch 3 Virwuert vum Dr. Jean-Paul Grün 5 CIPA Blannenheem 6 › 100 Joer Madamm Jeanne GLODEN-MULLER 6 › Aktivitéiten mat de Pensionnairen 7 › Ausflich 10 › Gebuertsdagsfeieren 15 Maison Relais Bieschbech 18 › 10 Joer Maison Relais Bieschbech 18 › Button Quilters 21 › Intergenerationell an allgemeng Aktivitéiten 22 Service Berodung, Betreiung a Fräizäit 24 › Porto 24 › Visitt vun de Schlesser 25 › Betreit Wunnen 26 › Mobilitéit fir Jiddereen 27 Bieschbecher Atelier 28 › 15 Jar Bieschbecher Atelier – wéi d’Zäit vergeet! 28 › Visitt Gemeng Miersch 35 Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung 36 › Personalfeier 36 › D’Fondation ënnerstëtzt sports- a solidaritéits Manifestatiounen 36 › Summerfest 2019 37 › Vakanz vun der Fondatioun zu Torremolinos 38 › Ausfluch vun der FLB an d’Grottes de Han 39 › Presentatioun vun de verschidden Départementer: Service Rééducation 40 News beim Personal 42 › Mataarbechter an hir Hobby’en 42 › Gléckwënsch a Gesondheet 44 › Nei Mataarbechter 44 Artikele vun de Pensionnairen 45 › Tai-Chi am CIPA Blannenheem 45 › Chorale DoReMI Blannenheem 46

Virwuert

Blanne Leit eng berufflech Zukunft bidden !

Am Kontext vu senger statutarischer Missioun huet d’Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung am Joer 2004 de Bieschbecher Atelier sàrl an d’Liewe geruff, fir blanne Leit, zesumme mat anere Leit mat engem Handicap, eng berufflech Zukunft ze bidden, eng Méiglechkeet déi sie nëmme ganz schwéier, oder guer net, um éischten Aarbechtsmaart géife fannen

Dës Initiative, déi vum Ministère du Travail a vum Ministère de la Famille begleet an iwerwaacht gëtt, ass bis haut déi eenzeg Struktur zu Lëtzebuerg, déi et blanne Leit erméiglecht eng Aarbecht an engem protégéierten Encadrement ze verriichten

De Bieschbecher Atelier huet 2004 mat 9 handicapéierten Mataarbechter seng Aktivitéit opgeholl, fir d’éischt am Blannenheem selwer, duerno an engem eegene Gebai, dat vun der Fondatioun zur Verfügung gestallt ginn ass Haut schaffe 40 Leit an eisem „Atelier Protégé“

De Bieschbecher Atelier huet d’juristesch Form vun enger sàrl, dat heescht eng normal kommerziell Persounegesellschaft mat engem eenzege Propriétaire, der Fondatioun, an enger eegener Direktioun Den Atelier stellt Produkter hier a bitt Déngschtleeschtungen un Et gi Rechnungen ausgestallt, TVA a Steiere bezuelt an eng eegen Comptabilitéit geféiert, esou wéi an all aner kommerzieller Gesellschaft och D’Fondatioun steet riicht fir eventuell Defiziter

Déi blann an handicapéiert Leit, déi an eisem Atelier schaffen, wëssen, datt si net nëmmen „beschäftegt“ ginn, mee, datt si duerch hir Aarbecht zu der Réussite an dem finanzielle Resultat vun dem Atelier bäidroen Hir Integratioun an eise Betrieb, hiert Gefill wierklech gebraucht ze ginn, esou ewéi all

3

aner Leit déi all Dag schaffe ginn, hëlleft hinnen hir Situatioun an hiren Handicap besser ze meeschteren an ze akzeptéieren

D’Mataarbechter vum Bieschbecher Atelier realiséiere mat ganz vill Geschéck a mat groussem Engagement:

- dekoratif Artikelen aus Holz an aus Keramik,

- Gaardeprodukter a Blummenarrangementer,

- Aarbechten „en soustraitance“ fir aner Betrieber,

- Patisserie, Kichelcher an aner regional Produkter aus dem Gaart vum Atelier

All dës Produkter gesitt Dir op dem neien Internetsite vun der Fondatioun www flb lu, ënnert der Rubrik „Bieschbecher Atelier“ Zum Atelier gehéiert och e Buttek, deen all Dag ausser Samschdes a Sonndes op ass

E grousse Merci un de Ministère du Travail an de Ministère de la Famille fir hir Hëllef E spezielle Merci un all déi Entreprisen fir déi mir därfe schaffen an un all déi Benevollen déi eis onentgeltlech hëllefen eis Produkter ze verkafen Merci och un all eis trei Clienten

D’Mataarbechter aus dem Bieschbecher Atelier géife sech freeën, Iech am Buttek vum Atelier zu Rolleng ze begréissen oder bei hirem groussen Adventsmaart den 29ten November 2019 am Blannenheem

Merci fir Ären Interessi

VIRWUERT
4

Léif Pensionnairen, léif Familljen, léif Memberen vum Personal, léif Frënn vun der Lëtzebuerger Blannevereenegung

Dobausse gi mer esou lues op de Wanter zou, Zäit fir déi 32 Ausgab vun eisem Bliedchen eraus ze ginn

E ass onméiglech all Aktivitéiten opzezielen, un deenen d’Pensionnairen, d’Memberen an d’Kanner aus deene verschiddenen Departementer deel geholl hunn, sou datt ech just e puer vun hinnen ervirhiewen well

32 Bliedchen ass d’Bliedchen vun de Gebuertsdeeg

De Bieschbecher Atelier huet seng 15 Joer Existenz gefeiert Zu dësem Evenement fannt Dir eng Rei interessant Temoignagen vun fréieren oder aktuellen Mataarbechter

D’Maison Relais huet hiren 10ten, an eis Chorale den DoReMi Blannenheem hiren 2 Gebuertsdag gefeiert

Ee net alldeeglecht Evenement war d’Feier zum 100 järegen Gebuertsdag vun der Madamm Gloden-Muller Jeanne

Vum BBF kommen e puer flott Fotoen vun hire Vakanzen op Torremolinos a Porto, a vun hirem Ausfluch an d’Grottes de Han

Dammen vun den Button Quilters vu Bieles hunn an engem ganz léiwe Geste de Kanner vun der Maison Relais eng ganz Këscht vu selwer gebitzten Plüschhuesen geschenkt

Eise neie Responsabel vum Akaf huet sech spontan bereet erkläert, eis säin interessanten a e wéineg speziellen Hobby virzestellen

Vill flott Fotoen fannt Dir och vun eisem grousse Summerfest, wou all Departementer vu der Fondatioun matgemaach hunn, dës Kéier och fir d’éischt de BBF

Vill Spaass beim Liesen

VIRWUERT 5
Dr Jean-Paul GRÜN / Generaldirekter Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung

 100 Joer Madamm Jeanne GLODEN-MULLER

A Präsenz vun der Familljeministesch Corinne CAHEN, dem Mierscher Buergermeeschter Michel MALHERBE, Gemengevertrieder den Abby TOUSSAINT ewéi den Michel REILAND, Vertrieder vum Conseil an der Direktioun vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung, huet d’Madamm Jeanne GLODEN-MULLER, bei allerbeschter Gesondheet hir 100 Joer gefeiert

En présence de Corinne CAHEN, Ministre de la Famille, de Michel MALHERBE, Bourgmestre et de Abby TOUSSAINT et Michel REILAND, Échevins de la commune de Mersch, ainsi que des représentants du Conseil d’Administration et de la Direction de la « Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung », Madame Jeanne GLODEN­MULLER, entourée de sa famille, a fêté ses 100 ans.

6

 Aktivitéiten mat de Pensionnairen Liesstonn

En Donneschdeg de 26te September hate mir e Grond fir ze feieren

Eise Liesgrupp hat säin éischte Joresdag

Während dem Joer hu mir zesumme vill Geschichte vun hei a vun do, vu fréier an och vun haut gelies

Do ware Laachgeschichten, Alldags- a Vakanzgeschichten an och vill amusant Familljegeschichten derbäi

Kleeserches-, Chrëschtdags-, Fuesboken- an Ouschterhuesegeschichten hunn natierlech net gefeelt

Ganz flott waren och d’Reimgeschichten, wou mir selwer konnte reimen an, och net ze vergiessen, d’Geschichte fir ze Roden, wou mir ëm d’Wett geroden hunn

Nom Lauschteren hu mir selwer esou munneg perséinlech

Annekdot verzielt a mir hu gutt zesumme gelaacht

All Donneschdegnomëtteg stoung natierlech och eise Wëssensquiz um Programm

Esou hu mir d’lescht Joer zesumme vill flott Zäit verbruecht

Gefeiert hu mir mat selwergebakene Wäffelcher a mir freeën eis elo op dat zweet Joer an eiser „Liesstonn“

CIPA BLANNENHEEM 7
Karin BETTENDORFF-HURT Bénévole

Gaardegrupp

Groupe

jardinage

CIPA BLANNENHEEM 8

Keramikgrupp

Groupe céramique

Bingonomëtteg

CIPA BLANNENHEEM 9

 Ausfluch: Bricher Päerdsstall

Wei all Joer sinn den CIPA Blannenheem an d’Maison Relais Bieschbech op en aussergewéinlechen Ausfluch gaangen

Am Bricher Päerdsstall hun d’Monique an seng Equipe ons frëndlech empfaangen Vill Déiere konnte vun Grous a Kléng gefiddert a geheemelt ginn

Datt dëst e speziellt Evenement ass, gesäit een un den Fotoen

Excursion annuelle du CIPA Blannenheem et de la Maison Relais Bieschbech au « Bricher Päerdsstall »

CIPA BLANNENHEEM 10
CIPA BLANNENHEEM 11

 Ausfluch: Schueberfouer

Et ass all Joer eng Freed en Ausfluch op d’Schueberfouer ze maachen an un dëser aler lëtzebuerger Traditioun deelzehuelen

Visite de la « Schueberfouer »

CIPA BLANNENHEEM 12

 Ausfluch: Octave

Och dëst Joer ware mir, wéi d’Traditioun et wëllt, an d’Oktave wat eng Geleeënheet war fir an d’Staat ze fueren an d’Kathedral ze gesinn

Participation traditionnelle à la messe des malades à la Cathédrale de Luxembourg à l’occasion de l’Octave.

CIPA BLANNENHEEM 13

 Ausfluch: Sprangprëssessioun

Den 11 06 2019 si mir op d’Iechternacher Sprangprëssessioun gefuer

Excursion à Echternach pour voir la procession dansante.

 Ausfluch: Musel-Schëfffaart

Wéi all Joers si mir och dëst Joer mat op déi traditionell Musel-Schëfffaart vun der Canne Blanche gefuer

Trotz schlechtem Wieder hu mir eis et net huele gelooss fir e puer flott Stonnen a gudder Gesellschaft ze verbréngen Ee gutt Mëttegiessen a schéi Musek hunn dat ganzt nach méi angenehm gemaach Mir freeën eis elo schonn op dat nächst Joer

Sortie annuelle à Remich organisée par la Canne Blanche.

CIPA BLANNENHEEM 14
CIPA BLANNENHEEM 15  Gebuertsdagsfeier › Mee SCHNEIDER-HENS Anna 92 Joer DURANT Louis 89 Joer HAAN-WALLERS Barbe 89 Joer KAYSER-GABRYELCIC Alice 88 Joer GERBEC Bruno 87 Joer MERSCH-FABER Caroline 83 Joer REISCH Emile 83 Joer WIESENER Gaston 70 Joer
Juni GLODEN-MULLER Jeanne 100 Joer VULLERS-COX Agnès 93 Joer HEINERICY-IMMER Marguerite 93 Joer JUNG-KIMMES Odile 90 Joer BERNARD-KRAUS Marie 89 Joer SAUER-KOEDINGER Marguerite 89 Joer BLASIUS-REUTER Cecile 88 Joer TISCHER-METZDORF Gertrude 88 Joer
CIPA BLANNENHEEM 16 KARIER-BUCK Alice 88 Joer KLEIN Christophe 86 Joer SCHMIT Ernest 82 Joer PAULUS-SCHMIT Elisabeth 80 Joer VON ROESGEN Léon 79 Joer THILLMANY Aloyse 79 Joer NOCKELS-SCHMIT Anny 75 Joer BRIEGEL Nicolas 71 Joer OURTH Patrick 56 Joer
Juli WEIRICH-FRIES Pauline 95 Joer SCHARTZ Nicolas 94 Joer WIESENER-DELCOURT Yvonne 94 Joer HEMMERLING-AHLEN Marie 93 Joer KLEIN Madeleine 91 Joer HARSCH Fernand 91 Joer BUTTEL-ZIMMER Germaine 91 Joer MAAS-GOERGEN Lucie 90 Joer HESS Camille 86 Joer PAULY-KIRSCH Georgette 85 Joer HESS-WAMPACH Marie-Anne 84 Joer ROLLINGER-FRANCK Jeanne 83 Joer SCHOLZ-REDING Suzanne 82 Joer REDING Marcel 82 Joer REISER Henri 81 Joer
August FELLENS-KRIER Suzanne 97 Joer LACAVE-KRIER Marie 97 Joer CLOOS-FETT Henriette 95 Joer HILGER Eugène 93 Joer MAJERUS Nicolas 90 Joer SCHMIT-HEMES Madeleine 89 Joer HUBERTY-KOEP Anne Marie 87 Joer BROCHMANN Catherine 87 Joer ZENNER-SCHMIT Claire 86 Joer HOLZMACHER-SCHÜBER Rose Marie 85 Joer FERRON-STOLWIJK Agathe 79 Joer SCHMIT Alphonse 70 Joer › September STEIMES Jean 105 Joer PINSCH Lambertine 94 Joer REITER-BIEWER Marie 93 Joer THEISEN-VINANDY Ida 90 Joer HORSMANS-AUMASSON Justine 90 Joer BAUMANN Jean-Pierre 89 Joer DAHM Alphonse 89 Joer FRANK-LAUER Catherine 88 Joer BACH-OFFERMANN Marie-Thérèse 87 Joer DELTGEN Dolly 86 Joer GIERDEN Metty 85 Joer KAUFMANN Léandre 85 Joer

› Oktober

CIPA BLANNENHEEM 17 BAUMGARTEN René 73 Joer BISENIUS-TOSSING Viviane 67 Joer
WAGNER-ENGELMANN Marthe 100 Joer BETTENDORF Anne 99 Joer BORMES-GANSEN Léonie 97 Joer GOEDERT-SCHOSSELER Elise 93 Joer KAISER-GROBER Georgette 93 Joer KLEIN-WEBER Anne 91 Joer KNEIP-MOLITOR Marie 91 Joer GINDT-HEROS Catherine 89 Joer BERREND-VINANDY Estelle 89 Joer THILLMANY-WIESEN Marguerite 87 Joer ROLLINGER Nicolas 85 Joer BRAUN Raymond 82 Joer THEIS-KOLLWELTER Marguerite 82 Joer BARIVIERA Jean Pierre 80 Joer WALESCH-LEGAY Irma 79 Joer

 Intro

Eis Maison Relais befënnt sech am Gebai vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung, sou dat Kanner an Pensionnairen ënnert engem Dach „wunnen“ Dat erméiglecht een dagdeeglecht Begéinen vu Jonk an Al wou béid Generatiounen vuneneen kënne profitéieren

Eis Crèche hëllt Kanner op vun 3 Méint bis 4 Joer Mir sinn op vu méindes bis samschdes vu 6 bis 21 Auer

 10 Joer Maison Relais Bieschbech

Am Juli war et souwäit… eis Crèche huet seng 10 Joer gefeiert

Am Juli 2009 hunn mir eis Dieren opgemaach mat 5 Kanner an 2 Educatricen

Haut, 10 Joer méi spéit hu mir ronn 120 Kanner ageschriwwen an eis Equipe besteet aus 26 Mataarbechter Dat schwätzt fir sech…

Fir eise Gebuertsdag ze feieren an deene Kanner Äddi ze soen déi an d‘Spillschoul oder an de Precoce ginn, hu mir den 4 Juli eist Kannerfest organiséiert

Bei guddem Wieder hu mir zesummen mat den Elteren a Bewunner puer flott Stonne verbruecht

Natierlech huet ee gudde Patt an ee klenge Maufel net gefeelt

18
MAISON RELAIS BIESCHBECH 19
MAISON RELAIS BIESCHBECH 20

 Button Quilters

Den 23 05 2019 hunn e puer léif Dammen vun den Button Quilters vu Bieles, eiser Maison Relais Bieschbech eng rieseg Këscht voller selwer gebitzten Kuschelhuesen geschenkt D’Kanner ware begeeschtert an hunn déi Plüschedéieren direkt adoptéiert a mat hinne gespillt a geschmuust

Les Button Quilters de Belvaux ont fait un cadeau généreux de lapins en peluche aux enfants de notre Maison Relais Bieschbech.

MAISON RELAIS BIESCHBECH 21
Yvonne MAIO Chargée de direction Maison Relais Bieschbech

 Intergenerationell an allgemeng Aktivitéiten

MAISON RELAIS BIESCHBECH 22
MAISON RELAIS BIESCHBECH 23

Alain BREVER

Chargé de direction Berodung, Betreiung a Fräizäit

 22.07.2019 Porto

Mat enger Grupp vun eise Leit ware mir Porto besichen

Ab méindes moies ganz fréi ware mir lass fir 4 Deeg Porto, mat vollem Programm Vun enger Porto-Degustatioun bis hin zu engem grousse Maart war hei alles dobäi

Déi verschiddenst Transportméiglegkeeten hu mir zesummen ausprobéiert, de Funiculaire, den Hop-on Hop-off Bus, de Metro, d’Schëff an och alt mol den UBER Taxi Sou läit et eis um Häerz, op dëser Rees den ëffentlechen Transport ze benotzen, mat deene ville Stater Leit zesummen, fir eng realistesch Impressioun vun esou enger Groussstad ze kréien

24

 Visitt vun de Schlesser

Dëse Summer goufe mir dann och duerch zwee Schlesser guidéiert, sou war dat eemol zu Beefort an eemol zu Wolz

Esou Féierunge si fir eis am flottsten, mat engem Guide, deen et fäerdeg kritt eise Leit a Biller ze schwätzen

BERODUNG, BETREIUNG A FRÄIZÄIT 25

 Betreit Wunnen

Ee Mol am Mount gëtt grouss gekacht am „Betreit Wunnen“

Mir hunn eis zur Reegel gemaach, eemol pro Mount, all eis Bewunner zesummen ze setzen an ze kachen, esou bleift de Kontakt tëscht de Noperen aus dem Haus Wéi géif dat besser goen ewéi beim Iessen?

Och hei ass et fir deen een oder anere schwéier Zäit ze fannen no engem laange Schaffdag oder och aneren

Owes-Aktivitéiten D’Stëmmung ass hei meeschtens gutt An engems ass et e flotte Moment fir sech auszetauschen

BERODUNG, BETREIUNG A FRÄIZÄIT 26

 Mobilitéit fir Jiddereen

Iwwert ganz Joer verdeelt hëlt de BBF u verschidden Aktivitéiten deel, déi zum Ziel hunn d’Mobilitéit an eisem Land fir Jidderee méi accessibel ze maachen

Esou och, den 19 September, wou mir um „Safe Walking, Cycling, Wheeling“ um Kierchbierg deelgeholl hunn

D’Passanten haten d’Méiglechkeet fir en Tour mat eis um Tandem ze fueren oder iwwert d’Mobilitéit vu sehbehënnerte Leit informéiert ze ginn Dësen Event gouf zesummen mam Info Handicap a ganz vill aneren Associatiounen geplangt

BERODUNG, BETREIUNG A FRÄIZÄIT 27

 15 Jar Bieschbecher Atelier – wéi d’Zäit vergeet!

Traditiounsgeméiss ass d’Fest vum Atelier Ufanks Januar – hei gouf dann och un déi 15 Jar erënnert

28
BA Januar 2004 Januar 2019 D’Viviane an d’Jessica si vun Ufank un derbäi Eis Benevoll am Januar 2019

Martine BROCHMANN

Chargée de direction

Bieschbecher Atelier

Hei e puer Témoignage vu Mataarbechter

3 vun hinnen, den Daniel, d’Nadine an de Gérard si vun Ufank un derbäi a verzielen, jiddereen op seng Aart a Weis, aus hirem Aarbechtsalldag

De Joaquim huet et gepackt an eng Plaz um fräien Aarbechtsmaart fond Seng Erfahrungen an der Aarbechtswelt, verzielt hien a sengem Bäitrag Den Toni ass nach net esou laang bei eis, hie seet eis wéi et gaang ass, dass hien an den BA schaffe koum, an d’Ännerung déi d’Aarbecht fir hien huet

Gérard HILGER (den Text ass esou erëmginn, wéi de Gérard seng Erënnerunge verzielt huet)

Dem Gérard senger Anekdoten am Laf vun deene

15 Joer

Wéi goung et lass?

Am Ufank gekacht mir an Eisekuchen, d’Brigitte, d’Vivtringer, Viv. Schmitz an ech

Den 12/01/2004 hunn ech ugefaang deemols, d’Jessica huet no mir ugefaang

Duerno: beim Brigitte Blieder kleng gemaach – geschreddert

Mam Brigitte op der Aweiung gefeiert, gedanzt …. Do wou d’Crèche elo ass – genee do

Mam Viviane am Leem geschafft, ech

Beim Viv e Mol mat rouder Faarw iwwert de wäissen Dësch gerannt – gesäit een haut nach

Mam Rapide des Ardennes owes heem gefuer, op PallenUewerpallen. Duerno an de Bamerdall…

Am Ufank och den Atelier gekiert a gebotzt

De Buedem fir d’Héichbeeter matt der Schubkar gefouert

Du koum de Buttek am Schlässchen, Buttek opmaachen

Dunn hu mer d’Zäir kritt – do dra geschafft – de Folientunnel ass futti gaang duerch de Wand – „fréckt“ sot d’Jessica

BIESCHBECHER ATELIER 29

Wat ass nach esou am Laf vun der Zäit geschitt?

De Gaart, wou den Här Muller sot do wiren Äppel gepléckt ginn – fréier Bongert do, fréier

2009 si mer geplënnert

Minister Jacobs koum den Atelier kucken

Fir de FM an den AM hunn ech Hand ugepaakt, gehollef – dem Heng gehollef d’Dëscher droen

Jessica an ech hun Esseg an Ueleg a Fläsche gemaach­ d’Jessica huet d’Bidon’en bestallt, och Stëpp a Fläschen – am ganzen 2 Paletten.

Wann dobaussen ze kal war, hunn ech am Kichegrupp beim Andréia geschafft: gespullt, gebotzt, gestaubsaugt – am Fréijoer hu mer weidergeschafft am Gaart.

Op e Mol ass d’Jessica an d’BH fir d’Zalot ze verkafen. Ech ugepaakt fir an d’Kichen ze droen­ d’Jessica huet keng Keess, sou eent d’Dëppchen – hun d’Tut opgehal wann e Client koum.

Mam Georges Onkraut gerappt, de Rousegaart mam Georges a Pol gemaach

2016: E Casting mam Ben: fir iwwert d’Aarbecht ze verzielen – gefilmt – ech genetzt, d’Maria an ech de Weenche bei de Buttek féieren – hunn de Film am Foyer gesinn – e war schéin, vum Kräizbierg, vun Housen vun der Apemh … Kleesercherstuten goufen och beim Heng gemaach, ech den Atelier gestaubsaugt

2017: ech gekärchert; de Patrick ass komm, och an der Kiche geschafft

2018 ech d’Steng aus de Quetschen erausgemaach, deen Dag hat de Patrick Congé –d’Quetschen hu mer an d’Tut gemaach

Vun Ufank un – e Fest; Keelespillen, d’Ficelle war blockéiert, duerno gefeiert – d’Jeanny war komm, Abbes, dem Armindo seng Schwëster, d’Personal war komm, den Dr. Grün.

Fréier och d’Brigitte an d’Viv dobäi

BIESCHBECHER ATELIER 30

A wat waren nach dem Gérard senger Spiichten?

2016: Auto futti – mam Weenchen, de Pol an ech – an den Auto gerannt – gestëpst – Gekrasch ech

Och e Mol: Dëscher gebotzt, de Schlauch futti gaang, ech genetzt ech, ganz naass – Maria geruff: Jessica, komm kucken, Gérard ass ganz naass.

Heiansdo och Kabel „verhondst“ ech – beim Heng – Kabel ofmantelen, heiansdo verhondst

An der Eessenspaus de Georges an ech, dobausse geraschtum halwer eng mir gepennt

2004, Freides, war Kachen ugesot. Eisen alleréischte Menu war „Minestrone“. D’Marie­Louise an ech hunn d’Nuddele gebrach, d’Nina huet d’Geméis geschielt an d’Vesna huet ët kleng geschnidden. Wéi et fäerdeg gekaacht war, war och schon den Dësch gedeckt an de ganzen Atelier huet zesumme giess an de Menu war super gutt.

Un de Bürosgrupp erënneren ech mech gutt, hei goufen meng Geschichten an de Computer geschriwwen, erausgedréckt am Braille an an der Schwaarzschréft an um Mäerzfest verkaaft.

Ech schaffen immens gär an der Keramik an déi Uebstschossel déi ech maachen, gëtt nach ëmmer gutt verkaaft.

Ech sinn zefridden mat menger Aarbecht am Bieschbecher Atelier a well och viru gutt an der Keramik schaffen.

BIESCHBECHER ATELIER 31
Nadine TAILGER

2004 huet den Atelier bei Null ugefaang. Mir haten e puer Dëscher a mer soutzen zesummen fir eis kennenzeléieren.

Mir waren net zu vill an duerfir mir waren an de Cactus Kichematerial, Bürosmaterial … kafen. Et war eng schéin Zäit, awer am Ufank langweileg, awer duerno lues a lues huet eise Stage ugefaang. Ech hu méi Kenntnisser um Computer geléiert an ech wollt nëmmen um Computer schaffen.

2006 hate mer scho Plazmangel an duerfir si mir an d’Schlässchen geplënnert a mir hunn ëmmer Kilometere vum Schlässchen bis an eisen Atelier gemaach, fir eis Pausen a wann ech eppes an de Büro droe sollt.

Am Juni 2009 si mer geplënnert bei d’Zär, fir alles no bei ze hunn.

2015 ass de „Logement semi­autonome“ opgaang an ech sinn zënterhir gutt drop, dann ech sinn net méi genervt wann de Bus oder den Zuch a Verspéidung war. De richteg nervegen Dag war, wann an der Stat Braderie war an am Wanter, wann Schnéi gefall ass, dann ass näischt gaangen mam Bus an ech sinn ëmmer tëschent 09:30 an 09:45 ukomm statt um 08:30 unzefänken. Awer wann de Logement op war, ech sinn ëmmer gutt drop, en forme an net gestresst vum Verkéier.

Ech war zefridden zënter 2004 an ech wëll nach ëmmer esou gutt schaffen an eng gutt Aarbecht leeschten.

BIESCHBECHER ATELIER 32
Daniel SOUSA PAULO CASIMIRO

Antonio DUARTE CARIAS

Mai Liewen huet geännert dass ech an de Bieschbecher Atelier schaffe komm sinn (2016).

Ech hu scho laang net méi geschafft gehat.

Elo hunn ech méi Kontakter zu de Leit a spiere mech besser.

Virdrun hunn ech mech méi isoléiert wéi ech net méi gutt gesinn hunn.

De BBF ass mech an d’Klinik besiche komm, si hu mer eng Hand gereecht.

Mam Mariette hunn ech Mobilitéitstraining gemaach­ ech sinn dankbar, dass hatt mir de Bieschbecher Atelier gewisen huet.

Joaquim SAMPAIO ALVES

DEN ATELIER PROTÉGÉ

Mäin Numm ass Joaquim SAMPAIO Alves.

Ech sinn 1973 a Portugal gebuer.

Ech hunn eng degenerativ Aekrankheet, genannt „Retinitis Pigmentosa“ (RP).

Wéi ech am August 2004 mat menger Fra op Lëtzebuerg koum, hunn ech ee bësse méi wéi véier Joer laang bei „Arcelor Mittal“ zu Déifferdeng geschafft. Wéinst der schlechter Prognos vu menger Krankheet, hunn ech am Oktober 2008 meng Aarbecht an dësem Betrib missten opginn.

Den Aarbechtsdokter huet mir bei enger Ënnersichung matgedeelt, datt ech wéinst menger Sehbehënnerung dës Aarbecht net méi kéint maachen.

Ech hat kee festen Aarbechtskontrakt a krut dunn de Chômage.

Ech hunn dunn déi néideg Schrëtt ënnerholl fir de Statut vum „Salarié avec Handicap“ (SSH) ze kréien.

Trotz allem hunn ech am November 2008 eng Wunneng zu Rodange kaaft.

BIESCHBECHER ATELIER 33

Fënnef Méint laang hunn ech iwwerall no Aarbecht gesicht – mee leider ëmsoss.

Wärend enger Consultatioun bei mengem Hausdokter, sinn ech gewuer ginn, datt et en „Atelier Protégé pour Déficients visuels“ zu Miersch gëtt.

Et ass de „Bieschbecher Atelier“ deen zur „Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung“ gehéiert.

Ech hu mech direkt mat dem Här Roger Hoffmann a Verbindung gesat, deen deemools Direkter vun der Fondatioun „Blannevereenegung“ war. Hien huet mech a Verbindung gesat mat der Madame Martine Brochmann, Responsabel vum „Bieschbecher Atelier“.

Eng Woch duerno hunn ech e Stage vun engem Mount ugefaang.

No dësem Stage hunn ech de 27. Abrëll 2009 mäin „CDI“ am „Bieschbecher Atelier“ ënnerschriwwen.

Ech hu bis den 31. Mäerz 2016 an dësem Atelier geschafft.

Ech fannen, dass en „Atelier Protégé” eng gutt Plaz ass wou eng Persoun mat Behënnerung ka schaffen.

Et ass gutt, dass et esou Ariichtunge gëtt.

Ech hunn do eng passend Aarbecht fonnt, trotz menger schwéierer Sehbehënnerung. Et ass ëmmer Aarbecht gi fir mech.

Mat guddem Wëllen an der Ënnerstëtzung vun de Responsabelen, war et méiglech do ze schaffen. Zesummen hu mir probéiert Methoden a Léisungen ze fanne fir all Aufgab ze realiséieren – entweder mat ënnerschiddlecher Beliichtung oder andeems mir verschidde Schablounen aus Holz oder Kartrong fabrizéiert hunn.

Den Atelier Protégé huet mir et och erméiglecht Formatiounen ze maachen an et ass och eng Plaz wou een sech ka virbereeden op en eventuelle berufflechen Asaz um normalen Aarbechtsmaart.

Wärend der ganzer Zäit wou ech am Atelier geschafft hunn, war ech och bei der ADEM (Aarbechtsamt) als „demandeur d’emploi“ ageschriwwen. Ech konnt Lëtzebuergesch léieren an hunn déi lëtzebuergesch Nationalitéit krit.

Ech hat och d’Méiglechkeet meng Kenntnisser an der Bürosaarbecht ze erweideren.

Ech sinn an Informatikscourse gaang an ech hu geléiert mam Computer „blann“ ze schaffen.

Et gi Computerprogrammer déi alles liese wat um Computerschierm gewise gëtt, wéi zum Beispill de Programm „JAWS“.

Den Atelier Protégé war fir mech eng Iwwergangsléisung, dat heescht ech wollt mech u meng Situatioun als Sehbe­

BIESCHBECHER ATELIER 34

hënnerte gewinne fir zréck op den normalen Aarbechtsmaart ze kommen.

Den Atelier Protégé huet Stagen a verschiddenen externe Firmen ugebuede fir et enger Persoun mat Aschränkungen ze erméiglechen nëtzlech Erfarungen ze maache fir op den normalen Aarbechtsmaart ze kommen.

Ech fannen dass leider d’Entreprisen net genuch iwwer Thema vum Salarié mat Handicap informéiert sinn.

Mir Salariés mat Aschränkungen (Handicap) kënnen och an enger Entreprise schaffen.

 Visitt Gemeng Miersch

An elo ass et souwäit.

Ech hunn e „CDI“ ënnerschriwwe beim LTPES (employé de l’Etat).

Well ech net opginn hunn kann ech endlech nees op enger ganz normaler Aarbechtsplaz schaffen.

Dëst wär alles net méiglech gewiescht ouni déi wäertvoll Ënnerstëtzung duerch den Atelier Protégé „Bierschbécher Atelier“ an d’Mataarbecht vum LTPES. Hinnen all e grousse MERCI!

Den 11 September 2019 hate mir déi grouss Éier, déi Mierscher Gemengeresponsabel bei eis am Bieschbecher Atelier op Besuch ze hunn

Den Här Buergermeeschter Michel Malherbe gouf begleed vum 1 Schäffen, dem Här Michel Reiland an dem Gemengesekretär, dem Här Léon Wantz

Wärend enger Visitt an engem ganz interessanten a konstruktive Gespréich, konnten eis Gäscht sech e Bild vun den Aarbechten am Atelier maachen

BIESCHBECHER ATELIER 35
Empfaange goufe si vun enger Delegatioun vun der Blannevereenegung mat un der Spëtzt hirem President, dem Här Paul Ensch

 Personalfeier

Photo de groupe de la Fête du personnel de la FLB du 05 juillet 2019 représentant des membres du Conseil d’Administration, la Direction et les membres du personnel remerciés pour leurs bons et loyaux services depuis de nombreuses années

 D’Fondation ënnerstëtzt sports- a solidaritéits Manifestatiounen

D’Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung huet och erëm dëst Joer um ING Night Marathon deelgeholl

ING Night Marathon

L’équipe de la « Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung » à l’ING Night Marathon 2019

36

 Summerfest 2019

De 4 August war et erëm esou wäit: dat traditionellt Summerfest vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung ass gefeiert ginn

Gutt Iessen, Verkafsstänn, live Musek an eis Pensionnairen hu fir eng gutt an agreabel Stëmmung gesuergt Ewéi all Joer huet d’Perkussiounsgrupp vum Cipa den Inviteeën e gelongenen Optrëtt gebueden Vill Benevoller waren de ganzen Dag am Asaatz fir datt et kéngem vun de ville Leit, di op Besuch waren, un eppes gefeelt huet

De Bieschbecher Atelier huet säi Buttek extra Sonndes opgemaach fir de Leit ze weise wat si alles an hiren Atelier’en produzéieren, op senger Sonnenterrass si verschidde Cocktailer zerwéiert ginn

D’Madamm Girsch-Peffer hat e Verkafsstand mat hire Strécksaachen (Mutzen, Schalen, Ponschoen, Petzien etc…) wou si d’ganzt Joer 2018 dru geschafft huet

FONDATION LËTZEBUERGER BLANNEVEREENEGUNG 37

FONDATION LËTZEBUERGER BLANNEVEREENEGUNG

 19.05. – 25.05.

Vakanz vun der Fondatioun zu Torremolinos

Och dëst Joer si mir zesummen an d’Vakanz geflunn Torremolinos huet eis mat senger wonnerbarer Accessibilitéit iwwerzeegt Mir haten e flotten „all inklusiv“ Hotel wou et eis u näischt gefeelt huet Vun do aus hu mir dräi spuenesch Stied besicht, Granada, Sevilla a Malaga

Tëschenduerch war ëmmer een Dag Fräizäit, wou all Mënsch sech selwer säi Programm mat senger individueller Begleetpersoun zesummegestallt huet

38

 Ausfluch vun der FLB an d’Grottes de Han

Den 10 August si mir, zu 40 Leit, mat engem Bus vu Rolleng op den Domaine des Grottes de Han gefuer Hei si mir, wéi een op der Foto geséit, mat engem Safari-Bus duerch hire Wëld- an DéierePark gefuer En Audioguide huet och deene Leit, déi näischt gesinn, Informatiounen iwwert déi verschidde Bewunner op dësem Tour ginn

Eemol an dësem Bus installéiert, konnt all Mënsch vun deem schéine Wieder, der frëscher Loft an deem wonnerschéine Park profitéieren

Mir hunn zesummen an hirem Pavillon-Restaurant giess, an zum Schluss war nach e bësse Fräizäit fir kënnen déi léif kleng Stiedchen ze besichen

Chargé de direction Berodung, Betreiung a Fräizäit

FONDATION LËTZEBUERGER BLANNEVEREENEGUNG 39

FONDATION LËTZEBUERGER BLANNEVEREENEGUNG

 Presentatioun vun de verschidden Départementer: Service Rééducation

Unser Team besteht aus 6 Kines, 3 Ergos und einer Psychomotorikerin Zu unseren Aufgaben gehört die Aktivierung, Förderung und Unterstützung in den unterschiedlichen Bereichen

Im Keller des A-Gebäudes befindet sich der Reeducations Saal Dort sind Fitnessgeräte zum individuellen Beüben der Mobilität, Fahrradergometer zur Verbesserung der Kondition, sowie Hilfsmittel für Einzel- und Gruppentherapie im Bereich Ergo, Kine und Psychomotorik vorhanden Die Angebote sprechen die Bereiche der motorischen, kognitiven, kreativen und gesellschaftlichen Aktivierungen an

Die Ergos und die Psychomotorikerin bieten einerseits in Einzelsitzung Waschtraining und individuelle Ergoséancen an In der Gruppe wird unter anderem intergenerationell gemeinsam mit den Kindern aus der Maison Relais gekocht, gebacken, gemalt und gebastelt Des Weiteren finden Keramik, Gedächtnistraining, Sitztanz, Feinmotorik, Fitness, Bewegungsstunde, Lesestunde und Rollatortanz in der

40

Gruppe statt Gesellschaftliche Aktivitäten wie z B Männertreff und Chorale, werden ebenfalls unter Betreuung unserer Ergos angeboten Auch bei dem Thema Hilfsmittel wie z B Lupen, Greifzangen, Rollstuhl, Rollator, sowie deren Reparaturen sind unsere Ergos gerne Ansprechpartner

Im Bereich Kinesitherapie werden ebenfalls Gruppentherapien wie z B Sturzprophylaxe, Thai Chi, Bewegungsstunden

im Turnsaal oder auf einzelnen Etagen im Aufenthaltsraum angeboten Individuell werden, auf Ordonnance des Arztes oder durch Unterstützung der Pflegeversicherung, die Bedürfnisse des Bewohners im chirurgischen, orthopädischen und neurologischen Bereich behandelt

Gerne sind wir von montags-freitags von 8.00-16.30 für unsere Bewohner da.

FONDATION LËTZEBUERGER BLANNEVEREENEGUNG 41

News beim Personal

 Mataarbechter an hir Hobby’en

Geoffrey BRICE | Responsable des achats

Un homme sans passion est un roi sans sujet

Bonjour à toutes et à tous,

Je m’appelle Geoffrey Brice, j’ai 48 ans, je suis originaire d’Athus en Belgique Depuis le 1er septembre je suis le nouveau responsable achats et service hygiène au sein de la Fondation

Je tiens à vous remercier pour votre accueil

Par cette rubrique, je vais vous projeter dans le passé, pour vous faire découvrir ma passion depuis près de 40 ans, mon hobby: c’est la restauration de vieilles mécaniques, motos et voitures, qui ont marqué le début du vingtième siècle

42

Je vais vous en parler…

« Tout a débuté lorsque j’étais adolescent, à l’école J’avais un professeur qui venait tous les jours aux cours avec une vieille moto des années 20, pétante et rugissante, une merveille!

Je me suis dit, qu’un jour, j’en aurai une comme ça »

« Avec mes premières économies de jobs étudiants, j’ai pu m’offrir ma première moto que j’ai, avec l’aide d’un ami, entièrement restaurée C’était une petite machine qui m’a néanmoins permis, grâce à sa revente, de m’offrir une machine plus grosse…et ainsi de suite… »

« J’ai donc restauré, depuis près de 30 ans, près de 30 engins (motos et voitures)

Un long travail de recherche de pièces sur internet, sur des brocantes ou bourses fut nécessaire au reconditionnement de chaque machine, le tout représentant parfois plusieurs années de labeur »

« Toutes les réalisations sont roulantes et participent à des rassemblements de véhicules anciens Je participe également à des manifestations caritatives, telle que le Télévie Malheureusement, par manque de temps, il ne m’est pas possible d’en profiter régulièrement

Le plus intéressant dans ce hobby, hormis la beauté de la mécanique, c’est le fait que l’on sait toujours, avec ces engins, quand on part…mais jamais quand on revient !!! »

« C’est ce qui en fait tout le charme »

NEWS BEIM PERSONAL 43

 Gléckwënsch a Gesondheet

› Puppelcher

RIBEIRO MARTINS Pedro ass Papp gi vum

ALYCIA, gebuer den 29.05.2019

NUNES LOPES Andreia ass Mamm gi vum

LUCA ELIANO, gebuer den 18.06.2019

HILGERT Isabell ass Mamm gi vum ENNIE, gebuer den 12.07.2019

SPEYER Tessy ass Mamm gi vum CHLOÉ, gebuer den 01.08.2019

WILLMES Nadine ass Mamm gi vum EMMA, gebuer den 14.09.2019

 Nei Mataarbechter

BORGES CORREIA

Luzia

Aide-ménagère

02 05 2019

Botzequipe

FORTES CRUZ

Maria da Gloria

Aide-ménagère

15 07 2019

Botzequipe

BRICE Geoffrey

Responsable des achats

01 09 2019

Administratioun

LORENTZ Diane ass Mamm gi vum CHLOÉ, gebuer den 20.09.2019

MEYER Carole ass Mamm gi vum MATTEO gebuer den 24.10.2019

› Mataarbechter dei an d’Pensioun gaange sin

MARX Christian

THEIS-GRUTZMACHER Monique

LEONARDO BESSA

Helena Maria

Aide-ménagère

01 06 2019

Botzequipe

EILENBECKER

Cheryl

Infirmière

01 08 2019

Infirmerie A3

ARENDT Jean-Luc

Cuisinier

01 10 2019

Kichen

NEWS BEIM PERSONAL 44

Artikele vun de Pensionnairen

 Tai-Chi am CIPA Blannenheem

All Mëttwoch, géint 14 Auer, ginn mir an den Thai-Chi, deen an eisem groussen Turnsall am Keller gehale gëtt

No esou laanger Zäit, wou ech dobäi sinn, ass et vir mech zu enger Traditioun ginn, di vun eisem Christian aus dem B-Gebai agefouert gouf

Eist Ziel ass et méi fit ze bleiwen an eis Gesondheet ze fërderen

Et ass ëmmer schéin an et fillt een sech ëmmer richteg wuel an där berouegender Ambiance

Den Thai-Chi gëtt elo vun eisem léiwe Personal vun der Ergo/ Kiné an dem Claudine aus dem B-Gebai gehalen Si maachen ëmmer hiert Bescht fir dass eis al Schanken net esou séier raschten, wat mir och gutt hi kréien

Sou hoffe mir, dass et nach laang esou viru geet a mir ëmmer zu eiser ënnerer Rou fannen

Mir sinn ëmmer frou, di positiv Energie ze spieren a richteg ze erliewen, déi eenzel Beweegungen an Otemtechniken ze maachen, well een sech duerno richteg wuel a gutt spiert

Wann den Thai-Chi zum Enn zou geet, solle mir ëmmer eis nei Energie déif anootmen, esou dass mir fit a mat neier Energie den Thai-Chi ofschléisse kënnen

Ech kann nëmme soen, dass et mir ëmmer Freed mécht beim ThaiChi matzemaachen an ech hoffen, dass et nach vill Joren esou weider geet

45
Victorine GRISIUS-WEIS

 Chorale DoReMI Blannenheem

D’Chorale DoReMi Blannenheem besteet elo zwee Joer Fir dat ze feieren hu mir de 14 September ee Concert gesongen

Virum Concert hate mir eis am „Aquarium“ zesummefonnt, fir eis op de Concert an ze stëmmen Bei dëser Geleeënheet sinn mir schéin iwwerascht ginn mat der Iwwerreechung vun engem schéine „Foulard“, dee mir als Cadeau fir eisen zweeten Anniversaire vun der Direktioun geschenkt krit hunn, an dee mir selbstverständlich wärend dem Concert houfreg gedroen hunn Durch dëse léiwe Gest vun der Direktioun, hu mir bewise krit, dat d’Chorale DoReMi Blannenheem mëtlerweil ee feste Bestanddeel vum Blannenheem ginn ass, wouriwwer mir natierlech ganz frou sinn

Den Här Direkter Grün war selwer um Concert präsent, wat vun eise Memberen ganz positiv opgeholl ginn ass Als Éieregäscht haten sech Memberen vum Mierscher Gemengeconseil, vum Verwaltungsrot vum Blannenheem, an och den Här Professer Trausch aus dem Educatiounsministère afonnt, wat fir eis natierlech eng Satisfaktioun war

Miersch TV war och präsent, an huet verschidden Deeler vum Concert gefilmt an och e puer Interviewen gemaach

ARTIKELE VUN DE PENSIONNAIREN 46
Raymond BRAUN

Um Programm vum Concert stoungen Lëtzebuergesch an Däitsch Vollekslidder an als Neierung ee Potpurri vun ale Schlager Fir d’éischte Kéier hu mir ofwiesselnd mat Gittar- an Pianosbegleedung gesongen

Verschidden Memberen vun der Chorale hunn tëschent de Lidder schéin Gedichter an Texter virgedroen, déi zum Nodenken an awer och zum Schmunzelen gefuert hunn

Duerch dee groussen Applaus vun deene villen Nolauschterer déi am Festsall waren, koumen mir net derlaanscht fir nach eng Zugab ze sangen

Dat beweist eis, datt de Concert de Leit am allgemengen gutt gefall huet

Duerch dëse Concert hu mir erëm eng Kéier bewisen, dat den Alter keng Grenze kennt, an dat mir alleguer vill Freed a Spaass um Sangen hunn

ARTIKELE VUN DE PENSIONNAIREN 47
47, rue de Luxembourg | L-7540 ROLLINGEN  32 90 31-300  32 91 81  info@flb lu  www flb lu

Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.