TOTO Carnet de voyage

Page 20

EN DAG MAM TOTO An de Schoulhäff an op den Duerf- a Stadplazen ass et moies meeschtens roueg. „Si wäerte mech jo net vergiess hunn!“, denkt den TOTO heiansdo, mee scho kommen d’Kanner ëm den Eck! „Oh kuck wéi cool!“ „Ech wëll BMX fueren!“ „Dierfe mir op d’Rampen?“ „Kann een och molen?“ „A sangen?“. D’Freed ass net ze bremsen. Gespaant kucken d’Kanner sech alles un a waarden erwaardungsvoll drop kënne lass ze leeën, well si wëssen: Dee faarwege Bus, deen ass fir si komm. Déi ganz Plaz gehéiert fir ee Moment hinnen. Fir d’alleréischt ginn d’Kanner mam TOTO bekannt gemaach an de Bijan, d’Sophie oder d’Silke erziele kuerz firwat den TOTO dann haut komm ass: Fir hinnen nei Saachen ze weisen, déi si kënnen ­entdecken, mee och fir hinnen ­nozelauschtere wa si eppes erziele wëllen. Komplizéiert Reegele ginn et der wéineg: Hei maachen d’Kanner wéi a wat si wëllen, si kënnen alles probéieren, mee och nokucken ass erlaabt.

16

Et dauert net laang, do ass jiddwereen op seng Aktivitéit konzentréiert, spréngt a séngt wéi e sech fillt, just déi faarweg Maske verroden nach eppes vun der Coronakris. D’Kreativitéit déi an der Loft läit fierft sech och op den TOTO of, wuertwiertlech: Am Graffiti­ atelier kënnen déi jonk Kënschtler a Kënschtlerinne sech och um Bus selwer üben. Esou kritt den TOTO an all Stad e bësse méi Faarf!


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.
TOTO Carnet de voyage by UP_FOUNDATION - Issuu