1 minute read

En Dag mam TOTO

Next Article
Perspectives

Perspectives

An de Schoulhäff an op den Duerf- a Stadplazen ass et moies meeschtens roueg. „Si wäerte mech jo net vergiess hunn!“, denkt den TOTO heiansdo, mee scho kommen d’Kanner ëm den Eck! „Oh kuck wéi cool!“ „Ech wëll BMX fueren!“ „Dierfe mir op d’Rampen?“ „Kann een och molen?“ „A sangen?“. D’Freed ass net ze bremsen. Gespaant kucken d’Kanner sech alles un a waarden erwaardungsvoll drop kënne lass ze leeën, well si wëssen: Dee faarwege Bus, deen ass fir si komm. Déi ganz Plaz gehéiert fir ee Moment hinnen. Fir d’alleréischt ginn d’Kanner mam TOTO bekannt gemaach an de Bijan, d’Sophie oder d’Silke erziele kuerz firwat den TOTO dann haut komm ass: Fir hinnen nei Saachen ze weisen, déi si kënnen entdecken, mee och fir hinnen nozelauschtere wa si eppes erziele wëllen. Komplizéiert Reegele ginn et der wéineg: Hei maachen d’Kanner wéi a wat si wëllen, si kënnen alles probéieren, mee och nokucken ass erlaabt.

© Ville de Grevenmacher

Et dauert net laang, do ass jiddwereen op seng Aktivitéit konzentréiert, spréngt a séngt wéi e sech fillt, just déi faarweg Maske verroden nach eppes vun der Coronakris. D’Kreativitéit déi an der Loft läit fierft sech och op den TOTO of, wuertwiertlech: Am Graffitiatelier kënnen déi jonk Kënschtler a Kënschtlerinne sech och um Bus selwer üben. Esou kritt den TOTO an all Stad e bësse méi Faarf!

Wann een d’Kanner freet, wéi déi Zäit dann esou fir si war, ginn d’Meenungen auserneen. Et gëtt iwwerluecht, mee d’Äntwerte sinn zimmlech eendeiteg: Fir déi eng war et eng flott Zäit, déi aner halen se éischter a schlechter Erënnerung.

D’Zäit mam TOTO verflitt ëmmer ganz schnell, an da kommen d’Froen: „Wéini kënnt den TOTO rëm?“ „Ass den TOTO muer och nach do?“ „Kommt dir och dat nächst Joer?“ „Kënnt dir dat méi oft maachen?“. Et ass dann ëmmer traureg fir anzepaken, an den TOTO deet sech och alt schwéier fir unzesprangen a virunzefueren, mee hie weess: Muer waarden nees aner Kanner op hien!

This article is from: