5 minute read

Team & Artists

Next Article
TOTOs Geschichte

TOTOs Geschichte

TOTOS TEAM

BIJAN KESSELER

Ech hunn dëse Projet mat koordinéiert a BMX Workshops gehalen. Fir mech ass Bildung vill méi wéi nëmmen d’Schoul. Bildung soll all Kand eenzel stäerken a valoriséieren, well jiddereen huet ënnerschiddlech Stäerkten a Schwächten. D’Kanner solle léieren, dës ze erkennen an op hir Stäerkten opzebauen. BMX – an am méi largë Sënn Beweegung – hëlleft heibäi, well vill Kanner fannen hei hir Stäerkten.

SOPHIE LAMMAR

Beim TOTO Bus Tour 2020 hunn ech als Team-Member vun der UP_FOUNDATION bei der Koordinatioun vum Projet gehollef an hunn och selwer mat de Kanner gemoolt an zesummen iwwerluecht wéi si d’Quarantaine erlieft hunn a wéi si sech dobäi gefillt hunn. Ech setze mech bei der UP_FOUNDATION fir Bildung a well, och wa mir zu Lëtzebuerg alleguer an d’Schoul kënne goen, hu mir net déi selwecht Chancen. All Kand ass anescht an huet aner Besoinen.

SILKE ADAMS

Den TOTO ass mäin 1. Projet als Team-Member vun der UP_FOUNDATION. Ech hu bei der Koordinatioun matgeschafft, awer och selwer Workshoppen ugebueden. Mir geet et bei der Bildung virun allem ëm de sozialen Ausgläich, ëm eng Chancëgerechtegkeet fir all Kand a Jonken. An dat geet net ouni ëmzedenken an ze handelen; a genau dat maache mir bei der UP_FOUNDATION.

IVAN LABALESTRA

Ech studéiere Media Art & Design zu Saarbrécken op der Hochschule für Bildende Künste. Meng Roll beim TOTO Bus Tour 2020 war et, all Etappe mat Videoen a Fotoen ze dokumentéieren. Ech gesi mech indirekt als Deel vun der Bildung. Andeems ech d’Kanner interviewe, ginn ech hinnen eng Méiglechkeet, fir hir Meenung ze soen, wat och aner Kanner motivéiert, hir Gefiller auszedrécken.

©Ville de Grevenmacher

TOTOS ARTISTS

DINA HEIN-HARTMANN

I held skate workshops that aimed at introducing beginners to skateboarding while also challenging them with fun basic tricks. I want to show kids that they’re often far more capable than they think and help them to build confidence in their own physical and mental abilities. I believe that elements of play, self-expression, exploration, and connection are crucial for the development of a healthy sense of self and maybe even the discovery of one’s purpose.

FLUIT DAVID GALASSI

Je suis un rappeur/musicien né dans le bassin minier du pays et j’ai fait mes débuts dans le monde musical en 2003. Je suis co-fondateur du groupe de rap luxembourgeois „de Läb“ et j’anime divers projets socio-pédagogiques pour initier les jeunes à l’art du rap et aux compétences musicales de base. Pour moi, l’éducation est synonyme de partage et doit viser à aider les autres à découvrir et vivre leur passion.

MAKA MC HELDER FERREIRA

Ech ginn och Maka MC genannt, sinn Educateur a maache Rap/ Hip Hop op Lëtzebuergesch. Beim TOTO Bus Tour 2020 hunn ech zesumme mat de Kanner Rap-Texter geschriwwen an Hip HopWorkshops gemaach. Mam Rap/Hip Hop kënne sech d‘Kanner identifizéieren. Iwwert dëse Wee kënne Wäerter vermëttelt ginn an déi Jonk kënnen hiert Selbstwäertgefill stäerken an hir Kommunikatioun matenee verbesseren. Alles dëst si wichteg Aspekter vun der Bildung.

MARTHE VIEHMANN

Ich bin Illustratorin und Comic Zeichnerin und habe Workshops zum Thema Zeichnen, sequentielles Erzählen sowie Hefte machen gegeben. Es ist wichtig unterschiedliche Ausdrucksmöglichkeiten zu haben. Im Hefte machen und Zeichnen kann man seiner Fantasie, sowie seinem Alltag noch einmal anders begegnen und diese festhalten.

MAZ THOMAS FABER

My name is Maz and I’m a rapper from Luxembourg. During the TOTO Bus Tour 2020, I held a rap/music workshop that aimed at giving kids a quick introduction to the art of rap and to basic musical skills such as understanding rhythm. The US are at the forefront of a hip-hop based education and I would love for this progressive educational method to take roots in Luxembourg as well.

NORAH NOUSH NORA HOFFMANN

Ech sinn Dänzerin a Psychomotricienne an hu beim TOTO Bus Tour 2020 Hip Hop Workshoppen ugebueden. Vun deene villen Danzstiler, déi ech geléiert hunn, ass den Hip Hop mir dee léifsten. Mir ass et wichteg, mäi Wëssen ze deelen an een Ëmfeld ze schafen, wou net jugéiert, mee encouragéiert gëtt. Andeems d’Freed u Beweegung vermëttelt gëtt, kann e gutt Kierpergefill geschaaft an d‘Kreativitéit vun de Participante gestäerkt ginn.

PAULE LEMMER

Ech si fräischaffend Molerin an ech hu beim TOTO Bus Tour 2020 ee Konschtatelier mat de Kanner gemaach. Hei konnten si hire Raum gestalten oder hire Liblingsplanéit duerstellen. Kreativitéit ass fir mech wichteg, well d’Kanner sech esou multikulturell entfale kënnen. Kreativitéit mécht och dass Kanner mat verschiddenem Background zesummefannen an eng empathesch Relatioun zoueneen opbauen.

SASCHA DI GIAMBATTISTA

Ich bin Grafikdesigner, Illustrator und Künstler und arbeite unter anderem mit Sprühfarbe. Im Graffiti-Workshop konnten die Kinder lernen Sprühdosen zu benutzen, um danach eigene Bilder zu malen oder mit Graffiti-Stiften auf leere Dosen zu malen. Ich versuche Kindern beizubringen, dass sie oft mehr können als sie denken und sie schöne Kunstwerke anhand von einfachen Techniken und Upcycling gestalten können.

SVEN FIELITZ

Ech hu Workshops fir FreestyleFootball gehale wou déi Jonk geléiert hu wat FreestyleFootball ass. Am prakteschen Deel konnte si dunn och selwer ausprobéieren, wéi et ass fir sech mam Ball an duerch Beweegung kënnen auszedrécken. Fir mech hu FreestyleSportaarten eng essentiell Plaz an der Bildung, well ee léiert Emotiounen auszedrécken, säin eegene Style ze fannen an esou och seng Individualitéit ze stäerken.

This article is from: