DEN DEPPEKUEDER - d'Kachbuch vun de FNEL Scouten

Page 42

RATATOUILLE

COURGETTE AM SCHÄFFCHEN 60+30 =90

2 giel Paprika 2 rout Paprika 500 g Tomaten 250 g Ënnen 3 Zéiwe Knuewelek 250 g Courgette 250 g Aubergine 2 Straiss Rosmarin 4 Straiss Thymian 100 ml Olivenueleg Salz, Peffer

Geméis

10+10 =20

• De Grill vum Uewen op 180 °C virhëtzen, déi 4 Paprika wäschen an an zwee schneiden. D’Kären an dat Wäisst bannen eraushuelen. • Op e Blech leeën a fir 10 Min. grillen, mat der Haut no uewen. Déi kann och emol schwaarz ginn. Mir maachen dat, fir d’Schuel erofzekréien, déi ass schwéier ze verdauen; et muss een dovunner vill räpsen. • D’Tomate wëlle mir och ouni Schuel, dofir soll een e Kräiz an d’Tomat ritzen, am beschten ënne vun der Tomat. Dann d’Tomate fir 20 bis 30 Sekonnen a kache Waasser tauchen. Dat nennt ee blanchéieren. Direkt duerno mat äiskalem Waasser ofschrecken. Tomate schielen, a 4 schneiden an d’Käre bannen och eraushuelen. • D’Ënnen an de Knuewelek schielen an a Scheiwe vu 5 mm schneiden. D’Courgette an d’Aubergine wäschen an a Wierfele vun 3 cm schneiden. • Rosmarin an Thymian wäschen a kleng haken. • D’Haut vun de Paprika schielen. A Wierfele vun 3 cm schneiden. • Mat 30 ml Ueleg an enger Pan d’Courgetten ubroden, 4 bis 5 Min., salzen a pefferen, dann eraushuelen. Dat nämmlecht mat den Auberginne maachen. • An der Pan Ënne mam Knuewelek ubroden, 3 bis 5 Min., mam Rescht vum Ueleg. • Duerno alles zesummen an d’Pan maachen an zougedeckt 15 Min. lues goe loossen.

4 Courgetten 4 ZL Ueleg gerappte Parmesan Peffer Salz

• D’Courgettë wäschen an an dënn Scheiwe schneiden. An enger feierfester Form Ueleg verdeelen an dono d’Courgettëscheiwen dra verdeelen. Se kënne roueg e bëssen iwwereneeleien. Dono nach e bëssen Ueleg driwwer verdeelen. Mat Peffer a Salz wierzen. • De Schäffchen op Grill astellen an d’Schossel op héijer Positioun an de Schäffche setzen. Wann d’Courgetten e bësse brong sinn, de Parmesan driwwer verdeelen. Dono nach e bëssen an de Schäffche setzen, bis de Parmesan geschmolt an e bësse brong ass. Tipp:

Passt gutt bei de Saumon.

40


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.