
1 minute read
FËSCH
Fësch Fesch
PANÉIERTE FËSCH
Advertisement
10+10 =20
6 Fëschfilet (am Ganzen 1200 g) feste wäisse Fësch (Pangasius) 9 ZL Miel 9 ZL Panéiermiel 3 Eeër Fett fir ze broden Salz, Peffer, Zitroun • Fëschfileten an 2 schneiden, mat Salz a Peffer wierzen, e bëssen Zitroun dropmaachen. • Am Miel dréinen, dann an dat opgeklapptent
Ee an dann am Panéiermiel dréien, ier een de
Filet an dem waarme Fett lues bréit, bis e gutt krupseg ass.
QUICHE AU SAUMON
10+40 =50
125 g Gruyère, gerappt 3 Eeër 20 cl Ram 150 g Saumon fumé 1 Deeg „fond de tarte brisée“ • Deeg an eng Bakform maachen. • An enger Schossel d’Eeër verréieren. • Mat Salz, Peffer a Muskotnoss wierzen. • Ram a Kéis dobäimaachen. • Saumon a Sträife schneiden. • Saumon op den Deeg leeën. • Kéismëschung dropschëdden. • Bei 180 °C am Uewe goe loossen.
SAUMON AM SCHÄFFCHE
10+10 =20
1200 g Saumon Ueleg Zitroun Dëll, frësch oder gedréchent Peffer Salz
Hollandaise-Zooss fir bei de Saumon: 4 Eegiel 150 g Botter 125 ml Schlagsan Zitroun Peffer Salz • E Blech aus dem Uewe mat Aluminium ausleeën. • En Deel vum Ueleg um
Aluminium verdeelen an de Saumon dropleeën. • De Saumon mat Peffer a Salz wierzen. • Dat Ganzt 20 Min. bei 180 °C an de Schäffche setzen. No 10 Min. den Dëll op dem Saumon verdeelen. • De Saumon mat der Zitroun zerwéieren.
• E Bain-Marie maachen. D’Waasser däerf net kache, soss stackt d’Ee an da funktionéiert et net. • D’Eegiel mat der Zitroun schaumeg schloen. • Mat Peffer a Salz wierzen. • Schlagsan klappen an drënnermëschen. • Bei de Saumon passe gutt Räis a Courgetten aus dem Schäffchen.