2 minute read

GEMÉIS

Next Article
FLEESCH

FLEESCH

PÂTE BRISÉE

300 g Miel 150 g Botter ½ TL Salz 8 cl wootlech Mëllech

Advertisement

Fir e séissen Deeg: 3 TL Zocker • De Botter muss mëll sinn. • Miel, Salz oder Zocker an eng Schossel ginn. • De Botter dobäimaachen a mat de frësch gewäschene Fanger zu Deeg knieden. • Lues a lues Mëllech dobäimaachen, et brauch ee just ganz e bësse Mëllech, fir dass et eng

Bull Deeg gëtt. • Den Deeg op Bakpabeier ausrullen. • NET an de Frigo! • Deeg fir eng Quiche oder Uebsttaart.

Geméis Gemeis

GRÉNG BOUNEN

15+20 =35

750 g gréng Bounen, frësch oder déifgefruer 100 g Speck 45 g Botter 1 TL Salz Peffer Ueleg fir unzebroden • Frësch Boune musse gebotzt ginn a 5-7 Min. a Salzwaasser ugekacht ginn. • Gefruere Boune ginn esou gekacht, wéi et op der Packung steet. • De Speck a Wierfele schneiden. Den Ueleg mam Botter an d’Pan maachen an de Speck an der Pan kross • ubroden. D’Bounen an de Speck ginn dann zesummen an en Dëppe gemaach. Pefferen a bei klenger Hëtzt 10-20 Min. goe loossen, bis dass se duerch sinn.

IERBESSEN A WUERZELEN

20+10 =30

1 kg Ierbessen a Wuerzele gemëscht Botter 2-3 Schalotten Speckgréiwen Salz • Ierbesse schielen. • Wuerzele wäschen an a kleng Stécker schneiden. • Salzwaasser un d’Kache bréngen. • Ierbessen a Wuerzelen am kache • Waasser +/- 10 Min. kache loossen. • Botter an enger Kasseroll schmëlzen an d’Schalotten dran undënsten. • Dann d’Speckgréiwen dobäimaachen.

Si dierfen net schwaarz an haart ginn. • Ierbessen a Wuerzelen ofschëdden an an d’Kasseroll ginn. • Réieren an zerwéieren.

GEMÉIS AM SCHÄFFCHEN

20+30 =50

1000 g Gromperen 1000 g Paprika, giel a rout 600 g Champignonen 450 g Cocktailtomaten oder anerer 800 g Courgette 600 g Aubergine 6 Schalotten 6 Zéiwe Knuewelek 1 Chilischot oder Chilipolver 100 ml Olivenueleg Salz, Peffer Herbes de Provence Nach aner Gewierzer, jee no Goût ev. 300 g Feta oder anere Kéis • Grompere schielen an a Stécker schneiden. • Eng Pan mat zimlech vill

Olivenueleg hëtzen an d’Gromperen dodran ubroden. • De Paprika schneiden an derbäiginn, mat de Kraider wierzen an alles duercherneeréieren. • An eng grouss feierfest Form schëdden. • Tomaten, Champignonen, Schalotten (an eventuell de Kéis) duerchschneiden,

Knuewelek nëmme schielen an alles bei d’Gromperen an de Paprika an d’Form ginn. • Mat Salz, Peffer an dem Rescht Gewierzer ofschmaachen a fir eng gutt hallef Stonn an de Schäffche bei 200 °C setzen. Heiansdo ëmréieren.

This article is from: