DeScout No 599 - Juni 2024

Page 1

DeScout

104. Joergang • 04/2024 n°599

Dans un environnement économique et financier de plus en plus complexe, prendre les bonnes décisions pour gérer votre patrimoine ne s’improvise pas. Depuis plus de 100 ans, nos experts vous accompagnent dans la préservation, la valorisation et la transmission de votre patrimoine.

www.banquedeluxembourg.com/investir

Banque de Luxembourg, société anonyme –14, boulevard Royal –L-2449 Luxembourg –R.C.S. B5310
L’AVENIR ÉCONOMIQUE EST INCERTAIN. NOTRE EXPERTISE NE L’EST PAS.

Den Iwwerbléck

05. den Edito

06. › 09. de Grupp

Scouten/Guiden Les Peaux-rouges

10. d Story

The magic of KISC

12. › 15. den International

16. › 19. de Fotoalbum

21. › 25. de Misärshaff

Le Misäershaff avant la FNEL

26. in Memoriam

Arno Mayer

28. d ONGD-FNEL

30. de Merci

DenImpressum

deSCOUT n°599 Périodique officiel de la FNEL

Éditeur : FNEL Scouten a Guiden 61, rue de -Trèves L-2630 Luxembourg

Rédaction : Pierre Matagne, Claudine Scheeck, ONGD-FNEL, Comité de direction, Fondation AGGL-FNEL

Mise en page : Claudine Scheeck

Photos : Philippe Dauphin, Archives FNEL, Hong Kiu Choi, pixabay.com

Impression : Imprimerie Centrale

Nombre d’exemplaires : 4500

Vous pouvez soutenir le scoutisme laïque au Luxembourg par un don en faveur de la Fondation AGGL FNEL CCPL LU85 1111 0000 4343 0000

Tous ces dons sont fiscalement déductibles.

3
arendt.com/careers bring value, get value, be valued

denEdito

Wëllkomm bei dëser neier Editioun vum deScout vun der FNEL! Pünktlech fir d’Sonnestrale vum Fréijoer hu mer eis geduecht géinge mer dir en Abléck an e klengen Deel vum Historique ronderëm d’FNEL ginn: de grousse Gebuertsdag vun eisen Diddelenger Kolleege vum Roudebierg bäi de Peaux-Rouges, d’Nofuerschen an déi déifste Geschicht vum Misärshaff fir endlech rauszefanne wou deen Numm eigentlech hierkënnt an dann nach d’Profil vun engem weltbekannten FNEL’ist, dee leider net méi ënnert eis ass.

Doriwwer eraus war d’FNEL ganz vill ënnerwee an der aktueller Weltgeschicht, sief dat an offizieller Missioun op Konferenzen oder duerch ganz perséinlech Erfarunge, wéi déi vun engem Pinky an der Schwäiz zu Kandersteg.

Duerch déi 2 Haaptpunkten, hu mer fonnt, kann een d’Gréisst vum Scoutismus gutt erëmspigelen: déi laang Geschicht op déi mer houfreg kënnen zeréckblécken an déi international Verbonnenheet vun deem Mouvement

wat eis alleguer sou um Häerz läit, déi eis nach haut weist wéi flott et ass a wéi vill ee kann erreeche wann een zesummen un engem Strang zitt a sech fir déi richteg Valeur’en asetzt!

Wee weess op wat mer a 50, 100, 200 Joer wäerten houfreg zeréckblécken? A ween an Zukunft d’FNEL international vertrëtt, dee lo villäicht des Zeitung am Grapp huet? Vläit och op der éischter Galaktescher Scoutskonferenz op der ISS?(der interstellarer Scout Station natierlech, wat soss?) Wéi da wuel de JOTA-JOTI wäert ausgesinn? Sinn d’T-Shirten zu Kandersteg dann nach ëmmer pink?

Lo awer zréck op d’Äerd an déi haiteg Zäit: Ech wënschen dir vill Spaass beim Liesen an Entdecke vun dëser Zeitung! … mee hal net op mat Dreeme léiwe Scout!

Lénks Patt,

Steno émotif

Philippe Berscheid

5

deGrupp

Scouten/Guiden

"LES PEAUX-ROUGES" FNEL Diddeleng 1913-2023

Den 21. November 1913 gouf zou

Diddeleng de Boy-Scout Korps

Düdelingen an d’Liewen geruff, dëst mat Hëllef vum Volksbildungs-Verein

Düdelingen.

Historique

Dësen huet sech ëm d’Joer 1916 an Éclaireurs de Dudelange ëmbenannt an huet mat 9 anere Gruppen, am Café du Commerce op der Place d’armes, d’FNEL gegrënnt.

Déi éischt Cheffe woren d’Hären Zacher a Grasser (däitsch Ingenieuren vun der ARBED), den éischte Chef de Grupp wor de Josy Wengler.

Ufank den zwanzeger Joeren, mir hu kee genauen Datum, mee et muss op alle Fall virun 1923 gewiescht sinn, gouf dunn den Numm a Boy-Scouts PeauxRouges geännert, no e puer aner Dénominatiounen, déi en cours de route genotzt goufen, wou den Numm hierkënnt ass net ganz kloer, et huet eventuell mat der Faarf vum MinetteBuedem ze dinn. Vill Gruppe vun der FNEL hu sech em déi Joeren méi phantasievoll, aventuriéis a flott Nimm ginn. Déi eng goufe Léiwen, déi aner Trapper, Tigeren,

Däiwelen an zu Diddeleng ass sécher déi Zäit op deen nach ville Leit onbekannte Kontinent Amerika gekuckt ginn. Et war eng positiv Entwécklung an där de Scoutsgeescht an der Aventure verankert gouf.

Am Joer 1920 organiséiren d’Peaux-Rouges (déi sech dunn nach net esou genannt hunn) déi éischte Kéier de Pow-Wow zu Diddeleng an zwar Op der Haard an huele mat enger Delegatioun um 1. Jamboree zu London deel.

1922 grënnen d’Peaux-Rouges (déi dunn den neien Numm schonn haten, wouhier en och ëmmer kënnt ...) als zweete Grupp vun der FNEL eng WëllefcherMeute zu Lëtzebuerg.

6

Am Joer 1923 kréien se hiren éischte Fändel, Giedel vun dësem gouf d’Schnucky (Andrée)

Mayrisch, eenzeg Duechter vum Emile Mayrisch, déi och ÉiereKapitän genannt gouf (haut géif ee soen Éiere-Gruppechef).

D’Peaux-Rouges organiséiren eng zweete Kéier de Pow-Wow 1926 zu Diddeleng an zwar dës Kéier um Stade’s Terrain.

Am Joer 1931 gouf de René Goorix Gruppechef genannt als Nofolger vum Leo Stoffel a vum Paul Marx, déi hirersäits nom Léopold Bian an nom Hary Kill ugetruede sinn.

Den 20te Gebuertsdag ass 1933 mat der Organisatioun vum 17te Pow-Wow vun der FNEL zu Diddeleng, nach eng Kéier um Stade’s Terrain

Am Joer 1940 verbidden d’Nazi-Okkupanten all ScoutsAktivitéiten zu Lëtzebuerg an et dauert bis Hierscht 1944 bis de Grupp sech no deene battere Krichsjoeren erëm zesumme fënnt.

Am Joer 1946 kréien de François Diederich an de Raymond Thévenin als éischt Peaux-Rouges

de Woodbadge iwwerreecht. 1947 huelen d’Peaux-Rouges zesumme mam FNEL-Kontingent um Jamboree de la Paix - deen déi aal Scouten als Witz ëmmer den Jamboree de la poussière genannt hunn - zu Moisson a Frankräich deel.

No 27 Joer um Poste vum Gruppechef iwwerreecht de René Goorix d’Verantwortung vum Scoutsgrupp 1958 un den Jeia Berg, deen 1959 awer leider bei engem schwéieren Auto-Accident em d’Liewen kënnt. No him kënnt dunn de Jos. Gilson an de fofzegsten Gebuertsdag gëtt 1963 gefeiert. Chef de Groupe vun 1966 un ass den Ben. Garnie, hie bleift dëst bis 1989.

Um Terrain vun der Nuddelsfabrik, deen der ARBED gehéiert, muss de Grupp öfters säin Home hin an hier plënneren an eng vun den traurege Konsequenzen dovunner ass dass d’Scoutsliewen ewéi eng Käerz, bei de PeauxRouges, ufänkt auszegoen. Am Joer 1982 ass de Gruppechef deen eenzegen nach aktiven Member an de Comité besteet nach just

aus e puer treien ale Cheffen a Memberen, déi awer fest zesummen halen.

1984 probéiert, um Rand vum Ënnergang vum Grupp awer wierklech op de lëschte Stëppel, eng nei Équipe ronderëm de Leo Eiffes zesumme mam Ben. Garnie den Neiufank a géint all Erwaardunge geléngt dësen ... an et ass bal kengem opgefall, féiert de Grupp gläichzäiteg d’Mixitéit vu Jongen a Meedercher an.

Den nei erstane Grupp plënnert 1984 direkt vun der Nuddelsfabrik an den Dépôt Eiffes op Biréng fir duerno nach eng Kéier ze wiesselen an 1986 sech fir 23 Joer an der Butschebuerger Schoul ze etabléieren.

Den éischten Auslandscamp an der Neizäit wor dunn am Summer 1988 zu Dorking (GB) ënnert der Leedung vum Guy Schubert, deen ab 1989 neie Gruppechef ass. Mat vill Erfolleg maachen d’Peaux-Rouges am Joer 1990 als drëtte Grupp zou Lëtzebuerg eng Beaver-Colonie op, déi haut nach prächteg gutt leeft !

7
> 1920-1930 Cuisine scouteau lieu-dit Weich > 11 juillet 1920 Excursion à Mondorf les Bains

Fir den 80ten Gebuertsdag organiséiren d’Peaux-Rouges 1993 de Pow-Wow vun der FNEL zu Diddeleng Am Frankelach.

En vue vum Bau vun engem eegene Scoutshome wandelt d’Generalversammlung am Joer 1996 de Grupp an eng a.s.b.l. ëm.

Am Joer 2000 geet de Posten vum Chef de Groupe, vum Guy Schubert, déi éischte Kéier an der Geschicht vun de Peaux-Rouges an d’Hänn vun enger Fra, an der Persoun vum Michèle Detail.

Am Laf vun der Zäit bleift de Grupp modern an installéiert sech eng eegen Homepage www.lespeauxrouges.lu a mécht Säiten op de sozialen Netzwierker op, en plus kënnt eng intern Gruppenzeitung, den Indianer, eraus, déi awer herno erëm agestallt gëtt well d’Informatiounen un d’Memberen ab 2019 per Mail eraus ginn an domadder den Zäitalter vum paperless agelaut gouf.

Den 90te Gebuertsdag gëtt 2003, mat der Organisatioun vum Pow-Wow zu Diddeleng Um Giinzebierg, gefeiert. Op dësem Pow-Wow kritt de Guy Schubert als drëtte vun de Peaux-Rouges de Brevet vum Woodbage iwwerreecht.

D’Feierlechkeete vun dësem Gebuertsdag ginn 2004 mat der Presentatioun vun engem neie Logo an der Aweiung vun engem neie Fändel op en Ënn. Et ass dëst deen drëtten Fändel, deen

deGrupp

zweeten ass 1966 koum, et goufen deemools awer keng speziell Feierlechkeeten.

Endlech an no 97 Joer Existenz, weien d’Peaux-Rouges dann am Joer 2010 hire wonnerbaren Home Um Roudebierg an a plënneren endlech an hiert eegent Doheem. Am gläiche Moment wiesselt de Posten vum Chef de Groupe vum Michèle Detail un d’Carine Kerschen.

Den 100te Gebuertsdag gëtt an de Joeren 2013-2014 mat vill verschidden Organisatioune gefeiert a mat als Haaptaktivitéit d’Organisatioun vum 90te PowWow 2013 Um Giinzebierg zu Diddeleng. Zum Ofschloss vun dësem Gebuertsdag kann de Grupp en Totem mat Erënnerungs-Plaque bei sengem Scoutshome anweien.

2015 wiesselt de Chef de Groupe op den Daniel Varela Ferreira, deen 2018 ersat gëtt well de Grupp sech komplett ëmorganiséiert. No substantieller Ännerung vu senge Statuten a Reglementer an domadder vu senge ganze Strukturen gëtt de Grupp erëm vum Guy Schubert, och President vum Comité, zesumme mat engem neie Lead-Team iwwerholl, fir dës Iwwergaang-Phase an d’Wee ze leeden an d’Peaux-Rouges op d’Schinn vun der Zukunft ze setzen an esou ze organiséieren dass d’Chargen an d’Responsabilitéiten gutt verdeelt sinn an den Veräin

de modernen Erausfuerderungen entsprécht.

2020 ass wéinst der sanitärer Covid19-Kris eng Erausfuerderung fir d’PeauxRouges, grat esou gutt fir seng héich Memberszuel ofzeséchere wéi finanziell alles ze stämmen, eng Lutte déi gemeeschtert gëtt.

2021 wiesselt de Posten vum Chef de Groupe vum Guy Schubert, dee weider President bleift, un d’Tamara Biewers, wat haut nach dës wichteg Charge mat vill Succès absolvéiert.

Hautzesdaags - dat heescht am Joer 2023 - ass den eelste vun de Lëtzebuerger Scoutsgruppen a gudder Gesondheet, seng Reien voll mat jonke Leit, seng Cheffen gutt ausgebilt, säi Comité a seng Cherokees (Memberen ab 27 Joer, déi dem Grupp trei bliwwen sinn awer nett am Comité an an der Cheféquipe dobäi kennen sinn) ganz aktiv a se sinn all houfreg Deel vun engem modernen a liewege Scoutsgrupp ze sinn, deen esou organiséiert ass dass seng Zukunft nach fir laang Zäit am zweete Joerhonnert vu senger Existenz ofgeséchert ass.

Loosse mer dofir suergen dass d’Feier ni ausgeet an um Roudebierg de Scouting weider mam aktuellen Erfolleg liewe kann !

Guy SCHUBERT

President vum Comité

8

> 1933 - 20e anniversaire du groupe

9
> ≈1923 - Gruppefoto

The magic of KISC

3 Méint Pinkie zu Kandersteg

Ech sinn d’Vicky, villäicht hues du mech schonn emol op deem engem oder anere Scoutsevent an der FNEL oder soss gesinn. Dëst Joer war ech allerdéngs am éischten Trimester guer net präsent wëll ech 3 Méint an der Schwäiz gelieft hunn. An dat op esou zimmlech der coolster Plaz op der een als Scout lande kann: dem internationale Scoutscenter zu Kandersteg, besser bekannt ënner der Ofkierzung KISC.

Dëst war scho säit méi laangem en Dram vu mir, deen ech mir dëst Joer endlech erfëlle konnt, sou ka mech elo houfreg ee Pinkie nennen. D’Team gëtt Pinkies genannt well eis Schaffkleedung säit 1989 ganz rosa ass, wei een onschwéier op de Fotoen ënne gesäit ��.

Mäin Highlight vun deenen 3 Méint am Center war ganz kloer meng néi international Famill. Des huet aus 12 Leit bestane wou aus allen Ecker vun der Welt koumen: Dänemark, Schweden, Norwegen, England, Schottland, Niederlande, Lëtzebuerg, Spuenien, Portugal, Texas (Amerika), Kolumbien an Uganda. Zesummen hu mir an nëmme 4 Raim gewunnt!

Mee domat net genuch, am

ganze Center zesumme schaffen nämlech eng ronn 40 Pinkies wou nach ganz aner Originnen hunn. Sou dass wierklech ee Mix vun der ganzer Welt op enkstem Raum zesumme gelieft huet. Dass et do kulturell Ënnerscheeder gëtt ass natierlech normal, mee dës ze entdecke war all Daach op en neits spannend an huet meng Zäit dohannen ëmsou mei flott gemaach. Zu Problemer huet dat och ni gefouert, well mir duerch de Scoutismus awer alleguer déi selwecht Wäerter vertrueden hunn.

Mee wat mëscht dës Plaz esou besonnesch dass Scouten aus der ganzer Welt heihikomme wëllen?

Zu Kandersteg schwätzen se vun der ,,magic of KISC‘‘, wat dat um Enn bedeit weess ech och nach net genau. Fir vill Léit ass et Tatsaach, dass dëse Center 1923 (jo mir hu grad 100 Joer gefeiert) vum B.P perséinlech, mat der Visioun eng Plaz ze schafe wou Scouten aus der ganzer Welt sech rëmfannen, gegrënnt gouf. Mee fir mech sinn et virun allem d’Frëndschaften an natierlech déi extrem schéin Natur an de Schwäizer Bierger.

https://www.kisc.ch/ >

dStory 10

Mir Volontairë kommen ëmmer vir 3 Méint heihin, ech hat d’Chance am Hierscht do ze sinn. Dat ass vir mech einfach eng magesch Zäit an de Bierger sou dass ech all meng fräi Deeg (esou laang d’Wierder et erlaabt huet) mat hiken verbruecht hunn.

Am KISC ass den Hierscht virun allem als Botzsaison bekannt vue dass an dëser Joreszäit einfach manner lass ass. Mir sinn dem Dreck esou richteg op de Fong gaangen an och wann ech dat stonnelaangt Schrubbe vu Plättercher, etc. net vermëssen, sou awer de ganze Rescht ronderëm! Et war esou flott mat aneren inspiréierende Jonken ze schwätzen an sech gemeinsam vill Blödsinn auszedenken.

Iergendwéi ass jiddereen am Zenter bëssi Kand bliwwen a genau dat mëscht d‘Aarbecht natierlech besonnesch amüsant an ëmsou méi licht.

Niewent dem Botzen, hu mir vill an der Kiche gehollef, d’ Checkins gemaach a ganz vill gewäsch.

Zudeem hu mer dobaussen d’Camplaz prett vir de Wanter gemaach: Unsech also relativ villsäiteg 3 Méint!

Déi flottste Momenter waren awer déi Owender wou mer all zesumme

gemittlech bei engem Feier souzen oder einfach ee Spill gespillt hunn. Mega war awer och dass mir 1 mol d’Woch eng cool Aktivitéit wéi zum Beispill Minigolf oder Brout bake vum Center geschenkt kruten. Alles dat huet natierlech dozou bäigedroen dass mir eis all sou gutt verstanen hunn!

Elo sinn ech schonn eng Zäitchen zeréck an denken trotzdeem all Dag u meng nei international Famill, déi ech esou richteg vermëssen.

Ech empfeelen d’Experienz zu 100% weider, et ass einfach eng schéin Aart dem Scoutismus no ze sinn an zur gläicher Zäit Leit aus der ganzer Welt kennenzeléieren wou zu gudde Frënn ginn! Meng Scoutsfamill ass definitiv méi grouss an divers ginn!

Ech kéint nach 20 Säiten iwwert meng Zäit dohanne schreiwen, mee ech weess, dass hautzudaags kee gäre laang Texter liest.

��Falls du awer méi héiere wëlls schwätz mech gären op mäin Abenteuer un! Egal ob de Froen zu engem Camp hues, einfach puer Geschichten héiere wëlls oder du sëlwer dovun dreems vir dräi Méint Pinkie ze ginn.

Bis geschwënn, Vicky

11
12

denInternational

Jota Joti

Jamboree on the Air, ofgekierzt JOTA, ass eng international Scouts a Guiden Aktivitéit,déi järlech ofgehale gëtt, an zwar den drëtte volle Weekend am Oktober. Als

Ergänzung zu den internationalen Jamboreeën, déi jo nëmmen all véier Joer stattfannen, gouf et vum Leslie R. Mitchell, e Scout a Radioamateur, geschaaft fir d’Zäit

tëschent den Jamboreeën ze iwwerbrécken. Den éischten JOTA war am Joer 1958, 2023 war et de 66te JOTA um Weekend vum 20. op den 22.Oktober.

Dëst gëtt als dee gréissten Event ugesinn, deen all Joer vun der Weltorganisatioun vun der Scoutsbewegung organiséiert gëtt.

Funkamateuren aus der ganzer Welt hëllefen de Scouten a Guiden fir hinnen ze erméiglechen iwwer Funk weltwäit Scouten a Guiden ze kontaktéieren. D’Scouten a Guiden ginn och encouragéiert duerno Bestätegungen ze schécken, bekannt als QSL Kaarten

Parallel zum JOTA huet sech en Jamboree um Internet (JOTI) entwéckelt. D'Scouten, duerch d'Benotzung vun ugepasste Programmer, kënnen aner Scouten weltwäit iwwer Internet kontaktéieren. Gemeinsam Kommunikatiounsmethoden enthalen ScoutLink (IRC), E-Mail a Voice Over Internet.

D’Nika Gorovska vum Welt Scout Comité als Kontaktpersoun fir de JOTA-JOTI seet:

De JOTA-JOTI bitt eng genial Geleeënheet fir méi jonk Leit mateneen ze verbannen an ze beschäftegen wéi all aner Plattform oder Event op der Welt.

De Scoutsweltbüro huet eng kloer Visioun fir 2025:

Bis 2025 wäert de JOTA-JOTI eng interkulturell Gemeinschaft vu 5 Millioune jonke Leit kreéieren déi duerch eng gemeinsam Erfarung verbonne sinn fir eng besser Welt ze bauen.

Dës Visioun ass ambitiéis, awer d'JOTA-JOTI Team ass zouversiichtlech datt et mat eisem kollektiven Engagement, Energie an Talent erreechbar ass. Merci datt Dir Deel vun der Equipe sidd, déi dëst mécht!

Et ass entscheedend datt mir e super Event liwweren wärend mir d'Fundament fir d'Zukunft vum JOTA-JOTI bauen.

Et kënnt nach villes no, mee zéckt net an der Tëschenzäit Froen ze stellen oder Är Gedanken ze deelen. D'WOSM JOTA-JOTI Team ass engagéiert Iech informéiert an engagéiert ze halen wa mir zesummen op dës spannend Rees starten.

De Lëtzebuerger JOTA-JOTI-Team ënnert der Leedung vum Scouting in Luxembourg huet eng eegen Homepage wou een all néideg Informatioune fënnt fir de JOTAJOTI-Weekend ze organiséieren. Wann een fir d’éischt op dës Säit geet ass ee vläicht iwwerfuerdert mat deem Koup un Informatiounen an techneschen Detailer. Dofir soll een an deem Fall einfach Kontakt mam JOTATeam ophuelen. Si hëllefe gär mat Rot an Dot, verschidde Material kënnen si och ausléinen.

See you from 18 to 20 October 2024

13
> www.jotajoti.lu

denInternational

World Scouts Educational Congress

Shaping the Future of Education in Scouting

De Weekend vum 01. bis den 03.

Dezember ware mir mat enger

Delegatioun vu 5 Leit vun der FNEL op de 4th World Scouts Educational Congress op Paräis. Dëse Kongress gouf vun de franséische Scouten an der Cité internationale Universitaire de Paris organiséiert. Mir wollten eng diversifizéiert Equipe opstelle, fir de Maximum vu sou engem Event fir d’FNEL matzebréngen, dofir si mir mat eise Commissaire généraux:en, eiser Commissaire à la formation adj., dem Secrétaire général a mir als Commissaire international adj. op dëst WOSM Event gefuer.

De World Scout Educational Congress ass en Event, dee

vun der World Organization of the Scout Movement, also dem WOSM, organiséiert gëtt. Dat heescht dat Delegatiounen aus allen 174 Länner invitéiert waren. Iwwer 500 Cheffen, Leader, Commissairen oder Gäscht, aus de WOSM Member Länner, hunn op dësem Weekend zesumme geschafft an Erfarunge getosch.

De Kongress bréngt Scouten a Guide vun iwwerall op der Welt zesummen, fir Iddien a bescht Praktiken am Beräich vun der Scoutspädagogik auszetauschen an ze diskutéieren, e bitt awer och eng Plattform fir d’Entwécklung vun neie pädagogeschen Approchen an

d’Weiderentwécklung vun der Scoutsbeweegung.

De Programm war grouss, mat vill verschidde Workshops, Thinktanks oder Virträg, déi een sech am Viraus konnt auswielen. Moies an Nomëttes gouf et ëmmer eng Plenière, fir all d Participante, mat interessante Virträg vun Experten, Commissairen oder Gäscht aus de WOSM Member Organisatiounen oder aus groussen Institutioune wei der WHO.

Well mir jo an enger Delegatioun vu 5 Memberen op de Kongress gefuer sinn, konnt jidderee déi Workshops besichen, déi hien interesséiert hunn a sou konnte

14
> vlnr : Boris Vujnović, Julie Bové, Diana Slabu, Bob Schimberg, Patty Ney, Philippe Berscheid, Matthias Gerth, Aleksis Piron, Jérémy Apert FNEL Delegatioun zesumme mat Memberen vum Europa Comité

mir als Delegatioun bal all Offer vum Kongress wouer huelen.

Beispillsweis hu mir an den 3 Deeg Workshops besicht wéi Measuring the impact of youth organisations and reinforcing the value of Scouting, e Workshop wou Outilen a Methode beschwat goufe wéi WOSM Europa Regioun senge Memberen hëllefe kann, hire positiven Impakt op d’Jugend ze quantifizéieren. Dat heescht, wéi kënne mir eise Scouts Mouvement ze Lëtzebuerg aschätzen an déi Saachen no fir hiewen déi mir gutt maachen. Oder en anere Workshop, deen och bei eis hänke bliwwen ass, Mental health first aid: Enabling peer-to-peer support among young people and volunteers. Dëse Workshop gouf vun enger Expertin vun der Welt Gesondheets Organisatioun (WHO) gehal an huet wichteg Abléck ginn, wéi Scouten der WHO hir Outile benotze kéinten.

Also ganz verschidden Themen, déi zu Diskussiounen an Austausch tëschen de Participante vum Kongress ugereegt hunn. De Kongress war ganz interessant an huet eis vill Denkustéiss ginn, fir Saachen déi ee kéint ugoen oder besser maache respektiv wou een Hëllef bei eise WOSM Kolleegen aus Europa an der Welt, kéint fannen.

Mee sou en Event lieft net nëmme vum fixe Programm, mee och vun der Zäit, déi ee mat den nei gewonne Kolleege verbréngt an der Stad, wou de Kongress stattfënnt. Paräis ass natierlech eng perfekt Stad fir no Feierowend eppes ze ënnerhuelen.

Mir kruten eng Super Visite vu Paräis gebueden, organiséiert vu lokale Scouten, a konnten ënner anerem nei Ecker vum Montmartre entdecken. Leider war een no engem ganzen Dag Diskutéieren a Nolauschtere gutt midd dofir si mir net all ze laang am Getümmel vu Paräis ënnerwee bliwwen. Eisen AirBnB, dee mir nobäi vum Kongress Center gebucht haten,hu mir och net vill gesinn, well déi meeschten Zäit ware mir ënnerwee. Sou ass dat eben op engem Kongress...

Fazit, mir hu vill Andréck gewonn, net nëmme wéi een eis Educatiouns Methoden am Scoutismus stäerke kann, mee

och wéi een zesummen als Mouvement, Ännerungen an eisem Ëmfeld ugoe kann an esou eng méi resilient Organisatioun gi kann. Den Austausch mat de sëllegen engagéierte Leit, aus der ganzer Welt huet dozou bäigedroen. Ech hu Leit rëmgesinn déi ech op aneren IC-Evenementer begéint hu mee och vill nei Leit kennegeléiert. Fir eenzel Memberen aus eiser Delegatioun war et déi éischt international Experienz an ech mengen dat et och fir si en Top Kongress war an ze gesi wéi de Scoutismus, Leit aus der ganzer Welt zesumme bréngt a wéi jidderee motivéiert an zum Gudde fir eis Membere schaffe wëll.

Aleksis Piron Commissaire international adjoint

15

Assemblée Générale

21. September 2023

16
Photos : Marc Lazzarini
16
Journée
Journée des Chefs 10. September 2023 17 DeFoto Album Explorer Kachduell 4. November 2023 Méi Fotoen op flickr.com

Ekipp-it

24. Februar 2024

Explorer Sportsdag

14. Januar 2024

DeFoto Album

1818

1. Klass & Explorerbrevet

30. & 31. Mäerz 2024

POUR UNE ALIMENTATION VÉGÉTALE SAINE ET LOCALE, DE SAISON ET SANS GASPILLAGE ALIMENTAIRE.

Changeons ! Agissons !

Une cuisine simple, de tous les jours, mais durable.

vew_modif-fnel-2.pdf 1 02/07/2019 09:39:02

ÉTÉ comme HIVER, vos plus belles vacances sont chez Emile Weber !

Infotel: 35 65 75-1 – www.emile-weber.lu
C M Y CM MY CY CMY K
votre garant de qualité depuis 1969 www.provencale.lu

Le Misäershaff avant la FNEL 1

Il y a bien évidemment un

Misärshaff avant la FNEL.

Mais depuis quand ?

Pour répondre à la question penchons-nous d’abord sur les cartes disponibles.

La première carte détaillée disponible pour le Luxembourg est celle des Pays-Bas autrichiens du comte Joseph Johann von Ferraris (1726-1814) établie pour le compte de l’empereur d’Autriche Joseph II et de sa mère Marie-Thérèse entre 1771 et 1777.

Très précise pour l’époque, elle mentionne bien les maisons isolées, mais rien au niveau u Misärshaff (le cercle rouge indiquerait sa position actuelle par rapport aux courbes de niveau et du vallon en face). Deux gués (en bleu) sont mentionnés qui permettent de s’orienter assez facilement, celui à l’ouest étant encore visible sur la carte topographique de 1954 datant donc de l’époque avant la construction du barrage. Il n’y a pas de maison non-plus au bord de la Sûre à droite du gué au Nord.

En 1884 la Kartographische Abteilung der Preußischen Landes- Aufnahme publie une carte du Reichsland Elsass-Lothringen, Kreis Diedenhofen - échelle (1/100 000)-où l’on trouve tout au bord gauche, au nord de Arsdorf, la belle référence ELEND. La maison n’est plus sur la carte utilisée, mais c’est bien le lieu-dit Misère qui est indiqué. La germanisation est impitoyable.

Mais une maison, il y a bien dû y en avoir une, la carte cadastrale de 18292 le montre clairement : Maison isolée, dite Misère. Elle est bien située sur le chemin qui va de Boulaide à Arsdorf (non repris sur cet extrait).

21
deMisärshaff

deMisärshaff

Mais est-ce que la Maison isolée dite Misère qui y est représentée est bien notre Misärshaff ?

Il y a des détails qui clochent : le pont (le gué) se trouve à l’ouest de la maison ; en venant de la Sûre la maison se trouve à gauche du chemin avant un grand virage, la maison actuelle se trouve à droite d’une route…

Si ce chemin n’était donc pas la route d’aujourd’hui ?

Reprenons un autre extrait plus large de cette carte et comparons avec une carte topographique moderne : en rouge nous avons marqué la route d’aujourd’hui ; dans le temps c’était un petit chemin ;

en vert /orange (rouge au début au sud-est) l’ancien chemin menant à la Maison isolée dite Misère (encadrée en bleu) ;

en bleu le chemin de Bilsdorf qui existe toujours et fait partie du Skulpturewee de Bilsdorf, c’est le chemin traverse notre terrain à droite de l’ancienne maison et qui mène vers l’Ecocabane ;

encerclés en jaune sont les lieux-dits qui donnent une bonne orientation pour comparer les deux cartes.

22
Il n’y a pas de doute possible : la Maison isolée dite Misère a été déplacée pour devenir la Ferme Misère

Les propriétaires de la Maison isolée dite Misère étaient les héritiers de Nicolas Jacques et le cens de 1821 révèle que quatre personnes habitent la maison, un couple et deux personnes de sexe masculin.

Plus tard François Jacques sera son propriétaire, mais aussi du terrain sur lequel sera construite la Ferme en 1833. Quand la maison a-t-elle été démolie et pourquoi ce changement de localisation ? Ceci restera un mystère.3

Résumons : en 1777 il n’y a de maison ni au bord de la Sûre, ni à l’emplacement actuel (carte Ferraris); en 1827 il y a une maison isolée au bord de la Sûre (plan cadastral de l’époque). A partir de 1833 (date au fronton de la porte d’entrée de la maison principale actuelle) nous avons le Misärshaff à quelque 500 mètres du premier emplacement.

Quels en sont les propriétaires ? Déroulons le fil de la recherche à l’envers.

Dans la convention du 29 octobre 1993, par laquelle l’État luxembourgeois confère un droit de superficie à ce qui sera par après la Fondation AGGL-FNEL, l’origine de la propriété est précisée. L’État a acquis les immeubles de Madame Irma Etgen, veuve de Léopold Roder (…) et de Madame Monette Roder (…) épouse Fernand Lanners (…). Ceci en date du 9 janvier 1992.

Madame Monette Roder (décédée depuis) est la fille des époux Roder. C’est donc la famille Roder qui était propriétaire.

Mais depuis quand ?

23

deMisärshaff

Mais au moins depuis 1904. Comment peut-on l’affirmer ?

Le 11 février 2021 Brian Roder de Kansas City contacte la FNEL, car il veut visiter le Luxembourg et plus particulièrement le Misärshaff.4 Il a en effet une relation particulière avec le site.

Son histoire est passionnante : ses arrière-arrièregrands-parents François (1840-1920) et Anna Marie Roder-Weiller (1846-1916) étaient les propriétaires de la Ferme. Ils ont 9 enfants. Leur fils Johann A. Roder (l’arrière-grand-père de Brian) quitte le Luxembourg au début du siècle naissant pour chercher fortune aux USA.

Son frère Alphonse (1874-1945) le suit, commence des études pour devenir prêtre, revient au Luxembourg pour les achever. La photo le montre avec toute sa famille au Misärshaff à l’occasion de sa messe de prémices (Primiz Messe) précisément en 1904 (le 10 juillet ). Il retourne aux USA (Wisconsin).

Un autre frère, Joseph sera lui aussi prêtre aux USA. Une recherche menée dans les archives cadastrales est intéressante et permet de connaître la provenance de la parcelle 1187/4357 sur laquelle est bâtie le Misärshaff et eci en remontant jusqu’à l’origine du cadastre en 1824.5

Le dernier membre de la famille Roder, Léopold [dit Paul] en l’occurrence, est devenu propriétaire le 4 novembre 1953 par succession à son père Thomas (1870 – 1953). Celui-ci a eu la propriété le 26 mai 1915 de son père François (1840 – 1920) qui en était devenu propriétaire lors d’une vente aux enchères le 18 juin 1892. Ceci confirme donc les données déjà connues.

Alors, avant les Roder ?

La vente aux enchères se fait à l’initiative de Charles Delvaux, veuf de Marie Jacques. Celle-ci était une héritière (très probablement la fille) de François Jacques, celui qui était propriétaire de la parcelle (au moins depuis 1824) lors de la construction du Misärshaff en 1833. Cette parcelle avait été inscrite après la mort de François Jacques au nom de sa veuve, ensuite de la veuve et des héritiers, puis des héritiers pour finir, après partage, de la seule Marie Jacques en 1882.

Si l’on y regarde de plus près on voit qu’il n’y a que deux familles à avoir été propriétaires du Misärshaff, avant sa vente à l’État, les Jacques et les Roder. Il faut rappeler ici que toute cette recherche n’a pu porter que sur les propriétaires du Haff et ne dit rien d’éventuels occupants, respectivement locataires.

24

Avec peut-être une petite exception, du moins en ce qui concerne d’improbables passants.

Durant l’opération Wacht am Rhein communément appelée Rundstedt-Offensiv ou Battle of the Bulge (du 16 décembre 1944 au 27 janvier 1945) le

Au début du XXème siècle, 12 jours avant la constitution de la FNEL, ses scouts sont déjà dans les parages et ne se doutent certainement pas que 77 ans plus tard ils y reviendront en force.

Le 18 juillet 1916 les Boy Scouts du Sporting Club retiennent dans un « Rapport pour emplacement d’un camping : Rapport des Masters Collart et Heldenstein sur leur expédition au pont Misère et environs pour l’emplacement d’un camping. Pont Misère difficultés de ravitaillement trop grandes. Boulaide de même. Esch/Sûre grandes granges (100 scouts) paille gratuitement ravitaillement facile ».

Ce n’était guère réjouissant et la Ferme Misère n’était plus d’actualité.

Mais la FNEL était en route …

pont enjambant la Sûre est détruit par les soldats allemands en fuite. L’armée américaine installe un pont provisoire et photographie l’événement avec, en contrejour, le Misärshaff.6

Toutes les informations (et beaucoup d’autres encore) concernant la famille Roder nous ont été livrées par Brian Roder et sa famille tant aux USA qu’au Luxembourg. Qu’ils en soient vivement remerciés !

1 Cet article se base en partie et complète textuellement et visuellement les données de l’article « Une maison isolée dite Misère » paru dans SCOUT 467-1994 qui lui reprenait un texte de LucienThill « extrait de la publication des Sapeurs-Pompiers »

2 Source : https://acts3.geoportail.lu/urplang/PNG/ARSDORF/ARSDORF_1829_A4.png

3 Toutes les données de ce paragraphe sont de Lucien Thill

4 À ce jour cette visite n’a pas pu avoir lieu. Nous restons en contact.

5 Pour toutes ces données : Extrait cadastral – Provenance ; N° cadastral 1187/4357 du 4 janvier 2023

6 Un grand Merci à Tom Scholtes qui a livré cette photo

25

Arno Mayer, membre du Conseil national de la FNEL, est un historien mondialement reconnu pour ses recherches sur l’histoire européenne, la diplomatie et le judéocide (il récuse la notion d’holocauste, trop chargée théologiquement).

Né le 19 juin 1926 à Luxembourg de parents luxembourgeois de confession juive, mais pas très pratiquants, il subit les vexations, auxquelles est exposée sa communauté.1

inMemoriam Arno Mayer

Un grand Monsieur est mort.

Lorsque, à l’âge de six ans, j’arrive à l’Aldringen-Schoul, en face de l’Hôtel des Postes, ce qui comptait pour moi, c’était d’abord la cour de récréation. Puisque, après les cours, je voulais jouer au foot avec les copains, je restais à l’école pour les cours de catéchisme. Je me retrouve donc devant un prêtre vêtu de sa soutane noire. Un jour, au troisième ou quatrième cours, celui-ci énonce à la classe : « Les Juifs ont crucifié Jésus ». Je murmure : « C’est un mensonge ! ». Le prêtre était plutôt gentil, on est sortis dans le couloir et il m’a dit : « Écoute, il ne faut pas que tu restes pour le catéchisme, j’aimerais que tu le dises à tes parents. Les enfants juifs ne suivent pas ce cours, c’est convenu ainsi ». Mais, depuis ce jour-là, quand on jouait au foot, et que je taclais quelqu’un en donnant un coup dans le tibia, je n’étais plus, comme avant, le « houren Drecksak », j’étais devenu tout d’un coup le « houre Judd ». Mais je ne peux pas dire que c’était de l’antisémitisme, c’était de l’antijudaïsme et je ne pense pas que cet antijudaïsme tout seul aurait emmené des millions de personnes dans les camps de concentration et d’extermination.2

Mais il trouve un refuge dans le scoutisme.3

Any association with FNEL evokes, in me, only the most comforting and exciting souvenirs. (…) As a Luxembourgian of Jewish faith I experienced [ in scouting] an openness and humanity that at the time where sparse in the sphere of civil society (…).

Indeed, the boy scouts where my home away from home, all the more so since even my father (….) considered his time with the boy scouts of Luxembourg as a liberating experience.4

1 Photo de Raymond Reuter, 100 Lëtzebuerger ronderëm d’Welt, 2003

> Extrait de la liste nominale des louveteaux des Diables mauves

2 FORUM N°328 avril 2013 https://www.forum.lu/article/itineraire-daun-exile-luxembourgeois/

3 Diables Mauves : relevé des louveteaux, 1937, archives FNEL

4 Lettre à la FNEL du 10 décembre 2004 lors de sa nomination au Conseil National

26

Il est possible que son père Franz (Frank) Mayer ait fait partie de la toute première scoute du Luxembourg, les Eclaireurs de l’Athénée fondée en 1914 par Joseph Tockert. (Vérification en cours)

Avec sa famille il peut s’enfuir du Luxembourg dans la nuit du 9 au 10 mai 1940. Il rejoint les Etats-Unis, s’engage dans l’armée, devient le moral officer de Wernher von Braun, fait des études (avec comme condisciple Henry (Heinz) Kissinger) et commence sa carrière d’historien. A partir de 1952 il est professeur à plusieurs universités dont Harvard et de 1961 à 1993 à Princeton.5

Dans l’interview cité plus haut il précise encore :

Récemment je suis allé jeter un coup d’œil dans les archives à Luxembourg et j’y ai trouvé une version imprimée du texte du sermon du rabbin Serebrenik de 1936. Le sujet en était :

« Der neue Antisemitismus » : Serebrenik mettait en garde contre un nouvel antisémitisme qui s’attaquait aux Juifs, parce qu’ils étaient censés être communistes. Cet aspect-là de la solution finale est devenu un de mes thèmes d’études principaux. Qui sait, peut-être que cette idée m’est venue à l’époque du rabbin (rires) ?

Esprit très indépendant, cette thèse, que Hitler visait d’abord le communisme en s’attaquant aux juifs en réponse au supposé complotisme du judéo-bolchévisme, est celle qu’il défend dans son ouvrage majeur, La « solution finale » dans l’histoire. Elle lui vaudra des réactions virulentes de certains historiens ou, plus grave, des citations malhonnêtement tronquées de la part des révisionnistes.6

Arno Mayer n’a jamais oublié le Luxembourg et y est revenu souvent. Décédé à Princeton le 17 décembre 2023, c’est aussi dans son pays natal, au cimetière israélite de Bellevue à Luxembourg, qu’il a été enterré le lundi 12 février 2024.

5 Plus d’informations sur https://en.wikipedia.org/wiki/Arno_J._Mayer et l’excellent article du « Land) consultable sur https://www.land.lu/page/article/173/341173/DEU/ index.html

6 Pour son œuvre d’historien on consultera la très fouillée analyse de Henri Wehenkel https://www.forum.lu/wp-content/uploads/2015/11/5230_236_Wehenkel.pdf

27
28 dONGD-FNEL MayKaDifference 2024 www.ongd-fnel.lu

dONGD-FNEL

Pourquoi soutenir l’ONGD-FNEL ?

Donner à l’ONGD-FNEL, c’est soutenir l’éducation des enfants défavorisés au Népal, levier de développement dans un des pays les plus pauvres.

29

Einfach emol Merci gesot

Merci Pierrot, dass de nie scheis dech enger neier Erausfuerderung ze stellen, och wann de Projet vum gëllene Buch, zurecht, vill frustréiert si mer ganz frou dass du dech deem ugeholl hues!

Merci Castor nerveux!

Merci de FIISS, dass dir sou spontan de Park an der FNEL ënnert de Leescht geholl hutt a geraumt gebotzt an Dreck opgeraaf hutt.

Thank you!

Merci Vicky, dass du eis vun denger internationaler Aventure zu Kandersteg erzielt hues an eis alleguer domadder (nach) méi Loscht op den internationale Volet vum Scoutismus gemach hues!

Merci Suri bienveillante!

Merci de Lions bleus fir d’Organisatioun vum super RoverTembo Quiz! Eurovision Song Contest à la FNEL – keen haat an dem Sënn domadder gerechent … KEEN!

Merci Lions bleus!

Merci dem Hengi an dem Claude datt si sech ëmmer sou gutt ëm dat geléinte Material këmmeren! En Dreamteam och wa se et allebéid net sou richteg géingen zouginn. Merci iech 2!

��;-)clin d’oeil vum Steno

Zu gudder Lescht e Merci fir d’Unité

Robert Schuman, datt si den Challenge uginn de Pow-Wow 2024 ze organiséieren. An deem Sënn: Viiv Europa! Mir fr e n eis schon all!

Du wëlls och engem Merci soen. Da maach eise e klenge Message op scout@fnel.lu

30
deMerci
LUXEMBOURG l HONG KONG Elvinger Hoss Prussen
NEW YORK Elvinger Sàrl PLLC www.elvinger.us Since 1964 “Zesumme fir eng besser Welt“
it is important to be committed to public interest services and encourage our team to engage in our corporate social responsibility programme.
support our long term partners at a local and international level.
www.elvingerhoss.lu
We believe that
We

L’assurance qui s’adapte à mon style de vie

MA VIE. MON STYLE. MON ASSURANCE.

Vous possédez le dernier smartphone à la mode et vous aimez les nouvelles technologies ? Avec mozaïk , choisissez les garanties adaptées à votre style de vie et profitez d’une assurance flexible et évolutive pour protéger vos appareils nomades, chez vous et ailleurs. Rendez-vous sur mozaik.lu ou chez votre agent Foyer

Pascal GRETER

Agence Principale d’Assurances

13, av. Lou Hemmer

L-5627 Mondorf-les-Bains

Tél.: 23 69 65-1

Email: 0778@foyer.lu

Produit distribué par Foyer Assurances S.A., 12 rue Léon Laval, L - 3372 Leudelange

Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.
DeScout No 599 - Juni 2024 by FNEL Scouten a Guiden - Issuu