1 minute read

ENTRÉEN

Next Article
FËSCH

FËSCH

EntréenEntrées

DIP

Advertisement

10+0 =10

500 ml Sauerram 300 g Yaourt grec (griichesche Joghurt) Salz Peffer Muskotnoss Péiterséileg Bratzelen Knuewelek • Kraider a Knuewelek ganz kleng schneiden. • Sauerram a Joghurt vermëschen an dat

Klenggeschniddent draréieren. • 1 Stonn zéie loossen. • Schmaachen a vläicht nowierzen.

COCKTAILSAUCE

10+0 =10

2 Eegiel 1 Läffel Moschter Ueleg Zitroun Peffer Salz 1 gudde Stopp Whiskey Tomatekonzentrat • Eegiel a Moschter verréieren. • Ganz lues Ueleg drënnerréieren. • E puer Drëpsen Zitroun dobäimaachen. • Salz, Peffer, Whiskey an • Tomatekonzentrat dobäimaachen. • Schmaachen a vläicht nowierzen.

TOMATE MAT MOZZARELLA

15+0 =15

6 Tomaten 300 g Mozzarella Salz Peffer Olivenueleg Balsamico-Esseg Frësche Basilikum • Tomate wäschen, an Tranchë schneiden. • Mozzarella ofdrëpse loossen, an Tranchë schneiden. • Ofwiesselnd eng Tranche Tomat, 1 Tranche Mozzarella op en Teller leeën. • Salz a Peffer dropmaachen. • Ueleg an Esseg an enger • Schossel gutt vermëschen an iwwer dat Ganzt schëdden. • Als Lescht frësche Basilikum dropmaachen, entweder ganz Blieder oder kleng geschnidden.

TOMATE MAT CREVETTEN

15+0 =15

6 grouss Tomaten 400 g Crevetten 5 ZL Mayonnaise 1 ZL Tomatepüree/ Ketchup Peffer Salz Cognac (fakultativ) • D’Tomate wäschen an den Deckel erofschneiden. • Dono mat engem Läffel aushielegen. • Fir d’Zooss d’Mayonnaise mat dem

Tomatepüree/Ketchup mëschen. • Mat Peffer a Salz wierzen en eventuell en ZL

Cognac dobäimaachen. • D’Zooss mat de Crevettë mëschen an domat déi ausgehielegt Tomate fëllen. • Den Deckel vun der Tomat dropsetzen.

TOAST CHAMPIGNON

10+20 =30

6 grouss Tomaten 400 g Crevetten 5 ZL Mayonnaise 1 ZL Tomatepüree/ Ketchup Peffer Salz Cognac (fakultativ) • Esoubal d’Champignonen an dënn

Scheiwe geschnidde sinn, soll een direkt

Zitrounesaaft dropmaachen, well se soss brong ginn. • Champignonen, Ënnen a Botter an der Pan broden, ongeféier 5 Minutten. • Mat Salz a Peffer wierzen. • Speisestärke mat der kaler Mëllech opléisen a mat de Champignone vermëschen. • Dat Ganzt 2 Minutte lues kache loossen. • D’Sauerram an de Péiterséileg derbäiginn an alles nach eng Kéier opkachen. • Op den Toast maachen a mat Paprikapolver wierzen. • Wichteg: D’Brout oder d’Baguette muss virdru getoast ginn, soss gëtt et ganz mätscheg.

This article is from: