
3 minute read
VEGETARESCH
VEGGIE-BURGER
30+10 =40
Advertisement
120 g Ënnen 2 ZL Olivenueleg 1 ½ ZL TandooriMëschung 300 g Lënsen aus der Béchs ouni Flëssegkeet 240 g Pois chiches (Kicherierbsen) aus der Béchs 1 ZL Ingwer, gerappt 2 kleng Eeër 1 ZL Koriander 110 g Panéiermiel 75 g Miel 6 ZL Olivenueleg 6 Bréidercher 3 Tomaten E puer Blieder Zalot
Fir d’Zooss: 3 ZL Sauerram 1 kleng Zéif Knuewelek 1 TL Zitrounejus Peffer Salz Bratzele • D’Ënnen a kleng Wierfele schneiden a mat
Ueleg an der Pan ubroden. • D’Tandoori-Mëschung dobäiginn an e bëssen zéie loossen. Dat Ganzt kal gi loossen. • De Péiterséileg an de Koriander wäschen a kleng schneiden. • D’Kicherierbsen, d’Halschent vun de Lënsen, den Ingwer, d’Eeër an déi ugebroden Ënnen am Mixer kleng maachen. • De Rescht vun de Lënsen, de Péiterséileg, de Koriander an d’Panéiermiel mat dem
Gemixte mëschen. • Dat Ganzt a 6 gläich grouss Portiounen andeelen an doraus Burger formen. • D’Tomate wäschen an a Scheiwe schneiden. • D’Zalot wäschen. • D’Burger am Miel dréinen. • Ueleg an der Pan waarm maachen an dann d’Burger vun all Säit 4-5 Min. broden. • Zum Schluss d’Zooss op d’Bréitche maachen, de Burger dropleeën, dann e Rondel Tomat an e Blat Zalot an zum Schluss den Deckel vum Bréitchen.
• Fir d’Zooss de Knuewelek ganz kleng • schneiden oder pressen. D’Bratzele wäschen a kleng schneiden. • Alles mëschen a mat Peffer a Salz wierzen.
GROMPEREKICHELCHER
30+30 =60
700 g Gromperen, gerappt oder ganz kleng geschnidden 6 ganz Eeër 2 Pitsch Péiterséileg, reng gehaakt 4 Schalotten, kleng gehaakt 4 ZL Miel Salz, Peffer ½ Liter Ueleg (fir an der Pan), net alles op eng Kéier, mee no an no. • D’Grompere schielen a wäschen. D’Schalotte schielen a reng haken, grad wéi de
Péiterséileg. • Déi réi Grompere rappen, an enger
Kichemaschinn oder mat enger Rapp vun
Hand, mat Salz a Peffer wierzen a mat den
Eeër, dem Miel, de gehaakte • Schalotten an dem Péiterséileg vermëschen. • Doraus Gromperekichelcher formen a se an enger Pan mam Ueleg ausbaken. • Dat heescht: Eng Louche (0,2 l) • Gromperendeeg an d’Pan maachen a vun 2
Säiten ubroden, bis se goldeg sinn. • Mat Äppelkompott oder Geméiszopp zerwéieren.
RISOTTO MAT CHAMPIGNONEN
10+30 =40
1 l Hénger- oder Geméisfond oder 2 Hénger- oder Geméisfondküben an 1 l waarmem Waasser opléisen 3 ZL Olivenueleg 1 grouss Ënn, geschielt a kleng gehaakt 2 Zéiwe Knuewelek, geschielt a kleng gehaakt 400 g Risottoräis 2 Wäiglieser wäisse Wäin (150 ml) 4 ZL Botter 120 g Parmesan 200 g Bëschchampignonen oder Champignons de Paris, gebotzt an a Wierfele vun 2 cm geschnidden 1 Zéif Knuewelek e Grapp Thymian 1 ZL Botter 1 Putsch Péiterséileg ½ Zitroun Dëll • An engem Dëppen 3 ZL Olivenueleg, d’Ënn an de Knuewelek undënsten, bis d’Ënne glaseg sinn, ongeféier 2 Min. • De Räis dobäimaachen, ouni Waasser 2
Min. dënsten, bis de Räis och glaseg ass. • Mat dem Wäin ofläschen, d. h. e Schotz
Waasser oder Wäin an d’Dëppe ginn. • Dann no an no de Fond op de Räis ginn.
Dat dauert ongeféier 20 Min. • Garnitur: • Während deenen 20 Min. preparéiere mir d’Garnitur: 1 ZL Botter, 1
Knuewelekszéif an den Thymian an enger Pan ubroden, • d’Champignonen derbäiginn an 10 Min. lues brode loossen. • Ganz zum Schluss den Zitrounejus bei d’Champignonen derbäiginn. • Wann de Risottoräis mëll ass, vun der
Kachplack huelen. 70 g Botter, 100 g
Parmesan an de Péiterséileg • drënnermëschen. Deckel dropsetzen an 2 Min. raschte loossen. • Dëll ënner d’Champignongarnitur mëschen, e bësse Rescht hale fir op de Räis a mam Rescht vum Parmesan zerwéieren.