PÂTE BRISÉE 300 g Miel 150 g Botter ½ TL Salz 8 cl wootlech Mëllech Fir e séissen Deeg: 3 TL Zocker
• De Botter muss mëll sinn. • Miel, Salz oder Zocker an eng Schossel ginn. • De Botter dobäimaachen a mat de frësch gewäschene Fanger zu Deeg knieden. • Lues a lues Mëllech dobäimaachen, et brauch ee just ganz e bësse Mëllech, fir dass et eng Bull Deeg gëtt. • Den Deeg op Bakpabeier ausrullen. • NET an de Frigo! • Deeg fir eng Quiche oder Uebsttaart.
37
Deegwueren