DEN DEPPEKUEDER - d'Kachbuch vun de FNEL Scouten

Page 35

GROMPERENZALOT

NUDDELSZALOT 15+40 =55

1500 g Gromperen, déi och nom Kachen nach fest bleiwen Salzwaasser 1-2 Lorberblieder Fir d’Vinaigrette (Basic): 1 Ënn/Schalott Salz, Peffer ev. Curry (no Goût) Esseg an Ueleg kleng, sauer Kornischongen haartgekachten Eeër Péiterséileg fir d’Variatioun 2: An d’Vinaigrette ¼ l Fleeschbritt ginn, fir d’Zalot méi säfteg ze maachen

15+10 =25

• D’Gromperen an engem groussen Dëppe mat de Lorberblieder (an ev. engem Küb) am Salzwaasser kachen. • D’Gromperen duerno ofschëdden, schielen an a Rondele schneiden. D’Kornischongen an d’Eeër kleng schneiden. Dann alles mat der Vinaigrette vermëschen. • Mat kleng gehaaktem Péiterséileg garnéieren a kuerz roue loossen (ev. nach virum Zerwéieren nowierzen)

600 g Farfalle (Päiperleken) oder Spirelli (Spiralen) oder Coquillen 120 g Piniekären 240 g Feta oder Mozzarella oder Schwäizer Kéis 240 g gedréchent Tomaten am Ueleg 36 Basilikumsblieder 60 ml Olivenueleg 2 Zéiwe Knuewelek Salz, Peffer

• Nuddelen al dente (bissfest), net ze mëll kachen. • Tomaten an de Kéis schneiden. Knuewelek pressen. Piniekären an der Pan ouni Fett réischteren. Oppassen, si verbrenne ganz schnell!! • Basilikumsblieder kleng rappen. • Nuddelen ofschëdden a mat all deenen anere Saachen an eng grouss Schossel schëdden, den Olivenueleg dobäimaachen a mat Salz a Peffer ofschmaachen. • Kann een och gutt waarm iessen!

fir d’Variatioun 3: 4-5 Läffele Mayonnaise an d’Vinaigrette réieren.

33

Zaloten


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.
DEN DEPPEKUEDER - d'Kachbuch vun de FNEL Scouten by FNEL Scouten a Guiden - Issuu