Vegetaresch
VEGGIE-BURGER 30+10 =40
120 g Ënnen 2 ZL Olivenueleg 1 ½ ZL TandooriMëschung 300 g Lënsen aus der Béchs ouni Flëssegkeet 240 g Pois chiches (Kicherierbsen) aus der Béchs 1 ZL Ingwer, gerappt 2 kleng Eeër 1 ZL Koriander 110 g Panéiermiel 75 g Miel 6 ZL Olivenueleg 6 Bréidercher 3 Tomaten E puer Blieder Zalot Fir d’Zooss: 3 ZL Sauerram 1 kleng Zéif Knuewelek 1 TL Zitrounejus Peffer Salz Bratzele
29
• D’Ënnen a kleng Wierfele schneiden a mat Ueleg an der Pan ubroden. • D’Tandoori-Mëschung dobäiginn an e bëssen zéie loossen. Dat Ganzt kal gi loossen. • De Péiterséileg an de Koriander wäschen a kleng schneiden. • D’Kicherierbsen, d’Halschent vun de Lënsen, den Ingwer, d’Eeër an déi ugebroden Ënnen am Mixer kleng maachen. • De Rescht vun de Lënsen, de Péiterséileg, de Koriander an d’Panéiermiel mat dem Gemixte mëschen. • Dat Ganzt a 6 gläich grouss Portiounen andeelen an doraus Burger formen. • D’Tomate wäschen an a Scheiwe schneiden. • D’Zalot wäschen. • D’Burger am Miel dréinen. • Ueleg an der Pan waarm maachen an dann d’Burger vun all Säit 4-5 Min. broden. • Zum Schluss d’Zooss op d’Bréitche maachen, de Burger dropleeën, dann e Rondel Tomat an e Blat Zalot an zum Schluss den Deckel vum Bréitchen. • Fir d’Zooss de Knuewelek ganz kleng • schneiden oder pressen. D’Bratzele wäschen a kleng schneiden. • Alles mëschen a mat Peffer a Salz wierzen.
Vegetaresch