DEN DEPPEKUEDER - d'Kachbuch vun de FNEL Scouten

Page 29

Fësch

Fesch

PANÉIERTE FËSCH 10+10 =20

6 Fëschfilet (am Ganzen 1200 g) feste wäisse Fësch (Pangasius) 9 ZL Miel 9 ZL Panéiermiel 3 Eeër Fett fir ze broden Salz, Peffer, Zitroun

• Fëschfileten an 2 schneiden, mat Salz a Peffer wierzen, e bëssen Zitroun dropmaachen. • Am Miel dréinen, dann an dat opgeklapptent Ee an dann am Panéiermiel dréien, ier een de Filet an dem waarme Fett lues bréit, bis e gutt krupseg ass.

QUICHE AU SAUMON

10+40 =50

125 g Gruyère, gerappt 3 Eeër 20 cl Ram 150 g Saumon fumé 1 Deeg „fond de tarte brisée“

27

• • • • • • • •

Deeg an eng Bakform maachen. An enger Schossel d’Eeër verréieren. Mat Salz, Peffer a Muskotnoss wierzen. Ram a Kéis dobäimaachen. Saumon a Sträife schneiden. Saumon op den Deeg leeën. Kéismëschung dropschëdden. Bei 180 °C am Uewe goe loossen.

Fësch


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.