DEN DEPPEKUEDER - d'Kachbuch vun de FNEL Scouten

Page 18

Zoppen

GEMÉISZOPP 20+30 =50

1 l Waasser 600 g Courgetten 200 g Wuerzelen 1 Ënn 2 ZL Ueleg 1 Geméisküb 1 Putsch Péiterséileg Peffer Salz

• D’Ënn schielen a kleng schneiden. • D’Courgettë wäschen a schneiden; d’Wuerzele schielen an a Stécker schneiden. D’Geméis kann a graff Stécker geschnidde ginn. • Den Ueleg an engem Dëppe waarm maachen an d’Ënnen ubroden, bis se glaseg sinn. • D’Geméis dobäiginn an och kuerz brode loossen. • De Küb am waarme Waasser opléisen. • D’Waasser mam Küb an d’Dëppe schëdden, de Péiterséileg wäschen an d’Stiller erofschneiden. • De Péiterséileg an d’Zopp ginn. • Dat Ganzt mat Peffer a Salz • wierzen. Dann den Deckel op d’Dëppe maachen an op klenger Flam kache loossen. • No 30 Min. d’Zopp mixen. Wa se net flësseg genuch ass, nach e bësse Waasser dobäimaachen. Et kann een och e bësse Mëllech oder Ram dramaachen. Tippen:

Et kann een aus esou gutt wéi all Geméis eng Zopp maachen. Wat net esou gutt klappt, ass Staangenzelleri, well een deen net esou gutt gemixt kritt. Wann ee keng Courgetten an d’Zopp mécht, muss ee Gromperen dramaachen, fir ze bannen. Getoastent Brout oder Paangech passe gutt bei d’Zopp.

Zoppen

16


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.
DEN DEPPEKUEDER - d'Kachbuch vun de FNEL Scouten by FNEL Scouten a Guiden - Issuu