d’Grondmaterial fir déi meeschte Pneuen. Vill Infoe krute mer och zum Risiko vum Schwiefel. Hei koum den Hiweis, dass de Schwiefel a senger fester Form absolut harmlos ass, mee dass et problematesch ka sinn en ze laang ze lageren, well da gären ongewollt Produite wéi H2S entstinn. Dëse sténkt a gerénge Quantitéiten zwar albekannt wéi faul Eeër, a méi grousse Konzentratioune betäuben de Geroch allerdéngs an ass zudeem gëfteg, soudass Accidenter z.B. beim Transport leider schon méi oft virkomm sinn.
Wat een domat alles Ufänke ka wousste mer jo anzwëschen och, an et koum och direkt de Kommentar, déi kéint ee jo bestëmmt och Owes nach an der Disco verkafen.
Auteur: Christian Dengler
Nom theoreteschen Deel goufe mer dunn vum Director of Research, dem Robert Marriott, duerch d’Laboe gefouert a konnten hier Versich bestaunen. Vun selwer zesumme gebastelten Teststänn bis zu moderne Moossinstrumenter gouf et hei villes ze kucken. Wat am Detail alles vun hiren Doktorande gefuerscht gëtt war allerdéngs wuel nëmme fir Leit vum Fach ze begräifen. Als Ofschlossgeschenk um Enn vun der Besichtegung krut jiddereen nach eng Tut mat rengem Schwiefel a Form vu feste Kugelen.
bulli Hierscht 2017 l 25