Page 1

bulli

Fréijoer 2017

Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois


Virwuert

Foto: Dennis Hövelmann

Léif Lieserin, léiwe Lieser, ech sinn houfreg dass d’Memberen, mee virun allem de Comité, mir dës Charge uvertraut hunn an ech wäert mäi Bescht gi fir se esou gutt wéi méiglech auszeféieren. Wéi dir an dësem bulli wäert feststellen hu mir weiderhin eng Steigerung bei wichtegen Erfollegskennzuele wéi der Partnerunzuel, eisem Budget an och eiser Memberszuel. Mir konnten also déi Richtung wou d’ANEIL an de leschte Joren ageschloen huet weiderféieren a sinn och optimistesch dass dat esou bleift. En décke MERCI och un eis Partner déi eis ëmmer besser ënnerstëtze fir dass mir eis Aktivitéite kënne finanzéieren. Mir géingen eis freeë wa mer Iech kéinten op eiser Table Ronde op Karfreideg begréissen. An dësem bulli fann dir wéi gewinnt Berichter vun den Aktivitéiten (an och eng Masteraarbecht) déi mir zënter dem leschte bulli gemaach hunn. Ënnert anerem hu mir e flotte Weekend zu Karlsruhe verbruet, wou mir wollten erausfanne firwat eis Memberszuelen zu Karlsruhe réckleefeg sinn. Dëst Ziel hu mir erreecht an an engems och nach e puer kulturell an teschnesch Weiderbildunge gemaach. Donieft hu mir direkt am Februar en Teambuilding gemaach, wat virun allem fir eis nei Comitésmemberen en idealen Ufank war fir sech an eiser Equipe wuel ze

Virwuert

fillen. Dëst ass eng immens wichteg Konditioun fir kënnen effektiv a kollegial zesummenzeschaffen. D’Resultater sinn eng gutt Stëmmung a Spaass un der Aarbecht. Mir hunn eis dëst Joer vill virgeholl, esou fléie mir zum Beispill 10 Deeg a Kanada a kucken eis emol u wat d’Ingenieursstudenten do esou maachen a studéieren. Donieft organiséiere mir eis traditionell Table Ronde op Karfreideg. Ech géing mir dat an denger Platz definitiv net entgoe loossen well mir och hei e puer Verännerunge virgeholl hunn déi de ganzen Dag nach vill méi interessant maachen: #Visit #Interessant Entreprisen # CV Check #Foodtruck #Fräibéier… De ganze Comité mëscht an de leschte Méint trotz Klausurstress an aneren Erausfuerderungen eng super Aarbecht an investéiert vill Stonnen an d’Aktivitéite vun dësem Joer. Och wann ech iech wahrscheinlech schonn oft genuch nerven, muss dat och hei nach eng Kéier sinn: En décke MERCI!!! An elo starte mer an d’Summersemester mat coole Visitten, Grillowender, Béier etc. :) Captain

bulli Fréijoer 2017 l 3


Iwwersiicht Virwuert3 Invitatioun op eis Table Ronde Comité 2017 De neie Comité stellt sech vir Memberskaart 2017 Visite Michelin Visite Siemens Visite Rheinkraftwierk Ieffezheim Stadtrundgang Karlsruhe Visite Maison Relais Assemblée Générale Interview Secolux Journée de l‘Ingénieur Interview BEST Visite KioWatt Interview CFL

5 6 8 19 20 22 24 30 32 36 34 44 46 50 54

Master Aarbescht vum Michel Faltz Invitatioun op eise Fraibéier

Impressum Responsablen Editeur: Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL) 6, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 Internet: www.aneil.lu Email: contact@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Chefredakter: Sarah Kunsch Redakteren: Tzetomir Tzetkov Frank Metscher Luc Welter Venant Pirrotte Johan Winkel Michel Faltz Michel Sun Dennis Hövelmann Layout: Sarah Kunsch Max Schmitz Cover: © Anouk Godelet Drock: Imprimerie Centrale 15, rue du Commerce L-1351 Luxembourg www.ic.lu

De bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 460 Exemplären. D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.

4 l bulli Fréijoer 2017

58 62


Table Ronde 2017 Freides de 14. Abrëll um 14h00 am Forum da Vinci Op Karfreideg fënnt dëst Joer erëm eis traditionell Table Ronde statt. Dëst alljährlecht Event bitt all eise Memberen d’Geleeënheet fir verschidde Lëtzebuerger Firme besser kennen ze léieren. No enger kuerzer Presentatioun vun de Firmen hues du d’Méiglechkeet dech mat de Representanten vun de Firmen ze ënnerhalen an een eventuellen Job oder eng Stage Plaz ze ergatteren an dat an enger gemittlecher Ambiance. Dëst Joer si méi Firme präsent wei déi Joere virdrun an et besteet d’Méiglechkeet op ee professionellen CV Check mat kompetenter Berodung. Fir de klengen a groussen Honger hu mir dëst Joer ee Foodtruck um Start. Weider Informatioune fënns du an eisem Newsletter an op Facebook. Looss dir des Geleeënheet net entgoen.

bulli Fréijoer 2015 l 5


Comité 2017 Dennis Hövelmann

Michel Reisch

Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur Ëmwelt- a Verfahrenstechnik

Oochen Maschinnebau

+352 661 414 979 +49 160 930 010 28

+352 691 690 867 +49 174 437 0304

Dennis.Hoevelmann@aneil.lu

Michel.Reisch@aneil.lu

Rafael Andreosso

Michel Sun

Oochen Bauingenieur

Kaiserslautern Bauingenieur

+352 661 774 760 +49 241 463 770 33

+352 691 795 475 +49 176 859 103 53

Rafael.Andreosso@aneil.lu

Michel.Sun@aneil.lu

Venant Pirrotte

Frank Metscher

Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur & Produktiounstechnik

München Bauingenieur

+352 691 672 102 +49 176 961 370 76

+352 691 810 877 +49 177 647 0543

Venant.Pirrotte@aneil.lu

Frank.Metscher@aneil.lu

Fränk Zenner

Daniel Collignon

Lëtzebuerg Brevet de technicien supérieur

Oochen Ëmweltingenieurswëssenschaften Oofwasser- an Ëmweltverfahrenstechnik

Président

Secrétaire

Relations Publiques

Responsable Information

+352 691 887 954

Vice-Président

Trésorier

Responsable Voyages

Responsable Partenaires

+352 621 273 064 Fraenk.Zenner@aneil.lu

6 l bulli Fréijoer 2017

Daniel.Collignon@aneil.lu

Comité 2017


Anouk Godelet

Responsable Publications

Frankfurt Architektur & Energieeffizient Bauen

Kaiserslautern Architektur

+352 691 748 192 +49 176 892 294 39

+352 621 520 050 +49 152 269 146 19

Anouk.Godelet@aneil.lu

Sarah.Kunsch@aneil.lu

Lino Morais

Steve Breden

Responsbale Table Ronde & Foire

Responsable Foire & Table Ronde

+352 691 588 738

München Bauingenieur +49 176 247 337 98

Lino.Morais@aneil.lu

Steve.Breden@aneil.lu

Jerry Huberty

Laurent Jacques

Oochen Elektrotechnik

Responsable Site Internet

Fribourg Informatik

Coopté Voyages & Partenaires

München Physik

+352 621 637 081

+352 661 935 572 +49 160 403 2427

Jerry.Huberty@aneil.lu

Laurent.Jacques@aneil.lu

Charly Huberty

Johan Winkel

Responsable Visites

Oochen Wirtschaftsingenieur & Elektresch Energietechnik +352 691 83 62 22 +49 157 572 014 82 Charly.Huberty@aneil.lu

Comité 2017

Sarah Kunsch

Responsable Communications

Coopté Site Internet

Oochen M.Sc Ëmweltingenieurswëssenschaften +352 621 79 16 17 Johan.Winkel@aneil.lu

bulli Fréijoer 2017 l 7


De neie Comité stellt sech vir Dennis Hövelmann Gebuertsdatum Uertschaft Charge

23.04.1990 Stadbriedemes President

Uni-Stad Kaiserslautern Studium Wirtschaftsingenieur Ëmwelt- a Verfahrenstechnik Verdéiwung Energietechnologien, Energiemäert, Startups Wisou d'ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? A mengem drëtte Komiteesjoer bei der ANEIL probéieren ech meng Veräinserfahrung ze notzen an domat d’ANEIL virunzebréngen. Konkret wëlle mir d’ANEIL allgemeng méi bekannt maachen an eisen Image bei Ingenieursstudenten an Entreprisen zu Lëtzebuerg (och an der Groussregioun) weider verbesseren. Weiderhi wëlle mir jonk Leit fir d’Technik an och eventuell en technescht Studium begeeschteren. Donieft wäerte mir innovéiere, souwuel bei eisen Aktivitéite wéi och bei eisen interne Systemer (virun allem Homepage an Database). Déi éischt positiv Resultater kënne mir och elo scho feststellen. Wat sinn deng Zukunftspläng? Ech wäert mäi Studium dëst Joer ofschléissen an dann nach eng Zäitchen an Däitschland Erfahrung sammelen. Duerno probéieren ech mir nach e kléngen Dram ze erfëllen an e puer Wochen an d’Installatioun vun Offshore Wandkraaftanlagen eraschnupperen. Da géing ech mir gären eng interessant Aarbecht bei enger Entreprise zu Lëtzebuerg sichen, déi et mer erlaabt gréisstendeels zu Lëtzebuerg ze schaffen an och ze liewen. Donieft géing ech nach gär e puer Reese maachen a fir alles kënnen uerdentlech ze entdecken dierfen den Tauchschäin an de Bootsführerschäin net feelen :). E Liewensdram ass et eng Kéier de Sportsfligerschäin ze maachen an domat d’Welt vun uewen ze entdecken. Wéi ee Studenteklischee trëfft op dech zou? Ech maache gär Party, weess awer och wéini ech muss seriö sinn. Dofir iwwerhëlt den zweeten Deel en ëmmer méi groussen Undeel. Fir weieng Saachen ausserhalb vun der Technik kanns du dech nach sou begeeschteren? Ech hale mech immens gär an der Natur op an interesséiere mech deementspriechend och fir alles wat domat ze dinn huet. Bewegung ass mir och ganz wichteg, ech hunn dofir zwar keng App, mee ech maache bewosst am Alldag Extraweeër déi net onbedéngt néideg wieren an natierlech regelméißeg Sport. An Zäite vun ëmmer méi labille Sécherheetssituatioune probéieren ech an Alldagsgespréicher drop opmierksam ze maachen, wéi wichteg et ass zesummenzehalen, och wann dat net ëmmer einfach ass an och oft Feeler an den Unioune gemaach ginn.

Michel Reisch Gebuertsdatum Uertschaft Charge

08.02.1990 Ollem Vize-President

Uni-Stad Oochen Studium Maschinnebau Verdéiwung Produktioun

Wisou D‘ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? De Schüler den Ingenieursberuff méi no bréngen an den Ingenieursstudenten e Bléck an dei Lëtzebuerger Ingenieurswelt erméiglechen. Lëtzebuerg huet definitif och interessant Firmen déi am Ingenieursberäich täteg sinn, vun deenen een deels an der Öffentlechkeet wéineg matkritt.

Wat sinn deng Zukunftspläng? De Studium séier ofschléissen. Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? Ech hunn effektif vill karéiert Hiemer, dat ass awer deen eenzege Maschinnebauklischee .. Fir weieng Saachen ausserhalb vun der Technik kanns du dech nach sou begeeschteren? alles wat mat Technik ze dinn huet, Fliigerei, aal Autoen, Vespa,…

8 l bulli Fréijoer 2017

De Comité stellt sech vir


DETE I MAD ABOUT SOUL

LA MAÎTRISE DU BÉTON ARCHITECTONIQUE Le nouveau bâtiment de la CSSF (Commission de Surveillance du Secteur Financier), situé aux portes de la ville de Luxembourg route d’Arlon, représente une réelle prouesse architecturale. Soludec a livré cet ouvrage clé en main en septembre 2015 ; le délai, le budget et la qualité requis ont été parfaitement respectés.

La réalisation de la façade en béton architectonique blanc a été également un véritable défi. Son montage et sa fixation ont demandé l’élaboration d’une méthode particulière : à la fois monolithique et aérienne, elle est tout simplement adossée au bâtiment. Plus de 600 personnes s’affairent sur 5 niveaux et 17.000 m2 de bureaux, au confort hors norme.

Architectes : JSWD et Bertrand Schmit.

TEL.: 26 59 91

www.soludec.lu


Rafael Andreosso Gebuertsdatum Uertschaft Charge

18.05.1991 Huncherange Secrétaire

Uni-Stad Oochen Studium Bauingenieurwiesen Verdéiwung Verkéierswiesen

Wisou D›ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Fir de jonke Leit d’Ingenieursrichtung méi no ze bréngen an dobäi mir Softskills unzëeegnen déi ee net esou direkt an der Schoul/Uni léiert.

Wat sinn deng Zukunftspläng? Mäi Masterstudium fäerdeg maache woubäi ech nach wëll weider praktesch Erfahrungen an Däitschland sammelen. Dono bleift ze gesinn wou et mech hi verschléit. Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? Keen deen ech kennen. Fir weieng Saachen ausserhalb vun der Technik kanns du dech nach sou begeeschteren? Insgesamt sinn ech e wëssbegierege Mënsch a ka mech fir zimmlech vill begeeschteren, woubäi awer Technik dat interessantsten ass. Dëst ass da wuel en ingenieursspezifesche Klischee. Soss reesen ech gären an erweidere soumat mäin Horizont. Wat elo spezifesch Hobbyen ugeet, fueren ech onheemlech gäre Motorrad a maachen och vill Sport (Kampfsport an Equippesportaarten ënner Kollegen).

Michel Sun Gebuertsdatum Uertschaft Charge

16.05.1992 Scheffleng Trésorier

Uni-Stad Kaiserslautern Studium Bauingenieurwiesen Verdéiwung Infrastruktur

Wisou D‘ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Ech engagéiere mech zimmlech gären, a wëll domat de Lien tëscht all de Lëtzebuergeschen Ingenieurs/ Naturwëssenschaftsstudenten, respektiv tëscht Schüleren a Partner-Firme verbesseren.

Wat sinn deng Zukunftspläng? Mam Studium fäerdeg ginn, an eng Weltrees starten Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? De CHINES. Fir weieng Saachen ausserhalb vun der Technik kanns du dech nach sou begeeschteren? Sport, Schlofen, Iessen, Reesen

10 l bulli Fréijoer 2017

De Comité stellt sech vir


Venant Pirrotte Gebuertsdatum Uertschaft Charge

19.04.1988 Krautem Relations Publiques

Uni-Stad Studium Verdéiwung

Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur Produktiounstechnik

Wisou D’ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Ech wëll erreechen, dass d’Lëtzebuerger STEM Studente gutt vertruede ginn, an dass et duerch gutt Berodung duerch eis fir eis Schüler och an Zukunft vill ANEIL’s Membere ginn. Fir d’ANEIL wëll ech virun allem erreechen, dass d’Vernetzung doheem, an der Groussregioun, an Europa a weltwäit gutt klappt. Wat sinn deng Zukunftspläng? Enges Daags mam Studium fäerdeg ginn, e flotten Job fannen an eng fuerdernd an erfollegräich Carrière féieren. Meng éierenamtlech Engagementer sollen dobäi och net ze kuerz kommen. Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? De Laangzäitstudent, De-beim-studéieren-x-Kilo-bäihuele-Student, Den-Haaptsaach-alles-maache-watnäischt-mam-Studium-ze-dinn-huet-Student Fir wéi eng Saachen ausserhalb vun der Technik kanns du dech nach sou begeeschteren? Medezinesche Katastropheschutz beim däitsche Roude Kräiz, Fluchsimulatioun, Musek (aktiv a passiv) a Serien, mat Frënn a Kollege Blödsinn maachen, Summer an Autoe/Motorrieder

Frank Metscher Gebuertsdatum Uertschaft Charge

09.04.1991 Nidderanven Rees

Uni-Stad Studium Verdéiwung

München M.Sc Bauingenieur Projektmanagment

Wisou D’ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Interesséierten Ingenieuren eng flott Rees organiséieren a mat engem flotte Comité en attraktive Programm opstellen.

Wat sinn deng Zukunftspläng? Op de Mound fléien. Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? Kënnt alt e Mol fir datt ech dee Leschte sinn deen aus dem Café geet . ;) Fir wéi eng Saachen ausserhalb vun der Technik kanns du dech nach sou begeeschteren? Musek a Natur.

De Comité stellt sech vir

bulli Fréijoer 2017 l 11


Fränk Zenner Gebuertsdatum Uertschaft Charge

02.07.1993 Oetrange Studieninformatioun

Uni-Stad Studium Verdéiwung

Lëtzebuerg Brevet de technicien supérieur Dessinateur et Contructeur sur métal

Wisou D’ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Den zukünftege Studenten de Beruff an de Naturwëssenschafte schmackhaft ze maachen.

Wat sinn deng Zukunftspläng? Lo mol de Studium oofzeschléissen an da kucke mer mol weider. Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? Nächst Semeseter fänken ech éischter un ! Kuerz drop : Muer ass och nach en Daag. Fir weieng Saachen ausserhalb vun der Technik kanns du dech nach sou begeeschteren? Sportlech aktiv sin, Reesen an op den Tour goe natierlech 

Daniel Collignon Gebuertsdatum Uertschaft Charge

25.12.1990 Greiveldange Partenariat

Uni-Stad Studium Verdéiwung

Oochen Ëmweltingenieurwëssenschaften Oofwasser- an Ëmweltverfahrenstechnik

Wisou D’ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Ech sinn elo dat zweet Joer am Comité vun der ANEIL derbäi an et mëscht mir richteg Spaass mat der Equipe zesummen ze schaffen. D´lescht Joer hu mir vill flott Projete realiséiert an mir konnte mat eise Studieninformatioune vill Jonk Léit fir den Ingenieursstudium begeeschteren. Et mëscht einfach Spaass ze gesinn, wann déi Aarbecht déi mir man Friichten dréit. Dofir wollt ech dëst Joer mat deenen Erfahrungen déi ech d’lescht Joer gesammelt hunn weider dozou bäidroen, dass mir nach besser schaffen. Wat sinn deng Zukunftspläng? Mäin Unisstudium dëst Joer erfollegräich ofschléissen an dann endlech ufänke mat schaffen. Et gëtt näischt méi Flottes wéi wann een endlech selwer u flotte Projeten schaffe kann a selwer seng Iddie mat afléissen ze loossen. Ech hunn d’lescht Joer an engem flotte Start-Up geschafft wou ech éischt Erfahrunge sammele konnt an ech géif gären an deem Beräich weider schaffen well dat genee dat war wat ech ëmmer maache wollt. Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? Nieft dem Studium sollt feiere mat Kollege net ze kuerz kommen. Et ginn Deeg wou et scho mol zimmlech spéit ginn ass. Mä dat gehéiert zum Studéieren derzou. Et muss ee just de gesonde Mëttelwee fannen. Fir weieng Saachen ausserhalb vun der Technik kanns du dech nach sou begeeschteren? Während menger Fräizäit spillen ech Musek woubei een ëmmer zimlech gutt entspaane kann. Des Weideren fueren ech ganz gäre Ski a fannen et ëmmer schéin wann ee Pisten erofbriedere kann an dobäi nach eng flott Aussiicht huet op déi schéi Natur. :)

12 l bulli Fréijoer 2017

De Comité stellt sech vir


© Lukas Huneke; Andrès Lejona, Christof Weber

BIENVENUE CHEZ INCA

INCA Ingénieurs Conseils Associés est un bureau d’ingénieur en génie civil, offrant ses services depuis plus de 20 ans, dans des domaines aussi variés que : • la coordination et le pilotage de projets, • le bâtiment et les constructions industrielles, • les ouvrages d’art, • les infrastructures routières et ferroviaires, • l’hydrologie et la gestion de l’eau, • la physique du bâtiment (sécurité incendie, acoustique, thermique), • la coordination sécurité et santé, • l’économie du bâtiment Toujours à la recherche de nouveaux talents, nous offrons régulièrement des stages étudiants ainsi que des postes fixes pour ingénieurs, architectes, techniciens et dessinateurs engagés. Envie de nous rejoindre ? Retrouvez nos propositions de stages ou d’emploi sur : www.inca.lu, linked’in et sur facebook ou envoyez directement votre candidature à jobs@inca-ing.lu.

INCA Ingénieurs Conseils Associés S.à r.l. 47, rue Gabriel Lippmann L-6947 Niederanven

Tél. : (+352) 42 68 90-1 Fax : (+352) 42 68 96 info@inca-ing.lu www.inca.lu


Anouk Godelet Gebuertsdatum Uertschaft Charge

19.04.1990 Garnech Kommunikatioun

Uni-Stad Studium Verdéiwung

Frankfurt Architektur Energieeffizientes Bauen und nachhaltiges Bauen (M.Eng)

Wisou D‘ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Ech krut an de leschte Joren e gudden Iwwerbléck hannert eis Organisatioun a wëll mat mengen Erfahrungen an Iddien de Comité nach ee weidert Joer ënnerstëtzen, duerch mäin Engagement d’Kommunikatioun tëscht den Ingenieursstudenten an den Entreprisë verbesseren, de Schüler den Ingenieursberuff méi no bréngen a selbstverständlech flott Momenter mat eise Memberen a Partenaire verbréngen.  Wat sinn deng Zukunftspläng? Nach net direkt zu Lëtzebuerg schaffen. Wéi ee Studenteklischee trëfft op dech zou? Ëmmer verplangt :) Fir weieng Saachen ausserhalb vun der Technik kanns du dech nach sou begeeschteren? Reesen, Photographie, (Rettungs-)Schwammen, Baaken

Sarah Kunsch Gebuertsdatum Uertschaft Charge

02.04.1993 Miersch Publikatioun

Uni-Stad Kaiserslautern Studium Architektur Verdéiwung /

Wisou D’ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Et ass fir mech dat éischt Comitésjoer, an ech si frou kënnen an enger flotter Equipe nei Erfahrungen ze sammelen. Meng Charge gëtt mer zousätzlech och nach d’Méiglechkeet mäi Studium gutt ze ergänzen. Ech erhoffe mer mat mengem Awierken kënne positiv zu den Ziler vun der Aneil bäi ze droen.

Wat sinn deng Zukunftspläng? Ech wënsche mer nach kënne vill Erfahrungen a mengem Studium ze sammelen, zousätzlech stinn dat eent oder anert Auslandssemester fir mech nach um Programm. Wat ech no mengem Studium maachen ass fir mech nach oppen, et weess ee jo ni wat sech nach sou ergëtt. Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? Sou wei et sech fir den Architektur Student gehéiert maachen ech mol gären d’Nuecht zum Daach. Fir weieng Saachen ausserhalb vun der Technik kanns du dech nach sou begeeschteren? Ech ka mech virun allem fir d’Reese begeeschteren (am léifsten Backpack), ënnert anerem awer och fir Tauchen, reiden an aner sportlech Aktivitéiten. Ech sinn ëmmer frou nei Leit kennen ze leieren, déi mir een Abléck an hiert Liewen erméiglechen a sou mäint beräicheren.

14 l bulli Fréijoer 2017

De Comité stellt sech vir


Lino Morais Gebuertsdatum Uertschaft Charge

06.08.1991 Ettelbruck Table Ronde

Uni-Stad Studium Verdéiwung

Oochen M.Sc ET/IT/TI Energietechnik

Wisou D‘ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Fir mech ausserhalb vun der Uni z‘engagéieren a mat engem jonken Team zesummen ze schaffen

Wat sinn deng Zukunftspläng? Lo mol mäi Master Studium packen Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? Den chillen Student Fir weieng Saachen ausserhalb vun der Technik kanns du dech nach sou begeeschteren? Motorrieder, Autoen, Dj‘ing

Steve Breden Gebuertsdatum Uertschaft Charge

01.06.1991 Guedber Foire de l’étudiant

Uni-Stad Studium Verdéiwung

München M.Sc Bauingenieurwiesen TUM Projektmanagment

Wisou D‘ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Als Member vun der ANEIL ass et interessant sech mat anere Studenten austauschen ze kënnen, nei Leit kennen ze léieren a natierlech un de flotten Events ze participéieren. A nach méi Spaass mecht dat Ganzt wann ee selwer eng Hand mat upaaken an zesummen am Team eppes bewierke kann

Wat sinn deng Zukunftspläng? Déi verschidden Organistaiouns- an Oflafprozesser aus der Baubranche ze studéieren a spéider am Beruff uwenden bezéiungsweis déi jeeweileg Prozesser méi effizient kënnen ze gestalten. Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? Iwwerall präsent ze sisn, egal ob interessant Virtäg oder bei studentesche Festivitéiten. Fir weieng Saachen ausserhalb vun der Technik kanns du dech nach sou begeeschteren? Sportlech Erausfuerderungen, Adventure Trips

De Comité stellt sech vir

bulli Fréijoer 2017 l 15


Jerry Huberty Gebuertsdatum Uertschaft Charge

24.08.1994 Lëtzebuerg Webmaster

Uni-Stad Studium Verdéiwung

Fribourg Informatik /

Wisou D’ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Der ANEIL um informateschen Standpunkt hëllefen.

Wat sinn deng Zukunftspläng? De Studium fäerdeg maachen, an da weider kucken. Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? Vill ze vill treffen zou. Fir weieng Saachen ausserhalb vun der Technik kanns du dech nach sou begeeschteren? Scouten, Fotoen

Laurent Jaques Gebuertsdatum Uertschaft Charge

16.07.1995 Ueschdrëff Coopté

Uni-Stad Studium Verdéiwung

München Physik /

Wisou D‘ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Well ech et wichteg fannen datt d’Lycée Schüler och vu Studente berode ginn iwwer de Studium deen se wëlle maachen. Mat mengem Engagement an der ANEIL hoffen ech meng Studienzäit méi interessant an ofwiesslungsräich ze maachen.

Wat sinn deng Zukunftspläng? An enger interessanter Fuerschungsariichtung schaffen. Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? Moies um 8 ginn ech ni an ee Kur. Fir wéi eng Saachen ausserhalb vun der Technik kanns du dech nach sou begeeschteren? Sport a flott Reese maachen.

16 l bulli Fréijoer 2017

De Comité stellt sech vir


is one color

Défenseur de l’égalité des chances


Charly Huberty Gebuertsdatum Uertschaft Charge

09.09.1990 Lëtzebuerg Visitten

Uni-Stad Studium Verdéiwung

Oochen Wirtschaftsingenieur Elektresch Energietechnik

Wisou D’ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Vu dass ech scho méi laang Member sinn, wëll ech hëllefen de Kontakt zwëschen de Studenten an den Entreprisen hierzestellen, a natierlech och Schüler fir den Ingenieursstudium ze begeeschteren.

Wat sinn deng Zukunftspläng? De Studium ofschléissen, an da gesinn ech weider. Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? An der Klausurzäit ass d’Wunneng am proppersten ;) Fir weieng Saachen ausserhalb vun der Technik kanns du dech nach sou begeeschteren? Fotografie, un der Dampmaschinn schaffen, Scouten

Johan Winkel Gebuertsdatum Uertschaft Charge

24.01.1989 Niederonven Coopté Webmaster

Uni-Stad Studium Verdéiwung

Oochen M.Sc. Ëmweltingenieurwëssenschaften Siedlungswasserwirtschaft

Wisou D‘ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Ech si säit 2010 bei der ANEIL Member a war direkt esouwuel vun der Organisatioun an dem Inhaltlechen vun de Visitten a Reesen déi d’ANEIL hire Memberen ubitt begeeschtert. Ech sinn elo a mengem leschte Joer vum Master a gouf vun eisem aktuelle President ugeschwat ob ech wéilt eng Hand mat am Komitee upaken. Esou, hunn ech mer geduecht, wa net elo wéini dann ? Mat mengem Engagement wëll ech zum Optiméiere vun eisen elektronesche Plattformen a Kommunikatioun bäidroen. Hautdesdaags sinn déi Interfacen guer net méi ewech ze denken an et ass wichteg dass een dëst à jour setzt an ee kucke soll wat ee besser maache kann domatten ee sech am Beschten no bausse presentéiert an un d‘Léit erukënnt. Wat sinn deng Zukunftspläng? Endlech mech mol der Aarbechtswelt ze widmen ;) Ech hu scho puer Stagen am Ingenieursberuff getätegt an ech hat immens vill Freed drun deen een oder anere Projet selwer kënnen ze realiséieren. Ze gesinn dass ee Projet deen ee selwer geplangt huet dann och herno ëmgesat a gebaut gëtt ass a mengen Aan dat bescht wat et nierft den Innovatiounen an der Ingenieurswelt gëtt. Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? Ingenieure gëllen als rational a buedemstänneg. Dofir dinn se gären einfach, praktesch a bequem Kleeder un. Se droen T-Shirt mat hirer Liiblingsband oder mat engem lëschtege Sproch. Fir weieng Saachen ausserhalb vun der Technik kanns du dech nach sou begeeschteren? Wann ech a menger Fräizäit net grad amgaange sinn u Saachen ze schrauwen, dreiwen ech ganz gäre Sport. Zu mengen Favoritten gehéiert Dëschtennis, Fussball a Volleyball.

18 l bulli Fréijoer 2017


Memberskaart 2017

Joer

Unistad

MEMBERSKAART

Numm Studierichtung

www.aneil.lu

Adress (Lux) E-Mail Ech sinn averstan dass meng Donnéeën un Drëtter kënne weidergi ginn. Photographesch Duerstellunge vu mir dierfe vun der ANEIL fir Publikatioune benotzt ginn.

Ënnerschrëft

Joer Numm Cotisatioun

actif

donateur

Fir de Comité

Fir déi ënnert iech déi nach keng Memberskaart 2017 hunn. Dir kënnt d‘Memberskaart entweder beim Comité kafen oder eis d‘Cotisatioun vu 5 Euro op den ANEIL Kont iwwerweisen.

Kont IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 BIC/Swift BCEELULL Vermierk „Däi Numm - Cotisatioun 2017“ D‘ANEIL hofft iech och dëst Joer weiderhin als Member dobäi ze hunn.

Memberskaart 2017

bulli Fréijoer 2017 l 19


Visite Michelin 09.12.2016 | Karlsruhe

Fotoen: Dennis Hövelmann

Freides de 9. Dezember 2016 hu mir mëttes de Michelin Musée zu Karlsruhe besichtegt. Als éischt hu mir eng Gruppefoto virum Musée virum/am gréisste Pneu vun der Welt gemaach. Dëse Pneu gëtt nach ëmmer vu Michelin produzéiert a gëtt bei Risenmuldenkipperen agesat. Am Musée selwer huet dann eisen eelere Guide, dee säit iwwer 20 Joer an der Pensioun ass, eis erkläert wei d´Bridder Michelin no der Firmengrënnung op de Michelin-Männchen (Bibendum) am Logo komm sinn. Sie stounge virun engem Stapel Pneuen an deen ee sot zum aneren, datt wann deen Ärem hätt, e bal wéi ee Mënsch géif ausgesinn. De Michelin-Männchen huet mat der Zäit säin Ausgesinn entspriechend den Ideale vun eiser Gesellschaft ugepasst, vun déck, mat Zigare op sportlech. Du krute mir puer Saachen iwwert d´Geschicht an d´Entwécklung vun der Firma erzielt befier mir zu den Ausstellungsstécker koumen. Well den Här fréier am Michelin Wierk zu Karlsruhe an an hirem Haaptsëtz zu Clermont-Ferrand geschafft huet, konnt hien eis detailléiert Explikatioune ginn. Wéi gesot ginn ass, datt d´Pneuen aus Latex bestinn, sinn d´Witzer nëmme nach geflu komm, wat sech bis zum Schluss gezunn huet.

20 l bulli Fréijoer 2017

Michelin huet zwar net den éischte Loftpneu erfonnt, dofir awer den éischten demontéierbare Loftpneu, wouduerch d´Vëlosfuerer direkt profitéiere konnten. Et huet puer Joer gedauert bis d´Autospneue sou gutt wéi d´Vëlospneue waren, mee d´Fransouse konnte se net gutt promoten. Metzleren hunn erausfonnt, dass Schwäin méi roueg sinn wann hiren Transport an d‘Schluechthaus Loftpneuen hat, wéi mat Rieder aus Holz. Doduerch waren d‘Schwäin manner gestresst an d’Fleesch war besser. Dowéinst hat eng franséisch Zeitung geschriwwen, dass d’Leit manner wäert wiere wéi d’Schwäin. Doropshin hu sech d’Loftpneuen och bei den Autoen duerchgesat. Am Musée war ee Karussell, op deem puer Fräiwëlleger getest hunn, wei krass den Ënnerscheed tëscht Loft- an Holzpneuen ass. Während der Visite ass et opgefall, datt d´Pneuen am Laf vun der Zäit ëmmer méi breet goufen. Doduerch kéint ee mengen, datt ee sou méi Grip op der Strooss hätt, mee d´Breet ass nëmmen een Trend a verbessert de Grip net. Trotzdem empfannen d´Leit breet Pneuen hautzedaags als méi schéin a sécher. De Pneueprofil gouf eis och erkläert, dee suergt z. B. dofir, dat d´Waasser op der Strooss schnell verdrängt ka ginn.

Visite Michelin


Fréier hat Michelin och Formel 1 Pneuen produzéiert, déi och do ausgestallt waren. Déi sinn am Verglach mat normale Pneue vill méi liicht, mee hir Produktioun ass dowéinst och zimmlech deier. Et waren och Pneue vun verschidde Gréissten am ganzen an am opgeschniddenen Zoustand do, sou datt een z. B. d‘Metalldréit bannendra gesinn huet. Verschidde Maschinne fir d´Produktioun vun de Pneue ware natierlech och do ausgestallt a goufen eis zesumme mat de Prozesser erkläert. Schliisslech hunn d‘Leit och de Naturkautschuk als Hops- a Fussball probéiert, mee vu dass dee net ronn war huet dat just deelweis funktionéiert. Dono war d´Gespréich iwwert d´Sekretärinnen déi puer Deeg virun eis do ware méi interessant ginn wei d´Ausstellungsstécker.

Fotoen: Dennis Hövelmann

Auteur: Tzetomir Tzetkov

Toutes les techniques du bâtiment,

pour l’expression de votre talent ❏ Maîtrise de toutes les techniques du bâtiment

❏ Participation aux grands chantiers du pays ❏ Faculté de développer ses compétences ❏ Respect, écoute, entraide et émulation ❏ Rapidité des échanges et des décisions ❏ Outils et équipements de premier plan

Offrez à votre talent l’environnement propice à son développement.

Techniques et fluides made by a+p kieffer omnitec

candidature@apko.lu Possibilité de stages pour les futurs ingénieurs et techniciens.

Chauffage • Ventilation • Climatisation • Electricité basse tension et courants faibles • Détection et extinction d’incendie • Automatisation, régulation et surveillance • Réfrigération • Vapeur • Traitement des eaux • Sanitaire • Cogénération et chauffage urbain

7-9 rue guillaume kroll - L-2013 Luxembourg Tél. : 47 48 48-1 - www.apko.lu

l 21


Visite Siemens 09.12.2017 | Karlsruhe

Fotoen: Dennis Hövelmann

Freides, de 9ten Dezember 2016 war d’ANEIL mat enger klenger Grupp vu +- 12 interesséierte Studenten de sougenannte Siemens Industriepark am Kader vun engem Trip op Karlsruhe besichen. Direkt nodeems mir ukomm si goufe mir, wéi sech dat fir däitsch Verhältnisser gehéiert, wuelduerchduecht organiséiert, empfaang. Direkt dono krute mir eng Presentatioun gehale mat e puer generellen Infos iwwert d’Aktivitéite vu Siemens op dem Campus dee mir och dono visitéiert hunn.

privaten “Arbeitgeber” vun der Stad Karlsruhe. Wat mécht Siemens zu Karlsruhe? Siemens, ee Numm, dee jidderengem dieft bekannt sinn, ass a ganz diverse Branchen täteg. Dowéinst beschäftegt sech all Standuert mat engem anere Beräich. Zu Karlsruhe huet Siemens een Zentrum fir Prozessautomatiséierung, Fertigungsautomatiséierung, Gebäudeautomatiséierung an Industrial Services erriicht. A kuerze Sätz eng Erklärung wat dat alles soll sinn.

Wien ass Siemens? Siemens ass e global aktiven Technologiekonzern mat 351.000 Mataarbechter weltwäit (Stand: 30.09.2016). Vun deene “Siemensianer”, wéi se sech selwer nennen, schaffen der 32% an Däitschland, 29% an der EU (ouni Däitschland), GUS, Afrika, dem noen a mëttleren Osten, 21% an Amerika an 18% an Asien an Australien. Wou ass Siemens zu Karlsruhe? D’Firma Siemens ass zu Karlsruhe mam “Siemens-Industriepark” am Staddeel “Knielingen” vertrueden. De Siemensstanduert zu Karlsruhe ass dee fënneftgréisste vun der Welt a gläichzäiteg dee gréisste

22 l bulli Fréijoer 2017

Bei der Prozessautomatiséierung geet et net nëmmen drëms eng Maschinn alleng autonom ze maachen, mee éischter ee gesamten Ooflaf vu ville klenge Prozeduren, déi all vuneneen ofhänken, automatiséiert kënnen duechzeféieren. Dat kann zum Beispill ee komplexe chemesche Prozess sinn, bei deem et wichteg ass, dass bei verschidde Schrëtt Parameter genau agehale ginn, a bei weideren Ofleef, déi dovun ofhängeg sinn, muss berécksiichtegt gi wéi genau dat war a wat d’Konsequenzen dovu sinn. Fertigungsautomatiséierung ass wéi de Numm et scho seet, automatiséiert Zesummesetze vu Baudeeler zu engem Gesamtprodukt. Di meecht Automobilhiersteller, déi Masseproduktioun bedreiwen, sinn z.B. op déi

Visite Siemens


automatiséiert Konstruktioun vun der Karosserie ugewisen. Ënnert Gebäudeautomatiséierung dierft ee sech haut des daags och schonns eppes kënne virstelle wann een un de Kontext vu Smart Home denkt. Do geet et drëms sou vill wei méiglech Geräter an Elementer mateneen ze vernetzen an iwwerhaapt mol fäheg ze maache fir Daten ze erfaassen, also “Smart” ze maachen. Esou kënnen z.B. Geräter selwer Entscheedungen treffen opgrond vun Daten iwwert anert Elementer am Haus. Dat wier elo ee Beispill fir den Asaaz vu groussen industriellen Entwécklungen am private Beräich. Ganz vereinfacht gesot brauch et fir eng “Automatiséierung” oder allgemeng Reegelung dräi wichteg Bestanddeeler: Sensore fir Datenerfassung also wësse wat grad passéiert, eng “Entscheedungszentral” also Algorithmen déi entscheede wat als nächst soll passéieren an déi d’Situatiounen interpretéieren an Aktoren, déi di entscheeten Aktiounen ëmsetzen. Siemens bitt fir all déi Beräicher net nëmmen eenzel Komponenten, mee ganz Léisungen, also komplett Systemer un. Déi Produktpalett gëtt zu Karlsruhe entworf an och zum Deel hiergestallt. Potenziell Clientë kënnen sech

ob der Plaz berode loossen, a Siemens bitt hinnen dann eng, op hier Situatioun maassgeschneidert, Léisung un. Ënnert Industrial Services versteet sech net nëmmen en eemolegen individuellen Design, mee och all Form vu spéiderem Support a Weiderentwécklung. Nom Virtrag krute mir d’Produktiounshale wou dann déi eenzel Komponente schlussendlech zesummegesat a getest gi gewisen. Do hunn sech vollautomatiséiert Fäerdegungsmaschinne mat manuell duerchgefouerte Prozesser ofgewiesselt. Di eenzel Maschinne si multifunktionell a kënne falls néideg fir verschidde Färdegungsprozesser nei configuréiert an agesat ginn. Déi selwecht Uspréch ginn och un d’Mataarbechter vu Siemens gestallt, fir villsäiteg asetzbar Equippen zur Dispositioun ze hunn. Zum Schluss vun der extrem interessanter Visite krute mir ee Mëttegiessen an der Siemens Betribskantinn offréiert. Auteur: Luc Welter

l 23


Visite Rheinkraftwierk Iffezheim 10.12.2017 | Iffezheim

Fotoen: Johan Winkel, Dennis Hövelmann

Eis éischt Visite e Samschdeg de Moie wor beim Laafwaasserkraaftwierk zu Iffezheim. Op der Plaz ukomm krute mer während 2 Stonnen, mat enger klenger Ënnerbriechung, eng informatiounsräich Presentatioun iwwert d‘Kraaftwierk an d‘Energiewirtschaft gehalen. D‘Rheinkraaftwierk Iffezheim (RKI) gëtt vum Energiekonzern Energie Baden-Württemberg, Kuerzform EnBW, bedriwwen. EnBW gehéiert zu de 4 gréisst Energieversuergungsentreprisen an Däitschland a domatten och zu de gréissten an Europa. EnBW huet sech scho säit iwwer 100 Jore mat der klimafrëndlecher Stroumproduktioun aus Waasserkraaft befaasst sou dass hinnen haut an Däitschland iwwer 50% Undeel u Stroumproduktioun mat Waasserkraaft gehéiert. Alleng a BadenWürttemberg gehéieren der EnBW 67 Anlagen a mat Partner sinn et der souguer iwwer 100. De globalen Undeel u Stroum deen an Däitschland duerch Waasserkraaft produzéiert gëtt, läit tëscht 4-5% a representéiert domatter och schonn d’maximal Stroumproduktionspotential  dat Däitschland duerch déi erneierbar Energie, Waasserkraaft,  gewanne kann. Dësen Undeel, deen am Moment ca. 1/6 vun den erneierbaren Energien ausmécht,  ka just duerch Moderniséierung oder Erweiderung vun de

24 l bulli Fréijoer 2017

bestoenden Anlagen optiméiert ginn. D’Potential fir Stroum duerch Waasserkraaft ze produzéieren ass duerch geografesch Lage bestëmmt wouduerch déi néideg Kriterien, Waasserquantitéit an d‘Pente, begrenzt sinn. Déi 10 Staufstufen déi een um Rhein fënnt goufe net primär fir Waasserkraaftwierker gebaut mee fir Fließgeschwindegkeet um Rhein ze reguléieren. Hätt een dat net gemaach, da wier de Rhein weiderhin sou schnell gefloss an et wier zu der sougenannter Suelenerosion vum Rhein komm woubäi den Tracé vum Schëffsverkéier stänneg hätt misste geännert ginn. D‘Staustufe Iffezheim ass déi lescht déi sech um Rhein befënnt a spillt domatter eng wichteg Roll bei der Reegelung vum Waasserspigel fir d’Schëfffahrt an dem Héichwaasserschutz. D’Bundesland Baden-Württemberg deelt eng gemeinsam Grenz um Rhein mat Frankräich. Sou kënnt et dass den RKI 50 % un EnBW a 50% de Fransousen (EDF) gehéiert an zesummen duerch RKI GmbH bedriwwe gëtt. Fir d‘Anzugsgebitt vum Rhein bedeit dat nieft enger intensiver Benotzung fir de Gütertransport mat Schëff och eng intensiv Bewirtschaftung, sou dass ee verschiddenerlee Waasser-,  Damp-,  Atomkraaftwierker an Industriegebitter laanscht dëm Rhein fënnt déi op Waasser

Visite Rheinkraftwerk Iffezheim


Rejoignez un groupe international

Le Groupe Encevo est le principal acteur du secteur de l’énergie au Luxembourg, également présent en Allemagne, Belgique et France. Il est essentiellement composé du fournisseur d’énergie Enovos et du gestionnaire de réseau Creos. Enovos s’approvisionne en énergie, gaz naturel et en énergies renouvelables afin de les fournir à un vaste éventail de clients. Creos assure le transport et la distribution de l’énergie à travers ses réseaux. Le groupe est piloté par la société holding Encevo. A la recherche de compétences nouvelles pour renforcer nos équipes dans le cadre d’une expansion continue, nous recherchons des jeunes diplômés dynamiques et motivés. Nous proposons également aux étudiants la possibilité de faire un stage en entreprise et/ou de réaliser leur travail de fin d’études dans un de nos services.

encevo.eu


ugewise sinn. D‘RKI gouf ab 1969 geplangt, hei hunn déi Däitsch zesumme mat de Fransousen zwou Staufstufen am Rhein geplangt, eemol zu Iffezheim an zu Gambsheim. 1978 ass d‘RKI mat enger gesamt installéierter Leeschtung vu ronn 110 MW mat 4 Kaplan-Rohrturbinnen a Betriib gaangen, woubäi deemools de jeeweilege Wierkungsgrad scho bei 94% louch an hautdesdaags bei enger neier Turbinn nach ëmmer de Maximum u gewonnener Energie duerstellt. Mat den Erweiderungsaarbechten am Joer 2009 fir eng weider Kaplan-Rohrturbine, gehéiert RKI mat der Inbetriebnahme am Joer 2013 vum fënnefte Maschinnensatz zum gréisste Laafwaasserkraftwierk an Däitschland an zu de gréissten an Europa. Esou befanne sech insgesamt 148 MW installéiert Leeschtung op wéineg m2, di ronn 250.000 Haiser mat CO2 neutraler Energie versuergen.  Bei Ausnotzung vun der maximaler installéierter Leeschtung géife ca. 1.000.000 t CO2/a par Rapport zu engem Kuelekraaftwierk agespuert ginn an Kaplanturbinnen géifen 1.500 m3/s brauchen. Dëst entsprieche ca. 10.000 Buedbidde voll mat Waasser pro Sekonn. Leider kann déi  installéiert Leeschtung net ëmmer maximal benotzt gi wëll dëst un déi verfügbar Waasserquantitéit begrenzt ass, sou dass a Wierklechkeet ca. 500.000 t CO2 par Rapport zu engem Kuelekraaftwierk am Joer agespuert ginn. Déi lescht Joren huet sech en Trend duerch de Klimawandel erginn dass iwwert eng länger Zäit gesinn net méi genuch Reen fällt. Esou stoungen z.B den Dag vun eiser Visite knapps 500 m3/s zur Verfügung. Beim Betriib vun de Maschinnen ass et wichteg dëst viru sougenanntem Schwemmgut ze schützen, do-

fir sinn am Alaf Rechengitteren verbaut. Duerch déi vertikal Ausriichtung vun de Rechenstäben gi net nëmmen Holzstécker, Baamblieder a Schwammgrass zeréckgehale mee och Offall. D’Beluedung vum Rechen gëtt duerch en Rechengreifer ewech geholl an duerno iwwert Containeren entsuergt. Esou entsti pro Joer 2000 m3 Offall an sou dréit RKI indirekt bäi den Rhein propper ze halen. De Faktor Ökologie gouf am Joer 2000 mam sougenannte Fëschpass verbessert. Dësen erméiglecht Fësch an aner Wasserliewewiesen duerch déi vum Wehr gebilte Barrière ze ëmschwammen an duerch e sougenannte Beckenschlitzpass zu den flossopwärts geleeënen Laichhabitater ze kommen. De Fëschpass ass 300m laang fir déi 11m Héichtenënnerscheed ze iwwerwannen. Dës Iwwerwannung kascht e Fësch enorm vill Kraaft, sou dass dësen dee Parcours net an enger Kéier duerchschwamme kann a seng Kräften duerch déi vum Schlitzpass gebilte Rouzonen sammele kann. De Fëschpass verfügt iwwer 3 verschidden Agäng mat verschidde Lockstréimungen. Dëst erlaabt verschidde Fëscharten unzelackelen déi méi oder manner Stréimung gären hunn a sou och hire natierleche Liewensverhältnisser entspriechen. Allerdéngs gëtt herno fir jiddereen dee selwechte Beckenschlitzpass benotzt sou dass hei Stréimungsverhältnisser rëm fir all déi selwecht sinn. Bis haut kann d’Fuerschung nach net ganz erklären, wou d’Fëscher bzw. d’Aaler deen Orientéierungssënn hier hunn, dass se genee hier Gebuertsplaz rëmfanne fir ze läichen. Déi ëmgedréinte Richtung, also flossofwärts, bleift de Waasserorganismen keng aner Méiglechkeet ewéi duerch d‘Turbinnen ze schwammen. Dëst ass awer nëmme méiglech well d‘Laafrieder vun den Turbinnen am

Fotoen: Johan Winkel, Dennis Hövelmann

26 l bulli Fréijoer 2017

Visite Rheinkraftwerk Iffezheim


Fotoen: Johan Winkel, Dennis Hövelmann

Visite Rheinkraftwerk Iffezheim

bulli Fréijoer 2017 l 27


Duerchschnëtt mat 97 Ëmdréiunge pro Minutt lafen an 6m Duerchmiesser hunn, sou dass dem Fësch a Co. näischt geschéie kennen. An der Presentatioun krute mer och verschidde Szenarie vun der sougenannten Energiewende duergestallt. Hei krute mer gewisen dass den Haaptproblem u sech net un der Energieproduktioun läit, mee um Ausbau vum Stroumnetz a Speicherkapazitéiten. Mam Ofschalte vum leschten Atomkraaftwierk, den 31.12.2022, gesäit ee Szenario viraus dass am Norde vun Däitschland en Iwwerschoss u Stroum géigeniwwer der Nofro (bedéngt duerch OffshoreWandparken ewéi Alpha Ventus) während am Süde vu Däitschland e Stroummangel géigeniwwer der Nofro bestoe géif. Duerch e Netzenkpass huet sech bis viru kuerzem eng Iwwerdroung vum Stroum am verbrauchintensive Süde schwéier gedoen. De Stroum sicht sech ëmmer de Wee vum geréngste Widderstand sou dass et dozou komm ass dass de Stroum  iwwert Tschechien a Polen an den Süde fléisst. Doduercher ass deenen hiert Stroumnetz deelweis iwwerlaascht gewiescht sou dass et zu dem een oder anere gréissere Stroumausfall komm ass. Fir deem entgéint ze wierke goufen op de

Grenze sougenannte Phasenschieberen installéiert fir dëst an Zukunft ze verhënneren. Dofir muss d’Stroumnetz an Däitschland ausgebaut gi fir de Stroumiwerschoss aus dem Norden am Süden ausnotzen ze kënnen. Zum Ofschloss vun eiser Visite si mer dunn iwwert d’Gelände vum RKI gaange wou mer eis e Gesamtbild vun der technescher Anlag konnte maachen. Heibäi hate mer beim Uewer- an Ënnerwaasser e schéine Panoramabléck a kruten de Fëschpass gewisen. Den technesche Volet mam Maschinnenhaus an der ‘Fernsteierung an Iwwerwaachung per PLS (Prozessleitsystem) wor och net ze kuerz komm, sou dass all Informatiker, Maschinnebau-, Bau- an Ëmweltingenieur eppes vun dëser interessanter Visite mat heem huele konnt. Auteur: Johan Winkel

Fotoen: Johan Winkel, Dennis Hövelmann

28 l bulli Fréijoer 2017

Visite Rheinkraftwerk Iffezheim


Are you looking for new challenges? Rotarex is the world’s leading partner for cylinder valves, regulators and equipment for all gas applications since 1922. Rotarex is active in the following fields: Ultra-high purity and high purity gases, LPG, CNG, fire extinguishing equipment and systems as well as medical and industrial gases sectors. 1200 highly skilled motivated people within a worldwide network work every day to fulfill customers and industry needs. Rotarex is globally recognized for its innovation quality and customer service.

Do you want to achieve ambitious goals in your everyday work and support development of an international manufacturing company? We need a R&D Engineer to support our engineering department and help us in our daily innovation process. The R&D Engineer completes a work on the level of the innovation. He/she occupies a position with responsibilities and carries out the following operations: Lead new product development project or product enhancement: elaborate product concept, define technical specifications and materials, validate drawings and bill of materials; Coordinate with Management, Sales, Quality and Production the project specifications in terms of performance, cost, quality and is responsible of the project scheduling; Organize, plan and follow the project milestones: concept, design, testing, cost, approval. Validate product performances and specifications; Lead preventive and corrective actions to be implemented regarding product conception or improvement: documentation, homologation; Support: o Design and process risk analysis with Production and Quality; o Other departments with technical know-how: quality issue analysis, technical training on new products, technical specifications for Procurement, etc.; o Sales in product presentation to customers and in technical discussion about product specifications. We offer you: A job with responsibilities; Working in well-organized dynamic teams; Professional mentors and personal mentoring to improve your professional skills.

You feel you are the right person for the right job? You like more information? Send your CV and Cover Letter to Human Resources - by email on: jobs@rotarex.com.


Stadtrundgrang zu Karlsruhe 10.12.2017 | Karlsruhe

Fotoen: Johan Winkel, Dennis Hövelmann

Nodeems mer d‘Kraaftwierk besichtegen waren, koum dann och eis lescht Visite, mol eppes guer net Technesches, an zwar de Stadtrundgang duerch Karlsruhe. Eise léiwe Guide, déi als fräi Mataarbechterin vun Karlsruher Tourismus agestallt ass, huet eis den Treffpunkt beim Kongresszentrum ginn. Do huet och alles ugefaangen, andeems d‘Madame eis vun der Geschicht vu Karlsruhe erzielt huet. Karlsruhe ass nach eng relativ „jonk“ Stad a gouf 1715 vum Markgraf Karl Wilhelm gegrënnt. D‘Stad huet e besonnegt an eenzegaartegt Merkmal, an zwar gëtt Karlsruhe och als „Fecherstadt” bezeechent, well de Grondrëss wéi e Fächer ausgesäit. No der Legend wéi dat entstanenen ass, ass de Karl Wilhelm ageschlof bei der Juegd an huet dovu gedreemt, e wonnerschéint prachtvollt Schlass mat Sonnestralen ze hunn. Seng Imaginatioun huet en dann och an der Realitéit ëmgesat. D’Schlass läit am Zentrum vum Krees, vun deem aus gi strahlförmeg Stroossen Richtung Stad. Vum Schlass aus huet een e gudden Iwwerbléck wéi d‘Strahlen sech an der Stad verlaafen. Et ginn insgesamt 32 Stroossen an Alleeën.

30 l bulli Fréijoer 2017

Dono huet eis d‘Madame e bëssen iwwert de Kongresszentrum erzielt. Leider gouf Karlsruhe während dem 2. Weltkrich staark bombardéiert, woubäi ganz vill historesch Gebaier zerstéiert goufen. D‘Schwarzwaldhalle huet eng besonnesch Erneierung krut, architektonesch souwuel ingenieurteschnesch. Se ass déi éischt Haal an Europa mat selbst tragendem Hängedach aus Spannbeton. 1953 gouf se ageweit, an dat witzegst oder krasst: se hu während der Aweiung mat 100 Mann um Daach bewisen, dass et statesch hällt. Am Uschloss si mer weidergetrëppelt a Richtung Zentrum, an goufen drop higewisen dass Karlsruhe och „Hauptstadt der Baustelle“ heescht. De Grond ass, dass se am Moment eng U-Bahn mat 2 Linne bauen, well se den Tram an der Stad wëllen entlaaschten, dee matten duerch Foussgänger Zone fiert. D‘Madame huet eis verschidden historesch Gebaier gewisen, dorënner och d‘Schlass. E puer Meter weider ass d‘Bundesverfassungsgeriicht ze gesinn, dat staark vun der Police iwwerwaacht gëtt. Als Ofschloss si mer a Richtung Chrëschtmaart gaangen, an hunn e super Zäitpunkt erwëscht, zu deem mer eng flott Animatioun konnte gesinn, wéi de

Stadtrundgang zu Karlsruhe


Kleesche mat senge Rendéiere vum Daach fortgeflunn ass. Den Owend hu mer mat engem Glühwein ausklénge gelooss. Auteur: Michel Sun

Fotoen: Johan Winkel, Dennis Hövelmann

Stadtrundgang zu Karlsruhe

bulli Fréijoer 2017 l 31


Visite Maison Relais 27.12.2016 | Ettelbréck

Fotoen: Charly Huberty

Op engem frësch bis äiskalen Dezember Moie stoung d’Chantiersvisite vun der neier maison relais zu Ettelbréck um Programm. An der gehëtzter Chantiersbarack krute mer vun der zoustänneger Architektin Myriam Olinger (enger aler Bekannter bei der ANEIL, dat lo beim Büro Architecture et Environnement schafft) an dem Projektleeder Jos Bollendorf (SGI) en éischten Iwwerbléck an eng hellewull interessanter Informatiounen zum architektoneschen an technesche Volet vum Chantier virgestallt. Nierwt der Statik an der Projektleedung huet den Ingenieursbüro SGI sech och nach ëm d’Haustechnik vum Bau gekëmmert. D‘Entstéiung vum Projet resultéiert aus der staark klammender Unzuel u Kanner aus der Gemeng Ettelbréck, déi de Service vun enger ganz-Betreiung nierwt der Schoul an Usproch huele mussen. Well déi aktuell Ariichtunge net op dëse massiven Zoulaf ausgeluecht sinn, misst e neit Gebai mat enger Kapazitéit vu bis zu 350 Kanner hir. Deementspriechend grouss a laang sinn d’Dimensioune vum Bauwierk (ca. 23.500 m3, opgedeelt op ee Rezde-Chaussée a 5 Stäck) an och d’Zäit, déi dëst an Usproch hëlt. Säit 2011 gëtt um Projet geschafft (inklusive vun alle noutwendege Planungsphasen), Ufank 2018 soll de Chantier op en Enn bruecht

32 l bulli Fréijoer 2017

ginn. Op der Plaz selwer gëtt säit Mäerz 2015 geschafft. Zum Zäitpunkt vun eiser Visite war de Réibau well bal ofgeschloss an déi éischt Parachèvementsaarbeschten waren amgaangen. Well den zur Verfügung stoënden Terrain deelweis an engem zimmlech steilen Hang läit, war d’Idee vun den Architekten déi ganz Struktur net einfach onofhängeg vun dëser Tatsaach wéi e normalt méigeschössëgt Gebai opzetiermen, mee et a Form vun Terrassen an den Hiwwel respektiv an d’Umgebung z’integréieren. Doduercher ginn déi eenzel Stäck net riicht, mee versat iwwertenee gebaut, wat fir den Architekt zwar zu enger mënschlecher Proportioun vun dem Ganze féiert, fir de Statiker an Haustechniker allerdéngs e gréisseren Defi duerstellt, well d’Laaschten oder d’Technikschächt net riicht rofgefouert kënne ginn. D’Terrassementsaarbechte goufen deementspriechend a verschiddenen Ebenen ausgefouert (pro Stack eng). D‘Exceptioun huet de Regruppement vu Lift an Trapenhaus duergestallt, déi als eenzeg Elementer an engem Strapp vu ganz ënne bis ganz uewen ouni Versaz hiergestallt goufen. Dëst misst och beim Buedemaushuww consideréiert ginn, sou dass heifir ganzer 25 m (!) déif an den Hiwwel ran

Visite Maison Relais


terrasséiert a mat engem Verbau geséchert ginn ass. D‘Buedemaarbeschte si komplett mat GPSgesteierte Baggeren ausgefouert ginn. Och bei der Implantatioun vum Gebai ass op dës Technologie zeréckgegraff ginn. Fir den architektonesche Gesiichtspunkt vun der neier maison relais weider ze verdéiwen, goufe nierft der geometrescher Upassung un d’Ëmfeld och gestalterësch Moossnahme getraff, fir d’Gebai beschtméiglech als natierleche Baukierper erschéngen ze loossen. Dëst geschitt duerch d’Begréngung oder d’Naturstengverkleedung vun de Fassaden, woubäi d‘Steng heifir aus dem Steebroch Consthum (Dierfchen am Lëtzebuerger Norden) kommen, also e regionale Produit duerstellen. Weiderhin ass d‘Beliichtungskonzept un d’Architektur ugepasst ginn - banne wéi och bausse kommen haaptsächlech natierlech Materialien a Faarwen zum Asaz. E weideren ökologeschen Highlight um Projet ass den Haaptenergieträger fir d’Heizung, deen a Form vun deem gréissten hei zu Lëtzebuerg gebauten Äisspäicher dohier kënnt. D’Dimensioune vun dëser Wärmequell entspriechen an etwa enger klenger Piscine. Ze erwähne sief och nach, dass dëst Heizkonzept eréischt während der Bauphase entwéckelt gouf an de Basseng dofir eréischt nodréiglech ënnerierdesch virum Gebai op der Héicht vum RDC agebaut gouf. D’Haaptentrée spéiderhin befënnt sech um Rezde-Chaussée am Trapenhaus. Op dëser Ebene sinn dono och Parking an Technik ënnerbruecht. Déi éischt 2 Stäck stelle mat enger Bibliothéik, engem Musekssall, engem Theaterssall an der Kantin déi lieweg Oder vun der spéiderer maison relais duer. Op de Stäck 3-5 wäerte sech d’Openhaltsräim fir d’Kanner vun 3 bis 12 Joer befannen, woubäi déi verschidde Joergäng hei perfekt no Etage getrennt kënne ginn. Um Daach vum 5. a leschte Stack gëtt eng grouss Spillfläch amenagéiert. Hei ass och nach eng 2. Entrée fir d’Gebai virgesinn, woubäi den Accès sech „hannert“ dem Gebai befënnt. Unzemierken ass nach, dass d’Vue vun hei uewen Richtung Süden op vill Gréngfläche richteg flott ass. Déi Kleng kréien domadder schonn a fréiem Alter d’Gefill vermëttelt, wéi d’Liewen an enger schéiner grousser Penthousewunneng ausgesi kéint - wann dat net mol en Usporn ass, fir an der Schoul gutt opzepassen! :P D’Visite vum Bauwierk war duerch déi vill Erklärunge vum Myriam an dem Här Bollendorf, der Erkundung vun deenen ënnerschiddleche Stäck mat de Foto: Charly Huberty

Visite Maison Relais

bulli Fréijoer 2017 l 33


risegen Terrassen, déi och all an engem anere Fäerdegkeetszoustand opzefanne waren (ënne Réibauaarbechte bal ofgeschloss, uewe nach voll am gaangen) an dem imposanten Trapenhaus als Kär vum Projet richteg interessant. Labber iwwer zwou Stonnen huet eis Visite guidée gedauert, ier duerno, hallef erfruer, nach eng Gruppefoto geschoss gouf a mir verdéngt op den Apéro gaange sinn. Op dëser Plaz dann nach e grousse Merci un eis zwee sympathesch „Guiden“, dass si eis dëse kléngen Abléck an ee wierklech spannende Projet gewäert hunn! Auteur: Gilles Nies

Foto: Architecture et Environnement S.A.

34 l bulli Fréijoer 2017

Visite Maison Relais


www.karpkneip.lu

Faire des routes irréprochables, c’est notre métier.


Assemblée Générale 2016 27.12.2016 | Forum Da Vinci

Fotoen: Charly Huberty

D‘Joer war bal eriwwer, d‘Feierdeeg ware scho gepackt, an et war erëm Zäit fir d‘Assemblée Générale vun der ANEIL! Et hate vill Memberen de Wee an de Forum da Vinci an der Stad fonnt, an deen d‘Anouk a säi Comité agelueden haten, et gouf jo och vill wichteg an interessant Saachen, déi all Member betraff hunn.

Adolphe, Solarwind, TDKZ, Dillinger Hütte, Musée des Mines an de neien Arrêt Kierchbierg/Pafendall eise Programm war gutt gefëllt. D‘Rees ass 2016 op Prag gaangen, wou ënnert anerem de Fluchhafen, den Technesche Musée, Skoda an d‘Brauerei Pilsner Urquell besicht goufen.

Den Ufank huet d‘Lëtzebuergescht Rout Kräiz gemaach, déi sech iwwert en Don vun 1000€ vun der ANEIL gefreet hunn. Mir krute generell d‘Aarbecht vum Roude Kräiz erkläert, awer och en immens interessante Projet, an deen eis Sue fléisse wäerten: d‘Shelter Research Unit. Dëst ass ee vu Lëtzebuerg aus geféierte Projet, bei deems et drëms geet, méi effektiv a besser Zelter oder ähnlech Strukturen ze entwéckelen, déi a Lageren op der ganzer Welt fir Flüchtlingen oder Affer vun z.B. Naturkatastrophe gebraucht ginn.

D‘ANEIL war awer och soss vill beschäftegt an iwwerall vertrueden: Journée de l‘Ingénieur, Table Ronde a Fräibéier, Event op der Schueberfouer, REEL 2016 zu Kaiserslautern, Foire de l‘étudiant, Prix Enovos, Wanterevent zu Karlsruhe an eng grouss Unzuel u Studieninformatiounen an de Lycéeën zu Lëtzebuerg! Dës ganz Evenementer sinn essentiell fir dem Veräin seng wichtegst Aufgaben ze erfëllen: d‘Representatioun a Motivatioun vun de Memberen, d‘Opklären iwwert d‘STEM Studiefächer an d‘Gewanne vu neie Memberen. 2016 war an all dëse Punkten e gutt Joer fir d‘ANEIL.

No der Iwwerreechung vum Don gouf wéi all Joer virun de Wahlen an den Entlaaschtunge fir d‘éischt mol e Bléck op dat vergaangent Joer gehäit. Eise Secré, den Dennis, huet eis drun erënnert, op wéi enge Visitte mer waren: IBBL, Cebi, CFL Multimodal, DuPont, Kläranlag Mäertert, Caves Gales, Pont

Am Uschloss huet de Michel Faltz d‘Keess opgemaach, an och hei gewisen, dass et dem Veräi gutt geet - trotz villen Events an Investissementer an d‘Zukunft. D‘Keesereviseure ware mam Michel senger Aarbecht zefridden, a sou krute fir d‘éischt hien an dono de ganze Comité d‘Decharge vun de

36 l bulli Fréijoer 2017

Assemblée Générale 2016


Memberen. Nodeems sech dunn déi nei Comitéskandidate virgestallt haten, gouf de Comité fir d‘Joer 2017 gewielt. Nom reguläre Programm koume nach 2 méi speziell Punkten: Fir d‘éischt huet de Venant e klenge Rapport iwwert d‘Relatioune vun der ANEIL gemaach. National ass all Member vun der ANEIL och e Member vun da Vinci, a kann un allen Aktivitéite vun da Vinci deelhuelen. Nom Studium kritt een dat éischt Joer Memberschaft vun da Vinci geschenkt, an dono geet de Bäitrag eréischt lues a lues erop op de reguläre Wäert.

Den zweeten aussergewéinleche Punkt war d’Presentatioun an d’Ofstëmmung vun der Reesdestinatioun fir 2017. De Comité hat sech vill Méi gemaach, souwuel fir d’Propose Kanada, wéi och fir d’Propose Frankräich/Spuenien e Programm auszeschaffen. No der Ofstëmmung war et du kloer - d’ANEIL geet 2017 a Kanada, Alberta a British Columbia fir genau ze sinn. Nodeems de leschte Programmpunkt duerch war, huet de neie President, den Dennis Hövelmann, nach e Schlusswuert gehalen an dono jiddereen op e Patt an der Buvette vum da Vinci agelueden. Auteur: Venant Pirrotte

International ass all ANEIL Member och Member vun EYE - European Young Engineers. Dat wësse vill Leit leider nach ëmmer net! EYE bitt all Joer 1-2 wierklech genial Konferenzen un, d’Anouk an de Venant hunn op der leschter grousser Versammlung zu Kopenhagen matkritt dass dës zu Bristol, Sofia, Bréissel a Kopenhagen kéinte sinn (zum Zäitpunkt vun dësem Bulli ass Bristol fir 2017 bestätegt!).

Fotoen: Charly Huberty

Assemblée Générale 2016

bulli Fréijoer 2017 l 37


Interview Secolux Gespréich mam Dan Kohnen (Head of Business Development SECOLUX)

Kënnt Dir Iech an e puer Wierder eise Lieser virstellen?

D’Firma SECOLUX S.A. gehéiert zum Belsche Group SECO an ass geschwënn zanter 30 Joer zu Lëtzebuerg aktiv. Als techneschen a multidisziplinäre Partner vun der Europäescher Baubranche, ass si fir Iwwerpréiwung a Begleedung, Qualitéit an technesch Kontrollen, Risikoaschätzung an technesch Optimiséierung vu Bauwierker zoustänneg. D’Duechtergesellschaft SECOLUX a.s.b.l. ass en Organisme agréé, dee sech ëm d’Sécherheet vun de Persounen an ëm den Ëmweltschutz këmmert.

Dan Kohnen : Ech sinn diploméierte Bauingenieur a schaffen als Directeur Commercial fir déi stänneg mise au point vun eise Servicer, fir d’Entwécklung vun neien an agesiessene Geschäftsfelder an der Firma.

Der SECOLUX hiren Erfolleg erkläert sech duerch hiert professionellt a pragmatescht Agéieren; sief dëst ëlo bei nohaltege Gebaier, Renovatiounen, Infrastrukturprojeten oder op den ëffentlechen Transportréseauen. Secolux beschäftegt ronn 60 Persounen, dovunner 50 villsproocheg Ingenieure mat verschiddenen Spezialisatiounen aus dem technesch konstruktive Beräich.

Wéi eng Zort Servicer bitt Dir un? DK : Mir bidden Expertise fir Gebaier an Infrastrukturprojeten un. Eis Strategie ass baséiert op eng dauerhaft Sécherung an Ausübung vun eisen Aktivitéiten duerch eng stänneg Weiderentwécklung vun neien technesche Kompetenzen an enger adaptéierter Aarbechtsmethod. En plus garantéiere mir technesch Berodunge bei komplexe Bauprojeten an innovativen Technologien. Virun allem si mir eenzegaarteg well mir de Know-How an d’Interdisziplinaritéit zu Lëtzebuerg ënnert engem Daach vereenegen. Duerch eis verschidde Servicer kënne mir op all technesch Fro eng Äntwert fannen: • Identifikatioun a Reduzéierung vu Planungs- an Ausféierungsfeeler. • Reduktioun vu Geforen a Feeler um Bau duerch punktuell Géigeberechnungen a regelméisseg Chantiersvisitten • Käschtenoptimiséierung • Ëmsetzung vun nohaltegen a performante Bauwierker

Fotoen: Secolux

38 l bulli Fréijoer 2017

Interview Secolux


Wat ass d’Plus-value vu Secolux beim Iwwerpréiwe vun den Étuden ?

Firwat stellt Dir éischter spezifesch forméiert Ingenieuren amplaz vun Techniker an?

DK : Eis Aarbecht ass et net nëmme fir d’Berechnungen no eventuelle Feeler ze iwwerpréiwen, mä onofhängeg dozou eis eege Berechnunge mat eisen hausinterne Programmer duerchzeféieren. Esou entsteet eng onofhängeg Berechnung a Kontroll par Rapport zur éischter Berechnung. Am Fall vun zwee verschiddene Resultater ginn déi verschidden Usätz a Konformitéit mat der éischter Berechnung verglach. Dëst gëtt eis d’Méiglechkeet de Bauhär doropshin ze beroden an en eventuelle

DK : Et ginn zwou verschidde Manéiere fir un ee Problem erunzegoen. Déi éischt wier et de Problem un Hand vun enger Beuerteelung ze bewäerten an déi aner wier et de Problem déifgrënneg ze analyséieren a soumat eng Léisung oder e Verbesserungsvirschlag ze kreéieren.Genee aus deem Grond brauche mir bei SECOLUX Spezialisten, also Ingenieuren.

Fotoen: Secolux

Verbesserungsvirschlag ze maachen. SECOLUX ass domat kee Bureau, deen d’Etüd resp. d’Berechnunge vun deenen anere Bureaue kontrolléiert, mä probéiert eng klientsorientéiert Approche a Léisung ze fannen. Intervenéiert Dir och während der Ausféierungsphase? DK : Eis Ingenieuren iwwerwaache regelméisseg de Fortschrëtt vun den Aarbechten um Chantier op hir Konformitéit par Rapport zu de Pläng, de Regele vun der Technik an zu den Normen. D’Iwwerpréiwung fänkt bei der Hirstellung vun deene verschiddene Baudeeler un a kënnt während der Réaliséirungsphase um Chantier op en Enn. Eng aner Stäerkt vu SECOLUX ass et keng allgemeng forméiert Techniker mä spezifesch ausgebilten Ingenieure bei dësen Aarbechten asetzen ze kënnen. Eis Equippe bestinn ënner anerem aus Ingenieuren déi am Beräich Stolbeton, Virspannbeton, Metallbau, Façaden an Haustechnik spezialiséiert sinn.

Interview Secolux

Dëst huet natierlech och en Impakt op de Präis vun der Leeschtung? DK : Bei enger net qualitativer Bewäertung kënne Käschte vun 10 bis 15% vum Bauwierkspräis entstoen. Am Géigesaz dozou bleiwen d’Honorairen vun enger ausféierlecher technescher Kontroll ënnert engem Prozent, an d’Käschte vun eventuelle Bauschied gi minimiséiert. Bei der Ausféierung vun enger technescher Kontroll kritt de Bauhär d’Méiglechkeet fir déi betraffe Baudeeler oder Anlage mat enger Assurance décennale ze versécheren. Dës Assurance bleift och am Fall vun enger Faillite vun der betraffener Firma gülteg. Ginn et Ëmstänn bei deenen eng technesch Kontroll vu grousser Relevanz ass? DK : Dëst Iwwerpréiwen ass wichteg fir d’Qualitéitssécherung beim Asaz vun innovative Produkter, fir d’Reduktioun vu Materialfeeler a Risiken déi duerch d’Awirke vum Mënsch entstoe

bulli Fréijoer 2017 l 39


kënnen. Eis Aarbecht limitéiert sech awer net nëmmen op déi konstruktiv Aspekter. Mir hunn eng ganz eenheetlech Approche bei där virun allem d’Nohaltegkeet an de Betrib vum Bauwierk eng Roll spillen. E Bauwierk huet am Schnëtt eng Liewensdauer vu 50 Joer. Dowéinst ass eng regelméisseg Maintenance immens wichteg. Nach e puer Wierder fir ofzeschléissen? DK : Eis Aarbechtsphilosophie ass onofhängeg vum Beräich an deem mir schaffen oder vum Client mat deem mir zesumme schaffen. Haut stinn d’Baufirmen ënnert immensem Zäitdrock duerch deen de Risiko vun Ausféierungsfeeler nach ëmmer bestoe bleift. Dowéinst ass et an dësem Zesummenhang wichteg, en drëtten onofhängege Partner derbäi ze hunn. Mat Hëllef vun eisen eegestännege spezialiséierten Equippen erméigleche mir et dem Bauhär eng kompetent Berodung unzebidden a soumat dem Projet eng Plus-value ze ginn. Auteur: Secolux

Fotoen: Secolux

40 l bulli Fréijoer 2017

Interview Secolux


74 m

72 m

ascenseur 2.5 m/sec. VITESSE

30 sec. TRAJET

8.500 kg CABINE

7,6 t. MOTEUR DE

16 m

MUR DE SOUTÈNEMENT

72 TIRANTS

PERMANENTS

L’ASCENSEUR

10 x

PIÉTONS

5x

+

CYCLISTES

« Liaison verticale entre le Pfaffenthal et la Ville-Haute » - travaux exécutés en tant qu’entreprise générale

Foto: Anouk Godelet


Concevoir et construire des projets durables

www.simon-christiansen.lu | www.luxplan.lu | www.geoconseils.lu | www.zilmplan.lu | www.bsc.lu Parc d’activités 85-87 | B.P. 108 | L-8303 Capellen/Luxembourg | Tél. : (+352) 26 390-1 | Fax : (+352) 30 56 09


1 b u r eau , 4 d o m a in e s d ’ a ct iv it é s , 270 c o l la bo r at e u r s ! 1 é q uip e , 1 o bj ec t if : g a ran t ir la s a t is fac t io n du c lie n t a v ec u n s er vic e p ro fe ss io nn e l e t d e q u a lit é ! Les domaines d’activités – Presque chaque projet traité par le bureau d’études fait recours aux compétences de plusieurs domaines d’ingénierie. Ceci demande une collaboration rigoureuse des collaborateurs des différents services regroupés au sein du bureau d’études. S’il s’agit d’un dessinateur, d’un technicien, d’un ingénieur ou autre, chacun d’entre nous représente un pilier important formant l’ensemble d’une grande équipe.

Les étudiants – Pour le bureau Schroeder, les étudiants sont synonyme du futur. Plus que 100 étudiants par année font leur travail de vacances, leur stage d’études ou leur travail de fin d’études au sein de notre société. C’est une chance pour nous de vous rencontrer mais surtout pour vous de nous convaincre de vos atouts et qualités. Un stage vaut plus que la rémunération y associée. N’hésitez donc pas à nous contacter ou parler lors des différents événements. Les postes cherchés – Nous recrutons en permanence des ingénieurs en génie civil, mais aussi des ingénieurs en électromécanique, en génie mécanique, en génie de l’environnement et des géographes, biologistes, géologues, hydrologues, aménageur-urbanistes, géomètres/topographes, informaticiens, archéologues ou physiciens de construction. Autres domaines innovateurs à ne pas exclure !

Visualisation du projet de la gare d’Ettelbruck


Journée de l‘ingénieur 04.02.2017 | Chambre de Commerce

Fotoen: Charly Huberty

Och dëst Joer war d´ANEIL erëm mat Memberen wéi och mat dem Comité ob der 58ster Editioun vun der „Journée de l´ingenieur“ vertrueden. Dëst alljährlecht Event, organiséiert vun der Associatioun da Vinci, huet an der Chambre de Commerce statt fonnt, dëst Joer ënnert der Thematik „Space Mining“.

Den Direkter vun der Chambre de Coymmerce, den Här Carlo Thelen, huet an senger Begréissung op d´Initiativ vum Wirtschaftsminister Etienne Schneider opmierksam gemaach. Säit engem Joer gëtt et elo << spaceresources.lu >>, dës soll Projeten an der Fuerschung zu Lëtzebuerg förderen. Och d‘Diversifizéierung vun der Lëtzebuergescher Ekonomie ass fir eis Zukunft wichteg. Fir en Erfolleg an dëser Visioun ze erreechen, gouf besonnesch fir déi jonk Ingenieuren op << hellofuture.lu >> an << winwin.lu >> opmierksam gemaach.  Als nächst huet de President vun da Vinci de Protagonist vun der Veranstaltung virgestallt. Den Här Jean-Jacques Dordain war bis 2015 Generaldirekter vun der Europäescher Weltraumorganisatioun (ESA). De Fransous huet seng Ingenieursschoul am Maschinnebauwiesen zu Paräis ofgeschloss, duerno huet hien an

44 l bulli Fréijoer 2017

ënnerschiddlechen Instituter an Universitéite gefuerscht an ënnerriicht. Den Här Dordain huet mat vill amüsanten Uspillunge säi Virtrag an dräi Deeler opgedeelt: Leadership, Relativitéit a Kreativitéit. Fir hie sinn dat Qualitéiten, déi een haut net méi oft fënnt. Hien huet appelléiert un d´Zukunft „à long terme“ fest ze halen. Et ass wichteg déi jonk Ingenieuren ze forméieren. Generell huet hien ganz vill iwwert d‘Zukunft geschwat, wei mir se beaflosse kënnen, wéi séier se dach viru geet, wéi global se ass, mee och datt d‘Entwécklung zu Lëtzebuerg weider geet. Mir musse vill nei Aufgabe léisen an enger Welt déi sech ëmmer méi séier entwéckelt.  Och als Prof huet hie fréier den „Echec“ geléiert, dat ass eng Stäerkt vun engem Ingenieur. Well bei engem Réckschlag geet een de Grond sichen an et fënnt een eng Explikatioun. Nëmmen esou komme mir weider. An et soll ee keng Angscht virum Echec hunn, well nëmme mat e bësse Risiko entsteet och Entwécklung. Firwat grad Lëtzebuerg dee perfekte Standort ass fir dem Spacemining eng Chance ze ginn huet hien un Hand vun der SES („Société Européenne des Satellites“) erkläert. Datt och scho si fréi erkannt hunn, datt eist

Journée de l‘ Ingénieur


Fotoen: Charly Huberty

Land fäheg ass am Weltall vertrueden ze sinn. Lëtzebuerg huet bewisen dat hei a kuerzer Zäit eng Rechtslag geschaaf ka ginn fir de Spacemining, souguer Länner wei d´Arabesch Emirater a Japan zéien elo no.  Als konkret Zil huet hien d´Hierstellung vu Maschinnen am Weltall genannt. Dës Maschinnen kënnen ufanks an der Schwerelosegkeet mat manner Energie hiergestallt ginn an dann direkt am All agesat ginn.  An Zukunft gëtt de Rôle vum Ingenieur nach méi wichteg, betount de fréieren Direkter vun der ESA. Besonnesch well mir an eisem Beruff léiere mat Methoden ze schaffen, eng Qualitéit déi vill aner Leit net hunn, kënne mir d´Komplexitéit vun der Welt verstoen.

Mat dësem Saz géing dann och den ANEIL´s Comité senge Memberen all Motivatioun wënschen fir un dëser spannender Thematik drun ze bleiwen. Auteur: Frank Metscher

Zum Schluss huet den Här Dordain nach ee Mol betount, wéi wichteg et wier Kooperatiounen a Connectiounen tëschent de jonken Ingenieuren a Firmen ze schaafe fir sou e Maximum un Entwécklung an Ännerung ze erreechen. Als Schlusssaz vun sengen universitäre Coursen an der 58ster Editioun vun der „Journée de l´ingenieur» huet hie folgende Gedanke gedeelt: „Loosst iech net vun der Welt veränneren, mee verännert d´Welt“.

Journée de l‘ Ingénieur

bulli Fréijoer 2017 l 45


Interview BEST BEST Ingénieurs-Conseils ass en Ingenieursbüro, deen am Beräich vum Genie civil schafft. De Büro bitt seng Servicer a ville verschidde Beräicher un : Stabilitéit vu Gebaier a Bauwierker (Beton, Stol, Holz, Glas, …), Drénkwaasserversuergung (Quellfaassungen, Opbereedung, Pompelstatiounen, Waasserreservoiren, Reseauen), Entsuerge vu Schmotzwaasser (Reseauen, Pompelstatiounen, Réckhaltebecken, Kläranlagen), Stroossen (Stroossebau, Neibaugebitter, Industriezonen, Infrastrukturen), Städteplanung (PAG, PAP), Ëmwelt (Biotop, Renaturéierung, Bewirtschaftung vum Waasser, …), Sécherheet a Gesondheet um Chantier, Project Management an Topographie. BEST Ingénieurs-conseils feiert dëst Joer 25 Joer Bestoen. An deene 25 Joer war B.E.S.T. Ingénieurs-Conseils a ville verschidde Projeten involvéiert, wei beispillsweis d’Cité judiciaire an der Stad, de Radartuerm um Findel, d’Nordstrooss oder och d’Maintenancehal vun der Cargolux zu Sandweiler. Während all dëser Zäit ass Zuel vum Personal stänneg gewuess, esou dass haut ëm 140 Mataarbechter an engem Gebai ëmgi vu vill Natur um Sennengerbierg zesumme kommen. Fir d’Gesellschaft an seng Ingenieure besser kennen ze léieren, hu mer dräi vun eise Mataarbechter, dem Tom Burg, dem Frédéric Vingtans an dem Laurent Busana d’Méiglechkeet gi fir hier Aarbechten an Erfahrunge bei B.E.S.T. Ingénieurs-Conseils ze beschreiwen. Den Tom Burg ass e jonke Bauingenieur, deen zu Oochen studéiert huet an do 2015 säin Diplom kritt huet. Hien ass am Summer 2016 bei BEST Ingénieursconseils agestallt ginn a bekëmmert sech säit deem haaptsächlech em d’Gestaltung an d‘Upassung vun Infrastrukturen am Ausseberäich vu Gebaier.

Wéi schätzt hien seng éicht 8 Méint bei BEST Ingénieurs-conseils an? T. B. : „Ech sinn agestallt gi vir d’Equipe vun den Infrastrukturen am Ausseberäich ze verstäerke, well eng experimentéiert Kollegin an de Congé parental gaang ass. Ech hunn mech doduerch misse ganz séier an d‘Aarbecht eraschaffen. Souwuel d‘Projeten, déi nach an der Beaarbechtung an an der Planung waren ewéi och d‘Projete wou d’Konstruktionsaarbeschte schonn am gaange waren, si mer direkt uvertraut ginn. Ech hunn also ganz séier een Abléck an d’Liewe vun engem Ingenieur kritt an hunn och d’Responsabilitéiten, déi domatter zesummen hänke kenne geléiert. Glécklecherweis war ech ni ganz op mech eleng gestallt, mee ech hat stänneg d’Méiglechkeet fir aner motivéiert a méi experimentéiert Kollegen aus dem Büro ëm Rot ze froen. Des Ënnerstëtzung weess ech ganz vill ze schätze, well ech duerch meng Mataarbechter meng eege professionell Erfahrung an enger flotter Ambiance an engem multikulturelle Kader séier konnt ausbauen.“ Elo befroe mer de Frédéric Vingtans, deen am Service Project Management schafft. Hien huet 15 Joer Erfahrung, déi hien sech gréisstendeels a Frankräich ugëeegent huet. Wat huet hien dozou bruecht virun e puer Joer bei BEST Ingénieurs-conseils unzefänken an kéint hien eis säin Alldag op der Aarbecht beschreiwen? F. V. : „Ech hunn aus ville verschiddene Grënn decidéiert fir bei B.E.S.T. Ingénieurs-Conseils schaffen ze goen. Net nëmme krut ech d’Méiglechkeet gebuede bei enger vun de féierende Büroen aus dem Bausecteur vu Lëtzebuerg ze schaffe, mee och fir ee

46 l bulli Fréijoer 2017

Interview BEST


Interview BEST

Posten als Project Manager ze besetzen, bei deem ech mech mat all den Aspekter vun engem Bauprojet, vun der Entwécklung bis zur Ausféierung, beschäftege konnt. Dobai kann ech mech op déi fachiwwergräifend Expertise vum Büro B.E.S.T. Ingénieurs-Conseils baséieren, déi ech als immens effikass a léierräich empfannen. Kontaktfreedegkeet an den Austausch ënnert deene verschidde Servicer erméiglecht eng gutt Zesummenaarbecht a féiert esou zu enger qualitativ héichwäerteger Leeschtung. De rezenten Ausbau an d’Renovatioun vum Bürosgebai, dat ëmginn ass vun engem Naturbësch, erlaabt en agreabelt Aarbechtsëmfeld.“ De Laurent Busana ass eisen drëtte Mataarbechter. Hien huet schonn eng mé laang Erfahrung an der Societéit, well hien Ufanks Oktober 2009, direkt no senge Studien, ugefaangen huet. L. B. : „Ech hunn de Büro BEST Ingénieurs-conseils scho während menge Studie kenne geléiert, well ech e puer Stage während menge Schoulvakanze am Büro gemaach hunn. D’Stëmmung an der Societéit an och d‘Aarbechtsklima an d’Vilfalt vun den Aufgaben hu mer vun Ufank un gefall. Souwuel meng Stage wéi och meng Studien hunn mech dozou verleet mech am Beräich Drénkwaasserversuergung ze spezialiséieren. Et ass och an dësem Service wou ech haut bei B.E.S.T. Ingénieurs-Conseils schaffen. Och wann all Ingénieur e bëssen seng eege Spezialitéit huet, ass et interessant ze gesinn, dass eis Aarbecht et erméiglecht mat ville verschiddene Beräicher a Kontakt ze kommen, déi de Büro B.E.S.T. Ingénieurs-Conseils senge Clienten offréiert. Am Laf vu menge Projeten am Beräich vun der Drénkwaasserversuergung hunn mer zesummen an dem Service Bauwierker, zum Beispill Waasserreservoiren a Pompelstatiou mat komplexen a sophistiquéierte Equipementer entworf. Besonneg am Beräich Drénkwaasser kënne mer eist Wëssen interdisziplinär erweideren, well hei verschidde Fachgebidder zesumme musse schaffen, wéi zum Beispill d‘Ëmweltwëssenschaften an d‘Hydrogeologie bei Quellfaassungen oder d‘Chimie bei der Opbereedung vum Waasser. Eng effikass Equipe vu B.E.S.T. Ingénieurs-Conseils erméiglecht d’Realisatioun vun dësen immens ënnerschiddlechen Aufgaben.“ Fotoen: BEST

bulli Fréijoer 2017 l 47


Wéi mer gesinn ass B.E.S.T. Ingénieurs-conseils stänneg am gaangen sech an diversen Aspekter weider ze entwéckelen. Wat kënnt dir eis dozou soen? T. B. : „Ech schaffen nach net esou laang am Büro, an awer konnt ech lescht Joer eng rapid Weiderentwécklung constatéieren. Ech erwähnen zum Beispill den Ausbau vun eisem Gebai mat Hëllef vun enger holze Struktur, déi et erméiglecht huet an nëmmen e puer Méint 20 nei Aarbechtsplazen ze schafen. Des Plaze si schonn zum gréissten Deel besat ginn duerch nei Mataarbechter, déi während dem Joer 2016 vum Büro agestallt gi sinn.“ F. V. : „Et ass wouer, dass d’Renovatioun an den Ausbau vun eisem Gebai an zwou Phasen (2013 an 2016) engem direkt an d’A spréngt, mee och am Gebai ass d‘Technik an d’Ariichtung stänneg amgaangen sech séier weider z‘entwéckelen. Esou spillt B.E.S.T. Ingénieurs-conseils scho säit e puer Joer eng féierend Roll zu Lëtzebuerg an der Aféierung vum BIM (Building Information Modeling) am Kader vu senge Projeten. E puer grouss Projeten (Hall sportif zu Diekirch, Centre Hospitalier vu Lëtzebuerg, …) si mat Hëllef vun dësem System schonn entwéckelt ginn. An dësem Kontext ass och haut d’Vermiesse vun eise Geometere mat engem 3D Scanner onëmgänglech.“ L. B. : „Ech fannen, dass B.E.S.T. Ingénieurs-Conseils vill Motivatioun an Energie an d’Entwécklung an Upassung vun neien Technologië stécht. Dëse Punkt vun der stänneger Technologieerweiderung huet mech perséinlech iwwerzeegt an ass ee vun de Grënn, wisou ech kierzlech no 7 Joer Erfahrung an der Societéit, de Poste vun engem Associé vum Büro ugeholl hunn, wat fir mäin perséinlecht Ëmfeld déi bedeitendst Entwécklung duerstellt, säit mengem Ufank als Stagiaire 2007.

Fotoen: BEST

Ech encouragéieren natierlech d’Ingenieursstudente vun der ANEIL net ze zécke, fir sech fir Stagë bei B.E.S.T. Ingénieurs-Conseils ze bewerben an esou de Beruff vum Ingenieur kennen ze léieren.“ Auteur: BEST

48 l bulli Fréijoer 2017

Interview BEST


Visite KioWatt 17.02.2017 | Roost/Biissen

D‘ANEIL hat Freides de 17. Februar eng weider Chance eng spannend lëtzebuergesch Firma kucken ze goen. Dës Kéier hate mir d‘Méiglechkeet hannert d‘Kulisse vun der Firma „KioWatt“ ze kucken. Nach net jiddereen huet eppes vun der Kopplungsanlaag déi an der Industriezone vu Roost/ Biissen lokaliséiert ass gehéiert. Ënnert enger Partnerschaft mat dem „Grupp Francois“ a LuxEnergie S.A. gi säit 4 Joer um 1,5 ha grousse Site gläich dräi Beräicher ofgedeckt. Um Site gëtt mat der Verbrennung vu belaaschtem Offallholz Stroum a Wäermt produzéiert, et ginn Holzpellets als Brennstoff produzéiert an duerch

genden Ziler realiséiert: - CO2 Emissioun ze verréngeren - 5% vum nationalen Energiebedarf an Haushälter mat grénger Energie decken D‘Gebaier mat enger Héischt vu manner wéi 10m offréiert Arbescht fir 15 Leit ob dëser vollautomatescher Anlag.

Fotoen: Frank Metscher

eng Absorbtiounskeeltmaschinn Keelt fir den „DataCenterEnergie S.A“ produzéiert. Mee elo mol Stéck fir Stéck wat mir alles gesinn hunn, wéi et funktionéiert an zesummen hänkt a wou de Notzen fir de Verbraucher ass. Dës eenzegaarteg Kombinatioun u Funktionalitéit gouf fir ronn 35. Mio € am Oktober 2014 mat fol-

50 l bulli Fréijoer 2017

Energieemwandlung Hei am Blockkraftwierk ass dat primäert Zil fir Stroum ze gewannen. D‘Holz wat verbrannt gëtt, gëllt als Offall, net fir „KioWatt“. Mat Camionen kommen aus der Groussregioun all Zorte vun Offallholz un, deels lackéiert oder impregnéiert.

Visite KioWatt


bulli FrĂŠijoer 2015 l 51


Bei der Verbrennung gëtt bei enger konstanter Hëtzt vun 850°C Waasser ob 420°C (bei engem Drock vun 32bar) erhëtzt, domadder gëtt iwwert Entstoen vun Damp eng Siemens-Turbinn (2,7 MW) ugedriwwen. Domadder gi ronn 3.500 Haushälter an der Ëmgéigend versuergt, déi soss mat fossile Brennstoffer versuergt gi sinn. Des weideren gëtt des Energie fir d‘Drëschene vun de Pellets benotzt (dozou spéider Weideres) a fir d‘Absorbtiounskeeltmaschinn vum „Green Datacenter“. Um Enn vun der Anlag stinn een Cyclon-Filter

kënnen am Joer 35 000 Tonne produzéiert ginn, wat ronn 17 Mio. Liter Mazout entsprécht an domadder 175000 Haushälter fir ee Joer ofdeckt.

Energieemwandlung an Keelt Fir den „DataCenterEnergie S.A.“, ë Partenariat vu LuxEnergie a LuxConnect, gëtt um Site vu „KioWatt“ des weidere Keelt fir een Datenzentrum gewonnen. Hei handelt et sech ëm eng Absorbtiounskeeltmaschinn, déi duerch den thermeschen Oofdamp vun

Fotoen: Frank Metscher

an en Täschefilter deen eis Ëmwelt virun dem entstanenen Stëpps schount. Den ugefaalene Stëpps gëtt ob enger Spezial-Deponie entsuergt.

Pellets An der Pelletsproduktioun gëtt frëscht Naturholz zu Seespéin a Seemiel verschafft, woubäi d‘Rënn erof geholl gëtt an als Rindenmulsch weider verwent gëtt. An engem éischte Schrëtt ginn déi verschidde geschredert Hëlzer an engem Bunker gelagert a vun do aus per Sortéiermaschinn an enger ofgestëmmter Mëschung weider transportéiert. Als nächst gi Metall Iwerreschter an enger magnéitescher Trennung eraus geholl. An engem Nidregtemperaturdrëschner, deen d‘Energie aus der uewe genannter Kopplungsanlag kritt, gëtt d‘Holz op ënner 10% Fiichtegkeet gedrëschent a weider an e Silo gefërdert. Vun do aus geet et an eng Pelletspress (déi esou funktionéieren wei Fudderpressen aus der Landwirtschaft), wou duerno och onpassend Pellets eraus sortéiert ginn. Hei ginn a Spëtzenzäiten bis zu 8 Tonne Pellets pro Stonn produzéiert, sou

52 l bulli Fréijoer 2017

der Holzverbrennungsanlaag bedriwwe gëtt. Hei ginn zwee mol jeeweils 2.500 KW Killleeschtung erreecht. Duerch relativ kleng Roueren déi tëschent den zwee Gebaier ënnerierdesch verlafen gëtt des Leeschtung iwwerdroen. Mir soe „KioWatt“ an de Memberen dei présent ware Villmols Merci. Auteur: Frank Metscher

Visite KioWatt


Call for Candidates to Paul Wurth Award 2017

Enter the competition! For the fourth time, Paul Wurth S.A. will organise in 2017 the Paul Wurth Award in recognition of outstanding Master Theses that contribute to the scientific advancement of energy-related and environmental issues. A jury of experts will evaluate the candidates’ works and the best theses will be rewarded with a money prize. „ You are studying or have recently completed your studies in the field of Engineering or Sciences; „ You complete your Master studies between 1 August 2016 and 30 September 2017; „ You fulfil the criteria of the “Ministère de l’Enseignement supérieur et de la Recherche” for attribution of student grants. Please consult our website award.paulwurth.com for further instructions and online application.

Paul Wurth S.A. 32, rue d’Alsace Human Resources L-1122 Luxembourg Tel. +352 4970-2251

career@paulwurth.com www.paulwurth.com

Subsidiaries: Brazil, Chile, Czech Republic, Germany, India, Italy, Japan, Korea, Mexico, P.R. China, Russia, South Africa, Taiwan, Ukraine, U.S.A., Vietnam

follow us on Twitter @Paul_Wurth

follow us on LinkedIn

like us on Facebook facebook.com/paulwurthgroup


Interview CFL-Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois Bei der CFL gëtt et ganz verschidden Opportunitéiten am Ingenieurswiesen. Mir wëllen Iech hei zwee Beräicher virstellen: Bauingenieurswiesen an Elektrotechnik. Doniewent gëtt et och nach Plazen am Beräich vun der Telecommunikatioun an am Maschinnebau. Pol Forster, Bauingenieur, Gestion Infrastructure Wie bass du a wat schaffs du bei der CFL? Mäi Numm as Pol FORSTER an ech hunn als Ingenieur mat Masterofschloss am Fach Bauingenieurwesen/ Verkéierswiesen (RWTH Aachen), am August 2016 bei der CFL am Service GI (Gestion Infrastructure) ugefaangen. Zu mengen Aufgaben gehéieren ënner anerem d‘Koordinatioun vun aarbechtsbedingten Gleisspären um Lëtzebuerger Schinnereseau an op de Grenzabschnëtter, d‘Modelléierung, d‘Simulatioun an d‘Begleedung vun Erweiderungen/Upassungen am Infrastrukturnetz an allgemeng d‘Opstellen an

d‘Iwwerpréiwe vu Berechnungen an Dokumenter déi de Schinnereseau betreffen. Wéi bass du bei d’CFL komm? Ee Joer viru mengem Ofschloss hunn ech un enger Excursioun vum “Institut für Schienenbahnwesen und Verkehrswirtschaft” vun der RWTH Aachen zu Lëtzebuerg bei der CFL deel geholl. Deemools hu mir ënnert anerem de MultimodalTerminal an de Viaduc de Pulvermühle besiichtegt. Nodeems ech während der Excursioun vun engem CFL-Mataarbechter an och vu mengem Proff ugeschwat gouf, ob ech wéilt meng Masteraarbecht bei der CFL schreiwen hunn ech mer geduecht, dass dat eng Chance wier déi ech notze sollt: Wann et mer géing do gefalen, hätt ech besser Chancen duerno do eng Platz ze kréien, wann et mer näischt géing soen, da wéisst ech, dass ech eng Aarbechtsplaz am Beräich Verkéiersplanung/ Stroossebau géing sichen.

Fotoen: CFL

54 l bulli Fréijoer 2017

Interview CFL


Bis dohi war mer och net sou bewosst, dass d’Eisebunn och géing Bauingenieure mat der Spezialisatioun Verkéierswiese sichen an astellen. Nodeems ech meng Masteraarbecht bei der CFL ofgeschloss hu, gouf ech och direkt vun der CFL iwwerholl. Wéi gesäit deng deeglech Aarbecht aus ? Wat sinn deng Aufgaben ? Vu dass ech vill verschidden Aarbechten parallel lafen hunn, ass all Dag ofwiesslungsräich. Gréisstendeels sinn ech am Büro a schaffen un menge Projeten mee och Réuniounen an Chantiersvisitë sti méi oft um Agenda. Besonnesch flott u mengem Job fannen ech d‘Méiglechkeet, selwer matzeschwätzen an eppes ze bewierken. Donieft gefällt mer och, dass ech mat ganz verschidde Theme konfrontéiert ginn: Vum Gleisplang vun der Gare Beetebuerg 2025 iwwer Reuniounen zur Chantierskoordinatioun mat der SNCF an der SNCB bis hinn zur Berechnung vu Bremsweeër vu Persounenzich. Wat ech awer och ervirhiewen muss, ass dat gutt Aarbechtsklima bei der CFL. Am Verglach mat aneren Entreprisë wou ech während menger Studienzäit Stagë gemaach hunn, muss ech ervirhiewen dass ech hei mat Froen bei jidderee goen kann, an d’ Leit sech och ëmmer gutt Zäit huelen, fir mir d’ Saachen ze erklären. Donieft ginn et och Traditiounen wéi 1 mol de Mount mam Service iessen goen oder Mëtsche fir de Service matbrénge wann ee Gebuertsdag huet, déi zum gudden Aarbechtsklima bäidroen. Wat ass de groussen Ënnerscheed tëschent der CFL an aneren Entreprisen? Firwat soll en Ingenieursstudent bei d’CFL schaffe kommen? Op dës Fro hunn ech deelweis schonn geäntwert. Do kann een nach bäifügen, dass d’ CFL am Moment vill extrem grouss, intressant a komplex Projeten um laafen huet un deenen een als jonken Ingenieur aktiv matwierke kann (z.B.: se neien Arrêt Pfaffenthal- Kirchberg, déi nei Ligne LuxembourgBettembourg, d’Gare périphérique Howald,...). E weidere Virdeel ass, dass een als Ingénieur bei der CFL gutt Aussiichten op e Posten huet, wou ee selwer Responsabilitéite kann iwwerhuelen an d’ Eisebunn a sengem Beräich ka virubréngen. Wat géifs du Ingenieursstudente recommandéieren, déi elo iwwert de Lancement vun hirer Karriär nodenken? Aus eegener Erfahrung kann ech nëmmen empfehlen, d’Ofschlossaarbecht extern (an Zesummenaarbecht mat enger Entreprise) ze schreiwen. Interview CFL

Fotoen: CFL

Éierlech sinn, seng Schwächten a Stäerkte kennen a respektvoll mat all Mataarbechter (onofhängeg vu senger Qualifikatioun) ëmgoen sinn fir mech d’ Haaptpiliere fir gutt an d’ Aarbechtsliewen ze starten. Bei der CFL ass ee gutt opgehuewe wann een nieft deem techneschen Deel vu sengem Studiefach och Spaass um Management a Leedung vu Projeten huet. Lionel Arend, Ingenieur Elektrotechnik, Gestion Infrastructure Wer bist du und was machst du bei der CFL? Mein Name ist Lionel Arend. Ich habe von 2006 bis 2011 in München Elektro- und Informationstechnik studiert, danach an der Universität Luxemburg in Ingenieurwissenschaften promoviert. Bei der CFL bin ich in der Infrastrukturverwaltung als Abteilungsleiter für die Planung der Sicherheits- anlagen tätig. Wir planen zum Beispiel Stellwerks- änderungen und -modernisierungen sowie Bahnübergänge, Weichenheizungen und die Einführung des europäischen Zugsicherungssystems ETCS.

bulli Fréijoer 2017 l 55


Wie bist du zur CFL gekommen? Durch ein Vorstellungsgespräch. Im Allgemeinen war es mir wichtig eine Tätigkeit auszuüben, die ich persönlich als sinnvoll und nützlich für die Gesellschaft erachte. Wie sieht deine tagtägliche Arbeit aus und was schätzt du daran? Hauptaufgabe meiner Abteilung ist das Erstellen und Prüfen von Signallageplänen sowie die Planung und Beauftragung von Stellwerksanpassungen. Die Bahnsicherheitstechnik ist eine sehr logische und formale Disziplin, was meiner Denkweise entspricht und mir als Aufgabe persönlich sehr liegt. Viele Projekte laufen bei uns zusammen und müssen dann Entscheidungen für die Planung und Umsetzung der Projekte gemeinsam getroffen werden. Es ist sehr anregend an Projekten beteiligt zu sein, deren Realisierung man aktiv miterlebt und mitgestaltet.

Was würdest du aufgrund deiner Erfahrung Ingenieurstudenten als Empfehlung für den Berufseinstieg mit auf den Weg geben? Auch als Ingenieur mit Diplomabschluss ist es nicht immer einfach auf Anhieb eine gute Anstellung zu finden. Meine Empfehlung ist es, mehrere Vorstellungsgespräche zu absolvieren, sich zu überlegen ob die angebotene Arbeit wirklich zu einem passt und sich nicht unter Wert zu verkaufen. Vieles was man an der Universität lernt, wird man im Beruf nicht direkt anwenden können. Vieles was man im Beruf braucht, kann man an der Universität nicht lernen. Wenn man einfach offen bleibt, kann man die gegebenen Herausforderungen als Chance sehen, etwas dazuzulernen. Bass du interesséiert deng Ofschlossaarbecht bei eis ze schreiwen e Stage ze maachen oder deng Karriär ze lancéieren? Zéck net a schéck deng Bewerbung an: jobs@cfl.lu Auteur: CFL

Was unterscheidet die CFL von anderen Arbeitgebern? Warum sollte man als Ingenieur gerade hier arbeiten? Die CFL befinden sich in einem Umschwung: Ihrem Ruf als schwerfällige Administration wird sie nicht mehr gerecht, sondern sie wandelt sich zu einem modernen Betrieb mit jungem und progressivem Führungspersonal. Als Ingenieur wird man bei der CFL früh in die Verantwortung genommen. Trotzdem bleibt Raum für die persönliche Entwicklung, sei es durch die gestellten Herausforderungen oder auch durch verschiedene Weiterbildungsmaßnahmen.

Fotoen: CFL

56 l bulli Fréijoer 2017

Interview CFL


Master Aarbecht vum Michel Faltz Seismesch Ausleeung an Dimensionéirung vun engem méistäckegen Gebai aus Holz an der Schwäiz

Duerch d’Upasse vun de Schwäizeresche Brandschutzvirschrëften am Joer 2005, erlieft d’Holzbauweis momentan eng Renaissance. D’Ausweidung vun dëse Bestëmmungen op all Kategorië vu Gebaier säit 2015 befligelt dësen Opschwong a mëscht dëser Bauweis ëmmer nei Aufgabeberäicher zougänglech. Dëst ass och bei der Erdbiewensécherung vu méistäckegen Holzgebaier de Fall. Och wann op den éischte Bléck den Holzbau net onbedéngt kompatibel mat der robuster Äerdbiewenbauweis erschéngt, sou huet grad des Kombinatioun méi Virdeeler wéi et sech erwaarde léisst. Fir Unzefänken, muss een d’Äerdbiewenenergie awer fir d’Éischt mol a Laaschten ëmwandelen, déi een op d’Gebai applizéiere kann. Déi maximal Reaktioun vun engem Gebai op en Äerdbiewe gëtt duerch seng Struktur, méi genau seng Fundamentalperiod T1 bestëmmt, mat där et während der Ureegung fräi oszilléire kann. Fir des Laaschtenermëttlung ze vereinfache ginn et sougenannte Bemoossungsspektren, wou d’Ingenieuren an Ofhängegkeet vun der Fundamentalperiod di maximal ze erwaardend Reaktioun fir een Äerdbiewegebitt ofliese kennen. Dobäi gëllt d’Reegel: „Wat d’Horizontalsteifegkeet méi grouss ass, wat d’Gebai méi schnell oszilléiert a wat d’Äerdbiewelaaschte méi grouss ginn“.

58 l bulli Fréijoer 2017

Bild 1 : Beschleunegung vum Gebai an Fonktioun vun senger Fundamentalperiod Den Holzbau huet heibäi virun allem zwee entscheedend Virdeeler: Holz huet fir d’Éischt mol eng relativ héich Festegkeet bei gläichzäiteg geréngem  Eegenewiicht, wouduerch d’Gewiicht vun der Gesamtstrukur méi geréng ausfält. Ginn des Massen elo vun engem Äerdbiewen ugereegt, sou falen d’Laaschten di an d’Fundamenter ofgedroe musse gi méi kleng aus wei beim Massivbau. Den 2. Virdeel läit doranner, dat Holzstrukturen am Verglach zum Stolbeton beispillsweis méi eng kleng horizontal Steifegkeet besetzen an doduerch d’Fundamentalperiod méi héich ausfält, an anere Wieder: d’Äerdbiewenlaaschten huelen of. Déi modern Äerdbiewensécherung am Holzbau gëtt als Kapazitéitsbemoossung verstanen: Well Holz een elastescht Werkstoffverhalen huet a soumat ënnert Äerdbiewenawierkung ouni Virwarnung brécht, muss eng Hierarchie vun den Tragwiderstänn agefouert ginn. Dëst kann een sech als sougenannt duktil Kette (Bild 2) virstellen: Iwwert d’Verbindungen (duktilt Glied) zweschent den Holzelementer soll d’Äerdbiewenenergie während der zyklescher Belaaschtung dissipéiert ginn a soumat déi elastesch Zonen (Holz) geschützt ginn. Dobäi ginn d’HolzeMaster Aarbescht vum Michel Faltz


lementer em 20% bezunn op d’Tragfähegkeet vun den duktilen Uschlëss iwwerbemooss.

Bild 2 : Prinzip vun der Kapazitéitsbemoossung

Duerno gouf dat integralt Gebai mat Helëf vun engem Finite-Elemente-Programm modelléiert (Antwortspektrenmethod) an ugereegt, souwéi d’Uschless optiméiert. Beim Verglach vun den Methoden gett däitlech, dat eng gereng Exzentrizitéit zweschent Massen- an Steifegkeetszentrum schon duergeet, dat eng Bemoossung mat der einfacher Ersatzlaaschtmethod net mei secher genuch ass. D’Gebai gett ze stark op Torsioun belaascht an déi genau Laaschtenverdeelung gett mam Programm Dlubal RFEM ermettelt.

D’Ziel vun dëser Aarbecht war et ee 4-stäckegt Gebai an der Schwäizer Äerdbiewenzone 3a beispillhaft souwuel fir déi traditionell, wéi och fir Äerdbiewenlaaschten entspriechend den Normen SIA 261 an SIA 265 auszeleeën. Heifir gouf d’Gebai fir d’Éischt no seismesche Gesichtspunkten hin ausgesteift, an d’Äerdbiewenlaaschten duerch statesch Ersatzlaaschten (Ersatzlaaschtmethod) op déi eenzel Stäck verdeelt. Heibäi goufe gängeg Wandaussteifungen aus Holzrahmen, wéi och méi nei Systemer aus Brettsperrholz matenee verglach a fir den geplangten Projet bemooss.

Bild 4 : Maximal Verformungen enner Äerdbiewenawierkung (l.) an enner traditionnellen Laaschten (r.)

Bild 3 : Spannungsverleef an den Holzrahmenwänn (l.) an Aflossgréissten bei der Modelloptiméirung (r.)

Master Aarbescht vum Michel Faltz

Mat dëser Aarbecht goufen virun allem déi holzspezifesch Virdeeler bei der Äerdbiewebemoossung duergestallt, awer och d’Fehlen un Erfahrung mat méi neien Wandsystemer aus Brettsperrholz verdäitlecht. Och gëtt d’Kapazitéitsbemoossung am Holzbau hinsichtlech senger Wirtschaftlechkeet an Fro gestallt. Et kann zum Beispill méi sënnvoll sinn d’Horizontalsteifegkeet vun der Struktur ze reduzéieren, wouduerch d’Fundamentalperiod

bulli Fréijoer 2017 l 59


zouhellt an d’Wandlaaschten géintiwwer dem Äerdbiewen déterminant ginn. Heiduerch sollt een di méi « deier » Kapazitéitsbemossung an eenzelnen Fäll ëmgoen kennen. Bei dësem Virgoen ass awer och emmer d’Zesummenspill vun den eenzelnen Komponenten ze betruechten (Bild 3 riets). Auteur: Michel Faltz

CEBI LUXEMBOURG S.A. ELECTROMECHANICAL COMPONENTS FOR AUTOMOTIVE, HOUSEHOLD AND INDUSTRIAL APPLIANCES

60 l bulli Fréijoer 2015 30, RUE J.F. KENNEDY · L-7327 STEINSEL · HR.LU@CEBI.COM · WWW.CEBI.COM


Schwartz and Co Conseil en stratégie et management Energie - Eau - Transports

Pour rejoindre notre équipe (stages et CDI) envoyez un CV et une leere de moovaaon à recrutement@schwartz-and-co.com

Bruxelles ● Lausanne ● Londres ● Luxembourg ● Paris ● Pékin


Ingenieursbal 2017 Freides de 14. Abrëll um 22:00 am LiquID am Gronn Wéi all Karfreiden invitéiere mir och dëst Joer op eisen Ingenieursbal. No eiser Visite Moies an der Table Ronde Mëttes, schléisse mir den Dag Owes mat engem Fräibéier fir all eis Memberen of. An enger geselleger a gemittlcher Atmosphär kënn dir och dës Säit vum Studenteliewe genéissen.

Eise Bal fënnt am LiquID am Gronn statt. All Member vun der ANEIL kritt op dësem Owend Fräibéier a natierlech och Softdrinks op de Veräin. Lass geet et um 22:00.

Umelle kënnt dir iech iwwer eise Facebook Event.

62 l bulli Fréijoer 2015


se td es org anis ations )

Une enrichissante

jet o r p Jo es ann d t n e (M aster en Manageme

« POST me donne la possibilité ili Ph

pp

(M ast er

e) iqu fran t a co-al m lemand en infor

« Le stage m'a permis de travailler

de travailler dans des domaines variés et un environnement multiculturel.

»

avec une infrastructure importante et différents équipements.

»

Envie de découvrir POST Luxembourg ?

Postulez sur www.postgroup.lu

bulli Fréijoer 2015 l 63


Bulli Fréijoer 17  
Bulli Fréijoer 17  
Advertisement