Page 1

bulli

Summer 2016

Association Nationale des Etudiants IngĂŠnieurs Luxembourgeois


1 b u r eau , 4 d o m a in e s d ’ a ct iv it é s , 270 c o l la bo r at e u r s ! 1 é q uip e , 1 o bj ec t if : g a ran t ir la s a t is fac t io n du c lie n t a v ec u n s er vic e p ro fe ss io nn e l e t d e q u a lit é ! Les domaines d’activités – Presque chaque projet traité par le bureau d’études fait recours aux compétences de plusieurs domaines d’ingénierie. Ceci demande une collaboration rigoureuse des collaborateurs des différents services regroupés au sein du bureau d’études. S’il s’agit d’un dessinateur, d’un technicien, d’un ingénieur ou autre, chacun d’entre nous représente un pilier important formant l’ensemble d’une grande équipe.

Les étudiants – Pour le bureau Schroeder, les étudiants sont synonyme du futur. Plus que 100 étudiants par année font leur travail de vacances, leur stage d’études ou leur travail de fin d’études au sein de notre société. C’est une chance pour nous de vous rencontrer mais surtout pour vous de nous convaincre de vos atouts et qualités. Un stage vaut plus que la rémunération y associée. N’hésitez donc pas à nous contacter ou parler lors des différents événements. Les postes cherchés – Nous recrutons en permanence des ingénieurs en génie civil, mais aussi des ingénieurs en électromécanique, en génie mécanique, en génie de l’environnement et des géographes, biologistes, géologues, hydrologues, aménageur-urbanistes, géomètres/topographes, informaticiens, archéologues ou physiciens de construction. Autres domaines innovateurs à ne pas exclure !

Visualisation du projet de la gare d’Ettelbruck


Virwuert

Foto: Anouk Godelet

Léif Memberen a Frënn vun der ANEIL, de Summer ass bekanntlech bei den Ingenieurstudente voll mat Exame gepaakt a momentan lafe vill EM-Fussballsmatcher, sou suergt d’ANEIL mat der Lektür vun dësem Bulli sécherlech fir e bëssen Ofwiesselung. An eiser zweeter Editioun blécke mir op déi lescht Aktivitéite säit Mëtt Mäerz zeréck. E wichtegen Datum am Kalenner vun der ANEIL ass Karfreideg. Ugefaang huet deen Dag Moies mat enger Visite bei CEBI zu Steesel, déi eis duerno op e Mëttegiesse bei hinnen am Betrib invitéiert hunn, ier mir weider an de Forum da Vinci op eis traditionell Table Ronde gefuer sinn. Ofgeschloss gouf dat Ganzt mat engem Fräibéier am Liquid. Ouni iech, léif Memberen, an eis Partner aus der Industrie wär esou een erfollegräichen Dag net méiglech gewiescht, dofir iech all e grousse Merci! Am Abrëll ware mir zu Diddeleng um Chantier vum Hub Multimodal vun der CFL Cargo an haten eng Visite bei der DuPont. Doriwwer eraus erziele mir iech vun eisem Fréijoersevent wou mir Moies d’Kläranlag zu Mäertert besiche waren an duerno eng Degustatioun mat ausféierlechen Erklärungen an der Kellerei Gales haten.

Engineering schaffen, däerfen ze presentéieren. D’Caritas, deene mir op eiser AG en Don am Wäert vun 1000€ iwwerreecht haten, erziele wou dës Suen investéiert goufen. Hinnen all, am Numm vum Comité, villmools Merci. Och wa gläich d’Semesterferien ufänken, bedeit dat net dass de Comité näischt wäert schaffen. Nieft der Organisatioun vum Summerevent, fänken d’Virbereedunge fir d’Foire de l’étudiant am Hierscht och geschwënn un. Op dëser Plaz wëll ech iech op de Prix d’Excellence vun der Fondation Enovos opmierksam maachen, dee mir dëst Joer nees mat hinnen zesummen organiséieren. All noutwenneg Informatiounen heizou fann dir an der entspriechender Annonce hei am Bulli. Folgend Visite kënn dir iech elo scho mierken: den 28. Oktober gi mir zesumme mat Paul Wurth d’Dillinger Hütte kucken. Déi aktuellst Eventer, Fotoen an Annoncë fann dir op facebook an op eiser Homepage. Kuckt also regelméisseg hei no! Vill Spaass beim Liese vum Bulli an, am Numm vum ganze Comité, wënschen ech iech bonne Chance an ären Examen. är Presidentin

Mir sinn houfreg iech an dëser Ausgab 2 Interviews mat Ingenieuren, déi bei Paul Wurth an TR

Anouk anouk.godelet@aneil.lu

Virwuert

bulli Summer 2016 l 3


Iwwersiicht Virwuert3 Comité 2016 Visite Cebi Table Ronde 2016 Interview Paul Wurth Visite DuPont de Nemours Tyvek Visite CFL Multimodal Visite vun der neier Kläranlag zu Mäertert Interview TR-Engineering Visite vun de Caves Gales Caritas ANESEC & ANEIL meet elSIC

6 10 12 14 20 24 28 30 34 38 40

Impressum Responsablen Editeur: Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL) 6, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 Internet: www.aneil.lu Email: contact@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Chefredakter: Vera Nimax Redakteren: Steve Breden Lino Morais Caritas Michel Reisch Anouk Godelet Annick Spellini Charly Huberty TR-Engineering Jeff Medinger Paul Wurth Layout: Vera Nimax Max Schmitz Cover Xavier Lichtfus Drock: Imprimerie Centrale 15, rue du Commerce L-1351 Luxembourg www.ic.lu De bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 400 Exemplären. D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.

4 l bulli Summer 2016


acheteur

COMMUNICATION

Employé de bureau

BOUCHERIE

PUBLICITé

BOULANGERIE

MAGASINIER techinicien

PHOTOGRAPHE

VENDEUR

informaticien GRAPHISTE CAISSIER(E) gérant WEBDESIGNER

COMMUNICATION

INTERESSÉ(E)?

Cactus S.A. Gestion du personnel Route des 3 Cantons / L-8399 Windhof Ou recrutement@cactus.lu

marketing

gérant WEBDESIGNER

chauffeur

BOULANGERIE FLEURISTE

Chef de rayon assistant commercial

COMMERCIAL GRAPHISTE

BOUCHERIE

EST TOUJOURS À LA RECHERCHE DE NOUVEAUX COLLABORATEURS! RéDACTEUR DéCORATEUR COORDINATEUR


Comité 2016 Anouk Godelet

Tom Steichen

Frankfurt Architektur & Energieeffizientes Bauen

Oochen Bauingenieur

Présidente

Vice-Président

+352 691 74 81 92 +49 176 89 22 94 39

+352 621 78 62 65

Anouk.Godelet@aneil.lu

Tom.Steichen@aneil.lu

Dennis Hövelmann

Michel Faltz

Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur & Emwelt- a Verfahrenstechnik

Oochen Bauingenieur

+352 661 41 49 79 +49 160 93 00 10 28

+352 621 28 66 62 +49 152 38 21 36 70

Dennis.Hoevelmann@aneil.lu

Michel.Faltz@aneil.lu

Venant Pirrotte

Charly Huberty

Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur & Produktionstechnik

Oochen Wirtschaftsingenieur & Elektresch Energietechnik

+352 691 67 21 02 +49 176 96 13 70 76

+352 691 83 62 22 +49 157 572 014 82

Venant.Pirrotte@aneil.lu

Charly.Huberty@aneil.lu

Michel Sun

Michel Reisch

Secrétaire

Responsable Relations Publiques

Responsable Information

Trésorier

Responsable Visites

Responsable Partenaires

Kaiserslautern Bauingenieur

Oochen Maschinnebau

+352 691 79 54 75 +49 176 85 91 03 53

+352 691 69 08 67

Michel.Sun@aneil.lu

Michel.Reisch@aneil.lu

6 l bulli Summer 2016

Comité 2016


Daniel Collignon

Vera Nimax

Oochen Umweltingenieur

Stuttgart Architektur & Stadtplanung

+352 621 27 30 64

+352 691 84 89 88

Daniel.Collignon@aneil.lu

Vera.Nimax@aneil.lu

Lino Morais

Rafael Andreosso

Oochen Elektrotechnik

Oochen Bauingenieur

Lino.Morais@aneil.lu

Rafael.Andreosso@aneil.lu

Jerry Huberty

Max Schmitz

Fribourg Mathematik & Informatik

Zürich Maschinnebau

+352 621 63 70 81

+352 691 67 66 15 +41 79 59 55 281

Jerry.Huberty@aneil.lu

Max.Schmitz@aneil.lu

Luc Lanners

Frank Metscher

Freiburg Embedded Systems Engineering

München Bauingenieu

+352 661 96 33 56

+352 691 81 08 77

Luc.Lanners@aneil.lu

Frank.Metscher@aneil.lu

Responsable Partenaires

Responsbale Table Ronde

Site Internet

Coopté Site Internet

Responsable Publications

Responsable Foire

Coopté Publications

Coopté Voyages

Fränk Zenner

Coopté Information

Lëtzebuerg BTS +352 691 88 79 54 Fraenk.Zenner@aneil.lu

Comité 2016

bulli Summer 2016 l 7


47, rue Gabriel Lippmann L-6947 Niederanven Tél. : (+352) 42 68 90 - 1 Fax : (+352) 42 68 96

CONCOURS BAUHÄREPRÄIS

PROJETS LAURÉATS

info@inca-ing.lu www.inca-ing.lu

© Lu

SNCFL Gare de Luxembourg - Halle des voyageurs

kas

Hun

eke

2016

SERVICE DES SITES ET MONUMENTS NATIONAUX Extension de l’itinéraire Wenzel au plateau du Rham

CONCOURS BAUHÄREPRÄIS

PRIX DU PUBLIC

M. ET MME HORNICK-GUILLAUME Extension de la maison

M. SIBENALER Maison Unifamiliale Passive

© FG

NORBERT BRAKONIER S.A. Showroom NBR

ARC

HITE

CTE

S

2016

DATA CENTER ENERGY S.A. Data Center Energy

IKOGEST / PHAROS REAL ESTATE FUND One on One


Visite Cebi 25.03.2016 | Steesel

D`CEBI zu Steesel gehéiert hautdesdaags zu engem internationale Grupp mat engem Ëmsaz vu 432 Milliounen € am Joer 2015. Zu Steesel gi momentan eng 619 Leit beschäftegt wouvunner ee Sechstel an der Entwécklung täteg ass. Fréier nach ënnert dem Numm ELTH bekannt, gouf dunn am Joer 2011 mam Zesummeschloss vun enger Partie Firmen de Grupp CEBI gegrënnt. Haut profitéieren se haaptsächlech dovunner um weltwäite Marché présent kënnen ze sinn, esou ewéi de Know How vun all de Partner ze vereenegen. De Moment ginn et 7 Produktiounssitten, wouvunner sech de Gros an Europa befënnt. Ween am Besëtz vun enger Kaffismaschinn, enger Mikrowell, engem Frigo oder vläit engem Auto ass, dee ka mat grousser Wahrscheinlechkeet dovunner ausgoen dass doranner och e Stéck vun der CEBI verbaut ass. Dat Ganzt huet am Joer 1976 zu Lëtzebuerg mat der Entwécklung vun engem sougenanntenen Temperaturgeber ugefangen. Ee Schalter, deen op eng bestëmmt Temperatur reagéiert, ënnert anerem och nach als sougenanntene ‘Bimetall Schalter‘ bekannt. Domat war de Grondsteen geluecht an d‘Funktioun vun dësem Produkt huet sech bis haut nach bewisen. Dës Schaltere fannen iwwerall Uwennung wou et an engem Prozess wichteg ass fir ab enger bestëmmter Temperatur eng Funktioun kënnen auszeléisen, wéi zum Beispill wann d‘Betriebstemperatur vun der Kaffismaschinn erreecht ass oder wann d‘Uelegluucht am Auto wéinst Iwwerhëtzung ugeet. Duerch hier intern Produktentwécklung sinn iwwert d‘Firmegeschicht vill nei Produiten dozou komm, déi ëmmer nees vun Ingenieuren optiméiert an un d‘Ufuerderunge vum Client ugepasst ginn. De Gros vun den hiergestallte Produite ginn an Haushaltsapparater oder an der Automobilbranche gebraucht. No enger klenger Aféierung iwwert d‘Firma hu mir ons dunn op d'Visite duerch hier Produktiounsanlag gemaach. Ugefaang huet et am Magaséng wou Primärstoffer wei Metall a Plastik stockéiert ginn. Hei befanne sech och Ersatzstécker fir d’Maschinnen. D‘Aarbechter an der Fabrik schaffen a Schichten

10 l bulli Summer 2016

fir dass d’Produktioun ronderëm d’Auer lafe kann. An dëser Hall gëtt och d‘Maintenance vun de Moule gemaach, dëst si grouss Eisen Sprëtzformen. Duerch de Schmelzvirgang vum Plastik Granulat an der Asprëtzung an d’Moule kënne sou eenzel Stécker gegoss ginn. Dës eenzel Stécker ginn da mat aneren am Wierk hirgestallte Stécker oder bestallte Stécker zu engem Endprodukt zesumme gebaut. Des weidere ginn hei och d‘Kontakter, déi sech op deene meeschte Produite befannen, aus engem Metallband gestanzt. Sou kann also vum Design bis iwwert d‘Produktioun vun den eenzelne Stécker an hirem Zesummesetzung alles um Site erfollegen. Ze gesi krute mir och den Zesummesetzungsprozess vun engem Uelegniveaugeber. Vum zoufüge vun den eenzelnen Deeler bis zur Entnahm vum Fäerdegprodukt fënnt alles voll automatesch statt. Déi héich Genauegkeet an d‘Schnellegkeet vun dëse Koordinatiounsofleef gëtt duerch d‘Automatiséierungstechnik erméiglecht. Dës Prozesser ginn am eegene Grupp duerch d’Ingenieuren ëmmer nees optiméiert an erweidert, woubäi d‘Schwieregkeet doranner besteet, d‘Produkt aus sengen eenzelnen Deeler vollautomatesch zesummenzesetzen. Duerch d‘Automatisatioun kann d’Qualitéit vum Produkt an déi néideg Kapazitéit vun der Produktioun séchergestallt ginn.

Visite Cebi


An der nächster Hall stounge gréisstendeels Produktiounsanlagen déi Temperaturgeber zesummegebaut hunn. Hei gëtt am Sekonnentakt an op Stéckzuel produzéiert. D‘Kontakter ginn entweder an d'Stéck gestach oder kënnen iwwersprëtzt ginn. Bei engem iwwersprëtztenem Stéck ginn d‘Kontakter komplett vun der Plastiksmasse ëmmantelt a sinn deementspriechend waasserdicht. An der leschter Hall déi mir besicht hunn, goufen als quasi Fäerdegprodukt Wäschwaasserbehälter fir Autoen hiergestallt. Dës kënnen unhand vun zwou Methoden hiergestallt ginn: entweder duerch d‘Blosverfahren als Eenzeldeel oder duerch d’Sprëtzverfahren als zwee eenzel Deeler déi duerno zesummegefügt ginn. Zum Schluss hu mir dunn nach all zesummen an der Firma zu Mëtteg giess, woubäi mir nach dat eent oder anert interessant Thema mat de Responsabelen ausdiskutéiere konnten. An du gouf et och schonn héisch Zäit ons op de Wee zu der traditioneller Table Ronde am Forum da Vinci ze maachen.

Auteur: Steve Breden

Visite Cebi

bulli Summer 2016 l 11


Table Ronde 2016

25.03.2016 | Forum Da Vinci

Déi traditionell Table Ronde vun der ANEIL huet wéi all Joer op Karfreideg stattfonnt. Op dësem Event geet et dorëms, de Studenten de Kontakt mat de Lëtzebuerger Firmen ze erméiglechen an dëst an engem gemittleche Kader. Eis Table Ronde ass eng ganz gutt Geleeënheet, éischt Kontakter zur Beruffswelt ze knüpfen. Well si mir mol éierlech, iergendwann ass och d’Studenteliewen eriwwer an ee neit Liewenskapitel geet un. Dann ass ee frou, wann een op Evenementer vun der Aneil zeréckgräife kann.

Am grousse ganze waren d’Studente wei och d’Entreprisen an de Comité ganz zefridde mat eisem Event. Heimatter wollt ech nach eemol all deene Merci soen, déi zum reiwungslosen Oflaf vun eisem alljährlechen Event bäigedroen hunn an hoffen, Iech op der Table Ronde 2017 ze gesinn. Auteur: Lino Morais

D’Firmen, déi d’Geleeënheet krute sech bei de Studente bekannt ze maachen, waren am éischten Deel d’Creos, Post, ArcelorMittal, Ceratizit, Goblet Lavandier&Associés Ingénieurs-Conseils a Jean Schmit Engineering. No enger Paus an enger gudder Erfrëschung goung et du mat Paul Wurth, Schroeder&Associés, Soludec, Drees&Sommer, B.E.S.T. Ingénieurs-Conseils an TR Engineering weider. Nodeems all Firma seng Presentatioun gehalen hat, goufen Dëscher zur Verfügung gestallt wou d’Firmen hier Broschüren a Gadgeten verdeele konnten. Heimat huet dann och den Échange mat de Studenten ugefaangen. An dat mat engem gudde Patt a klenge Snacks vum Schnékert. Dëst Joer war et eng speziell Table Ronde, speziell an deem Punkt, datt op Nofro vun eise Memberen ee Séminaire proposéiert gouf an deem d’Studenten erkläert kruten, wei ee sech an engem Virstellungsgespréich ze behuelen huet. Dëse Séminaire gouf, parallel zu de Presentatiounen, vun der Competence asbl gehal. D’Studenten déi am viraus een CV an/oder ee Motivatiounsschreiwen erageschéckt haten, kruten dësen zum Schluss vun de Presentatioune verbessert zeréck. Dëse Séminaire war ee groussen Erfolleg an ass bei de Studente ganz gutt ukomm. No eisem Event ass dann och d’Fräizäit net ze vergiessen. Well och do ass et du weider an de Liquid gaang, wou bei Fräibéier bis spéit an den Owend sech ameséiert gouf.

12 l bulli Summer 2016

Table Ronde 2016


Fotoen: Charly Huberty

Table Ronde 2016

bulli Summer 2016 l 13


Interview Paul Wurth "Op eemol si komplett nei Perspektive fir mech opgaangen" En Interview mat zwee jonken Ingenieuren zu hirem Start an d'Beruffsliewe bei Paul Wurth Praxissemester, Diplomaarbecht, Start an d'Beruffsliewen - Paul Wurth bitt jonken Ingenieuren aus ënnerschiddleche Fachrichtungen eng breet Palett u Méiglechkeeten, hiert Wëssen ënner Beweis ze stellen. Als weltwäit féierende Maschinnen- an Anlagebauer an der Stolindustrie ass de Paul Wurth a ronn 20 Länner vertrueden. Paul Wurth zeechent sech duerch differenzéiert technesch usprochsvoll an innovativ Ingenieursleeschtungen aus, déi scho bal 150 Joer Geschicht schreiwen an dobäi wäit iwwert d'Stolindustrie erausginn. De Jean-Marc Zahnen schafft zënter 2012 als Project Manager bei Paul Wurth Geprolux, enger eegestänneger Firma vu Paul Wurth. Paul Wurth Geprolux huet sech op d'Gestioun vu Projeten an d'Planifikatioun vun techneschen Equipementer fir Gebaier vu grousse regionale Bauprojete spezialiséiert. Den Daniel Michels huet 2010 als Projektingenieur bei Paul Wurth ugefaangen. Mat him konnte mer net perséinlech schwätzen, mee per Videokonferenz; hie setzt nämlech 9.500 Kilometer Loftlinn bei Paul Wurth zu Tokio. Zënter 10 Méint schafft hien do als technesche Manager an deelt sech e Büro mat 70 Aarbechtskollegen. Den Daniel an de Jean-Marc schaffen also schonn e puer Joer fir de Paul Wurth an dat an zwee ganz ënnerschiddleche Beräicher an och Länner. Mir hunn si gebiede mol eng Kéier zeréckzekucken an eis ze erzielen, wéi si sech deemools fir den Ingenieursberuff decidéiert hunn. "Ech hunn dat eréischt zimlech spéit decidéiert, eegentlech eréischt no der Première", erzielt den Daniel. "An der Mathe a Physik war ech ëmmer

14 l bulli Summer 2016

zimlech gutt an alles wat mat Technik ze dinn hat, huet mech interesséiert." Fir d'Zukunft sollt et awer net esou theoretesch, mee méi praktesch sinn. Well hien ob Englesch an Däitsch studéiere wollt, huet hien sech fir e Maschinnebaustudium un der ETH Zürich decidéiert. "Dat huet sech gutt unhéieren an nodeems ech e Frënd zu Zürech besicht hat, war mir schnell kloer, dass dat dat richtegt ass." Während sengem Studium huet hien sech an de Beräicher Regelungstechnik a Verbrennungsmotore spezialiséiert. Beim Jean-Marc koum säin Intérêt fir den Ingenieurberäich vu senger Begeeschterung fir d'Architektur a Bauwierker. „Ech hunn et schonn ëmmer immens spannend fonnt, wéi héich komplex Unikater mat deelweis einfache Mëttele geschaf ginn, déi Stéck fir Stéck zu engem groussaartege Ganze ginn." Dofir huet hien sech fir e Bauingenieursstudium op der Uni zu Karlsruhe decidéiert. Während sengem dach ganz technesche Studium huet hien sech ob d'Organisatioun vu Bauprojeten a -prozesser, virun allem op de Lean Management am Bauwiese spezialiséiert. Wéi mer gesinn, fanne bei Paul Wurth souwuel Maschinnebauer wéi och Bauingenieure mat ënnerschiddleche Spezialiséierungen hier Platz. Mee war dat deenen zwee scho virdru kloer? Mir wollte vun hinne wëssen, wéi se op d'Iddi koume fir beim Paul Wurth hier Demande ze maachen. "Als lëtzebuerger Ingenieur war mir d'Firma Paul Wurth ganz schnell e Begrëff", erënnert sech de Jean-Marc. Déi vill interessant grouss Projeten (z.B. den Europäesche Geriichtshaff, Gare Pont Rouge, Tram, etc.) waren et, déi hien iwwerzeegt hunn, kuerz viru senger Diplomaarbecht e Stage am Departement vum Project Management vu Paul Wurth Geprolux ze maan. "Dësen immens aktiven a villsäitege Stage huet mech dozou bruecht, dëse Beräich a mengem Studium weider ze verdéiwen

Interview Paul Wurth


Paul Wurth – the capacity to continuously innovate Thanks to the know-how and innovation skills of our highly-qualified employees, we offer most advanced technological solutions in our different fields of activities:  Full range of technologies and processes for the Primary Stage of Integrated Steelmaking  Innovative solutions for Civil Construction and Infrastructure Projects If you are interested in a practical internship / thesis work or looking for a challenging position within our company or group, please send your application to career@paulwurth.com. Paul Wurth S.A. 32, rue d’Alsace Human Resources L-1122 Luxembourg Tel. +352 4970-2251

career@paulwurth.com www.paulwurth.com

Subsidiaries: Brazil, Chile, Czech Republic, Germany, India, Italy, Japan, Korea, Mexico, P.R. China, Russia, Taiwan, Ukraine, U.S.A., Vietnam

follow us on Twitter @Paul_Wurth

follow us on LinkedIn

like us on Facebook facebook.com/paulwurthgroup


a nom Studium meng Demande bei Paul Wurth Geprolux ze maachen." Den Daniel ass iwwert e ganz anere Wee bei de Paul Wurth komm. Hien hat sech nämlech während sengem Studium op den Automobilsecteur spezialiséiert. Deemno hat hien seng Stagen bei Daimler a Bosch zu Stuttgart gemaach a seng Diplomaarbecht och bei Bosch geschriwwen. "Op déi Platz beim Paul Wurth gouf ech no mengem Studium per Zoufall opmierksam, hu mer awer am Ufank net richteg eppes kennen drënner virstellen." Nom Virstellungsgespréich war hien dunn awer total begeeschtert an op emol si ganz nei Perspektive fir hien opgaangen. "D'Méiglechkeet, frësch vun der Uni direkt an e Fuerschungsprojet mat eranzeklammen, huet mech direkt iwwerzeegt an ech hunn net laang missen iwwerleeën."

Dem Daniel säi Büro zu Tokio.

Mir ware virwëtzeg, wat fir déi zwee hier Aarbecht ausmëscht a wéi se de Paul Wurth als Entreprise géife beschreiwen. "Wéi scho gesot, ass d'Kärgeschäft vu Paul Wurth Geprolux d'Ofwécklung vu grousse Bauprojeten, d.h. d'Begleedung vun de Projete vun der éischter Iddi bis zur Ëmsetzung an der Iwwerwaachung vum Respektéieren vun den Delaien, de Käschten an der Qualitéit." Besonnesch spannend fënnt de JeanMarc dobäi d'Diversitéit vun den organisatoreschen an techneschen Aufgaben, déi jiddereen a senger Equipe all Dag erwaart. Dobäi si sougenannte Soft Skills, also sozial Kompetenze wéi Kommunikatioun, Verhandlungstechniken an d'Motivatioun vun Drëtten immens wichteg. "Besonnesch ass och, dass kee Projet deem anere gläicht. Eise Portfolio geet vu Bürosgebaier iwwert Schoulen an Zuchtrace bis hin zu Kliniken."

Déi berühmt Kräizung am Staddeel Shibuya zu Tokio, bekannt duerch hier Reklammen an déi dausende Menschen, déi sech all Dag an all Richtungen bewegen.

Den Daniel nennt eis zwou Saachen, déi him um Paul Wurth besonnesch gutt gefalen. Do ass eemol d'Internationalitéit matt der Chance an d'Ausland ze goen, wat och an der Aarbecht zu Lëtzebuerg präsent ass, wou ënnerschiddlech Sprooche geschwat ginn a mat villen Aarbechtskollegen aus villen ënnerschiddleche Länner zesummegeschafft gëtt. Ob där anerer Säit faszinéiert hien d'Gréisst vun dësem industrielle Secteur: "Wann ee virun dem Tuerm vun engem Héichuewe steet, deen 90 Meter héich ass, emgi vun engem enorme Kaméidi an deem 1500 Grad waarmen Eisen, dann ass dat wéi eng Urgewalt, dat kann een sech esou guer net virstellen." Hien mecht den direkte Vergläich: "Hei schwätzt een net vu klenge Schrauwen déi genee musse passen, hei schwätzt ee vun Tonnen u Material, déi zu enger riesecher Anlag zesummegebaut ginn." Wann hien do u seng Diplomaarbecht zeréckdenkt, wou hien an engem klenge Labo mat Gummioverall a Strëmp iwwert

16 l bulli Summer 2016

Zu festlechen Uläss, wéi Hochzäiten oder Tempelbesich hun d'japanesch Fraen en traditionellen Kimono un.

Interview Paul Wurth


de Schong huet misse schaffen, fir dass d'Elektronik net beschiedegt gëtt... An der Stolindustrie erkläert hien, ass dat ganz anescht: "Hei brauch een en Helm, Secherheetsschong, feierfest Kleedung – net fir dass een d'Anlag net beschiedegt, mee dofir, dass d'Anlag ee selwer net beschiedegt."

November 2015. De Mount Fuji ass den heechtsen an bekanntesten Vulkan a Japan. En ass ca. 100 km vun Tokio eweg an am Wanter wéinst dem gudde Wieder a kloerer Siicht meechtens och vun Tokio aus ze gesin.

Den neien Tram wärt d'Bild vun der Stad Lëtzebuerg veränneren (Luxtram S.A.)

Den neien Centre de Remisage vun der CFL um Howald (ARGE DB International – Paul Wurth)

Interview Paul Wurth

Ob d'Fro, op wéi engem Projet se schaffen zielt de Jean-Marc, dass hien aktuell e nationale Spidolsprojet betreit. "Nieft der eegentlecher Organisatioun vum Bauprojet ass hei virun allem d'Funktionalitéit vum Spidol wichteg, wat natierlech direkt un de Bauprojet gebonnen ass." Dat war am Ufank eng grouss Erausfuerderung fir hien, well hie virun deems hien ugefaangen huet mat schaffen, nach näischt iwwert d'Organisatioun vun enger Clinique wousst. Hei hunn him awer säi Studium a säin Interêt un der Prozessorganisatioun immens gehollef an sou konnt hien a sengen éischte Joere beim Paul Wurth immens vill léieren. Den Daniel huet déi éischt véier Joer zu Lëtzebuerg un engem Fuerschungsprojet fir d'Inbetriebnahm vun enger Pilotanlag geschafft. Dono krut hien d'Méiglechkeet, d'Platz als technesche Manager zu Tokio ze iwwerhuelen. "Well ech ëmmer schonn am Ausland liewen a schaffe wollt, hunn ech des eemoleg Chance natierlech genotzt." An sengem Team zu Tokio ass hie mat engem Aarbechtskolleg aus Italien deen eenzegen Europäer ënnert all de Japaner. "Eis Aufgab ass et, fir de japanesche Marché Projeten ofzewéckelen, woubäi de Knowhow meeschtens aus Europa kënnt." D'Kommunikatioun leeft dobäi iwwert hien, vu dass hien den Uspriechpartner fir all japanesch Projeten ass. Hie versicht zwëschen de Aarbechtskollegen a Japan an zu Lëtzebuerg ze vermëttelen. "Hei sinn ech net responsabel fir een Team an ee Projet, mee hei begleeden ech méi Projete gläichzäiteg, an dat mëscht richteg Spaass. Ech sinn hei net nëmmen technesche mee och kulturellen Iwwersetzer a versichen, déi klassesch Mëssverständnesser aus der Welt ze schafen." Hien erzielt eis vun e puer kulturellen Ënnerscheeder, wéi z.B., dass den Direkter am Büro wéi e Schoulmeeschter virun der Klasse setzt. "D'Japaner bleiwe bis 22 Auer am Büro a ginn net heem, soulaang de Chef nach do ass. An der Mëttesstonn gi Lunchboxe geliwwert, jiddereen ësst viru sengem Computer a leet sech dono en Nuesschnappech op d'Aen fir eng kleng Mëttesrascht ze maachen. Em Punkt 13 Auer geet et virun. Dozwëschend gëtt et keng Kaffispaus oder Small Talk ënnert den Aarbechtskollegen. Hei ass eng onwahrscheinlech Disziplin, déi zu engem ganz aneren Aarbechtsklima féiert, wéi dat wat ech aus Europa gewinnt sinn." Dass sech Ingenieuren duerch Kreativitéit an Innovatiounsgeescht auszeechnen, erkennt ee schonn um Begrëff u sech. "Ingenium" kennt aus dem Laténgeschen a bedeit "sinnreiche Erfindung."

bulli Summer 2016 l 17


Sou hu mir zum Schluss dëst Thema ugeschnidden an déi zwee gefrot, a wéi wäit Innovatiounsgeescht an hirem Aarbechtsalldag gefuerdert ass. Fir den Daniel, dee jo vun Ufank un un engem Fuerschungsprojet geschafft huet, hänkt et ganz staark vun dem eenzele Beräich of. "D'Zäit deemools war immens innovativ. Do konnt ech meng eegen Iddie mat abréngen an de Responsabelen vum Projet huet mer vun Ufank un vill Fräiheete gelooss, sou dass ech méi spéit d'Responsabilitéit fir de Projet selwer konnt iwwerhuelen." Am Daniel sengen Aen ass déi innovativ Diversitéit vum Ingenieursberuff beim Paul Wurth eng Eegenheet, déi een an dëser Breet a villen anere Beruffer esou net onbedéngt fënnt. De Jean-Marc schafft säit 2 Joer nieft senger dagdeeglecher Aarbecht och am "Business Development" mat. "D'Ziel vun dësem Departement

ass et, nei Beräicher vun eise Kärkompetenzen ze analyséieren an hier Emsetzungsméiglechkeeten ze testen fir esou eise Geschäftsberäich kontinuéierlech ze erweideren." Als Beispill nennt hien d'digital Bauen, wat momentan ënnert dem Begrëff "Building Information Modeling" (kuerz BIM) weltwäit ëmmer méi Bedeitung kritt. An dësem Kontext ass 2014 mat anere Partner aus dem Bausecteur e Pilotprojet an d'Liewe geruff ginn, deen als Ziel huet, d'Kompetenzen an dësem Beräich auszebauen an d'Entwécklung zu Lëtzebuerg weiderzebréngen. "Generell ass den Interêt un neie Fachberäicher elementar fir eis Aarbecht a steet fir den Job als Projektmanager bäi Paul Wurth Geprolux.“ Mir soen dem Daniel an dem Jean-Marc villmols Merci fir dat oppent an interessant Gespréich a wënschen hinne fir hier Zukunft alles Guddes a vill nei spannend Projeten! Auteur: Paul Wurth

Prix d‘excellence de la Fondation Enovos Prix d’excellence de la Fondation Enovos

Une initiative de:

En vue de valoriser les études et carrières professionnelles de l’ingénieur, la Fondation Enovos a lancé en 2012 le «Prix d’excellence de la Fondation Enovos» pour récompenser les meilleurs étudiants ingénieurs.

Fondation Enovos sous l’égide de la Fondation de Luxembourg ANEIL Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l.

Ensemble avec ses partenaires l’association da Vinci et l’ANEIL, la Fondation Enovos récompense chaque année les meilleurs travaux de Master de jeunes ingénieurs avec un prix doté de 2.500 € par lauréat. Pour cette cinquième édition du «Prix d’excellence de la Fondation Enovos», les prix seront remis au cours d’une cérémonie publique le 12 novembre 2016. Critères d’éligibilité Etudes dans un domaine donnant droit à l’appellation «Ingénieur». Etudiants ayant complété leur travail de recherche et obtenu un diplôme du niveau Master (Bac +5).

Association da Vinci Association Luxembourgeoise des Ingénieurs, Architectes et Industriels

Sélection Les lauréats sont choisis par un jury indépendant composé de membres de l’association da Vinci (Association Luxembourgeoise des Ingénieurs, Architectes et Industriels) sur base de l’excellence du travail et la thématique innovante du dossier. La remise des prix officielle aura lieu le 12 novembre 2016 au Forum da Vinci. Informations pratiques

Peuvent stipuler une candidature pour la cinquième édition du «Prix d’excellence de la Fondation Enovos», les étudiants qui terminent leurs études avec diplôme entre le 1er juillet 2015 et le 30 juin 2016.

Les dossiers de candidature (mémoire et copie du diplôme/relevé des notes) sont à envoyer sous forme électronique à mail@fondation-enovos.eu avant le 15 juillet 2016.

Etudiants inscrits auprès du Ministère de l’Enseignement supérieur et de la recherche du Luxembourg et éligibles pour bourses d’études et/ou prêts d’étudiant au Luxembourg.

Informations supplémentaires sur le site de la Fondation Enovos: www.fondation-enovos.eu

Caring for tomorrow.

B.P. 281 L-2012 Luxembourg fondation-enovos.eu mail@fondation-enovos.eu


L’ART DE CONSTRUIRE AquaNat’Our Hosingen Architecte : BKT Etudes et construction : Soludec

En relation étroite avec les communes luxembourgeoises, Soludec construit depuis 65 ans les édifices indispensables à la vie locale, tels que centres scolaires et sportifs, salles de concert et autres infrastructures du génie civil. Nous sommes un partenaire de choix à l’écoute de vos besoins et vous accompagnons quel que soit votre projet, pour la réalisation du gros-œuvre jusqu’au clé-en-main. Votre choix fera la différence.

Campus scolaire Capellen Architecte : Atelier Jim Clemes

Les réalisations récentes de la piscine de Hosingen et du Campus scolaire de Capellen en témoignent : ces deux ouvrages sont de véritables prouesses architecturales offrant des espaces privilégiés d’étude, de travail et de loisir.

Construction : Soludec

Campus scolaire Capellen

TEL.: 26 59 91

www.soludec.lu


Visite DuPont de Nemours Tyvek

15.04.2016 | Contern

Freides de 15. Abrëll hu mer eis um Parking vun der DuPont zu Contern getraff. Um Programm stoung d‘ Visite vun der Produktioun vum Tyvek. Wei mer eis dunn all afonnt hate si mer och era gaangen a krute ganz kloer gesot, dass mer eis un all Gelänner dat mer begéinen upake mussen, dat war de ganze Mëtten dat Wichtegst.

Band gëtt da nach waarm gewalzt, esou dass déi Fasere sech verbannen. De fäerdegen Tyvek gëtt geschnidden an opgerullt, a mat automateschen Transportgefierer an d’Lager bruecht. D’Qualitéit gëtt duerch eng sëlleg Kameraen iwwerwaacht an et ginn och regelméisseg Sichtkontrollen, duerch duerchliichten vum Tyvek, gemaach.

Beim Tyvek-Site ukomm, goufe mer mat gudde Bréidercher a Gedrénks häerzlechst begréisst. Ugefaange gouf wei ëmmer mat enger klenger Presentatioun a mir kruten alles gutt erkläert, éiert et bei d’Produktiounslinne gaangen ass.

Alles an allem war et erëm nees eng flott an interessant Visite vun der ANEIL an ech kann nëmme jidderengem virschloe matzegoen. Den Owend gouf dunn nach gemittlech bei guddem Iessen a bei engem oder anere Patt ausklénge gelooss. A wann dier nach ni Tyvek gesinn hutt, kënn der spéitstens um ACEL Studentenbal den 22.07.2016 äert Entréesbändche méi genee ukucken ;)

Den Tyvek ass e villsäitegt Material a gëtt a villen Uwennungen benotzt, Beispillsweis gëtt et zu Schutzkostümer verschafft, déi während der Ebolakris massiv zum Asaz koumen. Och an den Diech am Hausbau gëtt et benotzt well et de Waasserdamp duerchléisst a flëssegt Waasser net. Tyvek ass och ähnlech wei Pabeier an dofir ginn esou guer Enveloppen doraus hiergestallt.

Auteur: Jeff Medinger

Per Zoufall gouf den Tyvek entdeckt, dëst ass geschitt wei se an engem Labo mat Polyethylen geléist an enger Flëssegkeet (wou se eis net hunn dierfe soe wéi eng) Versich gemaach un. Duerch eng ondicht Leitung ass dëst ausgetrueden an et si kleng Fiedem entstan. Doropshin hu se sech iwwerluecht wat een domat ufänke kéint a weider gefuerscht an et verbessert. Haut kritt een den Tyvek an allen Déckten, mat verschidden Déckte vun de Faseren, perforéiert a mat de verschiddenen Räissfestegkeeten. Och hunn se eng Anlag wou se kënnen eng Aluminiumsschicht opdampfen, dëst gëtt zum Beispill bei Verpakunge vu medezineschem Material verwennt. Hirstellung vum Tyvek Dee bei héijem Drock am Léisungsmëttel geléiste Polyethylen gëtt duerch präzis gesteiert Düse gesprëtzt. Dobäi verdampft d’Léisungsmëttel an d’Fasere ginn op e Band geluecht. Et entsteet e Netzwierk aus duerchernee leiende Fasern. Dëst

20 l bulli Summer 2016

Visite DuPont de Nemours Tyvek


.


2.500 m3

3.300 m2

200 t.

450 m

GARDE-CORPS

LONGUEUR DU PONT

15.000

1.700 t.

2.000 t.

BÉTON ARMÉ

ARMATURES

PAR JOUR

ETANCHÉITÉ

CHARPENTE MÉTALLIQUE

15 m

LARGEUR DU TABLIER

213 m

POIDS TOTAL DE L’OUVRAGE

113,8 m

« Pont frontalier à Grevenmacher » - travaux exécutés en tant qu’entreprise générale


Construisons votre avenir !

Avec plus de 4000 collaborateurs travaillant au sein de l’Entreprise et de ses filiales, POST Group est le 2e employeur du pays. Forte de sa renommée bien établie et son ancrage luxembourgeois, POST Luxembourg est aussi une entreprise innovante, ouverte sur le monde par ses métiers en constante évolution et par la richesse de ses collaborateurs de plus de 35 nationalités différentes.

Passionné(e) de nouvelles technologies ou féru(e ) d’informatique, rejoignez-nous !

www.postgroup.lu


Visite CFL Multimodal

08.04.2016 | Beetebuerg

Fotoen: Charly Huberty

Freides den 8. Abrëll ware mir de Chantier vum Hub Multimodal vun der CFL tëschent Beetebuerg an Diddeleng kucken. Mir goufe vum Här Marc Widong, eemolege President vun der ANEIL, um Chantier begréisst. Hien ass bei der CFL fir Infrastrukturprojeten zoustänneg. Den Här Widong huet eis an engem Ausstellungsraum un engem moßstabsgerechte Modell vum fäerdegen Hub en éischten Iwwerbléck iwwert dëse Chantier ginn. Schonn alleng um Modell ass opgefall, wei grouss dëse Chantier ass. Et ass momentan dee gréissten zesummenhänkende Chantier zu Lëtzebuerg. Natierlech ass esou e grousse Chantier och alles anescht ewéi gënschteg: 221 Milliounen Euro léisst sech de Staat dat ganzt kaschten. D’CFL, als Bedreiwergesellschaft, investéiert 12 Milliounen Euro. Dëse neien Terminal wäert allerdéngs an Zukunft e ganz wichtege Faktor fir d’lëtzebuergesch Wirtschaft spillen an e schaaft eng ganz Rei u neien Aarbechtsplazen. Op dësem 33 Hektar groussen Terrain solle spéider Zuchwagone mat Container beluede ginn. Dëst soll mat zwee verschidde Systemer geschéien. Beim éischte System ginn d’Zuchwagone belueden andeems zwee Portalkrän d’Container op de

24 l bulli Summer 2016

Wagon hiewen. Mat Hëllef vun dëse Portalkrän ass et méiglech en Zuch vu 700 m a kierzter Zäit ze be- an entlueden. Dëse System gëtt momentan och schonns benotzt, mee den aktuelle Kran ass bei wäitem net sou performant wei déi zwee nei Portalkrän. Beim zweete System gëtt déi ganz Camionsremorque op e speziellen Zuchwagon gesat. Heifir kann den Zuchwagon ëm 30 Grad op d’Säit geschwenkt ginn, sou dass de Camion hannerzeg op den Zuchwagon ropfueren a seng Remorque drop ofstelle kann. Nodeems d’Remorque festgemaach ass, fiert d’Zuchmaschinn vum Camion dann alleng weider a ka beispillsweis déi nächst Remorque siche goen. Bei dësem System, dee vun der Firma „Lorry-Rail” bedriwwe gëtt, schwätzt ee vun der „autoroute ferroviaire“. Momentan gëtt och dëse System bei der CFL scho gebraucht. E bis zu 700 m laangen Zuch fiert vu Beetebuerg aus an 13 Stonnen bis op Le Boulou a Frankräich an der Géigend vun der franséisch-spuenescher Grenz. D‘lescht Joer konnten esou 40.000 Camionsremorquë vun CFL Multimodal transportéiert ginn. Dëse System wëll een an Zukunft ausbauen an dowéinst huet ee virgesinn dass d’Beluede vun den Zuchwagonen an Zukunft op zwee mol 700 m geschitt. Sou kann een zwee Zich mat enger Längt vu 700 m gläichzäiteg belueden. Bis elo ass d’Beluede vun den Zich méi

Visite CFL Multimodal


opwenneg well et net méiglech ass en Zuch an enger Kéier ze beluede mee ëmmer nëmmen eng bestëmmten Unzuel u Wagone gläichzäiteg. Et ass geplangt, dass an Zukunft en Zuch vu Calais a Frankräich iwwer Beetebuerg op Le Boulou fiert. Zil vun der „autoroute ferroviare“ ass et de Camionsverkéier vun der Strooss ze huelen. Et gëtt och e grousse Parking fir Camionsremorque gebaut. Oft kënnt et fir, dass de Container eng Zäitchen virum Départ vum Zuch do ass, an dofir gëtt en Opfangparking gebraucht. Hei kënnen d’Remorquen déi mat der „autoroute ferroviaire“ weider sollen, tëschegelagert ginn. E weidere Virdeel vun dësem Opfangparking ass, dass den Hub esou och Sonndes a Feierdags weiderschaffe kann, och wann da keng Camione fueren dierfen an esou keng nei Container kommen. Logescherweis wäert och d’Douane an dësem neien Terminal present sinn. Um neien Hub vun der CFL Multimodal mussen, genau sou wei um Findel, d‘Importer an Exporter gepréift ginn. Nodeems mir unhand vum Modell en Iwwerbléck iwwert de Chantier an déi eenzel Systemer kruten, si mir dunn och ze Fouss iwwert de ganze Chantier getrëppelt fir eis dat alles a Wierklechkeet kënnen Fotoen: Charly Huberty

Visite CFL Multimodal

bulli Summer 2016 l 25


unzekucken. Den Highlight fir déi meescht waren ënnert anerem sécherlech déi zwee imposant Portalkrän, déi jeeweils 41 t hiewe kënnen. D’CFL huet bei dësem Chantier probéiert méiglechst vill op lëtzebuergesch Firmen a Produiten zeréckzegräifen. De verbaute Stol an d’Schinne komme beispillsweis vun ArcelorMittal, déi Partner vun CFL Cargo sinn. Vill lëtzebuerger Baufirme sinn och un dësem Chantier bedeelegt. Déi zwee grouss Portalkrän konnte verständlecherweis net zu Lëtzebuerg kaaft ginn. Si komme vun enger Firma aus Éisträich. Nieft der Infrastruktur fir den eigentlechen Zweck vun dësem Hub, dem Be- an Entluede vun den Zich, ginn op dësem Areal nach eng ganz Rei aner Gebaier gebaut. Vu Bürosgebaier a Parkhaiser fir d’Mataarbechter iwwer Lagerhalen déi d’CFL fir aner Firme geréiert. Nom Tour iwwert de Chantier, huet den Här Widong eis nach op e klenge Patt invitéiert, wou mir nach a geselleger Ronn Froen iwwert dësen impressionante Chantier an iwwert d’Aarbecht bei der CFL stelle konnten. Auteur: Michel Reisch

Fotoen: Charly Huberty

26 l bulli Summer 2016

Visite CFL Multimodal


NOUS ALLONS PLUS LOIN

ECOlogistics for our future I www.cflcargo.eu


Visite vun der neier Kläranlag zu Mäertert

27.05.2016 | Mäertert

Fotoen: Charly Huberty

Déi éischt Visite vun eisem Fréijoersevent war déi nei Kläranlag zu Mäertert mat TR Engineering. Éier mir iwwert de Chantier gaange sinn, krute mir eng kuerz Presentatioun iwwert d’Funktiounsweis vun dëser Kläranlag. Des Weideren krute mir erkläert firwat dës Kläranlag esou néideg ass. D’Mäerterter Kläranlag ass fir 47.000 Awunner ausgeluecht. D’Gemenge Gréiwemaacher, Lenneng, Mäertert/Waasserbëlleg, Stadbriedemes a Wuermer esou wéi d’Aire de Wasserbillig op der Autobunn wäerten un dës Anlag ugeschloss ginn. Fir den Uschloss un d’Kläranlag war et néideg d’Kanalnetz an den eenzelne Gemengen auszebauen. Des Weidere sinn dann och nach 16 Réckhalbecken gebaut ginn, déi bei héijem Ofwaasseropkomme verhënnere sollen, dass d’Kläranlag iwwerlaascht gëtt. Doduerch, dass een an der Kläranlag steiere kann, wéivill Becke grad a Betrib sinn, kann een op ënnerschiddlech Ofwaasseropkomme reagéieren. 8 Pompelstatiounen uechtert déi verschidde Gemenge suergen derfir, dass d’Ofwaasser och an der Kläranlag ukënnt. De Bau vun dëser Kläranlag ass néideg fir déi aktuell EU-Regelen fir d’Ofwaasserrengegung anzehalen. Bis elo leeft d’Ofwaasser vun de genannte Gemengen ouni grouss Rengegung einfach an d’Musel. Lëtzebuerg huet nach esou munches opzehuelen 28 l bulli Summer 2016

wat d’Ofwaasserrengegung ugeet a muss dowéinst all Joer héich Strofe bezuelen. Fir d’Regele vun der EU anzehalen, mussen zu Lëtzebuerg nach eng Rei zousätzlech Kläranlage gebaut ginn. Nodeems dës Anlag a Betrib ass, wäert d’Waasser, wat vun hei aus an d’Musel leeft, just nach zu 5-10% veronrengegt sinn. De Floss bréngt et fäerdeg dëse Reschtprozentsaatz op natierlech Aart a Weis ofzebauen, sou dass d‘Waasserqualitéit vun der Musel sech, vun der Kläranlag aus, an Zukunft verbessere wäert. Fir dass d’Awunner, déi ronderëm d’Kläranlag wunnen, an d’Cliente vum Camping net duerch de Geroch gestéiert ginn, huet déi mechanesch a biologesch Rengegung souwéi d‘Schlammbecken missen iwwerdeckt ginn. Dëst ass eng kleng Besonneschheet am Verglach mat anere Kläranlagen, déi éischter ausserhalb vun den Dierfer gebaut sinn. Um Terrain vun der Kläranlag gëtt mat Hëllef vu Solarzellen a mam Klärschlamm och Stroum an Hëtzt produzéiert. Déi Energie, déi d’Anlag ze vill huet, gëtt ënnert anerem benotzt, fir d’Schwämm vu Gréiwemaacher ze hëtzen. No dëser Presentatioun iwwert d’Theorie vun der Kläranlag, si mer dunn och iwwert de Chantier gaangen, fir déi eenzel Deeler vun der Anlag och Visite vun der neier Kläranlag zu Mäertert


kënnen a Wierklechkeet ze gesinn. Am Uschloss un des Visite si mir op Wecker gefuer, wou mir zesumme mat TR Engineering zu Mëtteg giess hunn. Dono ass et du weider zu eiser zweeter Visite vum Dag bei d’Kellerei Gales gaangen.

Auteur: Michel Reisch

Fotoen: Charly Huberty

Visite vun der neier Kläranlag zu Mäertert

bulli Summer 2016 l 29


Interview TR-Engineering TR-ENGINEERING ass 1988 gegrënnt ginn an ass mat sengem 150 Fraen an Männer ee vun den groussen Acteuren am Beräich vun den Etuden wat den Domaine Génie Civil an awer och Génie Technique ugeet hei zu Lëtzebuerg. Iwwert d’Joeren huet TR-ENGINEERING sech hei zu Lëtzebuerg an awer och uechtert d’Welt e gudden Ruff opgebaut wat all Zorten vun Projet’en betrëfft woubäi e besonneschen Wärt op der Begleedung an Beroodung vun den Client'en läit, sief et privat oder ëffentlech Hand fir déi optimaalsten Äntwert op déi respektiv Uleies ze fannen. TR-ENGINEERING huet 2 weider Succursalen, eng zu Stroossbuerg an eng am Burkina Faso. Déi decisiv Grënn TR-ENGINEERING ze wielen fir säin Projet leien sécher an der Disponibilitéit, der Flexibilitéit, der Efficacitéit an der Subjektivitéit déi ons ganz Equipe Dag fir Dag op en néits an allen Beräicher beweist.

Wien sidd dir an waat maacht dir bei TRENGINEERING ? S: Mäin Numm ass Stéphanie Smit an ech schaffen bei TR-ENGINEERING als Ingenieur am Service Hydraulik. C: Ech heeschen Claude Foetz, sinn Associé bei TRENGINEERING an enner anerem den Responsabelen vun eisen Projet’en um Fluchhafen. Wéi en Wee huet iech zu TR-ENGINEERING gefouert ? S: No mengem Master an Ëmweltingenieurwëssenschaften un der RWTH-Aachen, hunn ech als Ingenieur bei TR-ENGINEERING ugefaangen. Duerch déi vill verschidden Geschäftsfelder vum Büro, hat ech d’Méiglechkeet am Beräich vun menger

30 l bulli Summer 2016

Spezialisatioun ze schaffen an awer permanent een Anblëck an aner Beräicher ze kréien. C: Nodeems ech mäin Bauingenieur-Studium op der TU Kaiserslautern ofgeschloss hat, hunn ech verschidden grouss Bureau d’Etuden ugeschriwwen. TR-ENGINEERING huet mir als Eischten eng interessant Propose gemaach mat gudden Aussiichten fir weider ze kommen, déi ech dunn och ugeholl hunn. Wat waren är Etappen bei TR-ENGINEERING ? S: Ech hunn als Ingenieur ugefaagen, an sinn mëttlerweil Chef de projet, an sinn soumat zoustänneg fir meng eegen Projet’en. C: Op der Uni hat ech mech an déi konstruktiv Richtung orientéiert an ech hunn och an deem Beräich bei TR-ENGINEERING ugefaang mat schaffen. Dat war an der Industriebau-abteilung, wou ech Statik an Bemoossungen vun funktionellen Gebaier an Ouvragen gemaach hunn. Duerch d'Diversitéit vun den Bauwierker konnt ech vun Ufank un léieren wéi een och komplex Problemer richteg ugeet. E groussen Atout war dobäi d’Equipe zu där ech gehéiert hunn, déi sech aus Leit mat laangjäreger Erfahrung an awer och méi praxisorientéierten an pragmateschen Ingenieuren zesummegesaat huet. Nieft klassescher Statik hunn ech mech deemools och vill mat dem Spezialdéifbau vun Projeten aus der Hydraulik-Abteilung befaasst. Nodeems ech eng gewëssen Erfahrung gesammelt hat, krut ech d’Méiglechkeet fir zousätzlech zu der Statik och als Chef de Projet meng eegen Projet’en ze geréieren an méi Kontakt mat der Praxis op den Chantier’en ze kréien. Meng nächst Etape bei TR-ENGINEERING war, wéi ech d'Responsabilitéit vun der Bauleedung vun eisen Projet'en um Fluchhafen iwwerholl hunn. Parallel dozou krut ech d’Méiglechkeet mech nach méi konsequent an der Firma ze engagéieren andeems ech Associé ginn sinn.

Interview TR-Engineering


Wat sinn är dagdeeglech Aufgaben bei TRENGINEERING ? S: Ech schaffen am Service Hydraulik an entwéckelen do Entwässerungskonzepter fir nei Bauprojeten, vun der Virplanung bis hin zur Ausféierung. Basis ass meeschtens eng gréng Wiss ob der dono dann z.B. een neien Wunnveirel oder eng Industriezon entsteet fir déi Ree- an Schmotzwaasser un déi bestoend Infrastrukturen ugeschloss mussen ginn. Ob Grondlag vun den Architektenpläng entwéckelen ech dann ee Konzept fir d’Entwässerung. Vun der éischter Propositioun bis zum endgültegen Ausféiherungsprojet, ass et een laangen Prozess deen an enker Zesummenaarbecht mat Architekten, Urbanisten, Gemengeverwaltungen an den zoustännegen Administratiounen steet. Een Beispill ass do den Ban de Gasprëch (Foto 1 – direction des travaux TR-ENGINEERING) wou een komplett neien Statdeel entsteet. TR-ENGINEERING huet dat komplett ëffendlegd Kanalsystem entwéckelt, mat z.B. engem 1800m3 groussen ënnerierdeschen Retentionsbecken (Foto 2) fir d’Reewaaser ze sammelen. Een aneren Beräich an dem ech schaffen ass Renaturéierung vun Gewässer. C: Duerch d’Erfahrungen an d’Kenntnis vun dem speziellen Site vum Fluchhafen aus der Bauleedung, ass mäin aktuellt Tätegkeetsfeld entstanen, wat d’Etuden an den Suivi vun den Chantier’en um Findel ëmfaasst (Fotoen 3 & 4). Am Beräich vun den Etuden schaffen ech mat den aneren Leit aus der Equipe un verschiddenen Projet’en déi am Kader vun den kontinuéierlechen Erneierungen vun der Infrastruktur an den techneschen Equipementer um Fluchhafen ze plangen an ze bauen sinn. Aktuell befaassen mir eis virun allem mat der Planung vun der Sanéierung vun der Piste an der Erweiderung vum Cargoparking. Besonnesch villfälteg an interessant ass meng Aarbecht dobäi, well een vill Kontakt mat den Client’en an den Entreprisen huet an well se sech aus engem planereschen souwéi engem prakteschen Deel zesummesetzt.

Wat charakteriséiert TR-ENGINEERING ? S: TR-ENGINEERING zeechent sech duerch seng Villfälltegkeet aus. Sief et duerch d’Projet'en, Client'en oder d’Mataarbechter. Et huet een d’Méiglechkeet un klengen, groussen, nationalen oder internationalen Projet’en ze schaffen, do kann een dann als Lëtzebuerger och Gebrauch vun senger Méisproochegkeet machen. C: TR-ENGINEERING ass selwer an villen Beräicher vum Bauingenieurswiesen aktiv, wat engem erméiglecht fir net nëmmen an engem bestëmmten Themenfeld ze schaffen. Dat kann engersäits sinn, am Kader vun der globaler Gestioun vun sengen Projet’en wann een mat den Kollegen aus den aneren Servicer zesummeschafft. Op der anerer Säit huet een awer och d'Méiglechkeet intern vun engem Service an een aneren ze wiesselen an sou och aner Beräicher kennen ze léieren. Dovun profitéiert een dann bei den nächsten Projet’en. Nieft den ofwiesslungsräichen Aarbechts-beräicher, charakteriséiert TR-ENGINEERING awer och, datt een als jonken Ingenieur gutt encadréiert gëtt an op méiglechst efficacem Wee sech weider entwéckelt an Erfahrungen sammelen kann. Sou kënnen jonk Leit fréi Verantwortung iwwerhuelen an responsabel fir hir eegen Projeten ginn. Ausserdeem besteet op allen Niveauen fir motivéiert an engagéiert Leit och ëmmer d'Aussiicht fir an der Firma weiderzekommen an säin Wee ze maachen.

Fotoen: TR-Engineering

Interview TR-Engineering

bulli Summer 2016 l 31


Wat géift dir den jonken Ingenieursstudenten speziell mat op de Wee ginn ? S: Ech kann den Studenten nëmmen roden sou vill wéi meiglech Stagen ze machen, an och probéieren d’Bachelor- oder Masterarbecht an engem Betrieb ze schreiwen. Et kënnt oft fir dass Studenten déi sech gudd geschloen hunn während hirem Stage, nom Studium och direkt agestallt ginn. C: D'Aktivitéitsberäicher vun engem Bauingenieur kënnen immens villfälteg sinn. Während dem Studium muss een sech awer fréi op eng Richtung spezialiséieren. Och wann eng bestëmmen Richtung gewielt gouf, soll een ëmmer deenen aneren Beräicher oppen géigeniwwer stoen an näischt ausschléissen, well engem sou zum engen méi potential Aarbechtsplazen opstinn an zum aneren een besser Chancen fir eng ofwiesslungsräich Aarbecht an en kontinuéierlechen Avancement an engem Betrib huet. Auteur: TR-Engineering

Fotoen: TR-Engineering

32 l bulli Summer 2016

Interview TR-Engineering


Route du Nord - Passage à gibier “Rengelbuer” - (Etudes / Direction des travaux)

Domaine d’activités Transport et traac Bâtiment Ouvrages d'art Génie civil Industrie Hydraulique Voirie et réseaux divers Eau potable Environnement Urbanisme et aménagement Topographie Cartographie et S.I.G. Techniques spéciales M obilité active

TR-Engineering apporte son concours à l'élaboration et à la réalisation de projets d'infrastructures et de programmes d'aménagement et de développement à Luxembourg et dans les pays émergents.

Diekirch - Passerelle, barrage amovible et piste de Canoé-Kayak (Etudes / Direction générale)

Oberkorn - Immeuble résidentiel (Etudes)

Grevenmacher - Parking Laangwiss (Etudes / Surveillance travaux)

Merl - carrefour route de Longwy (Etudes)

TC SPORA - Terrains de tennis (DAO / Ass.technique)

Luxembourg-Ville - Réhabilitation du Pont Adolphe (Direction des travaux)

TR-ENGINEERING et LUXauTEC recrutent et renforcent leurs équipes d’ingénieurs dans tous leurs domaines d’activité (rh@tr-engineering.lu)


Visite vun de Caves Gales 27.05.2016 | Elleng/Gare

Als 2. Deel vum Fréijoersevent stoung eng Visite vum Produktiounssite vun dem Crémant vun de Caves Gales zu Elleng/Gare um Programm. Nodeems mer all do agetraff waren (leider sinn e puer Leit ganz kuerzfristeg ofgesprongen) goufe mer vum Här Marc Gales, Chef vun de Caves Gales, déi dëst Joer 100 Joer feieren, emfaangen. Dobäi ass ervir ze hiewen dass d'ANEIL den éischte Grupp ass, dee säit der Konstruktioun viru 15 Joer vum Site zu Elleng/Gare, eng Visite duerch dës Anlagen ugebuede kritt huet! Eis Visite huet dunn och ugefangen, an als éischt krute mer d’Fëllanlag ze gesinn, an där de scho gegäertene Wäin, e Cépage aus 3 Drauwenzorten, zesumme mat Hief an engem Likör an d’Fläsch gefëllt gëtt. Zum Schluss komme nach e Filter an e Metallstopp, wei mer e vun de Béierfläsche kennen, drop. Wann dëst fäerdeg ass, ginn d’Fläschen a metalle Kierf gelagert. Elo fënnt an de Fläschen déi 2. Gäerung statt, déi duerch d’Hief an den Zocker, deen am Likör ass, entsteet. No dëser 2. Gäerung muss de Crémant nach op mannst 9 Méint an der Fläsch lageren a räifen, woubäi an der Hal keng ze héich Temperaturen

däerfe sinn, esou dass duerch Klimaanlage virun allem nuets d’Temperaturen erofgesat ginn. No dëser Räifung, a wann den Drock an der Fläsch bei op mannst 6 Bar läit, kënnen déi lescht Etappen an Ugrëff geholl ginn. Déi 9 Méint Räifung an den Drock vu 6 Bar sinn ënner anerem Viraussetzunge vir dass de Produit sech ka Crémant nennen, dee no der Methode traditionelle, och nach Methode champenoise genannt, hiergestallt gouf. Déi metalle Kierf mat de Fläsche kommen elo an eng Anlag, déi sech all 4 Stonne ronn ¼ Tour dréint, mat dem Zweck d’Oflagerunge vun der Hief déi sech ob de Säitewänn vun der Fläsch gebilt hunn an de Kapp vun der Fläsch ze bréngen. Dëst ass dann och no gutt enger Woch de Fall. Freier huet des Aufgab misse vun Hand iwwerholl ginn, wat dozou gefouert huet dass een d’Fläsche net esou enk konnt lageren, an dass ee vill méi laang Zäit gebraucht huet fir dësen Aarbechtsschratt hannert sech ze bréngen. Nodeems d’Oflagerunge sech elo vir am Kapp vun der Fläsch befannen, ginn d’Fläschen elo automatiséiert op e Förderband mam Kapp no ënne gesat. Heibäi gëtt de Kapp vun der Fläsch déifgefruer bei -24°C.

Fotoen: Charly Huberty

34 l bulli Summer 2016

Visite vun de Caves Gales


Wann d’Fläschen déifgefruer sinn, komme se op e laangt Förderband, ob deem déi lescht Schrëtt alleguer duerchgefouert ginn, bis hin zum Apaken an d’Këschten. Déi éischt Anlag hëlt automatesch de Metallstopp erof, an duerch den Iwwerdrock (6 Bar) an de Fläsche flitt dann och den Ofsaz vun der Hief eraus. Well d’Fläsch awer am richtege Wénkel steet, geet bei deem Schrëtt hei quasi kee Crémant verluer. Wann de Stopp dann erof ass, kënnt d’Fläsch an de nächsten Automat, an deem als éischt e bësse Crémant ofgesaugt gëtt; da gëtt nach eemol e bësse Likör derbäigemaach, dëse Schrëtt féiert dann och zu deene verschiddenen Zorten: Demi-Sec, Sec, Brut, extra Brut. Dës verschidden Zorten ënnerscheede sech just duerch den Zockergehalt, an zwar ass dee beim Demi-Sec am héchsten, a beim extra Brut am niddregsten. Uschléissend gëtt d’Fläsch dann erëm mat Hëllef vum virdrun ofgesaugtene Crémant ob 75cl opgefëllt. Am nächsten Automat gëtt dann de

Stop drop gesat. Dësen huet am Neizoustand eng konesch Form, an hëlt déi typesch Form eréischt an der Fläsch un. Elo bleift nach d’Etikettéierung vun der Fläsch, heifir gëtt se fir d’éischt vu bausse gebotzt, an da kommen eng ganz Rei Robotere mat Kameraen an den Asaz, well d’Etiketten genau ausgeriicht op heifir bestëmmte Plaze musse kommen, wat dozou féiert, dass dëst déi opwennegst an deierst Roboteren an der ganzer Produktiounskette sinn. Nodeems d’Etiketten drop sinn, an datt alles uerdentlech ass, kënnen d’Fläschen dann an d’Kartongskëschten agepaakt ginn, a kommen an e Lager fir verschéckt ze ginn. No dëser ganz interessanter Visite krute mer dann och nach de Crémant ze schmaachen, ier mer eis dunn ob den Heemwee gemaach hunn, wou mer eis fir de Bal owes mat der ANESEC an elSIC am Dean preparéiert hunn.

Auteur: Charly Huberty

Fotoen: Charly Huberty

Visite vun de Caves Gales

bulli Summer 2016 l 35


Business Federation Luxembourg

7, rue Alcide de Gasperi Luxembourg-Kirchberg Boîte postale 1304 L-1013 Luxembourg

E-mail fedil@fedil.lu Téléphone +352 43 53 66-1 Fax +352 43 23 28 www.fedil.lu

Service and support for member companies Information, advice and assistance Political focus on business-related issues Thematic working groups Meetings and networking Brussels representation office Founder-member of BUSINESSEUROPE


e

Bicherbuttek

net wéi déi aner

... liesen a sech austauschen 11, rue du Fort Bourbon | Luxembourg-Gare | Tel.: 40 30 30 1 | op libo.lu an och zu Maacher • Dikrech • Wolz Dir kënnt Är Bestellungen och am Wort-Shop ofhuelen | 2, rue Christophe Plantin, Luxembourg-Gasperich


Caritas

Projet de construction et d’équipement de l’hôpital de KIBIRIZI dans la zone de santé de KIBIRIZI en province du Nord – KIVU dans la RD CONGO

D'Fundament steet! Et ass näischt neies datt am Congo vill gekämpft gëtt. Et herrscht een Konflikt séit méi wie 20 Joer, fir deen et an nächster Zukunft nach keng Léisong ze schéngen gëtt. Besonnesch am Nord-Kivu, wou eisen Projet stattfënnt, leit d‘Bevëlkerung ënnert deem undauernden Konflikt wou Rebellen an aner bewaffnet Truppen sech auserneesetzen. Den Alldag vun den Leit ass op der Kopp. Den Konflikt am Congo ass extrem komplex an huet dramatesch humanitär Konsequenzen. Een vun den Konsequenzen vun dem Konflikt ass och datt d’Leit net méi sou einfach an een Spidol kommen, wéinst enger allgemenger Atmosphär vun der Onsécherheet a Gewalt. Dozou kommen extrem Wiederkonditiounen (et reent 9 vun 12 Méint) die Stroossen onsécher maachen, an oft grouss Distanzen bis zum nächsten Spidol.

Eng wichteg Komponent vum Projet ass d’Implikatioun vun der lokaler Bevëlkerung. D’Aarbechter (Maurer, Schreiner, etc) souwéi “d’Comités de Gestion” sinn lokal rekrutéiert ginn, woubäi och opgepasst ginn ass datt keng Diskriminatioun Opgrond vum ethneschen Hannergrond entsteet. De Projet viséiert eng friddlech Zesummenaarbecht vun allen Bedeelegten, een wichtegt Zeechen géint de Krich.

Caritas Lëtzebuerg seet der ANEIL villmools Merci fir hiere generéisen Don, deen zu enger verbesserter Gesondheetsversuergung vun der lokaler Bevölkerung bäidréit!

Auteur: Caritas

An deem Sënn huet d‘regional Gouvernement d’Décisioun geholl dat betraffen Gebitt an verschidden “Zones de Santé” anzedeelen. All Zone de Santé huet een Spidol dat entweder vu der Caritas oder aner Organisatiounen en Charge geholl gëtt. D‘Spidol vun Kibirizi wat am Moment gebaut gëtt, wäert dann fir eng geschätzten 132.000 Leit zoustänneg sinn. Bis Enn des Joer soll d‘Spidol vun Kibirizi ganz fäerdeg an équipéiert sinn. An enger nächster Phase gëtt dann d‘Personal rekrutéiert an ausgebilt an d‘Gestion vum Gebai an Ugrëff geholl. Ënnert anerem geet em drëm datt d‘regional Gouvernement een Deel vun den Recette iwwerhëlt.

38 l bulli Summer 2016

Caritas


Fotoen: Caritas

Caritas

bulli Summer 2016 l 39


ANESEC & ANEIL meet elSIC 27.05.2016 | Dean

Freideg, de 27. Mee 2016 war et esou weit. D’ANESEC an d’ANEIL hunn zesumme mam elSIC hier gemeinsam Soirée am Dean gefeiert. Vun 22 bis 3 Auer an der Nuecht hunn d’Leit sech ameséiert an zesummen ugestouss. 2 Fässer Béier goufe vun der ANESEC an der ANEIL spendéiert fir hir eegen an dem elSIC seng Memberen. Ziel war et sech ënnertenee besser kennen ze léieren an dem neie Studentencercel vun de Kommunikanten ënnert d’Äerm ze gräifen. Am ganze goufe 90 Gedrénkstickete verkaf, wat 450 € entsprécht. Dovunner gi 90 € of fir den Dean, an esou bleiwen also nach 360 € Bénéfice. D’ANEIL an d’ANESEC hunn hire Profit dovunner dem elSIC iwwerlooss als kleng Finanzsprëtz fir e gudde Start, wat dësen och dankbar ugeholl huet.

Den elSIC ass de Vertrieder vun all lëtzebuerger Student am Beräich vun der Kommunikatioun an aneren, ähnlechen Domainer, esou wéi Marketing, Design an Informatioun. Hiert Zil ass et, ee Netzwierk zwësche Studenten, Ancienen a berufflech aktive Leit an deene Beräicher opzebauen. Den elSIC ass ee Projet, deen am Joer 2015 duerch d'Initiative vun enger Hand voll motivéierter Kommunikatiounsstudenten an d'Liewe geruff gouf. Bis d'Grënnung vum elSIC gouf et nach kee Cercle, deen d'Studenten aus dem Beräich vun de Sciences de l'Information et de la Communication ënnertenee verbonnen huet. Auteur: Annick Spellini elSIC Public Relations

C 2015

40 l bulli Summer 2016

ANESEC & ANEIL meet elSIC


Immeuble KPMG  Valentiny hvp architects

CONTRÔLE TECHNIQUE Pour la souscription de l’assurance décennale, réalisé par nos experts pragmatiques du terrain.

AUDIT TECHNIQUE Des performances énergétiques et environnementales dans le cadre de constructions innovantes.

INSPECTION PAR UN ORGANISME AGRÉÉ* Auditant la sécurité des personnes avec nos experts indépendants pour une exploitation sans risques.

Votre tranquillité d’esprit passe par nos experts. Dans tous les secteurs de la construction : bâtiments, mobilité, eaux et énergie, les 50 ingénieurs spécialistes Secolux ont pour mission de vous garantir ce qu’il y a de plus précieux, votre sérénité. Ils maîtrisent - avec un esprit de pragmatisme économique - la qualité, le respect des normes, la sécurité ainsi que l’innovation durable dans les moindres détails. Votre tranquillité d’esprit est à ce prix.

Retrouvez-nous sur groupseco.com

* prestation soumise à l’accréditation OL AS


Nachrichten neu erleben NEWS / DOSSIERS / FOTOS / VIDEOS


Bulli Summer 2016  
Bulli Summer 2016  
Advertisement