Page 1

bulli

Wanter 2016

Association Nationale des Etudiants IngĂŠnieurs Luxembourgeois


Construisons votre avenir !

Avec plus de 4000 collaborateurs travaillant au sein de l’Entreprise et de ses filiales, POST Group est le 2e employeur du pays. Forte de sa renommée bien établie et son ancrage luxembourgeois, POST Luxembourg est aussi une entreprise innovante, ouverte sur le monde par ses métiers en constante évolution et par la richesse de ses collaborateurs de plus de 35 nationalités différentes.

Passionné(e) de nouvelles technologies ou féru(e ) d’informatique, rejoignez-nous !

www.postgroup.lu


Virwuert

Foto: Anouk Godelet

Léif Memberen a Frënn vun der ANEIL, d’Joer 2016 neigt sech sou lues dem Enn zou, an domadder gëtt et Zäit fir de leschte bulli, d’Editioun Wanter 2016. An dëser Ausgab verrode mir iech e puer Highlight's vun der REEL zu Kaiserslautern, wou ënnert den 120 REEL’aner och vill ANEIL’s Membere waren. Am Oktober stounge gläich dräi Visiten um Programm: Solarwind um Wandhaff, en zertifiéiert niddreg Energie-Gebai; d’Minne vun der TKDZ zu Wëllen; an e Visittendag zesummen mat Paul Wurth, wou mir d’Dillinger Hütte an de Musée des Mines zu Rëmeleng besiche waren. E wichtege Rendez-vous fir all lëtzebuerger Studentecercle an och fir d’ANEIL war déi 30. Foire de l’étudiant. Op eisem néi strukturéiertem Stand, hu mir d’Schüler iwwert den Ingenieursstudium a –beruff informéiert an hinnen Informatiounen aus éischter Hand ginn. An duerch eist Gewënnspill, géint e Kicker-Roboter unzetrieden, goufen vill Leit ugezunn. Am Kader vun der Foire, hate mir erëm d’Iwwerreechung vum Prix d’excellence vun der Fondation Enovos – e Förderpräis fir Ofschlossaarbechten vun Ingenieursstudenten, déi duerch hir aussergewéinlech Recherche e

Virwuert

besonnesche Merite verdéngen. Op dëser Plaz nach eemol eis Felicitatiounen un déi 6 Laureaten an e grousse Merci un d’Fondation Enovos an un d'Fondation de Luxembourg. Nom Éierewäin ass et dunn, zesumme mam Bureau Schroeder&Associés, weider op d’Visite vum neie Funiculaire bei der Rouder Bréck um Kierchbierg gaange. De Bob Grün, Doktorand ob der TU Kaiserslautern, erkläert iech op den nächste Säite wisou Mathé net nëmme langweileg Theorie ass. Eis nächst a gläichzäiteg lescht Aktivitéiten wäerten de 27. Dezember stattfannen. Dat sinn mëttes eng Visite vun der Maison Relais zu Ettelbréck an owes eis Assemblée Générale am Forum daVinci, op déi ech iech heimatter häerzlech invitéieren. Ofschléissend nach e puer Mercien: E Merci un iech léif Memberen, dass dir dat ganzt Joer iwwer un den ënnerschiddlechen Aktivitéiten participéiert hutt; Merci awer och mengem Comité, ouni deen mir dëst Joer déi vill flott Eventer net hätte kënnen erliewen. Am Numm vum ganze Comité wënschen ech iech all, léif Memberen, Partenaire a Frënn schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer ! är Presidentin Anouk anouk.godelet@aneil.lu

bulli Wanter 2016 l 3


Iwwersiicht Virwuert3 Comité 2016 Invitatioun Assemblée Générale REEL 2016 Visite Solarwind Visite TKDZ Visite Paul Wurth Visite Musée des Mines Foire de l‘étudiant Visite Arrêt Pont Rouge Prix Fondation Enovos EYE Kopenhagen Interview Cebi Interview Eneco Mathéaarbecht Bob Grün

6 9 10 18 20 25 28 32 34 36 38 42 46 52

Impressum Responsablen Editeur: Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL) 6, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 Internet: www.aneil.lu Email: contact@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Chefredakter: Vera Nimax Redakteren: Rafael Andreosso Tom Hermes Steve Maller Christopher Bollendorff Dennis Hövelmann Lino Morais Eneco S.A. Ingénieurs conseils Charly Huberty Venant Pirrotte Anouk Godelet Pitter Krier Ou-xi Zhan Bob Grün Nina Maas Layout: Vera Nimax Max Schmitz Cover Lisa Dreier Drock: Imprimerie Centrale 15, rue du Commerce L-1351 Luxembourg www.ic.lu

De bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 400 Exemplären. D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.

4 l bulli Wanter 2016


Folgen Sie uns auf

WIR SUCHEN CHARAKTERKÖPFE! im Projektmanagement und Engineering

Den richtigen Weg in einer Welt voller Möglichkeiten finden, auf große Herausforderungen mit Innovationen antworten, Kompetenz richtig einsetzen und dabei immer das große Ganze im Blick haben. Sie ticken ähnlich? Bewerben Sie sich jetzt und werden Sie Teil des Teams. Wir freuen uns darauf, Sie kennenzulernen. Mehr Infos unter www.karriere-dreso.com

Spirit for Success


Comité 2016 Anouk Godelet

Tom Steichen

Frankfurt Architektur & Energieeffizientes Bauen

Oochen Bauingenieur

Présidente

+352 691 74 81 92 +49 176 89 22 94 39

+352 621 78 62 65

Anouk.Godelet@aneil.lu

Tom.Steichen@aneil.lu

Dennis Hövelmann

Michel Faltz

Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur & Emwelt- a Verfahrenstechnik

Oochen Bauingenieur

+352 661 41 49 79 +49 160 93 00 10 28

+352 621 28 66 62 +49 152 38 21 36 70

Dennis.Hoevelmann@aneil.lu

Michel.Faltz@aneil.lu

Venant Pirrotte

Charly Huberty

Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur & Produktionstechnik

Oochen Wirtschaftsingenieur & Elektresch Energietechnik

+352 691 67 21 02 +49 176 96 13 70 76

+352 691 83 62 22 +49 157 572 014 82

Venant.Pirrotte@aneil.lu

Charly.Huberty@aneil.lu

Michel Sun

Michel Reisch

Secrétaire

Responsable Relations Publiques

Responsable Information

6 l bulli Wanter 2016

Vice-Président

Trésorier

Responsable Visites

Responsable Partenaires

Kaiserslautern Bauingenieur

Oochen Maschinnebau

+352 691 79 54 75 +49 176 85 91 03 53

+352 691 69 08 67

Michel.Sun@aneil.lu

Michel.Reisch@aneil.lu

Comité 2016


Daniel Collignon

Vera Nimax

Oochen Umweltingenieur

Delft Architektur & Stadtplanung

+352 621 27 30 64

+352 691 84 89 88

Daniel.Collignon@aneil.lu

Vera.Nimax@aneil.lu

Lino Morais

Rafael Andreosso

Oochen Elektrotechnik

Oochen Bauingenieur

Lino.Morais@aneil.lu

Rafael.Andreosso@aneil.lu

Jerry Huberty

Max Schmitz

Fribourg Mathematik & Informatik

Zürich Maschinnebau

+352 621 63 70 81

+352 691 67 66 15 +41 79 59 55 281

Jerry.Huberty@aneil.lu

Max.Schmitz@aneil.lu

Luc Lanners

Frank Metscher

Freiburg Embedded Systems Engineering

München Bauingenieu

+352 661 96 33 56

+352 691 81 08 77

Luc.Lanners@aneil.lu

Frank.Metscher@aneil.lu

Responsable Partenaires

Responsbale Table Ronde

Site Internet

Coopté Site Internet

Responsable Publications

Responsable Foire

Coopté Publications

Coopté Voyages

Fränk Zenner

Coopté Information

Lëtzebuerg BTS +352 691 88 79 54 Fraenk.Zenner@aneil.lu

Comité 2016

bulli Wanter 2016 l 7


NOUS ALLONS PLUS LOIN

ECOlogistics for our future I www.cflcargo.eu


ANEIL Assemblée Générale Dënschdes, den 27. Dezember am Forum Da Vinci D'AG fënnt och dëst Joer op eisem traditionellen Datum, dem 27. Dezember, um 19 Auer, statt. Dëst am Forum da Vinci (6, boulevard Grand-Duchesse Charlotte, L-1330 Lëtzebuerg), wou mir iech no der Versammlung ee Patt zum Beschten wäerten offréieren.

Wat Wéini Wou

Assemblée Générale 27.12.2016 Forum Da Vinci


REEL 2016

06 - 09.10.2016 | Kaiserslautern

Nodeems d’REEL, also d’Réunion Européenne des Étudiants Luxembourgeois, d’läscht Joer vun den Tréierer Studenten organiséiert gouf, duerften 2016 d’Studente vu Kaiserslautern hier Stad enger ganzer Band drénkfeste Lëtzebuerger virstellen. Fir déi, di nach ni op enger REEL waren, sief kuerz erkläert woubäi et sech hei handelt: Eemol am Joer treffen sech eng 150 lëtzebuergesch Studenten (och nach REELaner genannt) an enger Stad an no 4 Deeg weess d’ganz Stad dass se do waren. Dat ganzt gëtt an engem kulturellen, politeschen, akademeschen a virun allem sozialen Kader ofgehalen. Et sief nach unzemierken, dass d'Performance vum Dësch an d'Luucht vu Joer zu Joer méi ofhellt. Donneschdes, 6. Oktober 05:00 Et steet een um Houwalder P&R op de Bus ze waarden, vill kënneg Gesichter kommen no an no un, awer och eng ganz Rëtsch néi Leit. Am Bus gëtt sech da mol eng kleng Stäerkung a Form vu flëssegem Hunneg oder Nëss gegënnt, lues awer sécher ginn d’Leit waakreg. Zu Lautern ukomm, kruut jiddereen op der TU nieft sengem Badge mat Infoen, KaffiCroissant och e Béier an de Grapp gedréckt. No der Begréissung vum REEL’s-President, Charel Roemen, hunn ACEL’s-Workshops ugefaangen. Iwwert Theme wéi dem Informatiounsaustausch tëscht den eenzelen Acteuren, engem neie Cercle’s Guide an d’Zukunft vum Student nom Studium gouf diskutéiert. Nom Mëttegiessen an der Mensa, hat all REELaner am Hotel – jo Hotel – agecheckt, ier et duerno a Rallye-Gruppen duerch d’Stad gaangen ass. Eis Lauterner Guide hunn dofir gesuergt, dass och all Grupp de Wee bei dat nächst Spill fonnt huet; e.a. Fussball-Zilschéissen, Cageoten hannertenee stellen oder Studentestied richteg op d’Landkaart. Nom Spaghettis-Iessen am Milano, si mir an de Pflaumenbaum gaang, wou et Fräibéier bis spéit an d’Nuecht gouf. Jidderee war méi oder manner no dem Motto „Bad Taste“ ugedoen. Um 3 Auer huet de REEL’s-Comité dann awer jiddereen heem geschéckt. Zitat Michel Sun: “Gitt lo w.e.g. heem, muer kommen d’Sponsoren, duerno ass et mir egal!” Onrecht huet en net: Nuecht!

10 l bulli Wanter 2016

REEL 2016


Freides, 7. Oktober Den Orgnisatiouns-Comité hat dëst Joer déi grouss Erausfuerderung a 50 Zëmmeren all d’Studenten ze erwächen; dat konnt sech scho mol an d’Längt zéien. D’Auswiel vun de Visite war zimlech grouss, sou sinn déi eng bei Gebr. Pfeiffer, anerer an den Dynamikum oder de Fritz-Walter-Stadion kucke gaangen. Ech hat mech fir d’Privatbrauerei Kirner entscheet well... nujee, firwat net? No de villsäitege Visiten si mir an de Bremerhof iesse gaang, et gouf Buffet. Nom Iessen ass da mol probéiert ginn, déi eng oder aner Saach als Souvenir mat ze huelen. D’Jackettekontroll fir aus dem Restaurant war zwar streng, mee de “Gong” war scho laang dobaussen. Duerno stoungen d‘Presentatioune vun de Sponsoren am Fraunhofer Institut um Programm. No enger allgemenger Aféierung goufen d’REELaner an zwou Gruppen agedeelt, d’Ekonomisten an d’Ingenieuren. Bei den Ekonomisten (jo, ech weess, dir hat iech hei wuel een aus der Ingenieursgrupp erwaart) war de Contenu vun de Virträg ongeféier wéi all Joer, am Sall niewendrun wuel net vill anescht. No de Virträg an engem klengen “Eierenorangejus” ass et op de Walking Dinner mat de Sponsoren am Business + Innovation Center gaang. Ob dëser „Firmenkontaktmesse” konnt jiddereen den direkte Kontakt mat der Entreprise vu senger Wiel sichen, sech eng Stage- oder Aarbechtsplaz organiséieren oder einfach zesumme mat hinnen ustoussen. Beim Stand vu Schroeder&Associés hunn ech op eemol de Feierkrop leie gesinn: Déi hunn dach tatsächlech d’REEL ëmgedeeft an d’RAEL (fir wat den A steet kennt der iech elo selwer denken). Iesse gouf et natierlech och, a Forum vun engem Walking Dinner. Schlussendlech gouf et Zäit fir d’Soirée publique, op déi, nieft enger Rëtsch Net-RAELaner och eng Partie Sponsoren de Wee fonnt hunn, fir den Owend “gemittlech” auskléngen ze loossen. Theoretesch wier et jo un der Zäit schlofen ze goen, denken ech mir iergendwann a maache mech mat puer Leit op den Heemwee. Mir sinn awer net dozou komm, well jo nach iergendwou eng zu Lautern soll lafen. Demi-tour, d’ANEIL’s-Presidentin nach séier mat weidergeholl, an de Café awer leider genau eng Minutt ze spéit. Et gouf näischt méi. Zréck a Richtung Hotel goufe mir vun engem RAEL’s Comité begleet, konnte mir am Hotel (dank Universal-Code) de Gesondheetszoustand vun eise Matbewunner kontrolléieren an hinne geleeëntlech en “Happy Birthday” sangen. Bei engem Zëmmer ass dat leider e bësse schif gaang, op eemol stounge mir bei enger friemer Persoun am Zëmmer. “Jojo, hei ass ee vun eise Leit!” Leider war dat um Stack uewendriwwer.

REEL 2016

bulli Wanter 2016 l 11


Samschdes, 8. Oktober No e bësse méi wéi enger Stonn Schlof, ass de Kostüm aus der Wallis geholl, séier geduscht an d’Krawatt sou gutt et geet gestréckt ginn. A schicker Tenue huet d’ganz REEL sech an de Bus fir bei d’Uni op d’Diskussiounsronn mam Här Etienne Schneider, Wirtschaftminister a Vize-Premier gemaach. No engem intressante Virtrag, an deem eng ganz Rei Themen ugeschnidde goufen an den Här Schneider och net verpasst hat e puer Witzer drënner ze streeën (bedenkt: mir sinn alleguer nach zimlech midd), duerften d’Studenten och Froe stelle, mee si mir éierlech: Jiddereen intresséiert dach just den “Deep Space Mining”. Mëttes gouf et am Seehotel Gelterswog erëm Buffet, bei dem eng gewësse Reiefolleg beherrscht huet misse ginn. Fir d’Zäit ëmzekréien, hu mir eis zu puer un en Dësch gesat an e Lidd geschriwwen; mam Zil, dass d’RAEL dëst Joer och wéinstens en eegent Lidd huet. Wei? Dat gëtt et scho sot der? Hm, ni dovun héieren. Sou entsteet vu S.O.A.P (Steve Maller, Olivier Bormann, Anouk Godelet, Pit Schumann) den Text “l’Etienne” op d’Aart a Weis vun “An engem klengen Duerref”. Dëst Lidd gouf dann och direkt mol virgedroen an den Etienne, siichtbar ganz stolz op seng Hymne, huet mat dem ganze Sall matgeklappt. Hei de Refrain: Hei t’ass eng Freed wa Lautern steet Mir waarden op de Bus, mam Saufen ass net Schluss ´Mir behuelen ons gär donieft Et gëtt just domm geschwat A mir sinn all Dag sat Am Nomëtten war dunn eng Podiumsdiskussioun iwwer d’Aussiichte vum Akademiker nom Studium. Nodeems ech an der Paus e puer Diskussioune mam Anouk iwwer d’Zukunft vun der RAEL hat; a mir et am Fong wichteg fannen, dass eng RAEL

12 l bulli Wanter 2016

all Joer stattfënnt; hu mir kuerzerhand e Walbüro opgemaach. Wou geet et 2017 hin? Dat ass déi grouss Fro an zur Auswiel sti Stied wéi Wien oder Zürech, awer och méi ausgefale Saachen wéi d’REEL am All. Bon, déi wier zwar wahrscheinlech um Budget gescheitert, well alleng fir all di eenzel Leit erop ze schéissen géife mir, dem Här Schneider sengen Informatiounen an eisen dorop baséierende Berechnungen no, un 200 Mio. € eru kommen. Mee wat wier d’Welt ouni Koalitiounen wou ni ee geduecht hätt dat se géifen zustane kommen? Sou huet Köln-Bonn d’Rennen gemaach an hu lo mam Drock ëmzegoen. #KoBo17 Uschléissend si mir mam Bus op d’Soirée Chique gefuer. An deem enge Bus gouf et eng Telefonskonferenz vum Vize-Premier mam Premier, deen nach eng Kéier erwähnt hat, dass mir déi schéin Studentenzäit genéisse sollten. OK, maache mir! Am Kongresszentrum hu mir eis fir de Gala-Dinner un e groussen Dësch gesat a krute vum Garçon direkt Wäin a Béier. Gläichzäiteg goufe mir awer drop opmierksam gemaach, dass et Buffet gëtt. Net haut denke mir eis a ginn dem Garçon e klenge finanziellen Usporn. Vun eisem Dësch huet scho mol kee sech missten ustellen. Nom Iessen huet eise Vize-Premier dann och ënner haardem Applaus gewisen, dass hien kierperlech ganz gutt a Form ass. Gläichdrop koum awer och déi allsäits bekannte Fuerderung vum ganze Sall un d’Presidenten. De Charel ass scho wéi benzeg drop a léisst sech sou eppes net zweemol soen. De ganze Rescht vum Owend hunn Zero Point 5 fir Stëmmung gesuergt - als Studente kenne si natierlech d’Wënsch vum Publikum garantéieren - dass och jidderee säi Spaass huet. “L’Etienne” gouf natierlech och nach eng Kéier gesong an den Owend gouf mat bekannten Hits aus aller Welt op en Enn bruecht.


Nachrichten neu erleben NEWS / DOSSIERS / FOTOS / VIDEOS


Sonndes, 9. Oktober Erëm en Dag wou ee Krämpes huet op ze kommen. D’Wallis geet sou just zou, da kann ech net all ze vill vergiess hunn. Sonndes leeft bekanntlech alles méi gemittlech. Mir sinn op Pirmasens an d’Kuchems Brauhaus op de Brunch gefuer. Wéi gewinnt gouf et nees Buffet, gutt, bei engem Brunch ass dat jo relativ normal. Virum Brauhaus huet de Bauer vu Bonn gewisen, wat geschitt, wa Planzen ze vill Waasser beienee kréien: si gi fortgeschwemmt. D’Police aus der Géigend hat dat awer och scho matkritt an huet dorobber hin e puer Protokoller verdeelt. Fir Sonndes mëttes konnt een tëschent der Schwämm an der Wäintour wielen. Ech hat d’Wäintour um Weingut Ruzika zu Edesheim gewielt, kee schlechte Choix. Eisen Dësch duerft dann och direkt als éischt den Tour duerch déi kleng Kellerei maachen. D’Wäiner hunn all ganz gutt geschmaacht, deenen enge méi, deenen anere manner, aneren nach net. Well eisen Dësch mëttlerweil mam Besëtzer scho per Du ginn ass, krute mir, op eise Wonsch hin, amplaz déi „halbtrocken“, déi „trocken“ Variante vum Riesling ze schmaachen. Owes stoung en Ofschlossiessen um Betzenberg an der Panoramalounge un. Vun hei aus hat mir eng gutt Vue iwwert ganz Lautern, leider war et e bëssen däischter. Zwee RAELaner hunn natierlech vun der Geleeënheet profitéiert, dass keng Security am Stadion waren an hunn e Flitzer iwwert de ganzen Terrain gemaach. Nom Iesse goufen d’Rallye’s Platzen an d’Miss a Mister REEL bekannt ginn. Ier mir erëm mam Bus op Lëtzebuerg gefuer sinn, gouf de REEL’s-Comité virgestallt - déi, déi a méintelaange Preparatiounen dofir gesuergt hunn, dass vill Lëtzebuerger 4 flott Deeg an hirer Stad konnte verbréngen. Ech well hinnen heimat och nach eng Kéier e grousse Merci soen, fir déi Aarbecht, déi si sech gelëscht hunn. #KoBo17, the stage is yours! Auteur: Steve Maller

14 l bulli Wanter 2016

REEL 2016


REEL 2016

bulli Wanter 2016 l 15


Conseil en stratégie et management Energie – Eau – Transports

Pour rejoindre notre équipe à Luxembourg (stages et CDI), envoyez votre CV et lettre de motivation à : recrutement@schwartz-and-co.com Schwartz and Co S.A. 3 Place d’Armes L-1136 Luxembourg Tel : +352 278 60 400 Fax : +352 278 61 237 www.schwartz-and-co.com

Luxembourg ● Paris ● Bruxelles ● Lausanne ● Londres ● Pékin


Visite Solarwind 15.10.2016 | Wandhaff

Samschdeg de 15ten Oktober 2016 war d’ANEIL mat ronn 15 Memberen op eng Visite bei SOLARWIND. Nom Empfang vum Här POULLES, Grënner vum Bureau PROgroup SA a Bauhär vum Gebai SOLARWIND, goung et mat enger Aart “Mini Konferenz” iwwer SOLARWIND an d´Circular Economy un de Start wou mir eng ganz Réi interessant Themen an Ideeë gewuer gi sinn. Mä wat ass SOLARWIND eigentlech? Beim SOLARWIND handelt et sech em ee Gebai, wat net mat anere Gebaier a senger Ëmgéigend ze vergläichen ass. Dëst Gebai baséiert op enger Philosophie déi d’ “PPPP” representéiert. “PPPP” steet fir People, Planet, Profit an Pedagogy. People steet fir de Wuelstand a Confort vun de Locatairen. Dat gouf erméiglecht duerch d’Integratioun vun engem Fitness, LoungeRestaurant, Crêche a villes méi. D’Natur gouf bei deem ganze Projet mat berücksichtegt. Heifir gouf op Erneierbar Energien zougegraff wat aus dem SOLARWIND Gebai e neutraalt Gebai mëscht. D’Energie gëtt zwar och aus dem externe Stroumréseau bezunn mee den Energiebedarf gëtt haaptsächlech duerch déi eege Produktioun mat Hëllef vu Photovoltaikanlagen, Wandenergie, Chaudière mat Pellets an Geothermie gedeckt. Ënnert anerem gëtt och Reewaasser benotzt fir d’Sanitäranlagen an d’Offäll ginn am grousse ganzen sënnvoll genotzt a recycléiert. Zum Beispill goufen d´Iwwerreschter vum Baumaterial bei der Konstruktioun vum Gebai benotzt fir d’Gebai am Intérieur ze dekoréieren, wat ganz gutt gelongen ass. Profit erkläert sech vum selwen. Dëse Punkt bezitt sech op d’Rentabilitéit vum Gebai, dat u sech keng grouss Käschten mat sech zitt well jo Stroum selwer produzéiert gëtt a ganz wéineg vun ausserhalb kaf gëtt. Dat Gebai versuergt sech sou ze soen vum selwen.

18 l bulli Wanter 2016

Dann ass dat Pedagogescht net ze vergiessen. SOLARWIND erméiglecht et d’Erneierbar Energien am grousse Stil z’erfuerschen. D’Locataire kréie permanent Informatiounen iwwert den Zoustand vun der Energieproduktioun, Energieverbrauch an CO2-Emissioun vum Gebai. Wat ass Circular Economy? Bei der Circular Economy geet et dorëms eis Offäll ze verwäerten, wéi zum Beispill een Handy oder eng Wäschmaschinn. Wisou soll den alen Handy oder déi al Wäschmaschinn bei engem Defekt direkt ewech gehäit ginn? Wisou sollen dës Apparater net einfach kënnen demontéiert ginn, déi seele Materialien erëm verwäert ginn an a neien Apparater agebaut ginn? E Groussdeel vun deene Materialie sinn endlech a mussen dann an Zukunft vläicht duerch méi deier an ëmweltschiedlech Materialie substituéiert ginn. Dës sinn d’Froen déi bei der Circular Economy opkommen. D’Natur besteet aus Circular Economy. Dat heescht wa mir elo een Äppelbam hunn deen Äppel dréit, da verwäerte mir jo net all eenzelnen Apel. Déi Äppel déi ze vill sinn oder net direkt verwäert ginn, falen z.B vum Bam op de Buedem. Um Buedem zersetzen sech d’Äppel oder gi vun Insekte gefriess. Nodeem den Apel sech zersat huet, entsteet entweder ee neien Äppelbam oder en déngt als Dünger, an da fänkt deen Zyklus erëm vu vir un. Dëse Prinzip soll an Zukunft och mat Visite Solarwind


Fotoen: Charly Huberty

eisen Haushaltsapparater geschéien. Déi sollen da sou gebaut ginn datt se kënnen an hier Eenzeldeeler zerluecht ginn an erëm fir aner Apparaten als Matière Première genotzt ginn. Dat war ee kuerze Resumé wat Circular Economy bedeit. No der interessanter “Mini Konferenz” goung et weider mat engem Tour duerch d’Gebai wou mir dann d’Geleeënheet haten eis déi verschidde Strukturen unzekucken. Zum Schluss goufe mir op ee klengen Apéro invitéiert an hunn d’Visite an enger gemittlecher Ambiance ofgeschloss. Zu gudder lescht gouf sech no der Visite nach e gutt Mëttegiessen am Restaurant gegënnt.

Auteur: Lino Morais

Visite Solarwind

bulli Wanter 2016 l 19


Visite bei der TKDZ 17.10.2016 | Wellen

Fotoen: Charly Huberty

Méindes Moies de 17. Oktober hu mer eis zu 5 héich motivéierte Memberen zu Wellen bei der TKDZ getraff, vir eis emol dëse Betrib unzekucken. Bei der TKDZ, säit 2012 en Deel vun der Éisträichescher Porr-Grupp, handelt et sech ëm e Betrib deen Dolomitsteng ënnerierdesch ofbaut, da verfäinert a verkeeft. Soumat handelt et sech bei wäitem ëm déi am noosten u Lëtzebuerg geleeë Minn, woubäi eng Minn ënnerierdesch ass, an eng Minière en Tagebau, also iwwerierdesch.

Duerno krute mer dann op enger Kaart gewise wou dass déi verschidden Ofbaufelder leien. Heibäi huet sech erausgestallt dass de Joseph Stollen, an deem mëttlerweil ofgebaut gëtt, net méi dem Ufangsofbaufeld vun 1881 entsprécht, well hei virun e puer Joer duerch e Waasserabroch den Dach net méi gehalen huet an agefall ass, wat awer net weider schlëmm war, well et ass kengem Mënsch eppes geschitt, an iwwer den Ofbaufelder si just Wisen a Bëscher.

Mier goufe vum Här Matthias Wulf, dee Betribsleiter zu Wellen ass, empfaangen a krute fir d’éischt am Büro déi verschidden Endproduite gewisen, déi ënnerschiddlech fäi gemuele sinn, a soumat vu Schotter bis Steemiel ginn. Dës Produite ginn an der Bau- a Chimieindustrie, mee och als Dünger an der Landwirtschaft (z.B. beim Wäibau) benotzt, dës duerch en héijen Undeel u Magnesium, Kalzium a souguer Silizium. Als Oftransportswee stinn eng Scheffsluedanlach esou wéi e Silo fir Camionen zur Verfügung. De Bunnuschloss gouf leider scho viru ville Joren ausser Betrib geholl. Ëmmerhi 70% vun der Wäertschöpfung mëscht d’TKDZ am Ausland, virun allem a Lëtzebuerg, Frankräich, Belsch an Holland.

No dësen theoreteschen Erklärungen hu mer eis waarm ugedoen a kruten en Helm an Täscheluuchten. Du si mer an eng Camionnette geklommen a si Richtung Minn gefuer. Hei hu mer d’Transportband gesi, mat deem déi gebrache Steng eraus transportéiert ginn. Déi éischt Statioun déi mer ugesteiert hu war dann och ee vun deenen 2 ënnerierdesche Concasseuren, déi an där ënneschter Schicht stinn. Allerdéngs ass déi meeschten Zäit just dee Concasseur a Betrib, dee mer gewise kruten.

20 l bulli Wanter 2016

Weider ass et gaangen an déi iewescht Schicht, wou mer als éischt en héich moderne „Jumbo“ vun Atlas Copco virgefouert kruten. Bei engem Jumbo handelt sech ëm eng Buermaschinn, mat Visite TKDZ


Rejoignez un groupe international Principal acteur du secteur de l’énergie au Luxembourg, présent également en Allemagne, en France et en Belgique, le Groupe Enovos s’est donné comme mission d’approvisionner, de transporter et de distribuer l’électricité, le gaz naturel et les énergies renouvelables aux industries, aux PME et aux ménages. A la recherche de compétences nouvelles pour renforcer nos équipes dans le cadre d’une expansion continue, nous recherchons de jeunes ingénieurs dynamiques et motivés et nous offrons aux étudiants la possibilité de faire un stage en entreprise et/ou de réaliser leur travail de fin d’études dans un de nos services.

Energy for today. Caring for tomorrow.

enovos.eu


Fotoen: Charly Huberty

där d’Lächer gebuert gi fir d’Steng aus der Mauer ze sprengen. Heibäi gëtt no engem spezifesche Muster gebuert. Zwee Chantiere niewendrun waren dann och d’Mineuren (Sprengmeeschter) dobäi déi kuerz virdru gebuerte Lächer mat Sprengstoff an Zünderen ze fëllen, déi ënnerschiddlech Zäitverzögerungen hunn, fir dass d’Schema och genau ka gesprengt ginn. Heibäi gëtt fir d’éischt an der Mëtt e Käil erausgesprengt, fir dass duerno Plaz ass wou déi an de weidere Schrëtt gesprengte Steng kënnen hifalen. Déi Aarbechte konnte mer eis aus Sécherheetsgrënn net vu ganz noem ukucken, wëll d’Strahlung vun den Handye kéint zu enger Spontanexplosioun féieren. Nach e Chantier weider stoung eng Spezialmaschinn fir den Dach ze boulonnéiren. Dëse Boulonage huet als Zil den Dach ze stabiliséieren, a Kräften déi vun eenzele Bléck wierken ze verdeelen, an esou ze verhënneren dass dat ganzt zesummefält. An dësem Fall gi fir d’Boulone Lächer gebuert, da gëtt de Boulon agesat a mat Waasserdrock ausernee gepresst, esou dass dee net méi vum selwen do eraus ze kréien ass.

22 l bulli Wanter 2016

Weider ass et gaange bei de Chantier wou grad d’Steng vun enger Sprengung virdrun opgeluede goufen. Heibäi ginn e Bagger (en Hitachi ZW 310) mat enger Schëppegréisst vu 4,30 m3 esou wéi 4*4 Camione vu Bell déi e Gesamtgewiicht vu 40t erlabe benotzt. Du krute mer nach e ganz wichtege Punkt vun all Minn gewisen, an zwar ass dëst d’Loftzirkulatioun. Heifir goufe verschidde Weeër zougemauert, fir dass d’Loft mat Hëllef vu Ventilatoren a Loftlächer, déi och deelweis als Noutausgang dénge, ka genau esou zirkuléieren, dass zu all Moment op all Plaz frësch Loft ass. Eng weider Charakteristik vun dëser Minn ass, dass se opgefëllt gëtt mat ale Baumaterialien. Ier dës allerdéngs an der Minn gelagert ginn, gi se ganz akribesch getest fir dass hei keng verschmotzend Deeler ënnert de Buedem kommen. Esou kënnt et vir, dass de Liwwerant seng Luedung erëm muss mathuelen wann den Inhalt net de Standarden gerecht gëtt. Domat war dann och eis Visite esou lues op en Enn komm, a mer sinn erëm eraus gefuer, laanscht

Visite TKDZ


Fotoen: Charly Huberty

d’Bärbel, Schutzpatréinesch vun de Mineuren a Pompjeeën, wou och hei wéi an all Minn eng Statu beim Agang steet. Um Réckwee si mer nach séier duerch eng Wäschanlag gefuer, fir den Auto vun dem Stëbs deen an esou enger Minn herrscht ze befreien. Erëm beim Verwaltungsgebai ukomm hu mer nach séier d’Gruppefoto gemaach an d’Helmer an d’Luuchten zréck ginn. Op dëser Platz och nach e Grousse Merci all deene Leit déi ob dëser, mee och op allen anere Visitten dat ganzt Joer dobäi waren! Auteur: Charly Huberty

Visite TKDZ

bulli Wanter 2016 l 23


Wëllkomm an der Famill!

Sechs Generatiounen hu schonn dozou bäigedroen, aus onsem Familljebetrib eng weltwäit vertruede lëtzebuergesch Firma ze maachen. Jonk Leit matt frëschen Iddien an engem Sënn fir de Genoss: Dat bréngt ons virun, säit 1847.

Sou geet Family Spirit zanter bal 170 Joer: Et goung deemols ganz kleng un, matt enger Tubaaksmanufaktur bei der Groussgaass ëm den Eck, déi de Jean-Pierre Heintz a seng Fra Joséphine Van Landewyck gefouert hunn. Du koum eng zweet, an dunn eng drëtt Fabrik, bis hire Fils, de Jos, se alleguerten an der Hollerecher Strooss zesummegeluecht huet. Haut läit onse Siège ëmmer nach zu Hollerech, mä mir hunn entretemps zwou grouss Fabriken hei am Land, an eng hallef Dosen anerer an Europa. An Heintz van Landewyck ass ëmmer nach e Familljebetrib, dee säin Tubak selwer verschafft an hausgemaache Lëtzebuerger Wuer uechter d’Welt exportéiert.

Wéi och an deene meeschte Familljen ass d’Ambiance an onse Büroen zimmlech locker: E Melting-Pot vu Mattaarbechter aus alle Nopeschlänner poteren op alle méigleche Sproochen, a ginn och gäre mol um Feierowend an d’Hollerecher Strooss e Patt huelen - well en echte Genossproduit eben och nëmmen aus echter Gesellegkeet eraus entstoe kann. Wee Béides ze schätze weess, a souwuel Motivatioun wéi Kompetenz mattbréngt, fillt sech bei ons sécherlech wuel. Kandidature, fir Deel vun onsem Team ze ginn, huele mir matt Freed entgéint op mherkes@lag.lu

Landewyck haut:

169

40

6

1800

26

Joer

Partner weltwäit

Fabriken

Mattaar­ bechter

Marken

LANDEWYCK TOBACCO S. A. 31, rue de Hollerich – L-1741 Luxembourg | Grand Duchy of Luxembourg | P. O. Box 2202 – L-1022 Luxembourg Tel.: (+352) 49 39 39-1 | Fax: (+352) 49 39 39-409 | E-mail: info@landewyck.com | www.landewyck.com


Visite bei Paul Wurth

28.10.2016 | Dillingen (D)

Fotoen: Charly Huberty

Im Herbst dieses Jahres hat die luxemburgische Ingenieursstudenten-Organisation ANEIL Paul Wurth bei Dillinger, Europas führendem Grobblechhersteller, im Saarland besucht. Die ANEIL wurde 1958 gegründet und vertritt die Interessen von über 330 luxemburgischen Studenten in den Bereichen Ingenieurswesen, Naturwissenschaften, Technik und Architektur. Ihr Ziel ist es, Schüler über Ingenieursstudiengänge und –jobs zu informieren, Kontakte mit luxemburgischen Unternehmen herzustellen und unterschiedliche Aktivitäten zu organisieren. Hierzu gehören beispielsweise Informationstage an Schulen, ein jährlicher Stammtisch, die Teilnahme an Studentenmessen sowie Besuche in luxemburgischen Firmen. In Begleitung von Ingenieuren und Personalvertretern von Paul Wurth Luxemburg führte einer dieser Firmenausflüge dieses Jahr zur Dillinger. Die Besichtigung wurde von Dr. Jean-Paul Simoes eingeleitet, einem ehemaligen Paul Wurth Mitarbeiter, der heute für den Hochofenbetrieb von Dillinger verantwortlich ist. Gleich zu Beginn gab Dr. Simoes einen überaus interessanten und

Visite Paul Wurth

detaillierten Einblick in die Haupttätigkeitsfelder der Dillinger Hochofenlandschaft. Im Anschluss ging es weiter zum Kontrollraum und der Messwarte, die mit riesigen Monitoren ausgestattet ist. Dort hatte die Gruppe die Gelegenheit, den Mitarbeitern zuzuschauen, die mit ihren Kollegen am Hochofen kontinuierlich in Kontakt sind und den Anlagenbetrieb überwachen. Bestens ausgestattet mit Helm, Sicherheitsbrille und Schutzkleidung marschierten die Besucher daraufhin gespannt nach draußen, um sich zum ersten Mal einem echten Hochofen zu nähern und ihn in seiner realen Dimension zu betrachten. Umgeben von Schwefelgeruch und dem Lärm der laufenden Maschinen, positionierte sich die Gruppe vor Dillingers Hochofen N°5 und hörte Dr. Simoes zu, der seinen zuvor theoretisch erklärten Part nun live in der Praxis demonstrieren konnte. “Ich habe noch nie zuvor flüssiges Metall in einem Hochofen gesehen, das waren wirklich spektakuläre Bilder und eine tolle Erfahrung“, sagte Michel von der ANEIL. An der letzten Besucherstation erklärte Ben Muller,

bulli Wanter 2016 l 25


Technical Sales Ingenieur bei Paul Wurth, vor dem Hochofen N°4 die 2010 in Betrieb genommene Kohle-Mahl- und Trocknungsanlage (PCI), die dem Eindüsen von Kohlenstaub in den Hochofen zur Reduktion des Koksverbrauches dient. Für das Team der ANEIL war es “eine einzigartige Gelegenheit, einen Hochofen zu erleben und all die beschriebenen Details in der Praxis zu sehen”, resümiert Daniel. ANEIL-Mitglied Joe Munhoven studiert Maschinenbau an der TH Köln und absolviert zurzeit ein Praktikum in der General Engineering Abteilung von Paul Wurth. Für ihn war es „überaus beeindruckend, das, was wir täglich an unseren Bildschirmen machen auch mal in der Praxis zu sehen. Jetzt habe ich eine konkrete Vorstellung und kann mir viel besser die reale Dimension der einzelnen Hochofenkomponenten vorstellen.“ Die ersten Eindrücke des Tages wurden nach der Besichtigung der Dillinger bei einem gemeinsamen Mittagessen lebhaft diskutiert. Auf dem Nachmittagsprogramm stand der Besuch des Nationalen Minen-Museums in Rumelange (Luxemburg). Nach einer kurzen Einführung im Ausstellungsgebäude führte der Museumsführer die Gruppe in die Grube und zu den Stollen und erklärte nebenbei die verschiedenen Techniken der Eisenerzbeförderung. Am Ende des Tages bedankte sich der ANEIL-Vorstand für Paul Wurths umfangreiche Unterstützung der luxemburgischen Studenten und ganz besonders für die Gelegenheit, einen so tiefen Einblick in die Welt der Hochöfen und die Arbeitsbereiche von Paul Wurth zu bekommen. Insgesamt war die Exkursion zur Dillinger eine sehr erfolgreiche Aktion und zeigt ein weiteres Mal Paul Wurths Bereitschaft, junge Menschen in ihrer Berufswahl zu unterstützen und ihnen bei fachlichen Fragen aktiv zur Seite zu stehen. Auteur: Nina Maas

Fotoen: Charly Huberty

26 l bulli Wanter 2016

Visite Paul Wurth


Goblet Lavandier & Associés Ingénieurs-Conseils S.A. a été fondée en 1948 en tant qu’entreprise familiale. Aujourd’hui la société compte une centaine de collaborateurs et de collaboratrices, représentant une dizaine de nationalités. Les services de Goblet Lavandier & Associés comprennent toutes les prestations classiques d’ingénieur-conseil en génie technique (études avec suivis de chantier), complétées par un éventail de prestations spécifiques, résultant ainsi en une gamme complète de services permettant d’entamer tout projet de construction ou de transformation.

&

Dienstleistungen Planung und Bauüberwachung in den Bereichen Energie, Haustechnik Elektrische Anlagen, Sanitär- und Gasanlagen, Sicherheitstechnik, Kommunikationstechnik, Mess- Steuer- und Regelungstechnik, Elektromechanische Transportsysteme, Küchen, Simulationen Umwelt, Wartung und Instandhaltung, Genehmigungsanträge, Commodo/incommodo, Konformitätsaudits.


Visite vum Musée des Mines

28.10.2016 | Rëmeleng

Fotoen: Charly Huberty

No dem ganz interessanten an impressionante Moie mat eisem Partner Paul Wurth an der Dillinger Hütte si mir am Nomëtteg an de Musée des Mines op Rëmeleng gefuer. Hei hunn d’Gebridder Huberty eis en interessanten Abléck an den Alldag vum Mineur ginn. Dobäi si mir och gewuer ginn dass zu eise Minnenzäiten och schonn Ingenieuren an dem Beräich geschafft hunn, mee do huet een Ingenieur sech da missen ëm e puer Minne këmmeren. Ausserdeem war et eng vun eisen typesche Visite, wou fir jiddereen eppes dobäi ass. Vu Statik a Geologie iwwer Hydraulik, Pneumatik, Elektro-, Spreng- a Lüftungstechnik bis bei d’Chimie an d’Geschicht war erëm alles vertrueden. Mir hunn déi eenzel Innovatiounen, déi den Alldag an de Minne vereinfachen an d’Produktivitéit sollte klamme loosse chronologesch erkläert an och deelweis gewise kritt. Interessant ass heibäi och dass ee scho Mëtt vum 20 Jh. den Ofgasproblem vun de Maschinnen an de Minne gréisstendeels iwwert Waasserbieder am Grëff hat, woubäi momentan och erëm vill Ingenieuren un den Ofgasproblemer (Transport, Stroumproduktioun, etc.) schaffen. Trotzdem waren et ëmmer nach immens schwéier a knaschteg Aarbechten déi hei duerchgefouert gi

28 l bulli Wanter 2016

sinn, déi awer op d’mannst dann och meeschtens besser bezuelt ware wéi alternativ Jobs fir déi betreffend Leit. Mineure waren doduerch och héijem Risiko ausgesat fir Longekrankheeten ze kréien. Duerch déi schappeg Luuchten déi et déi Zäit goufen, war d’Aarbecht net méi einfach an trotzdem hunn déi Karbidluuchten eppes Nostalgesches u sech; dës Luuchte waren iwweregens och bei eiser Visite am Asaz. Op dëser Platz sollt och erwänt ginn, dass et op der Porte-Ouverte am Musée des Mines eemol am Joer Demonstratioune vu verschiddene Maschinne gëtt. Eng weider interessant Saach ass dass een deemools och schonn en Troun an de Minnen hat an domat och schonn zu där Zäit un d’Hygiène geduecht huet. Ausserdeem ass zu deem Zäitpunkt op all 10. Awunner e Café komm, wou d’Mineuren dann och oft Stammcliente waren. Niewent dem Transport vum Minette iwwert d’Schinnen a Buggien, gouf et och Materialween fir zum Beispill Waasser, Masutt oder och eng blesséiert Persoun aus der Minn eraus ze kréien. Bausse sinn d’Buggien dann ëmgefëllt ginn an aner Zuchwaggongen oder an d’Seelbunn an dann zu den Héichiewen transportéiert ginn. Den Undeel un Eisenäerz an der Minette war net ëmmer

Visite Musée des Mines


d’selwecht an en ass a verschidde Kategorien ënnerdeelt ginn. Jee méi héich den Eisenäerzundeel war, desto méi Geld ass et ginn. De Mineur a säi Gesell hunn eng Équipe forméiert a sinn op d’Gewiicht vun hirer Ausbeut bezuelt ginn. Dës Équipe huet dann och ëmmer um nämmlechte Chantier geschafft an et ass ëmmer just mat enger Schicht geschafft ginn, fir dass sech zwëschent de Schichten de Stëbs konnt ofsetzen. Allgemeng ass den Undeel un Eisenäerz an der Lëtzebuerger Minette awer relativ geréng a bei eis sinn d’Oplagen fir Aarbechtssécherheet an d’Aarbecht einfach ze deier fir haut nach kënne mat den Dumpingspräisser aus der Eisenindustrie matzehalen. Vue dass eis Minnen zu Lëtzebuerg nach verhältnisméisseg héich leien, hu mir wéineg Problemer mat Waasser an de Minnen, wat awer zum Beispill op der franséischer an och op der däitscher Säit e grouss Problem ass. Heibäi stréimt Waasser an d’Minnen, reechert sech do mat ongesonde Stoffer un a vermëscht sech da mat dem Grondwaasser, leeft an e Floss oder kennt souguer a Spuren an d’Drénkwaasser. PCB’en bilden heibäi de gréisste Problem, dës waren a sinn deelweis och haut nach oft an Traffoen oder an Hydraulikleitungen, well dës den Ueleg schwéier entflambar man. Dat nämmlecht

Mëttel gëtt och a Fligerturbinnen agesat an ass domat och meeschtens dofir verantwortlech wann et de Piloten oder de Leit am Fliger schlecht gëtt, well dës duerch Ondichtegkeeten an d’Klimaanlag komm sinn. Och hei geet et wéi bal ëmmer em d’Geld, well des Minnen och während dem Betrib oft hu misse mat leeschtungsstaarke Pompelen dresche gehale ginn, kéint een dat och haut nach man, awer net fir Näischt. E ganz décke Merci geet op dëser Plaz u Paul Wurth, si hunn eng super Visite mat enger Rei Ingenieuren an och anere Mataarbechter vu Paul Wurth organiséiert. Doduerch dass vill Fachleit dobäi ware, konnte mir vill Froe stellen a si wéi ëmmer op gudde Visitte a Retard komm. Weiderhin hu si eis hire Rapport (éischten Deel) zur Verfügung gestallt an och de ganzen Dag finanzéiert! Auteur: Dennis Hövelmann

Qu’avez-vous fait ces 5 dernières années ? Construire son avenir, visitez www.bce.lu / about us / careers


Nous sommes fiers de ce que nous avons accompli et de notre esprit d'entreprise, qui nous ont permis de devenir leader dans nos secteurs d’activité. Ainsi, nos aciers Histar® made in Differdange sont intégrés dans la charpente du Bow, le plus haut gratte-ciel de Calgary et le plus grand bâtiment en structure acier de l’Ouest du Canada.

© Foster&Partners / Terri Meyer Boake

Leadership

C'est nous

http://luxembourg.arcelormittal.com

ann Euromeet 1501.indd 1

02/03/15 14:49


Paul Wurth – the capacity to continuously innovate Thanks to the know-how and innovation skills of our highly-qualified employees, we offer most advanced technological solutions in our different fields of activities:  Full range of technologies and processes for the Primary Stage of Integrated Steelmaking  Innovative solutions for Civil Construction and Infrastructure Projects If you are interested in a practical internship / thesis work or looking for a challenging position within our company or group, please send your application to career@paulwurth.com. Paul Wurth S.A. 32, rue d’Alsace Human Resources L-1122 Luxembourg Tel. +352 4970-2251

career@paulwurth.com www.paulwurth.com

Subsidiaries: Brazil, Chile, Czech Republic, Germany, India, Italy, Japan, Korea, Mexico, P.R. China, Russia, Taiwan, Ukraine, U.S.A., Vietnam

follow us on Twitter @Paul_Wurth

follow us on LinkedIn

like us on Facebook facebook.com/paulwurthgroup


Foire de l‘étudiant

09 & 10.11.2016 | Luxexpo

Fotoen: Rafael Andreosso

Ufank November war et erëm sou wäit, d’alljährlech Foire de l’étudiant stoung erëm virun der Dier an ewéi all déi Jore virdrun war D’ANEIL och sur place. Natierlech erëm mam OAI, OLG an DA VINCI, déi mat ons am Forum Da Vinci hire Sëtz hunn. Déi zwee Deeg laang war d’Zil dëst Joer och erëm der Generatioun vu Muer de naturwëssenschaftleche Secteur méi no ze bréngen, hinne sou gutt et geet op hir Froen ze äntweren a si och schonns op weider Aktivitéite vun der ANEIL opmierksam ze maachen. Dëst Joer huet och erëm e Roboter vun der FANUC dozou gedéngt de Schüler ze weise wat esou vun Ingenieuren a Naturwëssenschaftler gemaach gëtt. Dëst Joer war et een Industrieschweesroboter deen dorops programméiert war géint e Mënsch Kicker ze spillen. De Roboteraarm hat op senger Spëtzt e Kickerspillmännche montéiert an huet probéiert dem Mënsch Goler ze schéissen. Déi Persoun déi sech getraut huet géint de Roboter ze spillen huet de Golkipp an di läscht Verteidegungsrei gesteiert, fir dësen dorun ze hënnere Goler ze schéissen a beschtefalls och géint hien ze punkten. De Roboter huet per Kamera de Ball am A gehat a gewaart bis dësen dunn ausserhalb vum mënschlechen Aflossberäich um Terrain zum Stëllstand komm ass. Zu dësem Zäitpunkt huet e méiglech Wénkelen zum 32 l bulli Wanter 2016

Gol berechent a sech da per Zoufallsfunktioun fir eng Richtung décidéiert. Jee no Schwieregkeetsgrad huet dann d’Vitesse an d’Präzisioun vum Schoss variéiert. Zum Erstaune vu ville Leit war de Roboter besser ewéi ufanks erwaart awer wäit vun onméiglech ze packen. Déi Leit déi kéng genuch waren sech dem Roboter um Pro-Niveau ze stellen an e geklappt kruten, hunn e schéinen ANEIL-Meter gewonnen. Well mer awer op enger Studentefoire waren, ware natierlech vill Leit enttäuscht, dass et sech ëm e Meter fir ze moossen gehandelt huet a net ëm e Meter Béier. Insgesamt war dëst Joer och onst Zil de Stand méi oppen an frëndlech ze gestalten, wat ons an engem éischte Schrëtt gutt gelongen ass. Niewebäi hu mir och nei Kontakter fonnt fir zukënfteg Kooperatiounen. Zousätzlech zu engem gudden Undrang dëst Joer kann een also soen, dass mer dëst Joer eis Ziler erreecht hunn an ons och schonn op di nächst Foire freeën.

Auteur: Rafael Andreosso

Foire de l’étudiant


Toutes les techniques du bâtiment,

pour l’expression de votre talent ❏ Maîtrise de toutes les techniques du bâtiment

❏ Participation aux grands chantiers du pays ❏ Faculté de développer ses compétences ❏ Respect, écoute, entraide et émulation ❏ Rapidité des échanges et des décisions ❏ Outils et équipements de premier plan

Offrez à votre talent l’environnement propice à son développement. candidature@apko.lu Possibilité de stages pour les futurs ingénieurs et techniciens.

Chauffage • Ventilation • Climatisation • Electricité basse tension et courants faibles • Détection et extinction d’incendie • Automatisation, régulation et surveillance • Réfrigération • Vapeur • Traitement des eaux • Sanitaire • Cogénération et chauffage urbain

7-9 rue guillaume kroll - L-2013 Luxembourg Tél. : 47 48 48-1 - www.apko.lu

Techniques et fluides made by a+p kieffer omnitec


Visite vum Arrêt Pont Rouge

12.11.2016 | Lëtzebuerg

Fotoen: Anouk Godelet

Fir de staarke Verkéier an dem ville Stau, dee mir all Dag an eisem Ländchen a virun allem an der Stad Lëtzebuerg hunn, entgéint ze wierken, huet de Ministère décidéiert den Tram dee viru 50 Joer ofgeschaaft gouf erëm an d’Liewen ze ruffen. Dëse wäert als ëffentlechen Transport vun de Foire’s Halen bis an d’Stater Gare féieren. Ee groussen Tëschestopp wäert den Arrêt Pont Rouge virun der Rouder Bréck (vun der Säit vum Kierchbierg aus gesi) sinn. Dësen Arrêt si mir den 12. November 2016 mat enger 20 Membere vun der ANEIL besiichtege gaangen. De Guillaume Dubois vum Ingenieursbüro Schroeder & Associés huet eis duerch dëse Nomëtte begleet. Vu datt mer vill Ingenieursstudenten aus Däitsche Stied dobäi haten an de Guillaume just Franséisch geschwat huet, goufen d’Fachbegrëffer doheem gelooss an d’Erklärungen iwwerflächlech gehalen. D’Navette-Ween solle jeeweils eng Kapassitéit vun 120 Leit hunn a wäerten fir en „Aller“-Trajet genau 1 Minutt brauchen. Sou kéim een dann laut Ingenieur bei 2 Spueren a Waardezäit mat agerechent op 6000 Persounen déi ee pro Stonn vum Kierchbierg an de Pafendall (an ëmgedréint) transportéiere kann. Eng grouss Schwieregkeet vum Chantier ass sécherlech den Zuchtrafic, dee quasi während der ganzer Bauphase onënnerbrach weider gelaf ass. Dofir missten d’Poutren déi iwwert d’Quaie verlafen och phaseweis betonéiert ginn. Weiderhi ginn et 34 l bulli Wanter 2016

nach vill aner Detailer a Problematiken déi ech elo net all verhalen hunn an de Bulli souwisou ze kleng ass fir alles hei detailléiert nidderzeschreiwen. D’Réibauer Tralux a LuxTP zesummen als Association momentanée hunn dës Erausfuerderung ouni gréisser Schwieregkeete gemeeschtert. De Schluss vum Chantier ass fir Oktober 2017 virgesinn. De Planning vum Chantier gouf bis well gutt agehalen an d’Statioune wäerten wuel éischter a Betrib geholl ginn. De Gesamtbudget vu 95 Mio. Euro gouf bis elo agehalen an et gëtt domat gerechent, dass dës Zomme net iwwerschratt gëtt. Am Ganze war et eng flott Visite an en interessante Chantier. Mir kënne gespaant bleiwen ob schlussendlech d’Terminer an de Budget tatsächlech agehale ginn. Vläicht organiséiert d’ANEIL nächst Joer ëm dës Zäit jo nach eng 3. Visite vum Chantier. Mir bleift just nach dem Comité vun der ANEIL Merci ze soen fir dës an och fir all déi aner interessant Visitten déi se vu Joer zu Joer op d’Bee stellen. De Membere leeën ech un d’Häerz un de Visitten deelzehuelen. Et léiert ee net nëmme vill bäi, mee et gesäit een och mol Schantercher am Plaz ëmmer nëmme Formelen ze gesinn. Auteur: Ou-xi Zhan

Visite Arrêt Pont Rouge


Prix d’excellence vun der Fondation Enovos

12.11.2016 | Forum Da Vinci

Fotoen: Fondation Enovos

D’Präisiwwerreechung vum « Prix d’excellence » vun der Fondation Enovos gehéiert schonn zu engem traditionellen Event vun der ANEIL. Déi grouss Linnen si séier erkläert: D’Fondatioun Enovos wëll d’Carrière vum Ingenieur valoriséieren, déi jonk Ingenieure wëllen d’Präisgeld vun 2500 € kréien an déi di net gewonnen hu komme fir z’iessen a fir ze drénken. Mee ganz esou einfach ass dat ganzt awer net, et ass schonn déi fënnefte Kéier dass de Präis iwwerreecht gëtt well d’Förderung vum Ruff vum Ingenieur ass en Deel vum Engagement deen d’Fondatioun Enovos hëlt fir de Fortschrëtt an der Fuerschung an der Entwécklung vu neien Technologië laangfristeg ze ënnerstëtzen. Fir als Student kënne mat ze maache muss een eng Master- oder Diplomaarbecht geschriwwen hunn an engem Beräich vum Ingenieurswiesen. Duerno kommen d’Aarbechte bei d‘Jury, déi aus 6 Leit aus verschiddene Beräicher besteet. Dës Jury liest sech d’Aarbechten duerch a sicht no enger Rei Critèren d’Gewënner eraus. Et gëtt dräi verschidde Mentiounen, Bien, Très Bien an Excellent.

Hoffmann, Direkter vum Environmental Research and Innovation Departement vum LIST e Virtrag gehalen zum Thema « Vers une gestion intelligente de l’énergie dans nos villes » an du si mer endlech gewuer gi wien dëst Joer de Präis gewonnen huet a wéi eng Mentioun se kritt hunn. Dëst Joer ass d’Mention Bien un de Michel Bichler, d’Françoise Tock an de Gilles Cosyn gaang, d’Mention Très Bien goung un den Tom Steichen an de Marc Dielissen, an d’Mention Excellent goung un den Eric Heinen mat senger Masteraarbecht zum Thema «Ermittlung des Potentials zur Energierückgewinnung in Wasserversorgungssystemen». Duerno gouf sech mat Béier a Schnittercher gestäerkt fir d’Visite vum Chantier bei der Rouder Bréck. Fazit: Maacht mat beim Prix Enovos! Wa net, da kommt op d’mannst e Patt huelen ;-) Auteur: Tom Hermes

D’Präisiwwerreechung selwer war den 12. November am Forum da Vinci. Et goung lass mat enger Rei Riede vu wichtege Leit, zu deene gehéiert och eis Presidentin d‘Anouk. Duerno huet den Här 36 l bulli Wanter 2016

Prix Fondation Enovos


Fotoen: Fondation Enovos

Prix Fondation Enovos

bulli Wanter 2016 l 37


EYE Council Meeting zu Kopenhagen

19.11.2016 | Kopenhagen

Fotoen: Anouk Godelet Venant Pirrotte

De Weekend vum 19 November 2016 waren d’Anouk an ech (de Venant) zu Kopenhagen um Council Meeting vun EYE (European Young Engineers). EYE, dat ass den Daachverband vu nationale Veräiner vun Ingenieursstudenten a jonken Ingenieuren aus dem ganzen europäeschen Héichschoulraum - dorënner eben och eis ANEIL. EYE gouf 1994 gegrënnt a suergt säitdem dofir, dass et beschtefalls 2 flott an interessant Konferenze pro Joer a ganz Europa ginn, an de leschte Joeren zum Beispill zu Malta, Dublin, Antwerpen, Sarajevo a Lissabon. Dës Konferenze bestinn zu engem Deel aus Workshops, Virträg a Visitten, zu engem aneren Deel awer och aus Kultur, Sightseeing, Socializing a Party. Un dëse Konferenze kann all Member vun enger EYEMemberorganisatioun deelhuelen, also och all ANEIL Member. EYE gëtt geféiert vun engem Secretary General (am Moment d’Cornelia Fleischer, Däitschland), engem Deputy Secretary General (Chris Waters, Schottland) a vum Council - hei sëtzt pro Land e Représentant, fir Lëtzebuerg spillen ech déi Roll. All déi Leit treffe sech 2 mol am Joer - soit op enger Konferenz oder einfach sou wa keng Konferenz

38 l bulli Wanter 2016

ass - a stëmmen iwwer wichteg Entscheedungen of, kommunizéieren iwwer gemeinsam Projekter a probéieren EYE weiderzebréngen. Fir dass tëscht de Council Meetings och nach geschafft gëtt, existéiert déi sougenannten Task Force. Hei loosse sech Leit erawielen, fir mindestens 2 Joer intensiv europawäit Strukturen, Kommunikatioun a Kooperatioun opzebauen. Ech war vun 2014 bis 2016 och do Member, dat bedeit wierklech vill Aarbecht! Am Moment besteet d’Task Force aus: Temenuga Georgieva (Bulgarien), Frederick Schulze Spüntrup (Däitschland), Mads Brandt Rasmussen (Dänemark) an Tryfon Ampartzis (UK). Als Visiteur war dee Weekend den Olle Johnsson vu Sveriges Ingenjörer (Schweden) dobäi, si wëllen a noer Zukunft och bei EYE bäitrieden. Dëst wier e grousse Gewënn u Memberen, z.B. huet Sveriges Ingenjörer ca. 50% vun de schwedeschen Ingenieursstudenten als Member eng beandrockend Zuel! Wichteg Theme bei der Sëtzung, déi vun 8 Auer Moies bis 17 Auer Owes gaang ass, waren d’Kooperatioun mat FEANI (Daachverband vun allen europäeschen Ingenieursveräiner), d’Schaafe vun enger EYE NGO

EYE Kopenhagen


UNE PASSION COMMUNE QUI NOUS LIE INCA Ingénieurs Conseils Associés est un bureau d’ingénieur en génie civil offrant ses services dans des domaines aussi variés que la superstructure, l’infrastructure, les ouvrages d’art, l’hydrologie et la gestion de l’eau, la physique du bâtiment (sécurité incendie, acoustique, thermique, assainissement de bétons) la coordination sécurité et santé, l’économie du bâtiment et bien d’autres encore. Nos 117 collaborateurs s’investissent tous les jours pour offrir des prestations de qualité et trouver des solutions innovantes aux défis lancés par nos clients. Nous sommes intimement convaincus que ce n’est que dans un climat d’écoute et de confiance que peuvent se développer des partenariats tant internes qu’externes, durables et performants. C’est dans le partage d’une même vision et des mêmes valeurs que notre équipe puise sa force et sa passion pour accompagner le client tout au long de la réalisation de son projet. Nous engageons régulièrement des ingénieurs, architectes, techniciens et dessinateurs pour compléter les compétences réunies de nos collaborateurs et toujours être à l’affut des derniers développements de notre métier. Envie de nous rejoindre ? Retrouver nos propositions de stages ou d’emploi sur : www.inca.lu et sur facebook.

CONCOURS BAUHÄREPRÄIS 2016 PROJETS LAURÉATS SNCFL Gare de Luxembourg Halle des Voyageurs Ikogest / Pharos Real Estate Fund One on One Service des Sites et Monuments Nationaux Extension de l’itinéraire Wenzel au plateau du Rham M et Mme Hornick-Guillaume Extension de la Maison Data Center Energy S.A. Data Center Energy Norbert Brakonier S.A. Showroom NBR

PRIX DU PUBLIC M Siebenaler Maison Unifamiliale Passive

INCA Ingénieurs Conseils Associés S.à r.l. 47, rue Gabriel Lippmann L-6947 Niederanven

Tél. : (+352) 42 68 90-1 Fax : (+352) 42 68 96 info@inca-ing.lu www.inca.lu


zu Dublin, d’Créatioun vun der Treasurer Role bei EYE (mat de néidegen Auditeuren) an d’EYE Homepage (e-y-e.eu), déi demnächst grondrenovéiert gëtt. Et goufen och gutt Noriichten, wat d’zukünfteg Events betrëfft, sou kann een z.B. 2017 mat Konferenzen zu Bristol a Kopenhagen an 2018 zu Sofia an zu Bréissel rechnen. No engem laangen Daach mat vill Diskussiounen, Ofstëmmungen a Skype Konferenze si mer an de sozialen Deel iwwergaang - e wichtegen Deel vun EYE! Mir si mat der ganzer Band, also knapps 20 Leit aus ganz Europa, lassgezunn a sinn am alen Hafen um Papirøen an enger grousser Hal vun engem enormen Angebot u Street Food iwwerrascht ginn; Iessen aus der ganzer Welt gouf et hei, plus gudde Béier aus Dänemark, alles trendy an hipsterfriendly zerwéiert. No e puer Cocktails an der Stat hu mer du Waasser gezunn a si gemittlech géint 3 an den Danhostel zeréck. Sonndes war offiziell näischt méi geplangt, vill Leit hu missen heem, well et Méindes rëm op d’Schaff gaang ass. D’Anouk, de Chris an ech haten awer nach Zäit a mir hunn eis mat super modernen Elektro Veloe mat Navi an, ouni Witz, Twitter a Facebook Connection d’Stad ugekuckt. Mir hunn eis all net do auskannt, ëm sou méi flott war et, dass mer e private Guide haten: d’Anouk hat virun enger Zäit zu Frankfurt bei engem akademeschen Austausch d’Signe kennegeléiert, an dat war sou fein, d’Anouk ze hébergéieren an eis all déi schéi Stad Kopenhagen ze weisen. Wéi wann dat nach net duergaang wier, huet d’Signe Owes déclaréiert, et misst lo heem goen, a mir géifen eis jo da méi spéit bei him doheem fir z’iesse gesinn - dobäi hunn de Chris an ech hat réischt e puer Stonne virdru kennegeléiert! Wat ech perséinlech dee Weekend geléiert hunn: EYE mëscht einfach nëmme Spaass, d’Däne si fei Leit, kulturellen Austausch ass enorm wichteg, Kopenhagen ass wonnerschéin - an an Dänemark ginn et verdammt gutt Craft Beers. Ech hoffen ech konnt iech e bësse motivéieren, endlech de Schrëtt ze woen bei dëser grousser Ingenieurs “REEL” matzemaachen - ech hu lo ee Virdeel a si net méi alleng e risege Fan, d’Anouk ass lo och voll a ganz mam europäesche Virus infizéiert. Mä dat muss dir mir net einfach sou gleewen, liest am beschte weider, wat d’Anouk selwer ze ziele weess! Venant

40 l bulli Wanter 2016

EYE Kopenhagen


Et géing mech selbstverständlech och als Presidentin freeën, an Zukunft e puer vun iech, léif Memberen, op engem EYE Event begréissen ze däerfen. Mam Venant senge Rapporten (cf. Bulli säit 2012) krut dir e klengen Androck wat iech bei enger EYE Conference alles erwaarde kann an dofir wollt ech iech och e puer Impressioune vu mengem éischten EYE Council Meeting matdeelen! Als Invité resp. “Neien” gouf ech enorm häerzlech empfaang a si ganz schnell mat de Memberen an d’Gespréich komm – ech hat natierlech d’Chance, dass de Venant schonn eng Zäitchen dobäi ass, hie jidderee kennt an ech esou en direkten Uschloss fonnt hunn. Beim Council Meeting krut ech net nëmmen e besseren Iwwerbléck iwwer d’Struktur an d’Aktivitéite vun EYE, mee konnt och bei konstruktiven Diskussiounen a Voten dobäi sinn. Trotz engem straffen Ordre du Jour an deelweis ustrengenden Debatten, hunn déi vill Pause mat kulinaresche Snacks a flottem Austausch gehollef déi ganz Sëtzung méi agréabel ze maachen. Et gouf awer net nëmme geschafft, och de kulturellen Aspekt, Networking a Fun Faktor koumen hei net ze kuerz. Genee wéi de Venant schonn ugedeit huet, huet dat ganzt de Flair vun enger REEL fir Ingenieuren. Duerch dëse Weekend ass mir net nëmme bewosst ginn, wéi wichteg d’Representatioun vun den eenzelne Länner an engem Daachverband wéi EYE ass, mee och wéi opgeschloss an interessant déi verschidde Membere sinn a wéi vill Spaass ee mat Leit kann hunn, déi ee réischt säit knapp 24 Stonne kennt. D’nächst Joer wäert ech erëm dobäi sinn a ka jidderengem nëmme recommandéieren eng Kéier un engem EYE Event deelzehuelen - et lount sech! Weider Infos fann dir ënnert www.e-y-e.eu an op www.facebook.com/europeanyoungengineers. Anouk Auteuren: Anouk Godelet Venant Pirrotte

Fotoen: Anouk Godelet Venant Pirrotte

EYE Kopenhagen

bulli Wanter 2016 l 41


Interview Cebi Cebi Luxembourg (fréier ELTH) ass zënter 40 Joer den Leader um europäeschen Marché vun den Thermostaten an beliwwert bal zu 100% d’europäesch Automobilindustrie an europäesch Hiersteller vun Haushaltsapparaten. Cebi Luxembourg spezialiséiert sech am Laf vun den Joren op d’Produktioun vun Bimetallschalteren, Temperatursensoren, Niveausensoren esou wéi och Kraftstoffheizungen, PTC Innenraumheizungen, Blow-by Heizungen an Behälter fir Scheiwen- an Scheinwerferwäschanlagen. Matt sengen insgesamt 600 Mataarbechter produzéiert Cebi Luxembourg duerchschnëttlech 300.000 fäerdeg Produkter pro Dag. Alleguer d’Cebi Produkter ginn am internen Fuerschungsan Entwécklungsdepartement hiergestallt an am eegenen Labo getest.

Cebi International / Cebi Luxembourg 30, rue J.F. Kennedy L-7327 Steinsel

Fotoen: Cebi

2 Ingenieuren aus dësen Departementer hunn mir interviewt;

mech op d’Annonce vun der Cebi gemellt, well mech d’Villfalt vun den Produkter interesséiert huet.

Kennt dir iech kuerz virstellen?

C.B.: Ech hunn 2007 en Stage vun 12 Wochen bei Cebi gemaach am Kader vu mengem MaschinnebauStudium zu Kaiserslautern. No mengem Studium hunn ech mäin CV direkt un d’Cebi geschéckt. Ech war impressionnéiert dass et eng Entreprise hei zu Lëtzebuerg gëtt déi esou staark present an der Automobilbranche ass. D’Cebi produzéiert enorm vill Komponenten fir d’Automobilindustrie weltwäit an grad als Chef de Projet huet een d’Chance all déi Produkter kennenzeléieren. Et ass een net nëmmen um Entwécklungsprozess bedeelegt mä och un den Tester am Labo, der Sécherheetsstellung vun der Qualitéit an un der Realisatioun vun der Ligne de Montage.

P.K.: Mäin Numm ass Pitter Krier an ech sinn zënter Mäerz 2015 bei der Cebi. Bis virun Kuerzem war ech Validatiounsingenieur am Bureau d’Etudes. Meng nei Charge ass Responsabel vun all den Validatiounen an Versich am Labo. C. B.: Ech sinn den Christopher Bollendorff an schaffen säit Juli 2009 bei der Cebi. Ech hunn als Chef de Projet ugefaangen an sinn zënter 2012 produktverantwortlech fir d’Waasserbehälter fir Scheiwen- an Scheinwerferwäschanlagen. Wéi sidd dir bei d’Cebi komm? P.K.: Ech hunn 3 Joer zu Jülich bei Oochen allgemengen Maschinnebau studéiert, dono sinn ech weidergaangen op d’FH Oochen wou ech Industrial Engineering am Beräich Maschinnebau studéiert hunn. No mengem Studium hunn ech

42 l bulli Wanter 2016

Interview Cebi


Ouverture de la HOUSE OF ENTREPRENEURSHIP ONE-STOP SHOP Depuis le 26 septembre 2016, votre House of Entrepreneurship – One-Stop Shop remplace l’Espace Entreprises et vous accueille dans ses nouveaux locaux pour vous offrir en un même lieu une vaste palette de services en matière de conseils et d’assistance liés à l’entrepreneuriat et au droit d’établissement au Luxembourg. La nouvelle House of Entrepreneurship – One-Stop Shop est une initiative lancée par la Chambre de Commerce en collaboration avec le ministère de l’Economie et des partenaires privés et publics. Vos interlocuteurs vous feront profiter gratuitement de leur expertise dans vos différentes démarches, services d’accompagnement et outils de financement.

Adresse physique :

Adresse postale :

Tél. : ( +352 ) 42 39 39 - 330

14, rue Erasme L-1468 Luxembourg-Kirchberg

BP 3056 L-1030 Luxembourg

info@houseofentrepreneurship.lu www.houseofentrepreneurship.lu


Wéi entsteet en fäerdegt Produkt? Kennt dir den Oflaf kuerz erklären an Är Roll an dësem Prozess am Detail beschreiwen? P.K.: Op d’Demande vum Client hin, maachen mir him eng Offer. Wann eis Offer akzeptéiert gëtt, kritt den Bureau d’Etudes en Cahier de Charges wéi d’Produkt sollt ausgesinn. Meng Aufgab ass ze kucken wéi dëst Produkt ze testen ass.

1-2 Joer nom Start vum Projet ass. 2011 gouf Cebi International S.A. gegrënnt, d’Mammegesellschaft vun den Cebi-Wierker an Brasilien, China, Spuenien, Italien, Mexico, Polen, an der Schwäiz an zu Lëtzebuerg mam Ziel als Grupp zesummenzeschaffen. Waatvireng Influenz huet dat op är Aarbecht? P.K.: Duerch d’Zesummekommen vun all den Wierker sinn verschidden “Kompetenz-Zenteren” festgeluecht ginn. Cebi Luxembourg ass Kompetenzzenter fir d’Behälter fir Scheiwen- an Scheinwerferwäschanlagen, Temperaturgeber, Uelechniveaugeber, Dieselheizungen, PTC Loftheizungen, Bimetall-Thermostaten. Dat heescht dass eisen Labo all Maschinn huet fir déi néideg Tester ze maachen wat dess Produkter uginn. Interessant fir mech ass einfach am enken Kontakt ze sinn mat mengen Aarbechtskollegen am Ausland mat deenen ech den Planning vun den verschiddenen Testphasen festleeën an mech beroden. Fir ab un zu mol an en anert Wierk schnupperen ze goen ass och ganz flott, esou war ech z.B. an eist Wierk an Polen, wou den Waasserbehälter fir den Porsche Panamera produzéiert gëtt fir do verschidden spezifesch Schweesversich auszeüben.

Pitter Krier an René Elvinger (CEO) mam Premier Minister Xavier Bettel während enger Betribsvisite (14. Juni 2016)

Den 1ten Schrëtt ass eng Designvalidatioun d.h. op den alleréischten Stécker ginn grob Tester gemaach an gekuckt wat um Produkt machbar ass an wat ze berécksiichtegen ass. Am Labo hunn mir Maschinnen fir den ganzen Cahier de Charges ofzetesten vun Temperatur- an Klimaversich bis hin zu bspw. Korrosiounstester mat Salzniwwel. Wann déi éischt Optimiséierung gemaach ginn ass, gëtt dem Client seng Demande erfëllt an all d’Tester gemaach, déi hien freet. Währenddeems bleift een am enken Kontakt mam Client. Wann all d’Tester zu der Zefriddenheet vum Client sinn, geet d’Produkt an d’Serienproduktioun. C. B.: Als Responsabel vun den Waasserbehälter geréieren ech d’Projet’en vun A bis Z d.h. vun der Consultatioun vum Client bis dass d’Produkt an d’Serienproduktioun geet. Wann mir d’Commande vum Client kréien, entwéckelen mir mam Client den fäerdegen Produit. Am Entwécklungsprozess mussen d’Ufuerderungen vum Client respektéiert an permanent Upassungen gemaach ginn. Dann geet et an d’Entwécklung vun der Ligne de Montage d.h. vum Injektiounsmull, vun der Kontrollstatioun a.s.w. Matt den 1ten Stécker ginn mir bei den Client an testen dess un den Prototyppen. Dono gëtt eng Mise au Point gemaach wou d’Ligne d’Assemblage optiméiert gëtt, oft mam Client an mam Fournisseur zesummen bis dass mir dann d’Produkt an Serienproduktioun kënnen ginn wat normalerweis 44 l bulli Wanter 2016

Christopher Bollendorff während der Journée Portes Ouvertes (20. September 2014) Fotoen: Cebi

C.B.: Virdrun konnten mir just op d’Ressourcen vum Site zu Lëtzebuerg zeréckgräifen, mä duerch den internationalen Grupp, gouf den Spektrum vun den Ressourcen enorm erweidert. Een konkret Beispill ass den Projet fir den Waasserbehälter deen spéider an den VW Tiguan an VW Jetta agebaut gëtt; den Design gouf zu Lëtzebuerg gemaach, fir d’Ligne de Montage ze entwéckelen hunn mir op den Fournisseur vun Cebi Poland zeréckgegraff, déi gëtt dann an eist Wierk an Mexico geschéckt an do opgebaut well d’Behälter fir den NAFTA Maart

Interview Cebi


produzéiert ginn. Dat ass spannend an interessant, well een verschidden Kulturen kenneléiert an fir heiansdo an aner Länner ze reesen ass natierlech och en Privileg. Wat géing dir jonk Ingenieursstudenten mat op den Wee ginn? P.K.: Stagen ze maachen ass ganz wichteg fir sech unzekucken wéi déi verschidden Firmen funktionéieren. All Firma huet en gewëssenen Opbau deen d’selwecht ass mä du hues awer verschidden Mentalitéiten an dat mierks du wann’s du an enger Firma schaffs. Wat den Dozent an der Theorie op der Tafel weist ass ganz richteg mä et ass awer flott déi Theoriebausteng endlech an d’Praxis ëmzesetzen an dann ginn dir d’Saachen och oft méi kloer wat’s du studéiert hues.

C.B.: Ech géing jonken Ingenieursstudenten roden hiren Studium esou breetgefächert wéi méiglech ze gestalten. Et ass e groussen Virdeel wann een während dem Studium vun allem eppes gesäit fir dass een am spéideren Beruffsliewen eng gewëssen Polyvalenz matbréngt.

Auteuren: Pitter Krier Christopher Bollendorff

Fotoen: Cebi

Interview Cebi

bulli Wanter 2016 l 45


Interview Eneco D’Firma ENECO S.A. Ingénieurs-conseils besteet säit dem Joer 2000 an ass als Ingenieurbüro an der Groussregioun Lëtzebuerg, Frankräich, Däitschland an der Belge täteg. Insgesamt si ronn 30 Mataarbechter aus de Beräicher Bauingenieurwiesen, Baustoffprüfung, Ëmwelttechnik, Geowëssenschaften, Buedemwëssenschaften, Chemie, Ëmweltwëssenschaften, Versuergungstechnik an Elektrotechnik bei eis beschäftegt. Dës sinn an de folgenden Aarbechtsberäicher interdisziplinär aktiv: • Schadstoffer a Gebaier an an der Raumloft, Sanéierung a Réckbau vu Gebaier, • Allaschten, Altstandorte, Deponien, Offallwirtschaft • Aarbechtssécherheet a Brandschutz • Geneemegungsufroen, Umweltverträglichkeitsprü fungen, Energieberodung • Haustechnik • Geotechnik a Geothermie Mir betreien a beroden eis Clienten an alle Projetsa Prestatiounsphasen: vum Konzept iwwert d’Planifikatioun, d‘Ausschreiwung, d‘Realiséierung, d‘Receptioun bis zur ofschléissender Objektbetreiung an Dokumentatioun. Wie sitt dir a wat maacht dir bei ENECO? G: Mäin Numm ass Gabriele. Ech sinn Dipl. Ëmweltwëssenschaftlerin a schaffen am Beräich Geneemegungsufroen. D: Mäin Numm ass Dieter an ech schaffe bei der ENECO als Dipl.-Ingenieur (FH), Fachberäich Energietechnik am Service fir technesch Ausrüstung vu Gebaier. M: Mäin Numm ass Markus. Op der Universitéit Tréier hunn ech mäin Diplom am Fach Angewandte Umweltwissenschaften gemat an ech sinn elo als Chargé de projet am Service Schuedstoffer a Gebaier bei der ENECO S.A. täteg.

46 l bulli Wanter 2016

Wéi sitt dir bei d’ENECO komm? G: Während menger Diplomaarbecht hunn ech am Aussendéngscht vun engem groussen däitsche Laboskonzern geschafft. Ënnert anerem ginn do och di verschiddenst Prouwe vun der ENECO analyséiert. Well den Aarbechtskontrakt nëmmen iwwert 2 Joer gelaf ass, koum d’Chance fir bei der ENECO schaffen ze kënnen grad richteg. D: Virun der Fermeture vum Planungsbüro, bei deem ech täteg war, huet sech mäin deemolege Chef ëm d’Vermëttlung vu sengen Employéën an ëm d’Fortféiere vun de lafende Projete beméit. D‘ENECO huet zu deem Zäitpunkt e Service fir technesch Ausrüstung a Gebaier opgebaut, sou datt ech mech mat de lafende Projete abrénge konnt. M: Niewent menge Studien hunn ech schon als Stagiaire an engem um lëtzebuergesche Marché tätegen Ingenieursbüro am Service Allaaschten an Schuedstoffer a Gebaier geschafft. An dësem Büro war ech dann no menger Diplomaarbecht 2 Joer täteg. Dono huet mech mäi beruffleche Wee iwwert eng wëssenschaftlech Plaz un der Universitéit Mainz a beim Deutschen Wetterdienst zeréck op Lëtzebuerg bruet, bei de Luxembourg Institute for Science and Technology (LIST). Vun do aus sinn ech da schliisslech nees zu mengem Studieschwéierpunkt, d’Sanéierung vu Schuedstoffer, zeréckgewiesselt. Säit zwee Joer schaffen ech elo bei der ENECO S.A. als Chargé de projet. Wéi war äre Parcours bis elo bei der ENECO? G: Vir d’éischt hunn ech am Service Allaaschten ugefaangen, no enger gewëssener Zäit hunn ech awer festgestallt, datt mir dëse Beräich net wierklech läit an hunn dunn, no Récksprooch mat de Chefen, an de Service Geneemegungsufroe gewiesselt. Opgrond vu menger Ausbildung am naturschutzfachleche Beräich konnt ech da mathëllefen, dëse Marchésberäich fir d‘ENECO ze erschléissen a schaffen aktuell och nach ëmmer an dësem Service.

Interview Eneco


D: A mengen 10 Joer bei der Firma huet besonnesch di enk Zesummenaarbecht mat der Direktioun zu enger gudder Teambildung an Teamaarbecht gefouert. Well an eisem Team, dem Aarbechtsberäich Haustechnik, déi villfälteg technesch Equipementer vu Gebaier geplangt gëtt, konnt ech meng technesch Kenntnisser iwwert mäi Fachgebitt Elektrotechnik eraus erweideren. D‘Erwaardungen un de Confort, d‘Sécherheet, d‘Ëmwelt an un d‘Energie fir Gebaier sinn an deenen 10 Joer, déi ech elo bei der ENECO schaffen, weesentlech geklommen, sou datt meng Aarbechtsplaz ëmmer mat der Planifikatioun vum Asaz vun neien Technike verbonnen ass. Duerch di verschiddene Clienten aus dem privaten an dem Industrieberäich wéi och den ëffentleche Maîtres d’Ouvrage an déi doduerch wiesselnd Ufuerderunge bezüglech de Besoinen an de gesetzlechen Oploen ass eng kontinuéierlech Weiderentwécklung wichteg.

Bürosgebai

M: Ech sinn als Projetsingenieur am Service Schuedstoffer a Gebaier erakomm an hunn dunn a kuerzer Zäit d’Chance kritt, d’Responsabilitéit als Chargé de projet ze iwwerhuelen. Besonnesch meng Kenntnisser vun der franséischer Sprooch hu mir dobäi gehollef, wichteg Kontakter mat Clienten ze verdéiwen an nei opzebauen. Ech géif dëse Service bei der ENECO S.A. gäre weider virubréngen an ausbauen. Wat sinn är Aufgaben? G: Ech schaffen Ufroe fir Betribsgeneemegungen, zu Lëtzebuerg als "Commodo" bezeechent, fir déi verschiddenst Betriber aus – vum Schwengsmäschtbetrib iwwert Anlage fir Wandenergie, Decharge fir onbelaaschte Buedem, grouss Industriebetriber, Zones industrielles asw. Doriwwer raus këmmeren ech mech ëm alles, wat mam Naturschutz ze doen huet, d.h. ënnert anerem Naturschutzufroen, Bestandsopnamen a Bilanzéierunge vu Biotoper, d’Planifikatioun vun Ausgläichs- a Kompensatiounsmoossnamen, d‘Ausschaffe vun Umweltverträglichkeitsprüfungen fir verschidde Projeten a strategesch Umweltverträglichkeitsprüfungen fir Plans d’aménagement générale (PAG). Niewent dem Erstelle vun den eigentlechen Dokumenter ass ee wichtegen Deel vu menger Aarbecht d‘Koordinatioun vun de Projeter, virun allem d‘Koordinatioun vun den eenzelnen externen Experten an de Kontakt mam Client an den Autoritéiten.

Asbestprouf

Asbestfaseren

Interview Eneco

Fotoen: Eneco

D: Mäin Aarbechtsoflaf ass meeschtens gepräägt vun den 9 Prestatiounsphase vun der OAI (Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils). Dobäi schaffen ech gläichzäiteg op méi Projeten, déi sech a verschiddene Prestatiounsphase befannen. Mir gefält d’Prestatiounsphase 1, d’Grondlagenermëttlung, am Beschten, well hei Kreativitéit gefrot ass an een

bulli Wanter 2016 l 47


CERATIZIT Group Tooling the Future. Since 1921.

Depuis plus de 90 ans, CERATIZIT fait office de pionnier dans le secteur des solutions à base de matériaux durs destinés à l’usinage et à la protection contre l’usure. Le groupe privé dont le siège est situé à Mamer (Luxembourg) conçoit et produit des outils coupants hautement spécialisés, des plaquettes amovibles ainsi que des barreaux fabriqués en matériaux durs.

Dans différents secteurs utilisant des pièces d’usure, CERATIZIT Group occupe la position de leader mondial et développe régulièrement de nouvelles nuances de carbure, de cermet et de céramique, notamment pour le travail du bois et de la pierre.

50 filiales commerciales 24 sites de production

1 siège social Mamer / Luxembourg

> 90 000 produits différents

> 600 brevets et modèles d’utilité

6 000 employés

> 100 employés dans la R&D

30 % de nouveaux produits (5 dernières années)

> 100 prix innovation

Tooling the Future. www.ceratizit.com


de Client mat perséinleche Virschléi fir déi technesch Méiglechkeete fir säi Projet berode kann. Een Deel vun der Aarbecht gëtt am Büro an um Computer gemaacht. Mat fachlech ugepasster Software berechnen ech dann z.B. d‘Ausleeung vun Anlage fir d’Beliichtung an de Blëtzschutz a Reseaue vu Stroumverdeeler. Präisufroen an Ausschreiwunge sinn ze erstellen, auszuwäerten an de Client beim Auswiele vun den Firmen, déi d‘Aarbechten ausféiere sollen, ze beroden. Deen aneren Deel vun der Aarbecht gëtt dobausse gemaacht. Op de Chantiere gi reegelméisseg Reuniounen ofgehalen an d’Aarbechten, déi vun den Handwierker ausgefouert ginn, mussen op der Plaz iwwerwaacht ginn. Net ze vergiessen ass natierlech iwwert d’Beaarbechtung vum Projet eraus d’Verwaltung vun alle Projeten unhand vu firmeneegener Verwaltungssoftware.

Koordinatiounsplafong

M: Ech betreie Projeten am Service Schuedstoffer a Gebaier, vum éischte Kontakt mam Client bis zur ofschléissender Dokumentatioun vun der duerchgefouerter Sanéierung, d.h. d‘Ofwécklung vun alle Projetsphasen, vun der Erstellung vun der Offer iwwert Erkundung, Planifikatioun vun der Sanéierung, der Ausschreiwung an der Begleedung vum Projet bis zur offallwirtschaftlecher finaler Betruechtung. Dobäi erginn sech, jee no Projet, Schnëttstelle mat aneren Aarbechtsberäicher am Haus vun der ENECO S.A., aneren Ingenieursbüroen, Architekten, Autoritéiten a Chargés de projet. Wat mëscht d‘ENECO eenzegaarteg? G: Fir mech ass et de Fait, datt vill verschidde Servicer an engem Haus sinn an datt een deementspriechend op d’Wësse vu verschiddenste Leit zeréckgräife kann. Dësen interdisziplinären Opbau erméiglecht et der ENECO, villfälteg Projete vun A bis Z ze beaarbechten, z.B. vum Baugrond mat evtl. Ënnersichung op Allaaschten iwwert déi noutwendeg Geneemegungsufroe fir Rodungen o.ä. bis zur Planifikatioun vun der kompletter Haustechnik fir den Neibau. D‘Entreprise leet och grousse Wäert op d‘Formatioun vu senge Mataarbechter an erméiglecht et engem, ëmmer nees nei Defien unzegoen.

Elektroverdeeler

D: De Büro ENECO deckt mat 6 Aarbechtsberäicher verschidden Ingenieursleeschtungen of an duerch déi gewollten Interaktioun tëschent den Aarbechtsberäicher kënne Fachfroe séier gekläert ginn. D‘Mataarbechter ginn dozou animéiert a Formatiounen ze goen a fachlech dem aktuelle Standard ze entspriechen. D‘Direktioun begréisst ëmmer Virschléi vun de Mataarbechter fir Verbesserunge vun der Organisatioun vun den Aarbechtsplazen a der Zesummenaarbecht.

Trafostatioun

Interview Eneco

Fotoen: Eneco

M: Mir sinn e kompetent Team vu Fachleit mat ënnerschiddlecher Ausbildung an Nationalitéit. Dowéinst si mir an der Lag, vill Problemstellungen

bulli Wanter 2016 l 49


ze beaarbechten. Dëst ass dacks vu groussem Notze fir de Maître d‘ouvrage, deen dann z.B. an engem Flächerecycling-Projet vun der Erkundung iwwert d‘Sanéierungsplanifikatioun a der -begleedung bis zur Geneemegung an dem techneschen Equipement vun engem Neibau all Prestatiounen „aus enger Hand“ ufroe kann. Déi flaach Hierarchie an déi kuerz Weeër bei der ENECO S.A. erlaben et doriwwer raus, zu all Zäitpunkt nei Aarbechtsfelder virzeschloen an no der Ofstëmmung mat der Direktioun ze erschléissen. Ee weideren Aspekt, deen d‘Aarbecht interessant mëscht, ass d‘Diversitéit. Aarbechten dobaussen an am Büro a Reunioune mat Presentatioun vun de Resultater vun der Aarbecht wiesselen sech of. Zudeem offréiert Lëtzebuerg en interessant Aarbechtsëmfeld, well et villfälteg Aufgabestellungen an engem multilingualen Ëmfeld ginn.

erliichteren, kann ech nëmme studiebegleedend Stagen an Ingenieursberuffer recommandéieren, dës sollt een och net nëmmen als Flichtübung gesinn. Auteur: ENECO S.A. Ingénieurs conseils

Wat giff dir jonken Ingenieursstudenten mat op de Wee ginn? G: Léiert sou fréi wéi méiglech e globaalt Projetsdenken. Et ass onwahrscheinlech wichteg, sech net nëmmen op den eegenen Deelberäich ze konzentréieren, mee sech ëmmer nees de ganze Projet bewosst ze maachen. Ausserdeem an der Projetsbeaarbechtung Deadlines a Budgeten anzehalen a Wënsch vum Client ze erfëllen. Dat erfuerdert eng strukturéiert a methodesch Aarbechtsmanéier. D: Niewent de formale Viraussetzunge fir den Ausbildungswee vum TGA-Planer sollt Dir Teamfäegkeet, Kommunikatiounsfäegkeet an Interessi un Technik a Bauwiese matbréngen Ob Iech de Beruff iwwerhaapt zouseet, dat musst Dir an der Praxis duerch e Studentenjob oder e Stage selwer erausfannen. Wat Dir éischter wësst, a wéi eng Richtung Dir Iech ausbilde loosse wëllt, wat Dir méi Energie hutt duerch Äert selwer gestachent Zil. M: Wichteg ass et op jidde Fall, eng gutt Grondlag vum Fachwëssen ze hunn. Dat ass allerdéngs nëmmen d‘Fundament. Geneesou wichteg sinn den Ëmgang mam Client, sief et um Telefon, perséinlech oder per Mail, d‘Zesummenaarbecht am Team a d‘Presentéiere vu Konzepter, Planifikatiounen a Resultater. Besonnesch wichteg zu Lëtzebuerg si Sproochkenntnisser, a ville Projete schafft ee spéider mat lëtzebuergesch-, däitsch- a franséissproochege Leit gläichermoossen zesummen. Am Beräich international Entreprisen oder Autoritéiten ass vum Maître d‘ouvrage oft och Englesch gefuerdert. Besonnesch am Beruffsufank ass et wichteg, sech net ënnerkréien ze loossen. Vill nei Impressiounen, Ufuerderungen an Experienze kënne muenchmol wierklech erausfuerdernt sinn. Wichteg ass et, den Defi unzehuelen an dobäi vu Projet zu Projet eppes dobäi ze léieren. Fir d’Entrée an d‘Beruffsliewen ze

50 l bulli Wanter 2016

Kartierung

SUP

Fotoen: Eneco

Interview Eneco


UN SOUTIEN FINANCIER FACILITE L’ACCÈS AUX ÉTUDES DANS UN MONDE QUI CHANGE

PRÊT ÉTUDIANT JUSQU’À 12.650 € 1) 2)

+ Retraits gratuits à l’étranger + Garantie locative sans dépôt dans l’UE + Assurance gratuite pour l’étranger En agence, au 42 42-2000 et sur startin.lu

1) Offre soumise à conditions et sous réserve d’acceptation du dossier. Voir conditions en agence. 2) Retraits gratuits avec la carte de débit V PAY sur tous les distributeurs du Groupe BNP Paribas dans la zone euro et de la Deutsche Bank en Allemagne. BGL BNP PARIBAS S.A. (50, avenue J.F. Kennedy, L - 2951 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg : B 6481) Communication Marketing Septembre 2016


Mathéaarbecht vum Bob Grün Mathé, méi wéi nëmme pur Theorie!

Stonnepläng, Sécherheet vu Stied an energieeffizient Transportmëttel. Obschonns dës Begrëffer op den éischte Bléck vläicht net vill mat Mathé ze dinn hunn, sou ass trotzdem vill Mathé domat verbonnen. No mengem Studium an der Mathematik mat Uwendungsberäich Informatik hunn ech 2011 een Doktorat am Beräich “Operations Research” (iwwersat: Firmefuerschung) op der Universitéit vu Kaiserslautern ugefaangen. Dobäi hunn ech d'Chance kritt a verschidde Beräicher eran ze blécken. An dësem kuerzen Artikel wëll ech weisen datt Mathé net nëmme langweileg Theorie ass, mä souwuel wëssenschaftlech, wéi och an der Industrie relevant ass. Während dem Studium hat jidderee bestëmmt eng Kéier de Fall datt ee Virliesungen hat déi sech deelweis oder ganz iwwerschneiden. Heiansdo geet et duer wann ee Kommiliton d’Virliesung matschreift, mä bei obligatoresche Coure geet dat net, esou datt een déi ganz Virliesung op een anert Semester réckele muss. Duerch sou Problemer am Studium kënnt et dacks vir datt een duerno ee Semester méi laang brauch wéi et eigentlech néideg gewiescht wier. Aus dësem Grond huet d’TU Kaiserslautern eng Software entwéckelt déi ënnert der Analys vun de Virliesungen, déi ee scho gepackt huet, bestëmmt op et Méiglechkeete ginn déi gewënschte Virliesungen, an domatter säi Studium bannent der Regelstudienzäit ofzeschléissen. Anescht wéi een am Ufank méiglecherweis mengt, ass et dobäi net méiglech all Kombinatiounen duerch ze probéieren. Bal d'selwecht zu dëse Stonnepläng sinn och Stonnepläng a Cliniquen, Firmaen oder och de Spillplang vun der däitscher Fussball Bundesliga, fir déi Software vun engem Mathematiker aus Kaiserslautern ausgeschafft gouf. An engem zweeten Deel, iwwert deen och mäin Doktorat gaangen ass, hu mir Sécherheet vu groussen "Evenementer" a vu ganze Stied betruecht. Am Fall vun enger Menace (Bedrohung duerch eng Bomm, e Feier, een Tsunami, een Äerdbiewen) musse vill

52 l bulli Wanter 2016

Fotoen: Bob Grün

Leit hiren aktuellen Obenthaltsberäich verloossen. Am einfache Fall vun engem "Event", wéi engem Concert, verloosse Leit de "Site" a ginn oder fueren heem. Wann d'Gefor awer Wunngebidder betrëfft, kann et virkommen datt grouss Mënschemassen hiert Doheem fir e puer Stonnen oder souguer Deeg verloosse mussen. Och wann Europa zum Gléck net sou dacks vu Naturkatastrophe getraff gëtt, sou sinn Evakuatiounen duerch gefonnte Bommen awer keng Seelenheet. Sou hat zum Beispill déi Däitsch Stad Hannover eleng 28 Evakuéierungen duerch gefonnte Bommen an de leschte 6 Joer. Am Projet “DSS - Decision Support System for LargeScale Evacuation Logistics“ iwwert Evakuéierung vu Nice a Kaiserslautern hu mir folgend Aspekter ënnersicht: - Wéi vill Leit si betraff? Obwuel informatesch Strukture scho wäit fortgeschratt sinn, ass ëmmer nach dacks de Problem datt villes op der Hand gema gëtt, wat natierlech vill Zäit kascht. Sou gëtt zum Beispill den Evakuationsradius dacks nach mam Zierkel ob der Hand gezeechent, a Leit op ongeféier geschätzt. Während dem Projet hu mir een Onlinesystem entwéckelt, dee souwuel déi betraffe Leit uweist,

Mathéaarbecht Bob Grün


Beispill vun enger Evakuéierung während dem "DSS - Decision Support System for Large-Scale Evacuation Logistics"-Projet. Dobäi gëtt Unzuel an den Alter vun den betraffenen Léit automatesch ugewisen.

StuPlan: Eng Software vun der TU Kaiserslautern vir Stonnepläng ob der UNI ze verbesseren

Verdeelung vun den verschiddenen Couren während dem Studium

Mathéaarbecht Bob Grün

Fotoen: Bob Grün

bulli Wanter 2016 l 53


Mathematescht Netzwierk (vun Kaiserslautern) während enger Berechnung

wéi och Schoulen, Cliniquen an aner speziell Ariichtungen ervirhieft. Dozou gehéieren och Zentre wou Leit kënnen ënnerkommen, mat den entspriechende Méiglechkeete fir eng eventuell méi laang Dauer vun der Evakuatioun. - Wéi laang dauert et mindestens bis all Leit de Geforeberäich verlooss hunn? Dëst betrëfft Leit déi ze Fouss de Beräich verloossen, déi Persounen déi den eegenen Auto huelen, an awer och a Wunngebidder déi Mënschen déi vun engem Bus ofgeholl musse ginn. Dobäi ass jee no Aart vun Evakuatioun d'Fro wéi laang dat ganzt op d'mannst dauert, wéi d'Leit am sënnvollsten ofgeholl kënne ginn, a wéi d'Logistik vun der ganzer Evakuatioun am beschten agedeelt gëtt. - Wou kënnen d'Leit ënnerkommen? Obwuel Stied deelweis verflicht sinn Evakuatiounspläng ze hunn, sinn Informatiounen dacks nëmme geschätzt. Zousätzlech feele meeschtens all Informatioune wat geschitt wa Leit méi wéi nëmmen e puer Stonnen iergendwou ënner Daach komme mussen. Bei Zerstéierungen duerch Feier, Äerdbiewen oder Héichwaasser kann et virkommen datt d'Awunner hir Wunnengen während Woche net benotze kënnen. Dobäi ass et da gutt, wann ee sech virdru Gedanke mécht, wou d'Leit kënnen hi goen, a wéi eng Strukturen hannendru méiglech an néideg sinn. An all dëse Beräicher gëtt Mathé genotzt. Anescht wéi an der Schoul an am Studium gëtt et fir sou grouss a komplex Problemer net eng Formel déi dat ganzt perfekt léisst. Et muss een akzeptéieren

Mathéaarbecht Bob Grün

Fotoen: Bob Grün

datt et keng "Perfekt Léisung" méi gëtt. D’Aufgab vun engem Mathematiker ass et da fir Modeller opzestellen, Deelproblemer ze léisen an dës da sënnvoll ze kombinéieren. Et fänkt ee mat engem klengen an einfache Modell un, trëfft dann dofir puer Restriktiounen a probéiert de Modell ëmmer weider ze verfeineren. Eng Iwwersiicht iwwer Méiglechkeete vun den Evakuatioune kann een ënnert anerem a folgendem kuerze Bericht fannen: Von Straßenkarten bis zur Evakuierung von Städten! Aggregation von Netzwerken und schnellste Flüsse Zukunftsperspektiven des Operations Research: Erfolgreicher Einsatz und Potenziale.

Beispill vun Evakuéierung Kaart vun der Staat Lëtzebuerg

bulli Wanter 2016 l 55


Nom Ofschloss vum Projet a vum Doktorat iwwert d'Evakuatioun vu Stied am Oktober 2016, schaffen ech elo aktuell fir 15 Méint un engem Projet wéi een Elektro-Autoen an energieeffizienten öffentlechen Transport ka viru bréngen. Dat ganzt ass ee Projet vun der "University of Auckland" a Neuseeland, wou mir ënnersiche wat den Afloss vu Stau a Groussstied op Ofgasen an Emissiounen ass. Dobäi stelle mir Modeller op, wéi de Verkéier inklusive Stau modeléiert gëtt. De Fokus läit op der Kombinatioun vu Busverkéier, elektreschen an normalen Autoen, awer och d'Méiglechkeet vu néie Vëlosweeër an de Stied. Dobäi stellen sech déi folgend Froen déi mir an de nächste Méint mathematesch beäntwere wëllen: - Wat ass den Afloss vu neie Busspueren op de Stau an den domatter verbonnenen Ofgasen. - Wat kann een un der Struktur vum Verkéiersnetz änneren fir datt d'Leit ee Wiessel vu fossiler Energie zu erneierbarer Energie probéieren?

Stau zu Auckland (Neuseeland)

56 l bulli Wanter 2016

- D'Reechwäit vun den Elektro Autoen ass ee grousse negative Punkt. Wéi vill Tankstelle fir Elektro Autoe si néideg? Obschonn a Neuseeland scho 40% vun der ganzer Energie erneierbar ass (Verglach: Lëtzebuerg 4.5%), ass hiert Ziel sou séier wéi méiglech ganz, oder op d'mannst zum groussen Deel, onofhängeg vu fossile Brennstoffer ze ginn. Ee gutt Beispill fir vill aner Länner! An dësem Artikel si natierlech keng bis wéineg mathematesch Informatiounen enthalen. Falls een elo Interesse u méi Detailer oder Infoen wëll hunn, sou kann een dat am einfachste per E-Mail maachen: grunbob@gmail.com

Auteur: Bob Grün

Fotoen: Bob Grün

Mathéaarbecht Bob Grün


1 b u r eau , 4 d o m a in e s d ’ a ct iv it é s , 270 c o l la bo r at e u r s ! 1 é q uip e , 1 o bj ec t if : g a ran t ir la s a t is fac t io n du c lie n t a v ec u n s er vic e p ro fe ss io nn e l e t d e q u a lit é ! Les domaines d’activités – Presque chaque projet traité par le bureau d’études fait recours aux compétences de plusieurs domaines d’ingénierie. Ceci demande une collaboration rigoureuse des collaborateurs des différents services regroupés au sein du bureau d’études. S’il s’agit d’un dessinateur, d’un technicien, d’un ingénieur ou autre, chacun d’entre nous représente un pilier important formant l’ensemble d’une grande équipe.

Les étudiants – Pour le bureau Schroeder, les étudiants sont synonyme du futur. Plus que 100 étudiants par année font leur travail de vacances, leur stage d’études ou leur travail de fin d’études au sein de notre société. C’est une chance pour nous de vous rencontrer mais surtout pour vous de nous convaincre de vos atouts et qualités. Un stage vaut plus que la rémunération y associée. N’hésitez donc pas à nous contacter ou parler lors des différents événements. Les postes cherchés – Nous recrutons en permanence des ingénieurs en génie civil, mais aussi des ingénieurs en électromécanique, en génie mécanique, en génie de l’environnement et des géographes, biologistes, géologues, hydrologues, aménageur-urbanistes, géomètres/topographes, informaticiens, archéologues ou physiciens de construction. Autres domaines innovateurs à ne pas exclure !

Visualisation du projet de la gare d’Ettelbruck


SCHÉI FEIERDEEG JOYEUSES FÊTES SCHÖNE FEIERTAGE HAPPY HOLIDAYS BUONE FESTE BOAS FESTAS

INCA Ingénieurs Conseils Associés S.à r.l. 47, rue Gabriel Lippmann L-6947 Niederanven

Tél. : (+352) 42 68 90-1 Fax : (+352) 42 68 96 info@inca-ing.lu www.inca.lu


D'ANEIL wënscht all hire Memberen, Sponsoren a Frënn schei Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer. Mir freeën eis drop, iech 2017 erëm ze gesinn!

Foto: Anouk Godelet


Bulli Wanter 2016  
Bulli Wanter 2016  
Advertisement