Page 1

bulli

Hierscht 2016

Association Nationale des Etudiants IngĂŠnieurs Luxembourgeois


Virwuert

Foto: Anouk Godelet

Léif Memberen a Frënn vun der ANEIL, no engem hoffentlech erhuelsame Summer an enger erfollegräicher Examenszäit, fänkt nees en néit Semester, eng néi Joreszäit un – den Hierscht ass do! An domat gëtt et dann och erëm Zäit fir eng néi Ausgab vum Bulli, wou mir op déi lëscht Aktivitéiten zréckblécken. Nieft eiser Summerrees stoungen ee flott Event an eng interessant Visite um Programm. Eis Rees ass am Juni an d’Haaptstad vun Tschechien gaang, méi genee op Prag. Wat eis Ingenieursstudente während deene 4 Deeg erlieft hunn, wéi eng Visiten organiséiert goufen, dat alles kanns du op den nächste Säiten noliesen. Ufank September si mir mat engem Grupp vun ca. 30 Leit op der Fouer gewiescht, wou och e puer Ancienen dobäi waren. De 16. September hu mir, zesumme mat Pont & Chaussée, op eng méi exzeptionell Visite invitéiert – de Chantier vum Pont Adolphe. Och an dëser Ausgab fann dir Interviews mat Ingenieuren déi bei A+P Kieffer, CDCL a Schwartz and Co schaffen. Eise Vize-Presi, den Tom, an de Michel Bichler, en ale Comitésmember, ginn iech e klengen Abléck an hir Ofschlossaarbechten. Hinnen all, am Numm vum Comité, villmools Merci.

fir d’Schüler an zukünfteg Studenten iwwer de Studium an de Beruff vum Ingenieur z’informéieren. Mat enger neier Opdeelung vun eisem Stand wëlle mir deen nach méi attraktiv maachen. Kommt also roueg laanscht ! Samschdes no der Foire iwwerreeche mir zesumme mat der Fondation Enovovs an daVinci de Prix d’excellence fir déi bescht Ofschlossaarbechten. Den Dag selwer luede mir iech och op de Suivie vum Chantier vum neien Arrêt „Pont Rouge“ an der Stad an. Detailer dozou fann dir wéi gewinnt an eisem Newsletter oder op Facebook. Opmierksam maache wëll ech och op eist Wanterevent, wou ech iech elo nach net ze vill verroden däerf. Mir gi mol op ee Chrëschtmaart, souvill steet fest. An den nächste Woche gi dir méi dozou gewuer. Iwwerdeems mir elo ufänken e puer läscht Visiten an och schonn d’Aktivitéiten fir 2017 virzebereeden, wënschen ech iech all eng gutt Rentrée, e schéinen Hierscht a vill Spaass mat dësem Bulli.

är Presidentin

Wéi all Joer am November, ass d’ANEIL och dëst Joer den 9. an 10. op der Foire de l’étudiant vertruede

Anouk anouk.godelet@aneil.lu

Virwuert

bulli Hierscht 2016 l 3


e Bicherbuttek net wéi déi aner Iwwersiicht Virwuert3 Comité 2016 ANEIL Summerrees Fouer-Event Visite vum Pont Adolphe Invitatioun Foire de l‘étudiant Interview CDCL Interview a+p kieffer omnitec Interview Schwartz and Co Invitatioun Visite vum Arrêt Roud Bréck Masteraarbecht vum Tom Steichen Masteraarbecht vum Michel Bichler

6 10 16 20 22 24 28 32 35 36 42

Impressum Responsablen Editeur: Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL) 6, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 Internet: www.aneil.lu Email: contact@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Chefredakter: Vera Nimax Redakteren: a+p kieffer omnitec Patrick Holstein Pit Schmit Nicolas Back Laurent Jacques Max Schroeder Michel Bichler Chris Kipchen Tom Steichen Max Closener Thierry Mertz Michel Sun Anouk Godelet Frank Metscher Georges Thill Gilles Heymes Tom Schanen Tun Wiltgen Layout: Vera Nimax Max Schmitz Cover Vera Nimax Drock: Imprimerie Centrale 15, rue du Commerce L-1351 Luxembourg www.ic.lu

De bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 400 Exemplären. D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.

4 l bulli Hierscht 2016

... liesen a sech austauschen 11, rue du Fort Bourbon | Luxembourg-Gare | Tel.: 40 30 30 1 | op libo.lu an och zu Maacher • Dikrech • Wolz Dir kënnt Är Bestellungen och am Wort-Shop ofhuelen | 2, rue Christophe Plantin, Luxembourg-Gasperich


Daniel Collignon

Comité 2016

Vera Nimax

Responsable Partenaires

Responsable Publications

Oochen Umweltingenieur

Delft Architektur & Stadtplanung

+352 621 27 30 64

+352 691 84 89 88

Daniel.Collignon@aneil.lu

Vera.Nimax@aneil.lu

Anouk Godelet

Tom Steichen

Lino Morais

Rafael Andreosso

Frankfurt Architektur & Energieeffizientes Bauen

Oochen Bauingenieur

Oochen Elektrotechnik

Oochen Bauingenieur

Présidente

Vice-Président

Responsbale Table Ronde

Responsable Foire

+352 691 74 81 92 +49 176 89 22 94 39

+352 621 78 62 65

Anouk.Godelet@aneil.lu

Tom.Steichen@aneil.lu

Lino.Morais@aneil.lu

Rafael.Andreosso@aneil.lu

Dennis Hövelmann

Michel Faltz

Jerry Huberty

Max Schmitz

Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur & Emwelt- a Verfahrenstechnik

Oochen Bauingenieur

Fribourg Mathematik & Informatik

Zürich Maschinnebau

+352 661 41 49 79 +49 160 93 00 10 28

+352 621 28 66 62 +49 152 38 21 36 70

+352 621 63 70 81

+352 691 67 66 15 +41 79 59 55 281

Dennis.Hoevelmann@aneil.lu

Michel.Faltz@aneil.lu

Jerry.Huberty@aneil.lu

Max.Schmitz@aneil.lu

Venant Pirrotte

Charly Huberty

Luc Lanners

Frank Metscher

Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur & Produktionstechnik

Oochen Wirtschaftsingenieur & Elektresch Energietechnik

Freiburg Embedded Systems Engineering

München Bauingenieu

+352 691 67 21 02 +49 176 96 13 70 76

+352 691 83 62 22 +49 157 572 014 82

+352 661 96 33 56

+352 691 81 08 77

Venant.Pirrotte@aneil.lu

Charly.Huberty@aneil.lu

Luc.Lanners@aneil.lu

Frank.Metscher@aneil.lu

Michel Sun

Michel Reisch

Fränk Zenner

Secrétaire

Responsable Relations Publiques

Responsable Information

Trésorier

Site Internet

Coopté Site Internet

Responsable Visites

Responsable Partenaires

Oochen Maschinnebau

Lëtzebuerg BTS

+352 691 79 54 75 +49 176 85 91 03 53

+352 691 69 08 67

+352 691 88 79 54

Michel.Sun@aneil.lu

Michel.Reisch@aneil.lu

Fraenk.Zenner@aneil.lu

Comité 2016

Coopté Voyages

Coopté Information

Kaiserslautern Bauingenieur

6 l bulli Hierscht 2016

Coopté Publications

Comité 2016

bulli Hierscht 2016 l 7


Ouverture de la HOUSE OF ENTREPRENEURSHIP ONE-STOP SHOP Depuis le 26 septembre 2016, votre House of Entrepreneurship – One-Stop Shop remplace l’Espace Entreprises et vous accueille dans ses nouveaux locaux pour vous offrir en un même lieu une vaste palette de services en matière de conseils et d’assistance liés à l’entrepreneuriat et au droit d’établissement au Luxembourg. La nouvelle House of Entrepreneurship – One-Stop Shop est une initiative lancée par la Chambre de Commerce en collaboration avec le ministère de l’Economie et des partenaires privés et publics. Vos interlocuteurs vous feront profiter gratuitement de leur expertise dans vos différentes démarches, services d’accompagnement et outils de financement.

Adresse postale :

Tél. : ( +352 ) 42 39 39 - 330

14, rue Erasme L-1468 Luxembourg-Kirchberg

BP 3056 L-1030 Luxembourg

info@houseofentrepreneurship.lu www.houseofentrepreneurship.lu

Paul Wurth – the capacity to continuously innovate Thanks to the know-how and innovation skills of our highly-qualified employees, we offer most advanced technological solutions in our different fields of activities:  Full range of technologies and processes for the Primary Stage of Integrated Steelmaking  Innovative solutions for Civil Construction and Infrastructure Projects If you are interested in a practical internship / thesis work or looking for a challenging position within our company or group, please send your application to career@paulwurth.com. Paul Wurth S.A. 32, rue d’Alsace Human Resources L-1122 Luxembourg Tel. +352 4970-2251

rosedeclaire

Adresse physique :

career@paulwurth.com www.paulwurth.com

Subsidiaries: Brazil, Chile, Czech Republic, Germany, India, Italy, Japan, Korea, Mexico, P.R. China, Russia, Taiwan, Ukraine, U.S.A., Vietnam

follow us on Twitter @Paul_Wurth

follow us on LinkedIn

like us on Facebook facebook.com/paulwurthgroup


ANEIL Summerrees 09. - 12.06.2016 | Prag

Dëst Joer ass eis ANEIL´s Summerrees op Prag gaangen. Vum 9ten bis den 12ten Juni ware mir an engem klenge Grupp vu gemëschten Ingenieursstudenten d´Haaptstad vun Tschechie besichen. Ënnerwee hu mir ëmmer erëm Visitte bei intressante Firmen a Chantieren gemaach. Hei en klenge Geschmaach wat alles sou lass wor. Vill Spaass

1. Dag Donneschdes ass et fir jidderee fréi lass gaangen. Zu Nürnberg wor dann de ganze Grupp gesammelt a mir hunn eis op déi éischt Visite gemaach: e Bréckeprojet bei deem d’"Deutsche Bahn" den Optraggeber ass an d´Firma Max Bögl d´Aarbechten duerchféiert. Um Wee fir op Prag si mer d’Aurachtalbrücke zu Emskirchen bei Nürnberg kucke gaangen. Dëst ass eng al stolen Eisebunnsbréck di amgaangen ass duerch eng nei Spannbetonsbréck ersat ze ginn. Op der Visite krute mer d'Aarbechten um Damm an un der Bréck selwer gewisen. Als éischt krute mer erkläert, wéi den Damm virum Widderlager erschütterungsfräi erneiert gouf. Duerno si mer iwwert de scho fäerdeg hiergestallten Deel vun der Bréck bis vir bei de Chantier gaange wou mer d'Aarbechter beim Verleeë vum Betonsstol, deen op der Virschubschalung verluecht gouf, konnte gesinn. Uschléissend si mer e Stack méi déif gaange, fir ons d'Konstruktioun vun dëser Vierschubrüstung unzekucken. Dat speziellt un dëser Bréck ass, dass se an enger semi-integraler Bauweis hiergestallt gëtt, dat heescht, dass se nëmmen ee Lager an eng Fou huet, obwuel se eng Längt vu 508 m opweise wäert. 10 l bulli Hierscht 2016

D'Bréck ass also monolithesch mat senge 9 Piliere verbonnen. Fir dat ze ereechen gouf d'Bréck um éischte Widderlager mat Spannseeler ugehalen an d'Piliere liicht schif betonéiert fir se spéider lass ze loossen a sou eng gewësse Virspannung an der gesamter Bréck entstoe kann. Dobäi soll se sech am Lager ëm 7,5 cm verkierzen. Dat ass déi 2. Bréck, déi no dësem Prinzip gebaut gëtt. D'Bréck gëtt mat Hëllef vun enger Vorschubrüstung an engem 4 Wochentakt à 30m gebaut. Et ginn 2700 t Stol, 1800 t Beton an 108 m Spannstol à 19 Litze verbaut. Am Grondrëss huet se eng S Form mat vergréisserte Radien, sou dass d'Zich 30 km/h méi séier wéi op der aler Bréck an zwar mat 140 km/h fuere kennen. Zich mat Neigetechnik kënne spéider souguer mat 160 km/h iwwer d'Bréck fueren. Am Nomëtten hate mir nach e laangen a stauräichen Trajet bis an den Zentrum vu Prag. E kuerzen Ofstiecher hu mir nach op den technesche Campus vun der Uni Prag gemaach, do ware mir eng ganz modern Bibliothéik kucken. Am Kontrast dozou stoungen déi méi al Chimie- a Physiksräim, en intressant Bild! Owes ware mir nach gemittlech Iessen an hunn eis gutt ausgetosch, iwwert Studium an Erfahrungen.

ANEIL Summerrees

2. Dag Um zweeten Dag vun eiser Rees ware mir zu Mladá Boleslav bei der Firma Skoda ob Visite. Ugefaange hu mir mat engem Besuch am Musée vum tschecheschen Automobil- a Motorsproduzent, deen am Joer 1895 gegrënnt gouf an domat zu engem vun deenen eelsten Unternehmen a senger Branche gehéiert. Am Uschloss hu mir däerfen e puer Produktiounshaalen um Betriebsgelänn vum der Firma Skoda, déi Haut zum Volkswagenkonzern gehéiert, besichen. Sou hu mer gesi wei aus engem Blechcoil an enger Press fäerdeg Karosseriedeeler hiergestallt goufen, déi dann an enger anerer Hal per Roboter automatesch zesummegeschweesst goufen. Natierlech ware mir och den Zesummebau vun engem Motor, dee jo d’Häerzstéck vun engem Auto ass, kucken. Ze gudder Läscht konnte mir nach bei der Endmontage vum Skoda Fabia laanschtkucken an hunn eis Visite mat engem gudden Iessen an der Cafeteria ofgeschloss. Leider konnte mir op dëser Visite (déi jiddereen als absoluten Highlight empfont huet) keng Fotoe maachen. Nodeems mir am Hostel ukomm sinn, hu mer eis missen op den Wee maache fir bei de Vëlosverleih. Do ukomm krut déi ganz Band e Vëlo an et ass lass gaange mat eiser Vëlostour duerch Prag.

ANEIL Summerrees

Eis éischt Ziel war den zentralen Alstaatring, eng zentral Plaz zu Prag mat villen historesche Gebaier wei dem Ale Gemengenhaus an der Teynkierch. Do krute mer e puer Erklärunge vun eisem Guide an hu puer Fotoe gemaach. Du si mir weider Richtung Karlsbréck gefuer. Ënnerwee si mer nach laanscht déi al astronomesch Auer aus dem Joer 1410 gefuer. Fir bei d’Karlsbréck si mer iwwert eng vun de 15 Moldaubrécke vu Prag gefuer. Ënne bei der Bréck ukomm si mer ze fouss Trapen op d’Bréck gaangen an hunn de wonnerschéine Bléck iwwert d’Moldau genoss. Dono goung et weider op der lénker Säit laanscht d’Moldau bei d’John-Lennon Mauer. Nodeems mer d’ANEIL och op der Mauer veréiwegt hunn, esou wei dat do geduecht ass, goung et weider, erëm zréck op déi riets Säit vum Floss laanscht de Rudofinum, engem Concerts- a Galeriegebai. Kuerz drop si mer och schonn op der Wenzelsplaz, der bekannster Plaz zu Prag ukomm. Fun Fact vun der Plaz ass, dass een do keen Alkohol dierf drénken, wat net jidderee weess... Du goung et nach duerch flott kleng Gässelcher vu Prag erëm zréck bei de Vëlosverleih.

bulli Hierscht 2016 l 11


3. Dag Als Ingenieursstudenten dierft ee Besuch am gréissten technesche Musée vun Tschechie natierlech net feelen, also hu mer eis op de Wee an de Norde vu Prag gemaach, just iwwert der Moldau, an de „National Technical Museum Prague“ (kuerz NTM). Des Ariichtung gëtt et säit 1908 an enthält sou zimlech alles wat Technik ubelaangt: Vun Architektur iwwer Astronomie, Zäitmoossung bis hin zum Transport an och Metallurgie a Biergbau si vertrueden. Méi kleng Ecker befaasse sech dann och nach mat der Chimie, dem Buchdrock an der Entwécklung vun den Haushaltsapparater vu säitdem et Elektresch gouf bis haut. Eent vun den Aushängeschëlder befënnt sech dann am Secteur vum Transport. Et handelt sech heibäi em d’Damplokomotiv KLADNO déi am Joer 1855 entstanen ass a mat déi éischt Gebirgsbahn op der Welt gewiescht ass, déi gebaut gouf. Eng gelonge Visite mat der ANEIL am „Národní technické muzeum v Praze“.

Terminal gebaut gëtt an eng Direktverbindung un d'U-Bahn-Netz zur Diskussioun steet. No der üblecher Passagéier-Kontroll, deen och ob dësem klenge Niewendeel vum Flughafe Flicht ass, goufe mer mam Bus iwwer d'Rollfelder a laanscht di aner Gebaier gefouert. Ob der Tour hu mer hiren alen Tower, Hangare fir Privatjets a vill vun hire Gefierer aus zimlech kuerzer Distanz bewonnere kënnen. Den absoluten Highlight vun der Tour war natierlech d'Landung an de Start vun engem Airbus A380, deen eréischt säit dësem Mee ënnert dem Logo vun Emirates zu Prag stoe bleift, awer och déi zerbëlzte Schnëss vun engem Ryanair-Fliger souwéi di eng oder aner Anekdot aus dem fréiere Beruffsliewe vum Guide sinn hänke bliwwen. No gutt 2 Stonne war dann d'Visite och schonn eriwwer a mir goufen erëm zréck gefouert, wou mer dann erëm mam Bus Richtung Stad gefuer sinn. Owes hu mir et zesummen am Grupp gemittlech ausklénge gelooss. D´Gruppendynamik wor super ze spieren, et ass e flotte Grupp vu Kollegen zesumme gewuess.

VISITE Václav-Havel-Fluchhafen No enger längerer Busfahrt si mer Nomëttes um Flughafe vu Prag ukomm. Well mer e bëssen ze fréi do waren an op eise Guide misste waarden, hu mer, passend zur Location, nach eng kleng PabeierFliger-Course gemaach.

Rejoignez un groupe international Principal acteur du secteur de l’énergie au Luxembourg, présent également en Allemagne, en France et en Belgique, le Groupe Enovos s’est donné comme mission d’approvisionner, de transporter et de distribuer l’électricité, le gaz naturel et les énergies renouvelables aux industries, aux PME et aux ménages.

Wéi eise Guide, e pensionéierte Pilot, dunn ukomm war, ass d'Visite dann och schonn direkt lassgaangen. Als éischt gouf et eng kleng Aféierung zu de Gebaier a Geschicht vum Václav-HavelFlughafen. Zum Beispill goufe mer gewuer, dass de Flughafen eréischt säit Oktober 2012 de Numm vum éischte President vun der Tschechescher Republik huet, an dass opgrond vun ëmmer weider steigende Passagéierzuelen (säit 2013: all Joer 1 Millioun Leit méi, 2015: 12 Millioune Leit) demnächst en drëtten

A la recherche de compétences nouvelles pour renforcer nos équipes dans le cadre d’une expansion continue, nous recherchons de jeunes ingénieurs dynamiques et motivés et nous offrons aux étudiants la possibilité de faire un stage en entreprise et/ou de réaliser leur travail de fin d’études dans un de nos services.

Energy for today. Caring for tomorrow.

12 l bulli Hierscht 2016

ANEIL Summerrees

enovos.eu


4. Dag Eng weider technesch orientéiert Visite vun eisem Grupp war dann zu Pilzen am iwwer 7500 m^2 groussen interaktiven Techmania Science Center. Am sougenannten Edutorium kann ee sech déi grondleeënd physikalesch Gesetzer an Eegeschafte vun der Natur ukucken an och selwer ausprobéieren, sou ginn et zum Beispill Experimenter déi mat der Schwéierkraaft ze dinn hunn. An der eemoleger Industriehaal gëtt et ënner anerem och e separaten Deel fir d’Optik, wou Froen wéi “Wéi entsteet e Reebou?” beäntwert ginn. Am sougenannte Planetarium kann ee sech da méi mam Thema Astronomie befaassen, also mat allem wat mat “Sonne Mond und Sterne” ze dinn huet. Hei ass wéi och am Rescht vum Techmania Science Center villes interaktiv, zum Beispill huet een d’Méiglechkeet e Rakéitestart ze simuléieren oder et kann ee nokucke, wéi mat Niwwel e klengen Tornado erzeugt gëtt, natierlech ëmmer a Begleedung mat Erklärungen. Et war also eng ënnerhalend Visite, mat ville Saache fir selwer unzepaken an ze probéieren, dobäi ass awer alles op engem ganz einfache Niveau gehale fir datt och déi méi kleng Kanner dat meescht verstinn.

14 l bulli Hierscht 2016

Fir eis lescht Visite si mir déi bekanntesten a gréisste Brauerei aus Tschechien besiche gaangen, an zwar „Pilsner Urquell“. Säit 1842 gëtt et déi Brauerei Pilsner an se ass am Moment déi gréisst Brauerei aus ganz Tschechien, mat ronn 500 Mataarbechter. De Numm „Pilsner Urquell“ bezitt sech op de Grënnungsuert „Pilsen“, woubäi Urquell fir „Alter Brunnen“ steet. Als éischt goufe mir mat der Geschicht vun der Brauerei vertraut gemaach. Leider ass d´Béierrezept net vun de lokale Leit komm, also net vun den Tscheche selwer. Op Grond vu schlechter Béierqualitéit hu se entscheet e neit „Bürgerliches Brauhaus“ ze bauen. Mais se hunn Hëllef gebraucht, an do ass de Braumeeschter Josef GROLL aus Bayern zur Hëllef komm. Se exportéieren am Moment an iwwer 50 Länner, an dat ass der Stad Pilsen hire gréissten Export. Duerno konnte mer kuerz gesi wei d´Offëlle vum Béier ofleeft. De Béier gëtt a Glas oder a Plastik mat enger Kapazitéit vun 18 000 Stéck pro Stonn, oder a Béchse mat 60 000 Stéck pro Stonn opgefëllt. Et si „nëmme“ 26 Mataarbechter néideg: vu datt se déi modernste Maschinnen hunn, funktionéiert alles voll automatesch. Als Nächst hu se eis d´Verfahre vum Brauen erkläert. ANEIL Summerrees

Dobäi ass eis verséchert ginn, dass hiert Malz an Happ National-Produite sinn. D´Grondwaasser aus Pilsen gëllt als extrem propper an ass soumat de perfekte Grondsteen fir e gudde Béier. Mir si weider erof an de Keller gaangen, deen e risegt Labyrinth ass. Mir waren ongeféier 12-21 Meter ënnert der Äerd, an d’Streck am Keller huet am ganze 9 km. D´Olga, eis super sympathesch Guide, huet eis erkläert wei de Prozess vum Béierbraue weider ofleeft. Dat ganzt gëtt 30 Deeg bei enger Temperatur vu 5-7 °Celsius gehalen a grousse Fässer, déi ongeféier 600 Hektoliter Volume hunn. Dobäi konnte mir och ongefilterte Béier dégoûtéieren, also méi frësche Béier kann ee net kréien. Sou ongefilterte Béier kenne se max. 21 Deeg halen. De ganze Site vun dëser Traditiouns-Brauerei ass ganz flott erhalen a presentéiert. Op all Eck ass eppes ze gesinn a mir kënne nëmmen recommandéieren eng Kéier laanscht luussen ze goen.

Zum Schluss wéilt ech gären nach eemol am Numm vum ANEIL´s Comité eise super motivéierten an intresséierte Membere Merci soen. Och eise Buschauffer, den Marco vun der Firma Voyages Unsen, huet vill dozou bäigedroen, datt des Ingenieursrees onvergiesslech bleift! Mir freeën eis op d’nächst Joer.

Auteuren: Max Closener Gilles Heymes Patrick Holstein Laurent Jacques Chris Kipchen Thierry Mertz Frank Metscher Tom Schanen Max Schroeder Michel Sun Tun Wiltgen

No eiser leschter Visite hu mer eisen Ofschloss mat engem gudden Iessen an der Brauerei selwer genoss.

ANEIL Summerrees

bulli Hierscht 2016 l 15


Fouer-Event

03.09.2016 | Lëtzebuerg

Et kann ee scho bal vun enger neier ANEIL’s Traditioun schwätzen. Nom Erfolleg vum lëschte Joer, hu mir och dëst Joer nees e Fouer Event lancéiert. Treffpunkt war Freides, den 3. September, um 20:00 ! Als klénge Grupp vun ca. 10 Membere gouf als eicht eng Ronn um „Grénge Spill“ gedréint. Vue dass Lëtzebuerg sou kléng ass, a bekanntlech vill Studenten nach Vakanz haten, hunn sech ganz spontan e puer Léit ugeschloss, sou dass dës „kleng“ Grupp no an no ëmmer méi gewuess ass. Eng Stonn méi spéit, hu mir en Tëschestopp bei deene villfältegen Iessbude gemaach. Gutt gestäerkt ass et du weider bei d’Schwarzwaldhaus gaangen, wou e puer Ancien Studente schonn op eis gewaart hunn. Et huet net laang gedauert, bis d’ANEIL déi eicht Ronn Béier offréiert hat. Dëst huet de Stëmmungsbarometer ënnert deene bal 30 Memberen (an e puer net Memberen) weider klamme gelooss. De ganzen Owend gouf sech vill erzielt, genuch diskutéiert, gedronk a gelaach. No enger weiderer Ronn „Meter Béier“, hu mir de flotte Moment bildlech festgehal. Dozou brauch ech eigentlech net méi vill ze soen – dës Fotoe ginn iech e puer Andréck iwwert d’Stëmmung vum Rëscht vum Owend.

CEBI LUXEMBOURG S.A.

Am Numm vum Comité, soen ech all eise Memberen, och den Anciens, déi dobäi ware villmools Merci fir dëse gelongen Event.

ELECTROMECHANICAL COMPONENTS FOR AUTOMOTIVE, HOUSEHOLD AND INDUSTRIAL APPLIANCES

Auteur: Anouk Godelet

16 l bulli Hierscht 2016

Fouer-Event


Concevoir et construire des projets durables

www.simon-christiansen.lu | www.luxplan.lu | www.geoconseils.lu | www.zilmplan.lu Parc d’activités 85-87 | B.P. 108 | L-8303 Capellen/Luxembourg | Tél. : (+352) 26 390-1 | Fax : (+352) 30 56 09

NOS ENTITÉS

ENTITÉS À L’ÉTRANGER

PARTENAIRES


ginn: d'Bréck muss renovéiert ginn – wéi genau, do muss sech Ponts et Chaussées drëm këmmeren. Dat féiert eis dann zu eiser Visite: déi war wierklech interessant well een iwwert déi ganz Stee op verschidde Niveaue konnt goen, an d'Bréck wierklech am Detail gesinn huet. Do sinn op alle Fall nach vill verstoppte Gäng a Passagen an der Bréck verstoppt. Sou goufen och eng etlech Festungsmaueren erëm opgedeckt.

Visite vum Pont Adolphe

Zur Renovatioun: d'Bréck krut zimlech vill Rëss duerch ënnert anerem dat villt Salz dat am Wanter gestreet gëtt, an duerch de Baufusch vu 1960 dee gemaach huet datt dat Salz mam Waasser an d'Bréck gespullt ginn ass. Duerch déi Rëss war d'Bréck a puer Brécken zerdeelt (pour info: 3 eenzel Brécke si manner zolidd wéi eng Bréck déi 3 mol sou deck ass).

16.09.2016 | Lëtzebuerg

Freides de 16 September um 17.00 Auer ware mir de Chantier vun der Renovatioun vum Pont Adolphe kucken. De gudde Mann vun der Chant et Poésie, deen eis d'Visite gemaach huet, huet eis ee klengen Abléck an d’Geschicht vun der Bréck ginn, fir datt mir d`Noutwendegkeet vun der Renovatioun verstinn. Dëse geschichtlechen Hannergrond probéieren ech dann och elo mol zeréckzeginn (ouni Usproch op Richtegkeet):

Solutioun: fir d’éischt probéieren d'Salz sou gutt wéi méiglech mat Waasser aus der Bréck erauszespullen. Da probéiere sou gutt wéi méiglech d'Rëss mat flëssegem Zement auszefëllen (duerch injizéieren) a sou ähnlech wéi an den 2000er d'Bréck mat décke Schrauwen zesummen ze drécken (wéi hëlze Brieder déi een zesummeschrauft).

Nodeems Lëtzebuerg 1867 (zweete Londoner Vertrag) d'Festung opgemaach huet, hat d’Stad Lëtzebuerg ee massive Verkéiersproblem ... kennt ee jo vun iergendwou... 1896 huet de lëtzebuerger Ingenieur Albert Rodange Pläng agereecht fir eng „nei Bréck“ ze bauen. Well d'lëtzebuerger Regierung wuel engem lëtzebuerger Ingenieur net getraut huet sou eng komplizéiert an deier Bréck ze bauen, hu si dem franséischen Ingenieur Paul Séjourné den Optraach ginn. Deen huet dem Rodange seng Pläng iwwerschafft an de finale Plang erstallt.

Zur gudder läscht gëtt nach eng Vëlospiste drënner gehaangen, fir datt déi Gréng och frou sinn. Zur Vëlospiste muss ee soen, datt dat wierklech eng 5 Stäre Luxus Vëlospiste ass wou een herno eng mega Vue op ënnert anerem d'gëlle Fra huet. Ech denke wann d‘Bréck opgeet ass et wierklech derwäert eng kéier mam Vëlo derduerchzefueren, et kritt ee nämlech och ee schéinen Abléck an déi al lëtzebuerger Geschicht. Driwwer fueren ass wuel éischter keng gutt Iddi, de Problem vun 1867 mam Stau ass wahrscheinlech nach ëmmer net geléist an den Tram fiert och nach net driwwer (soll awer nach alles kommen...)!

Tëschent 1900 a 1903 ass d‘Bréck dann ënnert dem Groussherzog Adolphe I (dowéinst de Numm) gebaut ginn. Et kann ee sech virstellen, datt d'Panzeren, déi am Zweete Weltkrich iwwert d'Bréck gefuer sinn, an dat ganzt Salz op der Strooss der Bréck net sou gutt gedoen hunn. Dat huet derzou gefouert datt d’Bréck 1960 eng éischte kéier huet misse rafistoléiert ginn. Anscheinend hu se deemools leider e bëssi Fusch am Bau gemaach. 2003 gouf dowéinst unhand vun Eisestaangen d'Bréck provisoresch zesummegehalen. Dës Staange si schnell gerascht, mam Effekt dass se an d'Péitrussdall gefall sinn.

Auteur: Pit Schmit

Dorops hin ass décidéiert ginn, datt mat der Bréck eppes misst geschéien. Déi éischt Iddi, d'Bréck ofzerappen a se duerch eng Stol/Betons Bréck ze ersetzen, déi een dann awer mat den ale Steng verkleet hätt, ass bei der lëtzebuerger Bevëlkerung nëmme bedéngt gutt ukomm. Dorops hin ass an enger Versammlung décidéiert Fotoen: Tom Steichen

20 l bulli Hierscht 2016

Visite vum Pont Adolphe

Fotoen: Tom Steichen

Visite vum Pont Adolphe

bulli Hierscht 2016 l 21


47, rue Gabriel Lippmann L-6947 Niederanven Tél. : (+352) 42 68 90 - 1 Fax : (+352) 42 68 96

CONCOURS BAUHÄREPRÄIS

PROJETS LAURÉATS

info@inca-ing.lu www.inca-ing.lu

© Lu

SNCFL Gare de Luxembourg - Halle des voyageurs

kas

Hun eke

2016

SERVICE DES SITES ET MONUMENTS NATIONAUX Extension de l’itinéraire Wenzel au plateau du Rham

CONCOURS BAUHÄREPRÄIS

PRIX DU PUBLIC 2016

CTE HITE

M. SIBENALER Maison Unifamiliale Passive

ARC

NORBERT BRAKONIER S.A. Showroom NBR

© FG

Mettwochs an Donneschdes, den 9. an 10. November an der Luxexpo

S

Foire de l'étudiant

DATA CENTER ENERGY S.A. Data Center Energy

Wéi all Joer am November, ass d’ANEIL och dëst Joer den 9. an 10. op der Foire de l’étudiant vertruede fir d’Schüler an zukünfteg Studenten iwwer de Studium an de Beruff vum Ingenieur z’informéieren. Mat enger neier Opdeelung vun eisem Stand wëlle mir deen nach méi attraktiv maachen. Kommt also roueg laanscht !

Wat Wéini Wou

Foire de l'étudiant 09 & 10.11.2016 Luxexpo, Kierchbierg

M. ET MME HORNICK-GUILLAUME Extension de la maison

IKOGEST / PHAROS REAL ESTATE FUND One on One


Georges, wisou „Bauingenieurswiesen“? a wisou op der RWTH Oochen? Den Choix fir d’Ingenieursstudium ze entaméieren ass eigentlech ganz natierlech komm, vu dat mäin Papp an schonns mäin Grousspapp och den Beruff gewielt haten. Et war also manner eng bewossten Entscheedung wie eng natierlech Evolutioun aus der Familljentraditioun.

Interview CDCL

D’Studium vum Bauingenieurswiesen bréngt eng gewessen Disziplin an Methodik mat sech, déi mir haut och nach ganz vill hëllefen; dëst obschonn den techneschen Aspekt vum Beruff an menger haiteger Funktioun nëmmen eng ënnergeuerdent Roll spillt.

Georges Thill – Generaldirekter vun « CDCL Compagnie de Construction Luxembourgeoise »

D’RWTH Oochen war fir mech den éischten Choix well et eng vun deenen eenzegen däitschsproochegen Universitéiten war déi d’Studium vun der Metallurgie ugebueden huet. An deenen Joren huet déi deemoleg ARBED nach relativ vill Metallurgisten agestallt.

De Georges Thill, Joergang 1964, huet no senger Première am Escher Jongelycée op der RWTH zu Oochen „Ingenieurwesen“ studéiert an 1990 säin Diplom als „Ingenieur der Metallindustrie“ kritt. Während senger Studentenzäit war de Georges Thill och aktiven Member an der ANEIL a souguer Sekretär vun deser Studentenassociatioun. Mat sengem Diplom an der Täsch ass de Georges Thill bei d’ARBED an d’Recherche schaffen gaangen. Kuerz drop ass hien op Boston op d’Harvard Buisiness School gaangen, fir do als „research associate“ an dem „Technology & Operations Management Departement“ ze schaffen. 1994 ass de Georges Thill zeréck op Lëtzebuerg komm a säi Wee huet hien bei „Guardian Luxgard – Architectural Glass“ gefouert, wou hien 7 Joer Manager am Beräich Sales, Project Coordination & Management war. Wieder Statiounen an der Carrière waren Paul Wurth SA an Poeckes Sàrl. 2015 ass de Georges Thill bei CDCL geruff ginn fir d’Positioun vum „Operations Manager“ anzehuelen an sech em dat alldeeglecht Baugeschäft vun der Entreprise ze kemeren mee awer och fir Prozesser ze analyséieren an ze optiméieren. Säit dem Summer 2016 ass de Georges Thill, dee bestuet ass an 2 Kanner huet, Generaldirekter vun CDCL. De Georges Thill ass domadder ënnert dem Conseil d’Administration d’Nummer 1 vun enger grousser lëtzebuerger Traditiouns-Bauentreprise, déi an der 4. Generatioun existéiert. D’Wuerzelen vun der CDCL ginn zeréck an d‘1930er Joren wou den André Colas (Urgrousspapp vum haitegen President vum Conseil d’Administration, Jean-Marc Kieffer)

Mir haten eng ganz flott Komiteeséquipe, wou mer zesummen Initiativen geholl hunn déi mer eenzel als Individuum net geholl hätten. Ech denken un d’Approche vun groussen Entreprisen fir Sponsoring oder Visiten. D’Redaktioun vum Bulli wou jiddereen matgeschafft huet fir déi nei Editioun spannend ze gestalten. Entrevuen mat Ministeren an aneren Organisatiounen hunn eng Virbereedung mat sech bruecht fir sécher ze stellen dat mir esou “professionell“ wie méiglech optrieden konnten. An dann déi Feten wou vill ronderëm dem Patt gelaacht an diskutéiert gouf. Wat si grouss Projet’en un deenens du all Dag schaffs?

Beschreif eis bëssen deng Zäit bei der ANEIL

Intern stellen mer lafend eis Decisiounsprozesser an Fro! Mir sinn keng Administratioun; den Succès vun eisen Chantieren leit an schnellen Decisiounen an kuerzen Weeër. D’Konscht ass fir déi intern Prozesser schnell ze maachen, mat deenen néidegen Kontrollmechanisme fir dat aus der Vitesse keng Precipitatioun gëtt.

Wann ech un d’ANEIL denken, kommen mer spontan Wieder wie Kollegialitéit, Responsabilitéit an Teamaarbecht an den Kapp.

Den Bau ass an enger wesentlecher Transformatiounsphase wou d’Planungsphase vun den Chantieren vill méi intensiv gëtt fir dat

seng Bauentreprise gegrënnt huet. 1979 hunn 3 lëtzebuerger Bauentreprisen fusionéiert fir CDC ze grënnen. Haut beschäftegt CDCL 610 Leit, dovunner schaffen 500 Leit op de Chantier’en. Des Chantier’en betreffen souwuel den Déifbau wéi den Héichbau, de Brécken- a Stroossenbäu, Renovatioun- a Rehabilitatiounsaarbechten, Industriebau an d’Entwécklung vun Bauprojeten. 2015 huet CDCL en Emsaatz vun 146 Milliounen Euro erschafft an ass op groussen, renomméierten an ambitiéisen Chantieren aktiv: de Projet RoyalHamilus am Staatkäer, den neien LTPS zu Ettelbréck, grouss Chantieren fir d’CFL, den Ausbau vun der City Concorde, d’Preparatiounsaarbechten fir d’Schinnen vum Tram um Lampertsbierg, … Zu de Referenzen vun der CDCL zielen awer och zum Beispill de Pafendaller Lift, de Freeport, d’Lotissement „Cité du Soleil“ zu Beetebuerg (100 Wunneenheeten), d’Gréiwemaacher Grenzbréck, de Centre de Logopédie, de Centre Sportif René Hartmann zu Diddeleng, de provisoreschen Kolléisch, d’Maison du Livre an d’Maison du Savoir um Belval, d’Passerelle um Gaalgebierg, a weider nach. Fotoen: CDCL

24 l bulli Hierscht 2016

Interview CDCL

Interview CDCL

bulli Hierscht 2016 l 25


Construisons votre avenir ! Fotoen: CDCL

d’Implementatioun um Terrain esou effizient wéi méiglech gëtt. Stéchwuert dat all Mënsch mëttlerweil kennt ass BIM fir Building Information Modelling. An dem Kontext setzen mir iwwert déi nächst 2 Joer en integréiert Informatiounssystem em wat eis wäert erlaben am Domaine vun der 3D Konstruktioun en Virreider wäerten ze sinn. D’Baubranche ass „people’s business“. D’Qualitéit vun eisen Mataarbechter ass den „A an O“ vun eisem Geschäft. Duerfir investéieren ech vill Zäit mat eisen Departement vun den Ressources Humaines fir sécher ze stellen dat eis Mataarbechter en produktiivt Aarbechtsfeld hunn an dat CDCL en attraktiven Employeur bleift. Extern sinn natierlech virun allem eis gréisser Chantieren wie z.b. Royal-Hamilius déi ech ganz intensiv verfollegen. Den Bau ass en Geschäft mat héijem Chiffre d’affaire, mee mat relativ modesten Margen. Do ass et einfach wichteg dat d’Derivé'en op Chantieren fréi erkannt ginn. Waat kann CDCL engem jonken, dynameschen Student bidden? CDCL ass mat den gréissten lëtzeburger Baubetrieb wou en Ingenieur vun den Aarbechtsmethoden (Virbereedung vum Chantier), Statikberechnungen, Suivi vun Chantieren um techneschen, mënschlechen an finanziellen Aspekt bis bei Direktioun vun ganzen Departementer sech entfalen kann.

26 l bulli Hierscht 2016

Mir hunn Platz vir Leit déi den theoreteschen Deel vum Bauen (Statik, Methoden, Kalkulatioun) interesséiert, wie och fir Leit déi sech méi wuel mat den prakteschen Aspekter vun engem Chantier fillen. Bei eis fënd den Ingenieur en gudden Mix teschend dem Büro an dem prakteschen Aspekt um Terrain. CDCL ass eng lëtzeburger Firma an Familjenbesëtz mat Valeuren wie Integritéit, Responsabilitéit an Combativitéit déi dozou gehéieren. Mir freeën eis fir all Kandidatur déi säitens vun Memberen vun der ANEIL wäert kommen. E Message un d’Studenten déi haut op den Uni’en uechter d’Welt Ingenieurwessenschaften studéieren: Fir den Ingenieur vun haut ginn et villfälteg Opportunitéiten, sief et an der Recherche, an der Educatioun, bei den Administratiounen, bei Bureaux d’étuden, an der Produktioun oder firwat net an der Selbststännegkeet. Et ass extrem wichteg dat den Student sech während dem Studium kennen leiert fir eraus ze fannen an wellechem Domaine hien sech am wuelsten fillt. Oft ass en gudden Chercheur en manner gudden Prodktiounssupervisor oder emgedréint!

Avec plus de 4000 collaborateurs travaillant au sein de l’Entreprise et de ses filiales, POST Group est le 2e employeur du pays. Forte de sa renommée bien établie et son ancrage luxembourgeois, POST Luxembourg est aussi une entreprise innovante, ouverte sur le monde par ses métiers en constante évolution et par la richesse de ses collaborateurs de plus de 35 nationalités différentes.

Passionné(e) de nouvelles technologies ou féru(e ) d’informatique, rejoignez-nous !

Auteur: Georges Thill

www.postgroup.lu Interview CDCL


Dëst war méiglech duerch e Pilotprojet vun den Handwierkerkummere vun Tréier a vu Lëtzebuerg, an Zesummenaarbecht mat der Fachhochschule Tréier. Dono hunn ech mäi Master of Engineering an der Fachrichtung „Technisches Gebäudemanagement und Energiemanagement“ an därselwechter Schoul gemaach, an ech war gläichzäiteg 2 Deeg an der Woch bei APKO als techneschen Assistent beschäftegt. 2011, just no mengem Master, huet APKO mir e Contrat à durée indéterminée an därselwechter Funktioun ugebueden. Dräi Joer méi spéit, dat heescht virun elo zwee Joer, krut ech eng Promotioun zum Chargé d’affaires adjoint.

Interview a+p kieffer omnitec

PS: Ech hunn och e Master of Engineering vun der Fachhochschule Tréier. De Kontakt mat a+p kieffer omnitec koum iwwer ee vu menge Professeren zustanen, dee mir en interessant Thema fir meng Diplomaarbecht am Beräich vun de Belëftungsanlagen ugebueden huet. APKO ass notamment an dësem Domaine Spezialist a konnt mech dofir efficace encadréieren. Duerch hiert Partenariat mat ville Gesellschaften am Grupp Omnium Technic konnt ech net nëmmen zu Lëtzebuerg u menger Thees schaffen, mä och a fënnef aneren Entreprisen aus eisem Secteur an Däitschland.

Obwuel d’Firma a+p kieffer omnitec éischter wéineg als Employeur vun Ingenieure bekannt ass, beschäftegt si X Bacheloren an Y Master of Engineering an hirer Equipe vun 395 permanente Mataarbechter. D’Firma, déi aus engem Handwierksbetrib aus der Virkrichszäit ervirgaangen ass, steet haut op der 89. Plaz vun de gréissten Employeuren am Land (X. Plaz, wann een d’Firmaen net matrechent, bei deenen de Lëtzebuerger Staat eng Roll spillt). Si begleet déi grouss Bauprojeten am Land a këmmert sech ëm d’Realisatioun an d’Maintenance vun Anlagen am Beräich vun der Wärme- an Energietechnik. Fir Bulli hu mir eis mam Philipp Schumacher a Sebastian Barzen ënnerhalen, zwee jonk Master of Engineering, déi bei a+p kieffer omnitec (APKO) schaffen. Si schwätze mat eis iwwer hire Parcours an iwwer hir Responsabilitéiten am Betrib.

Wat sinn Är deeglech Aufgaben?

Philipp Schumacher

Origine vun de Master (M) a Bachelor (B) of Engineering vun APKO

An e puer Wierder, wie sidd Dir a wéi eng Funktioun hutt Dir bei APKO? PS: Philipp Schumacher, ech hunn 30 Joer, e Master of Engineering an ech schaffen am Departement Equipements Techniques et Energétiques, dee sech ëm d’Installatioun vun neien Anlagen an neien Infrastrukture këmmert. SB: Sebastian Barzen, 32 Joer. Als Ingenieur sinn ech am Departement Gestion Technique et Energétique (GTE) fir d’Gestioun an d’Maintenance vun den Anlage vu verschiddene Clienten zoustänneg. Wéi ee Parcours hutt Dir gemaach, éier Dir bei APKO koumt? SB: Ech konnt fir d’éischt emol mäi Bachelor of Engineering-Studium parallel mat enger Léier an enger HVAC-Firma zu Lëtzebuerg maachen.

28 l bulli Hierscht 2016

Sebastian Barzen

Siège vun a+p kieffer omnitec zu Lëtzebuerg

Fotoen: a+p kieffer omnitec

Interview a+p kieffer omnitec

PS: Ech sinn un deene verschiddene Phase vum Choix, der Installatioun an dem Iwwerpréiwe vum Fonctionnement vun den techneschen Anlage bedeelegt. An der Praxis bedeit dat, dass ech haaptsächlech d’Berechnunge vun de Projektstudie kontrolléieren, Exekutiounspläng fir eis Monteuren um Bau maachen an d’Material bestellen. Zil ass et, deen héchstméigleche Confort an engem Gebai ze erreechen, an dobäi sou vill Energie wéi méiglech ze spueren an d’Ëmwelt ze schounen. Fir mech ass dat eng passionant Aarbecht, well si verbënnt en héije Grad un Technik, an oft vill Erausfuerderungen, mat vill mënschlechem Kontakt mat eise Clienten, Fournisseuren, menge Kollegen um Büro an um Bau a vill anere Corps de Metieren. SB: A menger „Cellule“ si mir fir 40 Gebaier mat engem Maintenance-Vertrag verantwortlech. Meng Aufgabe sinn dofir och ganz villfälteg: MaintenanceOperatioune plangen a koordinéieren, fir eise Clientë permanent en optimale Confort ze garantéieren, d’Energieberichter iwwer d’Leeschtung vun den Anlage verfaassen, Präisoffere fir hir Optimisatioun ausschaffen, Material bestellen, … Eist Motto ass „one face to the customer“ a sou sinn ech och a menger Cellule de privilegiéierten Uspriechpartner fir d’Clienten. Ech gesi si deemno oft, fir mat hinnen iwwer d’Technik an iwwer de budgetaire Suivi vun hirem Contrat de maintenance ze schwätzen.

Fotoen: a+p kieffer omnitec

Interview a+p kieffer omnitec

bulli Hierscht 2016 l 29


acheteur

COMMUNICATION

Employé de bureau

BOUCHERIE

PUBLICITé

BOULANGERIE

MAGASINIER techinicien

PHOTOGRAPHE

VENDEUR

informaticien GRAPHISTE CAISSIER(E) gérant WEBDESIGNER

Fotoen: a+p kieffer omnitec

Auteur: a+p kieffer omnitec

COMMUNICATION

chauffeur

gérant WEBDESIGNER

FLEURISTE

SB: Ech géif hinne roden, sech an hire Vakanzen an natierlech och während hire Stagë vu verschiddene Firmaen an op verschiddene Posten engagéieren ze loossen, fir hir spéider Carrière besser orientéieren ze kënnen. Ideal ass do natierlech eng Leader-Firma, déi eng grouss Zuel un Technike beherrscht, wéi a+p kieffer omnitec.

COMMERCIAL GRAPHISTE

BOULANGERIE

INTERESSÉ(E)?

Cactus S.A. Gestion du personnel Route des 3 Cantons / L-8399 Windhof Ou recrutement@cactus.lu 30 l bulli Hierscht 2016

Interview a+p kieffer omnitec

marketing

PS: Dat ass genee dat, wat mir och esou gutt gefält, an natierlech och déi familiär Atmosphär bei APKO. Déi mécht d’Kontakter an den Austausch ganz einfach, souwuel d’Kollege wéi och d’Hierarchie lauschteren engem no a sinn disponibel. Och déi flexibel Schaffzäite sinn a mengen Aen e grousse Plus.

PS: Wielt fir Är Diplomaarbecht e ganz prakteschen an aktuelle Sujet aus. Dee konfrontéiert Iech net nëmme mat der Realitéit um Terrain mä mécht Iech dono och méi einfach d’Diere vu Firmaen op, deenen Är Fäegkeet, zu enger konkreter Problematik ze fuerschen, gefält.

EST TOUJOURS À LA RECHERCHE DE NOUVEAUX COLLABORATEURS! RéDACTEUR DéCORATEUR COORDINATEUR BOUCHERIE

SB: Ech fir mäin Deel appreciéieren d’Villfalt, net nëmme vu mengen Aufgaben, mä och vun de Chantieren an de verschiddene Metiere vun der Firma. Mir këmmeren eis ëm d’Maintenance souwuel vun HVAC-Anlagen, wéi ëm d’Niddregspannung an de Schwaachstroum an Industriegebaier, Spideeler, Piscinnen, Fluchhäfen, … Dat ass ganz beräichernd. Doduerch, dass eis Firma all dës Handwierker an Techniken intern beherrscht, léieren ech immens vill a kann esou schnell Léisunge fannen, déi eis Clienten zefriddestellen. A mir suivéieren natierlech och permanent d’Entwécklung vun der Technik a vun deene verschiddenen Normen duerch intern an extern Formatiounen.

E Rot fir zukünfteg Ingenieuren, déi nach um Studéiere sinn?

Chef de rayon assistant commercial

Wat gefält Iech als Ingenieure bei APKO?


Reseau goung. Duerno hunn ech un verschiddene Projete geschafft: en Appel d’Offres fir intelligent Waassercompteuren an den nationale System vun den intelligente Compteuren ze integréieren, Definitioun vun engem neie Beschaafungsmodell vu Gas vun enger regionaler Gesellschaft an der Schwäiz, eng technesch-ekonomesch Studie iwwert alternativ Brennstoffer am Transport, etc. No bësse méi wei engem Joer krut ech eng Promotioun zum Consultant. Säit deem hunn ech méi Verantwortung op de Projeten an schaffe op verschiddene Projeten och als Chef de Projet, wat ënnert anerem bedeit dat ech direkt mat de Clienten a Kontakt stinn.

Interview Schwartz and Co

Wei gesäit däin Aarbechtsalldag aus?

Schwartz and Co ass en internationalen an onofhängege Beroder Cabinet an der Strategie an Organisatioun an de Secteure vun der Energie, dem Waasser an dem Transport. Schwartz and Co ass 2009 zu Lëtzebuerg gegrënnt ginn an huet Büroen zu Lëtzebuerg, Paräis, Lausanne, Bréissel, London a Peking. D’Cliente vum Cabinet sinn Energie Fournisseuren, Reseau Gestionnairen, Transportentreprisen, Fongen an ëffentlech Acteure wei Gemengen, Ministèren a Regulateuren. Ween bass du a wat schaffs du bei Schwartz and Co?

Nicolas Back an enger Reunioun mat engem Client vu Schwartz and Co

Mäin Numm ass Nicolas Back an ech schaffen als Beroder fir Schwartz and Co. Wei bass du un Schwartz and Co komm? No mengem Maschinnebaustudium op da TU München an deem ech mech an dem Beräich Energie spezialiséiert hunn, hunn ech en MBA zu Paräis beim CDI (Collège des Ingénieurs) gemaach. Mäin Haaptinteressi huet ëmmer dem Energieberäich gegollt an ech hunn dowéinst während där Zäit och meng Missioun bei EDF (Electricité De France) gemaach. Ech wollt duerno méi iwwert de Fonctionnement vun dem Energiesmarché leieren, deen am Moment an engem fundamentale Wandel ass. Aus deem Grond hunn ech mer eng Aarbecht bei engem Beroder gesicht deen am Energieberäich spezialiséiert ass. Schwartz and Co ass mir dunn vun engem Alumni vum CDI recommandéiert ginn. Vue que dat mer och en Büro a vill Clienten zu Lëtzebuerg hunn huet mäin Chef ma dunn proposéiert mech hei anzestellen. Wei ass deng Carrière bei Schwartz and Co bis elo verlaf? Ech hunn virun 2 Joer al Business Analyst ugefaangen an direkt eegestänneg un engem Projet geschafft bei deem et em d’Organisatioun vum Lëtzebuerger Gas

32 l bulli Hierscht 2016

Wei den Numm et seet ass en Beroder en Spezialist an engem bestëmmte Beräich an deem en seng Cliente par rapport zu spezifesche Problematike bereit. Eis Cliente komme bei eis mat engem Projet bei deem se Hëllef vun ons brauchen. Mir begleeden si dann an der Ausféierung vun dësem Projet, ginn hinnen eng fundéiert Meenung zu de verschiddenen Aspekter vun der Problematik a preparéieren all Dokumenter. Et handelt sech also em eng Bürosaarbecht bei där een iwwert all d’Aspekter vun der Problematik nodenkt, des mam Client beschwätzt a Resultater a Form vun engem Word oder Powerpoint Rapport op Blat bréngt. Et kann een et mat enger Studentenaarbecht vergläichen: all d’Reflexiounen a Conclusioune ginn an engem Rapport gebündelt dee verständlech fir de Client muss sinn. D’Fortschrëtter vum Projet ginn dem Client all 2 bis 3 Wochen an enger Reunioun presentéiert. Al des Aarbechte gi vu mir autonom preparéiert a vu mengem Chef validéiert, éier se un de Client geschéckt ginn. Wat hues de bis elo bei Schwartz and Co geleiert? Ofgesi vum Fonctionnement vum Energiesmarché hunn ech séier geleiert méi strukturéiert ze schaffen a méi kloer a verständlech ze schreiwen an ze presentéieren.

Dann handelt et sech och net em ee Cabinet deen sech just op Strategie a Business Pläng limitéiert ouni eng Anung vun der Technologie ze hunn. Mir hunn zum Beispill bei 2 groussen technesche Projeten zu Lëtzebuerg vun Ufank un mat geschafft: d’Installatioun vun den intelligente Compteuren a vun de Ladesäulen fir d’elektresch Mobilitéit am ganze Land. Fir bei sou Projete mat ze schaffe muss een sech iwwert den technologesche Stand informéiere fir mat dem Client an de méigleche Fournisseuren op engem Niveau ze diskutéieren an dem Client derbäi ze hëllefen déi optimal technesch Léisung ze wielen. Et handelt sech also em en Cabinet an deem een déi aktuell technologesch Evolutioune verfollegen a verstoe sollt. Wat géifs de jonken Ingenieure mat op den Wee ginn? Et ass sécher wichteg déi Hard Skills a sengem Ingenieursstudium ze leieren (zum Beispill wei leen ech eng Maschinn aus), mee et ass och ganz wichteg Soft Skills ze leieren: wei schaffen ech autonom a strukturéiert, wei schreiwen ech en Rapport, wei halen ech eng Presentatioun, … Et ass ganz wichteg ze wësse wei een déi wichteg Messagen eriwwerbréngt, soss bréngt een et net fäerdeg en Projet deen engem um Häerz läit wieder ze entwéckelen. Wei kann ee jonken Ingenieur dem Cabinet bäitrieden? De Cabinet ass ëmmer op der Sich no motivéierte Beroder. Et ass méiglech en Stage ze maachen an deem een autonom ënnert der Uleedung vun engem erfuerene Beroder un engem bestëmmten Thema schafft an niewe laanscht eng Hand bei aktuelle Projete mat uleet, mee et ass och méiglech als diploméierten Ingenieur unzefänken, mat an och ouni Beruffserfahrung. Wichteg ass et en Interesse un de Secteure mat ze bréngen. Et kann een seng Demande op dem Internet Site vum Cabinet ofginn (www.schwartz-and-co.com).

Wat mécht Schwartz and Co eenzegaarteg?

Inauguratioun vum Büro zu Peking an der Residenz vum Lëtzebuerger Ambassadeur. Vu lenks no riets: Paul Steinmetz (Lëtzebuerger Ambassadeur zu Peking), Hervé Schwartz (President a Grënner vu Schwartz and Co) a Meng Gao (Direkter vun der chinesescher Filiale vu Schwartz and Co) Fotoen: Schwartz and Co

Interview Schwartz and Co

Et ginn en puer Elementer déi Schwartz and Co eenzegaarteg maachen. Fir d’éischt emol ass et eng kleng Equipe wat den Empfang an der Equipe an Zesummenaarbecht mat den Aarbechtskollege frëndlech gestallt, ouni awer ze vergiesse professionell mat enaner ze schaffen. Dësweidere wiesselen d’Projeten an d'Thématique relativ séier an déi meeschte Projete sinn op eng kuerz Dauer vun 2 bis 3 Méint limitéiert. Dëst bedeit dat ee capabel muss si séier vun enger Thématique op déi nächst ze wiesselen, wat d’Aarbecht awer och a mengen Ae méi interessant mécht an et langweilt een sech net.

Interview Schwartz and Co

Auteur: Nicolas Back

bulli Hierscht 2016 l 33


Conseil en stratégie et management Energie – Eau – Transports

Visite vum Chantier Arrêt Roud Bréck Pour rejoindre notre équipe à Luxembourg (stages et CDI), envoyez votre CV et lettre de motivation à : recrutement@schwartz-and-co.com Schwartz and Co S.A. 3 Place d’Armes L-1136 Luxembourg Tel : +352 278 60 400 Fax : +352 278 61 237 www.schwartz-and-co.com

Luxembourg ● Paris ● Bruxelles ● Lausanne ● Londres ● Pékin

Samschdes den 12. November 2016 um 15h00 zesummen mat Schroeder&Associés

Wat Wéini Wou

Visite Chantier Arrêt Roud Bréck Samschdes, 12.11.2016 Letzebuerg

Umelle kent dir iech via Email beim Charly - charly.huberty@aneil.lu


d‘Rëssverdeelung an engem Baukierper aus. Fir eng experimentell Bewäertung kënnen ze gewannen hunn ech dohier eng Rei ënnerschiddlech Experimenter mat uewerflächemodifizéierten Textilien duerchgefouert.

Masteraarbecht vum Tom Steichen

Experimentell Analysen iwwert den Afloss vum Verbondverhale vun Textilbeton am Hibléck op eng Uewerflächemodifikatioun vun der textiler Bewehrung Niewent dem übleche Baustol gewannen Textilien, wei zum Beispill Carbon- oder Glasfaser, säit Jorzéngten ëmmer méi u Bedeitung an der Baubranche. Déi industriell hiergestallte Fasermaterialie gi scho säit Joren am Fliger- an am Automobilbau agesat. Dës Entwécklung hunn och vill Bauingenieure sech schonn zu Notze gemaach a setzen déi Textilien mëttlerweil erfollegräich am Bauwiesen an. D’Virdeeler vun dëser textiler Bewehrung leien an hire physikaleschen Eegeschaften. D’Onempfindlechkeet géigeniwwer der Korrosioun erméiglecht eng Mindestbetondeckung (déi noutwenneg Betondeckung fir d’Bewehrung am Beton virun der Korrosioun ze schützen) vum Textil vu just e puer Millimeter, verglach mat ca. 3 bis 5 Zentimeter bei üblechem Stolbeton. Zudeem ass d’Festegkeet vun der netzaarteger Textilbewehrung vill méi héich wei déi vun der handelsüblecher Stolbewehrung. Mat steigender Festegkeet gëtt folglech och e vill méi gerénge Bewehrungsquerschnëtt am Bau vun Textilbetonbauwierker gebraucht. Schlussendlech kënnen, dank dem Textilbeton, méi liicht, dënn, fräi formbar a souguer dauerhaft Bauobjekter entstoen.

Ënnert dem Begrëff „Uewerflächemodifikatioun“ versteet een eng Verännerung/Verbesserung vun der Uewerflächestruktur vun engem Material; am Fall vu menger Masteraarbecht waren dëst Textilelementer aus Carbon. Als Modifikatiounsmaterial gouf Quarzsand agesat. Dëse gouf op zwou verschidden an ëmständlech Manéiere manuell op d’Textilelementer opgedroen. Niewent deenen zwou Methode gouf schliisslech och nach de Sandundeel variéiert fir eng Tendenz

Modifikatiounsprozess

am Zesummenhang mam Modifikatiounsgrad kënnen ze ermëttelen. Sou si schlussendlech sechs ënnerschiddlech modifizéiert Textilien entstanen. Natierlech gouf och e Referenzmaterial, wat guer net mat Sand manipuléiert gouf, hiergestallt. Fir de Sand um Textil ze fixéiere gouf e Polymer, an eisem Fall eng Haarzmëschung, agesat. Bei 100 °C gouf d’Textil mam Polymer während dräi Stonnen an engem Industrieuewen aushäerde gelooss. Fir eventuell Verformungen während dësem Aushäerdungsprozess ze verhënneren gouf d’Textil am Viraus an eng speziell entwéckelt Spannrumm agespaant. De Polymer fixéiert dobäi net nëmmen de Sand um Carbon, mee verbënnt och déi ënnerschiddlech Carbonfaseren, déi an engem

modifizéiert Textil

Duerch den Asaz vun Textilbeton als Verstäerkungsoder Sanéierungsmoossnahm solle beispillsweis och schwaach Betonselementer nodréiglech kënne verstäerkt a beschtefalls souguer eng schiedegend Rëssbildung, duerch beispillsweis bestoend Iwwerbelaaschtung, ënnerbonne ginn. Allerdéngs kënnt et grad am Sanéierungsberäich dacks zu engem Verbondversoen tëscht der Textilschicht an dem Beton. Am Kader vu menger Masteraarbecht hunn ech mech dofir haaptsächlech op d’Optiméiere vum Verbondverhalen zwëschent dem textile Material an der Betonmatrix fokusséiert. Wéi schonn aus dem übleche Stolbetonbau bekannt, ass d’Zesummewierken vu béide Materialie maßgebend fir d‘Stabilitéit vun engem Baudeel kënnen ze garantéieren. Jee besser also d’Verbondverhale vum Textil am Beton ass, ëmsou méi fäi fällt och

36 l bulli Hierscht 2016

Textilbetonbauwierk

Fotoen: Tom Steichen

Masteraarbecht vum Tom Steichen

Mikroskopeopnahm

Masteraarbecht vum Tom Steichen

Fotoen: Tom Steichen

bulli Hierscht 2016 l 37


www.karpkneip.lu

Opbau vum Pull-Out-Versuch

Faire des routes irréprochables, c’est notre métier.

Prinzip vun der Kraaftverdeelung beim Pull-Out-Versuch

Auswäertung vun de Pull-Out-Versich

38 l bulli Hierscht 2016

Opbau vun engem Dehnkierper

Fotoen: Tom Steichen

Masteraarbecht vum Tom Steichen


Carbonstrang (am Fachberäich och als „Roving“ bekannt) sinn, ënnerteneen. E Carbonroving mat enger Querschnëttsfläch vu just 1,8mm2 besteet aus 50.000 eenzele Carbonfilamenter woubäi d’Déckt vun engem Filament ca. engem Fënneftel vun engem mënschlechen Hoer entsprécht. Fir eng allgemenggëlteg Ausso zur Verbondverbesserung vum modifizéierten Textil am Beton ze gewannen goufen insgesamt véier ënnerschiddlech Versuchsreien duerchgefouert. D’Rovingzuchversich (Festegkeetspréifungen) hunn, wéi erwaart, keng relevant Erkenntnisser bruecht; trotzdem gouf dëst ënnersicht fir ze iwwerpréiwen, ob keng Schiedegung vun de feine Carbonfaseren duerch déi „eckeg“ Sandkären entstoe géif.

Opbau vum Dehnkierperversuch

reduzéiere vu Rëssbreet duerch Modifikatioun

Beispill vu Rëssbiller nom Dehnkierperversuch

Haftzuchversuch

A weideren Experimenter gëtt d’Verbondverhalen a Form vu „Pull-Out-„ an „Dehnkierperversich“ ënnersicht. E Pull-Out-Kierper ass näischt aneres wéi en Textilroving deen an e Betonklotz abetonéiert gouf. D’Zil vum Versuch ass et schliisslech d’Kraaft ze bestëmmen déi néideg ass fir dëse Roving aus dem Betonkierper erauszezéien ouni dass eent vu béide Materialie brécht. Domadder kann een de relativen Haftverbond, also déi maximal Verbondkraaft zwëschent béide Materialie, bestëmmen. Vue dass déi relativ Verformung immens geréng ass gouf dës mat engem optesche Messsystem gemooss. D’Resultat vun dëser Versuchsrei huet all Erwaardungen iwwertraff; de Verglach zwëschent dem onmodifizéierten an dem modifizéierten Textil weist eng Steigerung vum Verbond vu bis zu 200% (ingesamt 300%). En Dehnkierper ass e Préifkierper dee genau déi Textilbetonschicht duerstellt wéi se spéider och um Baukierper als Sanéierungsschicht agebaut gëtt, also e rengt Textilbetonelement. Heibäi geet et am Versuch dorëms d’Zesummespill vum Textil an dem Beton bei gläichméisseger Belaaschtung vum gesamten Textilbetonkierper ze bestëmmen; wichteg Faktore sinn hei souwuel d’Beton- wei och d’Carbonfestegkeet. Allgemeng gouf eng Verbesserung am Hibléck op d’Rëssverdeelung am Préifkierper festgestallt; mat steigendem Sandundeel huet sech net nëmmen eng gläichméisseg Rëssverdeelung bemierkbar gemaach, mee och e vill méi feint Rëssbild. Sou ass d’Rëssunzuel op bis zu 250% geklommen an d’Rëssöffnung ëm 74% erofgaangen. War de Rass beim Asaz vum onmodifizéierten Textil ufanks nach 0,6mm grouss sou huet en mat steigendem Sandundeel just nach eng Breet vun ca. 0,15mm opweise kënnen. Am Allgemengen ass eng geréng Rëssöffnung méi virdeelhaft am Bezuch zur Dauerhaftegkeet vun engem sanéierte Baukierper, well domat och de Waasser- bzw. Fiichtegkeetsantrëtt staark bis komplett reduzéiert ka ginn. Obwuel de Carbon

40 l bulli Hierscht 2016

onempfindlech géigeniwwer der Fiichtegkeet ass, gëllt et awer ëmmer nach de sanéierte Grondkierper aus Stolbeton ze schützen. Schlussendlech goufen an enger leschter Versuchsrei Haftzuchversich duerchgefouert, bei deenen et dorëms goung d’Verbondverhale senkrecht zum Textilelement ze ënnersichen. Och dës Versich hunn eng geréng Verbesserung vum Verbondverhalen duerch d’Uewerflächemodifikatioun ugedeit.

steigend Rëssunzuel duerch Modifikatioun

Fotoen: Tom Steichen

Masteraarbecht vum Tom Steichen

Fotoen: Tom Steichen

ass sécher, och wann de Baustoff Carbon schonn erfollegräich am Bauberäich agesat gëtt, wäert et weiderhin nach vill Fuerschungsbedarf ginn! Falls du also méi Informatiounen zu dësem interessanten Thema wëlls kréien, da mëll dech roueg bei mir.

Auteur: Tom Steichen

Och wann extrem vill Zäit, Kraaft a Gedold an d’Hierstellung souwéi an d’Entwécklung vun den eenzele Préifmethode gestach gouf kann ech alles an allem méi wei zefridden iwwert d’Resultater sinn. Ech hoffen, dass ech iech mat dëser kuerzer Zesummefaassung konnt ee klengen Abléck a meng Fuerschungsaarbecht ginn an eventuell deem engen oder aneren eng Iddi fir seng Ofschlossaarbecht mat op de Wee ginn. Well eent

Masteraarbecht vum Tom Steichen

bulli Hierscht 2016 l 41


Masteraarbecht vum Michel Bichler

Querkrafttragverhalten von vorgespannten UHPFRC Trägern mit und ohne Querkraftbewehrung Ultra-héichfeste Beton ënnerscheet sech zu normalem Beton duerch eng gezielte Reduktioun u Poren am Material, wouduerch Drockfestegkeete bis zu 200 MPa erreecht kenne ginn a gläichzäiteg Dauerhaftegkeet vum Beton enorm verbessert gëtt. Duerch d’Bäimësche vu Stolfasere gëtt zousätzlech d'Zuchfestegkeet vum Material gesteigert. Dësen neiwertege Beton nennt sech UHPFRC (UltraHigh Performance Fibre-Reinforced Concrete) an erlaabt d’Konstruéiere vu méi filigranen an nohaltege Bauwierker, bei deenen d’Eegegewiicht vis-a-vis vun normale Beton em 30 bis 50 % reduzéiert ka ginn. Duerch dat immens héicht Verhältnis vun Drockfestegkeet zu Eegegewiicht ass UHPFRC fir den Aufsatz am Bréckebau predestinéiert.

500 450 400 350 300

Kraft [kN]

Um „Lehrstuhl für Massivbau“ vun der TU München gëtt momentan d’Entwécklung vu FäerdegdeelBréckenträger aus faserverstäerktem Ultrahéichfeste Beton virugedriwwen, déi ënner anerem fir d’Opriichte vun enger Pilotbréck a Rumänien agesat solle ginn. D’Querkaaftverhalte vun Träger aus Beton ass nach ëmmer ee grousst Thema an der Fuerschung. Duerch de Gebrauch vun UHPFRC entstinn duerch zousätzlech Stolfasere weider Frostellunge punkto Tragverhalten déi duerch Fuerschungsprojete weider ënnersicht solle ginn. Fir d’Tragverhalte vun den zukünftege Bréckenträger ze analyséieren a gläichzäiteg de Wëssensstand virun ze dreiwen, sollen experimentell Versich an der Préifhaal vum Institut duerchgefouert ginn.

250 200

Ziel vu menger Aarbecht war et, déi neidesch Virënnersich mat hëllef vun numeresche Simulatiounen duerchzeféieren, fir d‘Tragmechansimen an d‘Brochlaaschte vun de spéidere Bréckenträger ze ermëttelen. Duerch d’Variéiere vu bestëmmte Parameter sollten déi ënnerschiddlech Influenzen ob d’Tragverhalten ermëttelt ginn. Dobäi ass verstäerkt den Afloss vu vu verschidden Trägerhéichten, enger Querkraaftbewehrung am Trägersteg an de Grad vun der Virspannung ob Tragverhalten ënnersicht ginn.

150 100 50 0

experimentell FEM

0

5

10

Durchbiegung [mm]

15

20

Lastverformungskurv fir een Träger aus der Literatur am Verglach matt der Simuation

Fotoen: Michel Bichler

42 l bulli Hierscht 2016

Masteraarbecht vum Michel Bichler


150

VT60

465 kN

228 kN

150

4.000 150

VT90

150

6.000 150

VT120

150

00 kN

Ressbiller fir den Träger aus der Literatur am Verglach zu der Simulation

8.000

Längsschnetter vun den eenzelen Veruchsträger

750 120

400

120

25,4

80

37,5

50 45

1000

90

900 300

120

300

600

ØX/150

0,5'' 50 50

50

225

50

VT60

50 50 175

50 37,5

125

225

50 37,5 50

VT90

50

325

50

44 l bulli Hierscht 2016

Verformungskurven iwwereneen duergestallt, woubäi fir béid Duerchfeirungsapprochen eng identesch Trägersteifegkeet a Brochlaascht festgestallt konnt ginn. Am Bild 2 sinn d‘Ressbiller am Brochberäich zwëschen Oblaager an Eenzelkraft matenee verglach ginn, woubäi déi schwaarz Strécher déi tatsächlech entstane Rëss an d’Faarwen Dehnungmooßen bei der Simulatioun duerstellen. Minimal Dehnunge sinn dobäi blo duergestallt an déi maximal rout. D’Rëss aus der Simulatioun stemmen dobäi mat den tatsächlechen unnähernd iwwereneen, wouduerch bei der Uwendung vum Simulatiounsmodell realistesch Resultater erwaart konnte ginn. An engem weidere Schrëtt sollten déi néideg Virennersich fir d’Duerchféierung vun de geplangte Querkraftversich um Institut ausgeaarbecht ginn. Dobäi sinn zum engen ënnerschiddlech héich

Masteraarbecht vum Michel Bichler

1010

1500

15

0

10

20

30

Durchbiegung [mm]

40

50

100

430

VT60M2.5Q6P1.0 VT90M2.5Q6P1.0 VT120M2.5Q6P1.0 VT60M2.5Q6P0.6 VT90M2.5Q6P0.6 VT120M2.5Q6P0.6

100 0

VT120

Fotoen: Michel Bichler

befaasst, woubäi mat der Software ANSYS 15.0 geschafft ginn ass. Des Software hat de Virdeel, dass de Bréckenträger an Textform compiléiert konnt ginn an doduerch am Géigesatz zu Programmer mat graphescher Simulatiouns-Eingab eng ganz Rei u Variabelen an de Quellcode agebaut konnte ginn, déi eng onkomplizéiert an einfach Parametriséirung vum Träger erméiglecht hunn. An engem nächste Schrëtt si Querkraftversich aus der Literatur mam entworfene Simulatiounsmodell nogerechent ginn, fir d’Gültegkeet vum Modell fir déi weider Ënnersich ze bewäerten. Am Bild 1 an 2 ass ee Versuchsbeispill duergestallt, bei deem d‘Resultater aus der Literatur mat deenen aus der Simulatioun verglach goufen. Dobäi ass een Doppel-T-Träger mat enger Eenzelkraaft bis zum Broch belaascht ginn. Am Bild 1 sinn déi verschidde Last-

80

400

200 50 37,5

Querschnetter vun den eenzelen VersuchstrÑger

éischten Deel vun der Aarbecht huet sech mat der und T25bDen Programmatioun vun engem Simulatiounsmodell

500

300

175

Ø10/150

600

220

Querkraft [kN]

580

900

880

ØX/150

37,5

50 45

kN

700 ØX/150

120

1200

240

800

37,5

50 45

50 38,1 0,5''

50

150

60 150

100

10.000

Lastverformungskurv fir d Versuchsträger an Ofhängegkeet vun der Vierspannung

Ofmiesungen vum Breckenträger aus UHPFRC

Träger dimensionéiert ginn, déi beim Belaaschten ob Zuch versoe sollten. Am Bild 3 a 4 sinn dräi ënnerschiddlech héich Träger längs a quer duergestallt. All Träger besetzt eng Stabbewehrung am Steg an engem Ofstand vu 15 cm. Fir d’Verhale vum Träger bei Querkraftbelaaschtung ze ënnersichen, gouf eng Parameterstudie duerchgefouert, bei der nieft dem Stabduerchmeísser de Vierspannungsgrad vun de Spannglieder souwéi de Stohlfasergehalt am Beton variéiert gouf. Am Bild 5 ass den Afloss zum Vierspannungsgrad duerch Lastverformungskurve fir déi eenzel Trägeren duergestallt. Dobäi stellen d’Faarwen deí ënnerschiddlech héich Trägeren duer. Träger mat engem héije Vierspannungsgrad sinn duerch gestréchelt Kurven an Träger mat engem reduzéiertem Grad duerch eng duerchgezunne Linn duergestallt. Dobäi ass ze erkennen, dass de Vierspannungsgrad am Ufank vun der Belaaschtung

keen Afloss ob Trägersteifegkeet huet. Bei den Träger mat reduzéierter Vierspannung kann allerdéngs ee verfréiten Offlaache vun der Kurv festgestallt ginn, well an dësem Fall Zuchfestegkeet vum Beton éischter erreecht gëtt an zu engem verfréiten Zäitpunkt Rëss entstinn, déi d’Steifegkeet am Träger reduzéieren. D’Brochlaascht allerdéngs verännert sech bei de verschiddene Vierspannungsgraden nëmme wéineg. Dat kennt doduerch, dass Trägere wéi geplangt duerch Querkraft versoen an d’Querkrafttragfähegkeet nëmme minimal vum Vierspannungsgrad beaflosst gëtt.

Masteraarbecht vum Michel Bichler

Fotoen: Michel Bichler

An engem leschte Schrëtt sollten d‘Versuchsträger zu Breckenträger weiderentwéckelt ginn, mat der Intentioun, ähnlech Trägersteifegkeeten a Brochlaaschte wéi bei konventionellen Träger aus normalem Beton ze erreechen. Heifir ass fir d’eicht d’Tragverhalte vun engem konventionellen Träger mat Hëllef vu Simulationen ënnersicht gi fir dann

bulli Hierscht 2016 l 45


1 b u r eau , 4 d o m a in e s d ’ a ct iv it é s , 270 c o l la bo r at e u r s ! 1 é q uip e , 1 o bj ec t if : g a ran t ir la s a t is fac t io n du c lie n t a v ec u n s er vic e p ro fe ss io nn e l e t d e q u a lit é ! Les domaines d’activités – Presque chaque projet traité par le bureau d’études fait recours aux compétences de plusieurs domaines d’ingénierie. Ceci demande une collaboration rigoureuse des collaborateurs des différents services regroupés au sein du bureau d’études. S’il s’agit d’un dessinateur, d’un technicien, d’un ingénieur ou autre, chacun d’entre nous représente un pilier important formant l’ensemble d’une grande équipe.

Simulatiounsmodell vum Breckenträger

2000 1800 1600

Querkraft [kN]

1400 1200 1000 800 600 400 BT00 UBT32

200 0

0

10

20

30

40

50

Durchbiegung [mm]

60

70

80

Lastverforungskurv vun de Breckenträger Fotoen: Michel Bichler

an engem nächste Schrëtt Dimensioune vum Träger aus UHPC fir een ähnlecht Tragverhalten unzepassen. Am Bild 6 ass de Breckenträger aus UHPFRC duergestallt, woubäi een extrem schmuele Steg festgestallt ka ginn deen de Materialverbrauch am Verglach zum konventionelle Breckenträger em 37 % reduzéiert. Am Bild 7 ass d’Simulatiounsmodell duergestallt. Doduerch dass den Träger duerch eng Eenzelkraft an der Mëtt belaascht gëtt, entsteet eng symmetresch Ausbreedung vun de Laaschten. Fir d’Rechenzäit vun de Simulatiounen ze reduzéieren ass nëmmen eng Trägerhalschend modelleiert ginn. Am Bild 8 sinn déi entstane Last-Verformungskurve fir de konventionelle Breckenträger (schwaarz) an de Breckenträger aus UHPFRC (blo) duergestallt, woubäi fir béid Träger eng Brochlaascht vun ongeféier 1800 kN festgestallt konnt ginn.

46 l bulli Hierscht 2016

Matt dëser Aarbecht konnt dem Institut bei der Entwécklung vu Bréckenträger aus UHPFRC weidergehollef gin. Des Aarbecht ënnersträicht wéi vill Potenzial Ultra-Héichfeste Beton géigeniwwer konventionellem Beton huet an dass hien duerch seng Virdeeler an Zukunft eng ëmmer méi grouss Roll am Bauwiese spille wäert.

Auteur: Michel Bichler

Masteraarbecht vum Michel Bichler

Les étudiants – Pour le bureau Schroeder, les étudiants sont synonyme du futur. Plus que 100 étudiants par année font leur travail de vacances, leur stage d’études ou leur travail de fin d’études au sein de notre société. C’est une chance pour nous de vous rencontrer mais surtout pour vous de nous convaincre de vos atouts et qualités. Un stage vaut plus que la rémunération y associée. N’hésitez donc pas à nous contacter ou parler lors des différents événements. Les postes cherchés – Nous recrutons en permanence des ingénieurs en génie civil, mais aussi des ingénieurs en électromécanique, en génie mécanique, en génie de l’environnement et des géographes, biologistes, géologues, hydrologues, aménageur-urbanistes, géomètres/topographes, informaticiens, archéologues ou physiciens de construction. Autres domaines innovateurs à ne pas exclure !

Visualisation du projet de la gare d’Ettelbruck


Bulli Hierscht 2016  
Bulli Hierscht 2016  
Advertisement