![]()
bulli
Fréijoer 2016
Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois bulli Fréijoer 2016 l 1
Paul Wurth – the capacity to continuously innovate Thanks to the know-how and innovation skills of our highly-qualified employees, we offer most advanced technological solutions in our different fields of activities: Full range of technologies and processes for the Primary Stage of Integrated Steelmaking Innovative solutions for Civil Construction and Infrastructure Projects If you are interested in a practical internship / thesis work or looking for a challenging position within our company or group, please send your application to career@paulwurth.com. Paul Wurth S.A. 32, rue d’Alsace Human Resources L-1122 Luxembourg Tel. +352 4970-2251
career@paulwurth.com www.paulwurth.com
Subsidiaries: Brazil, Chile, Czech Republic, Germany, India, Italy, Japan, Korea, Mexico, P.R. China, Russia, Taiwan, Ukraine, U.S.A., Vietnam
follow us on Twitter @Paul_Wurth
follow us on LinkedIn
like us on Facebook facebook.com/paulwurthgroup
Virwuert
Foto: Anouk Godelet
Léif Memberen a Frënn vun der ANEIL, Viru knapp 3 Méint hate mir eis Generalversammlung wou e neie Comité gewielt gouf, dee souwuel aus ville bekannte Gesiichter wéi och enger Partie neien a motivéierte Leit besteet. Iwwert déi genau Zesummestellung gi dir op de nächste Säite méi gewuer. Dëst Joer hunn ech déi grouss Éier un der Spëtzt vun der ANEIL ze stoen. Zesumme mat menger Equipe probéiere mir iech och 2016 en ofwiesslungsräichen an attraktive Programm unzebidden. Op dëser Plaz wëll ech deenen ale Comitésmembere fir hir geleeschten Aarbecht Merci soen. An dëser eichter Ausgab blécke mir zréck op eis lescht Visite vum vergaangene Joer, wou mir bei der SEBES waren, an op d’Visite am Februar bei d'IBBL. D’ Céline Reichel, de Gilles Muller an de Fabien Stoque ginn eis e kuerzen Abléck an hir Ofschlossaarbechten, hinnen dofir villmools Merci. An deem Zesummenhang den Opruff un iech, léif Memberen: Hu dir en interessanten Artikel iwwert eng Aarbecht aus dem Studium, e Stage/ Auslandssemester oder ähnleches, da mëllt iech beim Comité.
E wichtegen Datum am Kalenner vun der ANEIL ass Karfreideg. Moies de 25. Mäerz fänke mir mat enger Visite bei Cebi un, ier mir, nom Mëttegiessen, weider an de Forum da Vinci op eis traditionell Table Ronde invitéieren. Genee wéi d’lescht Joer, hoffe mir erëm méiglechst vill Studenten op dësem Evenement kennen ze begréissen. Hei hu dir d'Méiglechkeet, a relaxer Atmosphäre, Kontakt mat enger Réi lëtzebuerger Firmen opzehuelen an iech iwwer Stage- an Aarbechtsplazen ze informéieren. Loosst iech des Geleeënheet op kee Fall entgoen. Ofgeschloss gëtt den Dag duerch eise Fräibéier ab 21:00 am Liquid am Gronn. D’lescht Joer huet d’Association Luxembourgeoise des Ingénieurs (ALI) mat der ALIAI an tema.lu zu der Association da Vinci fusionéiert. Als Member vun der ANEIL ass een automatesch och Membre Agrégé vun der Association da Vinci; ausserdeem ass een och Member vun EYE (European Young Engineers), a sou ënnert anerem och op d'EYE Konferenz am Abrëll zu Hannover invitéiert. Wieder Informatioune fann dir an dëser Editioun. Um Enn bleift mir iech all nach vill Spaass beim Liese vun dësem bulli ze wënschen. är Presidentin Anouk anouk.godelet@aneil.lu
Virwuert
bulli Fréijoer 2016 l 3
Iwwersiicht Virwuert3 Invitatioun op eis Table Ronde Comité 2016 De neie Comité stellt sech vir Memberskaart Visite vun der SEBES Assemblée Générale 2015 Statutenännerung Master Aarbecht vum Céline Reichel Invitatioun op d‘Journée Saar-Lor-Lux Journée de l‘Ingénieur Visite bei d‘Integrated Bio Bank of Luxembourg Invitatioun op d‘EYE @ Hannover Bachelor Aarbecht vum Gilles Muller Invitatioun op d‘Visite vu Karfreideg Bachelor Aarbecht vum Fabien Stoque Foire fir interesséiert Ingenieuren Invitatioun op eisen Ingenieursbal
5 6 8 19 20 24 26 28 31 32 34 36 38 42 44 48 50
Impressum Responsablen Editeur: Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL) 6, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 Internet: www.aneil.lu Email: contact@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Chefredakter: Vera Nimax Redakteren: Daniel Collignon Venant Pirrotte Anouk Godelet Céline Reichel Tom Heymes Tom Steichen Dennis Hövelmann Fabien Stoque Gilles Muller Layout: Vera Nimax Max Schmitz Cover Binsfeld & Bintener S.A. © Bohumil KOSTHORYT www.boshua.lu Drock: Imprimerie Centrale 15, rue du Commerce L-1351 Luxembourg www.ic.lu De bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 400 Exemplären. D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.
4 l bulli Fréijoer 2016
Table Ronde 2016 Freides de 25. Mäerz um 14h30 am Forum da Vinci Op Karfreideg fënnt dëst Joer erëm eis traditionell Table Ronde statt. Dëst alljährlecht Event bidd all iech Memberen d'Geleeënheet fir ausgewielte lëtzebuerger Firme besser kennen ze léieren. Nodeem all Entreprise sech kuerz virgestallt huet besteet duerno beim Aperitif d'Méiglechkeet an enger entspaanter Atmosphäre mat de Firmevertrieder an d'Gespréich ze kommen a sech beispillsweis iwwer Stagean Aarbechtsplazen z'informéieren. Hei kritt dir also Informatiounen aus éischter Hand. Loosst iech dës Geleeënheet net entgoen. De Programm vum Nomëtteg gesäit folgendermoossen aus: 14h30 Rendez-vous 15h00 Présentatiounen 17h30 Réceptioun Umelle kent dir iech iwwer eise Facebook Event.
Comité 2016 Anouk Godelet
Tom Steichen
Frankfurt Architektur & Energieeffizientes Bauen
Oochen Bauingenieur
+352 691 74 81 92 +49 176 89 22 94 39
+352 621 78 62 65 +49 151 28 30 02 65
Anouk.Godelet@aneil.lu
Tom.Steichen@aneil.lu
Dennis Hövelmann
Michel Faltz
Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur & Emwelt- a Verfahrenstechnik
Oochen Bauingenieur
+352 661 41 49 79 +49 160 93 00 10 28
+352 621 28 66 62 +49 152 38 21 36 70
Dennis.Hoevelmann@aneil.lu
Michel.Faltz@aneil.lu
Venant Pirrotte
Charly Huberty
Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur & Produktionstechnik
Oochen Wirtschaftsingenieur & Elektresch Energietechnik
+352 691 67 21 02 +49 176 96 13 70 76
+352 691 83 62 22 +49 157 572 014 82
Venant.Pirrotte@aneil.lu
Charly.Huberty@aneil.lu
Michel Sun
Michel Reisch
Présidente
Secrétaire
Responsable Relations Publiques
Responsable Information
Vice-Président
Trésorier
Responsable Visites
Responsable Partenaires
Kaiserslautern Bauingenieur
Oochen Maschinnebau
+352 691 79 54 75 +49 176 85 91 03 53
+352 691 69 08 67
Michel.Sun@aneil.lu
Michel.Reisch@aneil.lu
6 l bulli Fréijoer 2016
Comité 2016
Daniel Collignon
Vera Nimax
Oochen Umweltingenieur
Stuttgart Architektur & Stadtplanung
+352 621 27 30 64
+352 691 84 89 88
Daniel.Collignon@aneil.lu
Vera.Nimax@aneil.lu
Lino Morais
Rafael Andreosso
Oochen Elektrotechnik
Oochen Bauingenieur
Lino.Morais@aneil.lu
Rafael.Andreosso@aneil.lu
Jerry Huberty
Max Schmitz
Fribourg Mathematik & Informatik
Zürich Maschinnebau
+352 621 63 70 81
+352 691 67 66 15 +41 79 59 55 281
Jerry.Huberty@aneil.lu
Max.Schmitz@aneil.lu
Luc Lanners
Frank Metscher
Freiburg Embedded Systems Engineering
München Bauingenieu
+352 661 96 33 56
+352 691 81 08 77
Luc.Lanners@aneil.lu
Frank.Metscher@aneil.lu
Responsable Partenaires
Responsbale Table Ronde
Site Internet
Coopté Site Internet
Responsable Publications
Responsable Foire
Coopté Publications
Coopté Voyages
Fränk Zenner
Coopté Information
Lëtzebuerg BTS +352 691 88 79 54 Fraenk.Zenner@aneil.lu
Comité 2016
bulli Fréijoer 2016 l 7
De neie Comité stellt sech vir Anouk Godelet Gebuertsdatum Uertschaft Charge
19.04.1990 Garnech Presidentin
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Frankfurt Architektur Energieeffizientes Bauen
Wisou d'ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Meng Funktioun am Comité bitt mir eng Erausfuerderung a flott Erfahrungen. Duerch mäin Engagement an der ANEIL hunn ech d‘Méiglechkeet mech ënnert anerem fir folgend Aufgaben anzesetzen: Eng verbessert Vernetzung tëscht de Studenten an den Entreprisen, d‘Representatioun vum Ingenieursstudium an awer och de Schüler den Ingenieursberuff méi no ze bréngen. Wou gesäis du dech an 10 Joer? An engem Job wou ech och international Erfahrunge sammele kann. Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? Als Nuetseil fält et mir net ëmmer sou einfach um 8:30 an de Cours ze goen. Fir wat kanns du dech esou richteg begeeschteren? Duerch Asien reesen a vill nei Kulture kenneléieren. Alles wat am Zesummenhang mat Architektur steet. Fotografie. (Rettungs-)Schwammen.
Tom Steichen Gebuertsdatum Uertschaft Charge
21.06.1990 Altwies Vize-President
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Oochen Bauingenieurwesen Konstruktiver Ingenieurbau
Wisou d'ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Vue dass ech elo a mengem drëtte Joer an der ANEIL aktiv sinn, weess ech ëmsou méi wat vir eng wichteg Funktioun d‘ANEIL vir den Ingenieursstudent duer stellt. Well ech en iwwerzeegten Ingenieursstudent si wëll ech meng Erfahrungen och dëst Joer un déi Leit weidervermëttelen déi déi selwecht Interessen hu wei ech. Duerch meng Präsenz an der ANEIL hoffen ech ëmsou méi de Schüler, Studenten an och menge Matmënschen d’Villfalt vum Ingenieursberuff kennen ze weisen an ze erklären. Wou gesäis du dech an 10 Joer? Dëst ass schwéier ze soen, well et ëmmer anescht kënnt wei een sech et virhellt! Op allefall stellen ech mir vir zefridden an erfollegräich am Beruff ze sinn! Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? Während den Examen war meng Wunneng ëmmer am proppersten! :) Fir wat kanns du dech esou richteg begeeschteren? Bauwiesen, Landwirtschaft, Handwierklech Aarbechten, Bëschaarbecht
8 l bulli Fréijoer 2016
De Comité stellt sech vir
1 b u r eau , 4 d o m a in e s d ’ a ct iv it é s , 270 c o l la bo r at e u r s ! 1 é q uip e , 1 o bj ec t if : g a ran t ir la s a t is fac t io n du c lie n t a v ec u n s er vic e p ro fe ss io nn e l e t d e q u a lit é ! Les domaines d’activités – Presque chaque projet traité par le bureau d’études fait recours aux compétences de plusieurs domaines d’ingénierie. Ceci demande une collaboration rigoureuse des collaborateurs des différents services regroupés au sein du bureau d’études. S’il s’agit d’un dessinateur, d’un technicien, d’un ingénieur ou autre, chacun d’entre nous représente un pilier important formant l’ensemble d’une grande équipe.
Les étudiants – Pour le bureau Schroeder, les étudiants sont synonyme du futur. Plus que 100 étudiants par année font leur travail de vacances, leur stage d’études ou leur travail de fin d’études au sein de notre société. C’est une chance pour nous de vous rencontrer mais surtout pour vous de nous convaincre de vos atouts et qualités. Un stage vaut plus que la rémunération y associée. N’hésitez donc pas à nous contacter ou parler lors des différents événements. Les postes cherchés – Nous recrutons en permanence des ingénieurs en génie civil, mais aussi des ingénieurs en électromécanique, en génie mécanique, en génie de l’environnement et des géographes, biologistes, géologues, hydrologues, aménageur-urbanistes, géomètres/topographes, informaticiens, archéologues ou physiciens de construction. Autres domaines innovateurs à ne pas exclure !
Visualisation du projet de la gare d’Ettelbruck
Dennis Hövelmann Gebuertsdatum Uertschaft Charge
23.04.1990 Stadtbredimus Secrétaire
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur Ëmwelt a Verfahrenstechnik
Wisou d'ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Als Veräinsmensch an als duerch an duerch Ingénieur sinn ech bei der ANEIL 100% richteg. No e puer Joar Member an engem Joar Comité, well ech weider probéiere meng Erfahrungen zum Studiumschoix weiderzeginn an d´Leit fir en technëscht oder och interdisziplinärt Studium ze motivéieren. Ausserdeem well ech weider cool Leit kenneléieren, mat hinne lëschteg Zäite verbréngen an och nei Frëndschaften a Kontakter opbauen. Wou gesäis du dech an 10 Joer? Ech wënsche mer en Job, den ëmmer erëm fir nei Erausfuerderunge suergt an den trotzdem en Familljeliewen zouléisst. Ech denken dass dat eng vun de gréissten Erausfuerderungen am Liewen ass, fir en Job ze fannen den engem richteg Spaass mëscht, well dann huet ee genuch Motivatioun fir alles anescht am Liewen a virun allem ass een zefridden. Weider wéilt ech och stolzen Audifuerer a Papp vun zwee zukünftegen Ingénieuren(innen) sinn :) Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? Ech hunn zwou Säiten: Engersäits meng éiergäizeg, strukturell, präzis an haartnäckeg Säit an anerersäits meng lëschteg a sozial Säit. Oft verschmëlzen déi zwou Säiten awer och :) Fir wat kanns du dech esou richteg begeeschteren? Fir Erausfuerderungen déi Potential hunn eppes Sënnvolles dermat unzefänken an eppes emzerappen oder och unzewennen. Ausserdeem sinn ech ëmmer erëm begeeschtert wann ech eppes (fir mech) Neis an der Technik entdecken, woubäi dat och historesch Iddie kenne sinn. Dowéinst sinn ech och bei bal all Visitt dobäi an interesséiere mech fir bal Alles a ginn net op bis ech verstanen hunn, wéi eppes funktionéiert:)
Michel Faltz Gebuertsdatum Uertschaft Charge
16.11.1991 Warken Trésorier
Uni-Stad Oochen Studium Bauingenieurwesen Verdéiwung Konstruktiven Héichbau, Energieeffizient Bauen
Wisou d'ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? D‘ANEIL, wëll se den Studenten de Kontakt zu der Aarbeschtswelt méi einfach mecht. Dozou bäidroen dat och dest Joer rem sou een erfollegräicht Joer gëtt wéi 2015
Wou gesäis du dech an 10 Joer? Un interessanten Projeten schaffen Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? ;) Fir wat kanns du dech esou richteg begeeschteren? Basket, Musik, Photographie, Zäit an der Natur verbrengen
10 l bulli Fréijoer 2016
De Comité stellt sech vir
Venant Pirrotte Gebuertsdatum Uertschaft Charge
19.04.1988 Crauthem Relations Publiques
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur Maschinnebau Produktiounstechnik
Wisou d'ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Wisou d'ANEIL? Geet et iwwerhaapt ouni ANEIL?!? Mä mol am Eescht, ech hu festgestallt, dass ech no all de Joeren am Comité nach ëmmer Iddien hu fir de Veräin a seng Offer fir seng Membere besser ze maachen - dat a Motivatioun sinn déi zwee bescht Grënn fir e Veräin schaffen ze dierfen!
Wou gesäis du dech an 10 Joer? Hoffentlech net méi op enger Uni, ausser vläit als Post-Doc…mä am léifsten als Ingenieur/Manager fir eng europäesch Entreprise op assignment an Asien, Nord-Amerika oder Russland. Ouni Kanner, dofir awer mat Piloteschäin, schéinem Auto an interessantem Liewen. A wahrscheinlech och a mindestens 1-2 Comitéen... Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? Ausser dem éiwege Student sinn ech de perfekten Anti-Fachidiot - Haaptsaach all Niewecours an all Niewebeschäftegung matgemaach. Et kéint ee jo eppes verpassen! Fir wat kanns du dech esou richteg begeeschteren? Technesch: Autoen (Technik a Geschicht, ...), Aviation (Flugsimulatioun, ...) Business: Stock markets fir Suen ze verdéngen, BWL fir d‘Welt ze verstoen, VWL fir ze gesi firwat se ënnergeet. Privat: Kachen, Kraafttraining, all Musek mat gudden Drums an a läschter Zäit lafen ech och mol rëm e bëssen
Charly Huberty Gebuertsdatum Uertschaft Charge
09.09.1990 Lëtzebuerg Visiten
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Oochen Wirtschaftsingenieur Elektresch Energietechnik
Wisou d'ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Als laangjäregen Member, wou ech u villen Aktivitéiten Deel geholl hunn, hunn ech mer geduecht et wier och emol un der Zäit, ze hëllefen dës Aktivitéiten ze plangen.
Wou gesäis du dech an 10 Joer? Hoffentlecher ob enger Arbechtsplatz die mer vill Spass mecht. Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? Ech fannen Mensa Iessen meeschtens ongenéissbar :P Fir wat kanns du dech esou richteg begeeschteren? Fotoen maachen, an aneren Leit beim léisen vun Problemer hëllefen.
De Comité stellt sech vir
bulli Fréijoer 2016 l 11
Michel Sun Gebuertsdatum Uertschaft Charge
16.05.1992 Schifflange Studieninformatioun
Uni-Stad Kaiserslautern Studium Bauingenieurwesen Verdéiwung Infrastruktur
Wisou d'ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Den Ingenieursstudium ënerstëtzen, an dei zukunftüg Ingenieursstudenten respektiv dei Naturwessenschaft studeieren wellen motiveieren.
Wou gesäis du dech an 10 Joer? Hoffen ma mol op dem richtegen Posten setzen :) Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? Hm … Dass ech emmer hongereg sin an gären iessen ?! ;) Fir wat kanns du dech esou richteg begeeschteren? Reesen an Welt entdecken, mais alles wat ech nach net gesine hun, krit een mech schnell begeeschtert!
Michel Reisch Gebuertsdatum Uertschaft Charge
08.02.1990 Ollem Partenariat
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Oochen Maschinnebau Produktiounstechnik
Wisou d'ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Den Schüler den Ingenieursberuff méi no brengen an den Ingenieursstudenten en Bleck an dei letzebuerger Ingenieurswelt erméiglechen. Letzebuerg huet definitif och intressant Firmen déi am Ingenieursberaich täteg sinn, vun deenen een deels an der Öffentlechkeet weineg matkritt.
Wou gesäis du dech an 10 Joer? En Draam ass nach emmer mech selbststänneg ze maan. Ween wees… Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? Ech hunn effektif vill karéiert Hiemer, dat ass awer deen eenzegen Maschinnebauklischee ;) Fir wat kanns du dech esou richteg begeeschteren? Alles wat mat Technik ze dinn huet, Fliigerei, aal Autoen, Vespa,…
12 l bulli Fréijoer 2016
De Comité stellt sech vir
Daniel Collignon Gebuertsdatum Uertschaft Charge
25.12.1990 Greiweldeng Partenariat
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Oochen Emweltingenieurwesen Urban Water
Wisou d'ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Ech fannen et super wei d´ANEIL sech dofir asetzt fir den Beruff vun den Ingenieuren dobaussen ze vertrieden an och nees nei an jonk Léit probéiert ze motivéieren fir sech fir den Studium vun den Ingenieurwëssenschaften ze entscheeden. Ech well gearen dobäi eng Hand upaken an well duerch mäin Engagement bei der ANEIL versichen jonk Léit ze motivéieren an hinnen versichen den Studium an Beruff vum Ingenieur méi no ze bréngen. Des Weideren well ech och dobäi hëllefen flott Visitten an interessant Eventer fir äis Memberen ze organiséieren. Wou gesäis du dech an 10 Joer? Dat ass relativ schwéier ze soen. Haut vergeet Zäit sou schnell an et ännert sech alles sou séier sou dass een dat ni genau soen kann. Loossen mech Iwwerraschen vun dem waat Zukunft bréngt. Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? Heiansdo ze vill Pedant an Perfektionist. Ginn mech net bis et sou ass wéi ech et gearen hätt. Fir wat kanns du dech esou richteg begeeschteren? Do ginn et vill Saachen mä haaptsechlech fir Technik an Sport.
Vera Nimax Gebuertsdatum Uertschaft Charge
30. 06.1992 Miersch Publikatioun
Uni-Stad Studium
Stuttgart Architektur & Stadtplanung
Wisou d'ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Ech sinn dëst Joer ganz nei dobäi am Comité, ech sinn gespaant wat op mech zoukënnt an freeën mech op eng nei Erausfuerderung. Ech schätzen den Engagement vun der ANEIL an géif gär och mäin Deel dozou bäidroen.
Wou gesäis du dech an 10 Joer? Hoffentlech kréien ech t Méiglechkeet mech am Ausland ze beweisen Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? An den éischten Cours moies frei packen ech et nëmmen sielen ;) Fir wat kanns du dech esou richteg begeeschteren? Reesen - am beschten laang an weit fort, Baken an gutt Iessen
14 l bulli Fréijoer 2016
De Comité stellt sech vir
Lino Morais Gebuertsdatum Uertschaft Charge
06.08.1991 Ettelbréck Table Ronde
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Oochen ET / IT / TI Energietechnik
Wisou d'ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Fir mech ausserhalb vun der Uni z'engajeieren an mat engem jonken Team zesummen ze schaffen.
Wou gesäis du dech an 10 Joer? An enger internationaler Firma schaffen. Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? Den chillen Student Fir wat kanns du dech esou richteg begeeschteren? Motorrieder, Autoen, Technik, Musik
Rafael Andreosso Gebuertsdatum Uertschaft Charge
18.05.1991 Henchereng Foire de l’étudiant
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Oochen Bauingenieurwesen Verkéier & Geotechnik
Wisou d'ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Ech sinn vun den Zieler vun der ANEIL iwwerzeegt an probéieren dëst ze ënnerstëtzen andeems ech en Deel dozou bäisteieren. Zousätzlech léieren ech am Comité vill Nëtzleches fir d‘Zukunft.
Wou gesäis du dech an 10 Joer? Mat 2 Féiss um Buedem an den Rëscht hänkt dovun of, wéi eng Dieren an där Zäit opgaangen sinn. Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? Keen deen ech kennen. Fir wat kanns du dech esou richteg begeeschteren? Mech mat Technik (och aus Beräicher déi net wierklech eppes mam Bauingenieurswiese ze dinn hunn) ze beschäftegen an Sport (selwer maachen virun allem)
De Comité stellt sech vir
bulli Fréijoer 2016 l 15
Jerry Huberty Gebuertsdatum Uertschaft Charge
24.08.1994 Lëtzebuerg Coopté
Uni-Stad Studium
Fribourg Mathematik & Informatik
Wisou d'ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Ech well dofier suergen dass den ANEIL Site à jour bleift.
Wou gesäis du dech an 10 Joer? Esou wait kucken ech am Moment net no fier. Hoffentlech keen eiwegen Student. Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? Baal all ;) Fir wat kanns du dech esou richteg begeeschteren? Fotoen, Zich an schein Landschaft, dofier ass d‘Schwaiz genau daat richtegt Land.
Max Schmitz Gebuertsdatum Uertschaft Charge
24.08.1988 Lëtzebuerg Coopté
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Zürich Maschinnebau (Doktorat) Concentrated Photovoltaics, Solar Optics
Wisou d'ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Et ass wichteg de Schüler Informatiounen aus éischter Hand iwwer de Studium kënnen ze ginn, geneesou wéi d‘Studenten der Aarbechtswelt méi no ze bréngen. Dëse Prozess ze probéieren ze verbessere mécht mer ëmmer nach grousse Spaass.
Wou gesäis du dech an 10 Joer? Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? Fir wat kanns du dech esou richteg begeeschteren?
16 l bulli Fréijoer 2016
De Comité stellt sech vir
Luc Lanners Gebuertsdatum Uertschaft Charge
16.03.1990 Lëtzebuerg Coopté
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Freiburg Embedded Systems Engineering Circuits and Systems & Robotics and Computer Vision & Computer Security
Wisou d'ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Dat d‘ANEIL och weiderhin eng Homepage huet ;)
Wou gesäis du dech an 10 Joer? Des Fro beäntweren ech dir nächst Joer. Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? Naja, oft hun ech een Problem mat der Motivatioun, bis ech een Zaitproblem hun…. Fir wat kanns du dech esou richteg begeeschteren? Technik, besonnesch am Infosberaich... Mee ech well hei elo keng Klischeeën bestätegen :P
Frank Metscher Gebuertsdatum Uertschaft Charge
09.04.1991 Nidderanven Coopté
Uni-Stad Studium Verdéiwung
München Bauingenieurwesen Projektmanagement
Wisou d'ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Den Studenten en flotten Programm bidden.
Wou gesäis du dech an 10 Joer? Op enger Insel wou ech un engem revolutionärem Gebai plangen kann. Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? Ech hunn Mensa Iessen net gären, dowéinst "selbst ist der Koch" Fir wat kanns du dech esou richteg begeeschteren? Fir spontan Aventuren op enger Rees.
De Comité stellt sech vir
bulli Fréijoer 2016 l 17
Fränk Zenner Gebuertsdatum Uertschaft Charge
02.07.1993 Éiter Coopté
Uni-Stad Studium Verdéiwung
Lëtzebuerg BTS Dessinateur et Constructeur sur métal
Wisou d'ANEIL? Wat wëlls du mat dengem Engagement an der ANEIL bewierken? Mir ass et wichteg den zukünftegen Studenten de Beruff als Ingenieur mei no ze brengen an hinnen di villsäitech Méiglechkeeten ze erklären.
Wou gesäis du dech an 10 Joer? An engem Betrieb un interessanten an herausfuerderden Projeten schaffen. Wéi ee Studenteklischee trefft op dech zou? Muer ass och nach en Daag ;) Fir wat kanns du dech esou richteg begeeschteren? Sport maachen ewei och kuken, interessant Technologien an natierlech mol ab und zu op den Tour goen
18 l bulli Fréijoer 2016
De Comité stellt sech vir
Memberskaart 2016
Fir déi ënnert iech déi nach keng Memberskaart 2016 hunn. Dir kennt d‘Memberskaart entweder beim Comité kafen oder eis d‘Cotisatioun vu 5 Euro op den ANEIL Kont iwwerweisen.
Kont IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 BIC/Swift BCEELULL Vermierk „Däin Numm - Cotisatioun 2016“ D‘ANEIL hofft iech och dëst Joer weiderhin als Member dobäi ze hunn.
Memberskaart 2016
bulli Fréijoer 2016 l 19
Visite vun der SEBES 08.12.2015 | Esch-Sauer
Fotoen: Venant Pirrotte
Den 08. Dezember 2015 hunn d´Membere vun der ANEIL sech zu Esch-Sauer getraff fir d´Opbereedungsanlag vun der SEBES ze besichtegen. Traditionell mussen déi wou als lescht komm sinn, de Rapport schreiwen :); mir hate gemengt esou weit uewen am Land kéint een sech net verfueren, well d´Land do esou schmuel ass. No der Visite hu mir nach d´Vue vun der Staumauer genoss an e puer Fotoe gemaacht, woubäi verschidde Leit och hier Problemer mat der Vue haten. Weider hunn se eis och nach en relativ neie Réierverbindungssystem gewisen, mat dem beim Waasserleitungsbau vill Zäit gespuert gëtt. Mat Hëllef vun der Anlag bréngt d´SEBES et fäerdeg aus dem Stauséiwaasser, Drénkwaasser mat enger gudder Qualitéit hierzestellen. D´SEBES, de „SYNDICAT DES EAUX DU BARRAGE D´ESCH-SUR-SÛRE“, deckt een Drëttel vun der Waasserversuergung vum lëtzebuerger Land, erreecht ronn 80 Prozent vun der Bevëlkerung a speist just Waasser an d´lëtzebuerger Drénkwaassernetz an. Ass d´Waasser vu Feststoffen, geléiste souwéi Kolloide befreit an entkeimt, gëtt dat proppert Drénkwaasser an den Haaptwasserspäicher op Eschduerf gepompelt. Dësen huet eng Gesamtkapazitéit vu 35.000 m³. Vun hei aus ginn dann déi eenzel Waasseriwwergabeplaatze vun der SEBES am Fräigefäll gespeist, ier et un déi 20 l bulli Fréijoer 2016
eenzel Membere weidergeleet gëtt. De Stauséi ass a sougenannte Waasserschutzzonen opgedeelt wou verschidden Aktivitéite restriktiv erlaabt sinn, respectiv ganz verbuede sinn. An der Waasserschutzzone 1, déi direkt am Entnahmeberäich vum Waasser leit, ass all Aktivitéit verbuede fir eng Kontaminatioun vum Waasser ze vermeiden. Um gesamte Stauséi si Motorbooter verbuede fir de Risiko vun enger Kontaminatioun duerch Kuelewaasserstoffer ze vermeiden. Just d´Protex an d´Police hunn fir Urgencen eng Ausnameregelung. Kucke mir eis elo awer emol de Wee vum Flosswaasser zum Drénkwaasser méi genau un. D´Sauer entspréngt am Süd-Oste vun der Belge an den Ardennen, genau gesot an der Géigend vu Vaux-sur-Sûre. Dat leit ronn 42 km vun EschSauer ewech. Vun hei aus fléisst d´Waasser dann a Richtung Esch-Sauer. Hei ukomm gëtt d´Waasser duerch en Staubauwierk, eng sougenannten „Doppelbogenmauer“ gestaut. Dës ass ongeféier 48m héich an huet eng Breet vun em déi 168m. D´Fassungsverméige vum Stauséi leit bei ronn 61 Millioune m³ Waasser. Dat gesamt Anzugsgebitt liwwert iwwer d´Joer gesinn am Mëttel ronn 200 Millioune m³ Waasser, soudass ëmmer genuch Waasser zu Verfügung steet. Och bei ganz waarme Simmer ass nach ëmmer Visite vun der SEBES
genuch Waasser aus dem Anzugsgebitt ukomm, soudass et bis lo ni zu gréissere Problemer vun der Waasserquantitéit komm ass. Ass d´Waasser bis am Séi ukomm gëtt et iwwert en selwer konstruéierten Entnahmetuerm, dem sougenannte „Prowa“, an d´Opbereedungsanlaach gesaugt. Dësen Tuerm huet eng Saugleeschtung vun 1200 l/s a besteet aus Edelstohl (INOX). De „Prowa“ erlaabt et der SEBES, dass si ëmmer dat qualitativ beschte Waasser fir d´Opbereedungsanlach aus ënnerschiddleche Schichten aus dem Séi unzape kennen. Ass am Summer zum Beispill de Séi duerch Eutrophéierung staark mat Algen bedeckt kennen si aus méi déiwe Waasserschichten, Waasser ofzapen, soudass d´Algen net mat an d´Anlag fléissen. Algen kenne bei dene verschiddenen Opbereedungsverfahren zu Problemer féiere respektiv eng weider Opbereedungstuf (z.B. Mikrosieb) erfuerderen. Duerch den Entnahmetuerm besteet weider d´Méiglechkeet bei enger Kontaminatioun vum Waasser duerch toxesch Stoffer, och hei Waasser gezielt ofzesaugen an enger Kläranlag zoulafen ze loossen. Ass d´Waasser duerch den Entnahmetuerm gesaucht ginn, gëtt et fir d´éischt mol mat Hëllef vu Kreeselpompelen an en Zwëschenbehälter (V=5000 m³) gepompelt. Aus dësem Behälter kann d´Waasser de ganzen Opbereedungsprozess am Fräigefäll duerchfléissen. Esou ginn hei keng
Pompelen an domat och keng zousätzlech Energieverbreich generéiert. Ier et an de Behälter kennt, gëtt et vun Algen befreit an ozonéiert. Duerch Ozonéierung gi Stoffer wie Eisen a Mangan oxydéiert, fir de Mënsch an d´Leitungen ze schützen. No dëser Stuf fléisst d´Waasser an d´Flockungsanlaag. Hei ginn d´Flockungsmëttel an d´Flockungshëllefsmëttel zoudoseiert, fir dass sech Stoffer déi net gutt sédimentéieren (oder och fir d´Sédimentatioun ze beschleunegen), zu méi schwéieren a grousse Flacken agglomeréieren an doduerch sédimenteiere kennen. Duerno fléisst d´Waasser dann an ee vu 7 Sandfilteren. Hei ginn nach déi rechtlech Stoffer, déi an de virgeschalte Prozesser a Verfahren net konnten élimineiert ginn, respektiv net zeréckgehale konnte ginn, vum Waasser getrennt. Duerno kennt et nach a Kallekfiltere wou d´Waasser opgehärt gëtt. Hei gëtt duerch Zoudoséierung vu Kallek de pH-Wert gehuewen, soudass déi aggressiv Kuelesaier gebonne gëtt. Dëst ass wichteg fir d´Waasser ze stabiliséieren, soudass et vun héijer Qualitéit ass a bleift. Ausserdeem géing dat sauert Waasser anescht eis aal Gossréier oxydéieren. Ier et dann definitiv an d´Netz agespeist gëtt, gëtt et nach mat Chlor desinfizéiert. De Schlamm den an de Filteranlagen an, an de Flockeren ufällt, gëtt uschléissend agedéckt an entwässert fir de Volumen ze reduzéieren an den Heizwert ze erhéijen. Dat
Fotoen: Venant Pirrotte
Visite vun der SEBES
bulli Fréijoer 2016 l 21
sou deelentwässert Produkt kann herno zum Beispill an der Zementindustrie als Ersatzbrennstoff benotzt ginn, fir d´CO2 Bilanzen ze verbesseren. Dës Opbereedungsanlaag gëtt awer geschwënn duerch eng méi modern ersat an entsprécht dann erëm dem Stand vun der Technik.
mir d´Visite och erëm iwwerzunn an am längsten haten et déi zwee Miseler ausgehale fir esou vill wéi méiglech gewuer ze ginn :) Auteuren: Daniel Collignon, Dennis Hövelmann
Zanter dem Ufank an de sechzeger Joere goufen et och zwee gréisser Zwëschefäll, zum enge war dëst en Rouerbroch an der Haaptleitung fir an de Verdeelungsréservoir an zum aneren d´Kontaminatioun vum Stauséi mat Metazachlor (Pestizid) d´lescht Joer. Hei huet sech awer gewisen dass déi scho méi aal Anlag esou moderniséiert gouf, dass se och esou Zwëschefäll ënner Kontroll hält (och wéinst dem Prowa). Wéi ëmmer hate
Fotoen: Venant Pirrotte
22 l bulli Fréijoer 2016
Visite vun der SEBES
Construisons votre avenir !
Avec plus de 4000 collaborateurs travaillant au sein de l’Entreprise et de ses filiales, POST Group est le 2e employeur du pays. Forte de sa renommée bien établie et son ancrage luxembourgeois, POST Luxembourg est aussi une entreprise innovante, ouverte sur le monde par ses métiers en constante évolution et par la richesse de ses collaborateurs de plus de 35 nationalités différentes.
Passionné(e) de nouvelles technologies ou féru(e ) d’informatique, rejoignez-nous !
www.postgroup.lu
Assemblée Générale 2015
27.12.2015 | Forum Da Vinci
Fotoen: Charly Huberty
Déi traditionell Generalversammlung vun der ANEIL am Forum Da Vinci an der Stad, dem Sëtz vun den Ingenieurs- an Architekteveräiner da Vinci, OAI an ANEIL, huet en erfollegräicht Joer fir d’Ingenieursstudenten ofgeschloss. Dobäi gouf d’Anouk Godelet zur neier Presidentin gewielt. Virun der Entlaaschtung vum Trésorier an der Wahl vum Comité fir d'Joer 2016 huet de Rapport vum Michel Faltz gewisen, dass de Veräin senge Memberen 2015 vill gebueden hat: Visite bei ArcelorMittal, TR Engineering, Sources Rosport, Schroeder et Associés, CFL, Carosserie Roemen, Cimalux a SEBES hu vill interesséiert Memberen ugezunn. D'traditionell Rees hunn d’Studenten 2015 op Hamburg gemaach, wou se ënnert anerem Blohm und Voss, Airbus an d’Kuelekraaftwierk Moorburg besiche waren. Finanziell geet et dem Veräin, trotz groussen Investissementer an d’Zukunft, dank de ville Partner aus Industrie a Wirtschaft gutt. D’ANEIL leet grousse Wäert drop, dass et och an Zukunft genuch jonk Leit ginn, déi Ingenieurswiese studéieren, sou dass d’Zuel vun de besichte Lycéeën zwecks Studieninformatioun nach méi an d’Luucht gesat gouf. Och op der Foire de l’Etudiant war d’ANEIL rëm mat engem grousse Stand vertrueden. De Kontakt tëscht de Studenten an den Entreprise vu 24 l bulli Fréijoer 2016
Lëtzebuerg gouf op der traditioneller Table Ronde Karfreides hiergestallt. D'ANEIL hat och d'Chance, der Fondation Enovos bei der Iwwerreechung vum Prix d'Excellence ze hëllefen, dëst scho fir déi véierte Kéier. Dëse Präis gëtt mat 2500 € belount a gëtt fir déi bescht Ofschlossaarbechten an engem Ingenieursstudium iwwerginn. An enger Assemblée Générale Extraordinaire sinn e puer Ännerungen an de Statute vu 1958 virgestallt ginn, déi ënnert anerem d’Fusioun vun de lëtzebuergeschen Ingenieursveräiner zu der "da Vinci a.s.b.l." unerkennt. Dës Ännerunge goufen eestëmmeg ugeholl. No der Wahl vum Comité fir 2016 an der Accordéierung vun engem Don un d’Caritas fir e Projet am Congo, huet déi nei Presidentin Anouk Godelet, déi eréischt déi zweet Fra op dësem Posten ass, dunn op den traditionelle Patt an der Bar vum Forum Da Vinci invitéiert. Auteur: Venant Pirrotte
Assemblée Générale 2015
Fotoen: Charly Huberty
Assemblée Générale 2015
bulli Fréijoer 2016 l 25
Statutenännerung Op zwou ausseruerdentleche Generalversammlunge kuerz virun eiser uerdentlecher Generalversammlung de 27.12.2015 goufen Ännerungen un de Statute vun eisem Veräin virgeschloen an och vun der Assemblée ugeholl. Ech stellen iech hei all nach eng Kéier kuerz vir, wat entscheet gouf. Als Veräin (a.s.b.l.) ënnersti mer haaptsächlech der “loi du 21 avril 1928 sur les associations et les fondations sans but lucratif (Mém. 1928, 521 et 773)”. Den Art.2. vun dësem Gesetz verflicht eis, Statuten ze besëtzen – dëst ass also eppes, dat all legal geféierte Veräin zu Lëtzebuerg huet. An de Statuten, déi bei der Grënnung vun engem Veräin fest geluecht ginn (an eisem Fall also 1958), sti Saache wéi: • De Numm vum Veräin, ausgeschriwwen an ofgekierzt • Den Zweck an d’Zieler vum Veräin • D’allgemeng Struktur – vum Comité, vun de Memberen, weider Persounen, ... • Den allgemenge rechtleche Fonctionnement wéi z.B. Entscheedungsgewalt vum Comité a vun der Assemblée Générale, ... • Etc...
• Eise Programm ass mat deem vun da Vinci koordinéiert. • All Member vun der ANEIL ass och membre agrégé vun da Vinci. • Eis Kotisatioun läit tëscht 5€ a 50€ pro Joer fir all membre actif. • De Comité besteet aus 7, 9, 11 oder 13 Leit, woubäi an de neie Statute just nach d’Poste vum President, Vice-President, Secrétaire an Trésorier virgeschriwwe ginn – de Recht ass dem Comité iwwerlooss. Vum Comité co-optéiert Leit zielen hei net. Eis aktuell Statute si mat all den anere néidege Formalitéite beim RCSL (registre de commerce et des sociétés de Luxembourg) agedroen – dir fannt se awer och zu all Moment op www.aneil.lu/ statuten! Wéi an allen anere Fäll gëllt hei och: wann der Froen oder Kritik hutt, mellt iech gär bei ärem Comité (contact@aneil.lu), deen ass dofir do. Auteur: Venant Pirrotte
Eis Statute goufe fir d’läscht am Joer 2010 iwwerschafft, déi aktuell Upassung vun 2015 hat dowéinst och kee risegen Ëmfang. Entscheet goufe folgend Punkten: • Korrektur vun der Adress (6, Boulevard Grande- Duchesse Charlotte, L-1330 Luxembourg) Wéinst dem Nopeschgebai vum da Vinci si mer net méi op der Nummer 4. • Eise Siège ass ëmmer do, wou och de Siège vun da Vinci ass, also dem Nofolger vun der ALI. • Eis Affiliation zu der ALI an der ALIAI goufen duerch eis Affiliation zu da Vinci ersat.
26 l bulli Fréijoer 2016
Statutenännerung
Master Aarbecht vum Céline
Simulatioun vun enger RTM-Prozesskette mat Plant Simulation fir d’Bewäertung vu Qualitéitssécherungsmoossnamen D’héichautomatiséiert Produktioun vu kuelestofffaserverstäerktem Plastik (CFK) stellt eng grouss Erausfuerderung un d’integréiert Qualitéitssécherung an der Prozessketten duer. Während der Produktioun kënnen Defekter wei beispillsweis Faserverschiebungen oder Porositéit optrieden, déi spéider d’Baudeel schwäche kéinten. Dës Feelerplaze gëllt et ëmfaassend a sou fréi wéi méiglech an der Prozessketten ze detektéieren. D’faserverstäerkte Plastiker (FVK), och Faserverbundwerkstoffer (FVW) oder Composites genannt, gehéieren zur Kategorie vun de Verbundwerkstoffer. Si zeechne sech doduerch aus, dass si zu engem gewësse Prozentsaz aus Fasere bestinn, déi fir d’Verstäerkung vum Baudeel suergen, an zum aneren aus enger d’Faser ëmhüllender Matrix. D’Fasermaterial kann dobäi aus Glas-, Kuelestoff-, Aramid- oder Naturfasere bestoen. Fir eng Groussserienuwendung eegne sech awer just Glas- oder Kuelestofffaseren. D‘RTM (Resin Transfer Molding)-Verfahren, een
Bild 1
28 l bulli Fréijoer 2016
Harzinjektiounsverfahren, bitt aktuell dat gréisste Potential fir eng groussserieräif Produktioun vu kuelestofffaserverstäerktem Plastik mat engem héije Faservolumenundeel. Als Harzinjektiounsverfahre ginn all Verfahre bezeechent, bei deenen déi Verstäerkungsmatten aus Faseren am dréchenen Zoustand an eng Form geluet ginn, déi Form da verschloss an de Matrixwerkstoff agesprëtzt gëtt. D’Bild 2 weist eng detailléiert Duerstellung vum Gesamt-RTM-Prozess mat all sengen Eenzelprozesser an der Hirstellung vum Preform. Allerdéngs existéieren a Fuerschung an Industrie etlech Variatioune vum Prozess bei deenen e puer Schrëtt ewechfalen, anerer bäikommen oder vertosch sinn. Fir eng Groussserieproduktioun vum RTM-Prozess ze garantéieren ass d’Implementéierung vun ugepasste Qualitéitssécherungsmoossname néideg. Fir dës Qualitéitssécherungsstrategie ze ermëttele gouf am Kader vun der Aarbecht ee Konzept a véier Schrëtt ënnersicht.
Fotoen: Céline Reichel
Master Aarbecht vum Céline Reichel
Bild 2
Éischtens goufen unhand vun enger Literaturrecherche all Feelerarten an hiren Entstéiungszäitpunkt ermëttelt, déi während der Produktioun vu CFK-Baudeeler optriede kënnen. An engem zweete Schrëtt goufe Miessverfahren ermëttelt, déi dës Feelerarten entdecke kënnen. Ënnert anerem goufen dobäi thermesch, radiografesch, elektromagnéitesch, akustesch an optesch Verfahre betruecht (Bild 1). D’Resultater vun dëse béide Schrëtt goufen an engem Feelerkatalog zesummegefaasst a géigesäiteg zougeuerdent.
Schrëtt eng RTM-Produktiounslinn mat integréierte Qualitéitssécherungstatiounen entwéckelt, déi eng vollstänneg an onmëttelbar Feelerentdeckung duerch déi beschtgëeegentste Miesstechnik garantéiert. Miesstechniken déi ze lues préiwen oder net am Stadium vum Halbzeug de Feeler entdecke kënnen, goufen ausgeschloss. Sou gouf eng RTMProzesskette mat produktiounsnoe Préiftechniken entwéckelt, déi eng vollstänneg an onmëttelbar Feelerentdeckung no hirem Optriede garantéiert. (Bild 2)
Domatter enthält de Feelerkatalog Informatiounen doriwwer wéini am Produktiounsprozess ee Feeler optauche kann, wéi eng Miesstechnik gëeegent ass fir den Defekt ze erkennen a wou an der Produktiounslinn dës Miesstechnik integréiert ka ginn, ëmmer mat dem Zil den Defekt sou fréi wéi méiglech ze entdecken. Des Weidere sinn an dem Feelerkatalog all Feelerarten no hirer Dimensioun an 2D- oder 3D-Feeler opgedeelt. Dobäi gouf eng eegen Definitioun opgestallt: 2D sinn all Textilfeeler an Halbzeugfeeler ewéi Gaps, feelend Faserbündelen oder Fuzzballs, déi sech op oder an der Uewerfläch befannen. Als 3D goufen all Feeler agedeelt, déi sech bannen am Baudeel no der Infiltratioun befannen, an ausserdeem déi Feeler déi mat enger 3D-Technik wéi dem Lasertriangulatiounsverfahre gemiess musse ginn (z.B. Falen a Geometrieofwäichungen).
Am leschte Schrëtt gouf dës Prozessketten a Plant Simulation, enger Software fir Simulatioun, Verificatioun a Validatioun vu Modeller vu Produktiounsketten, implementéiert. An dësem interaktive Modell erhält de Benotzer d’Méiglechkeet fir ee Simulatiounsduerchlaf eenzel Miessstatiounen an- oder auszeschalten. Hee ka bestëmme wéi eng Miesstechnik zum Asaz kënnt an d’Baudeelmoossen, d’Fasermattenunzuel an déi ze produzéierend Stéckzuel festleeën. Doduerch konnt eng Sensitivitéitsanalys vun de verschiddene Parameter duerchgeféiert ginn. Déi aus de Simulatioune gewonne Prozesskennwäerter goufen dono analyséiert a bewäert.
Aus den Erkenntnisser vum Feelerursprong an deenen hire Préifméiglechkeete gouf als drëtte Master Aarbecht vum Céline Reichel
D’Resultater ginn en Hiweis dorobber, wéi eng Miesstechniken an hir Unuerdnung sech fir wéi eng Aart vu Konstruktiounsbaudeel fir eng effizient Produktioun mat héijer Auslaaschtung vun de Maschinnen am beschten eegnen an awéifern bulli Fréijoer 2016 l 29
déi integréiert Qualitéitssécherung d’Prozesszäite beaflosst. Et konnt gewise ginn, dass bei klenge Baudeeler d‘Anlag vun der Harzinjektioun an der Aushäertung ëmmer d’Taktzäit vum gesamte Produktiounsprozess bestëmmt an domadder de sougenannte Bottleneckprozess vun der Produktiounslinn bilt. Bei méi grousse Baudeeler muss eng méi grouss Fläch op Feeler gepréift ginn. Doduerch klammen d’Taktzäite vun de Qualitéitssécherungsstatiounen an dës ginn zum Bottleneck. Duerch d’Optiméiere vum Prozess, der paralleler Unuerdnung vun e puer Injektiounsanlagen an der Wiel vun enger séiere Miesstechnik fir d’Baudeelpréifung, konnt eng Taktzäit vum gesamte Produktiounsprozess vu ronn fënnef Minutten erreecht ginn. Mat Bléck op eng wiertschaftlech Serieproduktioun, gouf den entwéckelte Modell flexibel an erweiderbar gestalt, sou datt aner Préifstrategien an den Asaz vu statistescher Qualitéitssécherung liicht integréiert kënne ginn.
30 l bulli Fréijoer 2016
Fir d‘Produktioun vun de CFK-Baudeeler an de kommende Joere serieräif ze maachen, besteet weidere Fuerschungsbesoin, besonnesch am Beräich vun der Automatiséirung vum Produktiounsa Qualitéitssécherungsprozess. D’Nofro aus der Industrie besteet! Auteur: Céline Reichel
Journée Saar-Lor-Lux Wéini Wou
22. - 23.04.2016 Épinal (Frankräich)
Den 23. Abrëll 2016 treffe sech zu Épinal Ingenieure vun de Veräiner aus dem Saar-Lor-Lux Gebitt, also vun da Vinci (Lëtzebuerg), Verein deutscher Ingenieure (VDI) Saar (Däitschland) an Ingénieurs et Scientifiques de France (IESF) Lorraine (Frankräich). Fir och d’Ingenieursstudenten an déi jonk Ingenieuren aus Saar-Lor-Lux méi anzebannen, organiséiert d’ANEIL mat de genannte Veräiner e Programm fir Freides den 22. Abrëll. Programm 22. Abrëll (Studenten a jonk Ingenieuren aus Saar-Lor-Lux) • Transport op Épinal • fréie Nomëtten: Visite bei TRANE (Heating & AC Industry) zu Golbey (F) • Owesiessen a gemittlecher Ronn mat de Kollegen/-innen aus Saar-Lor-Lux • Café-Tour • Iwwernuechtung zu Épinal (F) 23. Abrëll (zesumme mat den Ingenieuren aus Saar-Lor-Lux) • Visite a Virtrag an der école nationale supérieure, Thema: fibres • Visite musée de l’imagerie d’Épinal • Gala Dinner • Retour op Lëtzebuerg D’Participatioun beleeft sech op ca. 10 €, dës duerch déi grousszügeg Ënnerstëtzung duerch d’Ingenieursveräiner (an eisem Fall vun da Vinci). D’Plaze sinn extrem begrenzt, dohier mellt iech sou schnell wéi méiglech verbindlech beim Venant - venant.pirrotte@aneil.lu - via E-Mail un!
Journée de l‘Ingénieur
23.01.2016 | Chambre de Commerce
Foto: Anouk Godelet
Zu engem vun de wichtegsten Evenementer, un deenen d’ANEIL Deel hëlt, gehéiert op allefall d’Journée de l’Ingénieur, déi och dëst Joer rëm an der Chambre de Commerce um Kierchbierg stattfonnt huet. Ganz nei war dëst Joer de Numm vum Organisateur, d’Associatioun da Vinci, déi ee fréier ënnert der ALIAI, ALI an TEMA.lu kannt huet. Op deen traditionellen Dag invitéiere si Ingenieuren, Architekten, Wëssenschaftler, Politiker, mee och Studenten. Dofir huet d’ANEIL sech et net entgoe gelooss mat sengem Comité a senge Membere present ze sinn. Déi 57st Editioun vun der Journée de l’Ingénieur hat als Haaptthema d’Kompetitivitéit vu Lëtzebuerg, wéi eng Erausfuerderungen an awer och Méiglechkeeten eis an Zukunft kënnen a wäerten erwaarden. Fir dat komplext Thema méi genau ze analyséiere gouf de CEO vum Luxembourg Institute of Science and Technologie (LIST), de Professer Dokter Gabriel Crean invitéiert. Ugefangen huet dësen Event mat der Begréissung duerch den Här Carlo Thelen, dem Directeur Général vun der Chambre de Commerce. Hien huet ënnerstrach wéi wichteg d’Kompetitivitéit fir Lëtzebuerg ass an dass dës eng Zesummenaarbecht
32 l bulli Fréijoer 2016
vun de Privatfirme mat den ëffentlechen Institutiounen erfuerdert. Schonn d’lescht Joer huet den Här Thelen d’Wichtegkeet vun der Ausbildung an der Weiderbildung am Hibléck op d'Konkurrenzan Innovatiounsfäegkeet erwänt; och dëst Joer huet hien et sech net entgoe gelooss nach eng Kéier op dëse Punkt opmierksam ze maachen, grad well d’Formatioun ee vun de Grondsteng vun, ënnert anerem, der ökonomescher Zukunft vu Lëtzebuerg ass. De President vun da Vinci, den Här Marc Solvi, huet a senger Ried un d’Fusioun vun der ALIAI, der ALI an TEMA.lu erënnert. D’Fusioun wier d’Resultat vun enger sozioökonomescher Entwécklung an de vergaangene Joeren, déi déi verschidden Associatiounen zu engem Strukturwandel geleet huet. Des Weideren huet hien et begréisst, dass ëmmer méi Fraen sech vir en Ingenieursberuff entscheeden. Doriwwer eraus huet hien och widderholl, dass d’Formatioun vum Ingenieur extrem wichteg vir d’Entwécklung vun techneschen a wëssenschaftlechen Innovatiounen ass. D’Nofro un Ingenieuren géif zu Lëtzebuerg an a ganz Europa weider staark zouhuelen an doduerch hätt dës Beruffsrichtung op allefall Zukunft, grad vir déi Jonk.
Journée de l’Ingénieur
Fotoen: da Vinci a.s.b.l.
Ënnert dem Motto „Competing for the future: challenges and opportunities for Luxembourg“ huet den Här Prof. Dr. Crean nom Här Solvi d’Wuert iwwerholl an ass op dëst Thema agaangen. Och Lëtzebuerg wäert an Zukunft op etlech Erausfuerderungen a Méiglechkeeten am Bezuch zur Kompetitivitéit stoussen, doranner besteet keen Zweiwel. D’Globaliséierung, an domadder och d’Weltwirtschaft, sinn an de leschte Joeren weider gewuess, dofir gëllt et elo, nom Prof. Dr. Crean, positiv an d’Zukunft ze kucken a sech gutt drop virzebereeden. De Prof. Dr. Crean huet sech Gedanken iwwert d’Welt am Joer 2030 gemaach an huet d’Invitéë gefrot, ob si sech kënne virstellen dass d’USA eng Kéier den Äerdueleg- an Äerdgasmarché wäerten iwwerhuelen. Hien ass dovunner iwwerzeegt dass d’USA mat hirer technologescher Entwécklung et wäerten hikréien, natierlech Rohstoffer op Platze kënnen ze fördere wou bis dato nach kee sech hi getraut huet. Domadder géife si Russland a Saudi-Arabien hannert sech loossen. Weider ass hien och der Meenung, dass den Automobilsmarché enges Daags vun de véier Marken Tesla, Google, Apple an Uber dominéiert gëtt. Hie geet dovunner aus, dass bis zum Joer 2030 ëm déi 100 Milliarden Dollar an dëse Beräich investéiert ginn. Och vir de Bankesecteur erwaart hie sech e Wandel, well duerch verbessert Methoden, wéi z.B. duerch nei Algorithmen, Feeler weider miniméiert kënne ginn. Leider gouf och festgestallt, dass déi europäesch Kompetitivitéit ofhëlt a sech a Richtung Osten, haaptsächlech China an Indien, verlagert. Als Grond nennt de Prof. Dr. Crean den Transfert vun Investissementer aus de Beräiche Fuerschung an Entwécklung aus Europa op aner Kontinenter. Och wa Lëtzebuerg, laut enger Étude, op der weltwäit 9er Platz ass wat d’Innovatioun ugeet, kritiséiert de Prof. Dr. Crean, dass Lëtzebuerg ze vill an d’Grondlagefuerschung investéiert an domadder ze wéineg an déi ugewandte Fuerschung. D’USA a Singapur sinn eis do viraus, si investéiere well scho vill méi an déi Zort vu Fuerschung.
Journée de l’Ingénieur
Vir Lëtzebuerg stellt de Prof. Dr. Crean sech vir, dass mir eis och mol méi op d’Verschaffe vu “Mega Data” fokusséieren. Dës, och nach als “Big Data” bekannten, Datemengen sinn sou komplex, dass déi klassesch Methoden vun der Dateveraarbechtung dorunner géife versoen, dofir geet et drëm vir nei Methoden ze fannen, well weltwäit 90% vun den Data Developments an de leschten zwee Joer Zustane komm sinn. Lëtzebuerg sollt grad an deem Beräich méi kompetitiv ginn, well mir zwar schonn Technike besëtzen fir komplex Daten ze verschaffen, et eis awer nach un anere noutwennege Mëttele feelt. Dësen Investissement géif eis e Plus an der ugewandter Fuerschung verschafen. Schlussendlech konnt de Prof. Dr. Crean seng ganz Theorien a Feststellungen unhand vun impressionanten Duerstellungen erklären. Hie konnt eis weisen a wéi engem Zesummenhang dass d’Fuerschung an d’Entwécklung zum ökonomesche Wuesstem vum Land steet. Et geet fir de Grand-Duché lo dorëms d’Fuerschungs- an Entwécklungsziler ze iwwerdenken, fir sou en ökonomesche Wuesstem an Zukunft kënnen ze garantéieren. Als Ofschloss vun der Journée de l’Ingénieur huet den Här Solvi op e Patt invitéiert. Hei war et grad fir eis Studenten ganz interessant nei Leit aus der lëtzebuergescher Industrie kennen ze léieren. Duerno hunn déi jonk Ingenieuren a Studenten den Owend gemittlech am Restaurant ausklénge gelooss. Auteur: Tom Steichen
bulli Fréijoer 2016 l 33
Visite bei d’Integrated Bio Bank of Luxembourg (IBBL)
12.02.2016 | Lëtzebuerg
Freides den 12. Februar 2016 hunn 8 Membere vun der ANEIL an der ALEM d’Inegrated Bio Bank of Luxembourg besicht. D’IBBL, déi 2009 mam “Aktiounsplang fir Gesondheetswëssenschaften an -technologien“ gegrënnt gouf, lagert méi wéi 300’000 biologesch Prouwen. Dobäi handelt et sech haaptsächlech ëm Urin, Blutt, Speechel a Gewebeprouwen, déi a Killbehälter bei bis zu -196°C gelagert ginn. Dës Prouwe stame vu Patienten aus Lëtzebuerg an aus der Groussregioun a gi pseudonymiséiert gesammelt. D’IBBL preparéiert dës Prouwe fir de spéidere Gebrauch duerch Fuerscher vir, woubäi sech am Kader vum Aktiounsplang haaptsächlech op déi véier Fuerchungsberäicher Parkinson, Kriibs, Diabetes a Mikrobiomer konzentréiert gëtt. Nieft der manueller Preparatioun vu Prouwe schafft d’IBBL ënner anerem och mat dräi Pipetéierroboteren, déi mat dozou bäidroen, dass d’Institut en héije Qualitéitsusproch kann hunn. D’IBBL ass sou och verdéngt immens stolz op seng ISO Zertifizéierungen; dëst sinn Auszeechnungen déi am Secteur vun de Biobanken op der ganzer Welt nët vill aner Acteure virweise kënnen. D’Fuerschung vun de Medeziner leet ëmmer méi wäert op d’Individualiséierung, fir sou verbessert Prozesser fir Patienten ubidden ze kënnen, z.B. am Beräich vun der Behandlung oder der Diagnos. Auteur: Tom Heymes
Fotoen: Charly Huberty
34 l bulli Fréijoer 2016
Visite vun der Integrated Biobank of Luxembourg
Fotoen: Charly Huberty
Visite vun der Integrated Biobank of Luxembourg
bulli FrĂŠijoer 2016 l 35
EYE @ Hannover Wéini Wou
28.04 - 01.05.2016 Hannover (Däitschland)
D’Fréijoerskonferenz vun European Young Engineers (EYE) fënnt dëst Joer zu Hannover statt, genau richteg fir vun der Hannover Messe ze profitéieren, der gréisster Industrie Messe vun der Welt! Programm Donneschdes 28.4 • Visite op de Stänn op der Hannover Messe • Party mam VDI Freides 29.4 • Hannover Messe • Virträg a Workshops • Gala Dinner Samschdes 30.4 • Visiten • Social Events • Closing Ceremony Sonndes 1.5 • Visite vun Hannover • kulturell Visiten ALL Member vun der ANEIL ass agelueden fir un dëser flotter Konferenz deel ze huelen. Loosst iech dës eemoleg Geleeënheet net entgoen, fir op ee Coup 100 Studenten/-innen a jonk Ingenieuren/-innen kennen ze léieren! Mellt iech bei weidere Froen oder fir iech unzemelle beim Venant - venant.pirrotte@aneil.lu
bulli FrĂŠijoer 2016 l 37
Bachelor Aarbecht vum Gilles Muller
Mäin Titel vun der Aarbecht heescht “WERK” a steet vir “Werk für Erwachsene und Kinder” awer och vir “Wechselwirkung erwachsene und kindliche Architektur”. ech mech domat beschäftegt hunn wéi Erwuessener awer och Kanner de Raum ophuelen? Wat ass Raum vir ee Kand, een Erwuessenen? Wéi gesi Kanner Raimlechkeeten, wat fillen a verspieren se do? Wéi ka Raum erwuesse Mënschen a Kanner emotional beaflossen a firwat? Kann ee Raum erschafe wou erwuesse Leit an awer och Kanner dat selwecht spieren a fille kënnen, wou se verwonnert sinn a staunen? Student: Gebuer:
B.Sc. Gilles Muller 25.05.1991
Bonjour, mäin Numm ass Gilles, liewe säit 3 1/2 Joer an Éisträich a studéieren Architektur zu Innsbruck (AT). Ufank Oktober hunn ech meng Bachelor Aarbecht mam Titel “WERK” am Institut fir experimentell Architektur ./studio 3, wou ech selwer och als Tutor schaffen, agereecht. Betreit gouf ech vum: DI Ivan Niedermair, Christoph Monschein (Bureau Hollein) an Dietmar Köring (Arphenotype).
Raimlechkeeten déi et bis dato vläit net ginn. Ee Versuch vu mir een Entworf ob d`Blat ze bréngen, deen d`Realitéit zwar gréisstendeels verléisst mee probéiert eng graphesch Äntwert ze ginn ob déi Froen déi ech mir uewe gestalt hunn. Auteur: Gilles Muller
De Grond wisou ech meng Aarbecht am ./studio3 gemaach hunn ass dass dat Institut bekannt ass vir fräi, experimentell an aussergewéinlech Projeten an sou war dat och a mengem Joer; Den Haaptsujet war et een Atelier ze entwerfe vir de Kanner an de Jugendlecher d`Handwierk an sou och d`Architektur rëm méi no ze bréngen. Wéi mir dat Thema uginn a wat mir doraus schlussendlech maachen ass eis iwwerlooss. Mir konnten zimlech fräi un déi Thematik erun goen, a vir mech definitiv interessant ass dass een d`Méiglechkeet huet och Material aus anere Sparte mat a fléissen ze loossen, wëll sou gëtt ob eemol villes interessant an Deeler aus der Musek, Konscht a souguer Philosophie sinn a méi Projet agefloss. An sou koum et och dozou dass 38 l bulli Fréijoer 2016
werk
Fotoen: Gilles Muller
Bachelor Aarbecht vum Gilles Muller
Bachelor Aarbecht vum Gilles Muller
bulli FrĂŠijoer 2016 l 39
modell: gefräst & 3d-gedruckt
Visite bei der Cebi Freides de 25. Mäerz um 10h00 zu Steesel Eis Visite, Moies virun der Table Ronde op Karfreideg, ass dëst Joer zesumme mat Cebi. D'ANEIL ass houfreg iech des Kéier de Betrib Cebi virzestellen, deen am Beräich vum Maschinnebau täteg ass. Si beschäftegen sech ënnert anerem mat der Hierstellung vun Thermostater, Temperaturmiesser an Temperaturschalter. Wat Wéini Wou
Visite bei der Cebi Karfreideg, 25.03.2016 Cebi zu Steesel
Umelle kent dir iech via Email beim Charly - charly.huberty@aneil.lu
Bachelor Aarbecht vum Fabien Stoque
WE ARE BUILDING BILDING “BILDING” eng kreativ Werkstattpavillon an Innsbruck. Gebaut vun jonk Menschen fier jonk Menschen Ech hu mech fir de ./studio3-Institut fir experimentell Architektur op der Uni Innsbruck entscheet, well déi bekannt si fir speziell an aussergewéinlech Bachelorprojeten. An dat huet sech extrem gelount! Eis Bachelor Aarbecht bestoung aus 2 Phasen: eng Phase Entwurfprozess an eng Phase Realiséierungsprozess.
Griaß-enk Ech, Fabien Stoque, sinn Architektur Student op der Uni Innsbruck. Architektur bedeit fir mech net nëmme mäi Studium, mä nach ganz vill méi. Nieft der Uni hunn ech den Architekturkollektiv “KRATER FAJAN” gegrënnt: zesumme mat e puer Kollege baue mir zesummen interessant architektonesch Skulpturen an Installatiounen op Commande.
Zu 27 Studenten aus dem ./studio3-Institut, mat grousser Ënnerstëtzung vun eise super Betreier Walter Prenner, Verena Rauch a Wolfgang Pöschl, hu mir eisen 1:1 Projet realiséiert. Mir hu bewisen dass ee mat vill Engagement an Energie e gënschtegt a spannenden Gebai baue kann. Holz, Glas an eng EPDM Folie, déi als Schutzhaut wierke soll, sinn eis Materialie gewiescht (“edel Rohbau”).
A menger Bachelor Aarbecht gung et dorëms, en 1:1 Projet ze entwerfen an ze bauen, deen op 2 Semester baséiert war. Fir mech perséinlech war et bis elo déi bescht a schéinst Erfahrung a mengem Studium.
Während der éischter Phase goufe 17 Projete vun de Studente virgeschloen, vun deenen dann am Dezember 2014 mat Hëllef vun engem Jury 1 Projet ausgewielt gouf fir eng weider Bearbeschtung. An Zesummenaarbecht mat Statiker a ville Firme konnten d’Studenten dëse Projet dunn am Detail perfektionéieren.
Vill Spaass beim liesen!
Während der 2 Phase ass et ëm d’Realiséierung vum
44 l bulli Fréijoer 2016
Bachelor Aarbecht vum Fabien Stoque
Projet gaang. Duerch déi gutt Zesummenaarbecht mat de Fachleit hu mir et a knapp 5 Méint gepackt, eise “BILDING” mat ganz simpele Mëttelen opzebauen. Vum Fundament iwwer Waasser-, Offloss- an Elektreschleitunge bis zum asetze vun de Fënsteren hu mir alles selwer gemeet. Ganz motivéiert ware mir do! Eise “Bilding” ass eng Konscht- an Architekturschoul fir Kanner a Jugendlecher vu 4 bis 19 Joer am Innsbrucker Rapoldipark, wou ee méi iwwer Skulptur, Architektur, Molerei a Mediekonscht léiere kann, ënner der Betreiung vum Monika Abendstein. Eng iwwergangslos Terrasse a raumhéich Glasfronte verbannen de geschwongene Baukierper mat der Ëmgéigend, an en integréiert sech perfekt an de Rapoldipark. De fléissende Raum bitt verschidden Atmosphären an Aarbechtsméiglechkeeten mat Hëllef vu schife Maueren a Biedem op verschiddene Niveauen, déi duerch Rampe verbonne sinn. Weider Infoen a Fotoe fannt dir ënnert folgende Säiten bilding.at / studio3.me / guenterrichardwett.com Auteur: Fabien Stoque
Fotoen: Charly Schwarz & Günter r. Wett
bulli Fréijoer 2016 l 45
46 l bulli FrĂŠijoer 2016
Foire fir interesséiert Ingenieuren 14.03 - 18. 03.2016 Hannover Weltweit größte Messe für Informationstechnik www.cebit.de Themen: digitale Lösungen, Informations-und Kommunikationstechnik, eHealth, green IT, mobility 25.04 - 29.04.2016 Hannover Weltweit wichtigste Industriemesse www.hannovermesse.de Themen: Industrieautomation, Energietechnologien, AntriebsFluidtechnik, Mobilität, Zulieferung und Zukunftstechnologien
und
25.04 - 29.04.2016 Hannover Internationale Messe für industrielle Zulieferlösungen und Leichtbau www.hannovermesse.de Themen: Werkstoff-und Technologie-Know-how, Entwicklung Konstruktion, Komponenten und Systeme, sowie Leichtbau
und
10.05 - 12.05.2016 Nürnberg Internationale Messe für Leistungselektronik und Energiemanagement www.mesago.de Themen: Leistungselektronik, intelligenten Antriebstechnik, Erneuerbare Energie und Power Quality 22.06 - 24.06.2016 München Weltweit größte Fachmesse für die Solarwirtschaft www.intersolar.de Themen: Photovoltaik, Energiespeicher und Regenerative Wärme
48 l bulli Fréijoer 2016
Foire fir interesséiert Ingenieuren
Ingenieursbal Freides de 25. Mäerz um 21h00 am Liquid Wéi all Karfreiden invitéiere mir och dëst Joer op eisen Ingenieursbal. No eiser Visite Moies, dem Mëttegiessen an der Table Ronde Mëttes, schléisse mir den Daach Owes mat engem Fräibéier fir all eis Memberen of. An enger geselleger a gemittlecher Atmosphäre kenn dir d'Säit vum Studenteliewe genéissen. Eise Bal fënnt am Liquid am Gronn statt. All Member vun der ANEIL kritt op dësem Owend Fräibéier an natierlech och Softdrinks op de Veräin. Lass geet et um 21h00. Umelle kent dir iech iwwer eise Facebook Event.
50 l bulli Fréijoer 2016
52 l bulli FrĂŠijoer 2016