Page 1

bulli

Summer 2017

Association Nationale des Etudiants IngĂŠnieurs Luxembourgeois


Paul Wurth – the capacity to continuously innovate Thanks to the know-how and innovation skills of our highly-qualified employees, we offer most advanced technological solutions in our different fields of activities: „ Full range of technologies and processes for the Primary Stage of Integrated Steelmaking „ Innovative solutions for Civil Construction and Infrastructure Projects If you are interested in a practical internship / thesis work or looking for a challenging position within our company or group, please send your application to career@paulwurth.com.

Paul Wurth S.A. 32, rue d’Alsace Human Resources L-1122 Luxembourg Tel. +352 4970-2251

follow us on Twitter @Paul_Wurth

2 l bulli Summer 2017

career@paulwurth.com www.paulwurth.com

follow us on LinkedIn

like us on Facebook facebook.com/paulwurthgroup


Virwuert

Foto: Dennis Hövelmann

Léif Lieserin, Léiwe Lieser, an dësem bulli fënns du wéi gewinnt Berichter zu den Aktivitéite vun de leschte Méint. Außerdem hu mir och erëm zwou interessant Ofschlossaarbechten dobäi. Eis traditionell Table Ronde war dëst Joer erëm e vollen Erfolleg an huet vill Partner a Memberen am Forum da Vinci zesummebruecht. D’Reflexioune vun dësem Dag ware bis op e puer Klengegkeete vun alle Säite positiv. Deemno wäert de Comité vun der ANEIL d’Table Ronde an dëser Richtung weider entwéckelen. De Comité freet sech, dass et dir gefall huet an hofft dech och d’nächst Joer erëm op eiser wichtegster Aktivitéit vum Joer kennen ze begréissen . Falls dat net de Fall war, kanns du eis gären deng Verbesserungsvirschléi (och zu aneren Themen) u contact@aneil.lu schécken.

Iwwert de Summer wäerte mir et opgrond vun der Klausurphase an der Vakanzenzäit e bësse méi roueg ugoe loossen. Trotzdeem wäerte mir nach déi eng oder aner Visite an e Fouerowend organiséieren. Am Hierscht hu mir dann nees en décke Programm: Rees a Kanada, Saar-Lor-Lux Dag zu Lëtzebuerg, d’Iwwerreechung vum Prix d’Excellence vun der Fondation Enovos, Visitten etc. Ech wënschen dir eng schéi Vakanz oder/an eng erfollegräich Klausurphase an hoffen, dass mir eis geschwënn op enger Aktivitéit vun der ANEIL erëm gesinn. Äre Captain!

An de leschte Méint stoungen niewent eise Visitten virun allem international Treffe vun Ingenieursstudenten um Programm. Heizou zielen d’EYE (European Young Engineers) zu Bristol an en Treffe vun de jonken Ingenieuren aus der SaarLor-Lux Regioun zu Losheim um Séi. Dëse ganz interessanten Informatiounsaustausch ass och a Form vu Berichter an dëse bulli integréiert.

Virwuert

bulli Summer 2017 l 3


Iwwersiicht Virwuert3 Comité 2017 6 Visite KAD 8 Table Ronde 2017 12 Programm Saar-Lor-Lux 2017 16 Programm Saar-Lor-Lux 2017 vir d‘Studenten17 Campweekend Saar-Lor-Lux zu Losheim 20 Interview INCA 26 Forschungsprojet vum Dennis Hövelmann 30 Interview a+p kieffer omnitec 36 Master Aarbescht vum Yann Lotzkes 42 Interview Schroeder & Associés 46

Impressum Responsablen Editeur: Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL) 6, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 Internet: www.aneil.lu Email: contact@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Chefredakter: Sarah Kunsch Redakteren: Dennis Hövelmann Steve Breden Michel Sun Yann Lotzkes Layout: Sarah Kunsch Max Schmitz Cover: Sarah Kunsch Drock: Imprimerie Centrale 15, rue du Commerce L-1351 Luxembourg www.ic.lu

De bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 460 Exemplären. D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.

4 l bulli Summer 2017


www.karpkneip.lu

Faire des routes irréprochables, c’est notre métier.


Comité 2017 Dennis Hövelmann

Michel Reisch

Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur Ëmwelt- a Verfahrenstechnik

Oochen Maschinnebau

+352 661 414 979 +49 160 930 010 28

+352 691 690 867 +49 174 437 0304

Dennis.Hoevelmann@aneil.lu

Michel.Reisch@aneil.lu

Rafael Andreosso

Michel Sun

Oochen Bauingenieur

Kaiserslautern Bauingenieur

+352 661 774 760 +49 241 463 770 33

+352 691 795 475 +49 176 859 103 53

Rafael.Andreosso@aneil.lu

Michel.Sun@aneil.lu

Venant Pirrotte

Frank Metscher

Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur & Produktiounstechnik

München Bauingenieur

+352 691 672 102 +49 176 961 370 76

+352 691 810 877 +49 177 647 0543

Venant.Pirrotte@aneil.lu

Frank.Metscher@aneil.lu

Fränk Zenner

Daniel Collignon

Lëtzebuerg Brevet de technicien supérieur

Oochen Ëmweltingenieurswëssenschaften Urban Water

Président

Secrétaire

Relations Publiques

Responsable Information

+352 691 887 954 Fraenk.Zenner@aneil.lu

6 l bulli Summer 2017

Vice-Président

Trésorier

Responsable Voyages

Responsable Partenaires

+352 621 273 064 Daniel.Collignon@aneil.lu

Comité 2017


Anouk Godelet

Sarah Kunsch

Frankfurt Architektur & Energieeffizient Bauen

Kaiserslautern Architektur

+352 691 748 192 +49 176 892 294 39

+352 621 520 050 +49 152 269 146 19

Anouk.Godelet@aneil.lu

Sarah.Kunsch@aneil.lu

Lino Morais

Steve Breden

Responsable Communications

Responsbale Table Ronde & Foire

Responsable Foire & Table Ronde

+352 691 588 738

München Bauingenieur +49 176 247 337 98

Lino.Morais@aneil.lu

Steve.Breden@aneil.lu

Jerry Huberty

Laurent Jacques

Oochen Elektrotechnik

Responsable Site Internet

Fribourg Informatik

Coopté Voyages & Partenaires

München Physik

+352 621 637 081

+352 661 935 572 +49 160 403 2427

Jerry.Huberty@aneil.lu

Laurent.Jacques@aneil.lu

Charly Huberty

Johan Winkel

Oochen Wirtschaftsingenieur & Elektresch Energietechnik

Freiburg Embedded Systems Engineering

+352 691 83 62 22 +49 157 572 014 82

+352 661 96 33 56 +49 163 77 32 941

Charly.Huberty@aneil.lu

Johan.Winkel@aneil.lu

Responsable Visites

Comité 2017

Responsable Publications

Coopté Site Internet

bulli Summer 2017 l 7


Visite KAD 14.04.2017 | Kierchbierg

Fotoen: INCA

Natierlech huet dee groussen Daach vun der Table Ronde dëst Joer och nees mat enger impressionnanter Visite ugefaangen, wou mir zum Schluss eng groussaarteg Vue iwwert eist Land gebueden kruten. Als Chantier hun mir de Projet KAD (Konrad Adenauer) besichtegt. D’Europäescht Parlament hat d’Uleies all Servicer vun hirem Secrétariat Général, déi den Ament op 6 verschidde Platzen an der Stad verspreet sinn, an engem neien modernen Gebai aus enger Stolbau Skelettstruktur um Kierchbierg Plateau ze regroupéieren an domat gläichzäiteg d’Kapassitéiten vum Europa Parlament ze erhéijen. Den Ingenieursbüro INCA, a senger Missioun als Coordinateur Pilote bei dësem Projet, huet eis bei dëser Visite di eemoleg Geleeënheet ginn fir dësen aussergewéinlechen Projet mat enger Surface vun 250.000 m², 80.000 m² Fassad an engen 3.000 Büroen am Entwécklungsstadium ze entdecken. De Projet steet ënner Zäitdrock. An enger éischter Bauphase soll den ëstlechen Deel vun insgesamt 165.000 m² bis Enn 2018 rechtzäiteg un de Bauherr geliwwert ginn, dass déi éischt Parlamentarier schon an hier Büroen anzéie kennen. Wann alles no Plang leeft gëtt deen zweeten an leschten Bauofschnëtt vum Projet Ufank 2021 fäerdeggestallt. De Projet hätt deemno eng Bauzäit vun 7 an engem hallwe Joer an Usproch geholl an

8 l bulli Summer 2017

eng Somme vun 400 Milliounen Euro verschlongen. Den ganzen Réibau ass schon fäerdeg. Bis elo gouf eng Somme vun 200 Milliounen Euro verbaut. Fir den Oflaf an d’Organisatioun vum ganzen Projet ze vereinfachen ass de Chantier a 16 verschidden Loten opgedeelt ginn. Um ganzen Site stinn eng 12 Baukrän erëm. Momentan gëtt sech also haaptsächlech em den Bannenausbau gekëmmert. Mir kruten déi riseg Technikzentral déi sech am véierten sous-sol befënnt an eng Raumhéischt vun 5 Meter huet gewisen. Vun der Haustechnik ass do ënner anerem emol den TGBT (Tableau général basse tension) an d’CTA (Centrale de traitement d’air) ënnerbruecht. Vun der Komplexitéit vun esou engem Reseau kann ee just staunen. Dunn ass et op den zweeten Stack gaangen wou mir eis den Réibau an e Musterbüro ugekuckt hun. Iwwert den Daach vun den Bürosgebaier sinn mir a Richtung Tuerm getrëppelt. Vum 7. Stack sinn mir dunn bis ganz erop an den 18. Stack an d’Chef Etage an vun do aus op Daachterrasse gaangen. Wien wollt net schon emmer emol eng Vue iwwert de kompletten Kierchbierger Plateau ze gesinn kréien, an tatsächlech et konnt een eis klengt Ländchen wonnerbar bestaunen. Insgesamt wirken eng 120 Ingenieuren, Architekten an Bauzeechner un der Realisatioun vum Projet mat. Den Projet huet e puer Wiesselphasen

Visite KAD


matmaachen missen. E war ursprénglech un e Generalunternehmer ausgeschriwwen ginn a schlussendlech als ëffentlech eenzel Vergaben ausgeschriwwen ginn. De Standard vum ganze Gebai huet dorënner gelidden dass de Budget vun 800 op 400 Milliounen gekierzt gouf. Als Beispill huet déi geplangten Glaskuppel vum Konferenzraum duerch eng Stolen net liichtduerchlässeg Daachkonstruktioun ersaat missen ginn an den Haapttuerm gouf vun der Stackwierksunzuel gekierzt. Als Schlussfolgerung kann een festhalen dass bei groussen ëffentlechen Projeten esou kuerzfristeg oder graff Ännerungen zu erhéichten Planungs- an Projektmanagementkäschten féieren an domat d’Funktioun vum Gebai an d’Zefriddenheet vum spéidere Locataire a Gefor ass. No der Visite ass et dunn fir Mëttes Richtung Table Ronde an de Forum Da Vinci gaangen.

Auteur: Steve Breden Fotoen: INCA

Votre choix intelligent, pour aujourd’hui et pour demain.

10 l bulli Summer 2017

rosedeclaire.lu

ÉCOLOGIQUE - CONFORTABLE - FIABLE


Concevoir et construire des projets durables

www.simon-christiansen.lu | www.luxplan.lu | www.geoconseils.lu | www.zilmplan.lu | www.bsc.lu Parc d’activités 85-87 | B.P. 108 | L-8303 Capellen/Luxembourg | Tél. : (+352) 26 390-1 | Fax : (+352) 30 56 09


Table Ronde 2017 14.04.2017 | Forum da Vinci

Fotoen: Johan Winkel

Eis traditionell Table Ronde op Karfreideg war dëst Joer e groussen Erfolleg. Hai kréien eis Memberen déi eemoleg Chance fir eng ganz Rei vun bekannten lëtzebuergeschen Firmen aus der Ingenieurs Branche kennenzeléieren an sech duerno zesummen an engem agreabelen Kader ze ënnerhalen. Et wier net déi eicht Kéier dass duerch dëst Networking eng Zukünfteg Perspektiv tëscht dem Student an der jeeweileger Entreprise entstanen wier. Dat ganzt huet ewéi gewinnt am Forum da Vinci an der Staat stattfonnt. Am Ufank vun dësem Joer, hun mir eis am Comité doriwwer ënnerhalen op an wouduerch mir d’Konzept vun der TR verbesseren bezéiungsweis nei kennen gestallten. Schlussendlech war d’Resultat souwuel bei de Studenten, de Firmen an dem Comité äusserst gutt ausgefall. Dëst neit Konzept gëtt an Zukunft baigehalen! Ugefaangen huet dës Verbesserung mat der Verschäerfung vun den Bedéngungen vun den Presentatiounen. Den Inhalt vun den Virträg sollt méi attraktiv gin an domat d’Obmierksamkeet vum Zuschauer während deenen zwou Stonnen net verlueren goen. Fir dëst ze erreechen gouf Dauer vun den Virträg jeeweils op maximal 4 Minutten festgeluecht. Den Inhalt sollt sech méi ob Fakten an op d’Zukunftsperspektiv an dem Student senger spéiderer Beruffswelt bezéien. Domat konnt 12 l bulli Summer 2017

d’Firma den Zuschauer neigiereg maachen. Am ideale Fall konnt doduerch e perséinlecht Gespréich tëscht dem Student an enger Entreprise entstoen. Zousätzlech goufen am Virfeld an eiser 4ßcontact Broschür Jobofferen a Profiler vun de betreffende Firmen ausgeschriwwen. D’Unzuel vun den ugemellten Firmen konnten mir dëst Joers och erhéijen. Et waren insgesamt 19 Entreprisen am Forum. Eis Offer gouf emol duerch d’Consultings Firmen Mc Kinsey an Schwartz & Co. erweidert. Nei mat dobäi waren Firmen ewéi d’Arméi, Luxinnovation an de Collège des Ingénieurs. Den Succès huet sech duerno am Forum un der grousser Participatioun feststellen gelooss. An dëser gemittlecher Atmosphäre gouf et dunn natierlech och deen een oder aneren Patt ze drénken woubäi sech déi eng serieux iwwer hier méiglech Zukunftsperspektiven informéiert hun an déi aner sech lëschteg ënnerhalen hun. Een vun eisen Highlights op der Table Ronde war den Foodtruck, wat hun d’Firmen Aen gemaach wou den Foodtruck bemol virun der Dier ugefaangen huet d’Fleesch um Grill brutzelen ze loossen an d’Serveuren déi hongereg Clientèle am Forum mat gesondem Fingerfood verwinnt huet. Nodeems d’un jiddereen als Owesiessen deen een oder aneren Hamburger vum Grill genéissen konnt, Table Ronde 2017


ass dësen Owend wéi gewinnt mam Fräibéier am Liquid op en Enn gaangen. Am groussen ganzen war d’Virfreed op dëst Event nees besonnesch grouss an d’Leit sinn mat engem positiven Androck an e puer interessanten Gespréicher an de Feierowend entlooss ginn. Mir als Comité freeën eis schon nees d’nächst Joer eng genau esou dynamesch Table Ronde op d’Been stellen ze dierfen. Zum Schluss soen mir eisen Memberen a Partner häerzlechst Merci fir är Participatioun déi dës Table Ronde zu engem Erfolleg maachen konnt.

Auteur: Steve Breden

Fotoen: Johan Winkel

Table Ronde 2017

bulli Summer 2017 l 13


Fotoen: Johan Winkel

14 l bulli Summer 2017

Table Ronde 2017


Programm Journée Saar-Lor-Lux 2017 (14.10.2017)

Fotoen: Ramon Pinkel

Um 11:00 Arrivée am Musée du Tramway de la Ville de Luxembourg

Konferenz iwwer d’ Mobilitéitskonzept zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun Presentatioun vun der Technik vum neien Tram

Paus mat Imbiss

Nomëttes Visitten: Neien CFL Atelier Seelbunn a Gare Pafendall Atelier vum neien Tram um Kierchbierg

D’ Journée Saar-Lor-Lux gëtt mat engem Dinner am Tramsmusée ofgeschloss

Umellen kanns du dech bei der Associatioun da Vinci (info@davinciasbl.lu)


Programm Journée Saar-Lor-Lux 2017 vir d’Studenten (13.10.2017-15.10.2017)

Fotoen: Ramon Pinkel

Dëse Programm ass nëmme virleefeg a kann nach geännert ginn  Freides am Nomëtten: Treffen um Findel an eng Visite (viraussiichtlech bei der Cargolux) Duerno fueren mer zesummen bei d’Jugendherberg vir an ze checken, uschléissend gi mer gemeinsam eppes iessen, an deen een oder aneren Café testen.  Samschdes: Ab 11 fänkt den offiziellen Programm vun der JSLL un, deen nom Ofschlossdinner um 22:00 zu Enn geet, duerno fënnt sech awer sécherlech nach een Café wou een den Owend ka gemittlech auskléngen loossen.  Sonndes: Moies kréien mer eng Féierung vun engem Éierepresident vun DaVinci duerch d’Stad. Mëttes steet dann eng Visite vum Industriepark Fond-de-Gras un, mat enger Zuchfaart an historeschem Material.   Dësen Weekend organiséieren mer net nëmmen vir ANEIL Memberen, mee och vir déi Jonk aus dem Saarland an aus der Lorraine, an hoffen dass mer esou och dës Kollegen besser kenne léieren. D’Umeldung geet bis den 10.09.2017 beim Charly (charly.huberty@aneil.lu)


h2a .lu

Pour toute information ou prise de rendez-vous, contactez-nous :

Vous avez un projet d’entreprise ? L’équipe pluridisciplinaire de la « House of Entrepreneurship » est à votre service pour vous conseiller, vous assister et vous accompagner dans toutes les étapes de la création et du développement de votre entreprise.

14, rue Erasme L-1468 Luxembourg T. : +352 42 39 39 330 info@houseofentrepreneurship.lu houseofentrepreneurship.lu

Une initiative de :

En partenariat avec : 1535°, ADEM, Chambre des Métiers, guichet.lu, ITM, IPIL, Luxinnovation, MCAC, nyuko, Technoport, Ministère de la Santé, Ministère de la Fonction publique et de la Réforme administrative - CFUE


YOUR TRUSTED PARTNER FOR BUSINESS We bring people and companies together in an environment where innovation flourishes. We act as facilitator for those who plan to start a business. We fuel the innovative spark that helps companies improve their performance. We stimulate the international expansion of players in a variety of key sectors. What’s more, we guide foreign investors to the best opportunities Luxembourg has to offer. Together, we can accomplish great things.

www.luxinnovation.lu


Campweekend vun de jonken Ingenieuren aus der Régioun Saar-Lor-Lux 23.06.2017-25.06.2017 | Losheim

Fotoen: Michel Sun, Ramon Pinkel

D’Treffe war eng Première a mir si frou, dass mir als ANEIL op dës Première invitéiert goufen. Dat ganzt gouf iwwert de Weekend vum 2325.06.2017 zu Losheim um Séi ofgehalen. Dobäi si während dem ganze Weekend Leit bäikomm an anerer nees fortgefuer. Zu Spëtzenzäite waren awer eng gutt Doze Leit präsent. Leider war awer, wéi esou oft, kee vun eise franséische Kollegen dobäi. Trotzdeem war et fir déi éischte Kéier ganz okay a mir waren eis eens, dass dat Treffe Potential huet an een dat dowéinst sollt all Joer maachen. Doriwwer eraus freeën eis Kollegen aus dem Saarland sech och schon drop fir am Hierscht um Saar-Lor-Lux Dag zu Lëtzebuerg bei eis op Besuch ze kommen. De Freidegowend ass wéi üblech mam Opriichte vun den Zelter a mat der Installatioun vun der Zeltplatz ugaangen (Grill, Frigo, Stroum etc.). Duerno hu mir wéinst den héijen Temperaturen awer fir d’éischt emol d’Waasserqualitéit vum Séi getest. Dofir si mir queesch duerch de Séi geschwommen an hu representativ Prouwe geholl. D’Resultater hunn eis awer net iwwerzeegt, dofir si mir erëm zréck bei eis Zeltplatz geschwommen an hunn de Grill a Brand gestach an d’Frigostemperatur kontrolléiert. Dëse Qualitéitstest ass dobäi däitlech besser ausgefall wéi den Test vum Séiwaasser.

20 l bulli Summer 2017

Michel SUN: Ech konnt leider reicht ab Samschden den ganzen Programm vum VDI SuJ Saar matmaachen. Mais fir mech war et och eng Premiere eis däitsch Kollegen ze treffen an hun mech dropgefreet. Den Treffpunkt war Mëttes beim Baumwipfelpfad Saarschleife an da Géigend vun Mettlach. D´Saarschleife gehéiert anscheinend zu den Top 30 Sehenswierdegkeeten vun da Welt, die een muss gesinn hun befier een nemi lieft. Während dem Parkour gouf et dann och pur Infos an Ausschëlderungen zu den Deieren an zu da Natur an eng Rutschbahn, wou d´Ingenieueren se natierlech missten direkt testen wie Reiwung sech verhält, genauer gesot Haftreiwung an Gleitreiwung sech verhält. Nodeems ma den Aussiichtstuerm gesinn hun, hun Leit gemengt et misst een bessen Technische Mechanik uwenden an hun versicht um Fachwerk erauszefannen wou d‘Nullstäbe sech geingen befannen. De Pad huet eng Längt vun insgesamt 1250 meter an den Aussiichtstuerm as ca. 42 Meter héich. D´Holzkonstruktioun as am Hallefkrees gebaut ginn an huet eng Neigung vun maximal 6% domat et och fir déi behënnert Leit geeenget as. Un da Spëtz vum Aussiichtstuerm ukomm, krut een mol direkt eng Belounung an deem een eng eenzegaarteg an fantastesch Vue iwwer Saarschleife an Landschaft huet. Ënerwee fir erof, goufen ma vum Personal gefrot ob ma Verbesserungsvirschléi hätten. Natirlech hun d´Ingenieuren direkt eng dozen Saar-Lor-Lux


Construisons votre avenir !

Avec plus de 4300 collaborateurs travaillant au sein de l’Entreprise et de ses filiales, POST Group est le 1er employeur du pays. Forte de sa renommée bien établie et son ancrage luxembourgeois, POST Luxembourg est aussi une entreprise innovante, ouverte sur le monde par ses métiers en constante évolution et par la richesse de ses collaborateurs de plus de 40 nationalités différentes.

Passionné(e) de nouvelles technologies ou féru(e) d’informatique, rejoignez-nous !

www.postgroup.lu


Äntwerten gin, wie zum Beispill en Hot Dog Stand, Selfie-Stick verkafen, Bunjee Jumping a.s.w. als Idee ginn. Nodeem wonnerschéinen Rondlbleck iwwer Saarschleife, huet den zweeten Deel ugefaangen, an zwar d´Wandertour. Mir sinn den ganzen Bierg erof gewandert, dunn hun ma Faire iwwer Saar gehol an hun Buerg Montclair ënerwee besiicht. Verschweesst an midd hun ma endlech eis Ziel am Mettlacher Abtei-Bräu (Brauhaus) ereescht. Natierlech gouf als éischt mol direkt „eng“ Béier bestallt zur Belounung vum ganzen Wanderen. Owesiessen war dann och mat inclus. D´Iessen war super lecker an super defteg. Iergendwann mol sinn ma rem zeréck bei den Campingsplatz gefuer. Dunn gouf die 2. Prouf am Séi getest, die däitlech besser ofgeschnidden huet wie die éischten kéier, super Oofkillung no dem ustrengenden Wanderdaach. Den Owend gouf den Grill dann rem ungeschmass mat e puer Wuppen als Dessert an mat „engem“ gemitterlechen Béierchen, wourop mir och den Owend gemitterlech auskléngen gelooss hun. Den Sonnden war leider net méi vill um Programm, well d´Wieder leider net méi matgespillt huet. Mais Moies huet misten nach eng 3. Prouf am Séi geholl ginn andeems ma mol op die aner Säit vum Séi geschwommen sin. D´Prouf war duerchschnëttlech gewiescht. Nodeems hun ma leider missten Zelter an den ganzen Recht anpacken, well et schon ugefangen huet mat reenen an hun eis dann leider och schon virun Mëttegiessen duerch Bascht gemaach. Ech soen am Numm vum ANEILs Comité eisen däitschen Kollegen an virum allem dem Ramon vum VDI SuJ Saar een groussen Merci fier d‘Organisatioun an d‘Op Been stellen vun dem flotten Weekend. Ech hoffen an wenschen ma dass nächst kéier mei Memberen mat participéieren, well ëmmerhin as et flott nei Leit kennenzeléieren an neien Networking opzebauen. Ech hoffen Iech an eis däitsch Kollegen op eisem nächste SaarLor-Lux Treffen, waat am Hierscht zu Letzebuerg stattfennt , begréissen ze kennen.

Auteur: Dennis Hövelmann, Michel Sun

Fotoen: Michel Sun, Ramon Pinkel

Saar-Lor-Lux

bulli Summer 2017 l 23


Nous sommes fiers de ce que nous avons accompli et de notre esprit d'entreprise, qui nous ont permis de devenir leader dans nos secteurs d’activité. Ainsi, nos aciers Histar® made in Differdange sont intégrés dans la charpente du Bow, le plus haut gratte-ciel de Calgary et le plus grand bâtiment en structure acier de l’Ouest du Canada.

C'est nous

http://luxembourg.arcelormittal.com

© Foster&Partners / Terri Meyer Boake

Leadership


VOYAGES

VANDIVINIT

Reesen mat Stil

12 - 14, Z.A. Triangle Vert L-5691 ELLANGE/MONDORF

Tél.: 23 66 83 41 - 1 www.vandivinit.lu


Interview INCA De Bureau d’études INCA Ingénieurs Conseils Associés as säit 1991 aktiv zu Lëtzebuerg an am Ausland am Beräich Genie Civil. Seng 124 méisproocheg Mataarbechter op hiren 5 Siten betreien a beroden d‘Clienten an enger breetgefächerter Palette vun Beräicher:

Héichbau & Déifbau

Industriebauten

Bréckebau

Stroossen- an Eisebunnsinfrastrukturen

Ekonomie a Käschtekontroll vu Projeten

Representant vum Bauhär

Koordinatioun an Pilotage vun Projeten

Lotissementer

Waasserbau & Siedlungswaasserwirtschaft

Kanalbau

Hydraulik

Environnement (PAP an Renaturéierung vun Flëss)

Entwécklung vun Kommunalpläng

Koordinatioun vun Sécherheet an Gesondheet

Bauphysik

Akustik

Brandschutz

Expertisen Fotoen: INCA

26 l bulli Summer 2017

Interview INCA


Haut begéine mir 3 vun hiren jonken Mataarbechter. Interview mam Emil MUHOVIC, Max MULLER a Laura LAMMAR Moien Emil, kanns du dech kuerz virstellen an eis däin Rôle bei INCA e bëssen mi no bréngen? Moien, mäin Numm ass Emil MUHOVIC. Ech hunn meng Studien op der Ingenieurschoul INSA zu Stroossbuerg gemaach an sinn säit 5 ½ Joer am INCA Team als Bauingenieur am Departement Bâtiments et Constructions Industrielles. Mäin Rôle ass ganz villfälteg an geet vun statesch Berechnungen iwwert d’Organisatioun vun der interner Equipe, ausschaffen vun Soumissiounsdossieren, Chantiersréuniounen bis hin zur technescher Kontroll vun den Aarbeschten. Wéi as dann esou deng Evolutioun bei INCA bis elo an wou läit den Challenge an dengem Beruff? Meng perséinlech Evolutioun bei INCA ass ganz flott verlaf. Am Ufank hunn ech nach un klengen Projeten geschafft wéi kleng Residenzen, déi awer séier op Projeten gewiesselt hunn vun grousser Envergure bis hin zu Bâtiments publics Projeten.

Wat gefält dir am Beschten bei INCA? Wat mir bei INCA am Beschte gefält ass dat multikulturellt Ëmfeld, di jonk Equipe, an de Wëllen vum Bureau sech permanent weider ze entwéckelen an Innovatiounen an den Alldag erafléissen ze loossen. Och di vill interessant an ausgefale Projeten déi INCA betreit sinn eng flott Incentive fir hei ze schaffen. Do gëtt et ni langweileg ! Evolutiounsméiglechkeeten bei INCA sinn ganz gutt well intern Formatiounsprogrammen den Mataarbechter erlaben sech ëmmer weider ze entwéckelen. An trotz allem ass et e Bureau mat engem familiären Charakter den vill Aktivitéiten och „extraprofessionell“ fir seng Mataarbechter organiséiert wéi zum Beispill eis flott Rees op Barcelona d’läscht Joer. Moien Max, du bass am Bréckenbau Departement. Wéi gesäit dann do esou en typeschen Dagesoflaf bei INCA aus? Moien! Ech sin de Max Muller an ech hunn zu Oochen

Fotoen: INCA

Eng ëmmer gréisser Responsabilitéit an di dozou gehéierend Autonomie bei der Gestioun vun de Projeten maachen d’Schaffen esou richteg flott. Dobäi kënnt, dass ech mat mengen 5 Sproochen natierlech den och als Vermëttler tëscht al den Intervenanten muss fungéieren. Solutiounen sichen, Kompromësser fannen dat ass en Deel vum Dagesgeschäft. Dobäi ass d’Kommunikatioun ganz grouss geschriwwen an dat net nëmmen no baussen hin mee och inhouse mat den Aarbechtskollegen.

Interview INCA

Bauingenieur studéiert. Ech sinn zanter 2 Joer elo bei INCA am Beräich Bréckebau. Meng Aufgab geet vun der Planung vun Bréckebauprojeten, iwwert d’Preparatioun vun den Ausschreiwungen bis hin zu der Exekutioun. All Dag gesäit anescht aus an et muss en ëmmer reaktiv bléiwen an uspriechbar sinn fir all Partner, intern wéi och extern. Kee Projet ass ewéi deen aneren, et ginn ëmmer néi Erausfuerderungen an et léiert een ëmmer béi. Ech hunn am Ufank mat klengen Projeten ugefaangen an mech esou lues un dat „richtegt Liewen“ erugetaascht. Mat der Theorie aus der Schoul eleng leeft een net wäit dofir sinn Stagen bulli Summer 2017 l 27


Och wann ech „à la base“ net an dësem leschte Beräich „doheem war“ an am Fong dat éischt Ziel war Berechnungen ënnert Naturbrand kënnen duerchzeféieren, sou ass et eis séier bewosst ginn, dass een de Beräich Brandschutz net nëmmen kann eleng op déi Berechnungen beschränken. Mee et ass néideg global Brandschutzkonzepter auszeschaffen, déi dann an engem zweete Schrëtt duerch ingenieurtechnesch Methoden kënne validéiert ginn. Des Weiderentwécklung vun onse Kompetenze ass ganz motivant.

esou wichteg! Dat kann ech all Student nëmme wärmstens empfehlen. Mat der Zäit krut ech ëmmer méi an méi Verantwortung bis ech dann elo zum Beispill meng éischt 75 m laang CFL-Bréck iwwert d’Autobunn vun A bis Z duerchplangen an betreien. Du schéngs dech bei INCA richteg wuel ze spieren… Jo, wat mir besonnesch gutt gefält ass di flott Ambiance bei INCA an di gesond Mëschung aus jonken Mataarbechter an „alen Huesen“ déi deen Newcomers dann, an hirer „coach“ Funktioun, begleeden a beroden an en un de Bureau an de Metier erubrengen. INCA organiséiert och vill Aktivitéiten fir seng Mataarbechter an dat geet vun sportlech Aktivitéite bis hin zu kulturellen Trips. Och fir d’Intern Kommunikatioun ass gesuergt mat zum Beispill eiser Newsletter déi esouwuel Soziales ewéi och eis Projet’en all de Mataarbechter méi no bréngt! Moien Laura, stell dech emol kuerz fir Mäin Numm ass Laura LAMMAR, ech sinn 31 Joer all a schaffen elo säit 3 Joer bei INCA am Beräich Bâtiments et Constructions industrielles a parallel am Departement Bauphysik Thema Brandschutz. Ech hunn zu Zürech op der ETH studéiert, sinn dono nach 2 Joer zu Zürech hänke bliwwen, wou ech an engem Bureau d’études am Beräich Héichbau a Betonsanéierung geschafft hunn. Duerno huet mech d’Liewen fir knapps 2 Joer op Lille bruecht, wou ech responsabel war fir d’statesch Konzeptioun vu gréisseren ëffentlechen Projet’en, iert ech erëm op Lëtzebuerg zréck komm sinn. Mäin Rôle bei INCA ass ganz ofwiesslungsräich a geet vun der statescher Konzeptioun, divers klengen Etuden zum Suivi de Chantier an am Moment sinn ech och am gaangen de Brandschutzberäich bei INCA auszebauen.

28 l bulli Summer 2017

Fotoen: INCA

Duerch meng „duebel Allocatioun (Bâtiments a Brandschutz) ass mäin Dagesoflaf alles aneschters ewéi langweileg, an och ganz konkret investéieren ech ca. 70 % vun menger Zäit an Etuden an Recherchen an 30% um Chantier fir d’Koordinatioun an de Suivi vun den Aarbechten. All Projet op kleng oder grouss ass en Challenge an um Enn huet een ëmmer nees eng Satisfaktioun wann e Projet aus de Pläng an d’Realitéit gewuess ass. E Projet gëtt och staark gepräägt duerch de soziale Kontakt esouwuel no bannen ewéi och no baussen, wat wichteg, flott a beräicherend zugläich ass. Wat vir en Tipp hues du fir di jonk Studenten? Am Ufank vum Studium kennt een Aarbechtswelt an hiren Alldag nach net. Wielt iech also e Studium eraus dat iech wierklech Spaass mëscht an wou dir engagéiert a mat Passioun drubleift. Stagen maachen an all Beräicher ass och wichteg fir erauszefannen wat ee wierklech maachen wëllt an och fir méi séier operationell ze sinn. Duerno stinn engem all Dieren am Beruffsliewen op!

Auteur: INCA

Interview INCA


© Lukas Huneke; Andrès Lejona, Christof Weber

BIENVENUE CHEZ INCA

INCA Ingénieurs Conseils Associés est un bureau d’ingénieur en génie civil, offrant ses services depuis plus de 20 ans, dans des domaines aussi variés que : • la coordination et le pilotage de projets, • le bâtiment et les constructions industrielles, • les ouvrages d’art, • les infrastructures routières et ferroviaires, • l’hydrologie et la gestion de l’eau, • la physique du bâtiment (sécurité incendie, acoustique, thermique), • la coordination sécurité et santé, • l’économie du bâtiment Toujours à la recherche de nouveaux talents, nous offrons régulièrement des stages étudiants ainsi que des postes fixes pour ingénieurs, architectes, techniciens et dessinateurs engagés. Envie de nous rejoindre ? Retrouvez nos propositions de stages ou d’emploi sur : www.inca.lu, linked’in et sur facebook ou envoyez directement votre candidature à jobs@inca-ing.lu.

INCA Ingénieurs Conseils Associés S.à r.l. 47, rue Gabriel Lippmann L-6947 Niederanven

Tél. : (+352) 42 68 90-1 Fax : (+352) 42 68 96 info@inca-ing.lu www.inca.lu

bulli Summer 2017 l 29


Forschungsprojet (Master) vum Dennis Hövelmann Einsatzmöglichkeiten von Stromspeichern – Analyse anhand der Energiewendestrategie der Bundesregierung bis 2030 Autoren der zugrundeliegenden Arbeit: Alexander Hoffmann, Dennis Hövelmann, Patrick Lichtner, Sebastian Wolf Dës Gruppenaarbecht huet op der Basis vun de geplangten Energiequelle bis 2030 an Däitschland versicht ze extrapoléieren, wéi vill Stroumspäicherkapazitéiten 2030 gebraucht ginn a wéi eng Technologien sech a wéi engem spezielle Beräich rentéieren. D’Aarbecht geet ganz déif an d’Detailer vun deenen eenzelen Technologië fir d’Stroumquellen an d’Stroumspäicher inklusiv der entspriechender wirtschaftlecher Analyse. Ech versiche mat dëser Zesummefaassung d’Problematik vereinfacht ze erklären an eis Conclusiounen ze ënnermaueren. D’Problematik leit doran, dass eis Stroumnetzer (bal) kee Stroum kenne späicheren, deemno muss d’Bilanz tëschent agespeistem Stroum a Stroumverbrauch zu all Moment openee passen. D’Volatilitéit vum Stroumverbrauch (z.B. Aus- an Aschalte vun elektresche Verbraucher) respektiv der Stroumgeneratioun (z.B. Atomkraaftwierker, PV- oder Wandkraaftanlagen) änneren awer am Millisekonneberäich. Fir dass déi Bilanz dann trotzdeem opgeet, musse Verbrauch an Aspeisung openeen ofgestëmmt ginn. Dës Netzregelung zur Sécherstellung vun engem funktionéierende Reseau an dem feelerlose Betrib vun eisen elektresche Verbraucher, gëtt iwwert verschidde Systemer garantéiert. Prinzipiell sinn dës Systemer flexibel Kraaftwierker, flexibel Verbraucher oder Stroumspäicher, woubäi dat Ganzt och ëmmer eng wirtschaftlech Komponent huet. D’Demande an d’Aspeisung vu Stroum setzt sech deemno aus enger physikalescher an enger wirtschaftlecher Komponent zesummen. Dobäi këmmert sech d’Bundesnetzagentur mat den eenzelen Netzbedreiwer em d’Sécherstellung vun der Physik an d‘Bourse EEX (European Energy Exchange) zu Leipzip em déi finanziell Komponent.

30 l bulli Summer 2017

Déi Differenz déi an der Stroumbilanz permanent muss ausgeglach ginn heescht Residuallast (Stroumgeneratioun-Stroumverbrauch). Dësen Ënnerscheed gëtt opgrond vun de staarke Schwankungen (Volatilitéit) bei regenerativen Energiequellen, wéi Sonn oder Wand (Abb. 1) an dem Ausbau vun dësen Technologien an den nächste Jore staark zouhuelen. Deemno mussen aner Kraaftwierker, wéi z.B. Gas (inklusiv Biogas) nach méi flexibel ginn a méi Reservekapassitéit opbauen, weiderhi mussen d’Verbraucher mat Hëllef vu Smartmeter hire Verbrauch dem aktuelle Stroumangebot upassen. Dëst ass immens relevant fir Lëtzebuerg, well mir bis 2022 alleguerte wäerte Smartmeter hunn an doduerch da kennen eis intelligent Hausgeräter genau da lafe loossen, wann de Stroum un der Bourse bëlleg ass, well zu dem Moment z.B. vill Wand- oder Solarstroum zur Verfügung steet. Bis elo kennen dat just Groussverbraucher maachen, mee privat Haushälter net. Dës Moossname wäerten a Verbindung mat operativen oder geplangte Stroumspäicher (z.B. Pompelspäicherkraftwierker (wéi Veianen), RedoxFlow- oder Lithium-Akkumulatoren) fir den Ausgläich iwwert e puer Stonnen oder Deeg duergoen, ënnert der Konditioun, dass se parallel an zu der geplangter Kapassitéit ausgebaut ginn. Heibäi gëtt virun allem den Akkue fir privat Haushälter respektiv den Akkuen aus den Elektroautoen en héich Potential zougewisen. Dës Akkue gi virum Abau an en Auto respektiv duerno, wann hier Kapassitéit ze geréng gëtt, nach a speziellen Akkuspäicher genotzt. Zur Ergänzung kann och relativ vill Ongläichgewiicht duerch d’Verbindung am europäesche Verbondnetz ausgeglach ginn (dëst kéint och eventuell nach ausgebaut a mat weidere Bilanzkreesser verbonne ginn). Fir d’Langzäitspäicherung (Ausgläich tëschent Méint oder verschiddene Joreszäiten) wäerten dës Moossnamen allerdéngs net duergoen. Virun allem dann, wann déi konventionell Kraaftwierker just nach e kléngen Undeel ausmaachen. Dëse Fall wäert ab 2030 an Däitschland ëmmer méi relevant ginn.

Forschungsprojet vum Dennis Hövelmann


Abb. 1: Stromgeneration aus Wind- und Solarenergie inklusive dem entsprechenden Stromverbrauch in Deutschland 20141

Opgrond vun den CO2-Reduktiounsziler bis 2030 an dem Ausstig aus der Atomkraaft hu mir ugeholl, dass 2030 keen Atom- a kee Brongkuelstroum méi wäert op däitschen Territoiren agespeist ginn. Dës Unnahme goufe getraff fir eng Basis fir d’Extrapolatioun a verschiddene Szenarien ze hunn. Dat lescht Atomkraaftwierk soll an Däitschland 2022 vum Netz geholl ginn. D’Brongkuel huet déi schlechtst CO2-Bilanz vun de verbleiwende Stroumquellen an d’Emissiounen aus deene Kraaftwierker passen zimlech genau op d’CO2Reduktiounsziler an der Stroumproduktioun bis 2030. Dowéinst si mir dervun ausgaangen, dass dës Technologie bis 2030 net méi wäert aspeisen. Weiderhin hu mir d’Ausbauziler u regenerativen Energiequelle bis 2030 als erreechbar an och bis 2030 als implementéiert ugeholl (Abb. 2).

Den Ënnerscheed tëschent der installéierter Leeschtung an der realistesch geliwwerter Aarbecht (Energie) hu mir unhand vun enger Entwécklungsmoyenne an den eenzelen Technologië bis 2030 extrapoléiert. Dobäi hu mir festgestallt, dass déi geplangten Efforte beim Ausbau vun de Stroumspäicher, de flexibele Gaskraaftwierker an der Upassung vum Stroumverbrauch un den dat aktuellt Stroumangebot bis 2030 duer ginn. Spéitstens ab 2030 mussen allerdéngs nei Léisungen etabléiert ginn oder déi scho benotzte Léisunge weider ausgebaut ginn. Dësen Idealfall ass allerdéngs relativ onwahrscheinlech, well virun allem Gaskraaftwierker staark un der Rentabilitéitsgrenz schaffen. Dowéinst musse wahrscheinlech scho virun 2030 Upassungen am Ausbaukonzept ënnerholl ginn.

Eigene Darstellung basierend auf: Fraunhofer-Institut für Solare Energiesysteme ISE. Fraunhofer-Institut für Solare Energiesysteme ISE. Freiburg. Online verfügbar unter https://www.ise.fraunhofer.de/de/downloads/ pdf-files/data-nivc-/stromproduktion-aus-solar-und-windenergie-2014.pdf, zuletzt geprüft am 19.06.2016 und Arbeitsgemeinschaft Energiebilanzen e.V. (AGEB) (2016): Bilanzen 1990-2014. Hg. v. Bundesverband der Energie- und Wasserwirtschaft e. V. Arbeitsgemeinschaft Energiebilanzen e.V. (AGEB). Online verfügbar unter http://www.bmwi.de/DE/Themen/Energie/Strommarkt-der-Zukunft/zahlen-fakten.html, zuletzt geprüft am 19.06.2016. 1

Forschungsprojet vum Dennis Hövelmann

bulli Summer 2017 l 31


Abb. 2: Eigene Darstellung des für diese Arbeit angenommenen Szenarios: Entwicklung von Stromgeneration und -nachfrage in Deutschland von 2005 bis 20302

E weidere wichtege Punkt ass, dass d’Stroumnetz ausgebaut gi muss fir de changéierten Ufuerderunge gerecht ze ginn. An dem Zesummenhang kenne Stroumspäicher en Deel vun dësen Aufgaben iwwerhuelen an domat d’Auslaaschtung an d’Rentabilitéit vun de Stroumnetzer erhéijen. Redispatchmoossname sinn Ofschaltunge vu regenerative Stroumquelle, well d’Netzer opgrond vun Netzengpäss dëse Stroum net kennen transportéieren. Déi Verloschter déi doduerch entstinn, respektiv Entschiedegungen déi doduerch ufale, sinn an der Tabelle 1 zesummegefaasst. Och op dëser Platz kéinte Stroumspäicher wirtschaftlech an technesch sënnvoll sinn.

Tabelle 1: Entwicklung der abgeregelten Strommenge und den dadurch bedingten Kosten3

Eigene Darstellung, basierend auf den getroffenen Annahmen und den Daten der AG Energiebilanzen: Arbeitsgemeinschaft Energiebilanzen e.V. (AGEB) (2016): Bilanzen 1990-2014. Hg. v. Bundesverband der Energieund Wasserwirtschaft e. V. Arbeitsgemeinschaft Energiebilanzen e.V. (AGEB). Online verfügbar unter http://www. bmwi.de/DE/Themen/Energie/Strommarkt-der-Zukunft/zahlen-fakten.html, zuletzt geprüft am 19.06.2016. 2

Beck, Hans-Peter et al. (2013): Eignung von Speichertechnologien zum Erhalt der Systemsicherheit. Hg. v. EnergieForschungszentrum Niedersachsen. Energie-Forschungszentrum Niedersachsen. Goslar (FA 43/12). Online verfügbar unter http://www.speicherinitiative.at/assets/Uploads/24-eignung-von-speichertechnologien-zumerhalt-der-systemsicherheit.pdf, zuletzt geprüft am 20.06.2016. 3

32 l bulli Summer 2017

Forschungsprojet vum Dennis Hövelmann


D’Resultat vun dëser Analyse ass deemno, dass een esou mann wéi méiglech Energieëmwandlunsgschrëtt soll hunn an, dass et bal ëmmer en Zilkonflikt tëschent physikalescher a wirtschaftlecher Effizienz gëtt. D’Energiespäicherung och iwwert de Stroummaart eraus sollt eiser Analyse no mat Hëllef vu Waasserstoff (Power-to-H2) oder Methan (Power-to-CH4) implementéiert ginn. Dobäi ass de vollstännegen Energiebilan beim Waasserstoff besser, mee de Methan ass gesellschaftlech éischter akzeptéiert. Dës zwee Stoffer kenne relativ propper oxidéiert ginn a sinn immens flexibel asetzbar. Domat kennen de Gasmaart, de Wärmemaart, de Stroummaart an d’Mobilitéit versuergt ginn. Ausserdeem kéint een d’Hierstellung, d’Infrastruktur an d’Ëmstellunge parallel entwéckelen, well een sech ufanks nach kéint mat fossille Quelle fir dës Energieträger bedéngen an dës dann no an no zu engem ëmmer méi groussen Undeel regenerativ generéieren. Déi fossil Quelle wieren dann och nach zu all Moment en immens grousse Backup fir exzeptionell Wieder- oder Verbrauchskonditiounen a wiere relativ gënschteg am Verglach zu anere BackUp‘s. Dës Stoffer ënnerscheede sech chemesch net, egal ob se regenerativ oder fossil Primärquellen hunn an se domat kennen an den nämmlechten

Forschungsprojet vum Dennis Hövelmann

Apparater verbraucht ginn. En plus kéinten zu Spëtzenzäiten och Gasnetzer méi staark zum indirekte Stroumtransport bäidroen, soudass den néidege Stroumnetzausbau kéint ageschränkt ginn. Dës zwee Stoffer loossen sech ausserdeem och bis zu enger gewëssener Grenz vermëschen an als konventionelle Methan an alle Marchéën notzen a kenne relativ rentabel an ënnerierdesche Stollen iwwer laang Zäit gespäichert ginn, ouni eis Ressource u benotzbarer Fläch ze staark ze reservéieren. Auteur: Dennis Hövelmann

bulli Summer 2017 l 33


ques eaux publi s ré t n e m stier ranche hemin fore dation | B C n | o F x | u a n h io C à la émolit n Traitement nsport | D | ra T n o | ti a t | Rénovatio it n n u e q io m t ’é e a d s s m r te ra Ter Transfo ur | Pis t | Voirie | nts extérie n e e m m e e g s a n is t é Am tang | Lo Curage d’é

P 64, Rue Hiel - Z.A. L-5485 Wormeldange-Haut

q +352 26 35 01 31 p +352 26 35 01 32

i www.entrapaulus.lu E info@entrapaulus.lu


EY ass eng global Firma, déi an den Beräicher Advisory, Assurance, Tax an transaction services täteg ass. Mir setzen eis an, fir eisen Client'en ze hëllefen hiert Potential ze erreechen. Zesummen deelen mir déi selwecht Valeuren fir eisen Clienten een exzeptionnellen Service ze offréieren. EY ënnerstëtzt dech däin Potential ze erreechen egal wou's du ob der Welt bass – perséinlech an och professionell. Eis Equipe bidd dir Experienzen, an hellt dech motivéiert duerch seng Unzuel vun renomméierten Firmen mat deenen mir zesummeschaffen. Niewent dem Job an dem du perséinlech Responsabilitéit muss iwwerhuelen, ënnerstëtzt EY dech an dengem professionellen Developpement. Mir bidden dir Flexibilitéit an dengem perséinlechen Planning fir dass du entscheeden kanns wat wichteg ass, privat mee och professionell. Dein Point de vue, deng Energie an Enthusiasmus sinn déi Valeuren dei bei eis den Ënnerscheed maachen. Den Audit Département gëtt Organisatiounen an hiren Investoren d’Vertrauen, dass d’Publikatioun vun hirem Resultat der tatsächlecher Situatioun vun der Firma entsprécht. Auditeur bei EY, heescht schaffen an engem performanten Team wat sur-mesure op d’Attente vun senge Client’en zesummegestallt gëtt. Doduerch leiers du däin Potential ze developpéieren, egal wou’s du ob der Welt ënnerwee bass. Komplex Sujeten ginn vun enger Equipe vun Spezialisten traitéiert déi dech entouréieren an zesummen mat dir Léisungen fir den Client fannen. Fir eis Equipp am Audit Departement ze vergréisseren rekrutéieren mir vun September 2017 un. LUX000TQ - Audit Assistent (m/f) Deng Responsabilitéiten: Audit Assistent heescht, an engem multi-kulturellen Entourage ze schaffen an Servicer an verschidden Industrie Secteuren ze offréieren: Entreprisen, Fongen, Assurancen, Banken, privat equity an real estate. Mat dengem Team wäerts du stänneg am Kontakt mat Client’en sinn fir déi néideg Informatiounen ze sammelen déi gebraucht gin fir den Audit Rapport ze verfaassen.  Däin Profille: •

Du hues e Master Ofschloss mat enger Spezialisatioun am Audit, an den Finanzen, an der Ekonomie oder an der Comptabilitéit;

Du schwätz fléissend Englesch, Franséisch an/oder Däitsch

Du bass een Team-Player

Du bass organiséiert, flexibel an fäheg d’Iwwersiicht ze halen bei enger Unzuel vun Projeten.

Interesséiert Kandidaten sollen sech via eis on-line Applikatioun mellen: www.ey.com/lu/careers

Ref: LUX000TQ


Interview a+p kieffer omnitec 93 Joer Weiderentwécklung, 390 permanent Mataarbechter, dorënner 37 Bacheloren a 59 Master in Engineering, villfälteg Beispiller vun nohaltegen an innovative Léisungen am ganze Land… a+p kieffer omnitec begleet déi grouss Bauprojeten zu Lëtzebuerg a këmmert sech ëm d’Realisatioun an d’Maintenance vun Anlagen am Beräich vun der Wärme- an Energietechnik. D’Societéit huet sech aus engem Handwierksbetrib aus der Virkrichszäit zum 83. Employeur am Land entwéckelt (wann een d’Entreprisen ewechléisst, an deenen de Staat eng Roll spillt). D‘Organisatioun an d’Ressourcë vun a+p kieffer omnitec sinn ganz op d’Optiméierung vun den techneschen Equipementer, déi d’Firma installéiert an ënnerhält, ausgeriicht, genee wéi op e verantwortungsbewossten Ëmgang mat den Energieressourcen, déi fir hire Fonktionnement néideg sinn. D‘ Orianne, eng franséisch Ingenieurin, déi viru Kuerzem hiren Diplom krut, schafft zënter Januar 2017 bei a+p kieffer omnitec. Si beäntwert eis Froen iwwert hire Parcours an hiren Alldag an der Firma.

Orianne Delmont

36 l bulli Summer 2017

Orianne, wie sidd Dir, wat hutt Dir studéiert a wéi eng Fonktioun hutt Dir bei a+p kieffer omnitec? Mäin Numm ass Orianne Delmont, ech hu 25 Joer a komme vu Lyon. Ech sinn Ingenieur généraliste vun de franséischen Arts et Métiers, mat enger Spezialisatioun an der Automatiséierung, no engem zweeten Master am Fach « Génie des systèmes automatisés  » vum Institut National des Sciences Appliquées vu Lyon. Ech sinn haut technesch Assistentin am Pôle Electrique (PEL) vun a+p kieffer omnitec. Dëse Pôle këmmert sech ëm d’Installatiounen an d’Maintenance vun elektreschen Niddregspannunga Schwaachstrouminstallatiounen, an alles wat mat der Automatiséierung, Regulatioun a mat der Steierung vun den Installatiounen ze dinn huet, anescht ausgedréckt, mir suergen haaptsächlech dofir, Gebaier «  intelligent  » ze maachen, duerch d’Integratioun an d’Interconnexioun vun der Regulatioun an den Niddregspannungs- a

Fotoen: a+p kieffer omnitec

Interview a+p kieffer omnitec


Schwaachstroumequipementer an engem Building Management System. Wéi e Parcours hutt Dir gemaach, fir bei APKO ze kommen? Ech komme vu Lyon, mä ech konnt mäi Stage de fin d’études als Ingenieurin an der Fuerschung zum Thema Regulatioun vun den Ofwaassernetzer um Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) maachen. No dësem Stage wollt ech weider am Beräich Energie an Ëmwelt täteg bleiwen, ëmmer a Verbindung mat der Automatisatioun, souwuel wéinst den aktuellen Erausfuerderungen wéi och deem héijen Innovatiounspotenzial. Ech hunn decidéiert, mäi Gléck zu Lëtzebuerg ze versichen, well dat a mengen Aen en attraktiivt Land fir jonk Diploméierter ass: d’Entreprisen hunn d’Moyenen, fir ze innovéieren, hiert Personal ze

forméieren a si hunn e Virsprong um Niveau vun der Energiegestioun. Dat gesäit een haaptsächlech beim Bau a bei der Renovatioun vu Gebaier. Ech hat a mengem Ëmfeld vun a+p kieffer omnitec schwätzen héieren, besonnesch am Zesummenhang mat der Verwendung vun innovativem Material, an dofir war et fir mech selbstverständlech, eng spontan Kandidatur anzereechen. No zwee Entretiene mat der Direktioun a mam Responsabel vum PEL krut ech e CDI als technesch Assistentin am Pôle Electrique proposéiert. Ech hunn direkt zougesot. Wat sinn Är deeglech Aufgaben? De Pôle ass fir de Volet Elektresch, Niddregspannung a Schwaachstroum vu ville Chantieren zoustänneg. Ech hunn d’Chance, an alles agebonnen ze sinn, wat domat zesummenhänkt: d’Beschreiwung vum Fonctionnement vun den zukünftegen Anlagen, d’Auswiel vum Material, d’Preparatioune fir de richtege Betrib, mat Pläng, Schemaen a Programmatioun, an da schliisslech d‘Inbetriebnahme. Ech testen och neit Material. Viru Kuerzem waren dat Temperatursensoren ouni Kabel fir e Gebai um Kierchbierg. Ech huelen och un der Realisatioun vun Etuden, fir Offre bei Neibauten oder Renovatiounen ze erstellen, deel. Wéi hutt Dir Ären Ufank an der Entreprise erlieft? Bannent e puer Méint nëmme konnt ech souwuel intern wéi och extern, um COSTIC, de Comité Scientifique et Technique des Industries Climatiques zu Paräis, ausgebilt ginn. Ech hunn et immens appreciéiert, datt d’Entreprise wierklech an hir nei Mataarbechter investéiert. D’Formatioun geet permanent virun. D’Leit si ganz zougänglech an ech hu mech gutt integréiert, souwuel während wéi och

Fotoen: a+p kieffer omnitec

Interview a+p kieffer omnitec

bulli Summer 2017 l 37


ausserhalb vun den Aarbechtszäiten. Freidesmëttes gi mir ënner Kollege Badminton spillen an duerno iessen, dat fërdert och den sozialen Austausch. Wat sinn Ärer Meenung no d‘Avantagen vun a+p kieffer omnitec?

d’Ingenieure perfekt integréiert sinn, wat soll een do nach méi verlaangen? Auteur: a+p kieffer omnitec

Nieft den internen an externe Formatiounen an der Tatsaach, datt ech dobäi ënnerstëtzt ginn, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen, appreciéieren ech virun allem d’Diversitéit vu menger Aarbecht. Et gi vill verschidde Facetten, technesch a mënschlech, well mir schaffen um Büro, op de Chantieen, mat Aarbechtskollegen a Fournisseuren. Op engem Chantier vum Ufank bis zum Schluss kënnen dobäi ze sinn ass och e Plus. An da, wéi scho gesot, hu mir d’Chance zu Lëtzebuerg ze sinn, an engem Land wou d’Clienten d’Moyenen hu fir hir éiergäizeg Pläng. An an enger Entreprise, déi bereet ass, dat Néidegt ze investéieren, an Equipementer an a Formatiounen, fir am Beräich Innovatioun mat virbäi ze sinn. Et ass ganz opreegend an och motivant, neit Material ze sichen an ze testen. A wann dat alles an engem Betrib geschéie kann, deen eng mënschlech Dimensioun huet, wou d’Equippen zesummenhalen,

Fotoen: a+p kieffer omnitec

38 l bulli Summer 2017

Interview a+p kieffer omnitec


D’Fondation Enovos, d’Associatioun daVinci an d’ANEIL invitéieren iech häerzlech ob déi 6. Editioun fir d’Iwwerreechung vum „Prix d’Excellence de la Fondation Enovos”. Wéini Wou

Programm 11:00 12:00 12:15

11. November 2017 Forum Da Vinci 6, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg Mot de Bienvenue an Diskussiounsronn Präisiwwerreechung Receptioun

Wat ass de Prix Enovos D’Fondation Enovos, ënnert dem Patronat vun der Fondation de Luxembourg, gouf 2010 gegrënnt mat dem Ziel d’Ausblildungs- a Beruffschancen vun den Ingenieuren ze optiméieren. A Coopératioun mat daVinci an der ANEIL, lancéiert d’Fondation Enovos all Joer ee Concours, de “Prix d’Excellence de la Fondation Enovos”, fir rezent Ingenieurabsolventen ze belounen. Déi beschte Masteraarbechte gi mat engem Präisgeld vun 2500€ dotéiert. Weider Informatioune fann dir ënnert www.fondation-enovos.eu.


SOU GEET FAMILY SPIRIT ZANTER BAL 170 JOER: Et goung deemols ganz kleng un, matt enger Tubaaksmanufaktur bei der Groussgaass ëm den Eck, déi de Jean-Pierre Heintz a seng Fra Joséphine Van Landewyck gefouert hunn. Du koum eng zweet, an dunn eng drëtt Fabrik, bis hire Fils, de Jos, se alleguerten an der Hollerecher Strooss zesummegeluecht huet. Haut läit onse Siège ëmmer nach zu Hollerech, mä mir hunn entretemps zwou grouss Fabriken hei am Land, an eng hallef Dosen anerer an Europa. An Heintz van Landewyck ass ëmmer nach e Familljebetrib, dee säin Tubak selwer verschafft an hausgemaache Lëtzebuerger Wuer uechter d’Welt exportéiert.

Sechs Generatiounen hu schonn dozou bäigedroen, aus onsem Familljebetrib eng weltwäit vertruede lëtzebuergesch Firma ze maachen. Jonk Leit matt frëschen Iddien an engem Sënn fir de Genoss: Dat bréngt ons virun, säit 1847

Landewyck haut:

170 years

40 partners worldwide

5 production sites

1800 employees

26 brands

Kandidature, fir Deel vun onsem Team ze ginn, huele mir matt Freed entgéint op mherkes@lag.lu

LANDEWYCK TOBACCO S. A. 31, rue de Hollerich – L-1741 Luxembourg | Grand Duchy of Luxembourg | P. O. Box 2202 – L-1022 Luxembourg Tel.: (+352) 49 39 39-1 | Fax: (+352) 49 39 39-409 | E-mail: info@landewyck.com | w w w. l a n d e w y c k . c o m


Master Aarbecht vum Yann Lotzkes Theoretische Untersuchungen zum Durchstanztragverhalten punktförmig gestützter Platten D´Gefor dat een Duerchstanzversoen antrëtt, besteht virun allem bei flächegen Baudeeler, wéi z.B. bei enger Flachdecken oder bei engem Fundament, déi senkrecht zu hirer Ebene konzentréiert belaascht ginn. Déi konzentréiert Laaschtanleedung ergëtt sech z.B. duerch eng onmëttelbar Lagerung vun enger Dalle op enger Stëtz. Opgrond vun dëser konzentréierter Laaschtanleedung entsteet innerhalb der Dalle duerch Querkraft an engem negativen Biegemoment een räimlech héich beusprochten Beräich. Gett Duerchstanzdrofähigkeet areecht, sou breet sech een kriteschen Schubress aus, wouduerch d´Stëtz duerch Dalle dréngt an een kegelförmegen Betonkierper (vergläich Bild 1, Bild 2 an Bild 3), den sougenannten Duerchstanzkegel, aus der Dalle ausstanzt. Duerchstanzen beschreift also eng lokal Form vum Querkraaftversoen vun enger Dalle.

Den Brochzoustand vum Duerchstanzversoen trëtt virun allem bei Dallen déi keng Duerchstanzbewehrung besetzen ouni däitlech Ukënnegung an. Soumat zielt Duerchstanzverosen zu den spröden Versoensarten.

Bild 1: Schematescht Brochbild vum Duerschstanzversoen [Gua05]

Bild 2: Sägeschnitt vun engem Fundamentversuch [Sib14]

42 l bulli Summer 2017

Bild 3: Sägeschnitt vun engem Flachdeckenversuch [Gua05]

Master Aarbecht vum Yann Lotzkes


An der Literatur ginn verschidden mechanesch Modeller souwéi halewempirisch Usätz fir d´Beschreiwung vum Duerchstanzdroverhaalen virgeschloen. Deen bis lo gültegen Durchstanznooweis nom Eurocode 2 gëtt op der Grondlag vun engem empireschen Unsaatz gefouert, bei dem den Widderstand op dem geometreschen Bewehrungsgrad baséiert. Duerch déi vill Sonnerreegelungen déi doran enthalen sinn, ass deen Noweis an der Praxis allerdéngs komplizéiert an oniwwersiichtlech. Fir déi nächst Generatioun vum Eurocode gëtt no engem Bemiessungsusaatz gesicht, bei dem dës Sonnerreeglungen entfalen an den Unsaatz soumat der Praxis mei gerecht gëtt. Dofir gouf an enger viregter Masteraarbecht um Institut fir Massivbau (IMB) vun der RWTH Aachen een kinematescht Modell fir eng eenheetlech Beschreiwung vum Duerchstanzdroverhaalen vun punktförmeg gelagerten Dallen ouni Duerchstanzbewehrung entwéckelt. Allerdéngs enthält dëst Modell verschidden Unnahmen déi net allgemeng gëlteg sinn an kann soumat net déi néideg Resultater liwweren. Ziel vun menger Masteraarbecht war et, dëst Modell sou ze modifizéieren, dat et allgemeng gülteg ass an soumat och onofhängeg vun den Agangswäerter realitéitsno Resultater liwweren kann. Mat hëllef vum Modell, wat ech an menger Masteraarbecht um IMB vun der RWTH Aachen entwéckelt hun, konnt ech Duerchstanzdrofähigkeetskurven vun belibegen Dallen iwwert d´Dehnung vun der Längsbewehrung duerstellen loossen (Bild 4). D´Dehnung vun der Längsbewehrung εt,avg beschreift dobäi d´Rotatioun vun der Dalle an steet an direkter Relatioun zu där.

Bild 4: Duerchstanzdrofähigkeet an Oofhängigkeet vun der Dehnung vun der Bewehrung εt,avg fir eng exemplarisch Dalle

Am Bild 4 erkennt een, dat Duerchstanzdrofähigkeet mat zouhuelender Rotatioun vun der Dalle ëmmer mei kleng gëtt, bis schlussendlech Duerchstanzdrofähigkeet fir een bestëmmten Gläichgewichtspunkt fonnt gëtt (Am Bild 4 duerch een rouden Punkt markéiert). Ech konnt also mat hëllef vun dësem Modell experimentell Versich norechnen, an d´Resultater vum Modell mat den experimentell bestëmmten Resultater vergläichen. Ech hun d´Modell fir insgesamt 27 Fundamentversich an 22 Flachdeckenversich ausgewäert an koum dobäi op een Mëttelwäert vun 1,0 fir d´Verhältnis vun Vexp/Vges. Vexp beschreift dobäi déi experimentell bestëmmten Duerchstanzdrofähigkeet, woubäi Vges Duerchstanzdrofähigkeet aus dem Modell beschreift. Den Variatiounskoeffizient vun dësem Verhältnis lung bei 0,1, wouduerch een also dovun ausgoen kann, dat dëst Modell Duerchstanzdrofähigkeet realitéitsno bei gerénger Variatioun beschreiwen kann. Als nächsten Schrëtt gelt et lo dëst Modell ze erweideren, an z.B. och Duerchstanzbewehrung oder Virspannung ze berécksiichtegen, fir dann an engem leschten Schrëtt een Bemiessungsusaatz aus dem Modell hierzeleeden deen der Praxis mei gerecht gëtt. Auteur: Yann Lotzkes

Quellen: [Gua05] Guandalaini, S.: Poinçement symétrique des dalles en béton armé. Dissertation, Ecole Polytechnique Federale de Lausanne, Section de Genie Civil, Lausanne, 2005. https://infoscience.epfl.ch/record/56022/files/EPFL_TH3380.pdf

[Sib14]

Siburg, C.: Zur einheitlichen Bemessung gegen Durchstanzen in Flachdecken und Fundamenten, Dissertation, Lehrstuhl und Institut für Massivbau der RWTH Aachen, 2014. http://publications.rwth-aachen.de/record/444977/files/5184.pdf

Master Aarbecht vum Yann Lotzkes

bulli Summer 2017 l 43


DRIVE YOUR CAREER

www.goodyear-dunlop.com/career


BA NQ UE ET LĘźE TAT ARGN E DE CA ISS E DĘźEP G UR BO M XE LU

Expire Fin

SC HM ID T JIL 33 4444 5555 LU11 2222 33

Compte NumĂŠro

02/20

carte A Classic, d’une IS V e rt ca e n ’u tez d tions de NIF, vous profi Europe, de solu Avec axxess U n e t u o rt a p tages. le valab les autres avan ip lt u m de dÊbit axxess e d t e s ite. our vos Êtude tudes une rÊuss Ê s financement p vo e d e ir ess.lu fa tre look et et infos sur axx s n io it d n co Pour garder vo : s an nts de 18 à 30 Pour les Êtudia

Carte NumĂŠro

65 43 21

100% JEUNE. 100% VOUS.

UNIF

Banque et Caisse d’Epargne de l’Etat, Luxembourg, Êtablissement public autonome, 1, place de Metz, L-2954 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg B 30775 www.bcee.lu tÊl. (+352) 4015-1

JE N’ÉTUDIE PAS uniquement K O O L MON


Interview Schroeder & Associés Als Ingenieur bei Schroeder & Associés schaffen

Ween sidd dir an wat schafft dir bei S&A?

2 jonk Ingénieuren am Interview | SCHROEDER & ASSOCIES S.A. Lëtzebuerg

TN: Mäin Numm ass Tamara Niesen, hun zu Karlsruhe Bauingenieur studéiert, an hun do Enn 2016 mäi Master am Beräich Mobilitéit an Infrastruktur ofgeschloss. Säitdeem schaffen ech beim Büro Schroeder am Service „Trafic, Construction routière et ferroviaire“ am Beräich Conceptioun.

Mat dësem Artikel wëlle mir iech net nëmmen ee vun eise Partenaire virstellen, mee virun allem erzielen wat een Ingenieur bei Schroeder & Associés S.A. genau mécht. Dofir hu mir si gebieden eis 2 Ingenieuren an den Interview ze huelen déi iech erklären firwat si grad an dem Betrib schaffen, wéi hir Aufgaben am Alldag ausgesinn a villes méi. Um Schluss gi si eis nach deen een oder anere gudde Rotschlo op de Wee. Op dëser Plaz e grousse Merci un Schroeder & Associés an dem Tamara Niesen (TN) sou wéi dem Adrien Petit (AP) fir dat interessant Gespréich. Schroeder & Associés, gegrënnt 1961, ass de gréissten an eelsten Ingénieursbureau am Beraich „Genie Civil“. Déi ronn 300 Mataarbechter versichen Dag fir Dag mat enger grousser Professionalitéit an enger gudder Qualitéit hier Client’en bei hieren Ideen an Virstellungen ze berooden an ze begleeden. All Projet, deen durch Schroeder & Associés ugangen gët, gët mat de Kompetenzen vun de verschiddenen Domainen vum Ingenieurswiesen ausgeschafft fir kennen déi beschtméiglech Arbecht ofzeliwweren. Dat bedait eng enk a gudd Zesummenarbecht zweschen de verschiddenen Servicer vum Bureau Schroeder & Associés. Egal op Zeechner, Techniker oder Ingenieur, all Mënsch vu Schroeder & Associés ass eng wichteg Stütz an fillt sech als Member vun der grousser „Schroeder-Famill“ mam Thierry Flies un der Spëtzt. Fir iech d’Lierwen bei Schroeder & Associés virzestellen, hun sech d’Tamara an den Adrien zur Verfügung gestallt fir der ANEIL Riet an Äntwert ze stoen.

AP: Ech sinn den Adrien Petit, hunn Bauingenieur zu Lausanne ob der Ecole Polytechnique Fédérale de Lausanne (EPFL) studéiert, wou ech 2010 mäin Masterdiplom krut. Duerno hunn ech nach 5 Joer zu Lausanne an engem Bureau d’Etudes geschafft. Säit engem gudde Joer schaffen ech lo als Bauingenieur am Beräich Bâtiment et Ouvrages bei Schroeder & Associés (S&A). Eng vu mengen Haaptaufgabe besteet dran d’Statik vu Gebaier a Strukturen ze konzipéieren an ze berechnen. Déi Strukturen sinn ganz ënnerschiddlech, wei zum Beispill Brécken, Unterführungen oder Stëtzmaueren. Wéi sidd dir zu S&A komm? TN: Ech hu während mengem Studium e puer mol Stage bei S&A gemaach an dat huet mer sou gudd gefall, dass ech guer net méi hei fort wollt. AP: De Kontakt mat S&A as entstane wei ech als Student e puermol am Summer en Stage bei hinne gemaach hunn. Duerno hunn ech regelméisseg Leit vu S&A ob verschiddenen Evenementer wei zum Beispill ob der REEL oder der Table Ronde vun der ANEIL getraff. Am Endeffekt hunn déi Kontakter an déi positiv Feedback’en vu Kollegen déi bei S&A schon geschafft hunn, mech iwwerzeegt meng Kandidatur un S&A ze schécken. Wat waren är Erwardungen un S&A eier dir do ugefangen hudd an sin se erfëllt gin? TN: Meng Erwaardung war, dass vill interessant an ofwiesslungsräich Projeten op mech duer géife kommen an déi ass och sou erfëllt gin. Et léiert een all Dag eppes bäi, wouduerch d’Aarbecht och ni

46 l bulli Summer 2017

Interview Schroeder & Associés


langweileg gëtt. AP: Ech hun mir erwaart vir kennen un villfältege Projete mat ze schaffen déi eng gewess Erausfuerderung/Komplexitéit beinhalten an dat idealerweis zesummen an enger flotter Equipe. Eng gewësse Responsabilitéit wollt ech natierlech och iwwerhuelen an och Décisioune kenne selwer treffen.Bis lo sinn déi Erwaardungen och erfëllt ginn. Wat sin är deeglech Aufgaben? TN: A mengem Alldag schaffen ech u Mobilitéitskonzepter, d.h. ech kucke beispillsweis wéi een en neie Site, ënner Berücksichtegung vu sämtlëche Verkéiersmëttel, un d’bestehend Verkéiersnetz ubanne kann. Dozou gehéiert zum engen d’Aarbescht um Büro an zum aneren awer och Reuniounen mat Clienten, Architekten, a.s.w., well et immens wichteg ass, sech reegelméisseg mat all de Bedeelegten vun engem Projet ofzestëmmen. Dëst mëcht d’Aarbescht immens ofwiesslungsräich an interessant, well ee permanent a Kontakt mat anere Leit ass an net de ganzen Dag alleng a sengem Büro setzt.

E gudden Deel vun der Aarbecht besteet am Plange vum Projet an a der Koordinatioun mat de verschiddenen Acteuren déi um Bau bedeelegt sinn; sief et mam Bauhär, mat aneren um Bau bedeelegte Büroen oder mat der Entreprise. E klengt Beispill. Bei engem Projet as et Ziel eng nei Stëtzmauer laanscht eng bestoend Strooss ze bauen. Dofir muss een d’Opmooss vun der Strooss hunn, et muss een wësse ob a wou Kanalisatioun am Buedem leit, et muss een den Ënnergrond kennen a mam Bauhär kucke wei d’Mauer soll ausgesinn. Wann den Trafic ob der Strooss net däerf gestéiert gi während dem Chantier, da muss een zousätzlech aplange vir den Terrain provisoresch ze stëtzen. Wann een all déi Informatiounen zesumme gedroen huet, kann een ufänken d’Mauer ze rechnen an d’Pläng opzestellen. De Klischee vum Ingenieur deen de ganzen Dag am Büro setzt an nëmme rechent hunn ech zum Gléck bis elo nach net erlieft, well et ass genau déi Ofwiesslung déi de Beruff sou interessant mecht. Wat mecht S&A sou eenzegaarteg? TN: Fir mech sin et meng Mataarbëschter an den Teamgeescht, déi S&A sou eenzegaarteg maachen. D’Leit si motivéiert a bereet sech géigesäiteg ze ënnerstetzen, fir sou um Enn e gudd Resultat ze erzilen. AP: S&A as an deem Sënn eenzegaarteg dat et de gréisste Bureau d’ Etudes am Land ass an doduerch d’Méiglechkeete bitt un deene ganz grousse Projete matzewierken. Et handelt sech dobäi och em grouss Infrastrukturprojeten, sief et um Stroossen- oder Zuchnetz, déi vun der Politik gefrot sinn an déi mir plangen an ëmsetze kennen. De Beruff erlaabt et engem an deem Sënn en Bléck hannert d’Kulissen ze geheien an doduerch en gudden Iwwerbléck ze kréie wei sech Lëtzebuerg an den nächste Jore verännere wäert.

AP: Déi deeglech Aufgabe si ganz ofwiesslungsräich: Reunioune mam Bauhär, Austausch mat den Zeechner, Berechnungsmodeller opstellen, um Chantier de Bau kontrolléieren, Rapporte schreiwen, asw.

Interview Schroeder & Associés

Fotoen: Schroeder & Associés

bulli Summer 2017 l 47


Wat géift dir jonken Ingenieursstudenten mat op de Wee gin? TN: Ech géif jidderengem roden, sou vill Stage, wéi méiglech ze maachen. Sou léiert een am beschten d’Leit kennen an et kritt een e Gefill dofir, wat ee genau an der Zukunft schaffe well. AP: Erfahrung sammelen sou vill wéi méiglech… entweder andeems der an d’Ausland är éischt Jore schaffe gitt – wéi ech – oder andeems der während ärem Studium souvill wéi méiglech Stage maacht. Net nëmmen dir kritt doduerch méi Erfarung, mee och d’Büroe wou der Stage maacht léieren iech kennen an dëst hëlleft iech herno schnell de richtege Job fannen. Auteur: Schroeder & Associés

48 l bulli Summer 2017

Fotoen: Schroeder & Associés

Interview Schroeder & Associés


1 b u r eau , 4 d o m a in e s d ’ a ct iv it é s , 270 c o l la bo r at e u r s ! 1 é q uip e , 1 o bj ec t if : g a ran t ir la s a t is fac t io n du c lie n t a v ec u n s er vic e p ro fe ss io nn e l e t d e q u a lit é ! Les domaines d’activités – Presque chaque projet traité par le bureau d’études fait recours aux compétences de plusieurs domaines d’ingénierie. Ceci demande une collaboration rigoureuse des collaborateurs des différents services regroupés au sein du bureau d’études. S’il s’agit d’un dessinateur, d’un technicien, d’un ingénieur ou autre, chacun d’entre nous représente un pilier important formant l’ensemble d’une grande équipe.

Les étudiants – Pour le bureau Schroeder, les étudiants sont synonyme du futur. Plus que 100 étudiants par année font leur travail de vacances, leur stage d’études ou leur travail de fin d’études au sein de notre société. C’est une chance pour nous de vous rencontrer mais surtout pour vous de nous convaincre de vos atouts et qualités. Un stage vaut plus que la rémunération y associée. N’hésitez donc pas à nous parler lors de la REEL ou d’autres événements similaires. Les postes cherchés – Nous recrutons en permanence des ingénieurs en génie civil, mais aussi des ingénieurs en électromécanique, en génie mécanique, en génie de l’environnement et des géographes, biologistes, géologues, hydrologues, aménageur-urbanistes, géomètres/topographes, informaticiens, archéologues ou physiciens de construction. Autres domaines innovateurs à ne pas exclure !

Visualisation du projet de la gare d’Ettelbruck


Bulli Summer 2017  
Bulli Summer 2017  
Advertisement