Page 1

bulli

Hierscht 2017

Association Nationale des Etudiants IngĂŠnieurs Luxembourgeois


Paul Wurth – the capacity to continuously innovate Thanks to the know-how and innovation skills of our highly-qualified employees, we offer most advanced technological solutions in our different fields of activities: „ Full range of technologies and processes for the Primary Stage of Integrated Steelmaking „ Innovative solutions for Civil Construction and Infrastructure Projects If you are interested in a practical internship / thesis work or looking for a challenging position within our company or group, please send your application to career@paulwurth.com.

Paul Wurth S.A. 32, rue d’Alsace Human Resources L-1122 Luxembourg Tel. +352 4970-2251

follow us on Twitter @Paul_Wurth

career@paulwurth.com www.paulwurth.com

follow us on LinkedIn

like us on Facebook facebook.com/paulwurthgroup


Virwuert

Foto: Ramon Pinkel

Léif Lieserin, Léiwe Lieser, an dësem bulli ass den Highlight ganz kloer eis Rees a Kanada. Mir hu versicht esou vill wéi méiglech a Wierder ze faassen, mee dat wat mir do zesummen als Equipe  erlieft hunn, léisst sech net a Wierder ausdrécken. Wéi gewinnt, ginn et an dësem bulli och eng ganz rei interessant Berichter zu eisen leschten Visitten. Eng Rees vun dëser Dimensioun gouf et fir d’läscht 2009. Mir waren iwwerrascht wéi mir effektiv de 07.09.2017 moies um 07:00h 20 Membere vun eis zu Calgary am Hostel beim Kaffi gesinn hunn. Wéi d’Pläng fir dës Rees virun net grad engem Joer ugefaangen haten, hu mir net dermat gerechent 20 Memberen iwwert den Atlantik ze kréien. Trotzdeem war et keng typesch ANEILsrees, well d’Technik ausnahmsweis keng Prioritéit hat. Et war eng  adequat Ofwiesslung vu  sportlechen Outdooraktivitéiten, kulturellen- an  technesche Visitten. Mir konnten dobäi permanent déi wonnerschéi Natur  souwéi d‘Oppenheet, d‘Frëndlechkeet an d‘Hëllefsbereetschaft vun de Kanadier erliewen. D’Stëmmung war ëmmer gutt a mir hunn als  Equipe déi Rees op der Platz

Virwuert

kuerzfristeg verfeinert an och spontan Problemer geléist. Et ass net esou einfach ze Grillen, wann d’Feier opgrond vu Bëschbrandgefor verbueden ass an een dat awer eréischt gesot kritt, wa schon alles prett ass an d’Supermarchéë schon zou sinn… D’ANEIL ass momentan op engem erfollegräiche Fad, dëst kann een zum Beispill un eise Partner, eise Memberszuelen an un eise villen Ufroe fir Studieninformatiounen an de  Lycéeën erkennen. Fir dass dat och esou bleift, brauche mir fir d’nächst Joer motivéiert Comitésmemberen. 2017 konnten eng Rei Comitésmemberen hiert Studium erfollegräich ofschléissen, a sinn dowéinst opgrond vun eise Statute gezwonge fir sech aus dem aktiven ANEILscomité zréck ze zéien. Wanns du motivéiert bass an e bëssen Zäit hues, da mell dech bei eis iwwer contact@aneil.lu. Ech wënschen dir e gudde Start an dat neit Semester oder interessant Stagen an Ofschlossaarbechten.

Äre Captain!

bulli Hierscht 2017 l 3


Iwwersiicht Virwuert

3

Comité 2017 EYE 2017-Bristol Visite BMW Visite Arcelor Mittal Summerrees 2017 Kanada 1. Visite Alberta Sulphur Research ltd. 2. Visite Nicola LogWorks 3. Visite Meadow Vista Artisanal Farm Whinery 4. Visite Stave Falls Dam and Powerhouse

6 8 10 12 20 24 36 42 48

Impressum Responsablen Editeur: Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois a.s.b.l. (ANEIL) 6, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg tél.: +352 45 13 54 Internet: www.aneil.lu Email: contact@aneil.lu BCEE: IBAN LU54 0019 4200 0727 3000 Chefredakter: Sarah Kunsch Redakteren: Dennis Hövelmann Steve Breden Michel Sun Sven Bettendorf Charly Huberty Christian Dengler

Tom Schanen Mathieu Schon Yves Huberty Chris Kipchen Gilles Etringer Rafael Andreosso

Layout: Sarah Kunsch Max Schmitz Cover: Charly Huberty Drock: Imprimerie Centrale 15, rue du Commerce L-1351 Luxembourg www.ic.lu De bulli kënnt 4 Mol am Joer eraus an huet eng Oplag vu 460 Exemplären. D’Reproduktioun vun den Artikelen ass grondsätzlech erlaabt wann d’Quell ugi gëtt. D’ANEIL ass awer net verantwortlech fir de Gebrauch deen domat kéint gemaach ginn. D’Artikelen engagéieren nëmmen den Auteur. De Pabeier vun dësem Bulli ass FSC zertifizéiert.

4 l bulli Hierscht 2017


www.karpkneip.lu

Faire des routes irréprochables, c’est notre métier.


Comité 2017 Dennis Hövelmann

Michel Reisch

Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur Ëmwelt- a Verfahrenstechnik

Oochen Maschinnebau

+352 661 414 979 +49 160 930 010 28

+352 691 690 867 +49 174 437 0304

Dennis.Hoevelmann@aneil.lu

Michel.Reisch@aneil.lu

Rafael Andreosso

Michel Sun

Oochen Bauingenieur

Kaiserslautern Bauingenieur

+352 661 774 760 +49 241 463 770 33

+352 691 795 475 +49 176 859 103 53

Rafael.Andreosso@aneil.lu

Michel.Sun@aneil.lu

Venant Pirrotte

Frank Metscher

Kaiserslautern Wirtschaftsingenieur & Produktiounstechnik

München Bauingenieur

+352 691 672 102 +49 176 961 370 76

+352 691 810 877 +49 177 647 0543

Venant.Pirrotte@aneil.lu

Frank.Metscher@aneil.lu

Fränk Zenner

Daniel Collignon

Lëtzebuerg Brevet de technicien supérieur

Oochen Ëmweltingenieurswëssenschaften Urban Water

Président

Secrétaire

Relations Publiques

Responsable Information

+352 691 887 954 Fraenk.Zenner@aneil.lu

6 l bulli Hierscht 2017

Vice-Président

Trésorier

Responsable Voyages

Responsable Partenaires

+352 621 273 064 Daniel.Collignon@aneil.lu

Comité 2017


Anouk Godelet

Sarah Kunsch

Frankfurt Architektur & Energieeffizient Bauen

Kaiserslautern Architektur

+352 691 748 192 +49 176 892 294 39

+352 621 520 050 +49 152 269 146 19

Anouk.Godelet@aneil.lu

Sarah.Kunsch@aneil.lu

Lino Morais

Steve Breden

Responsable Communications

Responsbale Table Ronde & Foire

Responsable Foire & Table Ronde

Oochen Elektrotechnik

München Bauingenieur

+352 691 588 738

+49 176 247 337 98

Lino.Morais@aneil.lu

Steve.Breden@aneil.lu

Jerry Huberty

Laurent Jacques

Responsable Site Internet

Fribourg Informatik

Coopté Voyages & Partenaires

München Physik

+352 621 637 081

+352 661 935 572 +49 160 403 2427

Jerry.Huberty@aneil.lu

Laurent.Jacques@aneil.lu

Charly Huberty

Johan Winkel

Oochen Wirtschaftsingenieur & Elektresch Energietechnik

Oochen M.Sc. Emweltingenieurswëssenschaften

+352 691 83 62 22 +49 157 572 014 82

+352 661 96 33 56 +49 163 77 32 941

Charly.Huberty@aneil.lu

Johan.Winkel@aneil.lu

Responsable Visites

Comité 2017

Responsable Publications

Coopté Site Internet

bulli Hierscht 2017 l 7


EYE 2017-Bristol 15.06.2017-18.06.2017 | Bristol

Fotoen: Michel Sun

Donneschden, den 15.06.17 hun sech d‘Memberen vun EYE schon inoffiziel getraff, fir sech kennenzeléieren. Den Owend hun ma eis och gemittlech goen geloss mat engem Béier an e bëssen Small Talk. Freiden, den 16.06.17 as am YHA Hostel den Programm dann och offiziell ugelaf. D‘Majoritéit vun den Participanten, déi aus villen diversen Natiounen stamen, war mëttlerweil präsent an soumat d‘Méiglechkeet do, déi och all ze entdecken an kennenzeléieren. Den éischte Punkt um Programm waren d‘Visiten vun den Entreprisen. Et gouf insgesamt 4 Méiglechkeeten zur Auswiel: Bristol Robotics Laboratory (BRL), Airbus, National Composites Centre (NCC) an den GKN-Aerospace. Eenheetlech als ANEIL hun mir eis fir d’Visitte bei AIRBUS entscheet gehat. Am Uschloss huet dunn d’Opening Ceremony stattfonnt.

8 l bulli Hierscht 2017

Déi offiziell Erëffnungsfeier vun der EYE huet Freides um 17 Auer am Bristol Science Center stattfonnt. Wou mir an engem agreabelen Kader um leschten Stack op der Daachterrass mat enger super Vue iwwert engem vun den nei entwéckelten Staatdeeler am Zentrum empfaangen goufen. Dat een oder anert Erfrëschungsgedrénks an Snack koum do genau richteg. Uschléissend as et mam Opening Speech, deen vum Chris Waters gehale gouf, lass gaangen . No engem häerzlechen Wëllkomm an e puer Wierder zum Oflaf vun der EYE goung et mat engem Virtrag zu der Ikon vun Bristol weider. Der Clifton Suspension Bridge, eng Hängebréck fir déi d’Idee schon an der Mëtt vum 18. Joerhonnert opkoum. Fir de Bau vun dëser Bréck ze finanzéieren gouf vun engem bristoler Wäinhändler eng uerdentlech Ierfschaftssomme hannerlooss. No Joren laangem Zäitvergoen krut den renomméierten briteschen Ingenieur Isambard Kingdom Brunel den Optrag fir dësen Projet ze plangen an ze realiséieren. D’Bréck gouf dunn am Zäitraum vun 1836 bis 1864 fäerdeg gestallt. Während deenen Joren ass den Härr Brunel leider verstuerwen an d’Bréck ass haut dofir och nach als Brunel Bridge bekannt.


Samschden, den 17.06.17 goufen Seminaren an Workshops am Engineer House (Conference Center) gehalen. Fir den Depart, gouf en Speech vun da Madame Jessica Leigh Jones gehalen, déi zu den Top 35 erfollegräichsten Fraen vun Wales gehéiert. Sie huet en Elektrotechnik an Astrophysik Studium absolvéiert an as am Moment bei Sony UK als Ingenieur an der Fuerschung täteg souwéi bei STEM als Ambassadrice. Sie huet schon puer Awards fir hier Innovatiounen gewonnen, zum Beispill duerch hier Erfannung vum „ uterine contraction monitor led“, déi dozou gefouer huet den Titel als „Female UK Young Engineer of the year“ ze gewannen. Mat ganz vill Passioun an Inspiratioun well sie aner Fraen motivéieren, dass och sie Ingenieur kenne ginn. Weiderhin hunn Leit un den Workshops deelgeholl an deenen se sech ageschriwwen haten. Themen vun den Workshops waren zum Beispill: Innovatioun in Construction, Potential Energy, Mind Mapping etc. Fotoen: Michel Sun

Duerno duerften mir eis am Science Center ëmkucken an ameséieren. Dëst huet natierlech immens gutt mat dësem flotten Grupp vu passionéierten Ingenieuren geklappt. Als Ofschloss souzen mir ganz gemittlech an engem 3D Planetarium an duerften e bëssen d’Weltall bestaunen. Nom Planetarium hun d’Leit och lues an lues Duuscht an Honger krut. An e puer Gruppen opgedeelt, hun mir eis also op d’Sich no engem Restaurant gemaach. No bëssen hin an hier, hun mir een aussergewéinlech interessanten Restaurant entdeckt. Den Numm war „ZA ZA BASAAR“ an et gouf en „All you can eat-Buffet“, deen net just puer Plate um Dësch stoen hat, mee quasi 4-5 verschidden Stänn vun all Kontinent (Asiatesch, europäesch etc.) mat live Kichen. Also hat een e riesen Choix an konnt soumat ganz villfälteg iessen. Duerno hunn mir den Recht vun den aneren Gruppen am Quartier Kingstreet an Harbourside getraff, wou mer dunn zesummen den Owend auskléngen gelooss hunn.

No den Workshops sinn mir all zeréck an den Hostel gaangen, an jiddereen huet sech chic gemaach vu dass den Owend den Gala-Dinner am Grand Hotel Mercure um Programm stoung. Während dem GalaDinner kruten ma dann och eng Choreographie gewisen, wat super witzeg war, an mir hun eis och op da Danzfläch richteg gutt amuséiert. Mais den Owend war nach laang net faerdech, do sinn mir nach weider op den Tour gaangen an hunn mol puer nei Discoe entdeckt. D’Zäit as dann och sou schnell vergaangen, dass et bemol dobaussen ganz hell war. Do hun ma mol kuerz 2-3 Stonnen geschlof, äert et dunn och schon Zäit fir den Checkout war, respektiv den Programm vun EYE as och weider gelaf. Sonnden, den 18.06.17 huet dunn d’Haaptconference vun EYE stattfonnt, als Ofschloss vun deenen 3 flotten Deeg.

Auteur: Steve Breden, Michel Sun

bulli Hierscht 2017 l 9


Visite BMW 26.07.2017 | München

D’BMW-Wierk München ass d‘Stammwierk vu BMW, do gëtt säit 1922 produzéiert. Als éischt Fligermotoen an dunn Motorrieder an Autoen. Dëst Wierk ass ee vun deene modernsten aus Europa an ass eenzegaarteg, wëll et säit 1960 innerhalb vun engem Wunngebitt leit an dofir op klengstem Raum a mei Etage produzéiere muss.

Mettwochs de 26. Juli hunn mir eis zu München virun der BMW Welt getraff, fir do kennen d’Wierk ze besichtegen. BMW, „Bayerische Motoren Werke“, ass eng vun deene ganz groussen däitschen Autosmarken, mat vill Geschicht. Ugefaangen huet dat ganzt mat hirer Grënnung de 7. März 1916, deemools hunn sie awer just Fligersmotoen gebaut. Hire gudde Ruff krute sie awer virun allem reicht an den 1960er Joren duerch d’Produktioun vun héichwäertegen, komfortabelen a gutt ausgestatten Autoen an dowéinst gehéiere sie och zu de sougenannte „Premiumhersteller“. Wat een och wësse sollt, ass dass déi Mark „Mini“ a „Rolls-Royce“ och zu der BMW Group gehéiert, déi bei ganz ville Léit beléift sinn. Aktuell steet d’BMW Group och nach ganz gutt do, mat engem Emsatz vu 94,2 Milliarden Euro pro Joer an 124.729 Mataarbechter (Stand vum 31.12.16). Enner anerem dowéinst gehéiere sie zu deene gréissten Entreprisen aus Däitschland mee och wéinst hirer Produktioun vun 2,36 Milliounen Auto a Motorieder pro Joer a klasséieren sech domatter och ënnert déi 15 gréissten Automobilhiersteller Weltwäit.

Virun eiser Wierkbesichtegung, hunn mir dann nach e klengen Tour duerch d’BMW Welt gemaach, wou mir en Deel vun hirer Autohistorie bestaune konnten. Kuerz drop huet dunn eis Wierkbesichtegung richteg gestart, wou mir vun engem Student deen do schafft duerch d’Wierk begleet goufen. Aus dem Wierk kommen ënner anerem 3er a 4er Reien, déi Produktioun konnte mir och verfollegen, gesinn hunn mir awer och wei sie nach haaptsächlech per Hand de V12-Moto vu verschiddene Rolls-Royce Modeller zesumme bauen. Bestaune konnte mir alles vum Presswierk bis hin zur Montage, ënner anerem eben d‘Stanze vun de Blecher, d‘Zesummesetze vun der Karosserie, d‘Abaue vu Bannenausstattung a villes méi. Leider konnte mir d’Lackéieren net live gesinn, well des Statioun bis Januar 2018 net ze besichtegen ass. Alles an allem, kann ee soen dass BMW an der Landeshaaptstad vu Bayern wierklech en beandrockend Wierk stoen huet, wou et sech lount e Bléck drop ze geheien. Eis huet et vill Spaass gemaach, a villäicht kann een dat widderhuele wann d’Lackéirungsstatioun bis nees op ass. Ofschléissend hunn mir dann nach bei engem Patt e bëssen iwwer dat diskutéiert wat mir am schéine München erlieft hunn an alles gemittlech ausklénge gelooss.

Auteur: Sven Bettendorf

10 l bulli Hierscht 2017


Concevoir et construire des projets durables

www.simon-christiansen.lu | www.luxplan.lu | www.geoconseils.lu | www.zilmplan.lu | www.bsc.lu Parc d’activités 85-87 | B.P. 108 | L-8303 Capellen/Luxembourg | Tél. : (+352) 26 390-1 | Fax : (+352) 30 56 09


Visite Arcelor Mittal 12.08.2017 | Déifferdeng

Fotoen: Charly Huberty

Samschdes Moies, den 12 August, huet sech eng Grupp ANEILaner getraff fir zu Déifferdeng d’Schmelz kucken ze goen. Hei goufen mer vum Direkter vum Site, dem Här Carlo Koepp, a vum Här Bormann, dem Chef vum Service Développement technique vun ArcelorMittal Belval & Differdange, empfaangen. Als éischt si mer an e Konferenzraum gefouert ginn, wou mer mat Hëllef vun enger Powerpoint Presentatioun de Grupp ArcelorMittal erkläert kritt hunn. Hei gouf dann och méi am Detail ob déi Lëtzebuergesch Wierker, a virun allem op d’Wierk zu Déifferdeng agaangen. Mir kruten do dann och eng Kéier theoretesch de ganzen Hierstellungsprozess, vum Schrott bis zum fäerdegen Träger, erkläert. No dësem theoreteschen Exkurs goung et dann emol als éischt an e Raum wou jiddereen mat dem néidegen Schutzmaterial ausgestatt gouf. Dëst sinn Helm, Schutzbrëll, Ouerestëpp, e Paltong an Sécherheetsschong.

12 l bulli Hierscht 2017

Du goung et och schon ob den Tour duerch d’Schmelz. Als éischt si mer bei de “Parc à mitrailles” gaangen. Hei kënnt de Schrott un deen akaaft ginn ass, entweder mat Camion oder mat Zuch, natierlech gëtt awer och hei den Schrott deen am Hierstellungsprozess ufält erëm verwäert. Do leien dann och normalerweis eng jett dausenden Tonnen u Schrott ob Lager. Den Park ass a verschidde Beräicher opgedeelt, je no Feinheet vum Schrott. Niewent dem Park si Gleiser ob deenen d’Kierf fueren mat deenen de Schrott an den Elektrouewen gefëllt gëtt. Hei kritt den Operateur um Schrottkran via Computersystem matgedeelt wéi eng Zort a wéi vill Schrott en an de Kuerf ze lueden huet. Dëst ass extrem wichteg, well och Schrottstécker vun e puer honnert Kilo dobäi sinn, a wann dës falsch agelueden sinn, kënnen déi Stécker während dem Schmelzvirgang d’Elektrod zerstéieren.


Weider goung et bei de Stock vun Graffitelektroden fir den Elektrouewen. Dës hu maximal en Duerchmiesser vun 70 cm, an ginn aus eenzele Stécker zur fäerdeger Elektrod zesumme gebaut. Vun do aus goung et als éischt an d’Kommandozentral vum Elektrouewen, wou awer keen Aarbechter war, wëll den Elektrouewen schon am Congé war, d.h. während där Zäit, e puer Wochen, steet den Elektrouewen an et gi gréisser Aarbechten duerchgefouert. Dëst huet eis et awer erlaabt ganz no un den Uewen erun ze goen, eppes wat während dem normalen Betrib definitiv net méiglech ass. Den Elektrouewen besteet aus 2 “Bidden”, an déi de Schrott kann agefëllt ginn, an aus enger Elektrod. Dës kann zwëschen deenen 2 Bidden hin an hier schwenken. Dësen Elektrouewen gëtt mat enger Spannung vun 400-800V bedriwwen, déi e Liichtbou vun bis zu 100kA erméiglechen. Dëse Liichtbou souwéi déi doduerch ofginn Hetzt ass et dann och déi de Schrott schmëlzen. No dem Schmelzvirgang gëtt d’Elektrod eraus gezunn. Da gëtt den Deckel eriwwer geklappt an d’Bidden ka gekippt ginn, fir d’éischt fir d’Schlaken eraus lafen ze loossen, an duerno gëtt dann de Stol an eng  grouss “Poche” geschott. Dëse gëtt dann an eng aner Hal gefouert, wou dann d’Nuancéieren vum Stol duerchgefouert ka ginn. Ausserdeem steet hei nach en Four-Poche, wou

den Flëssegstol ob der néideger Temperatur vir ”d’coulée continue” gehale gëtt. Dësen Uewen gëtt am Géigendeel zum groussen Elektrouewen mat Wiesselstroum bedriwwen an net mat Gläichstroum. Vum Four-Poche gëtt d’Poche dann iwwer d’coulée continue gehuewen, an de Stol leeft an eng grouss Bidden, aus där en an 3 Sträng ënnen an Formen leeft, wou en dann lues ofkillt, an sech baussen eng haart Schicht billt. Mat Hëllef vun dëse Formen kritt dee Strang dann d’Form vun engem “Beam-Blank” (Hundekuchen ob Däitsch), a gëtt dann wann en wäit genuch ofgekillt ass (hart op der gesamter baussechter Fläch) mat Gasbrenner an Stécker geschnidden.

Fotoen: Charly Huberty

14 l bulli Hierscht 2017


Dës Beam-Blank’en ginn duerno entweder an e Lager, vun wou se och deelweis fir d’Produktioun vu Palplanchen ob de Belval gefouert gi, oder direkt weider an de Gasuewen vum Walzwierk. Wann d’Elektrostolwierk steet, steet dëse ganzen Deel vun der Produktioun automatesch mat. D’Maximal Kapassitéit vun dem Stolwierk leit bei 1.350.000 t d’Joer. Doduerch ass eis Visitte weider bei der Sortie vum Gasuewen gaangen, wou d’Beam-Blank’en ob eng 1300°C erhëtzt ginn. Direkt no deem se aus dem Uewen kommen, gi se mat Waasser mat ganz héijem Drock ofgespretzt, fir den Zunder erof ze ze sprëtzen. Da geet et och schon an dat éischt Walzgerëscht, de sou genannten Break-Down. Dëse gëtt schon déi ongeféier Form vun dem Endprodukt vir. No e puer Passagen gëtt den Produit mat engem Voll-automateschen Kran ob eng aner Pist gefuer, wou dann déi

rechtlech Gerëschter stinn, wou den Träger dann an déi definitiv Form bruecht gëtt. Um Schluss vun den Gerëschter stinn nach 2 Apparaturen. Déi éischt moosst mat Laseren ob d’Toleranzen alleguer agehalen ginn. Déi 2. ass de sou genannten QSD. Hei gëtt ob eng intelligent Aart a Weis Waasser esou ob den Träger gesprëtzt, dass deen baussen esou séier ofkillt, dass en duerno nachmol duerchgléit. Dëst féiert zu enger Härtung vum Material, a gëtt och just agesat wann de Client dëst bestellt. Nom Walzen geet den Träger an d’Seeën, wou en ob d’gefuerdert Längt geschnidden gëtt. Da gëtt en weider iwwer Killbetter bei eng Press bruecht, wou en manuell geriicht gëtt, andeem een en mat engem definéierten Drock géint e Metallene Bock an der Press dréckt. Esou e Riichtvirgang dauert pro Träger bis zu 2 Minutten.

Fotoen: Charly Huberty

bulli Hierscht 2017 l 15


De leschten Deel vun der Visite war dann ob dem Chantier vum neie Finissage, deen déi ganz Virgäng vun hannert dem QSD un soll erneieren. Fir d’Jumbo’en, also déi ganz grouss Trägeren ass eng nei Press gebaut ginn, op deem d’Jumboen elo scho kënne geriicht ginn. Fir sech d’Gréisst vum ganzen kënnen virzestellen, den Chassis vun der Press bréngt ouni Obbaudeeler stolzer 97t ob d’Wo, den Zylinder mat deem den Träger géint de Bock gedréckt ginn huet eng 80t. Et ginn hei fir d’Fäerdegstellung nei Killbetter gebaut, zudeem gëtt eng nei Rollerichtmaschinn mat 9 Rullen opgebaut. Desweideren eng nei See, déi den Träger eréischt nom riichten schneit, an eng nei Markéiermaschinn, mat där den fäerdegen Träger markéiert gëtt, ier en dann direkt ka verluede ginn.

gaangen, esou dass d’Ausmoossen vum Chantier awer ganz gutt ze gesi waren. Ob dat d’Setzen vun Pieuxen, d’Fondatiounen fir déi nei Hal fir d’Preparatioun vun de Rullen vun der Rollerichtmaschinn waren, oder einfach d’Baggeren vum Lach wou déi ganz hydraulesch Anlagen an Reim gebaut ginn. Mier soen jiddefalls ArcelorMittal an besonnesch dem Här Bormann villmools Merci fir déi ganz beandrockend an interessant Visitte.

Auteur: Charly Huberty

Heivunner huet bei eiser Visitte ausser der Press nach näischt gestanenen, mee d’Ausgruewungsaarbechten waren voll am

Fotoen: Charly Huberty

16 l bulli Hierscht 2017


Rejoignez un groupe international

Le Groupe Encevo est le principal acteur du secteur de l’énergie au Luxembourg, également présent en Allemagne, Belgique et France. Il est essentiellement composé du fournisseur d’énergie Enovos et du gestionnaire de réseau Creos. Enovos s’approvisionne en énergie, gaz naturel et en énergies renouvelables e e e e e e e e e e e e e travers ses réseaux. Le groupe est piloté par la société holding Encevo. A la recherche de compétences nouvelles pour renforcer nos équipes dans le cadre d’une expansion continue, nous recherchons des jeunes diplômés dynamiques et motivés. Nous proposons également aux étudiants e e ee e e ee e e e e e e services.

encevo.eu


FOIRE DE L’ETUDIANT 2017 D’Thema vun der 31. Foire de l’étudiant ass “GO DIGITAL” Wéini

9. an 10. November 2017 Donneschdes vun 09:30 bis 18:00 Freides vun 09:30 bis 18:00

Wou

Luxexpo

Och dëst Joer ass d’ANEIL erëm mat engem eegene Stand vertrueden fir d’Schüler iwwer de Beruff vum Ingenieur ze informéieren. Genee wéi d’läscht Joer hu mir och déi eng oder aner Attraktioun fir iech virbereed, loosst iech déi also net entgoen! Weider Informatiounen fann dir ënnert www.foiredeletudiant.lu


is one color

Défenseur de l’égalité des chances


Summerrees 2017-Kanada 07.09.2017-17.09.2017 | Calgary-Vancouver

Fotoen: Sarah Kunsch, Johan Winkel, Mathieu Schon, Thierry Mertz

Dëst Joer stoung mat da ANEIL`s Rees a Kanada eng ganz besonnesch Ausgab um Programm. Et ass dobäi an de Weste vum zweetgréisste Land op da Welt gaangen. Vum 7. bis de 17. September huet eis den offiziellen Deel vun der Rees fir 10 Deeg vu Calgary aus duerch d´Rocky Mountains iwwer Banff a Jesper op Kewlona am Okanagan Valley an da weider bis op Vancouver ganz un der Westküst gefouert.

20 l bulli Hierscht 2017

Zu net manner wéi 20 Ingenieursstudente bzw. jonk Ingenieure mat éischter Beruffserfarung aus deene verschiddenste Beräicher si mir dëse sécher onvergiesslechen Trip dee mat ganz ofwiesslungsräichen Aktivitéiten a Visitte gefëllt war, ugetrueden. Dëse Réckbléck soll iech e klengen Androck ginn, wat mir alles sou erlieft hunn. Vill Spaass beim Liesen!


Dag vun da Urees - Mettwochs de 6. September

1. Dag - Calgary - Donneschdes de 7. September

Ganz opgereegt a voller Virfreed ass et schon Mettwochs moies fréi lass gaangen. Well et schwéier gewiescht wier en Fluch fir 20 Leit zesummen ze buchen, gouf sech dozou entschloss an e puer klenge Gruppen d‘Urees ze organiséieren an sou si ma je nodeems vu München a Frankfurt aus Richtung Calgary iwwer ganz verschidden Zwëschen-Destinatioune gestart. Calgary läit ëmmerhin 7500km vu Lëtzebuerg ewech an ass 8 Zäitzonen hannendran, sou dass de Jetlag als éischt Erausfuerderung op eis gewaart huet. Di spannend Fro wann natierlech och, ob mir zesummen gutt géifen ukommen, well op sou ville Flich kann sou munches schif goen, mais no méi oder manner grousse Retarden a klenge Problemer ass jiddereen am Hostel agelaf.

Den 1. Dag ass direkt mat enger mi schlechter Noriicht ugaangen, engem säi Gepäck hat de Wee nämlech net ganz op Calgary gepackt. No puer Telefonater war d‘Situatioun awer glécklecherweis ganz schnell gekläert, an sou sollte mir och a materieller Hisiicht am Laaf vum Dag komplett sinn. Bei ganz guddem, summerleche Wieder hu mir eis also direkt nom Kaffi zesummen op de Wee gemaach. Calgary läit um ëstleche Rand vun de Rocky Mountains an ass mat ca. 1,4 Milliounen Awunner di gréisste Stadt an der Provënz Alberta an domat di 4. gréisste Stadt iwwerhaapt vu Kanada. 1988 hunn hei och d‘olympesch Wanterspiller stattfonnt. Fir unzefänke stoung eng Visitte vum Hangar Flight Museum um Programm. Fir dohin ze kommen hu mir missen de Bus huelen, ma well mir leider net direkt op eiser Haltestell en Ticket kruten, huet eis de Buschauffer bis op di nächste Statioun matgeholl an do tatsächlech op eis gewaart bis mir alleguer rem am Bus souzen - wat en Service!

bulli Hierscht 2017 l 21


Nodeems mir d‘Fligeren alleguer gutt inspizéiert haten, ass et zréck a Richtung Stadzentrum gaangen. Eigentlech sollte mir op eng weider Besichtegung vun engem Musée starten, mais well mir duerch Stau vill Zäit am Verkéier verluer haten, ass sech spontan op en mi sportlechen AlternativProgramm gëeenegt ginn. Et sinn zwou Gruppe gemaach ginn, di eng huet sech beim Rafting um Bow River probéiert, di aner ass op en Vëlostour duerch Calgary laanscht den Elbow River Richtung dem Glenmore Reservoir, en Stauséi am Südweste vun der Stadt, gestart. Beim Rafting gouf séier festgestallt, dass d‘Geschwindegkeet vum Waasser net all ze héich ass, sou dass bei relaxer Stëmmung d‘Skyline vu Calgary genoss gouf. Um Vëlostour huet et stramm an d‘ Pedallen drécke geheescht, well et ass monter biergop an erof gaangen. Net jiddereen huet dobäi ëmmer Richteg ze schalte gewosst, wouduerch d‘Ketten alt di eng oder aner Kéier erofgefall ass. Schnell huet sech d‘Gerücht verbreet et wier Getriebesand am Spill gewiescht... Och wann d‘Vëloen an d‘Booter de Belaaschtungstest net ganz bestanen hunn, sou konnt insgesamt bei béiden Aktivitéiten den Teamgeescht eng 1. Kéier gefuerdert ginn. No deem flotten Dag gouf den Owend gemittlech bei engem gudde Steak an engem Patt ausklénge gelooss. 2. Dag - Calgary - Freides den 8. September Um zweeten Dag hu mir als éischt e klengen Tour duerch d’Downtown ënnerholl. Uschléissend hu mir dee geplangte Besuch vum Dag virdrun am Gasoline Alley Museum nogeholl. Dëse Musée läit am Heritage Park Historical Village um Glenmore Reservoir, wat gréisstendeels en oppene Park ass, wou d’Liewen aus der Zaït vum wëlle Westen a Kanada rekonstruéiert ass. Am Musée selwer ass eng vun deene weltwäit gréissten Ausstellunge vun Oldtimer an Ueleg- bzw. Gas-Pompelstatiounen aus den 30er-, 40er-, a 50er Joren. Ganz vill intressant Objete waren hei ze gesinn a fir sou munche Maschinebauer oder Hobby’s Automechaniker konnt hei d’Häerz opgoen. Nodeems alles ënner’t Lupp geholl war, ass sech mat engem klenge Maufel am Restaurant vum Park fir de weideren Dag gestäerkt ginn. Nomëttes huet eise Wee mam Bus op d‘Uni vu Calgary gefouert. Et stoung eng Visitte vum Alberta Sulphur Research LTD (ASRL) um Programm. Dëst ass de Fuerschungszenter fir ugewannte Katalys an industriell Schwiefel-Chemie.

22 l bulli Hierscht 2017


technicien

génie civil

logistique

ingénieur

comptable informaticien

est toujours à la recherche de NOUVEAUX COLLABORATEURS!

INTERESSÉ(E)?

Cactus S.A. Gestion du personnel Route des 3 Cantons / L-8399 Windhof ou recrutement@cactus.lu


1. Visite-Alberta Sulphur Research ltd. 08.09.2017 | Calgary

Fotoen: Sarah Kunsch

Freides Nomëttes sinn mir, d’Equipe vun der ANEIL, mat moderater Verspéidung bei der University of Calgary ukomm, wou mir vum Senior Research Chemist, dem Francis Bernard, empfaange goufen.  Zesumme si mir an  de Konferenzsall vun der Alberta Sulphur Research ltd. getrëppelt, wou  de General Manager alias Paul Davis eis Iessen an Drénken ugebueden, an éis dunn direkt op senger Tafel eng Geographiestonn  inklusiv Infoen zu  aktuelle Bëschbränn  a Westkanada gehalen huet. Wéi dunn och bal d’Kaart vun ganz Westkanada op der Tafel gemoolt war goung et lass mat enger Chemiestonn iwwer Schwiefel (méi dozou am nächsten Ofschnëtt) an enger Powerpoint iwwer d’Firma selwer. Dës ass zwar an  de Gebaier vun der Uni beheemescht,  a bedreift och Fuerschung an enker Zesummenaarbecht mat dëser, allerdéngs ass se vun engem Firmenverbond (50 un der Zuel) finanzéiert. Dës Firmen treffen sech zwee mol am Joer mat der Fuerschungsariichtung  a kennen d’Fuerschung sou och mat beaflossen. Am éischten, wëssenschaftlechen Deel vun der Presentatioun  goufe mer gewuer, wéi een aus sauerem Gas mat H2S  de Schwiefel erauszitt, wéi

24 l bulli Hierscht 2017

een den Schwiefel kann transportéieren a lageren, woufir en benotzt gëtt an och  verschidde Weeër wéi een drun  ka  stierwe goufen ausféierlech beschwat. Bei der Hierstellung aus sauerem Gas sief nëmmen d’Stéchwuert  modifizéierte Claus-Prozess genannt, wou iwwer  verschidde katalytesch  Reaktioune mat Restgas-Traitement bis iwwer 99% vum Schwiefel aus dem Gasgemësch kann enthoul ginn. Huet een  de Schwiefel dann extrahéiert,  a gëtt en net direkt am flëssegen Zoustand weider transportéiert, kann een en  a fester Form  a grousse Quantitéiten an  imposante Schwiefelbléck vun enger Fläch  vu méi Fussballfelder an enger Héicht  vu  méistäckege Gebaier tëschegelagert ginn. Des Bléck ginn an  dënne  Schichte gegoss  a ginn och als Anlag zu  Zäite vun niddregem Schwiefelpräis gehalen. Deen  ville Schwiefel gëtt zu engem groussen Deel fir d’Hierstellung  vu Schwiefelsaier benotzt, déi  da rem haaptsächlech fir d’Hierstellung vun Düngermëttel benotzt gëtt. Eng weider wichteg Uwendung fir  de  renge Schwiefel ass d’Vulkaniséieren  vu Kautschuk;  dëse Prozess gouf Mëtt des 19. Joerhonnert vum Charles Goodyear patentéiert an den Hartgummi ass och haut nach


d’Grondmaterial fir déi meeschte Pneuen. Vill  Infoe  krute mer och zum Risiko vum Schwiefel. Hei koum den Hiweis, dass  de Schwiefel  a senger fester Form absolut harmlos ass, mee dass et problematesch  ka sinn en ze laang ze lageren, well  da gären ongewollt  Produite wéi H2S entstinn.  Dëse sténkt  a  gerénge Quantitéiten zwar albekannt wéi faul Eeër,  a méi  grousse  Konzentratioune betäuben  de Geroch allerdéngs an ass zudeem gëfteg, soudass Accidenter z.B. beim Transport leider schon méi oft virkomm sinn.

Wat een domat alles Ufänke  ka  wousste mer jo anzwëschen och, an et koum och direkt de Kommentar, déi kéint  ee jo bestëmmt och Owes nach an der Disco verkafen.

Auteur: Christian Dengler

Nom theoreteschen Deel goufe mer dunn vum Director of Research, dem Robert Marriott, duerch  d’Laboe gefouert a konnten hier Versich bestaunen. Vun selwer  zesumme gebastelten Teststänn bis zu  moderne Moossinstrumenter gouf et hei villes ze kucken. Wat am Detail alles vun hiren  Doktorande gefuerscht gëtt war allerdéngs wuel  nëmme fir Leit vum Fach ze begräifen. Als Ofschlossgeschenk um Enn vun der Besichtegung krut jiddereen nach eng Tut mat rengem Schwiefel  a Form  vu  feste Kugelen.

bulli Hierscht 2017 l 25


Owes sinn di meescht mat op d‘Iessen uewen am Sky 360 Restaurant vum Calgary Tower matkomm. De Calgary Tower ass en genau 190,8m héije Fernsehtuerm den tëschent 1967-1968 aus klasseschem Stolbeton gebaut gouf. D’Aussiichtsplattform uewen aus, wou sech och de Restaurant befënnt, dréint sech bannen enger Stonn genee 360° hannerem hier eegen Achs. Mir hunn eis vun där Aussiicht ronderëm iwwerzeege gelooss, an och wann et dobausse schon donkel war, sou ass de Bléck iwwert di ganze beliichte Skyline eppes ganz Besonnesches gewiescht. 3. Dag – Calgary op Banff – Samschdes den 9. September Samschdes Moies huet et fréi opstoen a packe geheescht, well et ass lass op eise Wee a Richtung de Rocky Mountains gaangen. Direkt nom Checkout am Hostel huet eis de Buschauffer deen ons de Recht vun der Rees bis op Vancouver begleede sollt, an Empfang geholl. De „Russ“ ass en erfuerene Mann bei guddem Alter gewiescht, mais dat huet awer op kee Fall verhënnert, dass mir ganz schnell mat him eens gi sinn. Um Wee fir op Banff huet sech séier erausgestallt, dass et mam Russ net langweileg gëtt, well hien huet et vun Ufank un verstaan eis reegelméisseg mat Geschichten an Informatiounen iwwert d’Land a Leit a Kanada an aus da Regioun ze versuergen. Bei gudder Laun si mir an der Mëttesstonn zu Banff, enger Klengstad op ca. 1400m héicht a ronn 140km vu Calgary ewech, ukomm. Zwee Deeg Camping stounge befier an sou hunn mir eis direkt op d’Sich vum Zelt-Verleih gemaach. Nodeems mir dunn alles u Material am Bus haten, si mir op eis Campingsplaz beim Two Jack Lake gefuer. Hei hu mir direkt erkläert krut, dass opgrond vun de ville Bëschbränn, déi wéinst der Hëtztwell a virun allem well et säit Méint an der Regioun quasi guer net méi gereent hat, et net erlaabt ass en oppe Feier unzemaachen. Dëst ass natierlech eng grouss Enttäuschung gewiescht, well grad dorop hate mir eis gefreet. Mais natierlech hunn mir eis d‘ Laun doduerch net huele gelooss. No dem Opriichte vun de 4 gréisser Zelter an engem klenge Challenge , wou di konstruktiv Fäegkeeten ënner Beweis gestallt goufen, huet sech e Grupp mam Bus op de Wee gemaach fir alles u Proviant ze kafen, fir dass mir op kee Fall di nächst Deeg géife verhéngeren. Ab dem spéiden Nomëtte gouf dann d‘Owesiessen a gudder Zesummenaarbecht preparéiert. Jiddereen huet eng Hand mat

26 l bulli Hierscht 2017


YOUR TRUSTED PARTNER FOR BUSINESS We bring people and companies together in an environment where innovation flourishes. We act as facilitator for those who plan to start a business. We fuel the innovative spark that helps companies improve their performance. We stimulate the international expansion of players in a variety of key sectors. What’s more, we guide foreign investors to the best opportunities Luxembourg has to offer. Together, we can accomplish great things.

www.luxinnovation.lu


ugepackt an et huet ee gemierkt dass eng dynamesch Equipe entstanen ass, déi gutt harmonéiert huet. 4. Dag - Banff / Lake Louise - Sonndes den 10.September An derr Nuecht op e Sonnden huet et di éischte Kéier säit laanger Zäit an de Bierger gereent, an och wann et net vu laanger Dauer war, sou ass et duer gaange fir de Smog aus der Atmosphär ze spullen, well mueres huet sech eis en richteg bloen Himmel presentéiert an sou stoung eis ee vun de schéinsten Deeg be fir. No der awer relativ kaler Nuecht stoungen 2 Méiglechkeeten den Dag ze verbréngen zur Auswiel. Ee Grupp ass zu Banff selwer bliwwen an huet sech do bei Aktivitéite wei Mountainbike fueren, Wandere goen, Kanu- oder Kayakfueren sou richteg ausgetoobt a gutt amuséiert. Den zweete Grupp ass mam Bus bis op Lake Louise gefuer. De Lake Louise, deen direkt um Fouss vum 3464m héije Victoria Gletscher leit, ass dee berühmteste Biergséi a Kanada a weltwäit iwwer all Grenzen ewech bekannt, wat een och direkt um risegen Touristenopkomme gemierkt huet. Ganz markant fir dëse Séi ass seng onverkennbar türkis-blo Faarf. Déi entsteet duerch d´‘‘Farine de roche‘‘ déi mam Gletscherschmëlzwaasser an de Séi gespullt gëtt. Trotz de ville Léit lount et sech definitiv hei hin ze kommen, well d‘Géigend hannerem ass einfach iwwerragend. Während e puer Leit sech op de Wee hannerem de Séi gemaach hunn, ass e klenge Grupp op den 2744m héije Fairview Mountain geklommen, eng net ongeféierlech Aventure, mais d`Vue uewen aus ass einfach onbezuelbar gewiescht! Nach en aneren Deel ass bei de 15km mi südlech geleeënen Moraine Lake gefuer an huet sech do iwwerluet d‘Waasserqualitéit vum Séi ze testen - bei enger Waassertemperatur vun em 6°C war de Fazit natierlech kloer: D‘Waasser ass (ze) kal! Am fréien Owend si mer zréck op Banff gefuer an e puer Stéck hunn nach decidéiert an d‘Hot Springs schwammen ze goen. Dësen Dag huet secher zu den Highlighte vun eiser Rees gezielt.

28 l bulli Hierscht 2017


bulli Hierscht 2017 l 29


NOUS ALLONS PLUS LOIN

ECOlogistics for our future I www.cflcargo.eu


CERATIZIT Group Tooling the Future. Since 1921.

Depuis plus de 90 ans, CERATIZIT fait office de pionnier dans le secteur des solutions à base de matériaux durs destinés à l’usinage et à la protection contre l’usure. Le groupe privé dont le siège est situé à Mamer (Luxembourg) conçoit et produit des outils coupants hautement spécialisés, des plaquettes amovibles ainsi que des barreaux fabriqués en matériaux durs.

Dans différents secteurs utilisant des pièces d’usure, CERATIZIT Group occupe la position de leader mondial et développe régulièrement de nouvelles nuances de carbure, de cermet et de céramique, notamment pour le travail du bois et de la pierre.

50 filiales commerciales 24 sites de production

1 siège social Mamer / Luxembourg

> 90 000 produits différents

> 600 brevets et modèles d’utilité

6 000 employés

> 100 employés dans la R&D

30 % de nouveaux produits (5 dernières années)

> 100 prix innovation

Tooling the Future. www.ceratizit.com


Construisons votre avenir!!

Avec plus de 4300 collaborateurs travaillant au sein de l’Entreprise et de ses filiales, POST Group est le 1er employeur du pays. Forte de sa renommée bien établie et son ancrage luxembourgeois, POST Luxembourg est aussi une entreprise innovante, ouverte sur le monde par ses métiers en constante évolution et par la richesse de ses collaborateurs de plus de 40 nationalités différentes.

Passionné(e) de nouvelles technologies ou féru(e) d’informatique, rejoignez-nous !

www.postgroup.lu


5. Dag Banff op Valemount – Meindes den 11. September Direkt nom Kaffi sinn d‘Zelter ofgerappt an agepaakt gi fir keng Zäit ze verléieren an nach am fréie Moien si mir op eise laangen Dag mam Bus duerch d‘ „Häerzstéck“ vun de kanadesche Rocky Mountains gestart. Iwwert de sougenannten Icefields Parkway ass et vu Banff aus iwwer ronn 250km an den Norden op Jasper gaangen. Den Icefields Parkway ass eng vun deene schéinsten a spektakuläerste Panorama-Stroossen op der Welt, ëmmer um Grad vun den héchste Bierger laanscht Gletscher, Séi a Waasserfäll. Soubal mir op groussen Aussiichtspunkten ukomm sinn, ass eise Buschauffer stoe bliwwe fir eng kleng Paus an huet eis bei alt erëm excellente Wieder d‘Geleeënheet gi fir ganz flott Biller an Andréck ze sammelen. Ganz besonnesch um Bow Pass, mat 2068m Héicht eng vun den héchste Passstroossen iwwerhaapt a Kanada, ass d‘Aussicht immens an hei si mir beim Bow Lake, wou och de Bow River entspréngt mi laang stoe bliwwen, fir e puer Momenter d‘Natur einfach nëmmen ze genéissen. Sou ass eigentlech de ganzen Dag weidergaangen an ëmmer rem hu mir kuerz Pause gemaach fir Biller ze maachen. Uewen aus um Wee fir op de Sunwapta Pass si mir beim sougenannte Parker Ridge, engem klenge Wandertrail iwwer ronn 250 Héichtemeter erop op e klenge Bierg stoe bliwwen. Uewen aus bitt sech engem eng wonnerbar Vue op ganz vill Gletscher an dëse Wanderwee huet och deene meeschten d‘Geleeënheet ginn di sportlech Aktivitéit vum Dag ze ënnerhuelen, an deen een oder aneren ass dobäi richteg ausser Otem komm. Uewen op der Kopp huet et richteg gestiermt, mais zwou kleng kreesfërmeg Maueren aus Steng hunn e klenge Schutz gebueden, wou et sech zu enger gudder Dosen dra gemittlech gemaach gouf. Am Nomëtte si mir dunn nach kuerz bei dem Columbia Icefield, der gréisster Gletscherketten ënnert dem nërdleche Polarkrees a wou deels eng bis zu 7m deck Eis a Schnéischicht dat ganzt Joer Skifueren erlaabt , a bei den Athabasca Waasserfäll stoe bliwwen, éier mer zu Jasper ukomm sinn. Hei sollte ma awer och nëmme kuerz stoe bleiwen, well eisen Hotel louch annerhallef Stonn mi wäit zu Valemount, sou dass mir reicht spéit, a bei mëttlerweil richteg schlechtem a kale Wieder eisen Dag duerch d‘Rockys ofgeschloss hunn.

bulli Hierscht 2017 l 33


6. Dag - Valemount op Kamloops (Lac Le Jeune) – Dënschdes den 12. September Eisen Openthalt zu Valemount war mat da Iwwernuechtung och schon nees eriwwer, wat awer guer kee Verloscht duergestallt huet, well zu Valemount ass iwwerhaapt näischt lass, et ass just eng Duerchgangsstatioun um Wee a Richtung vun de Rocky Mountains. Sou si mir och ganz frei mam Bus a Richtung Kamloops fort gefuer. Ëmmerhin hunn 6 Stonne Busfaart op eis gewaart an sou war dëst d‘Geleeënheet sech e wéineg vun de leschten Deeg ze erhuelen an di läscht gewonnen Andréck a Biller Revue passéieren ze loossen. Am Bus war et och deementspriechend eng opfälleg laang Zäit absolut roueg. Am fréien Nomëtten hu mir dunn e puer Kilometer ausserhalb vu Kamloops d‘ Holzhausproduktioun Nicola LogWorks erreecht, do wou eis nächst Visite, um Programm stoung.

!

34 l bulli Hierscht 2017


74 m

72 m

ascenseur 2.5 m/sec. VITESSE

30 sec. TRAJET

8.500 kg CABINE

7,6 t. MOTEUR DE

16 m

MUR DE SOUTÈNEMENT

72 TIRANTS

PERMANENTS

L’ASCENSEUR

10 x

PIÉTONS

5x

+

CYCLISTES

« Liaison verticale entre le Pfaffenthal et la Ville-Haute » - travaux exécutés en tant qu’entreprise générale


2. Visite-Nicola LogWorks 12.09.2017 | Merritt

Fotoen: Sarah Kunsch

Um Dënschden den 12. September hu mir eng Visite bei der Firma „Nicola LogWorks“ gemaach. Dat as en Holzbaubetrib aus Merritt a Britisch Columbia, Kanada, den op klassesch Loghaiser spezialiséiert as. Dobäi handelt et sech em Holzen Haiser die mat ganzen, just licht verschaffte Bamstämm aus Fiichten an Zedernholz gebaut sinn. Die eenzel Bamstämm ginn dobäi passend ageschnidden, sou dass se genau obenee passen. Wou mer an hirem Betrib ukoumen, goufe mer vun de Mataarbechter Dusko Ballmer a Jochen Wagenblast begréisst a kruten eng Aféierung an hir Atelieren a Lager. Dobäi hun se ons hir Aarbechtstechniken erkläert a kruten hiren 3D Scanner a Fräs Roboter, die besonnesch an hirem Betrib sinn, gewisen. An engem Container krute mer dunn eng Ausstellung vun hiren eenzelen Holzverbindungsarten an Dichtunge gewisen. Zum Schluss hun se ons nach Fotoen an 3D Modeller vun hire Referenzen um Computer gewisen, iert d‘Vistite mat engem Patt an interessanten Diskussiounen zu Enn goung.

als Zammermann an d‘Land vun de Séien a Bëscher gezunn huet. Den Dusko Ballmer as en Softwareingenieur aus der Schwäiz, deen säi patentéiert Verfahren an dëser Firma wollt verwierklechen.

Bemierkenswäert as, dass de Jochen Wagenblast en Auswanderer aus Däitschland as, den et

An dem se dës Bauartaweis automatiséieren, hoffen se, dass déi ganz Bauprozedur mei séier, méi prezis,

36 l bulli Hierscht 2017

De Patron vun Nicola LogWorks an den Dusko haten sech virun engem Joer zesumme gedoe vir de Prozess vun der handwierklecher Bauartaweis vu Loghaiser ze automatiséieren. Dat maachen se, an dem se d‘Bamstämm mat engem 3D-Scanner ascannen. Duerno ginn d‘Stämm an enger Software, die den Dusko programméiert huet, optimal openee placéiert an de Verschnëtt ermëttelt. Doropshi gëtt dëse Verschnëtt op de 7 Achse Roboter, wéi aus der Automobilbranche bekannt, iwwerdroen an sou die eenzel Bamstämm automatesch openeen zou geschnidden. Dertëschent brauch duerno just nach en Dichtungsband aus Schaumgummi geluecht ze ginn, vir dass d‘Mauere loftdicht sinn an sou och gutt Dämmwärter opweisen.


a virun allem méi bëlleg gëtt. Loghaiser sinn a Kanada nämlech éischter eng deier Bauartaweis, déi awer vir gutt Qualitéit, ressourcëfrëndlech a gutt isoléiert Bauwierker géint Keelt gëllen. Jiddefalls schafft den Dusko scho 7 Joer un dem Verfahren, wou en eleng fir säin 3D Programm annerhalleft Joer programméiert huet, a vir dat en a Kanada, USA an an 11 Länner aus der EU en Patent huet. Definitiv war dat eng interessant Visite mat ganz sympatheschen a motivéierte Mataarbechter an engem vierausbléckendem Betrib vun dem ee gespaant ka sinn, op een an Zukunft och hei eppes vun hinnen héiere wäert. Quellen: www.logworks.ca, www.facebook.com/ pg/ballmersystems/about/ Auteur: Tom Schanen

bulli Hierscht 2017 l 37


ques eaux publi s ré t n e m stier ranche hemin fore dation | B C n | o F x | u a n h io C à la émolit n Traitement nsport | D | ra T n o | ti a t | Rénovatio it n n u e q io m t ’é e a d s s m r te ra Ter Transfo ur | Pis t | Voirie | nts extérie n e e m m e e g s a n is t é Am tang | Lo Curage d’é

P 64, Rue Hiel - Z.A. L-5485 Wormeldange-Haut

q +352 26 35 01 31 p +352 26 35 01 32

i www.entrapaulus.lu E info@entrapaulus.lu


NET ZE GLEEWEN !

GRATIS V PAY-KAART BIS 30 JOER startin.lu

Offer u Konditiounen an un d’Akzeptatioun vum Dossier gebonnen. BGL BNP PARIBAS S.A. (50, avenue J.F. Kennedy, L-2951 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg : B 6481) Communication Marketing August 2017


Nodeems mir gutt genuch iert den „Big Business“ mam Holzbau a Kanada informéiert waren, ass et weider Richtung eisen nächsten Hotel gaangen, wou mir direkt um Rand vun engem klenge Séi mam Numm Lac Le Jeune iwwernuechte sollten. Op eisem Wee fir do hin hate mir allerdéngs nach eng Begéinung mat engem Elch, deen allerdéngs esou gefährt huet dass éier mir aus dem Bus eraus ware fir eng Photo ze maachen, hien sech schon an de Bësch duecht d‘Bascht gemaach hat. An eisem Hotel ukomm krute mir di éischte Kéier iwwerhaapt en Buffet mat engem bësse méi grousse Choix offréiert an dat virun engem fräien a schéinen Ausbléck op de Séi! Ganz gemittlech gouf den Dag mat deem engen oder anere Patt ausklénge gelooss. 7. Dag – Kamloops op Kelowna – Mëttwoch den 13. September Moies stoung den Depart vir op Kelowna, eng Staat beim Lake Okanagan, um Programm. Éier et awer erëm an eise Bus gaangen ass, hunn déi meescht nach vun de fräien Moiesstonne profitéiert an de super Sonnenopgang bei enger Ronn Joggen oder engem Tierche mam Kanu iwwert de Séi genoss. Kuerz no Mëtteg si mer dunn zu Kelowna ukomm. Hei war freien Openthalt fir d‘Grupp virgesinn. D’Leit hunn sech fir déi verschiddensten Aktivitéiten zesumme gedoen, déi eng hunn sech e Boot gelount a si mam Wakeboard iwwert de Séi geheitzt, anerer hun e Bummeltour duerch d’Staat gemaach an nach anerer hunn et sech am ‚BeerInstitut‘ gemittlech gemaach. Géinter Owend ass et du weider gaangen an eis Lodgen um Beaver Lake. D’Ufaart dohinner iwwert eng Aart Schotterwee huet eis schon ahne gelooss, dass och dës Ënnerkonft an der Pampa géif léien. Am Camp ukomm koum déi éischt éier negativ Iwwerraschung, während déi eng a klengen Holzhütte mat Kamäin a Kichen déi nächst zwou Nuechte sollte verbréngen, sollten anerer sech zu sechs an eng 6m² Barack ouni Luucht leeën. Et war awer Gott säin Dank nach eng ‘normal’ Holzhütt fräi sou dass jiddereen eng gemittlech Schlofplaz hat. No engem flotte Barbecue ass dann och e weideren Dag a Kanada zu Enn gaangen.

40 l bulli Hierscht 2017


8. Dag – Beaver Lake op Kelowna – Donneschdes de 14. September Nom éischte bessere Kaffi Moies, méi wéi just Toast a Beagles mat Gebeess an Erdnossbotter, si mer an de Myra Canyon Park gefuer an hunn hei en 24km Tour mam Vëlo duerch de Canyon gemaach. Dëst war eng al Zuchstreck mat ville Brécken aus Holz déi leider duerch Bëschbränn zerstéiert goufen. Nom Neiopbau gouf aus der Streck e Wanderwee duerch de Canyon gemaach mat flotte Plaze fir Fotoen vun der Landschaft kënnen ze maachen. Mëttes stoung eng Wäintour um Programm, loosse mer soen eng bëssen aner Wäintour wéi mer eis dat virgestallt haten. Et ass ëm verschidden Zorten Hunnegwäin gaangen, déi hei an enger klenger lokaler Kellerei produzéiert goufen.

bulli Hierscht 2017 l 41


3. Visite-Meadow Vista Artisan Farm Winery 14.09.2017 | Kelowna

Fotoen: Sarah Kunsch

Nodeems mer begréisst ginn sinn hun mer direkt mam ‚Tasting‘ ugefaange. Mer kruten sechs vun hiren  Wäiner ze schmaachen, dorënner  och den berühmten ‚cherry honey wine‘. De Captain sot: ‚Et schmaacht ewéi Glühwäin‘. Während der Degustatioun  huet d‘ Emily, d‘Besëtzerin, eis nach interessant Informatiounen iwwert hiren Betrib an hier Produkter matgedeelt:  D‘ Meadow Vista Artisan Farm Winery ass säit 2009 an der Produktioun vun Hunnegwäin (‚mead‘) täteg an en zimlech klengen Betrib. An awer sinn sie déi éischt a Kanada déi och ‚sparkling mead‘ produzéieren. Duerch hiren ‚cherry honey wine‘ goufen se kanadawäit bekannt an sie hun dräi Goldmedailen an der World Wine Championship 2017 gewonnen. Déi meescht vun hiren  Wäiner hun tëscht 11 an 12 % Alkohol. An nëmmen engem (am ‚Ostara‘) sinn tatsächlech Drauwen dran, bei  deenen Reschtlechen gëtt  den Alkohol ausschliisslech  aus Hunneg gewonne.  Vu dass den Hunneg schon séiss genuch ass, brauchen hei, am Géigensaatz zum hierkömlechen Drauwewäin, weder Zocker nach aner Zousazstoffer méi bäigefüügt ze gin. Doduerch gëllt den Hunnegwäin als méi gesond an besser verdréiglech.

42 l bulli Hierscht 2017

No der Wäindegustatioun si mer an hiren Keller gaangen; hei stinn 6 Tanken vun je 1000 l Hunnegwäin. D‘Gärungsdauer variéiert vu Wäin zu Wäin, läit awer bei deenen Meeschten tëscht 6 an 8 Wochen. Bei hirem ‚sparkling mead‘ dauert et awer am Längsten, well deen och nach eng Kéier an der Fläsch enger zweeter Fermentatioun ënnerläit, déi dann iwwer 6 Méint daueren kann. Dëse Prozess ass quasi dee selwechten ewéi beim Schampes. Fir d‘Fermentatioun ze stoppen, ginn d‘Fläschen an eng Aart ‚Cooler‘ gestallt. Nieft dem Hunnegwäin, sinn  sie säit Neistem och um tüftelen fir Hunnegbéier hierzestellen.  No der Féierung am Keller, si mer eraus  op d’Feld gaangen, wou d‘Emily eis erkläert  huet, dass sie am Besëtz vu 5,5 Ares sinn, op deenen 110 Beiestäck  mat  je 60000 Beien pro Box verdeelt sinn. Jäerlech  brauchen sie 3500 l Hunneg, wouvun se 2500 l selwer produzéieren. Déi reschtlech 1000 l kafen  sie an British Columbia an. Nieft hirer Beienzuucht planzen sie och hauseegen Drauwen an Päerdsbier un, déi sie och fir verschidden Wäiner an der Produktioun benotzen. Fir ofzeschléissen sie mer all zesummen zeréck an hiren Shop gaangen, wou mer d‘Méiglechkeet haten hir Produiten ze kafen. 

Auteur: Mathieu Schon


D’Fondation Enovos, d’Associatioun daVinci an d’ANEIL invitéieren iech häerzlech ob déi 6. Editioun fir d’Iwwerreechung vum „Prix d’Excellence de la Fondation Enovos”. Wéini Wou

Programm 11:00 12:00 12:15

11. November 2017 Forum Da Vinci 6, bd Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Luxembourg Mot de Bienvenue an Diskussiounsronn Präisiwwerreechung Receptioun

Wat ass de Prix Enovos D’Fondation Enovos, ënnert dem Patronat vun der Fondation de Luxembourg, gouf 2010 gegrënnt mat dem Ziel d’Ausblildungs- a Beruffschancen vun den Ingenieuren ze optiméieren. A Coopératioun mat daVinci an der ANEIL, lancéiert d’Fondation Enovos all Joer ee Concours, de “Prix d’Excellence de la Fondation Enovos”, fir rezent Ingenieurabsolventen ze belounen. Déi beschte Masteraarbechte gi mat engem Präisgeld vun 2500€ dotéiert. Weider Informatioune fann dir ënnert www.fondation-enovos.eu.


No engem klenge Groussakaaf fir 20 Mann goung et erëm Richtung Lodgen. Natierlech huet d’Waasser am Séi och misse getest ginn, dat war awer éischter vu kuerzer Dauer well d’Waasser war net ganz waarm. Wéinst der Einfachheet gouf och de leschten Owend um Beaver Lake gegrillt an den Owend gemittlech virum Kamäin ausklénge gelooss. 8. Dag – Kelowna op Vancouver – Freides de 15. September Freides moies ass et weider mam Bus bis un d’Westküst vu Kanada gaangen, op Vancouver. Dësen Dag stoung erëm eng länger Busfaart um Programm éier mer bei d’Waasserkraaftwierk bei de Stave Falls ukomm sinn. Hei krute mer eng Visite duerch den alen Deel vum Waasserkraaftwierk deen zu enger Aart Musée ëmgebaut ginn ass. Déi nei Anlag, déi fir eis Ingenieuren wahrscheinlech méi interessant gewiecht wier, krute mer leider net zu Gesicht. Hei goufen eis Englechkenntnisser nach eng Kéier gefuerdert, eis Guidin hat nämlech en zolitten Tempo drop a mat all de Fachausdréck war et net ëmmer ganz evident hier nozekommen, vläicht hat sie och schon de Weekend geroch a wollt Heem ;-).

46 l bulli Hierscht 2017


1 b u r eau , 4 d o m a in e s d ’ a ct iv it é s , 270 c o l la bo r at e u r s ! 1 é q uip e , 1 o bj ec t if : g a ran t ir la s a t is fac t io n du c lie n t a v ec u n s er vic e p ro fe ss io nn e l e t d e q u a lit é ! Les domaines d’activités – Presque chaque projet traité par le bureau d’études fait recours aux compétences de plusieurs domaines d’ingénierie. Ceci demande une collaboration rigoureuse des collaborateurs des différents services regroupés au sein du bureau d’études. S’il s’agit d’un dessinateur, d’un technicien, d’un ingénieur ou autre, chacun d’entre nous représente un pilier important formant l’ensemble d’une grande équipe.

Les étudiants – Pour le bureau Schroeder, les étudiants sont synonyme du futur. Plus que 100 étudiants par année font leur travail de vacances, leur stage d’études ou leur travail de fin d’études au sein de notre société. C’est une chance pour nous de vous rencontrer mais surtout pour vous de nous convaincre de vos atouts et qualités. Un stage vaut plus que la rémunération y associée. N’hésitez donc pas à nous parler lors de la REEL ou d’autres événements similaires. Les postes cherchés – Nous recrutons en permanence des ingénieurs en génie civil, mais aussi des ingénieurs en électromécanique, en génie mécanique, en génie de l’environnement et des géographes, biologistes, géologues, hydrologues, aménageur-urbanistes, géomètres/topographes, informaticiens, archéologues ou physiciens de construction. Autres domaines innovateurs à ne pas exclure !

Visualisation du projet de la gare d’Ettelbruck


4. Visite-Stave Falls Dam and Powerhouse 15.09.2017 | Mission

Fotoen: Sarah Kunsch

Um Wee vun Kelowna op Vancouver sinn mir den Stave Falls Dam and Powerhouse kucken gaangen. Hei ass dat aalt Kraaftwierk, wat net mei am Betrib ass, als Visitor Center ëmgebaut ginn. Op der Platz ukomm, huet eis Guide eis als eicht en pur Filmer iwwer  d’generell Fonctionnement vun Waasserkraaftwierker an dem Waasserkreeslaf gewisen. No den Filmer ass et dann an en klengen Musée iwwert  d’generell Fonctionnement  vun Elektrizitéit gaangen. Den Musée  ass anscheinend éischter  fir Kanner, mee mir haten trotzdeem  eisen Spaass. Den Highlight am deem Deel war eng funktionéierend Teslaspul. Vun do aus huet d’Visite vun dem eigentlechen Kraaftwierk ugefaangen. Eis Guide huet definitiv en bëssen ënner Stroum gestanen, zumindest huet den Tempo an deem se geschwat huet dat indikéiert. Oder et war einfach den Feierowend deen geruff huet. Mir hunn déi al, inaktiv Statioun visitéiert. Déi  nei Statioun, déi  momentan am Betrib  ass an Stroum fir British Colombia produzéiert,  hunn mir leider net gesinn. D‘Konstruktioun vun dem Kraaftwierk gouf  1907 ugefaangen, an ass 1911 fäerdeg ginn. Haut ass se

48 l bulli Hierscht 2017

als Visitor Center der Ëffentlechkeet zougänglech. D‘Statioun gouf schrëttweis opgebaut. Am Ufank waren véier Turbinnen do. Zu der Konstruktiounszäit  huet d’Konstruktioun vun dem Kraaftwierk an dem Dam souvill Aarbechtsplazen  geschaaft, dass eng Stadt ronderëm  d’Statioun entstanen  ass. Do war et awer schwéier ze liewen, well d’Prohibitioun ganz laang an Kraaft bliwwen ass. Déi Stadt gëtt et haut net mei. Eng fënneft  Turbinn  gouf 1925 derbäi gesat. Dat war méiglech  well gläichzäiteg  den Damm erhéicht gouf. D’Kraaftwierk war eng Zäitlaang dat gréissten Waasserkraaftwierk  an British Colombia. Enn 1990 war die al Statioun dunn ze ineffizient, an eng nei gouf gebaut. Déi nei huet mat nemen zwou Turbinnen mei Stroum produzéiert, wie déi al mat fënnef. Dat neit Kraaftwierk huet eng Leeschtung vun 90 MW. Haut gëtt et um Stave River am ganzen dräi aktiv Kraaftwierker. Nach en puer technesch Donnéeën vun der aler Statioun. Se huet aus véier  Turbinnen bestanen déi  10MW Leeschtung hunn, an eng déi  12,5MW huet. D’Gesamtleeschtung ass also 52,5MW. D’Turbinne weien  150 Tonnen, wouvun schon


eleng de Rotor der 60 weit. Dofir gouf och extra eng Zuchstreck gebaut, fir Deeler während der Konstruktioun bei den Damm erop ze transporteieren. D‘Waasser fält aus enger Héicht vun 24 Meter. D’Visite ass weider gaangen  Richtung Kontrollstatioun. Duerch  den Alter vun der Statioun gouf  hei nach villes manuell gesteiert. An der Kontrollstatioun gouf an dräi Schichten vun 8 Stonnen geschafft. Wéi d’Kraaftwierk nach an Betrib  war, war hei esouvill Kaméidi, dat et wëih gedoen huet. Et gouf eng Lautstäerkt vun 140 dB gemooss. D’Aarbechter hunn et maximalmal 2 Stonnen ausgehalen, an dann missten se eraus eng Paus maachen goen. Déi  meescht Leit déi  do geschafft hunn, héieren  haut net mei gutt. Och interessant ass, dat grouss Deeler vun der Kontrollstatioun aus Asbest bestinn. Aarbechtssécherheet gouf zu där Zäit an Kanada also grouss geschriwwen. Drënner hunn mir en Raum gesinn wou d’Generatoren un d’Stroumnetz ugeschloss  ginn. Och hei hat  d’Sécherheet  d’Prioritéit. Fir sech vun  engem Stroumschlag  ze schützen, krut den Aarbechter eng Holzkëscht fir drop ze klammen, an een holzenen Bengel fir d’Saachen ze schalten. Des war die geféierlechsten Aarbechtsplaz, dofir hunn do ëmmer déi Leit geschafft déi nei waren. An dem rechtlechen Wierk waren och deelweis oppen Kontakter ze gesinn, déi  een ouni Problem upaken konnt. Eis Guide huet do gemengt, fréier hätten se net fir alles Sécherheetsvirschrëften  gebraucht, do hätten se Common Sense gehat. Et sinn awer nemen 6 Leit an 89 Joer gestuerwen, also schéngt den System iergendwéi funktionéiert ze hunn. Um Ënn vun der Visite hunn mir nach een klengen lokalen Rekord opgestallt. Se haten  do een Lift deen fir d’Maintenance genotzt ginn ass. An deen Lift deen fir 6 Leit geduecht war, hunn mir eis Equipe vun 20 Leit rangestoppt. Anscheinend waren dat die meeschten Leit die do dran waren, obwuel et och schwéier gewiescht wier Dieren nach zou ze kréien. Zum Schluss gouf och nach eng flott Gruppefoto an enger Sektioun vun engem Penstock gemaach. Dat ass een Rouer vun sechs Meter Duerchmiesser wat d’Waasser bei d‘Turbinnen bréngt.

Auteur: Yves Huberty

bulli Hierscht 2017 l 49


ASSEMBLEE GENERALE 2017 Mir invitéieren iech ganz häerzlech op eis alljäerlech Generalversammlung. Wéini

Mëttwoch, den 27. Dezember um 20:00

Wou

Forum da Vinci 6, boulevard Grand-Duchesse Charlotte L-1330 Lëtzebuerg

No der Versammlung wäerte mir iech ee Patt zum Beschten offréieren. Wanns du interesséiert bass d’nächst Joer eng Charge am Comité ze iwwerhuelen, kanns du deng Kandidatur bis den 24. Dezember per E-mail (contact@aneil.lu) oder perséinlech bei engem vum Comité era reechen. Op dech waart eng motivéiert Equipe an vill néi Aufgaben. Bei weidere Froen kanns du dech gären beim Comité mellen.


© Lukas Huneke; Andrès Lejona, Christof Weber

BIENVENUE CHEZ INCA

INCA Ingénieurs Conseils Associés est un bureau d’ingénieur en génie civil, offrant ses services depuis plus de 20 ans, dans des domaines aussi variés que : • la coordination et le pilotage de projets, • le bâtiment et les constructions industrielles, • les ouvrages d’art, • les infrastructures routières et ferroviaires, • l’hydrologie et la gestion de l’eau, • la physique du bâtiment (sécurité incendie, acoustique, thermique), • la coordination sécurité et santé, • l’économie du bâtiment Toujours à la recherche de nouveaux talents, nous offrons régulièrement des stages étudiants ainsi que des postes fixes pour ingénieurs, architectes, techniciens et dessinateurs engagés. Envie de nous rejoindre ? Retrouvez nos propositions de stages ou d’emploi sur : www.inca.lu, linked’in et sur facebook ou envoyez directement votre candidature à jobs@inca-ing.lu.

INCA Ingénieurs Conseils Associés S.à r.l. 47, rue Gabriel Lippmann L-6947 Niederanven

Tél. : (+352) 42 68 90-1 Fax : (+352) 42 68 96 info@inca-ing.lu www.inca.lu


Déi läscht Faart mat eisem Buschauffer Russ goung du weider vun de Stave Falls bis op Vancouver, wou en eis bei eisem Hostel erausgeheit huet. Eisen Hostel louch am Staddeel Gastown, engem historesche Bezierk am Zentrum vu Vancouver wou ëmmer eng lass ass. No enger klenger Stäerkung ass et dunn an d‘Nuetsliewe gaangen. 9. Dag – Vancouver – Samschdes de 16. September Um zweetleschten Dag vum offiziellen Deel vun der Rees stoung fräien Openthalt mat owes engem gemeinsamen Ofschlossiessen um Programm. Déi verschiddenst Aktivitéite goufen op dem fräien Dag ënnerholl, sou zum Beispill d‘Visite vun der Capilano Suspension Bridge, en Tour mam Vëlo ronderëm Vancouver an de berühmte Stanley Park, eng Visite am Musée, eng kleng Shoppingtour oder en Tour mam Waasserfliger iwwer Vancouver an d’Ëmgéigend. Owes goung et dunn zesummen an d’Earls Kitchen fir kënnen eng leschte Kéier mam ganzen Trupp un engem Dësch ze sëtzen. Och huet um läschten Owend d’Nuetsliewen net dierfen ze kuerz kommen a mir hunn zesummen d’Disco’en onroueg gemaach. 10. Dag – Vancouver – Sonndes de 17ten September D’Rees mat der ANEIL geet op en Enn… Um läschten Dag stoung näischt méi um Plang, verschiddener si Sonndes schon erëm zeréck an d’Heemecht geflunn oder si weider bis op Seattle gereest. Anerer hunn nach puer Deeg drugehaangen a sinn nach zu Vancouver bliwwen. Zum Schluss bleift just nach ze soen datt et eng super Vakanz war op déi ee spéider nach gären zeréckblécke wäert, e grousse Merci geet dofir un de Laurent an de Fränk, déi dee ganzen Trip duerch Kanada geplangt an organiséiert hunn.

Auteur: Chris Kipchen & Gilles Etringer

52 l bulli Hierscht 2017


Bulli Hierscht 2017  
Bulli Hierscht 2017  
Advertisement