Bulli Hierscht 2017

Page 24

1. Visite-Alberta Sulphur Research ltd. 08.09.2017 | Calgary

Fotoen: Sarah Kunsch

Freides Nomëttes sinn mir, d’Equipe vun der ANEIL, mat moderater Verspéidung bei der University of Calgary ukomm, wou mir vum Senior Research Chemist, dem Francis Bernard, empfaange goufen. Zesumme si mir an de Konferenzsall vun der Alberta Sulphur Research ltd. getrëppelt, wou de General Manager alias Paul Davis eis Iessen an Drénken ugebueden, an éis dunn direkt op senger Tafel eng Geographiestonn inklusiv Infoen zu aktuelle Bëschbränn a Westkanada gehalen huet. Wéi dunn och bal d’Kaart vun ganz Westkanada op der Tafel gemoolt war goung et lass mat enger Chemiestonn iwwer Schwiefel (méi dozou am nächsten Ofschnëtt) an enger Powerpoint iwwer d’Firma selwer. Dës ass zwar an de Gebaier vun der Uni beheemescht, a bedreift och Fuerschung an enker Zesummenaarbecht mat dëser, allerdéngs ass se vun engem Firmenverbond (50 un der Zuel) finanzéiert. Dës Firmen treffen sech zwee mol am Joer mat der Fuerschungsariichtung a kennen d’Fuerschung sou och mat beaflossen. Am éischten, wëssenschaftlechen Deel vun der Presentatioun goufe mer gewuer, wéi een aus sauerem Gas mat H2S de Schwiefel erauszitt, wéi

24 l bulli Hierscht 2017

een den Schwiefel kann transportéieren a lageren, woufir en benotzt gëtt an och verschidde Weeër wéi een drun ka stierwe goufen ausféierlech beschwat. Bei der Hierstellung aus sauerem Gas sief nëmmen d’Stéchwuert modifizéierte Claus-Prozess genannt, wou iwwer verschidde katalytesch Reaktioune mat Restgas-Traitement bis iwwer 99% vum Schwiefel aus dem Gasgemësch kann enthoul ginn. Huet een de Schwiefel dann extrahéiert, a gëtt en net direkt am flëssegen Zoustand weider transportéiert, kann een en a fester Form a grousse Quantitéiten an imposante Schwiefelbléck vun enger Fläch vu méi Fussballfelder an enger Héicht vu méistäckege Gebaier tëschegelagert ginn. Des Bléck ginn an dënne Schichte gegoss a ginn och als Anlag zu Zäite vun niddregem Schwiefelpräis gehalen. Deen ville Schwiefel gëtt zu engem groussen Deel fir d’Hierstellung vu Schwiefelsaier benotzt, déi da rem haaptsächlech fir d’Hierstellung vun Düngermëttel benotzt gëtt. Eng weider wichteg Uwendung fir de renge Schwiefel ass d’Vulkaniséieren vu Kautschuk; dëse Prozess gouf Mëtt des 19. Joerhonnert vum Charles Goodyear patentéiert an den Hartgummi ass och haut nach


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.
Bulli Hierscht 2017 by Anouk Godelet - Issuu