1 minute read

Lëtzebuerger Sprooch respektéieren: fir jiddereen

Eis Mammesprooch soll respektéiert ginn.

Eis Sprooch soll als Mëttel fir d’Integratioun awer net als Mëttel zur Ausgrenzung benotzt ginn.

Advertisement

Jiddereen, deen zu Lëtzebuerg an d‘Schoul geet, soll och Lëtzebuergesch léieren.

Jiddereen deen zu Lëtzebuerg schafft oder schaffe wëllt soll encouragéiert ginn op fräiwëlleger Basis Lëtzebuergesch ze léieren.

Jiddereen dee Lëtzebuergesch wëll léieren soll gratis d’Méiglechkeet dozou kréien. Domat wëlle mir eis Sprooch stäerken a respektéieren.

Mir gesinn awer gläichzäiteg d‘Sproochevillfalt zu Lëtzebuerg als wichteg a richteg un an als eng Stäerkt vun eisem Land. D’Friemsprooche sinn noutwendeg fir de Wuelstand an d‘Zukunft vu Lëtzebuerg ze garantéieren.

Well awer net jiddereen all Sprooch perfekt schwätzt an et grad an Noutsituatiounen wichteg ass, datt sech Fleegepersonal a Patient, och Fleegepersonal a Famill vum Patient sech verstinn an esou keng Mëssverständnesser entstinn, muss een deem Rechnung droen . Mir wëllen datt een sech an all Amtssprooch mam Dokter a mam Fleegepersonal verstännege kann.

Dofir fuerdere mir datt all Spidol an Altersheem Iwwersetzer astellen déi bei Sproocheproblemer hëllefen.

Dës Zousazleeschtung am Spidol soll vun der CNS gedroe ginn.

This article is from: