1 minute read

KËNNT DE NEIE POLICEBÜRO OP D‘PORTE LAMADELAINE?

Zënter 2017 vertriede mir Piraten déi kloer Positioun, dass zu Péiteng, der fënneftgréisster Gemeng am Land, ee Policebüro 24 op 24 fir d’Bierger soll op sinn. Och op nationalem Niveau an der Chamber hu mir dës Iddi ëmmer erëm verdeedegt.

Leider hu weder d’Regierung, nach de Schäfferot, genuch fir de Projet gemaach an esou wäert och 2023 nach kee Policebüro hei an der Gemeng ze fanne sinn, an deem Policebeamten/inne ronderëm d’Auer fir de Bierger do sinn. Eng Iddi war et, fir op der Grenz tëscht Péiteng a Lénger ee Site fir een neie Policebüro ze fannen, mee dee Projet konnt net vum Policeminister realiséiert ginn.

Advertisement

Fir 2023 steet am Raum, fir den neie Policebüro op de Site vu „Simon Tours“ zu Péiteng ze etabléieren, dëst no enger Propose vun de Piraten. Et stellen sech elo awer nach Problemer mam Terrain, well am Gemengerot huet CSV/LSAPMajoritéit leider d’Virkafsrecht vun der Gemeng net genotzt, esou dass elo just nach 25% vum potenziellen Terrain kéinte benotzt ginn. D’Piraten waren déi eenzeg am Gemengerot, déi sech fir ee Virkafsrecht ausgeschwat haten.

Trotz dëser Situatioun kucke mir no vir : mir wëlle zesumme mam CGDIS kucken, ob den aktuelle Pompjeesbau kéint ausgebaut ginn an een eng Léisung fannen, fir eng méi grouss, méi modern a besser Struktur fir d’Police an d’Pompjeeën an eiser Gemeng ze kréien. Mir Piraten wäerte kommunal souwéi national eis weider dofir asetzen, dass den neie Policebüro Péiteng/Käerjeng op d‘Porte Lamadelaine soll kommen a wëllen domadder ee kloert Zeeche fir méi Sécherheet an eiser Gemeng setzen!

De Marc Goergen ass Member an der Chamber vun der Kommissioun: Commission de la Sécurité intérieure et de la Défense

SYLVESTER: LASERSHOW

Iwwert Ganz Gemeng

D´Freedefeier ass net gutt fir d‘Ëmwelt an fir eis Déieren. Dofir géinge mir als Alternativ all Joer eng grouss Lasershow organiséieren fir esou de Wiessel vun de Joren speziell ze gestalten.

D‘Lasershow géing musikalesch begleet ginn, an deem mir de passenden Toun via Radio „Péiteng on Air“ Live an all Stot bréngen. Ee Livestream soll et och ginn.

This article is from: