
1 minute read
GILLES MERTZ
Bestuet, Papp vun engem klenge Jong
29 Joer / Rodanger
Advertisement
Attaché parlementaire bei de Piraten an der Chamber
Master an der Ekonomie
Du frees dech sécher: wat ënnerscheet eis Piraten vun deenen anere Parteien?
Eng Äntwert dorobber ass eise Leitmotiv « Modern , fair & transparent fir jiddereen» . Dat ass net nëmmen ee Slogan : et ass eng Motivatioun fir eis Aarbecht all Dag. D’Piraten schwätzen eng kloer Sprooch ouni vill Formalismus an Ideologie, mir wëlle Verännerungen a mir si bereet och nei Weeër dofir ze goen !
Modern: Péiteng muss méi lieweg ginn: mat Foussgängerzonen a méi Eventer, déi och Leit vu baussen unzéien. Och am Alldag feelt et u klenge Geschäfter an der Ëmgéigend. Hei kann d’Gemeng méi maachen, andeems si selwer méi Gebaier zu engem faire Präis verlount oder op verschiddene Platze mobil Geschäfter (Beispill :Foodtrucks) zouléisst.
Fair: Et kann net sinn, dass Leit, déi mat mir an der Gemeng opgewuess sinn, keng Wunneng hei bezuele kënnen a wéinst finanzielle Grënn aus der Gemeng plënnere mussen ! Hei muss d’Gemeng einfach selwer méi bauen !
Transparent: Ech fannen, dass d’Politik sech zënter Joerzéngten d’Liewen hannert zouenen Diere vill ze einfach mécht. D’Informatioun muss eraus bei de Bierger an d’Journalisten an net ëmgedréint ! Internet mécht et méiglech : mir Piraten si fir d’Live-Iwwerdroung vum Gemengerot an – firwat och net ? – engem Kanal, wou d’Bierger live an ëffentlech hir Froen un de Gemengerot kënne stellen.
Fir jiddereen: Ech wëll eng Politik, déi dem Bierger selwer méi Matgestaltung gëtt. Wou net Politiker, mee de Bierger, d’Decisioun hëlt. Jidderee vun eis kennt säi Quartier an d’Problemer, déi do optauchen. Jidderee vun eis sollt kënnen mat entscheede, wouhin de Wée vun eiser Gemeng geet.
Ahoi Cavalcade
Mat eis Pirate géing Cavalcade de feste Bestanddeel am Kalenner bleiwen. Mir géingen den lokale Veräiner méi Méiglechkeete ginn fir hire Won op zebaue souwéi ënner ze bréngen iwwert d‘Joer, an dass soumat méi lokal Gruppen un der Cavalcade kënnen deel huelen. Bei eis géing et keng VIP Tribün méi ginn, och net fir d‘Politiker.
Traffic Fortkr Ien Vun Der Route De Longwy
Den Transitverkéier op der Haaptstrooss duerch Péiteng, Rolléng a Rodange ass schlecht fir eis Liewensqualitéit ! D’Piraten setzen sech dofir an fir den Transitverkéier op d’Collectrice ze lenken. Déi wichtegst Moossnahm fir eng Verkéiersberouegung op der Lonkecher Strooss ass de Bau vun engem Tunnel ënnert dem Rond-Point beim Lycée LMA. Doduerch géif den Traffic op der Collectrice méi fléissend ginn a fir méi Verkéiersberouegung op der Route de Longwy suergen. Eis Piraten-Deputéiert an der Chamber haten dofir souguer eng Motioun ofginn, fir de Bauteminister dozou ze bréngen, de Bau vun dësem Tunnel unzefänken.
