1 minute read

Piraten = Richtegen Ëmwelt & Déiereschutz

Next Article
NATIONAL VIGNETTE

NATIONAL VIGNETTE

Christian Welter

Gemengeconseiller zu Péiteng

Advertisement

24 Joer / Rollenger

Student a Medien- a Kommunikatiounswëssenschaften

Menger Meenung no, soll all Persoun d’Recht hunn, sou ze liewen, wéi en am glécklechste fir SECH selwer ass an NET wéi d’Gesellschaft hier dat virschreift. Natierlech ouni senge Matmënschen oder der Natur ze schueden. Dësem Grondsaz kënnt menger Meenung no vun alle Parteien d’Piratepartei am noosten.

Ech selwer engagéiere mech net just fir meng Matmënschen, mee och fir d’Déieren. Dofir liewen ech, säit ech 18 Joer aal sinn vegan a si bei der Mieresschutzorganisatioun Sea Shepherd aktiv. Mat der Erfarungan deem Wëssen, wou ech op perséinlechem, politeschen an akademeschen Niveau iwwert déi läscht Jore gesammelt hunn, sinn ech mer sécher, dass ech d’Gemeng Péiteng iwwert déi nächst Jore méi modern, méi fair a méi transparent ka matgestalten. Ech wëll mech virun allem fir d'Interesse vun der Jugend zu Péiteng weider asetzen an och mäin Deel dozou bäidroen, fir dass och déi jonk an eiser Gemeng eng Chance op eng eege Wunneng behalen.

M I Biergerbedeelegung Zouloossen

Mir Piraten wëllen, dass de Bierger méi an d’politesch Decisioune matagebonne gëtt. Eng Form fir dat ze maachen ass d’Opstelle vun engem Biergerrot, wou nom Zoufallsprinzip d’Bierger aus eiser Gemeng ausgewielt ginn an fir 2 Joer kann dra bleiwen. De Biergerrot soll konkret Proposë maachen, op déi de Gemengerot reagéiere muss. Fir kleng Projeten soll de Biergerrot een eegene Budget vun

200.000€ pro Joer zur Verfügung gestallt kréien, deen d’Memberen fir Projeten an der Gemeng kënne verwenden. D’Piraten sinn iwwregens och der Meenung, dass ee méi Referenden zu wichtegen Decisiounen um Gemengenniveau muss zouloossen.

Mir Piraten haten fir d‘Verfassung ee Referendum gefrot.

Leider huet CSV hiert Wuert aus dem Walprogramm 2018 net gehalen an soumat koum kee Referendum.

This article is from: