1 minute read

NATIONAL VIGNETTE

fir all Auto op eise Stroossen

Eis Stroossen an déi ganz Infrastrukturen finanzéiert sech net vum selwen. Am Moment bezilt all Auto deen zu Lëtzebuerg ugemellt ass, eng Steier.

Advertisement

Eng grouss Unzuel vun den Autoen op eise Stroossen, fuere gratis. Dat ass onfair!

Mir wëllen dofir d‘Autossteier zu enger Vignette ëmbauen. Sou muss all Auto deen eis Strooss benotzt, och bezuelen. Dat wär eise faire Modell.

Dës Vignette dierf am Präis net iwwert den aktuellen Autossteiere leien.

Dës Vignette ka jiddereen bequem op den Dag, d‘Woch, de Mount oder d‘Joer buchen. Wann dir den Auto e puer Wochen net braucht, kennt dir per App oder am Büro den Auto an zwou Sekonnen ofmellen a soumat Geld spueren.

Eise Modell géing zu enger fairer Situatioun an zu weidere Recette bäidroen, fir sou den ëffentlechen Transport wei och d‘Stroossen finanzéieren ze kënnen.

Walkampagne 2023: selwer gemaach!

éierlech & ongefiltert: eis Meenung

This article is from: