11 minute read

BUDGET 2023: EIS REAKTIOUNEN

Next Article
Déiereschutz

Déiereschutz

Auszich Aus Der Ried Vum Marc Goergen

Keen dierf gezwonge ginn, an d'Ausland wunnen ze goen, wann en hei an der Gemeng opgewuess ass, just wëll Promoteuren hire Konto net voll genuch kréien.

Advertisement

Eng gewësse Bestännegkeet an der Politik vun de lëschte Joren kann jo stattfannen wann d'CSV nom Juni nächst Joer wäert weiderhin de Buergermeeschter stëllen. Emmerhin wär dat dann fir déi éischt Joeren den aktuellen éischte Schäffen Jean-Marie Halsdorf, ier dann am Laaf vum Mandat den André Dias den Job iwwerhuele wäert. Zumindest hu mir déi männlech Doppelspëtzt esou verstannen. Ähnlech wei Polfer / Cahen an der Stad.

Bei de Crèchen fannen mir et allgemeng bedenklech, dass do ëmmer méi kommerziell Firmen entstinn déi d'Kanner sollen de ganzen Daag ophuelen. Op der enger Säit hunn Kanner ze weineg Zäit mat den Elteren, op der anerer Säit verdéngen e puer Vereenzelter sech eng gëllen Nues mat hire Crèchefirmen.

Dat ass eng falsch DP Politik, wou Familljen auserneen dreiwt, anstatt zesummen ee Liewe féieren ze kënnen.

Dofir muss een, menger perséinlecher Meenung no, op de Wee goen an deenen Elteren, wou sech entscheeden manner oder guer net ze schaffen, eng finanziell Entlaschtung vum Staat ze bezuelen, fir selwer kënnen no hiere Kanner ze kucken.

Eng gewësse Bestännegkeet mat neien Akzenter an der Politik fir déi nächst Joren kann stattfannen, wann de Bierger enger oder zwou anere Parteien d'Vertraue schenkt fir een mat aneren Akzenter opgestallte Projet ze realiséieren. Woufir keng Plaz a keng Zäit hei an der Gemeng ass, ass fir Experimenter iwwert déi nächst Joer mat Randparteien, wou Stabilitéit an eiser schéiner Gemeng géingen a Gefor bréngen.

... aner Akzenter géinge setze wei déi aktuell CSV/LSAP Majoritéit. Dat ass eben an der Politik normal, dass all Partei seng Ideen huet. Dofir wäert et och interessant ze liesen, wat an de Walprogrammer stoe wäert. Sou munches wäert bei der LSAP oder CSV dra stoen, wat se selwer net realiséiert hunn iwwert déi lescht 10 Joer, elo awer als Idee un de Wieler bréngen, mee och dat gehéiert zur Politik.

Op mat villem averstanen oder net, ee Buergermeeschter vum Format vum Pierre Mellina haten net vill Gemengen am Land, a mir als Gemeng Péiteng kënne ganz zefridde sinn iwwert seng 19 Joer un der Spëtzt.

Ech verstinn awer och, elo ass d'Zäit vir Verännerung komm, Zäit fir eng aner Politik fir eis Gemeng. Net besser oder méi schlecht, mee op neie Schëlleren opgebaut, modern an dynamesch, ugepasst op déi haiteg Erausfuerderungen.

An dat wäert sécherlech och fir eng nei Equipe, egal wei eng Faarf déi wäert huet, zu 2 oder zu 3 Partner, eng grouss Erausfuerderung ginn, wëll aktuell steet eis Gemeng gutt do, d‘Finanzen si stabil. Fir mech ass et och kloer, dass déi virsiichteg & responsabel Finanzpolitik muss weider gefouert ginn.

Ze Fouss an d'Schoul stattfannen, mee den Tour duerch déi 3 Uertschafte soll bestoe bleiwen.

Mir géingen zum 15. September 2023 e sougenannte PEDIBUS organiséieren.

Begleetpersonal, wat är Kanner sécher a klenge Gruppen ze Fouss an d‘Schoul bréngt an zeréckbréngt.

Déi ëffentlech Hand muss méi bauen, net just eenzel Haiser mee och ganz Residenzen. Den Immbilienmaart, fir een Daach iwwert dem Kaap ze hunn, de Promoteuren ze iwwerloossen, ass fir eis de komplett falsche Wee. Do zielt just de Profit um Objet, awer net, dass jonk Leit an hierer Gemeng kënne wunne bleiwen. Mir hunn do eng kloer aner Virstellung wei eng CSV/LSAP.

Et ass quasi keng Auerzäit méi, wou een net am Stau steet, ob dat zu Péiteng oder zu

Rodange ass. Mir sinn de vergiessenen Eck am Land, wou se einfach iwwert Collectrice (A13) all d'Frontalieren an de ganzen Transit bei eis an d'Gemeng era leeden, ouni Récksiicht vum grénge Minister op eis Liewensqualitéit oder Gesondheet souwéi Sécherheet.

Dozou gehéiert fir eis Piraten och, dass eis Haaptachsen duerch eis Gemeng, eis Haaptstrooss misst esou ëmgestallt ginn, dass se fir den Transit oninteressant gëtt.

Eist Verständnis hält awer beim Fussball op, wann ee Veräin vun der Gemeng eng Buvette, een Terrain souwéi Subside fir Jugendaarbecht kritt, an da jonke Spiller, dann Geld freet, fir iwwerhaapt spillen ze dierfen. Dat a Form vun engem Package, ugefaange bei 250 €. Wat Eltere méi Geld hu, wat de Package méi deier gëtt an soumat ee Statussymbol kritt. Dat ass eng sozial onfair Behandlung, an ënnert eis Pirate géingen esou Praktiken direkt ophalen oder se krite kee Geld, Buvetten oder Terraine méi vun der Gemeng. Esou Packages féiere just zu sozialer Ausgrenzung, zu Frust bei de Kanner, egal bei wéi enger Sportaart. De Sport ass, wéi een am Budget gesäit, gutt ënnerstëtzt. Da sollen d‘Veräiner de Bierger och dovun eppes zeréck ginn, an net just hire Sponsoren.

Ech sinn nach ëmmer traureg, wann ech Bärbelendag gesinn, wou een eng schéin a grouss Feier vun de Pompjeeën zu Rolleng ofgeschaaft huet, fir elo alles zu Rodange ze organiséieren, wou awer mat engem AEV et net eng Kooperatioun elo ass, mee de Pompjeescorps hier Feier rett. Dat hätt ee kéinten anescht léisen, dat géing ech opdeelen op 1 Joer iwwert dat anert, tëscht Rodange a Rolleng. Mee Rolleng net komplett ausgrenzen.

Virun allem Rolleng ass oft a vill benotzt, een Aushängeschëld fir vill Events, erop bis an de RTL. Mee de „centre de loisirs“ ass an Jore komm, ze laang a mengen Ae gouf elo gewaart fir eng Moderniséierungen, mat enger liichter Vergréisserung.

Dat wär sécherlech ee vu menge Projeten wou ech direkt mat an den nächste Budget 2024 géing huelen.

Dat selwecht si meng Gedanke beim Nationalfeierdag. Bei mir wäert et net dozou kommen, dass dee just an enger Uertschaft nach wäert

Wou mir beim Budget vun dem Tourismus a Kommunikatioun sinn, een Nationalfeierdag wou ee ka méi grouss opzéien, virun allem och de Virowend mat abauen, wéi et Traditioun zu Rodange war. Eng Zäit, wou wierklech vill Leit op Rodange komm sinn fir de Virowend, wou een 2024 nei Konzepter, egal a wei eng vun den 3 Uertschaft, verbonne mat an Traditioune fanne muss.

Elo solle jo zu Rodange schonn éischt Pläng fäerdeg sinn, an 2024 moderniséiert ginn. Do ass ze begréissen, dass déi nächst Equipe nach kann Entscheedungen huelen, well op dem Projet deelen ech net dem Schäfferot seng Aschätzung, dass de Rodanger Centre Culturel soll prioritär fir den Theater ëmgebaut ginn. ... Rodange ass vill méi wéi den Theater an et sinn vill Veräiner, wou de Centre Culturel kënne benotzen a gebrauchen, net mam Schwéierpunkt Theater.

Et kann een Installatiounen och fir den Theater virgesinn, do ginn ech nach mat an der Idee, mee net als Schwéierpunkt.

Meng fest Iwwerzeegung bleift, dass mir als Gemeng musse bis 2030 klimaneutral ginn. Et waren elo ënnert LSAP-Hand verluere Joren wat den Ëmweltschutz ubelaangt. Ze laang gouf gewaart, ze wéineg KWH un ernéierbarem Stroum realiséiert.

Do brauch et een mofe Booster, fir eis Ëmwelt ze schützen.

Dofir musse bis 2025, op all Gemengegebai wou et méiglech ass, eng Solaranlag opgeriicht ginn, souwéi iwwert all Parking oder Fläch, wou der Gemeng gehéiert.

Wou mir am méi Klenge sinn, mir brauchen och Quartiersschoulen. Déi grouss Schoulprojete sinn net an eiser piratescher Strategie. Mir sinn éischter fir no Schoulen, kleng Strukturen. Dat selwecht fir Maison Relais a Crèchen.

Dofir géinge mir en Konzept ausschaffen, fir d‘Spillplaazen alleguer erëm fit ze maachen. Et geet mir alt wei och Kolleegen aus der Gemeng, mir fueren op Uewerkäerjeng fir mat de Kanner op eng nei modern a flott Spillplaz ze fueren. Esou ee Projet géinge mir och hei an der Gemeng realiséieren, dat och an de Schoulhäff vun eise Schoulen.

Zu de Parkflächen, do feelen an der ganzer Gemeng Elektrobornen. Quasi ni sinn se fräi, déi puer wou do sinn, et muss ee bedenken, mir si bei 20.000 Awunner, a pro Awunner sinn einfach net genuch Chargy opgestallt ginn. Nach ee Punkt an dem schlechte Bilanz ronderëm d‘Ëmweltpolitik hei an der Gemeng.

Menger Meenung no, misst een de Stand vun den Bornen mindestens verdräifachen hei an der Gemeng, wann net nach méi fir Elektromobilitéit, an soumat de Schutz vun eisem Klima a Kanner virun dreiwen.

Mee bis eis Schoulgebaier hei wierklech digital ginn, wäert nach vill Zäit vergoen, an et wäert déi nächst Equipe sinn wou do Akzenter muss setzen. Mir als Digital-Partei stinn do fir den Top vum Top als Equipement fir eng modern Schoul.

Zur Sécherheet gehéiert fir eis och Preventioun, net just Represioun, an do war de Gemengerot sech eenz, dass ee fir eis Jugend ze schützen och ee Streetworker brauch hei an der Gemeng. Ech ginn souguer weider a soen et bréicht ee mindestens 4 Streetworker bei enger Awunnerzuel vun 20.000 Awunner an dräi Uertschaften.

Eis Gemeng ass net vun den héije Wunnengspräisser verschount bliwwen. Vill vun eise Matmënschen, déi mat eis an der Gemeng opgewuess sinn, mat eis an d’Schoul gaange sinn, sech um Veräinsliewen bedeelegt oder hei geschafft hunn, kënne sech zënter e puer Joren näischt méi an eiser Gemeng leeschten.

D’Politik muss handelen! Mee wat mécht den aktuelle Gemengerot? Ënnert der Federführung vun der CSV verkafe si Gemengen-terrai-

PARKING RODANGE:

nen zu engem Spottpräis, fir dass Privatpersounen dann drobber bauen. De Krux ass, dass Leit, déi keen héije Prêt bei hirer Bank kréien, vu vir eraus bei dëser Vente ausgeschloss ginn. Alt nees gewënnt dee mam déckste Portmonni! (Neiwiss II)

De Gemengerot verkeeft dat als soziale Wunnengsbau, deen a Wierklechkeet keen ass. An d’Terrainen, déi un de neie Besëtzer ginn, sinn alt nees verluer.

An eisen Aen ass dat eng falsch Wunnengspolitik. D’Piraten zu Péiteng setzen sech dofir an, dass méi Terrainen a Gemengenhand bleiwen a méi Wunnengen vun der Gemeng gebaut ginn. Virun allem déi Leit, déi eng laang Zäit an der Gemeng verbruecht hunn, sollten eng Prioritéit fir eng Wunneng kréien. Onofhängeg vum Portmonni.

D‘GEMENG BEZILLT IWWERT 1.000.000 € FIR DE PARKING,

Eng gëlle Nues konnt sech de Promoteur Accord Immo verdéngen mam Parking zu Rodange. Do hat de Schäfferot den Terrain fir ronn 1 Millioun €uro verkaf, fir dann erëm vun Accord Immo ee Parking zeréck ze kafen um Site, fir ronn 1 Millioun Euro. De grousse Profit gouf gemaach mat den Appartementer, wou elo iwwert dem Parking gebaut duerfte ginn.

Esou huet Accord Immo ALL EENZELT APPARTEMENT mat groussem Profit konnten verkafen, wärend Gemeng ee klenge Parking iwwreg behält.

Ee Parkhaus, wou net just ëffentlech Parkplazen ze fannen sinn, mee Accord Immo elo och nach eenzel Plazen selwer verlount.

WAX21 - INCLUSION & RESTAURANT

Jiddereen huet eng Chance verdéngt, fir um Liewe kënnen deel ze huelen. Dofir hate mir Piraten schonn 2018 d’Iddi, fir am Restaurant WAX op der Millen ee Projet ze starten zesumme mat Mënschen, déi Trisomie21 hunn. Déi Propose gouf leider net vun enger Majoritéit am Gemengerot gedroen, sou dass haut een normale Restaurant am WAX ze fannen ass. Dank der Sendung „Zum Schwarzwälder Hirsch“ mam Tim Mälzer, huet d’Iddi awer erëm eng nei Opmierksamkeet kritt an déi Sendung ass de Beweis, dass esou ee Projet zur Inclusioun funktionéiert.

Och 2023 bleift de Punkt fir eis aktuell a sollte mir Piraten an d‘Verantwortung kommen, géinge mir esou een TrisomieProjet an der Gemeng Péiteng realiséieren.

Epicerie Solidaire

Bio, regional an ouni just nom Profit ze kucken. Mir Piraten haten 2018 eng Motioun am Gemengerot deposéiert, fir eng Epicerie Solidaire an eis Gemeng ze kréien, déi op klore soziale Wäerter opbaut an de Bierger mat gesonden a lokale Produkter versuergt. Dës Iddi gouf leider refuséiert. An der Epicerie géinge Matbierger een Job fannen, wou hei an der Gemeng wunnen an duerch hier Liewensëmstänn keng Chance um Aarbechtsmaart hunn.

Innerhalb Vu 6 M Int Zur

Fairtrade Gemeng

Fair Aarbechts- a

Produktiounsbedingungen vu

Liewensmëttel gehéiere fir eis Piraten zu enger moderner & fairer Welt. A jidderee ka säin Deel dozou bäidroen, och eis Gemeng.

Leider schwätzt d’Majoritéit am Gemengerot sech nach ëmmer géint dës Propose aus.

Mir géingen direkt an den éischte 6 Méint fir eis Gemeng d‘Konventioun mat Fairtrade ënnerschreiwen an dës an alle Beräicher ëmsetzen.

Wax21

Restaurant

Sozial fair bio regional

Net just Produkter solle fair a sozial sinn, mee och d‘Aarbechtsstruktur. Kommt mir maachen zesummen eist Akafen an eis Ernierung méi nohaltëg, fir eis Matbierger an eis Ëmwelt.

Mir Piraten géingen innerhalb vun 2 Joer déi éischt Epicerie Solidaire realiséieren, mam kloren Zil, dass an den 3 Uertschaften esou eng lokal Epicerie entstoe soll.

WAASSER & POUBELLEN BRAUCHE NEI PRÄISSER

Den Ëmweltschutz muss méi Impakt op de Verbrauch kréien, dofir géinge mir d‘Präisser vum FIX kräfteg erof setzen an just de Verbrauch wäert berechent ginn, duerch eng Upassung vum Variable.

DÉIEREPARK & DÉIERESCHUTZ

Den Escher Déierepark um Gaalgebierg ass ee Projet, dee vun der Gemeng finanzéiert gëtt. E lackelt all Joers vill Visiteuren an Touristen un a weist, wéi een Nohaltëgkeet a lokalen Tourismus ka verbannen.

Mir fannen dës Iddi super a géingen fir jiddereen, virun allem fir d‘Kanner an eiser Gemeng, esou een Déierepark bei eis am Bësch opmaachen. Mir géingen dëse Park kombinéieren mat enger Opfangstatioun fir verletzten, verlueren oder ausgesatenen Déieren.

VILL MÉI BEEM & PARKEN

Ze vill Terraine fir Bëtong, ze wéineg fir d‘Natur & Mënsch, dat ass den CSV/LSAP-Bilan. Ob d’Gemengeplaz, de Centre Culturel zu Rodange oder déi vill nei Citéen : et feelt u Beem, Parken a Plazen, wou d’Leit sech gemittlech kënnen ophalen.

Mir Piraten géingen der Natur an dem Mënsch erëm hier Plaz an eiser Gemeng zeréckgi mat engem klenge Park an all Quartier, mat vill méi Gréngs ronderëm eis Stroossen an och mat Foussgängerzonen am Zentrum. Net ze vergiesse mat neie Méiglechkeete fir de Sport a fir eis Hausdéieren.

Second Hand Spillsaachen

Walkampagne 2023: selwer gemaach!

éierlech & ongefiltert: eis Meenung

Klappjuegd Verbuet an der Gemeng Péiteng

Mir setzen eis dofir an, dass bei eis an der Gemeng Klappjuegd soll verbuede ginn a mir géingen all eenzelt Juegdlous erstoen, fir dass mir als Gemeng kënnen iwwert Juegdkonditioune bestëmmen.

Déi eenzeg original Déiereschutz-Partei

Mir Piraten sti fir ee konsequenten Déiereschutz. Een Déier ass keng Saach, mee ee Liewewiesen mat Gefiller a gehéiert respektéiert.

Mir wäerten och d’Hond-Steier an der Gemeng ofschafen : wien een Hausdéier fleegt, soll net nach duerch eng Steier dofir belaascht ginn.

D’Kanner gi vill ze schnell grouss, Kleeder gi schnell kleng a Spillsaache gi schnell ongebraucht. Kommt loosst eis déi schéin Zäit mat Aneren deelen a mir ginn de Spillsaachen een zweet Liewen. Mir géingen op e puer Punkten an der Gemeng ee Second Hand Store opmaachen, wou ee kann seng Spillsaachen ofginn oder déi Gebrauchte mathuelen. Zousätzlech géinge mir op dëse Punkten och ee Spillsaachen-Schaaf opriichten, wou d‘Kanner kënnen hier Spillsaachen tauschen.

MODERN: DIGITAL TAFELEN AN EISE

Schoulen

An der Schoul sollen eis Kanner op hier Zukunft virbereet ginn, dofir sollt och scho fréi eng nei digital Welt an de Klasse benotzt ginn. Digital heescht et kann ee méi einfach a komfortabel zesumme schaffen. Mir wëllen och iPad Klassen, mee just an engem Ausgläich mat Sport an Spadséiergäng an eis schéin Natur.

AIRTAG & GPS AUER ERLABEN

An dësen onsécheren Zäite versti mir déi Eltere wou hire Kanner een Apple AirTag oder eng GPS Auer mat op de Schoulwee oder an d‘Schoul ginn. Am Moment erlaabt d‘Reglement dëst awer net. Mir géingen dee Punkt änneren an deenen Elteren, wou méi Sécherheet fir hier Kanner wëllen, dëst erméiglechen.

Budget Pro Klass Erop Setzen

De „klenge“ Budget an de Klassen, wou d‘Schoulpersonal zur Verfügung huet, géinge mir em 25% erop setzen, fir esou der Inflatioun Rechnung ze droen an de Kanner weiderhin flott Schoulstonn ze erméiglechen.

Member ginn bei de Piraten: www.piraten.lu

Quell: RTL.lu

Waardel Schten An Der

Maison Relais

Iwwert 600 Kanner waarden aktuell op eng Plaz an enger Maison Relais an der Gemeng Péiteng, dat ass de Bilan no 20 Joer CSV Politik. Dee Status Quo ass inakzeptabel, mir géingen direkt eng provisoresch Méiglechkeet sichen fir nei Plazen, mee awer och d‘Reglement upassen, wéini een dierf seng Kanner an eng Maison Relais ginn. Mir géingen d‘Konditioune kloer upassen, dass d‘Elteren wou schaffen, souwéi an eiser Gemeng wunnen, eng Prioritéit hunn. Bis 2028 wëlle mir nei Maison Relaisë bauen, fir esou vum provisoreschen op eng dauerhaft Léisung ze kommen. Mir Piraten trieden National dofir an, dass Kanner déi net wëllen oder kënnen an eng Maison Relais goen, eng finanziell Hëllef kréien, fir den Elterendeel wou sech Doheem em Kanner këmmert an dann net ka schaffe goen.

Piraten: National souwéi Kommunal engagéiert fir eng méi staark Gemeng Péiteng

Pikocard

Ab September 2023 geet eis grouss Schwemm op. Déi ass awer ee grousse Käschtepunkt am Gemengebudget. Dofir géinge mir Präisser anescht gestalten. Awunner aus der Gemeng Péiteng kriten eis PikoCard mat 1€ Entrée fir 3 Stonnen

Jidderee wou net an der Gemeng wunnt, misst 10 € fir 3 Stonne bezuelen. Duerch d‘Steieren, wou dir hei an der Gemeng scho bezuelt, finanzéiert dir och d'PIKO zum groussen Deel mat, dofir gi mir Iech via PikoCard eng Remise.

An dësem Buet brénge mir déi nei Punkte fir 2023-2028. Eis Punkten aus 2017 bleiwen awer och nach.

Du kanns déi um Pabeier bestelle via ahoi@piraten.lu oder Tél.: 20 33 37, den Download als PDF ass op peiteng.piraten.lu

This article is from: