September 2017
OP DE PUNKT. KONTAKT- AN INFORMATIOUNSBLAT VUN DER CSV FRÉISENG
GEMENGE WALEN 2017
BILAN 2011-2017
Nodeems 2011 fir d’ éischt nom Proporzsystem an der Gemeng Fréiseng gewielt gouf, ass d’ CSV zesumme mat der LSAP eng Koalitioun agaange fir d’ Geschécker vun eiser Gemeng ze leeden, an déi bis dohi fiederféierend Équipe ënnert dem Buergermeeschter Claude Wiltzius ofzeléisen. Déi nei Koalitioun huet dunn ënnert dem Impuls vun der Buergermeeschtesch Malou Aulner an de leschte 6 Joer en ambitiéise Koalitiounsprogramm opgeschafft .
no och vill Aarbechten erleedegt ginn, un déi mir bei der Opstellung vum Programm guer net geduecht haten.
Et ass elo kuerz virun de nächste Gemengewalen Zäit fir e Bilan ze maachen. Och wa villes an der leschter Period ëmgesat ginn ass, sou si mer als CSV Sektioun Gemeng Fréiseng selbstkritesch genuch fir zou ze ginn, dass sécher net alles optimal gelaf ass an dass och verschidde Punkten aus dem Koalitiounsprogramm nach net realiséiert goufen. Zu éischt huet dee neien CSVLSAP Schäfferot sech missten aschaffen an dunn och eng ganz Rei Versäumnisser vum viregte Schäfferot (z.B. verschidde “Mise en conformité” vu Gemengeninfrastrukturen, Entretien vu Gebaier deen iwwert Joer net gemaach gouf, ...) misste korrigéieren oder nohuelen. Et sinn deem-
Duerch eng nohalteg Politik, eppes dat et virdrun net ginn ass, gouf an deene leschte 6 Joer d’ Approche an dësem Beräich hei an der Gemeng total geännert. Nom Wiessel op grénge Stroum an der Gemeng, op Drock vun der CSV Oppositioun virun de lëschte Wahlen, gouf an dëser Mandatsperiod mat Biergerbedeelegung eng Fotovoltaikanlag um Daach vum Centre polyvalent zu Uespelt installéiert. Eis Gemeng ass engem Naturschutzsyndikat bäi getrueden an huet säi Bësch FSC zertifiéiert Als nei Klimapaktgemeng, déi mir lo gi sinn, goufen eng ganz Rei Projete realiséiert (z.B. ee Programm fir LED-Stroosseluuchten, energetesch Sanéierung vun de Gemengege-
Onofhängeg dovu gouf an deene leschte 6 Joer konstruktiv a vill geschafft. Mir wéilten hei dann och just op déi gréisst respektiv wichtegst Projeten an Investissementer agoen. Ëmwelt
FRISANGE.CSV.LU
VERSION française
Retrouvez la traduction française de l‘article sur notre site web frisange.csv.lu
/CSV SEKTIOUN FRÉISENG