Koalitiounsprogramm 2012-2017 vun der CSV-LSAP Majoritéit: Als Vertrieder vun deenen zwou grousse Volleksparteien ass et selbstverständlech, dass mir d’Wuel vum Vollek als eis iewescht Prioritéit unerkennen. Eist Zil ass et, fir eis Biergerinnen a Bierger, mat deene bescheidene Mëttel, déi mir zu eiser Verfügung hunn, dat meescht ze erreechen. D‘ Situatioun vun eiser Gemeng bedeit, dass mer vu vir eran dëse Programme ënnert de Virbehalt vun eise Finanzéierungsméiglechkeeten stellen, an deemno och vun der wirtschaftlecher an budgetärer Entwécklung vun eisem Land. Dofir striewen mer un, an der nächster Mandatsperiod folgendes ze erreechen: 1. Demokratie, Informatioun an Transparenz: Mir wëllen d’Aarbecht vun eise consultative Gemengekommissioune stäerken. Mir deelen d’Kommissiounen nei op a gi jidder Kommissioun hir kloer Attributiounen. Nieft Gemengerotsmemberen, sollen och Experten an Bierger aus der Gemeng an de Kommissioune matschaffen. Si sollen verstäerkt Iddien an Avisen ausschaffen. Niewent de Gemengekommissiounen ginn Aarbechstgruppen geschafen, déi u spezifesch Projete gebonnen sinn (z.B. de neie PAG) an dem Schäfferot zur Säit stinn. D’Rapporten vun de Kommissiounen ginn als Kopie un all Gemengerotsmember. Mir suerge fir méi Transparenz, andeem mir eis Kommunikatiounspolitik ausbauen a verstäerkt Informatiounen iwwert den Internet-Site vun der Gemeng publizéieren. Eist Info-Blat soll nei opgestallt ginn. Sms2citizen soll hëllefen, eis Bierger geziilt ze informéieren am Noutfall, z.B. wa bei hinnen ee Waasserproblem oder ee Chantier ass. Déi intern Aarbecht am Gemengerot gëtt duerch de ‚règlement d’ordre intérieur‘ geregelt, dee mir iwwerschaffe wäerten. 2. Mënschen an eiser Gemeng: - Kanner, Maison-Relais & Schoul: D’ Zesummenaarbecht tëschent Schoul, Maison-Relais an Elteren soll weider verbessert ginn. Regelméisseg soll en oppenen Austausch stattfannen tëschent Gemeng, Schoul, Maison-Relais, Elteren, Léierpersonal an Elterevereenegung. Eis Kanner solle sech nees méi bewegen. Mir plangen ee PediBus anzeféieren, do wou et sënnvoll ass. Dës Kanner gi mat Begleetpersounen zou Fouss an d’Schoul. Zousätzlech zum Schoulsport plange mir eng LASEP Sektioun. Dat neit Gebäi fir den Cycle1 gëtt an 2 Phasen gebaut, fir précoce a Spillschoul. Eng nei Sportshal gëtt virun allem gebaut fir de Schoulsport, mä och fir de Fräizäitsport. Och fir kulturell Veranstaltungen ass am aktuelle Plang Plaz virgesinn. Mir iwwerdenken awer nach eng Kéier d’Envergure an d’Finanzéierungsméiglechkeeten fir dat Gebai. Bei der Schoul gëtt eng nei Spillplaz ugeluegt fir déi kleng Kanner. 1