CSV Fréiseng - Op de Punkt Abrëll 2019

Page 1

Abrëll 2019

OP de Punkt. KONTAKT- AN INFORMATIOUNSBLAT VUN DER CSV FRÉISENG

EDITO

LÉIF MATBIERGER

Natierlech wiere mer léiwer an der Responsabilitéit wei an der Oppositioun. Natierlech wëlle mer léiwer agéiere wéi mussen ze reagéieren. Natierlech hätte mer aner Akzenter gesat, wei dat den aktuelle Schäfferot mécht. Mir mussen awer och unerkennen, dat net alles bei der Majoritéit schlecht ass. De Gemengerot ass flott organiséiert, Dossieren si gutt preparéiert a meeschtens hu mer - bësse politescht Gestëppels gehéiert derzou- eng gutt Stëmmung am Gemengerot.

Mir wäerten als Vertrieder vun der CSV och weider positiv am Intressi vun eise Matbierger agéieren an all Versuch, Partikularintressien do duerch ze setzen, mat aller Vehemenz verhënneren. Op dat eis geléngt ass natierlech net sécher, well mir hunn wahrscheinlech bei all Ofstëmmung 6 Stëmme géint eis. Sou war et och beim Projet vun enger neier Gemeng um Site vum Schlass zou Uespelt. Wéi déi Iddi vum Plënnere vum Gemengenhaus vu Fréiseng op Uespelt opkoum, ass och bei der CSV konstruktiv diskutéiert ginn. Et ass ze verstoen, dass fir eng Partie Memberen, sécher och wéi fir vill Stackfréisenger, d‘Administratioun vun der Gemeng Fréiseng och an d‘Uertschaft Fréiseng gehéiert. Schliisslech huet sech awer bei eis d‘Meenung duerchgesat, dat sou en Transfert déi eenzeg Méiglechkeet ass, de wonnerschéine Site vum Uespelter Schlass mat Liewen ze fëllen, an domat och deen enormen Investissement ze justifiéieren. En Investissement net vun iwwert 8 Millioune wéi den Här Buergermeeschter Beissel dem „Wort“ et erkläert huet, mee e Projet vu wäit iwwert 11 Milliounen, fir de ganze Site. E wonnerschéine Site, deen awer net soll vun der Gemeng mat Liewe gefëllt ginn. Déi wëllt do just Brautpuer féieren. Tëscht Enn September 2017 bis Enn Oktober 2018 hunn sech genau 24 Koppelen op der Gemeng bestuet. Dofir brauch d‘Gemeng Fréiseng elo am Schlass en Hochzäitssall. E groussen

an e manner groussen huet de Buergermeeschter stolz der Zeitung verzielt. 2 Säll fir also zwee Mol pro Mount do enger Koppel d‘Jowuert ofzehuelen an se op e gemeinsame Wee ze entloossen. Et ass honorabel, dat „ Är Equipe“, déi den DP-Vertrieder do schnell mat am Boot hat, jonken a manner jonke Koppelen e flotte Kader wëllt ubidden. Well zou Fréiseng am aktuelle Gemengenhaus ass dee Kader, fir et fein ze soen, e bëssi an d‘Joren komm. Mee fëllt ee mat zwou Hochzäite pro Mount wierklech de Site mat Liewen? Mir mengen net. CSV an LSAP ware sech eens, dass de Site nëmme ka mat Liewe gefëllt ginn, an domat och den enormen Investissement ze justifizéieren ass, wann een d‘Matbierger dohinner bréngt. Dohinner wou den Zenter vun der Gemeng ass, den administrative Sëtz. Do wou vill Leit passéieren. An wou ee sécher Weeër fonnt hätt, fir all deene wou do passéieren, och déi geschichtlech Dimensioun vum Péiter vun Uespelt méi no ze bréngen. D‘Schlass, seng Geschicht, awer och d‘Geschicht vun der Gemeng, sou ze preparéieren, dass eis Matbierger informéiert erëm heem ginn. Dat passéiert elo net. Et ass eis awer wichteg, an dësem Schreiwes wat Dir, léif Matbierger elo an den Hänn haalt, eis Argumenter nach e mol duerzeleeën. Well déi fréier Majoritéit wollt sech zou Fréiseng ausschliisslech ëm d‘Kanner këmmeren. E grousse Site hunn, wou Kannerbetreiung, Schoul, Sport a Kultur souzesoen Hand an Hand ginn. Wou, wann d‘Administratioun bis op Uespelt geplënnert ass, eng nei Crèche ka gebaut ginn, d‘Maison Relais einfach a schnell ka vergréissert ginn, Platz ass fir eng Modernisatioun an och en eventuellen Ausbau vun de Schoulgebaier. Platz op engem Site hunn, fir am Summer Beachvolleyball ze spillen, eng Petanque-Pist kann ugeluecht ginn an dee viru kuerzem richt moderniséierte Skatepark net muss ofgerappt ginn. A wou genuch Parkplaze sinn ouni dass en deieren, well ënnerierdesche Parking muss gebaut ginn.

Et ass dofir richteg ze behaapten, dass mir als CSV-LSAP e Gesamtkonzept haten. Wat déi nei Majoritéit net huet. Si sinn ideologesch gedriwwen, lokalpatriotesch wahrscheinlech och. Just, pass dat nach an eis Zäit wou d‘Gemeng als modernen Déngschtleeschtungsbetrib soll funktionéieren? Mir bei der CSV mengen dat net. An dofir si mer mat den neie Projete vu Schlass a Gemeng net averstanen. Net zefridden ass d‘CSV och a punkto soziale Wunnengsbau. De Projet vun der fréierer Majoritéit, am Paschtoueschhaus zu Uespelt Sozialwunnenge mat engem neien, moderne Sall fir d‘Uespelter Veräiner, ze bauen, ass vun der Equipe Beissel gekippt ginn. Et steet enger Gemeng net gutt zu Gesiicht, an der Wunnengsnout keng Léisungen ze hunn. Déi Kritik gëllt och fir eis selwer. Ze laang hu mer den Thema soziale Wunnengsbau diskutéiert ouni Fakten ze schafen. Do ass e ganz kloren „mea culpa“ ubruecht. Schnell wiere mer mam Buergermeeschter Beissel averstane gewiescht, dem Ausbau vun der Maison Relais, deen hien an engem Interview am Wort ugekënnegt hat, op den Instanzewee ze bréngen. Eng Maison Relais, wou ALL Kanner aus der Gemeng kann ophuelen, och déi wou am „Précoce“ sinn, ass genau sou eng Necessitéit wéi en anstänneg Stroossennetz, den Ausbau vum Kanalnetz oder nach eng Vernetzung vun eisen Dierfer mat enger Vëlospist. Mais aus där Prioritéit ass elo e net gehalent Versprieche ginn. De Schäfferot investéiert elo léiwer a Container wéi direkt e Projet op de Wee ze bréngen. Dat ass eng eenzeg Enttäuschung an d‘Argumentatioun, dass elo mol muss ofgewaart gi bis et Kloerheet iwwert en eventuelle Changement vun de Schoulhorairë gëtt, hält d‘Strooss net. Mir wäerten hei an den nächste Wochen a Méint ganz kloer de Fanger an d‘Wonn vun enger falscher Bautepolitik leeën. An eis weider vehement dofir asetzen, dat a punkto Maison Relais ganz schnell eppes geschitt. A genausou vehement

FRISANGE.CSV.LU

/CSV SEKTIOUN FRÉISENG


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.