Muselzeidung 428

Page 16

67. Trauben- und Weinfest

am 9., 10. und 11. September in Grevenmacher

Presentatioun vun der neier Wäikinnigin Aline Mäin Numm ass Aline Bruck. Ech hunn 19 Joer a wunnen zu Gréiwemaacher. No menger Primärschoulszäit zu Gréiwemaacher hunn ech dëst Joer meng Première am Lycée Classique zu Iechternach geschriwwen. An menger Fräizait liesen, schreiwen a reesen ech vill. Am coolste sinn awer ëmmer nach déi Deeg, déi ech zesumme mat Frënn am Kino, op enger Terrass oder op etleche Fester verbréngen. Zesumme mat menge véier léiwe Prinzessinne Jana Steinbach, Sophie Schons, Jessica Bastian a Lee Risch wäert ech dës Charge am September mat vill Freed a Motivatioun ugoen. A mat sou enger kompetenter wéi och charmanter Equipe wäert et garantéiert en interessant a witzeg Joer ginn. Ech si wierklech houfreg, datt ech d’Éier hunn, eis Lëtzeborger Musel an déi vill Aarbecht vun all eise fläissege Wënzer hei zu Lëtzebuerg wéi och am Ausland vertrieden a representéieren ze kënnen. Domadder lueden ech Iech alleguerten häerzlechst op dat 67. Drauwena Wäifest zu Gréiwemaacher an, wou Der Iech selwer e Bild vun eise qualitativ héichwäertege Wäiner maache kënnt a sécherlech dräi flott Deeg un der Musel erliewe wäert. PROST! Aline Bruck

Léif Frënn vu Musel a Wäin

No der Showbandparad loosse mer den Owend da beim Feierwierk auskléngen.

Der hutt sécherlech schonn héieren, datt mir den 9., 10., an 11. September zu Gréiwemaacher dat 67. Drauwen a Wäifest feieren. Während dësen dräi Deeg demonstréiert ons Muselmetropol erëm, wei flott et op der Musel zougeet, wa sech alles ëm eise gudde Wäin dréint.

A wéi all Joer wäerten um Sonndeg erëm dausende vu Wäifrënn vun no a vu wäit de Wee op Maacher fannen, fir dee bekannte Cortège mat senge 40 Ween a Museke kucken ze kommen.

Den Optakt vun eisem Fest ass freides owes am Centre Culturel. De Kréinungsowend bitt nieft engem Programm, fir deen dem Comité des Fêtes keng Méi a keng Käschten ze vill waren, eng flott Ambiance an, als Highlight, d‘Kréinung vun der neier Wäikinnigin. No véier flotte Joer als Wäiprinzessin hunn ech elo d‘Éier, vum Roxann zur neier 67. Lëtzeborger Wäikinnigin gekréint ze ginn. Duerno kënnt Dir, begleet vun Danzmusek, bis 3 Auer moies weiderfeieren. Samschdes geet et weider, wou Iech eis Stänn mat Iessen an Gedrénks versuergen; fir Animatioun an Musek ass natierlech och gesuergt. 16 Muselzeidung

Sou e Fest organiséiert sech natierlech net vum selwen, an dowéinst wëll ech elo schonn alle Leit a Veräiner MERCI soen, déi dofir suergen, datt alles klappt an datt mer all Dag e flotte Programm gebuede kréien. Ech hoffen Iech am September zu Gréiwemaacher begréissen ze dierfen a freeë mech elo schonns drop, fir mat Iech alleguerten e gudde Patt ze drénken. Prost op dat 67. Drauwen a Wäifest!

Aline Bruck


Turn static files into dynamic content formats.

Create a flipbook
Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.