Sie haben mehr Obst an ihren Bäumen als Sie verwerten können?
Sie sind auf der Suche nach regionalem Obst, wissen aber nicht, wo Sie dieses finden können?
DI E IN T ERAK T IV E P L A T TFO R M
RUN D U M OBSTBÄUM E
kierfchen.lu verbindet Anbieter und Suchende –schnell, einfach, kostenlos. Entdec regionale Produkte, Bienenstellplät Pachtflächen oder Erntemaschinen.
kierfchen.lu
Helfen Sie mit, unsere artenreichen „Bongerten“ zu erhalten – ob als Erntehelfer, Tierhalter, Konsument oder Produzent
Wëllkomm am Natur- & Geopark Mëllerdall
Zanter Abrëll 2022 ass d’Regioun Mëllerdall als UNESCO Global Geopark unerkannt. Dësen Titel deele mir mat 229 anere Geoparken uechter d’ganz Welt, déi sech och alleguer duerch hire besonnesche geologeschen, natierlechen, kulturellen an immaterielle Patrimoine an eng nohalteg Regionalentwécklung auszeechnen. Fir eist Ierwe fir all Mënsch erliefbar ze maachen, bidde mir an dëser Broschür eng sëllegen Aktivitéiten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher un. Mir wënsche vill Freed beim Entdecken a Matmaachen!
Op eisem Site fannt dir bei der jeeweileger Aktivitéit e Link fir iech unzemellen. Bei Froe sti mir iech telefonesch zur Verfügung: +352 26 87 82 91.
Wann dir iech umellt gitt dir gewuer wou de genauen Treffpunkt ass. Wann d’Wieder schlecht ass oder mir net genuch Umeldungen hunn, kann et sinn, dass eng Aktivitéit muss ofgesot ginn.
Merci fir äert Versteesdemech!
20.9.2025 Loschbourtour S. 7 14:00-17:00 Hiefenech gratis
27.9.2025 Wandern auf den Spuren von Carlo Hemmer S. 7 9:00-21:00 Echternach 26 € - 95 € (je nach Variante)
Oktober Mount vum Bongert S. 8 2025 an der ganzer Regioun
4.10.2025 Wat mécht d’Natur mat mir?
7 9:30-12:30 Beefort
4.10.2025 Geosite vum Joer: Al Schmelz S. 8 10:00-12:30 Fëschbech gratis
Okt. - Juni Patrimoine zesummen erhalen S. 9 10:00-16:00 Beefort oder Reisduerf gratis
11.10.2025 Champignonstour S. 9 14:00-17:00 Mompech
12.10.2025 D’Kraaft vum Waasser S. 9 14:00-18:00 Beefort gratis
Okt. - März Schnupperkurs im Bogenschießen S. 10 13:30-15:30 Echternach 20 € (12-17 Jahre) oder 16:00-18:00 30 € (Erwachsene)
12.11.2025 Virtrag: Flouernimm mam Bléck op d‘Vergaangenheet S. 10 18:30-20:00 Schous
25.11.2025 Vortrag: Was der Loschbourmann, Willibrord, Maria-Theresia, 19:00-20:30 Collart, Dondelinger & Co mit unserer Landschaft zu tun haben Echternach gratis S. 10
14.3.2026 Fir Kanner: Steng schläife mam Wiichtel Wumm
Reisduerf
1.4.2026 Fir Kanner: Auf den Spuren des Trinkwassers S. 25 9:00-14:00 Berdorf
10.5.2026 Fir Kanner: Iesel- & Wëllkraiderwanderung S. 26 10:00-14:00 Beefort 25 €/Kand, 45 €/Erwuessenen
30.5.2026 Fir Kanner: Naturrallye um Héikräiz S. 26 9:30-13:30 Hiefenech gratis
Weider Coursen Kulturhaff Millermoler www.kumimo.lu lëtzebuerger Jugendherbergen www.youthhostels.lu regionalen Tourismusverband www.mullerthal.lu Regioun Mëllerdall (ORT MPSL) Aquatower www.aquatower-berdorf.lu
Weider Partner am Bildungsberäich fannt dir op eisem Site www.naturpark-mellerdall.lu/partners
LU DE FR EN = barrierefräi = Sprooch vum Cours PT
Geschichten an Zäitzeie gesicht
Ënnert eise Féiss verstoppt sech ee faszinant geologescht an industriellt Ierwen. Fréier hunn d’Minnen an d’Steebréch aus der Groussregioun Ressource geliwwert – haut si si Plaze mat enger eenzegaarteger Biodiversitéit.
Am Kader vum Interreg Projet „Sous nos Pieds“ si mir aktuell op der Sich no Zäitzeien, Fotoen, Dokumenter, a soss Souveniren vu Plaze wéi beispillsweis der Salzwaasserquell zu Bur, Steebréch wéi z.B. zu Beefort oder den Héichiewe vu Fëschbech.
Zéckt net eis ze kontaktéieren, wann dir Informatiounen oder Material zu dësen Theeme kënnt bäisteieren.
Kommt mat op eng ca. 10 km laang Wanderung vun Hiefenech op de prähistoresche Site Loschbour, wou ënnert engem mächtege Fiels bei der Schwaarzer Iernz déi zwee eelst „Lëtzebuerger*innen“ fonnt gi sinn. Dir gitt dobäi begleet vu Memberen aus der Gesellschaft fir Urgeschicht, déi iech d’Fuerschungen iwwer dës 9000 an 8000 Joer al Griewer méi no bréngen.
20.9.2025 14:00 17:00 Hiefenech gratis ab 15 Joer matbréngen: fest Schong
LU DE FR EN
Wandern auf den Spuren von Carlo Hemmer
Geführtes Wanderwochenende in Echternach. Zwei verschiedene Touren – kurze Tour (1011 km) für Anfänger und lange Tour (2128 km) für Fortgeschrittene. Nach der Wanderung am ersten Tag wird ein Abendessen mit lokalen Spezialitäten der Mëllerdaller Produzenten serviert. Alle Varianten finden Sie unter www.youthhostels.lu
27.9.2025 9:00 21:00
Echternach zw. 26 € und 95 € (je nach Variante) mitbringen: festes Schuhwerk & wetterangepasste Kleidung, Wasser
LU DE FR EN
Anmeldungen: www.youthhostels.lu
Wat
mécht d’Natur mat mir?
Entdeckt wéi d’Natur op eist Gehier an op eist Nervesystem wierkt. Maacht mat der Psychologin an Naturcoach Isabel eng Erfarung fir ze spieren, wéi de Kierper, d’Gefiller an d’Gedanken op de Kontakt mat der Natur reagéieren.
4.10.2025 9:30 12:30 Beefort 45 € ab 15 Joer matbréngen: kleng Decken, Taass
LU
Isabel Van de Voorde
Feiert zesumme mam Natur & Geopark Mëllerdall déi fir d’Regioun esou wichteg Bongerten! Erlieft d’Bongerten op eng villfälteg Aart a Weis, souwuel vun hirer ökologescher wéi och kulinarescher Säit.
Als prägende Bestanddeel vun der Regioun, definéiere si eis Kulturlandschaft a sinn en immens wichtege Liewensraum fir eng ganz Rëtsch Déieren a Planzen. Den Natur & Geopark setzt sech fir d‘Erhalen an d’Neiplanze vun dësen aarteräiche Biotopen an.
All d’Informatiounen zu Aktivitéiten, Aktiounen an Events fannt dir op www.naturparkmellerdall.lu
Kuckt och emol laanscht op kierfchen.lu. D’Plattform fir alles ronderëm de Bongert a seng Produiten a ganz Lëtzebuerg.
Geosite vum Joer: Al Schmelz
Am Kader vum Geodiversity Day organiséiere mir eng ca. 5 km laang Wanderung ronderëm de Geosite vum Joer: Al Schmelz.
Fëschbech war am 18. an 19. Jh. ee vun de Lëtzebuerger industriellen Zentren. Eisenäerz gouf mat der Energie vun Holzkuel a Waasser an enger Pochmillen zerklengert an ass dono an engem Héichuewen zu Eise verschmolt ginn. Dës Geschicht gëtt wärend der Wanderung erkläert an och digital erliefbar gemaach.
Eng praktesch Aktivitéit fir all déi, déi gäre mat upaken a Spaass un der Teamaarbecht hunn: zesumme gi kulturell wichteg Elementer restauréiert, wéi z.B. eng Dréchemauer, en ale Wäschbuer oder en ale Wee. Dobäi léiert dir allerlee iwwert en alt Handwierk a verschidden Techniken. D’Aarbechte ginn encadréiert vum Architekt Manuel Meester. Domat drot dir en Deel dozou bäi, d’Prägung vun eiser Landschaft an e Stéck Geschicht ze erhalen.
matbréngen: fest Schong, ugepasste Kleeder, Beefort oder Reisduerf Händchen, Picknick
Champignonstour
Op dëser Wanderung gitt dir zesumme mam Champignonsexpert Norbert Valmorbida a mam Fierschter Tom Giefer op d’Sich no Iesschampignonen. Duerno gëtt et eng kleng Stäerkung – natierlech mat Champignonen zoubereet!
11.10.2025 14:00 17:00 Mompech 10 €
matbréngen: fest Schong, Kuerf, Messer
D’Kraaft vum Waasser
D’Waasser vun de Baachen huet schonn ëmmer d’Däller an eis ganz Landschaft geformt. Entdeckt déi entspriechend Prozesser an de Baachen a Flëss an eiser interaktiver GeoExpo. Bei enger ca. 5 km laanger Wanderung um GeoPad Haupeschbaach an Halerbaach kucke mir eis dat Ganzt dann um Terrain un. Kanner ab 8 Joer sinn och wëllkomm.
12.10.2025 14:00 18:00 Beefort gratis
LU
LU DE DE
Kausch
LU DE FR EN PT
Schnupperkurs im Bogenschießen
Das Animationsteam der Jugendherberge Echternach bietet für Jugendliche ab 12 Jahren und Erwachsene einen zweistündigen Schnupperkurs im Bogenschießen an. Für Anfänger geeignet.
18.10., 8.11.2025 13:30 15:30 oder
13.12.2025 16:00 18:00
3.1., 17.1.2026
14.2., 14.3.2026
20 € (12 17 Jahre)
30 € (Erwachsene) Echternach ab 12 Jahren
LU DE
mitbringen: Sportbekleidung, saubere Sportschuhe
Virtrag: Flouernimm mam Bléck op d‘Vergaangenheet
An dësem Virtrag erkläert iech de Sam Mersch, Sproochenhistoriker aus dem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, wat et mat de Flouernimm op sech huet, wat si eis iwwer d’Vergaangenheet soe kënnen a wat si zum Lëtzebuerger immaterielle Kulturierwe mécht.
12.11.2025 18:30 20:00 Schous gratis
Anmeldungen: www.youthhostels.lu LU
Vortrag: Was der Loschbourmann, Willibrord, Maria-Theresia, Collart, Dondelinger und Co mit unserer Landschaft zu tun haben
Seit der Steinzeit hat der Mensch lokale Ressourcen genutzt und dadurch unsere heutige Kulturlandschaft geschaffen. Der Vortrag berichtet anhand verschiedener Beispiele vom menschlichen Einfluss, wirtschaftlichen Interesse und den Auswirkungen auf unsere Landschaft.
25.11.2025 19:00 20:30 Echternach gratis
Anmeldungen: reception@echternach.lu
Vum Lieder zum Rimm/Portmonni
Liederveraarbechtung ass en uralt Konschthandwierk. Wann dir och schonn ëmmer wollt selwer am Lieder schaffen, dann ass dëse Cours genee dat Richtegt. Am Atelier Atout Cuir kënnt dir ënner professioneller Leedung selwer e Rimm oder e Portmonni hierstellen den dir natierlech nom Cours mat heem huele kënnt.
10.1.2026 13:30 17:00 Hierber 75 €
LU DE FR
Kierfméchercours
D’Mënschen hu scho viru Joerdausende Kierf hiergestallt. An dësem Cours gitt dir vum Gabi Jacqué gewuer, wéi dat geet a maacht selwer e Kuerf. Donieft kënnt dir och nach vill iwwer d’Geschicht vun der Kierfmécherei léieren.
24.+25.1.2026 9:00 16:00 Hemstel 160 € ab 16 Joer matbréngen: Secateur LU DE FR
Praffcours
Fir ze verhënneren, dass seelen Uebstzorte verschwannen, kann een Äscht vun dësen Zorten (Gammen) op Beemercher vun aneren Zorte praffen. Dës verwuesse mateneen an als Resultat produzéiert de fäerdege Bam duerno dat seelent Uebst. An dësem Cours verrode mir iech wéi dat geet. Wie wëll, ka seng eegen Äscht matbréngen (bei der Umeldung wegl uginn) an duerno kënnt dir natierlech är gepraffte Beemercher mat Heem huelen!
Fir dass är al Uebstbeem gesond bleiwen a weiderhi vill gutt Uebst droen, musse se reegelméisseg geschnidde ginn. Wéi dat richteg gemaach gëtt, weist iech de Marc Thiel vum SIAS an dësem Cours.
6.2.2026 14:00 17:00 Fiels 5 €
LU DE
Wildbienen helfen: Insektenhotel
Bei gekauften Insektenhotels ist so manches dabei, das den Wildbienen überhaupt nicht hilft. Gemeinsam basteln wir Nisthilfen, die an ihre Bedürfnisse angepasst sind und sie lernen, wie sie bestehende Nisthilfen ausbessern können. Dazu gibt es noch Tipps und Tricks, was man alles im Garten und auf dem Balkon für die Insekten tun kann.
DE EN
7.2.2026 14:00 17:00 Beaufort gratis ab 7 Jahren in Begleitung mitbringen: Handschuhe
Fir dass en Uebstbam eng Kéier richteg schéi gëtt an och vill Friichten dréit, muss e mat Zäite geschnidde ginn. Wéi dir dat richteg maacht an nach villes méi gitt dir an dësem Cours vum Claude Petit vum Natur & Geopark gewuer.
14.3.2026 9:00 12:00 Miedernach 5 €
LU DE
Liichtwanderung
Wann d’Nuecht sech breet mécht, ginn nuetsaktiv Déieren a Planze waakreg. Op dëser Nuetswanderung begéine mir der besonnescher Stëmmung vun der Däischtert. Mir stellen eis dobäi d’Froen, wéi kënschtlech Luucht an Energie eis Nuechte veränneren a wisou richteg Däischtert esou wichteg fir d’Natur an de Mënsch ass.
20.3.2026 18:30 21:30 Konsdref gratis ab 8 Joer a Begleedung matbréngen: fest Schong, ugepasste Kleeder
LU
Vum Faustkeil zum Millesteen
Unhand vu Beispiller aus dem Mëllerdall léiert dir prehistoresch Steenartefakte richteg ze erkennen, ze bestëmmen an zäitlech an di mënschlech Urgeschicht anzeuerdnen. Dobäi gitt dir och gewuer, wéi dir iech sollt verhale wann dir esou eppes fannt fir dass et och ka richteg dokumentéiert a geschützt ginn.
Entdeckt ganz extra Wanderweeër bei d‘Geosite vum Mëllerdall UNESCO Global Geopark, déi et erméiglechen an d‘Äerdgeschicht anzedauchen! D’Wanderunge kënnen och iwwer den ORT mat engem zertifizéierte Guide gebucht ginn.
Geo-Pad Hëlt
4 km 2 h
mëttel
Sauerpark Rosport
Geo-Pad Haupeschbaach an Halerbaach
5 km 2 h
mëttel
Parking Härewiss Beaufort
Eng Wanderung op dësem GeoPad léisst sech perfekt mat engem Besuch an der Geo-Expo zu Beefort kombinéieren. An dëser interaktiver Ausstellung gëtt d‘Entsteeung vun der Regioun vum Natur & Geopark Mëllerdall thematiséiert. Den Entrée ass fräi.
UNESCO Global Geopark
Eis Regioun ass zanter 2022 offiziell en UNESCO Global Geopark. Dëst Netzwierk besteet aus 229 Memberen aus 50 Länner.
UNESCO Global Geoparks si Regioune mat engem geologeschen Ierwe vun internationaler Bedeitung. D’Geologie an all aner regional Eegenaarten droen dozou bäi d’Bevëlkerung an hir Gäscht fir d’Ëmwelt ze begeeschteren an déi regional Identitéit ze stäerken. Dëst geschitt an engem ganzheetlechen Asaz vu Schutz, Bildung an nohalteger Regionalentwécklung.
Wann dir wëllt méi iwwer d’UNESCO Global Geoparks gewuer ginn, da kënnt dir op hirem Site nokucken: www.visitgeoparks.org
ErnztalGemeinde
Membersgemeng
Bäitrëttsgemeng
Insektefrëndlech Gaardegestaltung: Wëllblummewiss
Wärend dësem Workshop léiert dir op wat ee muss oppasse fir eng Wëllblummewiss erfollegräich unzeleeën: déi richteg Buedemvirbereedung, de passende Som an d’Fleeg dono ginn thematiséiert. Zesumme mat iech séie mir eng Wëllblummewiss un a ginn iech Tipps fir eng naturno Gaardegestaltung vun där d’Insekte richteg profitéiere kënnen.
28.3.2026 13:00 17:00 Konsdref gratis
matbréngen: fest Schong
DE
Wëllkraiderwanderung & Degustatioun
Mir musse guer net wäit goe fir wäertvoll an heelsam Kraider ze fannen: et fënnt een se nieft de Spadséierweeër, virun der Hausdier oder am Gaart. Loosst iech vun der Kraiderpedagogin Viviane Haupert duerch d’Welt vun de Wëllkraider féieren. No der Féierung ginn déi gesammelt Kraider verschafft a geschmaacht.
matbréngen: fest Schong, Kuerf, Schéier, Läffel, Messer, Schmierebriet, kleng Dessertschossel
VUGELWANDERUNG
Entdeckt op enger Wanderung vun ca. 3,5 km ronderëm den Iechternacher Séi wéi eng Vigel ronderëm eis päiffen a genéisst d’Geräischer vum Owend. De Mikis Bastian vum Natur & Geopark ass selwer begeeschterte Vugelfrënd a leet d’Wanderung.
De Wee ass flaach an esou gewielt, dass e fir jiddereen accessibel ass.
Special: fir blann a séihbeanträchtegt
Persounen
24.4.2026 Iechternach 18:00 20:30 | 5 €
LU
Barrierefräi Wëllkraiderwanderung & Degustatioun
Mir musse guer net wäit goe fir wäertvoll an heelsam Kraider ze fannen: et fënnt een se nieft de Spadséierweeër, virun der Hausdier oder am Gaart. Loosst iech vun der Kraiderpedagogin Viviane Haupert duerch d’Welt vun de Wëllkraider féieren. No der Féierung ginn déi gesammelt Kraider verschafft a geschmaacht. Dës Féierung ass och fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit méiglech.
25.4.2026 14:00 17:00 Iechternach 30 €
matbréngen: fest Schong, Kuerf, Schéier, Läffel, Messer, Schmierebriet, kleng Dessertschossel LU
Spueren um Fiels
Kommt mat op e laangen Tour ronderëm Beefort, op der Sich no Spuere vun der Geschicht um Sandsteen: Schläifrillen, Fouen, Gravuren a nach vill méi. Geféiert gitt dir vu Membere vun der Société Préhistorique Luxembourgeoise.
9.5.2026
14:00 17:00
Beefort gratis ab 12 Joer
LU DE FR
EN
matbréngen: fest Schong
Wëllkraiderwanderung & Kraideresseg
Bei dëser Féierung entdeckt dir mat der Kraiderpedagogin Viviane Haupert dat alt Wëssen ëm eis Wëllkraider. Hei léiert dir eis heemesch Kraider mat alle Sënner genéissen. No der Féierung setzt dir e Kraideresseg un a gitt gewuer op wat ee muss oppassen.
16.5.2026 10:00 13:00 Beefort 35 €
matbréngen: fest Schong, klenge Kuerf, Schéier, Schneidbriet LU
Viviane Haupert
Orchideenwanderung
Entdeckt das Orchideenvorkommen im Naturschutzgebiet Hëlt. Auf der naturkundlichen Wanderung wird ein Überblick über die Standorte, die Artenvielfalt und die ökologischen Zusammenhänge in diesem Naturschutzgebiet gegeben. Der Schwerpunkt liegt dabei auf den KalkHalbtrockenrasen und den Orchideen, die bestaunt und fotografiert werden können.
30.5.2026 10:00 13:00 Rosport 15 €
DE
ab 10 Jahren in Begleitung mitbringen: festes Schuhwerk & wetterangepasste Kleidung
Insektefrëndlech Gäert: Wëllstauden
All Mënsch ka sech duerch kleng Aktiounen asetze fir eis Bestëbserinsekten ze schützen an ze fërderen. An dësem Workshop gitt dir gewuer op wat dir beim Plangen, beim Kaf a beim Planze vu bestëbserfrëndleche Stauden oppasse musst. Dono kënnt dir äert Wësse praktesch uwenden an är eege Blummendëppen individuell mat Staude beplanzen.
Am Kader vun de B&B Action Weeks proposéiere mir eng Visitt an enger Brooch zu Rippeg. Hei sinn an de leschte Joren Naturschutzaarbechten duerchgefouert ginn. Enn Mee steet dës moer Wiss a voller Bléi, wat natierlech och enge sëllegen Insekte gefält. Mir kucken zesumme wéi eng Aarte sech hei wuel fillen an dir kritt eng kleng Aweisung an d’Bestëmmungsapp iNaturalist. Kanner ab 7 Joer sinn och wëllkomm.
Vum 1. bis den 7. Juni sinn an der ganzer Regioun d’Mëllerdall Days.
Hei fannen eng Rëtsch Aktivitéite statt, déi sech all ëm d’Themen Nohaltegkeet, liewege Patrimoine an eist geologescht, natierlecht a kulturellt Ierwen dréien.
Den Detail vun der Programmatioun a ganz vill weider Informatiounen iwwer eis flott Regioun fannt dir op eisem Internetsite.
Mir wënsche vill Freed beim Entdecken!
1.-7.6.2026
Déi interaktiv Ausstellung zu Beefort informéiert iwwer d’Entsteeung vun der Landschaft aus der Regioun Mëllerdall an hirem eenzegaartegen Natur & Kulturiewen.
Mir bidden och guidéiert Visitte fir Schoulklassen un. Kontaktéiert eis fir weider Detailer iwwer info@naturparkmellerdall.lu
gratis Entrée 6, rue de l’Auberge zu Beefort
Méindes bis Sonndes 10:00 – 17:00
Op Besuch bei eisen Nopeschgeoparken!
Maaren am Natur- & Geopark Vulkaneifel
Daucht an an déi mystesch Welt vun de Vulkanséien och bekannt als „Ae vun der Eifel“. Entdeckt d’Gemündener Maar, d’Weinfelder Maar an d’Schalkenmehrener Maar um Rondwanderwee HeimatSpur MaareGlück, dee fantastesch Vuen an natierlech Erfrëschungsméiglechkeete bitt.
Domaine Grottes de Han am Geopark Famenne-Ardenne
Erlieft en ënnerierdeschen Ausfluch an d’Stalaktittenhiel vun Han eng vun de schéinsten Hielen an der Belsch. Mat beandrockende Stalaktitten a groussaartege Sailen ass se en onvergiesslecht Erliefnis fir déi ganz Famill!
Mat der Séissel méien ass besonnesch insekteschounend an eegent sech gutt fir d’Fleeg vu Blummewisen. Léiert zesumme mat eis den Ëmgang mat der Séissel a wéi dir se duerch Schläifen an Dengele laang schaarf hale kënnt.
20.6.2026 9:00 13:30 Beefort gratis
matbréngen: fest Schong, Händchen, Picknick, Séissel (wien eng huet)
Geologesch Rollstullwanderung
De ronn 1 km laange, flaache Wee féiert bis bei d’Aussiichtsplattform Ruetsbech bei de Bord vum Sandsteeplateau, wou een iwwer den Dall vun der Schwaarzer Iernz ka bis op Beefort kucken. Ënnerwee gëtt et Erklärungen zum geologeschen a kulturellen Ierwe vun der Regioun. D’Gefäll vum Wee ass max. 7%/4° an et sinn eng behënnertegerecht Toilette a Parkplazen do.
27.6.2026 14:00 15:30 Bäertref 5 €
ab 12 Joer
matbréngen: fest Schong
Barrierefräi Wëllkraiderwanderung & Degustatioun
Mir musse guer net wäit goe fir wäertvoll an heelsam Kraider ze fannen: et fënnt een se nieft de Spadséierweeër, virun der Hausdier oder am Gaart. Loosst iech vun der Kraiderpedagogin Viviane Haupert duerch d’Welt vun de Wëllkraider féieren. No der Féierung ginn déi gesammelt Kraider verschafft a geschmaacht. Dës Féierung ass och fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit méiglech.
4.7.2026 10:00 13:00 Iechternach 30 €
matbréngen: fest Schong, Kuerf, Schéier, Läffel, Messer, Schmierebriet, kleng Dessertschossel
Uebstbamschnëtt:
Fir vill a schéint Uebst ze kréie, mussen och Spaléierbeem reegelméisseg richteg geschnidde ginn. Wéi dat geet weist iech de Marc Thiel vum SIAS an dësem Cours.
10.7.2026 14:00 17:00 Waldbëlleg 5 €
Aktioun Sprangkraut
Laanscht de Wanderwee an der Saueruecht huet sech viru kuerzem d’Sprangkraut ausgebreet. Dës Planz ass viru laanger Zäit wéinst hire schéine Bléien importéiert ginn. Leider ass se aus de Gäert ausgebrach a fillt sech e bëssen ze wuel an eise Bëscher a laanscht d’Baachen. Kommt mat op e sportleche Moie fir den Naturschutz! Kanner sinn och wëllkomm.
Bei dëser Féierung entdeckt dir mat der Kraiderpedagogin Viviane Haupert dat alt Wëssen ëm eis Wëllkraider. Hei léiert dir eis heemesch Kraider mat alle Sënner genéissen. No der Féierung setzt dir e Kraideresseg un a gitt gewuer op wat ee muss oppassen.
Kommt mat an de Bësch an entdeckt hautno d’Geschicht vum Wiichtel Wumm: de Mëllerdaller Dréchemauerbauer. Nom Virliese kënnt dir selwer eng Mini Dréchemauer bauen oder de Wiichtel Wumm molen.
27.9.2025 14:00 17:00
Bäertref 10 €
LU DE FR
ab 5 Joer a Begleedung matbréngen: fest Schong, Händchen
Liederveraarbechtung am Duo
Liederveraarbechtung ass en uraalt Handwierk wat méi rar gëtt. Wann dir och schonn ëmmer wollt selwer am Lieder schaffen, da kënnt dir dat elo mat ärem Kand zesumme maachen.
Déi erwuesse Persoun mécht e Rimm oder Portmonni an d’Kand eng Bourse oder e Porte Clé (a Päerds oder Hondsform).
3.1.2026 13:30 17:00 Hierber 100 €/Duo ab 6 Joer a Begleedung
Am Bësch bastelt dir mat de Fierschtere Joé Mensen an David Farinon e Lampion an duerno gitt dir an de Bësch liichten. Loosst iech iwwerrasche vun der spannender Atmosphär vum Bësch am Däischteren!
Nom Liichte gëtt et eng Klengegkeet z’iessen.
13.2.2026 18:00 20:00 Marscherwald 5 €
LU
matbréngen: fest Schong, ugepasste Kleeder
Steng schläife mam Wiichtel Wumm
Léiert mam Wiichtel Wumm wéi een aus engem Stee kann eng Aaxt oder een Amulett schläifen, esou wéi et och an der Steenzäit gemaach gouf.
14.3.2026 14:00 17:00 Reisduerf 15 €
ab 5 Joer a Begleedung matbréngen: Händchen
Auf den Spuren des Trinkwassers
Besuch des Aquatowers in Berdorf inklusive geführter Wanderung durchs Müllerthal. Wir laden euch ein zu einer wunderbaren Wanderung durch die „kleine Luxemburger Schweiz“ bei der ihr die beeindruckenden Felsenlandschaften Berdorfs entdecken und auf spielerische Weise mehr zum Thema Trinkwasser erfahren könnt. Kinder müssen in Begleitung sein.
ab 1.4.2026 9:00 14:00 ganzjährig buchbar 230 € Berdorf
LU
LU DE DE FR FR EN EN
ab 5 Joer a Begleedung mitbringen: festes Schuhwerk, Picknick
Iesel- & Wëllkraiderwanderung
Zuesumme mat den Ieselen an der Ënnerstëtzung vun der Reitpedagogin Alex Trentin wandere mir duerch de Beeforter Bësch. Ënnerwee ginn et Erklärunge vun der Kraiderpedagogin Sandra Leoni a mir maachen eng kleng Paus fir ee gemittleche Picknick mat Degustatioun vu Kraidersnacks. Fir Famillje mat Kanner ab 6 Joer, Hënn sinn net erlaabt.
10.5.2026 10:00 14:00 Beefort 25 €/Kand (bis 12 Joer) 45 €/Erwuessenen ab 6 Joer a Begleedung matbréngen: fest Schong, ugepasste Kleeder, Picknick LU
Naturrallye um Héikräiz
Zu Hiefenech ginn et vill spannend Spueren aus der Vergaangenheet ze entdecken: Fossilien erzielen vun enger Zäit, wou hei nach e Mier war, a beim Loschbour sinn archäologesch Funde gemaach ginn, déi weltwäit bekannt goufen. Bei enger flotter Tour vu bis zu 8 km kënnen d‘Kanner vill Interessantes iwwert d’Regioun léieren an entdecken.
30.5.2026
9:30 13:30 Hiefenech gratis ab 6 Joer a Begleedung matbréngen: fest Schong, ugepasste Kleeder
LU DE
Entdeckt eis Kannerbicher
De Wiichtel Wumm - e Mëllerdaller
Dréchemauerbauer fir Kanner vun 26 Joer
D‘Rommel Bommel an hir Frënn fir Kanner vun 5 Joer
Béid Bicher kënnt dir bei eis zu Beefort (8, rue de l‘auberge) zu de Büroszäite kafen.
Sie finden alle Informationen auf deutsch auf unserer Internetseite. Vous trouverez toutes les informations en français sur notre site web. You can find all the information in english on our website. www.naturpark-mellerdall.lu
Geosite vum Joer 2025
Al Schmelz: e fréieren Héichuewen
Fëschbech war am 18. an 19. Jh. ee vun de wichtegsten industrielle Standuerter zu Lëtzebuerg. Schonn eng 100 Joer iert Héichiewen am Minett gebrannt hunn, gouf zu Fëschbech Eise produzéiert.
D’geologesch Grondlag war Eisenäerz aus dem Uelzechtdall ronderëm Miersch. Dëst gouf op schwéierem Wee bis op Fëschbech transportéiert. D‘Eisenäerz gouf mat der Energie aus Waasserkraaft an Holzkuel an enger Pochmillen (Boukarsmillen, Schmelzmillen) zerklengert an ass dono an engem Héichuewen zu Eise verschmolt ginn.
Haut kann een dës Geschicht op eng interaktiv Aart a Weis bei den idyllesche Stauweieren südlech vu Fëschbech erliewen – mat Hëllef vun der Figur vun engem Schmadd.