DeScout No 596 - Zesumme fir eng besser Welt

Page 1

DeScout

n°596

103. Joergang • 07/2023

Zesumme fir eng besser Welt


MIR BLEIWEN ENGAGÉIERT FIR D’PASSIOUN A PROJETEN DÉI IECH UM HÄERZ LEIEN Z’ËNNERSTËTZEN. bgl.lu

BGL BNP PARIBAS S.A. (50, avenue J.F. Kennedy, L-2951 Luxembourg, R.C.S. Luxembourg : B6481) Communication Marketing Juni 2019

LOOSSEN SECH ALL EMOTIOUNEN DEELEN AN ENGER WELT DÉI ÄNNERT


DenIwwerbléck 05.

Den Edito

06. › 13.

Den Dossier Engagement fir eng besser Welt All Dag eng BA

14. › 17.

De Fotoalbum

19.

D News Tour Malakoff

20. › 25.

De Misärshaff 1993 - 2023 : 30 ans Misäshaff Maart um Haff

26.

De Camp Nepal 2023

28.

D ONGD-FNEL A great experience

Vous pouvez soutenir le scoutisme laïque au Luxembourg par un don en faveur de la Fondation AGGL FNEL CCPL LU85 1111 0000 4343 0000

DenImpressum deSCOUT n°596 Périodique officiel de la FNEL

Éditeur : FNEL Scouten a Guiden 61, rue de -Trèves L-2630 Luxembourg Rédaction : Julie Bové, Claudine Scheeck, Pierre Matagne, ONGD-FNEL, Comité de direction, Fondation AGGL-FNEL

Mise en page : Claudine Scheeck

Tous ces dons sont fiscalement déductibles.

Photos : Nathan Ernst, Philippe Dauphin, Archives FNEL, Hong Kiu, pixabay.com Impression : Imprimerie Centrale Nombre d’exemplaires : 4500

3


bring value, get value, be valued arendt.com/careers


DenEdito Zesumme fir eng besser Welt Zesumme fir eng besser Welt ass Devise vun der FNEL. Dobäi denke mer warscheinlech spontan un all eis Bonnes Action’en, déi eis Beaver bis hin zu eisen Tembo am Alldag maachen oder och un gréisser Projet’en, déi d’Bild vum Scoutimus iwwert déi läscht Jore gepräägt hunn. Aushängeschëlder ware sécherlech eis Aktioun All Dag eng BA, d’Hëllef bei den Iwwerschwemmungen oder och gréisser Projeten a Campe wéi am Nepal, elo Ouschteren 2023. Mee och all Woch maachen eis jonk Cheffen eng enorm Aarbecht fir d’Welt besser ze hannerloossen: Andeems d’Cheffen aus de Gruppen d’Wäerter an d’Ideeë vum Scoutismus an hire Reuniounen oder Weekender weider ginn, hëllefen si Kanner a Jugendlechen e responsabelt an engagéiert Denken ze entwéckelen. Esou bedeelegen eis Cheffen ab 16 Joer sech aktiv un enger positiver Gesellschaft, andeems se Respekt, Toleranz a friddlecht Zesummeliewe virliewen an esou weidervermëttelen. An dësem Scout geet et em kleng a grouss Projete vun eise Gruppen, et geet em den Alldags-Scoutismus, dee vu villen als selbstverständlech gesi gëtt an awer en risegen Ënnerscheed mëscht. Vun dëser Platz soe mer all Scout, deen sech engagéiert an seng Fräizäit hiergëtt fir eppes Positives ze veränneren, VILLMOOLS MERCI! Ouni iech 3575 Membere vun der FNEL wier d’Welt sécherlech e grousst Stéck manner gutt – also loosst eis zesumme weider Engagement weisen, fir d’Welt besser ze hannerloosse wéi mer se virfonnt hunn.

5


DenDossier

Engagement fir eng besser Welt En Interview mam Raoul Wirion De Raoul huet vun den Aigles bis an der FNEL vill verschidde Mandater gehat an huet sech benévol op verschidden Niveauen engagéiert. Duerch déi verschidde Brëller, als Chef, als internationale Commissaire oder als Commissaire Général vun der FNEL : et ass ëmmer wichteg, de Benévole MERCI ze soen, fir hiren Asaz an hir Zäit, déi se eisem Mouvement schenken fir d’Welt besser ze hannerloossen.

Devise vu WOSM « Creating a better world“ – wéi gesäis du hei konkret eisen Bäitrag als Scouten? •

Cheffenniveau : Den direkte Kontakt mat de jonke Memberen an den Elteren leeft haaptsächlech iwwer d’Cheffen an de Gruppen. Et ass duerch hir phenomenal Aarbecht dass et esouvill Scouten zu Lëtzebuerg gëtt. Dat Encadrement an déi Aktivitéiten an hirer Diversitéit maachen definitiv aus dem Jonken deen, deen de Message „Creating a better world“ no baussen dréit.

Federalem Niveau : Dat wat lokal an de Gruppen stattfënnt gëtt national koordinéiert. Déi Verantwortlech an der FNEL sinn do fir ze hëllefen an ze ënnerstëtzen. Et ass kloer dass all Member vun enger Equipe an der FNEL och Member vun engem Grupp ass. Ganz vill vun hinnen hunn souguer och am Grupp nach Responsabilitéiten, wat allerdéngs den Avantage huet dass si d’ Erausfuerderunge vun de Gruppe kennen, an d’FNEL esou en enken Drot mat de Gruppen huet. Et ass wichteg dass mer de Grupp an d’FNEL als ee Ganzt gesinn. De Grupp brauch d’Affiliatioun an der FNEL, d’ Ënnerstëtzung fir Formatiounen, Knowhow, Demarchen an der Gemeng, mee et ass d’kloer dass d’FNEL ouni Gruppen och net vill Sënn mécht. Just zesumme kënne mer d’ Welt verbesseren!

6

Internationalem Niveau : Och wann déi wichteg Aarbecht op lokalem Niveau geschitt, ass et dach essenziell de Scoutimus als e weltwäit Mouvement ze gesinn. De Scoutismus gëtt et an 173 Länner an zielt ongeféier 57 Millioune Memberen. Säit der Grënnung goufen et scho méi wéi eng hallef Milliard aktiv Scouten. Eng grouss Famill déi net just duerch de Foulard verbonnen ass, mee déi och déi selwecht Wäerter verkierpert. Op no den Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien, wärend der weltwäiter Pandemie, oder och nach dem Krich an der Ukraine: D’Scouten waren ëmmer present wann et drëms geet ze hëllefen, iwwerall op der Welt.

Fondatioun Niveau : Ouni lo mat Sommen wëlle ronderëm ze geheien, ass d’ Aarbecht vun der World Scout Fondatioun enorm wichteg! Iwwerall do wou Scouten an Nout sinn, gi séier finanziell Hëllefsmëttel zur Verfügung gestallt. Mir kënnen houfreg sinn dass onse Chef Scout d’ Fondatioun déi lescht 2 Joer als President duerch déi eng oder aner Crise gefouert huet.


Wat muss een als Benevole matbréngen fir sech anzesetzen? Iergendeen Geheimtipp?

Wat sinn déi gréisste Geforen fir d’Scoutsmouvement ?

E richtege Bagage brauch een u sech net. Mat coolen, kompetenten a motivéierte Leit zesummen ze schaffen ass net ganz schwéier Allgemeng gesäit een awer dass et eng Tendenz gëtt dass d’ Leit sech manner benevole engagéieren, virun allem manner iwwert eng länger Zäit. Wat awer bestëmmt eng Feststellung ass iwwer déi lescht Joerzéngten ëmmer mol scho gemaach ginn ass. Et ass dofir wichteg ze verstoen, an ze wäertschätzen, wat et heescht sech benevoll ze engagéieren. A bei de Scouten ass dat esou impressionnant: Stonnen, Weekender, jo souguer Wochelaang gëtt sech do engagéiert fir mat Kanner a Jonken Aktivitéiten ze maachen a si an hirer Entwécklung ze begleeden.

Soulaang mer et souwuel national, wéi och international hikréien, eis ëmmer rëm der Gesellschaft, de Kanner an de Jonken unzepassen, gesinn ech keng Geforen. Mee mir däerfen net de Feeler maachen eis op deem auszerouen wat mer hunn. D’ Welt dréit wieder, d’ Gesellschaft verännert sech, e Jonke vun haut huet aner Interessen wéi nach virun 10, 20, 30 Joer. De Scoutismus muss sech deene Verännerunge konstant upassen. Sou en Exercice wéi « zesumme wuessen » hëllt wuel Zäit an Usproch, mee et ass immens wichteg zesummen no vir ze kucken an d’ Programmer, d’ Formatiounen an d’ Strukturen, den aktuelle Besoin ’en unzepassen.

Wat sinn déi gréisste Stäerkten vun engem Scout? Wéi eng Roll huet d’ Engagement vun de Scouten an der lëtzebuerger Gesellschaft? Eng extrem wichteg! Zu Lëtzebuerg ginn et ronn 8000 aktiv Scouten. Warscheinlech nach eemol dat dräifacht vun entre-temps manner aktive Scouten. Wann ee gesäit wéivill Leit duerch de Scoutismus gaang sinn, an elo féierend Rollen an der Gesellschaft hunn, gesäit een do schonn e Lien. Kanner a Jonker gi vun Ufank un responsabiliséiert (ouni dass si dat onbedéngt matkréien), si léieren ze encadréieren, ze organiséieren, a selwer Verantwortung ze iwwerhuelen, eppes wat dono am Liewen natierlech Gold wäert ass. Dass de Scoutismus och en direkten Afloss op ons Gesellschaft huet, huet een natierlech wärend der Pandemie, oder och nach de rezenten Iwwerschwemmungen am Beschte gemierkt. Ganz séier, a virun allem ouni ze zécken, waren eis Memberen, vu kleng bis grouss, do, fir deene Leit déi et am néidegsten haten, ënner d’ Äerm ze gräifen.

Do ginn et der vill. E ganz groussen Atout ass wuel sech all Situatioun kënnen unzepassen, an aus allem probéieren dat Bescht erauszehuelen. Op e Camp am Schnéi, an der Hëtzt, am Nepal oder um Cap Vert ass, de Scout huet iwwerall eng wonnerbar Zäit! Op Pandemie, Iwwerschwemmung oder Tornado, de Scout ass do an hëlleft. Doduerch hu mer an de leschten Joerzéngte eisen Deel dozou bäigedroen d’ Welt besser ze verloosse wéi mer se virfonnt hunn.

Wat sinn Momenter, déi dech an dengem jorelaange Bénévolat geprägt hunn? Och op d’ Gefor hi mech ze widderhuelen: Déi grouss Chance kënnen zesumme mat anere begeeschterte Benevollen ze schaffen ass sécher eppes wat mech enorm geprägt huet. Benevolat kascht Zäit, heiansdo och mol Nerven, mee ze gesinn wéivill Leit dat lo scho säit wéiville Joren maachen, weist dass de Benevolat och vill zeréck gëtt! Benevolat ass näischt wat ee forcéiere kann, et muss ee motivéieren, sech de Leit an dem Ëmfeld upassen, a ganz wichteg: Spaass hunn! A gleeft mer, deen hu mer an der FNEL!

7


DenDossier

All Dag eng BA Getrei nom Motto “eemol Scout – ëmmer Scout“ as e Scout hautesdags jo stänneg „on duty“ Engem Covid-isoléierten Akeef heembrengen, fir en aneren Chef spontan an der Versammlung asprangen, kurzfristeg Nohëllef gin, um Heemwee nach séier am Lokal laanschtgoën fir Material prett ze setzen, kuerz bis an de Baumarkt fueren fir déi nächst Constructioun kënnen ze bauen, hei nach eng Fro beäntwerten an do nach schnell e Kuch baaken … – D’B.A.‘en, déi e Scout, a virun allem e Chef, alldeeglech mecht sinn esou vielfälteg wéi de Scoutismus selwer. Nierft dësem „übleche“ Bénévolat maachen d’Scouten awer heiansdo och ganz speziell B.A.‘en.! Fir d’Eechternoacher Quaichleken as et selbstverständlech nët ze zécken wann Hëllef gefrot as. Ganz houfreg kann ech iech z.B. als Gruppechef folgend Geschicht erzielen : Um Polaris huet e Staffmember vill schwéier Saachen probéiert glaichzaiteg vun A op B ze droen. Spontan huet e jonke Scout sech gemellt a gesot : „Kann ech hëllefen? Soll ech kuerz matgoen?“ „A wee bass du dann?“ sot de Staffmember. „Ech? Ma ech sinn ee Quaichlek.” sot de Scout ganz stolz. An dëst spontant Agraifen ouni dass Hëllef gefrot war, as jo genee dat wat mir ënnert enger B.A. verstin! Spontan gehollef hu mir hei zu Eechternoach awer och direkt wéi et 2020 geheecht huet „Bleif doheem“ – et huet usech kee Member dru gezweifelt, dass et wichteg wier fir déi vulnérabel Leit akaafen ze goen an sie esou ze schützen. E puer Honnert Optreeg goufen an deenen Wochen déi mir all nach gudd an Erënnerung hun erleedegt.

8

2021 koum dun och nach d’Héichwaasser! Hei hu mir séier réagéiert a firt’éischt mol gaaanz rapid eisen eegenen Materialskeller ausgeraumt. Nie huet déi Expressioun „tatkräfteg eng Hand mat upaacken“ besser gepasst. Wéi d’Waasser komm as, waren d’Leit duerch den Zentrum vun eiser Staadt ënnerwee an immens opgereegt. Eis Beaver, Wellef, Scouten a Cheffen stoungen beemol baim Lager an hun ugefaang Saachen hin an hir ze droen fir se héich ze stellen : vu Friteusen (déi méi grouß ware wéi si selwer) iwwert Canopy’en bis Archivmaterial war alles derbai. Hei ware mir Scouten iwwerrascht wéi enorm beemol d’Hëllefsbereedschaft war a wéivill (friem) Leit eis (ouni dass mir gefrot hun) eis Material weggedroen hun : et ware Camionetten am Asaatz, d‘Leit sin mat Beachflag’en, Zelter an allerhand Geschier rondrem gelaaf – mir ware begeeschtert : eis Material war gudd verstaut (a virun allem drëchen)  D’B.A. war vun den Awunner gemaach gin an esou as et déi nächst Deeg weidergaang. Op Opruff vun de Quaichleken, hun och eng ganz Rei Scouten aus aanere Gruppen de Wee op Iechternach, Steenem, Rouspert, Bour, Bollendorf,… fonnt fir ze hëllefen. Et war nët alles schéin wat een erlieft huet, mir hu probéiert dat Bescht aus der Situatioun am Bulli a Mazout ze maachen an déi betraffe Leit beschtméiglech ze ënnerstetzen. Och hei waren d’Echo’en immens positiv, e puer mol déi Deeg duerno hu Leit mir ugeruff/mech op der Strooss ugehaal fir ze soen : „Deng Scouten do, wow, dat sin awer richteg Schafferten! Wat sin ech frouh, dass déi do waren fir ze hëllefen an esou organiséiert d’Situatioun gehandelt hun“. Dat huet eis ganz stolz gemaach! Dobai hate mir jo eigentlech keng Erfahrung an dësem Beraich : et as wuel dat wat een an de Scoute léiert : eenz gin a réagéieren ! Dës B.A.‘en ware jiddefalls all net extra geplangt!


Als Scouten huele mir eis fir all Dag eng BA ze maachen. Och wann dat eis net all Dag geléngt probéiere mir eis ëmmer nees ze engagéieren. Ee Beispill vun sou enger BA ass eis Aktioun fir den Dag vum Bam, wou d’Scoute vun de Piwitschen zesumme mat natur&ëmwelt Kappweiden, Hecken a Straich em en Dëmpel op « Ielchert » zu Capelle schneide waren. D’Kappweide goufe fréier benotzt fir ze flechten, an dowéinst reegelméisseg geschnidden. Wann ee lo ophale géif dës ze schneiden, da géif d’Kroun iergendwann sou grouss a schwéier ginn, dass de ganze Bam sech an der Mëtt ka splécken an da futti goen. Ausserdeem sinn dës Dëmpelen ee wichtege Liewensraum vir vill Aarten a sollen net duerch Hecken a Straich zouwuessen. Schlussendlech hu mir dat geschniddent Holz dann och op der Plaz leie gelooss a sou bilt sech aus dem doudegen Holz och ee wichtege Liewensraum fir vill Insekten an aner kleng Déieren. An d’Scouten haten an engems ee flotten Dag un der frëscher Loft. - Piwitschen

“Mir setzen eis an fir d’Natur” Fir d’Emgéigend vun eisem Home, an eisen Wee an den Besch schéin ze halen, hun mir leschten Summer eng Botzaktion gemach an souvill wéi méiglech Dréck angesammelt. - CBDM

Mat eiser Präsens op der grousser Botz vun der Gemeng Mamer, kënne mir heibäi och eng BA fir eis Natur maachen, déi eis als Scoute besonnesch um Häerz läit. - Wiselen

D’Däreldéieren, vun de klenge Beaver bis déi grouss Tembo, hunn un der Bëschbotzaktioun vun eiser Gemeng deelgeholl. Wärend zwou Stonne si mir iwwert d’Stroossen, déi duerch en Bësch ginn, getrëppelt an hunn de ganzen Dréck de mir fonnt hunn opgehuewen. Mir hunn 5 Tute konnte fëllen a ware stolz, en Deel zu der Properheet vun der Gemeng an dem Bësch konnte bäidroen. Däereldéieren

9


DenDossier

“Service”

Dräi Bonne Aktioune, stinn all Joer fix um Programm. E Stopp fir e Mupp - Mir stinn am enke Kontakt mat der ASA «Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn asbl». Zesumme mat onse Memberen, an Noperen sammele mir fläisseg Stëpp. Ouschteren am Altersheem Zitha - Fir Ouschteren maache mir eis op de Wee an d’Altersheem an der Zitha, fir zesumme mat den Awunner Ouschtereeër ze fierwen. Dës B.A. bréngt Jonk an Al zesummen an léiert jidereen sech géigensaiteg ze respektéieren. 1.Mee am Altersheem am Paffendaal - De Meekranz,e joerhonnert aalt Symbol vu Fréijoer a Gléck, dat mir als Scouten & Guiden all Joer an d’Altersheem am Pafendall bréngen. - Hoga

Fir d’Rover vun der FNEL ass den Austausch tëscht Jonken a méi eelere Leit ganz wichteg. 2022 hu si fir déi 2. Editioun vun hirem Rover-Krëschtpatt an de CIPA Op der Rhum an der Stad invitéiert. Moies hunn d’Rover an der FNEL um Cents fläisseg

Kichelcher gebaka mëttes hunn si dunn zesumme mat de Bewunner vum Altersheem e besënnlechen Nomëtte verbruecht. D’Bewunner vum Altersheem hunn de Rover als Merci, selwer gestréckt Schale geschenkt. - Rover FNEL

Virun 30 Joer hunn déi Lûssig Quaichleken (haut Amicale LQE) ugefaang mat de kléngste Memberen Theater ze spillen. Miniplaybackshow’en hunn ugefaangen en Trend ze ginn, dunn as d’Idee opkomm : solle mir eis nët verkleeden a sou maachen wéi war mir sange géingen? Si hunn ugefaang an den Eechternoacher Altersheemer opzetrieden fir de Bewunner eng Freed ze maachen! „Eisen Theater“ (deen éigentlech eng Liddershow as) hat grouße Succès. D’Haiser empfänken eis ëmmer nach immens léif an et gëtt mat Fueskichelcher och fir déi richteg Fuesstëmmung gesuergt! Mir sinn houfreg fortzeféieren wat eis Amicale virun Joerzengten ugefaang huet – och sie waren a si stets aktiv an ëmmer bereed. - Lusseg Quaichleken

10

Um intergenerationellen Dag zu Schëtter hunn dëst Joer d'Explorercheffen e puer Aktivitéiten animéiert (Kënneléierbingo, Jeopardy) an d'Explorer hunn zesumme mat den eelere Leit aus der Gemeng um ganze Mëtteg deelgeholl. Les Castors


Eis BA fir de Misärshaff - Virun e puer Joer hu mir fir de Misärshaff Rakéiteniewe gebaut, während dem selwechte Camp hu mir gehollef, Konstruktiounsholz neess ze raumen a ronderëm ze botzen. Dëst Joer hu mir dann nach Féierholz verschnidden. Maykadifference - D’läscht Joer war beim Maykadifference Nout um Mann beim Ofrichten. Mir si quasi 5 fir 12 gefrot ginn a waren direkt prett fir ze hëllefen. Dëst Joer sinn mir och neess um Dill . 30 Joer Misärshaff – Och wann e puer Leit vun eis an der EGM Equipe mat dra sinn, si mir als Grupp beim MUH dobäi fir ze hëllefen, sou wéi och um 100. Pow-Wow. Héichwaasser am LPEM - Wéi et zu den Iwwerschwëmmungen 2021 am Uelzechtdall ënnert anerem komm ass, hunn Loups Blancs am LPEM gehollef alles neess ze botzen. - Les Loups blancs

Mat vill Freed packen mir um Bazar International eng Hand mat un, egal op dat am Vestiaire, am Service oder beim Oofraumen ass. - CBDM

Nierft eise regelméissegen Aktivitéiten wësse mir awer och schnell ze réagéieren, wann eis Hëllef gebraucht gëtt. An deem Sënn hu mir net laang gezéckt fir beim Kleedertri fir Flüchtlingen aus der Ukraine ze hëllefe (vun der SICA organiséiert). - Wiselen

Depuis plusieurs années, l’Unité Robert Schuman a apporté son aide à l’association Spëndchen ASBL, qui travaille étroitement avec Caritas et la Croix-Rouge pour la lutte contre la pauvreté au Luxembourg. En novembre, les louveteaux ont contribué à l’action “Buttek” en sensibilisant les clients de 5 magasins Delhaize à la lutte contre la pauvreté. De leur côté, les scouts se sont investis aux côtés des employés et bénévoles du centre de collecte et de tri national à Livange. Pendant une matinée, ils ont aidé à trier et ranger des vêtements, accessoires et objets divers issus de paquets perdus reçus par la Poste. - Unité Robert Schuman

11


DenDossier

L’ONGD-FNEL organise régulièrement des actions et des évènements pour récolter des fonds pour ses projets au Népal, comme le Charity Dinner du 17 novembre 2022 à Mamer, le Mullen Owend du 17 mars 2023 ou le Maykadifference du 14 mai dernier.

“Collecte de Dons” Traditionell hunn d’Munnerefer Mais dëst Joer erëm hier Ouschtereeëraktioun an Zesummenaarbecht mam „Haus am Klouschter“ (Centre pour personnes handicapés de Elisabeth Handicap) Während zwee Nomëtteger gi fläisseg Eeër gefierft a souwuel d’Kanner wéi och d’Pensionnairë vum Haus hu vill Freed dodrunner a léieren sech géigesäiteg kennen. Samschdes virun Ouschteren ginn dann och nach d’Eeër zesummen zu Munneref um Maart verkaf an dëst Joer geet den Erléis un d’ONGD FNEL. Munnerefer Mais

12


Télévie: Well de Centre de promesse vum Télévie dëst Joer zu Schëtter ass hu mir als Castoren natierlech och en Event organiséiert fir um groussen Téléviesdag kennen e Cheque ze iwwerreechen. E grousse Familierallye fir kleng a grouss stoung um Programm. Den Erléis geet integral un den Télévie. Schëtter hëlleft: D'ASBL Schëtter hëlleft sëtzt sech an fir déi ukrainesch Flüchtlingen déi an der Gemeng Schëtter wunnen. Mir hunn en Deel vun engem Zoppenverkaaf (gekacht vun de Rover) um Schëtter Maart an en Deel vum Gebeesverkaf (gekacht vun den Explorer) un Schëtter hëlleft gespent. - Les Castors

Zu Mamer sëtze mir eis mat regelméissegen Aktivitéiten an fir eng besser Welt. Dësst mecht eis allerdéngs besonneg Spaass, wann mir eis B.A. kënne mat aneren zesummen maachen. D'Organisatioun vun eisem Nuetsrally "Lost in the Darkness" zesummen mat de Piwitschen, ass heifir ee gutt Beispill, bei deem mir Joer fir Joer fir de gudden Zweck spenden. - Wiselen

10 chefs sont venus en aide aux organisateurs d’Esch 2022, capitale européenne de la culture, le jour de l’inauguration. En guise de remerciement, notre groupe a reçu une donation de 1000€. La moitié de cette somme sera donnée à Spëndchen ASBL. - Unité Robert Schuman

13


Réu nion le l e i r t s e s em

14 14


Bea ver F u

nda y

o t o DebFum l A

Méi Fotoen op flickr.com

Scou t’s Explo

Rover Hu n t-i t

15


S ix p l o

Bea ver Fo r m a t i o u n

16 16

o t o F e D bu m Al


1. Kla ss E x p l o re r b & r ev e t

POUR N ENTATIO L UNE A IM E ET LOCALE, LE SAIN VÉGÉTA ON DE SAIS PILLAGE S A G S ET SAN TAIRE. ALIMEN

Changeons ! Agissons ! Une cuisine simple, de tous les jours, mais durable.

17


votre garant de qualité depuis 1969

www.provencale.lu

vew_modif-fnel-2.pdf 1 02/07/2019 09:39:02

ÉTÉ comme HIVER, vos plus belles C

vacances sont chez Emile Weber !

M

Y

CM

MY

CY

MY

K

18

Infotel: 35 65 75-1 – www.emile-weber.lu


DNews

Tour Malakoff Den 29. Mäerz war d’offiziell Inauguratioun vun der renovéierter Tour Malakoff, dem offizielle Sëtz vu Scouting in Luxembourg. D’Tour Malakoff ass am Joer 1859 gebaut ginn an ass laang Zäit genotzt ginn, fir d’Entréestaxe fir an d’Staat ze erhiewen. Säit 1938 huet den Tuerm den 2 Scoutsgruppen a Clausen gedéngt: “Les Trappeurs Rouges” vun der FNEL an de Grupp “Mansfeld” vun de LGS. Natirlech, wéi an der Geschicht vun eisen 2 Federatiounen, gouf och heiansdo ënnertenee gepickt an diskutéiert, wéi d’Tour Malakoff soll fair geréiert ginn. Schlussendlech konnt den Tuerm vun den 2 Gruppe getrennt genotzt ginn. Säit der Grënnung vu Scouting in Luxembourg 2013 ass den Tuerm den offizielle Sëtz vum SIL. En ass fir eis, als Scouten eng grouss Wäertschätzung vum Lëtzebuerger Staat, fir d’Arabescht déi eise Federatiounen am Beräich vun der non-formaler Bildung säit iwwer 100 Joer maachen. Eise Chefscout Guillaume, souwéi eise Scoutsminister Meisch a weider Vertrieder vun der Politik a Frënn vun de Scoute waren den Owend a Clausen present. No verschiddene wäertschätzend Riede fir d’Aarbecht an d’Dynamik vun de Scouten zu Lëtzebuerg, krut den Iefgrossherzog Guillaume symbolesch als eise Chefscout en holzene Schlëssel iwwerreecht. Di responsabel Architektinnen hunn d’Invitéen duerch den Tuerm gefouert an den Owend ass mat engem gemittlechen Zesummesinn ofgeronnt ginn.

19


DeMisärshaff

1993 - 2023 : 30 ans Misärshaff A la fin des années 80 la FNEL se met à la recherche d’un endroit adéquat pour un futur centre de formation, le home de Rippig ne répondant plus au besoin de la fédération. Le site du Misärshaff est en vente, mais son prix dépasse de loin les possibilités financières de la FNEL. « Et pourtant, c’était le coup de foudre » . Sous la houlette du Commissaire général Guy Aach, Georges Hausemer, Michel Simonis, Président national respectivement Gérant des biens ainsi que beaucoup d’autres, s’enflamment pour ce nouveau projet de la FNEL. Elle s’adresse au gouvernement pour avoir le soutien nécessaire. D’autres organisations sont aussi intéressées. Mais c’est sa demande qui est retenue par le Président du Gouvernement, Jacques Santer. En date du 9 janvier 1992 l'Etat luxembourgeois achète la Ferme Misère, en vue de sa mise à disposition à la FNEL. Après des négociations avec différents membres du Gouvernement, une convention est signée le 29 octobre 1993 entre l'Amicale des Anciens Guides et Scouts Luxembourgeois a.s.b.l. (AAGSL) représentée par Michel Wurth et Carlo Schockweiler d'une part et l'Etat représenté par Mme Mady Delvaux-Stehres, Secrétaire d'Etat à la Jeunesse, et M. JeanClaude Juncker, Ministre des Finances, d'autre part. Cette convention faite pour 25 ans, renouvelable de 10 en 10 ans, accorde à l'amicale le droit de superficie sur le site en question ainsi que la propriété des bâtiments de la ferme et des dépendances. Conformément à son article 7, l’Amicale constitue en date du 2 décembre 1993 un établissement d’utilité publique dénommé Fondation FNEL, auquel elle apporte le droit de superficie et la propriété des immeubles dont question ci-avant. La Fondation est approuvée par arrêté grand-ducal du 11 décembre 1993. On reste admiratif devant la rapidité à laquelle se passent les choses. La FNEL se donne l'objet de rénover la ferme et de la mettre à la disposition de ses scouts et guides comme centre de formation, ainsi qu'à d'autres groupes de jeunes, en vue d'y organiser leurs activités. Cette aide au développement au Misärshaff, comme d’aucuns l’ont qualifiée par allusion aux projets de l’ONGD-FNEL en pleine expansion à l’époque, l’état de la ferme et sa configuration en ont bien besoin. Ils ne permettent pas une revitalisation directe des espaces existants, mais demandent une restructuration à l'intérieur des volumes et gabarits

20


existants. C’est gigantesque et certains estiment la durée des travaux à 10 ans ce qui semblait excessif à d’autres. Mais ils avaient raison. Le projet est réalisé en différentes phases : Dans une première phase, la maison d'habitation est rénovée avec l’aide très active de dizaines et dizaines de jeunes de la FNEL. L’inauguration a lieu le 2 juillet 1995. Dans une deuxième phase la grange et les étables sont restaurées et transformées tout en préservant l'enveloppe extérieure. Le niveau étables comporte les salles de réunion, réfectoire, et sanitaires. L'enveloppe extérieure du bâtiment est stabilisée, la dalle principale ainsi que la toiture sont remplacées. Le volume de la grange au-dessus des étables sert de grande salle. Un bureau et des sanitaires se trouvent sur le même niveau. Les installations sanitaires, de chauffage et d’électricité - et la restauration des pièces sont achevées. Les anciennes fenêtres sont remplacées en respectant les suggestions formulées par le Service des Sites et Monuments.

Le lundi 24 septembre 2001 débute la 3ème phase. La restructuration du hangar devait permettre d’atteindre la capacité voulue de dortoirs et sanitaires. Mais c’est finalement une nouvelle construction, accolée au hangar qui les abrite. Les dortoirs sont sur deux niveaux accessibles par des escaliers et coursives extérieures, mais couvertes. Les installations sanitaires sont au sous-sol. Finalement, les alentours, le camp et le jardin sont aménagés. Le 4 mai 2003 entre dans les annales de la FNEL. En présence du Ministre Luc Frieden c’est le Chef Scout en personne qui inaugure le Centre de formation Misaershaff. Insigne honneur, alors que rien de tel n’était prévu, le Chef-Scout prend spontanément le micro et adresse ses félicitations à la FNEL.

Une cuisine avec réserve est installée dans la partie annexe qui donne sur le jardin. La configuration du terrain permet un accès de plein pied au niveau des étables ainsi qu'au niveau au-dessus, à la grande salle. Les deux niveaux comportent des sanitaires pour handicapés. L'alimentation en eau potable est assurée dans un premier temps par une source dont des analyses ont été faites quant à la qualité de l'eau, ensuite par une conduite d’eau nouvellement installée en 2001. Les eaux usées sont traitées dans une installation d'épuration à plantes du type lits à macrophytes, planifiée en collaboration avec le Ministère de l'Environnement et l'Administration des Ponts et Chaussées. Ici encore les travaux sont réalisés avec une participation active des bénévoles de la FNEL. Une fois achevés, le Centre de formation et d’accueil pour jeunes devient opérationnel. Le dimanche 9 novembre 1997 cette première partie du centre est inaugurée en présence du Président de la Chambre des Députés Jean Spautz, du Ministre de la Jeunesse Alex Bodry, du Maire de la commune de Rambrouch Ferd Unsen et beaucoup d’autres amis de la FNEL.

21


DeMisärshaff Comment tout ce projet est-il financé ? La maison d’habitation est rénovée par des bénévoles. Les mêmes ont encore réalisé en 1993 la plantation des haies et arbres sur le terrain.

Classes vertes pour classes scolaires, mais l’offre ne connaît pas le succès espéré. Une cause pourrait être l’éloignement trop important du MH pour rentabiliser l’organisation d’une activité d’un jour.

La phase 2 est financée par 15% de subventions étatiques, le projet Leader (Union européenne), l’Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte et des dons privés, e.a. de Lucien Wercollier qui offre en 1995 et 1999, 25 respectivement 50 multiples de deux de ses sculptures à la FNEL pour la vente au profit du MH.

Le 20 mars 2010 le Misaershaff obtient le Label SCENES (Scout Centers of Excellence for Nature and Environment))de la part de l‘OMMS. A ce moment c’est le 10ème centre scout au monde à avoir ce label, aujourd’hui (janvier 2023) ils sont 39 centres à l’avoir dans 20 pays. Pour l’obtenir il faut garantir un bon environnement, proposer des projets d’éducation et se conformer à des principes de gestion écologique.

La phase 3 est réalisée grâce à une convention avec le Ministère de la Famille, de la solidarité sociale et de la Jeunesse (Ministre Marie-Josée Jacobs) qui a financé 80% des frais de construction et 100% du premier équipement. Enfin le Ministère du Budget (Ministre Luc Frieden) subventionne entièrement la conduite d’eau potable, les raccords souterrains à l’électricité et au téléphone ainsi que la construction d’un bassin d’eau. Soit dit en passant : ce fut un des projets les plus difficiles à mettre en œuvre jamais réalisés par la FNEL du point de vue financement et réalisation. Une source de financement des frais courants est la location. Depuis 1997 le Centre a été occupé en moyenne pendant 95 nuits par 1207 personnes par an. Les maximums étaient atteints en 2012 avec 131 nuits et en 2002 avec 2083 personnes. Depuis ses débuts tous les efforts ont été faits afin de positionner le Misaershaff comme centre écologique de référence à commencer par la construction de la station d’épuration citée plus haut. En 2007 - 2008 des panneaux solaires thermiques sont ajoutés et l’entretien extensif des espaces verts est mis en route. Deux sentiers didactiques Natur pur 1 & 2 sont aménagés par l’Administration des Eaux et Forêts et le Naturpark Uewersauer. Ils sont inaugurés le 27 avril 2009 par le Ministre de l’Environnement Lucien Lux. La cérémonie se déroule à la Ferme. De 2009 à 2013 la FNEL conçoit et offre un programme

22

Last but not least, c’est en 2012 la construction, en collaboration avec le Ministère du Développement durable et des infrastructures, de l’Ecocabane bâtie avec des matériaux naturels et permettant de vivre de manière autarcique. Depuis 1997 jusqu’en 2022, 131 arbres ont été plantés par des amis de la FNEL soit en souvenir d’un être cher disparu, pour saluer l’arrivée d’un enfant ou fêter un anniversaire. A partir de Noël 1993 la maison d’habitation est (en partie) occupée par un(e) gérant(e) qui a comme mission la surveillance des lieux et de leur entretien. Ces occupations ne sont parfois pas très


satisfaisantes et en 2019 la Fondation AGGL-FNEL fait rénover entièrement le premier étage et aménager les combles de la Ferme pour permettre l’accueil d’une famille.

C’est avec un peu de retard, le 8 février 2019, qu’est signé l’avenant à la convention d’octobre 1993 « prolongeant la durée du droit de superficie pour une période de 10 années à partir du 29 octobre 2018 ».

Dès le début la maintenance des 7 ha de terrain et du centre est assurée par une équipe d’environ 12 volontaires qui s’appellent, non sans humour, Les Misérables ! Ils assument un travail énorme d’entretien et de réalisation d’activités pour financer le centre. Les classes vertes, la plantation d’arbres (de souvenir), des agapes sont à mettre (entre autres) à leur actif.

Nos 25 ans de présence au MH sont officiellement fêtés en présence du Ministre de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, Claude Meisch le samedi 23 mars 2019. Le Bourgmestre de Toni Rodesch la commune de Rambrouch est présent ce qui souligne le soutien que la FNEL a toujours eu de la commune.

En 2015 - 2016, en vue du renouvellement de la convention en 2018, la question se pose si la FNEL doit garder ou non le MH, les déficits engendrés par sa gestion étant devenus trop grands avec, en plus, une tendance à la hausse. Un « Think Tank » est mis en place pour analyser la question et de trouver des solutions, tant au niveau financier que de l’attractivité. Les mesures prises (prix de location revus à la baisse, « Ëmweltbadge», activités fédérales ludiques etc. etc.) semblent porter leurs fruits. Dans le cadre de cette remise en question très utile, c’est une Equipe Misärshaff d’une vingtaine de personnes qui prend en main la gestion, le programme, les infrastructures et la communication du Centre, ceci sous la responsabilité directe du Comité de direction de la FNEL et non plus de Fondation AGGL-FNEL.

Les années 2020 et 2021 sont à oublier pour cause de crise sanitaire, mais les activités reprennent en 2022 avec l’apothéose prévue le 9 juillet 2023 : la célébration du 100ème Pow-Wow de la FNEL au Misärshaff. Si… … car un souci majeur et récurrent sont les dispositions règlementaires de plus en plus contraignantes à respecter lors d’activités dans la nature et surtout dans des zones de protection par lesquelles le MH est concerné à double titre. Quasiment toute activité devrait être autorisée à l’avance, toute petite construction (d’une simple dalle par exemple) devient quasiment impossible au vu des multiples conditions à remplir. Ceci touche aussi une activité essentielle au MH : le camping. Depuis ses débuts le MH peut accueillir 160 personnes en camping. Cette autorisation est de plus en plus mise en question par des demandes répétitives d’autorisation. L’État a autorisé la FNEL en 1993, par convention, à construire et à aménager le MH « en vue d’y installer un Centre de Formation de la FNEL et un emplacement de camp avec tous accessoires comme lieu d’accueil pour l’exercice des activités scoutes et guides et, plus spécialement, de toutes les activités pour jeunes, dans le respect de la Nature ». Cet objet essentiel et il est du devoir des deux parties contractantes de veiller à ce qu’il ne soit remis en question. En ce sens :

« Nach weider 30 Joer ». 23


DeMisärshaff

Maart um Haff Säit 30 Joer gehéiert ONS de Misärshaff. Bis 1992 ass de Misärshaff mat senge Wisen a Stécker als Bauerenhaff exploitéiert ginn. Lues a lues ass aus dem Bauerenhaff duerch den Asaz vu ville Käpp an Hänn e klengt Paradies fir eis Scouten entstan. Den Haff ass eis Plaz fir ze campéieren, d’Natur ze genéissen an ze notzen, eis ze forméieren, schéi Momenter mat Frënn ze verbréngen an esou onvergiesslech Souveniren ze schafen. Fir all dëst no bausse matzedeelen an des schéi Momenter ze feieren gouf de «Maart um Haff» de 26.Mäerz organiséiert. Voller Elan huet sech eng Equipe vun «alen Huesen» zesummefonnt fir dëse Maart an d’Liewen ze ruffen mam Zil Scouten, lokal Veräiner a regionalen Produzenten op enger Plaz ze vereenegen, sech auszetauschen an nei Synergien ze schléissen. An dëst ass gelongen trotz Reen, Stuerm, Knëppelsteng an e puer wéineg Sonnestralen. Et war eng flott Zesummenaarbecht mat der Gemeng Rammerech, dem Buerfelt, de Bûcherons du Nord, de Bauschelter Pompjeeën an de Scoutsgruppen Rammerecher Fräschen, Réidener Luchsen, de Loups blancs an de Munnerefer Mais. Em di 300-400 Leit haten de Wee op den Haff fonnt fir dëse Gebuertsdag ze feieren, mat Musek an enger intressanter Déiren-Fotosausstellung vum David Wagner. Ons Visiteuren konnte nokucken wéi Thillenvogtei hire Broutdeeg preparéiert huet an onsen ale Bakuewen a Betrib geholl huet oder wéi déi imposant Ardenner Päerd iwwert ons Wiss guidéiert gi sinn. Di intresséiert hu geléiert wéi een

24


en Uebstbam richteg schneit. De Beaveratelier vum Buerfelt huet e grousse Succès kannt wou d’Visitt vun engem richtegen Beaverdamm den Highlight duergestallt huet. Beim offiziellen Deel huet de Minister Meisch ons gelueft fir di gutt edukativ Aarbecht di mir als Scoute leeschten, de Buergermeeschter Toni Rodesch ass op d’Problematik vun den Oplagen agaangen di mir operluecht kréien an op d’Wichtegkeet dat Kanner a Jugendlech net um Beton opwuessen, mee och d’Geleeënheet kréien d’Natur kennenzeléieren. D’Julie Bové huet eng retrospektiv iwwert 30 Joer Scouten um Misärshaff gemaach an de Ben Kremer huet an d’Zukunft gekuckt wéi den Haff weiderhin soll genotzt an ausgebaut ginn: - mir wellen de Fokus verstaerkt ronderem d’Sustainability Goals, SDGs, déi vun der UNO definéiert goufen, leeën. An dem Kontext wëlle mer eis professionaliséieren an eis als Multiplicateur an der Bildung fir Nohalteg Entwecklung abrengen. -de benevolen Engagement vu ville Scouten déi sech em den Entretien, di kleng Reparaturen an d’Entwecklung vun onsem SCENES Center këmmeren

Mir freeën eis elo schonn op eng 2. Editioun «Maart um Haff» an hoffen dass dir dann all mat eis um Haff wäert e schéine Moment zesumme verbréngen. Ours bon vivant a Mouette énergique

25


NEPAL NEPAL 26

2023 2023


DeCamp

Nepal 2023 Den 2. Abrëll ass eis grouss Rees voller Freed an den Nepal lassgaangen. Mam Bus sinn mir zu 44 Scouten direkt op Frankfurt gefuer, vun do aus iwwer Doha am Qatar an op Kathmandu am Nepal geflunn. Dohanne sinn mir häerzlech empfaange ginn a mat enger Ronn Bus-Gewackels op Pharping bäi eise Partner SCLC bruecht ginn. Mat der Hëllef vum Niroj Shresta gouf e flotte Programm op d'Been gestallt. Knapps do, hu mir Scoute scho fest eng Hand matugepaakt um lokalen Entwécklungs-Projet mat der Ënnerstëtzung vun der ONGD FNEL! Iwwert Infrastrukturen aus recycléierte Glasfläsche baue war, bis hin zu Gelänneren aus Bambus installéieren, respektif usträichen oder Fënsteren asetzen. Dës weideren hu mir awer och nach gehollef déi sougenannt Bottle Haiser nei unzesträiche souwéi och do en neien Zonk ze bauen. Niewent den Newari Leit aus der Stadt sinn och Scouten aus dem Nepal eis besiche komm an hu flott Aktivitéite mat eis gemaach. Zum Schluss vun eisem éischten Deel vun der Rees hunn mir och nach géint d'Härenequipe vu Pharping e Frëndschaftsmatch am Futtball gespillt.

Och déi lescht Deeg zu Pharping hu mir villes erlieft: vun engem Besuch beim Buergermeeschter vu Pharping bis hin zum Äddi-Soe vun eiser Campplatz. Dono si mir da schlussendlech op den Hike gefeuer: vu 1400m ass et no 2 Nuechten a ganz villen Héichtemeter mei spéit (1100) rem op Kathmandu gaang. Do ukomm, hu mer eis lescht Deeg Tourismus genoss. Dernieft goufe mir och nach vum Consul of Luxembourg Shree Ram Lamichhane op eng Gaardeparty invitéiert a konnten eis do a sengem Buch veréiwegen. Zu gudder Lescht war eis Heemfahrt e bësschen méi stresseg wei erwaart, duerch spontan Ännerungen am Horaire, mee mir hunn et awer bis Heem gepackt.

Namaste an hoffentlech bis op den nächste Camp." #Nepal23 méi Fotoen op flickr.com

27


DONGD-FNEL

A great experience ! Testimony of our 3 volunteers in Nepal After spending the first two months learning about the culture and our environment, we used the month of February to mainly focus on the projects of our different organizations. Catherine mainly organized monthly workshops and a two-day recreational camp in March for the beneficiaries of the Hakuna Matata project. In addition to the workshops, she also worked with the Awasar project instructors from Janakpur, for whom she prepared online English lessons and embroidery courses. This means that she had the opportunity to work more closely with the beneficiaries and trainers of the different SAATH projects this month. Zoe started to organize English classes for the beneficiaries of the Chautari Youth Club. These are daily classes where the basics of the English language are taught and reviewed. Most young people learn English at school. However, the level of public schools in Nepal is not comparable to the level of public schools in Luxembourg and they find it more difficult to use the language in everyday life. The English classes have allowed Zoé to get involved in the organization and develop a project that is part of the Chautari youth club.

28


DONGD-FNEL

Tamara had a very varied month. She participated in two school visits from Kathmandu at the Bottlehouse, inaugurated the digital room at the Agricultural Education Resource Centre (on 11 February - International Women and Girls in Science Day) and did some work at Shikharapur Community School, where she offered guided meditation classes and gave a presentation on Luxembourg to several classes. She also had time to start her own small projects at the Bottlehouse, a plant stand made of bamboo and recycled bottles and made a birdhouse. Apart from our projects within the various ONGDFNEL partnerships, we spent the last weekend of February together in Pharping. The first part of the weekend was spent visiting Tamara's project. She showed Zoé and Catherine the different programmes and buildings of SCLC, the main office, the open school, the agricultural learning resource center, the community school and the bottle house. The short walk across the fields to the Bottlehouse amazed Zoé and Catherine. To end the weekend on a high note, all three went to visit the Asura Cave, a sacred place for Buddhists, and together they hung a prayer flag on a hill behind a famous monastery. This little excursion allowed Zoé and Catherine to escape the urban chaos of Kathmandu and to discover the diversity of SCLC's projects. Moreover, all three of us took advantage of this weekend to exchange and share our different experiences. Happy Holi Tamara, Zoé et Catherine

Pourquoi soutenir l’ONGD-FNEL ? Donner à l’ONGD-FNEL, c’est soutenir l’éducation des enfants défavorisés au Népal, levier de développement dans un des pays les plus pauvres.

29


NEPAL NEPAL

2023 2023

#Nepal23 méi Fotoen op flickr.com

30


“Zesumme fir eng besser Welt“ We believe that it is important to be committed to public interest services and encourage our team to engage in our corporate social responsibility programme. We support our long term partners at a local and international level.

Since 1964 LUXEMBOURG l HONG KONG Elvinger Hoss Prussen www.elvingerhoss.lu

NEW YORK Elvinger Sàrl PLLC www.elvinger.us

31


L’assurance qui s’adapte à mon style de vie

MA VIE. MON STYLE. MON ASSURANCE. Vous possédez le dernier smartphone à la mode et vous aimez les nouvelles technologies ? Avec mozaïk, choisissez les garanties adaptées à votre style de vie et profitez d’une assurance flexible et évolutive pour protéger vos appareils nomades, chez vous et ailleurs. Rendez-vous sur mozaik.lu ou chez votre agent Foyer.

Agence Principale d’Assurances 13, av. Lou Hemmer L-5627 Mondorf-les-Bains Tél.: 23 69 65-1 greter-schumacher@agencefoyer.lu

Produit distribué par Foyer Assurances S.A., 12 rue Léon Laval, L - 3372 Leudelange


Issuu converts static files into: digital portfolios, online yearbooks, online catalogs, digital photo albums and more. Sign up and create your flipbook.